Humor: Laachen ass gesond

Ass dat witzeg?

E Grupp vu Wëssenschaftler sinn zu der Konklusioun komm, dass elo de Mënsch sou vill Fortschrëtter gemaach huet an dass Gott net méi gebraucht gëtt.

Ee vun hinnen huet sech e RDV mat Gott geholl a sot: ‘Gott, merci fir alles wat s du fir eis gemaach hues. Mee elo kënne mir de Mënsch klonen a mir maache sou vill wonnerschéi Saachen, dass mir dech net méi brauchen.’

‘Wann der mengt’ äntwert Gott ganz léif. Komm mir maachen eng Kompetitioun fir ze kucken, wien de besche Mënsch maache kann.’

‘An der Rei’ seet de Wëssenschaftler. ‘Wann s de d’accord bass, maache mir dat sou wéi fréier mam Adam’.

‘Kee Problem’ seet de Wëssenschaftler, béckt sech an hëlt eng Handvoll Stëbs.

‘Ah nee’ seet Gott zu him. ‘Sou net, huel du däin eegene Stëbs’.

E puer Zuelen zu an iwwer Lëtzebuerg

1 Nationalsprooch: Lëtzebuergesch duerch d’Gesetz vum 24.2.1984
3 Verwaltungssproochen: Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch
5.2 % Aarbechtslosegkeet (2012)
9.4 Grad ass Duerchschnëttstemperatur iwwer 12 Méint (1981-2010)
9.5 % vu Lëtzebuerg ass Baufläch (2012)
23 te Juni ass Nationalfeierdag (ëffentlech Gebuertsdagsfeier vum Grand-Duc).
44.5 % vun der Bevëlkerung hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit a kommen aus 174 Natiounen (2013)
60 Deputéiert sinn an der Chamber fir e Mandat vu 5 Joer
79.5 Joer ass d’Liewenserwaardung fir d’Männer bei der Gebuert. (2010/12)
81 Selbstmorder (Suiciden) (2011)
84.3 Joer ass d’Liewenserwaardung fir d’Frae bei der Gebuert. (2010/12)
85.5 % vu Lëtzebuerg ass d’Fläch vum Bësch an der Landwiertschaft. (2012)
106 Gemengen (1.1.2012)
147 Banken am Dezember 2010
174 erfaasst Sproochen an Nationalitéiten, déi hei liewen.
356 km ass d’Längt vun de Grenzen
963 huet den Ardennergrof Siegfried d’Lucilinburhuc (kleng Buerg) kaaft
1275 Scheedungen (2011)
1782 Bestietnesser (2012)
1816 de Vertrag vu Wien. D’Groussmächten treffe sech um Wiener Kongress an et geet drëm, déi europäesch Staaten no der Néierlag vum Napoleon an dem Zesummebroch vum franséische Keeserräich ze reaménagéieren.
1919 duerfen d’Fraen zu Lëtzebuerg wiele goen.
1944 grënnt Lëtzebuerg mat der Belsch an Holland d’Benelux.
2586 km2 Fläch
3876 Stierffäll (2012)
6026 lieweg Gebuerten (2012)
46820 Naturalisatiounen an Optiounen (?) (2012)
10632 Beschäftegter bei internationalen Organisatiounen (NATO, EU asw)
19567 Frigoe goufen 2011 als Dreck récupéréiert
90912 beschäftegt Auslänner déi am Land wunnen
100104 beschäftegt Lëtzebuerger déi am Land wunnen
148541 beschäftegt Frontalieren
537000 Awunner (2013)

CNL actuel

Banner CNL

HelmingerBack.jpg

De Centre national de littérature
an den ultimomondo-Verlag

invitéieren
op d’Liesung

Verluer a verkaaft

Den Nico Helminger an de Jean Back erzielen an hiren neie Bicher vu Leit,
déi ënnert d’Rieder geroden a sech net méi gefaang kréien. Am Roman
Autopsie vum Nico Helminger ass et de Joe Schreiber, deen no an no
regelrecht ënnergeet, an der Erzielung Karamell vum Jean Back
fënnt de Jip Portonigro op eemol keng Upak méi
a sengem Liewen. Et sinn zwou batter
Geschichten, déi awer och mat vill
Ironie a Komik schaffen.

Donneschdeg,
den 18. September 2014
ëm 19:30 Auer

http://www.cnl.public.lu/agenda/2014/9/Liesung_-Verluer-a-verkaaft

L’institut Grand-Ducal, Section Arts et Lettres,
a le plaisir de vous inviter à la remise du

PRIX ARTS ET LETTRES 2014
à Nora Wagener, écrivain

jeudi 25 septembre 2014 à 19.30 heures

au Centre national de littérature
Maison Servais
2, rue Emmanuel Servais
L-7565 Mersch

Eloge de la lauréate par Ian de Toffoli
Encadrement musical par la Brigade d’Intervention Musicale (BIM) de Luciano Pagliarini

Le prix Arts et Lettres, initié en 2008, est destiné à encourager les jeunes créateurs du Luxembourg.

http://www.cnl.public.lu/agenda/2014/9/Prix-Arts-et-Lettres-2014/

Fondation Servais pour la
littérature luxembourgoise

La présidente et les membres du Conseil d’administration

ont l’honneur de vous inviter à la

Matinée littéraire
à l’occasion du 25e anniversaire de la Fondation Servais

qui aura lieu

en présence de Son Altesse Royale le Grand-Duc

le 5 octobre 2014 à 11.00 heures
au Centre national de littérature, 2, rue Emmanuel Servais à L-7565 MERSCH

Paul SCHMIT
administrateur-délégué
Germaine GOETZINGER
présidente

La matinée sera suivie d’une réception au café littéraire de la Maison Servais

Merci de vous inscrire moyennant ce formulaire.

http://www.cnl.public.lu/agenda/2014/10/matinee_litteraire/

Maggy Nagel
Ministre de la Culture

a l’honneur de vous inviter à la remise du Prix
"Prix Batty Weber 2014"

à
Monsieur Lambert Schlechter
pour l’ensemble de son œuvre

La remise du prix aura lieu au Centre national de littérature,
2, rue Emmanuel Servais à Mersch
le mercredi, 8 octobre 2014 à 19:00 heures

http://www.cnl.public.lu/agenda/2014/10/Prix-Batty-Weber-2014/

Merci RTL: EU-Komissioun: Wéi vill Pouvoir huet de Jean-Claude Juncker?

25ab0416a7f35c91a164a96d3f0e99f2.jpeg

EU-Komissioun: Wéi vill Pouvoir huet de Jean-Claude Juncker?

RTL – 16.07.2014, 12:23 – Fir d’lescht aktualiséiert: 16.07.2014, 12:44

E Lëtzebuerger ass neien EU-Kommissiounspresident. Mä wat ass d’Roll vun der EU-Kommissioun a wat genau muss de Jean-Claude Juncker maachen?

D’EU-Parlament huet um Dënschden de Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident designéiert an am Hierscht trëtt hie säi Mandat zu Bréissel un. Domat steet op en Neits e Lëtzebuerger un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun.

D’Kommissioun huet hire Sëtz zu Bréissel a si huet un der Spëtzt 28 Kommissären. All Memberland schéckt ee Vertrieder op Bréissel. Ee Kommissär vertrëtt awer do keng national Politik, hien dierf dat esou guer iwwerhaapt net maachen. Hie muss onparteiesch an am Sënn vun der europäescher Unioun handelen.

D’EU-Kommissioun ass d’Exekutiv vun der europäescher Unioun an huet domat ähnlech Aufgaben wéi eng Regierung. Si huet d’Inititativ-Recht fir Direktiven a soss europäesch Gesetzer. Si muss och dofir suergen, datt europäesch Verträg agehal ginn a ka beim europäesche Geriichtshaff kloen, wann dat net de Fall ass.

Un der Spëtzt vun deem grousse Gremium steet de Kommissiounspresident, deen d’Ressorte verdeelt an och ee Kommissäre kann entloossen. All Kommissär huet also konkret Aufgabeberäicher an deenen e schafft an Initiativen hëlt.

De Kommissiounspresident ass de politesche Leader vun der Kommissioun a presidéiert och d’Sëtzungen. Donieft vertrëtt en d’EU op de G8-Sommeten an en ass u Grondsazdiskussiounen am EU-Parlament bedeelegt, grad wéi de Gespréicher tëscht Regierungen am Conseil vun der europäescher Unioun.

D’Kommissioun kënnt an der Regel eemol d’Woch zesummen an zwar Mëttwochs. All Direktiv a soss Texter gi vum zoustännege Kommissär presentéiert a mussen da vun der Ronn ugeholl ginn.

D’EU-Kommissioun ass och responsabel fir d’Vertriedung vun der EU no baaussen an huet een Aussebeoptraagten, den Aussekommissär a Vize-President vun der europäescher Kommissioun. E presidéiert awer och de Conseil vun den Ausseminister. Deemno eng duebel Kap, déi den Ament d’Catherine Ashton unhuet.

D’EU-Kommissioun, dat sinn awer net nëmmen 28 Kommissären mä ënnendrënner ass ee risege Beamtenapparat an deem 23.000 Leit schaffen. Deen ass a Generaldirektiounen a Servicer ënnerdeelt, déi sech ëm spezifesch Themeberäicher këmmeren oder speziell Aufgaben iwwerhuelen. Un der Spëtzt vun deene Generaldirektioun steet ee Generaldirekter an deen ënnerläit dem Kommissiounspresident. Des Direktioune formuléiere Gesetzestexter, déi awer réischt offiziell sinn, wann d’Kommissioun se ugeholl huet.

Den Job vum EU-Kommissiounspresident ass donieft net schlecht bezuelt. Et geet lass bei ronn 25.000 de Mount plus Zoulagen.