Humor: Laachen ass gesond

Ass dat witzeg?

E Grupp vu Wëssenschaftler sinn zu der Konklusioun komm, dass elo de Mënsch sou vill Fortschrëtter gemaach huet an dass Gott net méi gebraucht gëtt.

Ee vun hinnen huet sech e RDV mat Gott geholl a sot: ‘Gott, merci fir alles wat s du fir eis gemaach hues. Mee elo kënne mir de Mënsch klonen a mir maache sou vill wonnerschéi Saachen, dass mir dech net méi brauchen.’

‘Wann der mengt’ äntwert Gott ganz léif. Komm mir maachen eng Kompetitioun fir ze kucken, wien de besche Mënsch maache kann.’

‘An der Rei’ seet de Wëssenschaftler. ‘Wann s de d’accord bass, maache mir dat sou wéi fréier mam Adam’.

‘Kee Problem’ seet de Wëssenschaftler, béckt sech an hëlt eng Handvoll Stëbs.

‘Ah nee’ seet Gott zu him. ‘Sou net, huel du däin eegene Stëbs’.

De Konsonant g

Sproochelabo

An engem idealen Alphabet entspréchtallBuschtafengem Phonem an ëmgekéiert. An der Praxis fannensechawerëmmer Ënnerscheeder. E gutt Beispill dofir ass de Buschtaf g. De g kann am Lëtzebuergeschen op verschidde Manéieren ausgeschwat ginn, ofhängeg 1) vun den Originne vum Wuert an 2) vun der Positioun vum Buschtaf am Wuert.

Mir iwwerhuelen eng grouss Zuel vun de Wierder aus anere Sproochen, ënner anerem, aus dem Franséischen, mee och aus dem Engleschen. Dobäi ginn dës Léinwierder net ëmmer graphesch integréiert oder, anescht gesot, se behalen hiert Schrëftbild bäi, wat Schwieregkeeten mat der Orthographie mat sech bréngt.

Wat d‘Positioun betrëfft, muss een d’Auslautverhäerdung beuechten. Stëmmhaft Konsonanten um Enn vum Wuert ginn ëmmer stëmmlos ausgeschwat. Dat féiert sengersäits dozou, dass [ɡ], [ʑ], [ʒ] an [ʁ] um Wuertenn zu Gonschte vun [k], [ɕ], [ʃ] an

View original post 701 more words