Am Café zu Miersch mat der Wiertsfra!

Nom Lëtzebuergeschcours

N1 um Briddel

Mir léieren, iessen an drénken zesummen!

D’Lina ësst gär Kéis.

Regime maachen, dat ass schwéier (Ex. 4.9) e bëssen …net ze vill. Ananas an Äppel hunn natierlech(en) Zocker. Hunneg schmaacht ganz gutt. Mat Ram mécht ee(n) Schlagsahn. D’Haut vum Poulet soll een net iessen. D’Annika seet: Alles mat Moderatioun (mat Mooss). Zoossiss a Wurscht sinn normalerweis fetteg.

Wat maacht dir elo? Ech ginn heem. Ech fueren heem. Ech iesse mam F. Ech spille mam Anastasia. Ech wäschen d’Zänn. Ech kucke Fussball. Ech schaffen um Computer. Ech liesen e Buch. Ech doe mech aus an doen de Pijama un. Ech huelen eng Dusch.

D’Thema Schoul: eng Schoulbänk, mir sëtzen zu zwee an zwee an der Klass, mir sinn zu 20 an der Klass.

E Rezept: Fleeschbäll. 500gr Schwéngefleesch, 500gr Kallefsfleesch, 4 Eeër, Panéiermiel, Ënnen, Knueweléck, Mëllech. Alles mëschen, 30 Minutte bei 200Grad am Uewen.

Vokabelen: Wat mir an der Klass gesinn.

Verben: (aus enger anerer Klass)

ee begéinen, engem begéinen

schreiwen, be-, ënner-, ëm-, ver-, of-, a-,

maachen, op-, zou-, un-, aus-, fäerdeg-, futti-,

Vokabelen: kal, wootlech, waarm, gliddeg

Rezept fir Tiramisu: kafen, schloen, zappen, pudderen, iwwer Nuecht

Expressiounen: Dat ass dem JM säin Igel. Dat ass dem Margarite seng Fläsch Waasser

brauchen, net brauchen – mussen, net mussen

Ech brauch Schlof. Ech brauch net ze schlofen. Ech muss schlofen.

Ech brauch Aarbecht. Ech brauch net ze schaffen. Ech muss schaffen.

Braucht dir nach eppes? Wat braucht dir? Ech brauch Hëllef.

Wat mir alles an der Klass gesinn?

Eng eidel Këscht, Bicher, eng Tafel, Kräid, Still, Dëscher, de Buedem, de Plafong