Chrëschtdag – Noël – Christmas

Chrëschtdag an de Bahá’í Glawen

9g9s3rcrbbrs9CePDfKCZzH8m0takPbY3qfDL7eWJ7sCJb5GVebMOiFqbYlTfDZ4n_vjtqBZkR9zl1anuytY7LDCDxzkj-5WXFNHyXz6A-9PmZnZ1FuYINsaIsDQd-or68eyBOVX

Hei e puer Texter, déi eis weisen, wat fir e Bahá’í, Jesus a Chrëschtdag bedeit. 2 Texter op Lëtzebuergesch, Emissioune vum Radio ARA an e puer englesch Texter.

Et wier schéin, kënnen ze préiwen, ob Abdu’l-Baha, Samschdes owes den 21. Dezember 1912 an der Westminster Kierch, dëst Chrëschtlidd héieren huet. D’Lidd fënnet een am Ufank vum , ‘God rest ye merry gentlemen’ Bach Choir, 2007, The King’s Singers – God Rest You Merry Gentlemen,

Mir hunn eng schéi lëtzebuergesch Versioun vum Lidd mat Musik a Gesank: Trad – Jang Linster – Ab Van Goor an e puer aner schéi Variatiounen: Pentatonix Versioun

The Gothard Sisters, Simply Three instrumental

De Meeschter op de Bristeschen Inselen, 13. Dezember 1912 – 21. Januar 1913

In the Footsteps ‘Abdu’l-Bahá – An de Foussspuere vun ‘Abdu’l-bahá

1912 21 or 22 Dec

‘Abdu’l-Bahá witnessed His first dramatic performance. It was a mystery Christmas play entitled Eager Heart written by Miss Alice Buckton and performed at the Church House, Westminster before an audience of 1,200. [SoW Vol III no 19 2March1913 p 7, CH154, AB34]

  • He is reported to have said, perhaps on another occasion, “The stage will be the pulpit of the future”. [Quoted by Loulie Mathews in The Magazine of the Children of the Kingdom, Vol 4, No. 3 (June 1923, p69]

  • Star of the West, Vol. 19 no. 11 Feb1929, p.341 quotes ‘Abdu’l-Bahá as saying: “drama is of the utmost importance. It has been a great educational power in the past; it will be so again,”. [BW1994-1995p255]

Westminster

Drama; Arts; Abdul-Baha, Travels of

https://bahai-library.com/location/Westminster

0MWXt3MjIz4Ve_FhPPvx48TigvB1UwVsGYvlE3o9RmQHSf7zS2NI5K0ew7dnc9qIVdTtBGauNMYd2Y6qFbTJ2Qg4ddDTz32VdoRwAQLHgR5j23-mKq6v3iHny_EYqagnO801FlNl

Den Text vum Stéck: http://www.archive.org/stream/eagerheartchrist00buckuoft/eagerheartchrist00buckuoft_djvu.txt

138 Wéi d’Bahá’í Chrëschtdag feieren

138t Sendung, 27ten an 28ten Dezember 2002. Et kënnt een net dalaanscht. Chrëschtdaagsmusek an de Stroossen, d’Geschäfter si gerëscht, Sonndes sinn d’Butteker op. Geschenker fir grouss a kleng. Et ass eng stëll an heemlech Zäit heescht et am Lidd. An d’Bahá’í? Feieren si och Chrëschtdag? Ganz oft ass et fir Familljen eng Geleeënheet, zesummen an eng Wanterschoul ze goen, sief et hei zu Bollendorf, an Däitschland, an der Schwäiz, an Éisträich oder och méi wäit. Wanterschoulen, genee sou wéi Summer a Fréijorsschoulen sinn dofir do, fir zesummen ze sinn, Kollegen erëmzegesinn, seng Batterien erëm opzelueden. Gewéinlech ginn et moies Virtreeg a mëttes Atelieren, Fräizäitaktivitéiten an owes gemittlecht Zesummesinn. D’Kanner an déi Jugendlech präsentéieren dat wat se den Dag iwwer gemaach hunn, mat Musek a gudder Stëmmung. Fir iech e Beispill ze ginn, maacht einfach am Internet eng Recherche ennërt: Bahá’í Winterschule Österreich. Do fannt der de Programm vun dësem Wanter. Normalerweis eng kleng Woch, an dësem Fall an engem Hotel. Aus Lëtzebuerg dabei de Graham Walker. Hie schwätzt iwwer d’Wëssenschaftsethik. En anert Thema vum Gudrun Winkler befaasst sech mat de Wäerter a wéi si Kanner a Jugendlecher an hirer Entwécklung hëllefen. Aus Paräis hu mer d’Christine Hakim-Samandari mam Thema: d’Bild vun der Bahá’í Gemeng. Wéi gesot méi genee Detailer um Internet ënnert Bahá’í Wanterschoul an Éisträich. Natierlech sinn dës Schoulen op fir jiddereen. Ech kann et nëmme recommandéieren. Well et ass bei sou Geleeënheeten, wou een d’Atmosphäre sou richteg matkritt.

Fir awer kuerz op Chëschtdag zréckzekommen. Indirekt oder op eng méi passiv Aart a Weis bedeelegen d’Bahá’í sech un de Feierlechkeeten. Zu Lëtzebuerg si vill Bahá’í éischt, zweet oder heiansdo drëtt Generatioun Bahá’í, sou dass een awer alt nach eemol fir Chrëschtdag fir z’Iessen agelueden ass oder am Fall wou an der Koppel nëmmen ee Bahá’í ass. Et muss ee jo och wëssen, dass een net Bahá’í ka sinn, wann een net u Christus gleeft. Et gehéiert einfach zum Glawen.

Am Bahá’í Glawe schwätze mer vun enger Gottesoffenbarung déi net ophält. Also Gott offenbaart sech dem Mënsch a Form vu Propheten, Gottesoffenbarer vun Zäit zu Zäit, fir him seng Léieren unzebidden. Zu dëse Gottesoffenbarer gehéiert och Jesus Christus. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer vill iwwer Christus. Eng wonnerbar Quell iwweregens fir an de Bahá’í Texter ze sichen, an dat an e puer Sproochen ass den Internetsite: ocean bahai. Dir kënnt de Programm eroflueden an dann eng Recherche man mam Wuert: Christus zum Beispill ‘Abdu’l-Bahá schreift iwwer Jesus Christus am Buch: Beäntwert Froen a seet: Nom Moses „ ass Christus komm an huet gesot: Ech si vum hellege Geescht gebuer. Wann dat och haut fir Chrëschte liicht ze gleewen ass, sou war et awer deemools ganz schwéier a mir héieren aus dem neien Testament: Ass dat net de Jong vum Joseph vun Nazareth, dee mir kennen. Wéi kann en da soen: Ech si vum Himmel komm? Obwuel hien, vu bausse gesinn an an den Ae vu jidderengem, net vill obweises hat, huet hien sech mat sou enger Muecht erhuewen, dass e reliéis Gesetzer, déi fofzéng Jorhonnerte bestan haten, ofgeschaaft huet.“

An de Bahá’í Schrëfte kreie mer eng nei Aart a Weis ugebueden fir d’Liewen an d’Wierk Christus kennenzeléieren. Chrëscht sinn heescht an allem Him ze gläichen an erfëllt si vum Geescht vu senger Léift. Léift, Verstännegung a Fridden si fir ‘Abdu’l-Bahá de Kär vun alle Reliounen. Jesus Christus, d’Wuert Gottes verkierpert dës reliéis Essenz. Chrëscht sinn heescht fir ‘Abdu’l-Bahá gerad doranner an der Nofolleg vu Christus ze liewen.

Dat wier et fir haut, ech wënschen iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch.

190 Chrëschtdag a Jesus Christus

Sendung 190, 19ten an 20ten Dezember 2003. Wann e Bahá’í och am Prinzip Chrëschtdag net feiert, ass et awer wichteg eppes iwwer Jesus Christus ze wëssen. A sengem Buch : Beäntwert Froen schreift ‘Abdu’l-Bahá wéi wichteg et ass Erzéier an eisem Liewen ze hunn. Leit, déi eis de Wee weisen, déi eis hëllefen dass mer op der richteger Bunn bleiwen. Déi grouss Propheten wéi Krishna, Buddha, Christus a Mohamet si fir d’Bahá’í gëttlech Erzéier, vu Gott geschéckt fir eis e puer Rotschléi mat op de Wee ze ginn. E laange Wee. An dëser Chrëschtdagszäit passt et sech u Jesus ze denken an hei elo e puer Wierder déi ‘Abdu’l-Bahá iwwer Jesus als Erzéier geschriwwen huet :

Wéi Christus koum sot hien : « Ech si vum Hellege Geescht gebuer. » Wann et och haut fir d’Chrëschten einfach ass, dat ze gleewen, sou war et awer deemools ganz schwéier a mir héieren aus dem Neien Testament, dass d’Pharisäer soten : « Ass dat net de Jong vum Joseph vun Nazaret, dee mir all kennen ; wéi kann hien da soen, Ech si vum Himmel komm ? »

Obwuel Hie vu bausse gesinn aus engem niddrege Stand war, huet Hie sech mat sou enger Muecht erhuewen, dass Hie reliéis Gesetzer, déi fofzénghonnert Joer bestannen hunn, ofgeschaaft huet, an dat obscho jiddereen, dee sech der klengster Iwwertriedung schëlleg gemaach huet, an déi gréisste Gefor geroden ass a säi Liewen op d’Spill gesat huet. Mee net genuch: Zur Zäit vu Christus war d’moralescht Verhale vun der ganzer Welt an den Zoustand vun de Kanner Israel ganz verduerwen an d’Stämm vun Israel hu sech an déiwer Erniddregung, Kniechtschaft an Nout fonnt. Si sinn an d’Gefaangeschaft vun de Chaldäer an de Perser gefall, goufen eng aner Kéier vun Assyrer versklaavt, an dann erëm Vassale vun de Griechen. Wéi Christus koum, goufe se vun de Réimer beherrscht a veruecht.

Christus huet sech als jonke Mënsch mat Hëllef vun enger iwwerirdescher Muecht dat aalt mosaescht Gesetz opgehuewen, huet dat allgemengt sittlecht Verhale verbessert an huet fir d’zweet de Grond fir den éiwege Ruhm fir d’Vollek vun Israel geluecht. Doriwwer ewech huet Hien der Mënschheet allgemenge Fridde bruecht an huet Léiere verkënnegt, déi net nëmme fir dat israelescht Vollek bestëmmt waren, mee déi d’Basis gi sinn fir dat allëmfaassend Gléck vun der mënschlecher Gemeinschaft.

Déi éischt, déi sech erhuewen hunn, fir Hien ze vernichten, waren d’Israeliten, säin eegene Stamm. Reng vu bausse gesinn, hu se Hien iwwerwältegt, an hunn En an déi déifst Erniddregung gestierzt. Zum Schluss hu si Him d’Därekroun opgesat an hunn E gekräizegt. Awer Christus huet an der Stonn vu senger anschéinend héchster Not a Suerg verkënnegt: « Dës Sonn wäert stralen, dëst Liicht wäert schéngen, a Meng Gnod wäert d’ganz Welt ëmfaassen, an all meng Feinde wäerten erniddregt ginn. » Wat Hie sout ass an Erfëllung gaang. All d’Kinnecke vun der Welt konnten Him net widderstoen ; méi nach, d’Kinnecke sinn all ënnergaangen, a Jesus, den Ënnerdréckten, gouf zum héchste Gipfel erhuewen.

Alles dat widdersprécht ganz a guer der mënschlecher Vernonft. Domat ass kloer an däitlech erwisen, dass dëst stralend Wiesen als wierklechen Erzéier vum Mënschegeschlecht vun der Muecht Gottes gedroen a bestätegt ginn ass.

Souwäit den ‘Abdu’l-Bahá iwwer Christus als gëttlechen Erzéier a sengem Buch : Beäntwert Froen. Iech alleguer schéi Chrëschtdeeg, schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch !

The Station of Jesus Christ in the Baha’i Faith

Changeless Faith, Common Questions December 23, 2013 Naysan Naraqi 24 Comments

Station of Jesus Christ in Baha'i Faith

As the birth of Jesus Christ approaches, I reflect on Christ’s wonderful revelation and the profound impact His message of love and fellowship has had on the world.While busy preparing for their Christmas festivities with their friends and family, many of my friends ask me whether Baha’is believe in Christ. Indeed we do. Baha’u’llah refers to Christ as the…Lord of the visible and invisible.1 And in a letter to a Christian, Abdu’l-Baha explained that…to be a Christian is to embody every excellence there is.2

Although throughout history, individuals have often used religion for their own gain and used it as an instrument for segregation and war, one cannot downplay the beauty and profound impact the revelation of Christ has had on earth. Christ’s message of love continues to vibrate throughout the world, and one could argue that one of the proofs of His divine message is the fact that His revelation, although written down and compiled some 50 years after His passing, continues to transform the hearts of millions around the globe – even today – some 2,000 years later.

Of Jesus Christ, Baha’u’llah wrote: Know thou that when the Son of Man yielded up His breath to God, the whole creation wept with a great weeping. By sacrificing Himself, however, a fresh capacity was infused into all created things. Its evidences, as witnessed in all the peoples of the earth, are now manifest before thee. The deepest wisdom which the sages have uttered, the profoundest learning which any mind hath unfolded, the arts which the ablest hands have produced, the influence exerted by the most potent of rulers, are but manifestations of the quickening power released by His transcendent, His all-pervasive, and resplendent Spirit.

We testify that when He came into the world, He shed the splendor of His glory upon all created things. Through Him the leper recovered from the leprosy of perversity and ignorance. Through Him, the unchaste and wayward were healed. Through His power, born of Almighty God, the eyes of the blind were opened, and the soul of the sinner sanctified… We bear witness that through the power of the Word of God every leper was cleansed, every sickness was healed, every human infirmity was banished. He it is Who purified the world. Blessed is the man who, with a face beaming with light, hath turned towards Him.3

Additionally, Shoghi Effendi re-confirms the Baha’i Faith’s belief in Christ by stating:…the Faith of Baha’u’llah – if we would faithfully appraise it – can never, and in no aspect of its teachings, be at variance, much less conflict, with the purpose animating, or the authority invested in, the Faith of Jesus Christ…4

As to the position of Christianity, let it be stated without any hesitation or equivocation that its divine origin is unconditionally acknowledged, that the Sonship and Divinity of Jesus Christ are fearlessly asserted, that the divine inspiration of the Gospel is fully recognized… The Founder of the Christian Faith is designated by Baha’u’llah as the “Spirit of God,” is proclaimed as the One Who “appeared out of the breath of the Holy Ghost,” and is even extolled as the “Essence of the Spirit.” His mother is described as “that veiled and immortal, that most beauteous, countenance,” and the station of her Son eulogized as a “station which hath been exalted above the imaginings of all that dwell on earth”…5

Although as Baha’is we don’t celebrate Christmas or the holy days of other religions as one of our own holy days, that’s not to say that we don’t believe in the station of Christ (as you can see from the quotations above).

To be a Baha’i is to believe in the Lord Jesus Christ with absolute certainty, and so, on behalf of the Baha’i Blog team, I’d like to wish our Christian families and friends around the world a merry Christmas!

One thought on “Chrëschtdag – Noël – Christmas

  1. Pingback: Ech wënschen iech… Schéi Feierdeeg! Eng gutt Gesondheet! Alles Guddes fir 2022 | Jean-Marie Nau

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s