377 Baha’i Emissiounen um Radio ARA, vun 2000-2007

2000 – 2007        Bahá’í Emissiounen um Radio ARA

Inhalt

Aféierung 8

1 Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff 9

2 Gebiet a Meditatioun 9

3 Himmel an Häll an d‘Liewen nom Doud 10

4 De Bahá’í Stand op der Expo 2000 zu Hannover 11

5 Fofzeg Joer Bahá’í zu Lëtzebuerg 12

6 D’Bahá’í a wat se gleewen 13

7 Motivatioun 14

8 Eng Formatioun mam Institut Pierre Becker zu Uewerdonven, Ruhi 1 15

9 Bahá’u’lláh an d’Welt am Ufank vum erwuessenen Zäitalter 16

10 Wéi een dat bescht aus eise Kanner an aus eis selwer erausbréngt 17

11 D’Executioun vum Báb 17

12 D’Nonzéngdeegfest 18

13 Wat et heescht Bahá’í ginn a sinn 19

14 D’Bahá’í Schrëften 20

15 Wat de Jugendlechen eiser Gesellschaft bréngt 20

16 Jugend fir Fridden 21

17 Dausend reliéis Perséinlechkeeten 22

18 Véier Konferenzen am Bahá’í Zenter 22

19 D’Jugend op der Sich no enger neier Visioun 23

20 Den UN Milleniumsgipfel 24

21 International Neiegkeeten an déi offiziell Bahá’í Internetsäit 25

22 Politik a Moral 25

23 De Bahá’í Glawen um Internet 26

24 Trounwiessel zu Lëtzebuerg 27

25 D’Fro nom Gléck 28

26 Aus de Bahá’í Schrëften 29

27 D’Gebiet, Musek a Sangen 29

28 D’Gebiet, de Wee zu Gott 30

29 Toleranz, den éischte Schrëtt fir eng besser Welt 31

30 Onofhängeg Sich no der Wourecht 31

31 Alkohol, Drogen a Medikamenter 32

32 Fridden an der Partnerschaft 32

33 Wéi een zur Erkenntnis komme kann? 33

34 D’Schicksal an d’Netexistenz vum Béisen 34

35 Wéi ee soll sinn 34

36 De Bahá’í Kalenner 35

37 Geschicht: Gedold 36

38 Gott eemol anescht gesinn 37

39 Beschass 37

40 D’Bahá’í Schrëften 38

41 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 1/4 39

42 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 2/4 39

43 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 3/4 40

44 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 4/4 41

45 D’Faaschtenzäit 42

46 Duuscht no Geeschtegkeet 42

47 D’Séil 42

48 Liewen an Doud 43

49 Weltgesondheetsdag 43

50 Den Nationale Geeschtege Rot 44

51 Wann d’Mënschheet en Duerf vun honnert Leit wier 44

52 De Báb, Virleefer vun der Bahá’í Relioun, Deel 1/2 45

53 De Báb, Virleefer vun der Bahá’í Relioun, Deel 2/2 46

54 D’Bahá’í Kannerklassen op Besuch um Radio ARA 47

55 En Nomëtteg zu Haifa 47

56 De Bierg Karmel 48

57 Eng Woch am Himmel 49

58 Aussergewéinlech Deeg um Bierg Karmel zu Haifa an Israel 50

59 D’Unity Foundation 51

60 D’Summerfest beim Bahá’í Haus vun der Andacht zu Frankfurt am Taunus 52

61 D’Bahá’í Haus vun der Andacht zu Frankfurt an hir Ausstellung 53

62 D’Ausstellung am Bahá’í Haus vun der Andacht zu Frankfurt 54

63 Dem Bahá’u’lláh Seng Visoun vun eiser Zukunft – Eng nei Weltuerdnung, Deel 1/3 55

64 Dem Bahá’u’lláh Seng Visoun vun eiser Zukunft – Eng nei Weltuerdnung, Deel 2/3 55

65 Dem Bahá’u’lláh Seng Visoun vun eiser Zukunft – Eng nei Weltuerdnung, Deel 3/3 56

66 D’Verfollegung vun de Bahá’í am Iran 56

67 De Bahá’í Glawen an hire groussen Zich an unhand vun e puer Zuelen 57

68 Léift 58

69 Existéiert den Däiwel, gëtt et Geeschter a Spiritismus? 58

70 D’Bahá’í Bestietnis 59

71 D’Weltkonferenz géint Rassissmus 60

72 Den 11te September, d’Welt am Schock 61

73 D’Welt nom 11te September 2002 61

74 Dat 20t Jorhonnert 62

75 E Modell wéi d’Mënschheet zesumme liewe kann 62

76 Wéi d’Bahá’í sech organiséieren? 63

77 De lokale Bahá’í Rot 63

77 Den nationale Bahá’í Rot 64

78 Wéi d’Mënschheet sech organiséiere soll? 65

79 Berodung 65

80 De Jugendprojet Tout Foi Tout Flamme 66

81 Eis Bezéiung mat Deem Deen eis erschaf huet 66

82 Geschicht: Encouragement 67

83 ´Abdu’l-Bahá, Deel 1/3 68

84 ´Abdu’l-Bahá, Deel 2/3 68

85 ´Abdu’l-Bahá, Deel 3/3 68

86 De Bénévolat am Bahá’í Glawen 69

87 D’Bahá’í Hochzäit 69

88 D’Bahá’í Hochzäit, en Témoignage vum Esther Zana-Nau (op Franséisch) 70

89 E puer wichteg Datumer an der Bahá’i Geschicht 70

90 E Bléck op eng Weltgemeinschaft 71

91 De Bahá’í Glawen, déi jéngst vun den onofhängege Relioune vun der Welt 71

92 Bahá’u’lláh; wéi Hien offenbaart huet, Deel 1/2 71

93 Bahá’u’lláh; wéi Hien offenbaart huet, Deel 2/2 72

94 D’Bezéiung mat eisem Glawen 73

95 Eise Kierper an eis Gesondheet 73

96 D’Faaschtenzäit 74

97 Wéi kann ech dat Bescht a mir selwer eraushuelen a kultivéieren? 74

98 The family virtues guide, d’Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill 75

99 Déi däitsch Bahá’í Internetsäit 76

100 Wéi ass d’Bahá’í Relioun entstan? 76

101 Geschicht: De Kinnek a seng véier Fraen 77

102 Wëssenschaft a Moral 77

103 Ëffentlech Unerkennung vum Glawen 78

104 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 1/2 79

105 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 2/2 80

106 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne (op franséisch) 81

107 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne, suite (op franséisch) 81

108 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 1/4 81

109 Invitée D’Esther Zana-Nau, La foi bahá’íe, une utopie ? (op franséisch) 81

110 Invitée D’Esther Zana-Nau, La vision de la foi bahá’íe (op franséisch) 81

111 Oppene Bréif un d’reliéis Leadere vun der Welt 81

112 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 2/4 82

113 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 3/4 83

114 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 4/4 83

115 Buchvirstellung: Bahá’u’lláh, am Land vun der Eenheet 84

116 Wat ass de Sënn vun der Schëpfung? 84

117 Réaction des chefs religieux au message sur l’élimination du préjugé religieux 85

118 Präis fir Erzéiung: d’Montessori Schoul, Lucknow, Indien 86

119 Lassléisung, Détachement 86

120 Buchvirstellung: ‘Abdu’l-Bahá : Beäntwert Froen 87

121 D’Natur ënnersteet engem allëmfaassende Gesetz 88

122 Wéi mer wësse kënnen, dass et Gott gëtt 88

123 Firwat d’Mënschheet en Erzéier brauch 89

124 Bescheidenheet, eng Dugend 90

125 Le mois de la volonté (op franséisch) 90

126 Bahá’í Gebieder 91

128 Nohalteg zesummeschaffen, an dat nom 11te September 92

129 Geeschteg Grondlage vum Bahá’í Liewen a wéi d’Bahá’í d’Zukunft gesinn 93

130 Bahá’í Texter a Schrëften 94

131 Wat bréngt et u Gott ze gleewen? 94

132 Wat et heescht als Bahá’í ze liewen 95

133 U Gott gleewen, an dann? 96

134 Eis Relatioun mam Herrgott 97

135 Ethik a Wirtschaft, um Wee zu enger neier Weltuerdnung 97

136 Korruptioun, Deel 1/2 98

137 Korruptioun, Deel 2/2 99

138 Wéi d’Bahá’í Chrëschtdag feieren 99

139 Gutt Virsätz fir d’neit Joer 100

140 Buchvirstellung: Gëllen Äppel, Spigelbiller vum Liewen 101

141 Buchvirstellung: Hal mech fest a looss mech lass, Fari Khabirpour 102

142 Buchvirstellung: An du sinn ech Bahá’í ginn 102

143 Buchvirstellung: Fraepolitik, Farah Dustdar 103

144 Buchvirstellung: D’Mënschheet ënnerwee zur Eenheet, André Brugiroux 104

145 Buchvirstellung: E Jorhonnert vu Liicht, A Century of Light 105

146 Buchvirstellung: Le livre des sagesses 105

147 D’Faaschtenzäit 106

148 Internationale Fraendag – Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch) 107

149 D’Bahá’í Neit Joer – Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch) 107

150 Accueil zu Lëtzebuerg (op franséisch) 107

151 Krich am Irak 107

152 Informatiounsowenter am Bahá’í Zenter 108

153 Geschicht: Léift, Räichtum an Erfolleg 109

154 E Bahá’í Begriefnes 110

155 Humor 111

156 D’Welt brauch eng nei Aarbechtsethik 112

157 D’Bahá’í Perspektiv zu den heitege Weltevenementer 113

158 Frëndschaft 114

159 Relioun a Fraen 114

160 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 1/3 115

161 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 2/3 115

162 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 3/3 115

163 Ausstellung am Europaparlament zu Bréissel iwwer de Bahá’í Glawen 115

164 Geeschteg Nahrung 116

165 D’Bahá’í Summerschoul a Frankräich 117

166 Péng, Schmäerz a Suergen 118

167 Filmvirstellung: Gott spille fir eng Woch, Bruce Almighty 119

168 Den Dram 119

169 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Deel 1/7 120

170 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Bahá’u’lláh, Deel 2/7 121

171 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Glawen a Verstand, Deel 3/7 122

172 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Gebiet a Meditatioun, Deel 4/7 122

173 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Berodung, Deel 5/7 123

174 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Entwécklungsperspektiven, Deel 6/7 124

175 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, d’Geschicht, Deel 7/7 124

176 Kannerklassen am Norde vum Land 125

177 Internationalen Dag vum Fridden 126

178 Presentatioun vum Film: Prendre de l’élan 127

179 Geld 127

180 Sozial an ekonomesch Entwécklung, Bahá’í Approche 128

183 D’Changementer an der Welt an deem Eenzelne seng Verantwortung 128

184 Visite du Professeur Davachi au Luxembourg (op franséisch) 129

185 Generositéit 130

186 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahá’u’lláh, Deel 1/2 131

187 Dat éiwegt Bündnes mam Herrgott 132

188 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahá’u’lláh, Deel 2/2 133

189 De Bahá’í Glawen, en Humanismus géint d’Fanatissemen 133

190 Chrëschtdag a Jesus Christus 134

191 Weltproblemer a wat d’Bahá’í maachen 135

192 Fridden 136

193 Gerechtegkeet 137

194 Eenheet 137

195 Erzéiung 138

196 D’Maturitéit vun der Mënschheet 139

197 Léift 139

198 Buchvirstellung: D’Bahá’í Welt 2002-2003 140

199 D’Bahá’í Wanterschoul zu Bollendorf 141

200 D’Roll vun der Fra 142

201 Den Europäesche Bahá’í Business Forum 143

202 Fraepräis fir d’Bani Dugal, Bahá’í Vertriederin vun der Bahá’í International Community bei der UNO 143

203 Peace Factory 143

204 ‘Abdu’l-Bahá a seng Stellung am Bahá’í Glawen 144

205 D’ Fräiheet am Bahá’í Glawen 144

206 Ridvan – 21sten Abrëll – D’Bahá’í feieren hire wichtegsten Dag 145

207 Wie schreift d’Zukunft? Deel 1/10 146

208 Wie schreift d’Zukunft? Deel 2/10 146

209 Wie schreift d’Zukunft? Deel 3/10 147

210 Wie schreift d’Zukunft? Deel 4/10 148

211 Wie schreift d’Zukunft? Deel 5/10 148

212 Wie schreift d’Zukunft? Deel 6/10 149

213 Wie schreift d’Zukunft? Deel 7/10 150

214 Wie schreift d’Zukunft? Deel 8/10 151

215 Wie schreift d’Zukunft? Deel 9/10 152

216 Wie schreift d’Zukunft? Deel 10/10 152

217 Honnert Bahá’í Gospel Sänger zu Lëtzebuerg – Visiounen 153

218 Texter zum Nodenken 154

219 Courage a Freed 155

220 Visiounen an Texter zum Nodenken 156

220a Buchvirstellung: Honnert Bréiwer u Gott 157

221 Buchvirstellung : D’Liewen ass e Paradis, zu deem mir de Schlëssel fanne kënnen 158

222 All Relioune sinn eng 158

223 Wierder déi inspiréieren 159

224 Beweiser dass Gott existéiert 160

225 De Juddentum an de Bahá’í Glawen 161

226 Dausend Schüler solle sech zum Islam bekéieren oder op hir Studie verzichten 162

227 Geschicht: de Bam 162

228 Identitéit fir de Planéit 163

229 Mir sinn alleguer wéi eng Gittar 164

230 Wat vill Bahá’í de Summer iwwer maachen 165

231 17ten Oktober, Internationalen Dag fir d’Ofschafung vun der Aarmutt 166

232 Sech virbereeden 167

233 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 1/13 167

234 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 2/13 168

235 Allerhellegen an Allerséilen 169

236 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 3/13 170

237 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 4/13 171

239 Internationale Kannerdag 172

240 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 5/13 173

241 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 6/13 174

242 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 7/13 175

243 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 8/13 175

244 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 9/13 176

245 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 10/13 177

246 Den Tsunami 178

247 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 11/13 179

248 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 12/13 180

249 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 13/13 180

250 D’Fro nom Gléck 181

251 En Owend zu Éiere vum Martin Luther King 182

252 Geschicht: d’Ae vun der Séil 183

253 Wat ass d’Liewen? 184

254 Naw-Ruz an d’Faaschtenzäit 184

255 D’Fréijoer 185

256 Buchvirstellung: La foi bahá’íe, L’émergence d’une religion mondiale 186

257 Naturkatastrofen als Appell fir z’erwächen 187

258 De Poopst ass gestuerwen 188

259 E puer Froen iwwer d’Bahá’í Gemeng 189

260 Suerg ëm eng weider Verfollegung vun de Bahá’í am Iran 190

261 Honnert Joer däitsch Bahá’í Gemeng 191

262 Pilgerrees am Hellege Land 192

263 Lassléisung, eng Dugend 192

264 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 1/7 193

265 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 2/7 195

266 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 3/7 196

267 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 4/7 196

268 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 5/7 197

269 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 6/7 198

270 De Bahá’í Glawen an e puer Minutten erklären, Deel 7/7 199

271 One Common Faith – Ee gemeinsame Glawen 199

272 Buchvirstellung: D’Duechter vun engem Prophet 200

273 La parole cachée – Dat verstoppte Wuert – La tribu des malakoum 201

274 De Wäert vu Geschichten 202

275 Konscht am Bahá’í Glawen 203

276 Weltjugenddag 204

277 Buchvirstellung: Psychology of Spirituality 204

278 Fridden un déi ee gleeft 205

279 D’Welt an där mir liewen, Deel 1/2 206

280 D’Welt an där mir liewen, Deel 2/2 207

281 Internationalen Dag vum Fridden 208

282 Buchvirstellung : Die Bahá’í Religion, Ein Überblick, Deel 1/17 209

283 Buchvirstellung: Wëssenschaft a Relioun, Deel 2/17 209

284 Buchvirstellung: De Wee ass d’Zil, Deel 3/17 210

285 Buchvirstellung: Deel 4/17 211

286 Buchvirstellung: D’Liewen nom Doud, Deel 5/17 212

287 Buchvirstellung: D’Liewen nom Doud, Deel 6/17 212

288 Buchvirstellung: De Sënn vum Liewen, Deel 7/17 213

289 Buchvirstellung: Firwat brauche mir Relioun? Deel 8/17 214

290 Buchvirstellung: Aspekter am deegleche Liewe vun engem Bahá’í, Deel 9/17 214

291 Buchvirstellung: De Charakter, Deel 10/17 215

292 Buchvirstellung: Dat Gutt gesinn, Deel 11/17 216

293 Buchvirstellung: Berodung, Deel 12/17 217

294 Buchvirstellung: Bestietnes a Famill, Deel 13/17 217

295 Buchvirstellung: Gesondheet, Deel 14/17 218

296 Buchvirstellung: Wéi d’Bahá’í Gemeng sech finanzéiert, Deel 15/17 218

297 Buchvirstellung: Déi international Bahá’í Gemeng an d’UNO, Deel 16/17 219

298 Buchvirstellung: Konscht a Musek – CD From Exile to Exaltation, Deel 17/17 219

299 Encouragement 220

300 Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomener, Deel 1/6 221

300a Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomener, Deel 2/6 221

300b Buchvirstellung: Dreem an iwwersënnlech Phänomener, Deel 3/6 222

301 Dreem an iwwersënnlech Phänomener, Deel 4/6 222

302 Buchvirstellung: Reinkarnatioun, Deel 5/6 223

303 Buchvirstellung: Esoterik, Dreem an iwwersënnlech Phänomener, Deel 6/6 224

304 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 1/6 225

304a Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 1/6 226

305 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 2/6 226

305a Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 2/6 227

306 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 3/6 227

307 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 4/6 228

308 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 5/6 228

309 Message un déi reliéis Leadere vun der Welt, Deel 6/6 229

310 De geheime Plang vum Iran fir eng reliéis Communautéit z’exterminéieren 230

311 Iwwer d’Léieren 231

312 Globale Wuelstand, Deel 1/3 231

313 Globale Wuelstand, Deel 2/3 232

314 Globale Wuelstand, Deel 3/3 233

315 De richtege Wee goen – E Buch fir Jugendlech vun 12-14 Joer 234

316 Bahá’í Gebieder 235

317 D’Muecht vun de Wierder entdecken – E Buch fir Jugendlech vu 15 Joer, Deel 1/2 235

318 D’Muecht vun de Wierder entdecken – E Buch fir Jugendlech vu 15 Joer, Deel 2/2 236

319 Neiegkeeten – Wëssenschaft a Relioun 237

320 Neiegkeeten aus Egypten 238

321 Zeit für Geist: Gedanke fir eng friddlech Welt 239

322 Neiegkeeten – Haifa a Libanon 239

323 Déi offiziell Bahá’í Internetsäit 240

324 Zeit für Geist: Nei Äntwerten op al Froen 241

325 Terrorismus, international Bahá’í Neiegkeeten 242

326 Kënnen d’Relioun an d’Vernonft sech eigentlech matenee verdroen? 242

327 Sënn an Zweck vum Glawen 243

328 Wéi kritt ee Glawen? 244

329 Studiekreeser: Nodenken iwwer dat geeschtegt Liewen 244

330 D’Versprieche vum Weltfridden, eng Aféierung 245

345 D’Situatioun vun de Bahá’í an Egypten, Deel 1/2 246

346 D’Situatioun vun de Bahá’í an Egypten, Deel 2/2 247

347 Gott ass d’Quell vun all de Reliounen – Weltdag vun der Relioun, Deel 1/2 248

348 Gott ass d’Quell vun all de Reliounen – Weltdag vun der Relioun, Deel 2/2 248

349 D’Bahá’í : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 1/10 249

350 D’Bahá’í : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 2/10 250

351 D’Bahá’í : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 3/10 251

352 D’Bahá’í : Eng Fro, eng Äntwert, Deel 4/10 251

353 D’Bahá’í: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 5/10 252

354 D’Bahá’í: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 6/10 252

355 D’Bahá’í: Eng Fro, eng Äntwert, Deel 7/10 253

358 Wat ass d’Bahá’í Positioun géintiwwer der Aarmutt ? Deel 10/10 255

359 Stimmen Bahás – Eng speziell Chorale, Deel 1/3 256

360 Stimmen Bahás – Eng speziell Chorale, Deel 2/3 256

361 Stimmen Bahás – Eng speziell Chorale, Deel 3/3 256

362 Bahá’í Neiegkeeten, Deel 1/2 257

363 Bahá’í Neiegkeeten, Deel 2/2 257

364 Buchvirstellung: D’Trap zum Gléck, Deel 1/2 258

365 Buchvirstellung: D’Trap zum Gléck, Deel 2/2 259

367 Tragescht Busakzident vu Steeseler Schoulkanner 260

368 Summerfest 2007 am Bahá’í Haus vun der Andacht 261

369 Zesummestellung vun Texter aus de Bahá’í Schrëften, Deel 1/4 262

370 Zesummestellung vun Texter aus de Bahá’í Schrëften, Deel 2/4 262

371 Zesummestellung vun Texter aus de Bahá’í Schrëften, Deel 3/4 263

372 Zesummestellung vun Texter aus de Bahá’í Schrëften, Deel 4/4 264

373 Siechzeg Joer Bahá’í zu Lëtzebuerg 264

374 Buchvirstellung: Gléck, Deel 1/2 265

375 Buchvirstellung: Gléck, Deel 2/2 265

376 Buchvirstellung: Déi Verbuerge Wierder, Deel 1/2 266

377 Buchvirstellung: Déi Verbuerge Wierder, Deel 2/2 266

Literaturlëscht um Internet 267

Index 268

Literaturlëscht 270

Referenzen 272

 

Aféierung

Den zweete Mee 2000 konnt een déi éischt Bahá’í Emissioun um Radio ARA héieren. Bal aacht Joer huet dës Aventure gedauert, bis am August 2007. Dräihonnertsechsasiwwenzegmol gouf d’Emissioun gesent, Freides owes a mat enger Widderhuelung Samschdes moies oder Dënschdes. D’Iddi vun der Emissioun war déi, iwwer flott, interessant an aktuell d’Themen ze schwätzen an déi aus der Bahá’ísiicht ze beliichten.

De Bahá’í Glawen ass eng Weltrelioun, mam Zil, dass all Rassen an all Vëlker kënnen an engem gemeinsame Glawen zesummekommen. Bahá’í sinn d’Unhänger vu Bahá’u’lláh. Hien ass fir si deen, deen zu allen Zäite versprach gouf. Et fënnt een an den Traditioune vu bal alle Vëlker d’Versprieche vun enger Zukunft wou Fridden an Harmonie op der Äerd wäert etabléiert ginn, d’Versprieche vun enger Zukunft wou d’Mënschheet am Gléck an am Wuelstand liewe wäert. Mir gleewen dass d’Zäit vun dësem Versprieche komm ass an dass Bahá’u’lláh dës Persoun ass an dass seng Léieren der Mënschheet et erlaben eng nei Welt ze schafen. Bahá’u’lláh schreift op enger Plaz: „Dat wat den Här als héchst Heelmëttel a mächtegst Instrument fir d’Heelung vun der ganzer Welt verschriwwen huet, ass d’Unioun vun all senge Vëlker an enger universaler Saach, engem gemeinsame Glawen.[1]

Haut huet de Bahá’í Glawe sech fest an der lëtzebuerger Landschaft etabléiert. Ech si ganz frou, iech kënnen déi allermeescht Texter vun de Sendungen ze ginn, zesumme mat der Audioversioun. Fir e puer Sendunge gëtt et keen Text an e puer Sendunge sinn op Franséisch.

E grousse Merci dem Här Nazareno Gottardi, dee gehollef huet, dëse Projet op d’Been ze setzen, dem Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg an all de Frënn a Kollegen déi matgehollef hunn, duerch hir Virschléi an Hëllef. Der ganzer Equipe vum Radio ARA fir hir Offenheet a gudde Wëllen, speziell dem Germain fir seng Gedold an dem Bert Hoscheit fir seng konstruktiv Virschléi bei der Gestaltung vun der Emissioun.

Ech hu mer vill Méi ginn, déi lëtzebuerger Texter richteg ze schreiwen, awer sécher sinn nach Feeler dran. Ech denken och hei un déi vill Studenten, déi Lëtzebuergesch léieren, an déi frou sinn, interessant Texter ze liesen an dobäi d’Texter och kënnen ze lauschteren.

 

Äre Jean-Marie Nau

 

1 Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff

Radio Ara, éischt Sendung 2te Mee 2000. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Heiansdo kënnt et alt emol vir, dass ech mir su allgemeng Froen iwwer Gott an d’Liewe stellen, … am Stil: Wat maachen ech iwwerhaapt hei? Weess ech da lo wat de Sënn vum Liewen ass? Virun allem och de Sënn vu mengem Liewen. Ech si jo schliesslech Number 1, dat duerf een net vergiessen. Abee, wéi gesot, et kënnt vir, dass esou Froen optauchen. Fir iech elo just e Beispill ze ginn. Dëslescht krut ech eng Invitatioun op e Virtrag vun de Bahá’í geschéckt: Thema: Positiv Stressbewältegung an der Partnerschaft an am Beruff. Net oninteressant hunn ech geduecht. Den Dr. Medikus Peseschkian hält de Virtrag. Een deen ech d’lescht Joer op der Frankfurter Bicherausstellung getraff hunn. Hien huet nämlech eng Rei Bicher am Fischerverlag erausginn.

Dat ka jo interessant ginn, an doropshi sinn ech net nëmmen an d’allée Léopold Goebel gefuer deen Owend, mee ech hunn och meng nei Digitalkamera matgeholl. Iwwerrascht war ech natierlech, dass de Konférencier de Fils war a net säi Papp. Hien ass Bahá’í an a senger Aarbecht als Psycholog a Psychiater schafft hie virun allem mat Kanner a Jugendlecher. Den Owend ass gutt gelaf, en huet net ze laang geschwat, just iwwer eng Stonn an en plus war en och nach witzeg. D’Ambience war gutt. An ech hunn souguer nach eppes verhale vun deem wat e gesot huet. An do ginn ech himm och Recht. Hie sot et wier wichteg, dass mer géifen eist d’Gläichgewiicht a véier Haaptsaachen hunn.

An zwar éischtens : Eise Kierper, eis Gesondheet, eist Ausgesinn. Zweetens : Eis Aarbecht, dat wat mer maachen, eis Leeschtung. Drëttens : Eis Kontakter mat aneren, eis Famill, Kollegen, a véiertens: Eis Phantasie, eis Dreem, eis Projete fir d’Zukunft.

Resuméiert ass dat eis d’Rezept fir glécklech a frou ze ginn. Wa mer et also fäerdeg brénge fir dee Kuch vu véier Stécker, also eise Kierper, eis Kontakter mat aneren, eis Aarbecht and eis Dreem a Projeten, gläichméisseg ze verdeelen an drunn ze schaffen, an eis Zäit och gläichméisseg op déi véier Punkte verdeelen, dann hu mer all Chancen, glécklech an zefridden ze sinn. Also mir huet et schonn ze denke ginn an et ass einfach eng gutt Orientéierung.

Niewebäi sief gesot, dass säi Papp, de Nossrat Peseschkian, Begrënner vun der Positiver Psychotherapie ass. Et kann een dat an Däitschland op verschidden Unie studéieren an ee vu senge Bicher kann ech rekommendéieren, anzwar eng Kollektioun vun orientalesche Geschichten an der positiver Psychotherapie. D’Buch heescht: Der Kaufmann und der Papagei, am Fischer Verlag. Eng sou eng orientalesch Wäisheet huet mer besonnesch gutt gefall, an zwar déi hei :

Pass op deng Gedanken op, well si gi Wierder. Pass op deng Wierder op, well si ginn Handlungen. Pass op dat op wat s de méchs, well dat gi Gewunnechten. Pass op deng Gewunnechten op, well si ginn däi Charakter a

Pass op däi Charakter op, well däi Charakter gëtt däi Schicksal.

Fir ofzeschléissen, hei nach zwee kleng Zitater aus de Bahá’í Schrëften : « De Mënsch soll wéi eng Flam sinn, sou dass en all deene Leit Wäermt ka ginn, mat deenen hien a Kontakt kënnt. » « Et duerf een a jidderengem nëmmen dat gesinn, wat ee ka luewen, dat positift. Wann een dat mécht, ass e gutt mat jidderengem. Gesäit een a kuckt een awer bei deenen anere just hir Feeler, dann ass et sécher méi schwéier, Frënn ze hunn. Also sollte mer, am Kontakt mat aneren, seng Qualitéite gesinn a net seng schwaach Säiten »[1]

Ech hu vun deem Owend e Video zesummegestallt, an d’Konferenz ass och op Cassette opgeholl. Wann s de gär eng Kopie häss, dann telefonéier dem Bahá’í Zenter um Nummer 44 22 20.

 

2 Gebiet a Meditatioun

Fir e Bahá’í ass de Sënn vum Liewen, Gott ze erkennen, hie gär ze hunn a sech um spirituelle Plang weiderzentwéckelen. Wéi an deene meeschten aner Reliounen sinn d’Gebiet an d’Meditatioun d’Haaptinstrumenter zum geeschtleche Fortschrëtt. Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun huet selwer honnerte vu Gebieder geschriwwen. Sou zum Beispill Gebieder fir dass ee nees gesond gëtt, Gebieder fir de spirituelle Fortschrëtt, Gebieder géint Schwieregkeeten, Gebieder fir d’Hochzéit, Gebieder fir d’Liewen an eiser Gesellschaft a Gebieder fir d’Mënschheet allgemeng.

Jiddereen ass invitéiert sech all Dag e bëssen Zäit zur Meditatioun ze huelen. Ganz bewosst si mir encouragéiert, owes, wann den Dag gelaf ass, iwwer dat nozedenken, wat mir gemaach hunn an iwwer de Wäert vun deem wat mir daagsiwwer gezwafft hunn. Doriwwer eraus, ass kee vun eis opgefuerdert eng bestëmmte Form vu Meditatioun auszeüben, wéi zum Beispill mat gekräitzte Been ze sëtzen oder sosswellech Ootmungsübungen ze maachen. Neen, just de Contraire, jiddereen huet d’Fräiheet, sech déi Form vu Meditatioun erauszesichen, déi him am beschte läit.

D’Kommunikatioun mat deem deen eis erschaf huet dréit also wesentlech zu eiser Entwécklung béi. Ëmmer méi vun eis sinn awer och zimlech skeptesch géintiwwer all d’Zort vu Relioun, all deem wat mir net verstinn a ganz besonnesch enger Kraaft, déi eis Virstellung iwwerstéigt. Also ass dat Thema schnell ofgeschloss. Net grad! Vläicht kann dann eis su héichgehal Wëssenschaft d’Wierkung an den Afloss vum Gebiet, dëser spezialer Kommunikatioun mat Gott moossen? Genee op déi Fro krut ech dëslescht hei an der Stad am Bahá’ízenter eng interessant Äntwert. D’Associatioun Couleurs Culturelles hat den Dr. Cyrille Kaszuk zu enger Konferenz agelueden. D’Thema: L’utilisation du pouvoir de guérison de l’esprit sur le corps. Ënner anerem huet hien erzielt wéi en Doktor an Amerika viru kuerzem eng Studie duerchgefouert huet, wou hie wëssenschaftlech beweise wollt dass d’Gebiet engem awer wierklech guer näischt bréngt. Fir dës Studie goufen eng Grupp vu Patienten ausgewielt déi all méi oder wéineger déiselwecht Wonn um Aarm haten a krute gesot, dass Leit, déi hinnen onbekannt sinn, fir si géife bieden oder och net. Si wossten et net. D’Fro war dann op elo d’Wonn vun deene Patiente fir déi gebiet gouf, méi schnell géif heelen wéi d’Wonn vun deene Patienten fir déi net gebiet gouf. Abee d’Iwwerraschung war grouss, well konträr zu dem wat den Doktor beweise wollt, waren effektiv d’Wonne vun deene Patienten, fir déi gebiet gouf, éischter geheelt wéi d’Wonne vun de Patiente fir déi net gebiet ginn ass. Natierlech kann een sou eng Studie och nees a Fro stellen an eng Parti aner Froen ergi sech: Wéi eng Method fir ze bieden ass benotzt ginn? Wéi eng Gebieder sinn effektiv a wéi eng hunn iwwerhaapt keen Effekt. An dëser Studie war et interessanterweis ganz egal, u wien d’Leit hiert Gebiet geriicht haten, sief et Christus, Allah, Buddha, oder Krishna zum Beispill. Dat war egal.

Fir e Bahá’í spillt d’Gespréich mat senger eegener Séil a mat Gott eng immens wichteg Roll. Awer d’Gebiet beschränkt sech am Bahá’í Glawen net nëmmen op d’Gespréich. All Aarbecht an all Déngscht, déi mat Léift an Devotioun gemaach ginn, si schlussendlech genee wéi e Gebiet. De Pestalozzi seet: „Gleef un dech selwer, gleef un den ënnere Sënn vun dengem Wiesen, da gleefs de u Gott an un d’Onstieflechkeet.“ [2]

Ganz konkret heescht Gebiet also hei Aktion. Ahah ! Den Islam seet zum Beispill dass d’Gebiet wéi eng Lieder ass tëschent Himmel an Äerd, a mat Hëllef vum Gebiet kann een an d’Paradis kommen. (Ruhi, Buch 1) Déi meescht vun eis wësse sécher, wat et heescht eng Lieder eropzeklammen. Sou ganz ouni Ustrengung geet dat jo och net. Oder anescht ausgedréckt: Wann ech gären eppes hätt, dann geet et net wann ech do sëtzen a waarden, bis et mer an de Schouss gefall kënnt. Nee, sou einfach ass et net. Wann ech owes vun der Aarbecht heemkommen, an et ass däischter, da sinn ech sou gutt a maachen d’Luucht un, well vum selwe geet se nach net un. An esou ass et och mam Gebiet, wann ech gären eppes vun där Kraaft hätt, da muss ech eppes dofir maachen, optstoen, den éischte Schrëtt maachen, de Knäppchen drécken, bieden. Mee normalerweis mache mir dat jo just, wa mer alles anescht probéiert hunn, wann eis soss näischt méi iwwereg bleift. Dozou e kuerzt Zitat an e Gebiet aus de Bahá’í Schrëften: “Dausend Dieren mëcht hien op, wou de Mënsch mol net amstand ass, sech och nëmmen eng virzestellen.”.. [3]Erquicke und erfreue meinen Geist. Läutere mein Herz. Entflamme meine Kraft. Alles lege ich in Deine Hand. Du bist mein Führer und meine Zuflucht. Ich will nicht mehr traurig und bekümmert, sondern glücklich und fröhlich sein. .., Angst soll mich nicht länger plagen und Sorge mich nicht quälen. Ich will nicht bei den Widrigkeiten dieses Lebens verharren. .. Du meinst es besser mit mir als ich selbst. ..     

Zur Zäit besteet d’Méiglechkeet an engem interessante Atelier matzemaachen an deem et ënner anerem och ëm d’Gebiet geet. Organiséiert ass dësen Atelier vum Institut Pierre Becker an heescht: Réflexions sur la vie de l’esprit. Do geet et drëm, d’Bahá’í Schrëfte besser ze verstoen, ëm d’Gebiet an ëm d’Liewen an den Doud.

3 Himmel an Häll an d‘Liewen nom Doud

3t Sendung 16ten an 18te Mee 2000. Bis de 25te Juni kann een am Casino an der Ënneschtgaass d’Ausstellung Strange Paradises kuckegoen. De Casino, de Forum fir zäitgenëssesch Konscht huet do eng Rei vun Artisten invitéiert, hir ganz perséinlech Notioun vu Paradis duerzestellen. Nodem ech d‘Ausstellung mat enger Visite guidée gesinn hat, sinn ech Sonndes mat mengem Jong an en Atelier am Casino gaangen, fir Kanner vu 6 bis 12. Nodeems d‘Animatrice de Kanner d‘Austellung op hir speziell Aart a Weis gewisen huet a wéi si hir Virstellung vum Paradis um Pabéier haten, war et interessant vun hir erauszefannen, dass si keng genee Virstellung vum Paradis hat, mee dass si awer den Atelier, de Moment mat de Kanner selwer voll gelieft huet an dass dat fir si am nootsten u Glécklechkeet erukënnt. Fir mech war et eng Ureegung fir ze kucken wat d’Bahá’í dann iwwer de Paradis, oder anescht ausgedréckt, den Himmel soen. Wat ass also eis Virstellung vun Himmel an Häll a wéi denke mir iwwer d’Liewe nom Doud ?

Wéi an deenen anere Reliounen, ass d’Iddi déi d’Bahá’í sech vum Liewen nom Doud maachen, ganz enk mat de Léieren iwwer d’Natur vun der Séil an dem Sënn vum Liewen hei op der Äerd verbonnn. Bahá’u’lláh huet d’Existenz vun enger vernunftbegabter Séil kloer konfirméiert. Hie seet, dass d’Séil an dësem Liewen un de Kierper gebonnen ass. Si ass et, déi dem Kierper Liewe gëtt an eis eigentlech Wierklechkeet duerstellt.

Obschonn een d‘Séil mat physesche Mëttel net erfaasse kann, mécht si sech duerch eise Charakte bemierkbar, dee jo bei jidderengem anescht ass. Et ass d‘Séil déi Léift a Matgefill ausstralt, Glawen a Courage sowéi aner mënschlesch Qualitéiten, déi een net kënnt erkläre wann de Mënsch just en Déier wär oder eng sophistikéiert organesch Maschinn.

D‘Séil stierft och net; si ass éiweg. Wann de Kierper stieft, gëtt d‘Séil fräigesat, si ass da neméi un eise Kierper gebonnen an och neméi un d‘Welt ronderëm si. Si fänkt dann hir Rees duerch déi geeschteg Welt un. D‘Baha‘i denken dass déi geeschteg Welt déi zäitlos Erweiderung vun eisem eegenen Universum ass, a net iergend eng konkret physesch Plaz déi wäit ewech vun eis ass.

Den Agank an eng geeschteg Welt kann eis vill Freed maachen. Et kann een den Doud mat der Gebuert vergläichen. „Eis nächst Liewen ass esou verschidde vun dësem Liewen wéi dat vum Kand am Bauch vun der Mamm virun der Gebuert.“ Dëst Beispill, des Analogie erkläert ganz gutt eis Existenz hei op der Welt. Sou wichteg de Bauch vun der Mamm ass fir déi physesch Entwécklung vun engem Mënsch, sou wichteg ass och dës physesch Welt fir d‘Entwécklung vun eiser Séil. Wann een et esou kuckt, kann ee soen dass eist d‘Liewen eng Zort Atelier ass an deem ee sech ka perfektionéieren an déi Qualitéiten entwéckele kann, déi een an engem zukünftige Liewe brauch.

„Sachez, en vérité, que si l‘âme de l‘homme a cheminé dans les voies de Dieu elle se retrouvera dans la gloire du Bien-aimé“. Par la vertu de Dieu! Elle atteindra un rang tel qu‘aucune plume ne peut le décrire, ni aucune langue le mentionner.“

Et kann ee soen, dass den Himmel d‘Méinokommen zu Gott ass; d‘Häll bedeit dann ewäit ewech si vu Gott. Do wou mir momentan sinn ass dann eng natierlech Konsequenz vun eisen eenzelnen Efforten Spiritualitéit ze entwéckelen. De Schlëssel zum geeschtege Fortschrëtt ass deen dass ee versicht, dee Wee ze goen dee mer vun de Prophete gewise kruten. Doriwwer eraus wësse mir net vill iwwer d‘Liewe nom Doud. Wat elo genee d‘Liewen nom Doud ass, bleift fir eis e Rätsel. „D‘Wiese vun der Séil nom Doud kann ee net beschreiwen“.[4] Himmel an Häll hu keng Plaz, mee sinn en Zoustand. Wéi oft spiere mer eis am Himmel wa mer wierklech glécklech sinn a wéi oft spiere mer eis an der Häll wann et eis wierklech schlecht an dreckeg geet. Himmel an Häll sinn an eis selwer. Also komme mer net an den Himmel oder an d’Häll wa mer stierwen, mee mir huelen se mat eis.

„E Bahá’í lieft an der fester Iwwerzegung, dass seng irdesch Existenz eng Virberedung ass op eng aner, net-materiell Existenz. Des Evolutioun féiert hien duerch eng onbegrenzten Unzuel vu Welten ëmmer méi no u Gott erun, ouni En awer je ze erreechen.“ D‘Bahá’í gleewen also net, dass dem Mënsch seng Séil sech materiell nei verkierpert; si erwaarden och kee stateschen Openthalt an engem „Paradis“. Si gleewe villméi un eng séilesch Progressioun an ëmmer neien, netmaterielle Welten um éiwege Wee zum Gëttlechen. Elo nach zwee kuerz Zitater aus de Bahá’í Schrëften: „D’Séil vum Mënsch ass d’Sonn déi sengem Kierper Liicht gëtt and hien erniert.“[5] „Wat fir dem Mënsch säi Kierper d’Sonn ass, ass fir seng Séil d’Sonn vun der Wourecht.“[6]

Zur Zäit besteet d’Méiglechkeet an engem interessante Atelier matzemachen an deem et ënner anerem och ëm d’Liewe nom Doud geet. En ass vum Institut Pierre Becker organiséiert an heescht: Réflexions sur la vie de l’esprit. Do geet et drëm, d’Bahá’í Schrëfte besser ze verstoen, et geet ëm d’Gebiet an ëm d’Liewe nom Doud. Fir méi Info iwwer dësen Atelier, telefonéiert dem Bahá’í Zenter um 442220.

Des Rubrik gouf iech präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahá’í, haut mat Texter aus der Brochüre, Bahá’í, wat se gleewen a wat net an der Zäitschrëft: Les bahá’ís, un regard sur la communauté mondiale de la foi bahá’íe .

4 De Bahá’í Stand op der Expo 2000 zu Hannover

4t Sendung. Dënschdeg 23ten a Freideg 26te Mee. Elo ass et gläich souwäit. Vun Uganks Juni bis Enn Oktober fluppt et zu Hannover. Da geet nämlech déi éischt Weltausstellung an Däitschland op. Si dauert gutt fënnef Méint, bis Enn Oktober. Also soll en déi Geleeënheet net verpassen, aleng, mam Partner oder mat der ganzer Famill e puer Deeg op Hannover ze fueren. Wat een do gebuede kritt, fënnt ee bestëmmt soss néierens op enger Plaz erëm. Natierlech ass Lëtzebuerg als Land och vertrueden. Fir d’éischt Kéier gëtt versicht d’Weltausstellung net nëmmen als eng rieseg Publizitéit fir Länner a grouss Firmen ze benotzen, mee fir nei Méiglechkeete a Weeër virzestellen, fir d’Problemer vun haut an de Grëff ze kréien.

D’international Bahá’í Gemeng präsentéiert zu Hannover net nëmmen hire Glawen, mee besonnesch ausgewielte Projete vun hirer weltwäiter Entwécklungsaarbecht. Anzwar gesäit een do Beispiller fir Initiativen un der Basis, Initiativen, déi sech an engem Léierprozess ausbreeden deen net ophält, an e Léierprozess, deen d’Leit dozou befäegt dass si sech fir besser Liewenskonditiounen asetzen.

Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun, gesäit de Mënsch als e Bierg, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Hie gesäit d’Zukunftsperspektiv vun der Mënschheet an der Gewëssheet dass eis Äerd nëmmen ee Land ass an dass all Mënschen seng Bierger sinn. Wann een sech d’Austellung vun der internationaler Bahá’ícommunautéit op der Expo ukuckt, soll een e Bild vum Mënsch kréien, dat weist dass de Mënsch ebe wéi e Bierg ass, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Also ech géif scho gär gläwen, dass mir wierklech eréischt um Ufank vun eiser Entwécklung als Mënsch stinn, mat all de Problemer déi mir momentan hunn. Ech mengen et geet och drëm, fir positiv iwwer d’Entwécklung vum Mënsch ze denken an dat wat mir mat eiser Äerd ufänken.

Wéi en Design huet de Bahá’í Stand ? Vis-à-vis vum Agank vum Globalen Haus, sou heescht deen Deel vun der Expo, erhieft sech um Enn vum Foyer eng dräi Meter héich Formatioun vu Bléien. Den Design stralt eng gewësse Rou aus, an d’Inspiratioun vir dësen Design kënnt vum Bahá’í Haus vun der Andacht zu Nei Delhi, dat wéi eng Lotusblumm ausgesäit.

Wat gëtt et dann elo alles do ze gesinn ? Ma an all Eck gesäit een eng Präsentatioun vu wesentleche Bahá’í Entwécklungsprinzipien an zwar zum Thema Potential entwéckelen, Frae fërderen a no Prinzipie liewen. Dozou gesäit e Beispiller vu Projeten aus der Entwécklungsaarbecht vun der internationaler Bahá’ícommunautéit. Vun deene Projete goufen d’Entwécklungshéichschoul FUNDAEC a Kolumbien an de Fraeprojet MATINYANI a Kenia zu weltwäiten Expo2000 Projeten erkläert.

Interessant vu lëtzebuerger Siicht ass dat de Projet FUNDAEC vun enger unerkannter lëtzebuerger ONG, eng Organisation non-gouvernemental, mat finanzéiert gouf, an zwar vu “Unity Foundation”, déi och vun der lëtzebuerger Baha’i Gemeng aktiv ënnerstëtzt gëtt.

Vläicht e puer Wuert derzou, wéi d’Bahá’í iwwerhaapt organiséiert sinn. D’Bahá’í gehéieren enger weltwäiter Communautéit un, mat demokratesch gewielte Réit an 181 Länner suwéi lokal Réit an iwwer 12000 Stiet an Dierfer. De Glawen un d’Eenheet vun der Mënschheet motivéiert d’Bahá’í zu enger Onmass vun Aktivitéiten. Firwat man se dat alles? Ma fir déi sozial, kulturell an ekonomesch Entwécklung ze fërderen an derzou bäizedroen, Viruerteeler z’iwwerwannen a fir d’Gläichheet vun de Mënschen ze schaffen. D’Aarbecht vun der Bahá’ícommunautéit ass inspiréiert aus de Schrëfte vum Bahá’u’lláh. E wichtegt Prinzip ass dobéi d’Iwwerzeegung dass mir, egal vu wou mer hirkommen an egal wéi enger Relioun oder Rass mer ugehéieren, eist Wëssen derselwechter himmlescher Quell ze verdanken hunn, also engem eenzege Gott.

Méi Info zur Expo2000 zu Hannover kritt dir mëttlerweil an al Reesbüro, an natierlech um Internet ënnert www.expo2000.de. D’Unity Foundation hei zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt am Moment Erzéiungsprojeten an Indonesien, Brasilien, Kolumbien an an de Marshall Inselen am Pazifik. Wëllt dir méi iwwer d’Unity Foundation wëssen, dann telefonéiert dem 262520. Ech wëll nach kuerz op zwou Publikatioune vun der internationaler Bahá’ícommunautéit hiweisen, déi hei gutt passen. Déi éischt heescht: Entwécklungsperspektiven fir d’Mënschheet, en neit Verständnis vum globale Wuelstand an déi zweet: Wie schreift d’Zukunft, Gedanken iwwer d’20t Jorhonnert. Dir kritt dës Publikatioune vum Bahá’ízenter um Telefon 44 22 20. D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung déi Iddien a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert dësen Donneschdeg den Owend um 8 Auer op eng Diskussiounronn mam Marianne Wiltgen, Musiktherapeutin a Proff am Conservatoire iwwer d’Thema: Musek an eis geeschteg Entwécklung. An dat am Bahá’ízenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad.

 

5 Fofzeg Joer Bahá’í zu Lëtzebuerg

5t Sendung. Dënschdeg 30te Mee a Freideg 2te Juni. Zu Lëtzebuerg ginn et schonn iwwer 50 Joer Bahá’í. Hei elo ganz kuerz e puer wichteg Datumer fir eist d’Land: 1947 komme fir d’éischt amerikanesch an australesch Bahá’í op Lëtzebuerg wunnen. E Joer méi spéit hëlt den éischte Lëtzebuerger de Bahá’í Glawen un. Interessanterweis kommen déi éischt Bahá’í aus dem katholeschen, jüddeschen a protestantesche Glawen, wat jo och eent vun den Ziler vun der Bahá’í Relioun gutt duerstellt, anzwar d’Eenheet an der Villfalt.

Dat selwecht Joer gëtt an der Stad deen éischte Lokale Rot gebilt. 1952 ass an der Stad den europäesche Bahá’í Kongress am deemolege Casino des Bourgeois. E Joer méi spéit gëtt de regionale Benelux Comité forméiert, an deem natierlech och Lëtzebuerger Bahá’í dobäi sinn . An deem Joer kafen d’Bahá’í och hiren éischten Zenter an der rue Maréchal Foch an der Stad. 1957 gëtt den éischten Nationale Rot vun de Benelux-Staaten forméiert an dat och mat gewielte Membere vun der lëtzebuerger Bahá’í Gemeng. 5 Joer méi spéit, 1962, gëtt den éischte Nationale Rot zu Lëtzebuerg gewielt an e Joer drop bedeelegt sech dëse Conseil un der Wal vum éischten internationale Bahá’í-Gremium, zu Haifa an Israel. Mëttlerweil gëtt de Bahá’ízenter an der rue Maréchal Foch ze kleng a méi e groussen Zenter gëtt 1978 um Lampertsbierg kaaft, an der rue des Glacis. Munchereen erënnert sech vläicht un d’Affiche Centre Bahá’í am Eecherbierg. 1985 héieren a liese vill méi Leit weltwäit vun de Bahá’í . Et ass d’internationaalt Joer vum Fridden. Den internationale Bahá’ígremium adresséiert eng Friddensbotschaft un d’Vëlker vun der Welt. D’Versprieche vum Weltfridde gëtt weltwäit iwwerreecht un all Herrscher, politesch a reliéis Perséinlechkeeten an un all aner Leit, déi meenungsbildend wierken oder sech intresséieren an asetzen, fir dass d’Eenheet vun der Mënschheet an de Weltfridde kënne verwierklecht ginn. Hei am Land kréien dës Friddensbotschaft eise Groussherzog de Grand-Duc Jean, d’Membere vun der Regierung a vum Parlament, eis Vertrieder bei der Europäescher Gemeinschaft, de Monseigneur Jean Hengen, Aerzbëschof vu Lëtzebuerg, den Här Emmanuel Bultz, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg esou wéi e groussen Deel vun der lëtzebuerger Populatioun.

An den aachtzger Joeren, während der islamescher Revolutioun am Iran ginn d’Bahá’í do, just wéinst hirer Relioun extrem verfollegt. Vill vun hinne verloossen hiert Land als Flüchtling. D’Lëtzebuerger Regierung hëllt ëm déi fofzeg Bahá’í Flüchtlingen op. Si konnten sech alleguer gutt hei am Land integréieren.

1986 gëtt d’Union luxembourgeoise des femmes bahá’íes gegrënnt. De Bahá’ízenter ass erëm ze kleng, an e neien Zenter gëtt an der allée Léopold Goebel kaaft.

Mëttlerweil ass d’lëtzebuerger Bahá’ícommunautéit gewuess. Ausser hirem Nationale Conseil huet Lëtzebuerg haut eelef Lokal Réit an uechter d’Land liewe Bahá’í an 57 Lokalitéiten. Klasse fir Kanner a Jugendlecher ginn uechtert d’Land organiséiert. Eng vun den Haaptfuerderunge vu Bahá’u’lláh ass eng grondleeënd geeschteg Erzéiung an allgemeng Schoulbildung fir all Kanner vun der Welt, mam Zil Viruerteeler ofzebauen, selbstänneg no der Wourécht ze sichen a seng Talenter fir de Fortschrëtt vun der Mënschheet anzesetzen. Sou proposéieren d’Bahá’í zum Beispill d’Aféierung vun enger Welthëllefssprooch, déi an alle Schoule soll nieft der Mammesprooch geléiert ginn. Regelméisseg ginn hei am Land Summer a Wanterschoulen organiséiert. Si gi jidderengem d’Méiglechkeet d’Bahá’í Schrëfte méi genee kennenzeléieren a se virun allem a Relatioun ze setze mat eisen heitege Besoien a Problemer. Des Schoulen sinn ausserdem eng super Geleeënheet, sech erëmzegesinn, nei Leit kennenzeléieren a Spaass ze hunn.

D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung déi Iddien a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert den Donneschdeg, 8te Juni um 8 Auer owes op eng Diskussiounronn mam Farah Dustdar, Politikwëssenschaftlerin iwwer d’Thema: Politik a Moral, nei Spillregelen fir eng glaafwierdeg Demokratie. Zwou Wochen drop, den 22te Juni, schwätzt den Nazareno Gottardi, Physiker a Nuklearinspektor bei der Europäescher Gemeinschaft iwwer d’Éierlechkeet vun de Wëssenschaftler. An dat am Bahá’ízenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad. Telefon: 44 22 20.

6 D’Bahá’í a wat se gleewen

6t Sendung. Dënschdeg 6ten a Freideg 9te Juni. Wann een dat Wuert Bahá’í nach ni héieren huet, ass et schwéier sech eppes drënner virzestellen. Ech si Bahá’í. Wat bass du? Bahá’í. Wat ass dat dann? Eppes fir z’iessen? Nee, d’Bahá’í si Mënschen déi hiert d’Liewen no de Léiere vu Bahá’u’lláh ausriichten. Sou, wéi e Chrëscht u Jesus Christus gleeft, sou wéi e Musulmaner un de Mohamed gleeft, sou gleeft e Bahá’í u Bahá’u’lláh.

Bahá’u’lláh ass de Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Hien huet am 19te Jorhonnert a Persie gelieft, anzwar vun 1817 bis 1892. D’Bahá’í gleewen, dass Bahá’u’llah de Vermëttler vum gëttlechen Impuls fir eist Zäitalter ass. Bahá’u’lláh bréngt eiser Zäit also en neien Impuls. Dëse neien Impuls huet natierlech Implikatiounen, net nëmme spirituell mee och sozial a wëssenschaftlech Implikatioune fir eis all. Bahá’u’lláh leet domat de Grondsteen fir eng gerecht Weltgesellschaft, kreativ and dynamesch. D’Haaptzil vun der Bahá’í Relioun ass Weltfridden, d’Eenheet an der Villfalt. Also e Gaart mat villen d’Zorte Blummen, net nëmmen eng d’Zort. Eng Welt, wou all Mënsch sech fräi entfale kann. Wann d’Leit sech wéinst der Relioun streiden a Krich féieren, ass et besser et gëtt keng Relioun. Relioun war an ass haut nach oft Ursaach vu Krich an Haass op der Welt. Et ginn awer och elo ëmmer méi positiv Initiativen. Déi verschidde Reliounen schaffen ëmmer méi oft zesummen. Hei an och weltwäit. Viru kuerzem hat de Poopst zum Beispill och d’Bahá’í an de Vatikan agelueden fir iwwer d’Zukunft vun der Mënschheet ze diskutéieren. Mir mussen einfach zesumme schaffe wa mer gären eis Problemer léisen. Aleng geet dat netméi. D’Bahá’í liewen haut an 232 Länner an onofhängege Gebitter. Et fënnt ee Bahá’í a méi wéi 2000 Volleksgruppen a Stämm.

Déi grouss and eiweg Wourechten si bei all Relioun déi selwecht. Zum Beispill Säi Noper gär hunn, an engem aneren näischt doen, wat ee selwer net gär huet. Dess eiweg Wourechten fënnt een am Juddentum, Chrëschtentum, am Islam, am Buddhismus, am Hinduismus an am Bahá’í Glawen. Gott scheckt eis vun Zäit zu Zäit Propheten, déi eis proposéieren, wéi mir matenee liewe sollen. Wann een dat elo reng zäitlech gesi kuckt, da war dee leschte Prophet, dee Gott eis geschéckt huet, Bahá’u’lláh, am 19te Jorhonnert. Virdrun waren dat Propheten wéi de Mohammad, de Jesus, de Moses, de Buddha, de Krishna an den Zarathrustra. Op mannst sinn dat déi, déi eis bekannt sinn. Gott manifestéiert sech also duerch seng Propheten. D’Bahá’í nennen se och Manifestatioune vu Gott, oder Gottesoffenbarer.

Wann déi eenzel Reliounen am Wesen dat selwecht soen, wéi d’Léift zu eisem nächsten, Gedold, Matgefill, Fréndlechkeet a Verzeie kënnen, firwat hu mer da net just eng Relioun? Et wier jo vill méi einfach. Dat ass sécher. An eigentlech hu mer och just eng Relioun. Och wann se verschidden Nimm dréit.

Bahá’u’lláh seet dass d’Wourecht relativ ass, an net absolutt. Wat fir d’Wëssenschaft haut zum Beispill wouer ass, ka mar falsch sinn, wann se zum Beispill eng nei Entdeckung gemaach huet. An de Mënsch selwer entwéckelt sech a wiesst. An zwar net nëmmen deen eenzelnen, vun der Gebuert bis zum Doud, an duerno. Mee och d’Mënschheet als Ganzt. Wann een deen Eenzelnen a seng Entwécklung, vun der Kandheet bis als Erwuessene kuckt, kann een och d’Mënschheet als Ganzt, als eng Eenheet betruechten, déi eng kollektiv Entwécklung matmecht. An haut, no zéchdausend Joer Entwécklung Mënsch, ass d’Mënschheet un deem Punkt ukomm, wou si aus hirer Pubertéit erauskomm ass. Am Ufank hunn d’Mënsche jo emol a Gruppen an Horden zesumme gelieft, duerno als Stämm, als Vollëksstämm a méi spéit an onofhängegen Natiounen. Endlech ass et méiglech Erwuessen ze sinn. Ech betounen hei et ass méiglech, Erwuessen ze sinn. An dat heescht, a Fridde kënne mateneen ze liewen. Dat heescht das eis kleng Äerdkugel am Fong nëmmen ee Land ass. Ee Land mat ville Kulturen a Gebräicher, en onheemleche Räichtum.

Firwat brauche mir als Mënschheet dann een deen eis weist wéi mer solle matenee liewen? Vergläiche mer dat mat der Erzéiung déi mir an eis Kanner kruten oder kréien, versti mer ganz schnell wéi wichteg Erzéiung ass. Ganz einfach wesentlech Saachen, wéi liesen a schreiwen. Héiflechkeet, Frëndlechkeet, Gedold a Matgefill si jo zum Beispill all Qualitéiten, déi ganz nëtzlech sinn. Vu dass mir jo och net nëmmen ee Schoulmeeschter hunn, vun der Spillschoul bis op d’Uni, kann een och verstoen dass et an der Relioun och sou ähnlech ass. Dee Schoulmeeschter mécht jo och keng Algebra an Algorithmen an der Spillschoul, och wann en dat kann. Sou kann een dat zum Beispill mam Jesus vergläichen. Fréier haten d’Mënschen einfach en anert Opfassungsverméigen wéi haut. Déi eiweg Wourechten sinn zu all Zäit gültig awer net déi méi praktesch Saachen. Wéi mer matenee liewe sollen. Déi ännere sech. Déi entwéckele sech. Bahá’u’lláh ass den éischte Reliounsbegrënner deen eis ganz konkret seet, wéi mer gutt matenee kënne liewen. Hien huet nëmmen een Zil: D’Eenheet vun der Mënschheet ze erméiglechen a seet: Des Äerd ass nëmmen ee Land an all Mënsche si seng Bierger. D’Bahá’í Relioun ass nom Chrëschtentum déi am wäitverbreetste Relioun op der Welt. D’Bahá’í Relioun huet keng Paschtéier, keng Bëscheef, kee Clergé.

D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung déi Iddien a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert den Donneschdeg, 8te Juni um 8 Auer owes op eng Diskussiounsronn mam Farah Dustdar, Politikwëssenschaftlerin iwwer d’Thema: Politik a Moral, nei Spillregelen fir eng glaafwierdeg Demokratie. Zwou Wouchen drop, den 22te Juni, schwätzt den Nazareno Gottardi, Physiker a Nuklearinspektor bei der Europäescher Gemeinschaft iwwer d’Éierlechkeet vun de Wëssenschaftler. An dat am Bahá’ízenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad. Telefon: 44 22 20.

7 Motivatioun

7t Sendung. Dënschdeg 13ten a Freideg 16te Juni. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Um Mikro de Jean-Marie. Dëslescht, an der Cantine vum Centre de Langues, freet mäin ale Kolleg mech. So Jean-Marie, wou kriss du dann deng Motivatioun hier. Ma dat ass eng gutt Fro. Wou ech meng Motivatioun kréien. Sou eppes freet een sech jo net all Dag. Sou richteg hat ech mer et och nach net iwwerluecht. Ech mengen, normalerweis huet ee mat 37 seng Aarbecht, déi engem Spass mécht oder och net. Et huet ee vläicht eng Famill an een zwee Kanner. A normalerwéis muss ee kucken, dass een iwwer d’Ronne kënnt, finanziell gesinn. Domat ass ee jo awer längst net zefridden. Wat ech u mengem Kolleg, dem Chrëscht esou gutt fannen ass dat hei. Viru Joeren huet hie sech fir d’Stroossekanner vu Sao Paulo agesat. Hie wollt hinnen hëllefen. And dat huet hien och gemaach. An dat huet him selwer och vill Satisfactioun bruecht. Ëmmer erëm kënnt et vir, dass ech nei Saachen entdecken, e flotte Saz liesen, eppes wat mech inspiréiert. Et ass oft dat wat mech motivéiert. Natierlech och méi Bouf. Hie kritt der elo zeng. Kanner sinn ëmmer nees faszinéierend. Vun hinne kann ee vill léieren. Mir kenne jo d’Spréchwuert: Mat fale léieren d’Kanner goen. An do mengen ech, solle mer roueg Kanner bleiwen. Well mir wësse jo och dass een deen näischt mécht, och näischt brécht. Mee bei eis Erwuessener soll jo alles perfekt sinn. Mat deem Drang no Perfektioun erreeche mer net vill. Den Trick ass fir vill Iddien ze hunn, an déi schlecht ewechzegeheien. A sou richteg zefridde sinn ech am Fong net. Schlecht ass dat net onbedéngt. Sou laang ee positiv ass a versicht den nächsten Dag vläicht eppes besser ze maachen, eppes anescht ze maachen, wéi den Dag virdrun. Dat erëm setzt viraus, dass een, iergendwann am Dag eng Kéier, iwwer dat nodenkt wat een daagsiwwer alles gemaach huet. Zum Beispill: an do hunn ech awer direkt geflucht, wéi dee mer d’Virfahrt geholl huet oder an deer Situatioun hat ech iwwerhaapt keng Gedold. Et ass nämlech vill méi einfach sech all Dag e bëssen ze verbesseren, wéi op eemol wëllen alles an enger Kéier ze maachen. Mee wéi oft kënnt et mer vir, dass eng Woch vergaang ass, ruckzuck, einfach so, ouni irgendwann eng Kéier nogeduecht ze hunn, wat ech eigentlech gemaach hunn. Einfach e puer Minuten am Dag fanne fir d’Rou ze genéissen, ofzeschalten, e bëssen ze meditéieren. Dat ass flott. Jo, an da fänken ech gär un, mech mat aneren ze vergläichen. Ech froe mech. Wat hunn ech da schonn alles mat menge 37 Joer ëmgerappt. Ass et derwäert driwwer ze schwätzen. An dann denken ech. Ma lues Jean-Marie. Du kanns dech jo guer net mat anere vergläiche. Et ass jo keen d’selwecht wéi den aneren. Et huet jo net jiddereen déi selwecht Fäegkeeten a Méiglechkeeten. Jo, a sou geet et mer mat ville Saachen. Meng Repèren kréien ech meeschtens aus de Bahá’í Schrëften. D’Bahá’í Relioun gëtt mer en Halt. Ech weess dass vill Leit soen: ech brauch keng Relioun déi mer seet wat richteg a falsch ass. Ok, ech hu jo ëmmer nach mäi fräie Wëllen. Mee vun iergendwou kréien ech ëmmer meng Informatiounen. Vun doheem, wat ech an der Zeitung liesen. Wat ech um Radio héieren. Wat ech um Fernseh gesinn. Wat meng Frënn mer zielen. Alles dat dréit derzou béi, wéi ech iwwer eppes denken. De Bahá’í Modell ass bis elo dat bescht wat ech fonnt hunn.

6-7 Millioune Leit sinn zur Zäit amgaang, weltwäit dëse Modell ze probéieren. Et gëtt kee Mënsch op der Welt dee perfekt ass. Awer et ginn ëmmer méi Mënschen, déi e bessert Liewen ustriewen. E bessert Liewe fir sech selwer an e bessert Liewe fir déi, deenen et net sou gutt geet. Mäi Kolleg de Chrëscht, deen de Strossekanner zu Sao Paulo hëlleft, ass kee Bahá’í. Mir ginn awer gutt eens mateneen. Ech brauch nun eemol eng Visioun vun enger besserer Welt. Eng Welt an där mir a Fridde matenee liewe kënnen. An de Bahá’í Schrëfte fannen ech eng Onmass vun Ureegungen fir mäin deeglecht Liewen, praktesch Uregungen, déi ech direkt kann ëmsetzen. D’Bahá’í Schrëfte soen eis: „D’Wuert Gottes ass wéi eng Luucht an hiert Liicht ass dëse Saz: Dir sidd all d’Frichte vun engem Bam an d’Blieder vun engem Aascht. Fuert mateneen an déiwer Léift an Eenegkeet, Frëndschaft a Verbonnenheet. Hien, d’Sonn vun der Wourecht bezeit: Sou staark ass d’Liicht vun der Eenheet, dass si d’ganz Äerd erliichte kann.“ [7]

D’Redaktioun vun Zeit für Geist, eng Zeitung déi Ideen a Virschléi fir eng besser Welt vermëttelt, invitéiert den Donneschdeg, den 22te Juni, op en Diskussiounsowend mam Dr. Nazareno Gottardi, Physiker a Nuklearinspektor bei der Europäescher Gemeinschaft iwwer d’Éierlechkeet vun de Wëssenschaftler. An dat am Bahá’ízenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad. Fir méi Info iwwer dësen Owend, telefonéiert dem 44 22 20. Des Rubrik gouf iech wie ëmmer offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

8 Eng Formatioun mam Institut Pierre Becker zu Uewerdonven, Ruhi 1

8t Sendung. Dënschdeg 20ten a Freideg 23te Juni. Haut zielen ech iech vun zwee onvergiessleche Weekender zu Uewerdonven. Mir waren am ganzen zu aacht, vun 18 bis 58. Den Institut Pierre Becker hat dës Formatioun organiséiert. Si heescht: Nodenken iwwer dat geeschtegt Liewen. Wéi fänkt d’Liewen un a wat ass den Doud, wat ass de Sënn vum Liewen, wat ass d’Natur vun der Séil, firwat brauche mir en Erzéier, wat geschitt mat der Séil nom Doud a wéi kënne mer e gutt Liewe féieren?

Ier ech iech kuerz iwwer dës Themen erzielen, wëll ech iech soen, wéi flott et war mat Leit zesummenzeschaffen, déi obscho se all hei zu Lëtzebuerg wunnen, aus aner Länner a Kulture kommen. Sou zum Beispill de Joubin deen d’lescht Joer a Brasilie war, fir do der Bahá’ícommunautéit an engem Entwécklungsprojet ze hëllefen, d’Afsi wat zur Zäit an Amerika studéiert, d’Nikka wat aus Kanada kënnt oder de Bijan vun Ettelbréck, deen awer vill a Bosnien ënnerwee ass. Dräi Lëtzebuerger, de Roland, d’Janet an de Jean-Marie waren och derbäi. D’Buch mat deem mir geschafft hunn, ass a Kolumbien an enger Bahá’í Universitéit iwwer Joeren ausgeschafft, ausprobéiert a verbessert ginn. Et ass e feste Bestanddeel vun der moralescher Erzéiung a Südamerika a méi a méi Länner interesséiere sech derfir. Hei elo puer vun de Grondgedanken un deene mer geschafft hunn.

Wéi fänkt d’Liewen un a wat ass den Doud? D’Séil ass eng geeschteg Eenheet, déi vu Gott geschaf gouf. Séil a Kierper zesumme maachen e Mënsch. Den Doud ass just de Wiessel vun engem Zoustand, duerno entwéckelt d’Séil sech onendlech weider. De Sënn vun eisem Liewen ass et Gott ze erkennen a bei hien ze kommen.

Deen deen d’Manifestatioun erkennt, also déi grouss Propheten wéi Christus a Mohammed, kënnt Gott méi no. Genee sou wéi een am Bauch vun der Mamm déi Kräfte kritt, déi een an dëser Welt brauch, so soll een an dëser Welt Fäegkeeten entwéckelen, déi een an der nächster Welt gebrauche kann.

D’Natur vun der Séil. Wat ass d’Séil. D’Séil ass en Zeeche vu Gott. Eng Séil déi Gott trei bleift, wäert säi Liicht zréckstralen a si wäert vun him ugezu sinn. Sech zevill u Saache vun dëser Welt ze klammeren verhënnert de Wee vun der Séil zu Gott. Si maachen eis Séil schwaach. De Mënsch huet d’Fäegkeet Eeegeschafte vu Gott z’entwéckelen. Wat ee sech jo besser kennt, wat ee Gott besser kennt.

Firwat d’Mënschen en Erzéier brauchen. D’Fäegkeeten an d’Talenter vum Mënsch si verstoppt. Si kënnen nëmme mat Hëllef vun der Manifestatioun Gottes entwéckelt ginn. D’Manifestatioun vu Gott ze erkennen ass sou gutt wéi Gott selwer z’erkennen. Duerch eng geeschteg Erzéiung kann ech mech richteg kenneléieren a sou meng gutt Qualitéiten entwéckelen.

Wat geschitt da mat eiser Séil nom Doud? Gott an dësem Liewe kennenzeléieren ass eng eemoleg Geleeënheet. Eis Séil kann doduerch éiweg glécklech sinn. Wann een déi Chance, Gott kennenzeléieren, einfach eweggeheit, wäert een dat nom Doud éiweg bereien. Kee weess genee, wéi eist d’Liewen hei ophale wäert. Dofir soll een deem anere verzeien. Et soll een net mengen, et wier ee besser wéi aner Leit. An der nächster Welt wäerte mir d’Méiglechkeet hunn, mat all d’Zort Geheimnisser vertraut ze ginn. Mir wäerten och d’Schéinheet Gottes kucke kënnen. An der nächster Welt wäerte mer all déi erëmgesinn, déi mer gär hunn. Mir wäerten eis un d’Liewen an dëser materieller Welt erënneren.

Näischt an dëser Welt soll mech traureg maachen, virun allem wann ee bedenkt dass mäi Liewen hei, verglach mat deem, wat mech nach erwaart, sou schnell wéi ee kucke kann, eriwwer ass. Et kann nach flott ginn.

Während deenen zwee Weekender zu Uewerdonven hat ech eemol nees d’Geleeënheet fir mech mat ganz anere Saachen ze beschätegen. Et hëlleft mer, den Alldag mat aneren Aen ze kucken. Ob eemol soen ech mer. Jean-Marie, am Fong gëtt et iwwerhaapt keen Alldag. Anscheinend ass all Dag wéi deen aneren. Opstoen, Kaffi drénken, schaffe fueren, schaffen, iessen, a sou weider a sou fort. Wann ech et fäerdeg bréngen, mäi sougenannten Alldag opzefrëschen a mat aneren Aen ze kucken, hunn ech vill erreecht. Ech ka jo probéieren, méi intensiv ze liewen. Ech ka probéieren, e bësse méi fei mat mengen Aarbechtskollegen ze sinn, ech ka probéieren meng Aarbecht e bësse besser ze maachen, an doheem mech e bësse méi ëm meng Famill ze këmmeren. An zum Schluss nach en Zitat aus dem Taoismus: „De Mënsch ass souwuel mënschlech wéi och gëttlech. Dat Gëttlecht an him dauert éiweg an huet onendlech vill Wäert. Dat Mënschlecht ass vergänglech, dat Gëttlecht ass onvergänglech. Dat Gutt am Mënsch kënnt vu Gott.“[8]

 

9 Bahá’u’lláh an d’Welt am Ufank vum erwuessenen Zäitalter

9t Sendung. Dënschdeg 27ten a Freideg 30te Juni. Bahá’u’lláh ass de Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Dat drëtt Jordausend steet virun der Dier. Ech huele mer haut e bëssen Zäit, fir iwwer d’Welt an dat wat mir draus gemaach hunn, nozedenken. An ech gesinn dass mir mat ganz ville grousse Problemer konfrontéiert sinn. Mir brauchen eng nei Approche, wéi mir d’Natur vum Mënsch gesinn a wéi mir d’Natur vun der Gesellschaft gesinn. Eng Approche, déi koherent an harmonesch ass. Wat ass also de Mënsch, a wat ass d’Gesellschaft? Bahá’u’lláh huet e sou eng Approche a senge Schrëften entwéckelt. Hien huet am 19te Jorhonnert gelieft, vun 1817 bis 1892.

Bahá’u’lláh seet dat hei: Et gi Kräften déi eng positiv Wierkung op d’Natur vum Mënsch hunn. Dës Kräften komme vun deem Gëttlechen. Dës gëttlech Kraaft weist sech ëmmer nees an der Geschicht. Duerch si konnten dem Mënsch seng moralesch a geeschtesch Fäegkeete sech lues a lues entwéckelen. A sou konnt dann eis Zivilisatioun Fortschrëtter man. Dëse Phenomeen widderhëllt sech permanent. En hängt mat de Missioune vun aussergewéinleche Wiese wéi Krishna, Moses, Bouddha, Jesus a Mohammed zesummen. E Phenomeen dee weder en Ufank nach en Enn huet, well e ganz einfach e Bestanddeel vun eiser Entwécklung ass.

Mir hunn dat ni verstan, obscho mir jo awer vun dëser Entwécklung profitéiert hunn. Just de contraire. All Kéier, wann d’Mënschheet eng nei geeschteg Erfahrung matgemaach huet, huet si och eng nei reliéis Struktur opgebaut. Bis haut ass et esou, dass déi nei geeschteg Kraaft, déi mystesch Begeeschterung, déi sech am Laf vun der Geschicht ëmmer erëmm gewisen huet, gebremst ginn ass, an dëst duerch intern Widderspréch a Streidereien.

Bahá’u’lláh vergläicht d’Maturitéit vun der ganzer Mënschheet mat deer vum Eeenzelnen. Jidderee muss an de verschiddenen Etappe vun sengem Liewen, also no der Gebuert, an der Kandheet an als Jugendlechen, ëmmer nees struewelen a sech Méi ginn, fir kënne weiderzekommen am Liewen. Haut ass d’Mënschheet op dee Punkt ukomm, wou si erwuessen ass. Mir bréngen et elo fäerdeg, eis ganz Entwécklung ze verstoen. Dat ass méiglech, well mir dat Ganzt haut kënne gesinn. Mir kënnen eis Gemeinsamkeet gesinn. D’Erausfuederung ass déi, dass mir erkennen a verstinn, dass mir nëmmen ee Vollek sinn. Wa mir dat maachen, da geet et dorëms, dass mir zesummen d’Fundamenter vun enger Weltzivilisatioun leeën. Dofir musse mir eis vun enger Rei Saache befreien, wéi zum Beispill engem egoistischen Individualismus oder engem Glawen, deen eis an eisem Denken anengt.

D’Kraaft déi dëst Weltgewëssen zum Virschäi bréngt ass d’Weltoffenbarung vu Gott. E Versprieche vun dëser Offenbarung fanne mir an all den hellege Schrëfte vun der Vegaangenheet. De Spriecher vun dëser Offenbarung ass Bahá’u’lláh. Seng Léiere stellen eng Skizz duer. E Modell vun der sozialer Organisatioun vun eisem Planéit. D’Léiere vu Bahá’u’lláh an den Afloss déi si op eis Zäit hunn, ass dat wesentlescht Evenement vun eiser Zäit.

 

10 Wéi een dat bescht aus eise Kanner an aus eis selwer erausbréngt

10t Sendung. Dënschdeg 4ten a Freideg 7te Juli. Déi wuel wichtegst Aufgab vun all Mamm a Papp ass déi, fir hire Kanner e puer Gronddugenden mat op de Wee ze ginn, e puer gutt Naupen. D’Buch wat ech iech haut kuerz virstellen, ass esou opgebaut, dass et iech bei dëser Aarbecht hëlleft. Dëse Guide hëlleft iech, Matgefill, Versteesdemech, Generositéit oder Mëtschgiewegkeet, Guttheet, Entgéintkommes a Frëndlechkeet an är Famill ze bréngen. Mech huet Buch direkt ugesprach, well hei net vill philosophéiert a gebraddelt gëtt. Et geet ëm ganz konkret Eegeschaften, déi ech bei mir a menge Kanner entwéckele kann.

Zesummegestallt ass dëse Guide vum ‘Virtues Project’, enger internationaler Organisatioun. Si huet sech et zur Aufgab gemaach, geeschtegt Wuesstem bei jonk an al ze fërderen. Dëse multikulturellen and interreliéise Guide weist Elteren an Erzéier, wéi een aus Wierder konkret Aktiounen an aus Idealer, Realitéite mache kann. Déi 52 Dugenden, déi een am Buch fënnt, eng fir all Woch, stamen aus all deene grousse Weltreliounen. Sie stäerken d’Zesummesinn am Familljeliewen. Déi einfach Strategien hëllefe Kanner aus all Alter sech op eng interessant Aart a Weis un dem Prozess vu Wuesstem an Entdeckung ze bedeelegen a matzemaachen.

D’Buch erkläert wat déi jeweileg Dugend ass, wéi een se kann üben a léieren, an hëlleft engem erauszefannen, ob ee sech scho mat dëser Dugend verbessert huet oder op ee nach drunn ze schaffen huet. Et ass schonn aleng flott erauszefannen wéivill verschidde gutt Dugenden et iwwerhaapt sou ginn, a wat et dann heescht, zum Beispill opriichteg, frëndlech, oder gedëlleg ze sinn.

Am Buch léiert een d’Sprooch vun der Integritéit, der Léift an dem Respekt vu sech selwer. Et weist engem, déi fënnef Rollen, déi Eltere spillen, ze verstoen. Am Buch entdeckt een nei Weeër fir Zäit zur Meditatioun an d’Familljeliewen anzeféieren. Et wéist iech, wéi dir Kanner hëllefe kënnt, moralesch Entscheedungen ze man.

De Guide gëtt Erwuessenen a Kanner Geschir fir geeschtlech a moralesch ze wuessen. An dat duerch einfach Übungen, déi eis hëllefen, dat Bescht aus eis erauszebréngen.

Am Firwuert steet dass d’Aufgab vun den Elteren, déi wuel schwéierst a komplext Aktivitéit op eisem Planéit ass. D’Eltere sinn dem Kand seng éischt a wichtegst Erzéier. Trotzdem kréien Eltere keen oder bal keen Training wat se solle man a wéi se et solle man. Leider kommen d’Kanner ouni Gebrauchsanweisung.

De Guide baséiert op véier Grondprinzipien: D’Eltere sinn déi éischt Erzéier vum Kand.

Kanner gi gebuer mat ongeheier Méiglechkeeten: hir natierlech Qualitéiten kënne sech a positiv oder negativ Eegeschaften entwéckelen. Dëst hängt virun allem dovun of, wéi eng Erzéiung si an den éischte Joer kréien. Charakter entwéckelt sech an deem d’Kanner léieren, responsabel a moralesch Entscheedungen ze treffen. Eegeléift a Selbstwäert sinn e natierlecht Resultat wann een no geeschtege Prinzipien a Wäerter lieft.

D’Bahá’i Schrëfte soen dass fir haut déi wichtegst Aufgab fir deen Eenzelnen doranner besteet, e gudde Charakter ze hunn, gutt Manéieren an dat mer versiche sollen eist allgemengt Behuelen ze verbesseren. Dat, sou d’Bahá’í Schrëften ass d’Haaptuléies vu Gott a senge Propheten, nämlech, der Séil vum Mënsch eng Erzéiung ze ginn an de Charakter vu jidderengem ze verbesseren an ze verfeineren. Wahrhaftegkeet and Éierlechkeet sinn d’Fundament vun allen Dugenden. Ouni dës Wahrhaftegkeet an Éierlechkeet ass Progrès an Erfolleg an all de Welte vu Gott onméiglech. A wann dës Qualitéit beim Mënsch fest etabléiert ass, da kann hien sech och all déi aner gëttlech Qualitéiten uneegnen. Wat eist eegent Liewen an eise Charakter ugeet, ass Bahá’u’lláh ganz vehement. Soll de Bahá’í Glawen sech mat Erfolleg entwéckelen, da geet dat nëmmen duerch eng Saach an eng Saach aleng. Anzwar an deem Mooss wéi eist eegent Liewen an eise ganz perséinleche Charakter dës éiweg Prinzipien erëmspigelen.

D’Buch heescht, The Family Virtues Guide, zesummegestallt vum Linda Kavelin Popov am Plume Verlag, ISBN Nummer 0452278104. Et ass op Englesch an Dir kritt et an all gutt Librarie oder am Bahá’ízenter, allée Léopold Goebel, Tel 442220. D’Sektioun Diddeleng vun der lëtzebuerger Vereenegung vu Bahá’í Fraen invitéiert op de Marché du Tiers Monde, de Sonndeg 9te Juli vun 11 bis 6 Auer. Wann der wëllt um Stand mathëllefen, da mellt iech beim Farideh Baki um Telefon 522521. Zu Léifreng organiséiert d’Famill Saberi all Freides vun 2 bis 4 eng Verdéiwung, déi sech op d’Ruhi Method baséiert. Fir méi Info telefonéiert der Famille Saberi um 835765. Zu Housen am Café des Sports fënnt all 2te Freideg en Diskussiounsowend statt: Thema: Ech diskutéiere mat, D’Potenzial vum Eenzelnen. De Gilles Molitor huet méi Info um Telefon 26910059[2]

11 D’Executioun vum Báb

11t Sendung. Dënschdeg 11ten a Freideg 14te Juli. De 9te Juli. E wichtegen Dag am Bahá’í Kalenner. Bei eis am Land, wéi och an all aner Land, war de leschte Sonndeg besonnesch. De 9te Juli, virun 150 Joer genee, ass de Virleefer vun der Bahá’í Relioun gestuerwen. Bahá’í uechter d’Land hunn sech zesummefonnt fir dësen Dag ze commémoréieren. Fir vill Leit, déi sech nach net sou laang mat der Bahá’í Relioun befaassen, war dësen Dag och eng gutt Geleeënheet, méi iwwer d’Geschicht kennenzeléieren.

Anzwar dréit et sech ëm e jonke Mann, bekannt als de Báb, wat iwwersat eng Dier, eng Ouverture bedeit. Hien huet sech a Persie beméit, sozial a reliéis Reformen ze verbreeden. Hien huet en neit Zäitalter prophezeit, en Zäitalter vu mënschlecher Entwécklung. Vill Leit ware vu sengen Iddien inspiréiert a sou hat hien eng Onmass vun Unhänger. Dat wat hie sot, huet deenen, déi deemools un der Macht waren, wéineg gefall. Schliesslech war d’Gefor jo grouss, dass si hiren Afloss géife lues a lues verléieren. Sou huet et dann och net laang gedauert, bis de Báb festgeholl gouf. A schliesslech ass hie vun engem Schéisskommando executéiert ginn. D’Geschicht ronderëm dëst Evenement ass eleng eng Emissioun wäert. Net nëmmen ass hien, de Báb higeriicht ginn, mee och Dausende vu sengen Unhänger sinn ëmbruecht ginn. Seng Léieren awer si net mat him gestuerwen. Si sinn haut d’Fundament vum weltwäite Bahá’í Glawen.

Wann een sech e bësse mam Liewen an Doud vum Báb, dem Virleefer vun der Bahá’í Relioun a vu Jesus Christus beschäftegt, fënnt een eng Rei Ähnlechkeeten an hirem Liewen an hiren Doud. Interessanterweis, wollten déi persesch Autoritéiten, dass en Doktor aus dem Westen de Báb viru senger Hiriichtung ënnersiche sollt. En Irlänner, den Dr Cormick. Hie sot spéider dass de Báb him sot, dass eng Zäit géif kommen, wou souguer Europäer seng Relioun géifen unhuelen. Den Dokter war dovu net iwwerzeegt. Haut géife sech sécher wonnere wann e geséich, wéi dem Báb säi Liewen haut op dausende vu Plazen uechter d’Welt commémoréiert gëtt.

An et gëtt ni d’selwescht commémoréiert. An deene 15 Joer, wou ech elo Bahá’í sinn, hat ech schonn d’Geleeënheet, bei ville Bahá’í Feierdeeg derbei ze sinn, an dat op verschidde Plazen, Sou zum Beispill zu Haifa, Israel, dem administrativen a geeschtleche Weltzentrum vum Bahá’í Glawen, an Irland, an Däitschland, Frankräich, der Belsch, der Schwäiz, Lichtenstein a natierlech bei eis am Ländchen. Entweeder ass de lokale Rot aus der jeweileger Uertschaft fir de Programm zoustänneg, oder deejéinege bei dem d’Feier oder d’Commémoratioun stattfënnt. Leschte Sonndeg war ech zu Iechternach bei der Famill Balazadeh fir dës Commémoratioun agelueden. Mir waren ongeféier zu zwanzeg. Ausgewielte Gebieder aus de Bahá’í Schrëften si vun eenzelne Kanner an Erwuessener gelies a gesonge ginn. Dertëschent si kuerz Texter iwwer d’Evenement vun dësem Dag virun 150 Joer virgelies ginn. Duerno gouf et dann wonnerbart Iessen, mat Dessert, Kaffi an Téi. Dobäi bleift ëmmer Zäit fir al Kollegen a Frënn erëmzegesinn an neier kennenzeléieren. Ausser dem 9te Juli ginn et am Bahá’í Glawen nach aacht aner Féierdeeg, während deenen ee wa méiglech net schaffe soll.

12 D’Nonzéngdeegfest

12t Sendung. Dënschdeg 18ten a Freideg 21te Juli. D’Nonzéngdeegfest. Eng Mëschung vu Gebiet, Bridderlechkeet an Demokratie un der Basis. D’Weltuerdnung vu Bahá’u’lláh, dem Begrënner vun der Bahá’í Relioun, ëmfaasst all Deeler vun der mënschlescher Gesellschaft. Dat sinn déi geeschteg Entwécklunge vum Liewen, déi administrativ an déi, déi sech op eis Gesellshaft bezéien. Déi dräi Entwécklunge ginn op vill Aart a Weise vum Mënsch ausgedréckt. Sou gëtt eng nei Zivilisatioun opgebaut. D’Nonzéngdeegfest, un der Basis vun eiser Gesellschaft, huet dës 3 Deeler a sech. Wann D’19 Deegfest am Duerf, an der Stad an an der Groussstad seng Aufgab erfëllt, dann ass dat eng Institutioun, un dem all Bahá’í sech bedeelegt. Eng Geleeënheet fir opzetanken, Eenheet a Gemeinsamkeet ze fërderen, de Fortschrëtt ze sécheren a virun allem frou ze sinn a Freed ze bréngen. All Member vun der Bahá’ícommunautéit fillt sech duerch seng Partizipatioun un de Bahá’í Aktivitéite bedeelegt. Et ass déi éischt Kéier an der Geschicht (vun de Reliounen), datt et net duergeet just ze gleewen. D’Halschent vum Bahá’í Liewen ass aktiv Bedeelegung un de Bahá’í Aktivitéiten. Dat ass natierlech just eng spirituell Obligatioun, dat heescht et gëtt keen deen eis kontroléirt. Well et am Bahá’í Glawen sou keng Hierarchie gëtt.

D’19 Deegfest ass d’Häerz vum Liewen an der Bahá’ícommunautéit. Et fënnt all 19 Deeg statt, Also um éischten Dag vun all Bahá’í Mount treffen sech d’Bahá’í weltwäit an hirer Gemeng. Op eng regelméisseg Aart a Weis gëtt versicht d’Eenheet an der Bahá’í Gemeng ze stäerken. D’Nonzéngdeegfest besteet an der Haaptsaach aus dräi Deeler. Engem geeschtegen Deel, an deem Gebieder an Texter aus de Bahá’í Schrëften an aneren hellëge Schrëfte gelies oder gesonge ginn. Duerno kënnt deen administrativen Deel. Do ass et de lokale Rot vun der Gemeng deen do matdeelt, wat alles gemaach ginn ass, wéi eng Projeten a Problemer uleien, wat et Neits gëtt aus dem Weltzentrum, oder Neiegkeete vum Nationale Rot. Jiddereen huet bei dëser Geleeënheet och d’Méiglechkeet, Uregungen a Rekommondatiounen ze maachen, oder iwwer eppes ze beroden.

D’Berodung ass e wichtegt Fundament vun der Bahá’í Administratioun. Hei ganz kuerz déi véier wichtegst Punkten déi een fir eng Berodung brauch. Éischtens: all déi néideg Informatiounen a Point de Vuen zum Thema sichen an zesummestellen. Zweetens: versiche bei der Diskussioun richteraus, éierlech an héiflech ze sinn, ouni d’Leit z’attackéieren. Drëttens: wann eng Iddi eemol presentéiert gëtt, da gehéiert se dem Grupp; also net perforce seng Iddi wëllen duerchsetzen oder Partei ergräifen. A Véiertens: Unanimitéit ass erwënscht, soss gëtt ofgestëmmt an de Beschloss vun der Majoritéit gëtt ugeholl. Wann de Grupp Décisioun trëfft, versicht jiddereen se voll a ganz z’akzeptéieren an se z’ënnerstëtzen.

Dee leschten Deel vum D’Nonzéngdeegfest ass dee sozialen Deel. Do gëtt zesummen eng Erfrëschung gedronk. Dat lescht D’Nonzéngdeegfest wou ech war, war zu Rammeldeng bei der Famill Creitz. Et waren iwwer 20 Leit do, mat engem schéine Programm an zu menger Iwwerraschung engem wonnerbaren Iessen. D’19 Deegfest ass normalerweis nomëttes oder am fréien Owend, sou dass d’Kanner och kënnen dobäi sinn. D’Kanner an d’Jugendlech sinn encouragéiert sou wéit et gëtt sech un allen Aktivitéiten ze bedeelegen.

Dës dräi Deeler, de spirituellen, den administrativen an de sozialen Deel, ginn op ganz vill Manéiere gehalen. D’Nonzéngdeegfest respektéiert an encouragéiert kulturell Villfalt.

Wann een Nonzéngdeegfest héiert kënnt een och mengen, dass et eng grouss Feier mat vill Iessen a Gedrénks ass. Dat ass net onbedengt esou. An dësem Fall ass et éischter e Fest vu Freed, zesummesinn, e geeschtegt Fest wann ee wëllt. Och wann een elo nëmme Wasser zervéiert, ass dat an der Rei, well jo méi Wäert drop geluecht gëtt, wéi eppes zervéiert an offréiert gëtt. Wat een och muss bedenken, ass dat hei. D’Nonzéngdeegfest ass e feste Bestanddeel wann ee Bahá’í ass, an et fënnt een et iwwerall op der Welt erëmm. Et ass ëmmer e bëssen anescht. Well dat hängt jo dervun of, wou D’Nonzéngdeegfest ass, a wien d’Texter, d’Gebieder an d’Musek auswielt. Natierlech ass den zweeten Deel, d’Berodung an d’Neiegkeeten och ëmmer anescht. An dee leschten Deel, dee sozialen Deel, léist ganz vill Spillraum zur Kreativitéit. Ganz wichteg bei deem Ganzen ass d’Aart a Wéis wéi et gemaach gëtt, d’Héiflechkeet mat der ee schonn empfang gëtt, ka vill derzoubäidroen, dass een e flotten Nomëtteg oder Owend huet.

Hei zu Lëtzebuerg hu mir ronn eng dose Lokal Réit uechter d’Land an also och eng Dose Nonzéngdeegfest. Frot eemol äre Bahá’í Bekannten, wéi da säi lescht Nonzéngdeegfest war!

 

13 Wat et heescht Bahá’í ginn a sinn

13t Sendung. Dënschdeg 25ten a Freideg 28te Juli. Wéi gëtt ee Bahá’í? Wat heescht et sech zum Bahá’í Glawe bekennen? A wat heescht et Bahá’í sinn? Dës Froen hunn ech mer virun enger gudder dose Joere gestallt. Ech war an der Mëttelschoul wou ech de Walter vu Walfer kennegeléiert hunn. Hien huet de Piano gespillt an ech d’Trompett. De Walter war an ass Bahá’í. Haut wunnt hien a seng Famill a Brasilien. Fir mech war deemools eng Zäit wou ech mer déi üblech grouss Froen iwwer d’Liewe gestallt hunn. Fir meng Elteren war Relioun ni en Thema, éischter Traditioun. Bis ech d’Geleeënheet hat an d’Stad an d’Schoul ze goen, hat ech ni eppes héieren iwwer aner Reliounen. Ech wosst am Fong net, dass et eppes anescht ausser der kathoulescher Relioun géif ginn. Mir sinn d’Ae grouss opgaange. Ech hunn d’Hari Krishnaen an der Stad kennegeléiert, Transzendental Meditatioun, Buddhismus an Taoismus, fir elo nëmmen e puer Richtungen, Reliounen a Philosphien ze nennen, ware fir mech deemools interessant. An sou si mer dann och fréier oder spéider d’Bahá’í iwwer de Wee gelaaf. Si haten hiren Zenter rietserhand wann een den Eecherbierg eropfiert. Deemools waren et eng gutt Dose Jugendlecher mat deenen ech mech vill opgehal hunn, si ware Bahá’í an et war alles nei fir mech. Fridden mat sech selwer, Weltfridden, d’Eenheet vun der Mënschheet, d’Eenheet vun der Welt, d’Eenheet vu Gott, d’Roll vun der Famill, Erzéiung a méi mystesch Theme wéi d’Séil an d’Liewen nom Doud fënnt ee vill an de Bahá’í Schrëften. Fir d’Saach elo net an d’Längt ze zéien, no langem hinn an hir, nodeems ech bal krampfhaft versicht hunn an de Bahá’í Schrëfte Feeler ze fannen, nodeems ech eng ganz Parti Leit hei an am Ausland op Konferenzen a Summerschoule kennegeléiert hunn, war et souwäit. Wat ech méi gesicht hunn, Feeler ze fannen, wat ech méi Wourechten entdeckt hunn déi mer gefall hunn. En plus war d’Atmosphere an deene meeschte Reunionen a bei de Leit doheem ganz gutt a jidderee war ganz frëndlech. Ech wollt du schliesslech Bahá’í ginn. Et war een Owend um Sennengerbierg, op engem Bahá’í Feierdag, wou ech meng Kaart ënnerschriwen hunn. Eng einfach Bestätegung dass ech de Jean-Marie, Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun unerkennen als Manifestatioun vu Gott fir elo, fir eis Zäit, an dass ech versichen no senge Léieren ze liewen. D’Deklaratiounskaart déi ech ënnerschriwwen hunn, huet einfach en administrativen Zweck, wou meng Address steet, sou dass ech Bahá’í Noriichten an Invitatioune ka geschéckt kréien. Dass een einfach weess, wéivill Bahá’í et dann iwwerhaapt gëtt.

Wat ech wëll soen. Bahá’í gi war fir mech eng relativ einfach Saach. Eng Entscheedung, déi ech gemaach hunn an déi ech bis haut nach net bereien. Ech hu natierlech d’Fräiheet, zu all Moment ze soen, nee merci, ech hunn es genuch, ech wëll neméi Bahá’í sinn. Ech brauch et just ze soen.

Kuerz nodeem ech Bahá’í war hat ech eng wonnerbar Geleeënheet d’Weltzentrum vum Bahá’í Glawe méi no kennenzeléieren. Ech hu während zwee Joer an Israel gewunnt an do eng benevol Aarbecht gemaach. Dat hellegt Land fir d’Chrëschten, d’Judden, d’Mohamedaner an d’Bahá’í. An dat zu Haifa. Eng onvergiesslech Zäit op enger Plaz, déi fir all Bahá’í déi hellegst Plaz vun der Welt ass, well do Bahá’u’lláh, de Begrënner, begruewe läit. Et ass awer och d’administratiivt Zentrum vum Bahá’í Glawen. Wéi d’Häerz vum mënschleche Kierper. Iwwer dës Erfahrung wäert ech sécher nach eng Kéier e puer Wuert verléieren.

Fir dës Parenthèse zou ze maachen wëll ech soen, dass et fir mech nach eng Bestätegung war, dass meng Entscheedung Bahá’í ze ginn, déi richteg war. Wéi ech nämlech den éischten Dag zu Haifa, de Bierg Karmel, d’Bahá’í Terrassen eropgaange sinn, hunn ech sou richteg matkritt, dass de Bahá’í Glawen net nëmmen aus schéinen Iddien a Gedanke besteet, mee dass do och eng konkret Schéinheet ass, déi ee kann mat bloussem A gesinn, déi ee kann upacken. Ech schwätze vun de Bahá’í Gäert um Bierg Karmel, de Sëtz vum héchste Bahá’í Gremium, den internationalen Archiven a nach villen aneren historesche Plazen. An all dat kritt een net sou richteg mat, wann een net selwer d’Méiglechkeet huet, sech dat unzekucken an z’erliewen. Sech et also sou richteg op d’Long zéien.

D’Motivatioun fir Bahá’í ze bleiwe läit awer nach méi an der Inspiratioun déi d’Bahá’í Schrëfte mer bréngen. Éischtens ginn et der zweetens gëtt e kee wichtegt Thema zu dem Bahá’í Schrëften näischt ze soen hunn. Huelt iech dach eng Kéier e puer Minuten Zäit fir e puer Zeilen aus de Bahá’í Schrëften unzekucken. Déi däitsch Bahá’ícommunautéit huet eng ganz flott Internetsäit mat interessante Linken, ënnert www.bahai.de.

 

14 D’Bahá’í Schrëften

14t Sendung. Dënschdeg 1ten August a Freideg 4ten August. D’lescht Woch hunn ech Iech erzielt, wéi ech Bahá’í gi sinn. Bis et esou wäit war, sinn ongeféier zwee Joer vergaangen. Ech wollt nei ufänken. Natierlech geet et net vun haut op mar. Wat mer awer dobäi gehollef huet, waren d’Bahá’í Schrëften. An hinne fannen ech ëmmer erëm Äntwerten an Inspiratioun. Am léifste sichen ech mer en Thema a kucke wat d’Bahá’í Schrëften derzou soen. Haut sinn iwwer 100 Bänner aus dem perseschen an arabeschen iwwersat. Déi allermeescht ginn et op englesch, an dann déi aner grouss Sproochen, spuenesch, franséisch, däitsch, italienesch, an sou weider. Bahá’í Schrëfte ginn et mëttlerweil an iwwer 800 Sprochen an Dialekter. Zentral sinn all d’original an authentesch Schrëften zu Haifa an Israel, dem administrative Sëtz opgehuewen. Déi allermeescht Texter fannt Dir och um Internet ënnert Bahá’í. Weltwäit ginn et iwwer 30 Verlagshäiser. Hir Aufgab ass et, d’Bahá’í Schrëften an déi jeeweileg Sprooch vum Land z’iwwersetzen. An de Bahá’í Schrëfte fënnt een eppes iwwer all wichtegt Thema. Wann ech elo eng Fro iwwer eppes hunn, wou ech näischt an de Bahá’í Schrëften driwwer fannen, hunn ech d’Méiglechkeet, deem héchste Bahá’í Gremium ze schreiwen a si ze froen. Dëse Gremium gëtt iwwrigens all fënnef Joer vun all de Nationale Réit vun der Welt gewielt. De Gremium ka mer dann eng Referenz zum Thema ginn, oder ka mer soe wou ech an de Bahá’í Schrëfte méi driwwer fannen. D’Visioun vum Bahá’í Glawen ass esou, dass d’Relioun sech weltwäit nach méi verbreede wäert,an dass eng Majoritéit vu Leit de Bahá’í Glawen unhuele wäerten. Bahá’u’lláh ass net de leschte Prophet, oder Manifestatioun Gottes, dee mer kréie wäerten. Mee sécher fir déi nächsten 1000 Joer wäert d’Bahá’í Relioun hir Gültegkeet behalen. Geschichtlech an zäitlech gesinn, steet de Bahá’í Glawen erréischt am Ufank vu senger Entwécklung. Et si just 100 Joer hir, dass Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun, dës Welt verlooss huet. An haut ass de Bahá’í Glawen, nom Chrëschtentum, déi Relioun déi am meeschten op der Welt verbreet ass. An d’Mënschheet selwer steet eréischt am Ufank vu senger Entwécklung. Wéi wichteg de Bahá’í Glawe fir d’Weltentwécklung ass geet aus folgendem Zitat kloer erfir:

„D’Welt ass aus dem Gläichgewiucht geroden duerch d’Kraaft vun dëser gréissten, dëser neier Weltuerdnung. Dat gereegelt Liewe vun der Mënschheet ass opgewullt duerch d’Wierke vun dësem eenzegartegen, dësem wonnerbare System. E System, wat bis elo nach kee stierflecht A gesinn huet.“[9]

Dëse Modell, de Bahá’í Modell fonktionéiert weltwäit fir iwwer sechs Millioune Leit, aus deenen ënnerschidlechste Kulturen. D’Bahá’í bidden dem Rescht vun der Welt dëse Modell vum Zesummeliewen un. Si sollen et dach probéieren a selwer entscheeden op et fir si nëtzlech ass!

D’Internetsäit fir dës Woch kennt aus Frankräich: www.religare.org Do fannt dir eng interreliéis Referenzbibliothéik. Dir hutt Zougank zu den hellege Schrëfte vu siwe grouss Reliounen: d’Bibel, d’Evangelien, De Koran, d’Bahá’í Schrëften, d’Priedegte vum Buddha, d’Baghavad-Gita an Texter vum Zoroaster.[3]

 

15 Wat de Jugendlechen eiser Gesellschaft bréngt

15t Sendung. Dënschdeg 8ten August a Freideg 11ten August. Den Déngscht un der Mënschheet gëtt am Bahá’í Glawe grouss geschriwwen. An der Schoul freet een sech jo sécher, wat wëll ech spéider ginn, wat man ech mat mengem Liewen. An der Zäit wou ee fäerdeg ass mat léieren, oder virum Sutdium an ier een sech vläicht entscheed eng Famill ze grënnen a mat schaffen ufänkt, gëtt e Bahá’í Jugendlechen encouragéiert, sech en halleft oder e Joer ze huelen, fir irgendwou op der Welt en Déngscht ze leeschten. Dëst Joer gëtt zum Beispill e flotte Video gemaach. Eng Aféierung an de Bahá’í Glawen fir Jugendlecher. Dobäi hëllefen och Lëtzebuerger. De Reiz fir méi wäit ze goen ass och grouss, zum Beispill war de Joubin vun Diddeleng e Joer zu Brasilen an engem Entwécklungsprojet. D’Martine Schoos aus dem Minett huet Schoul gehal an enger Primärschoul zu Haiti. Et kann awer och an engem Spidol sinn, oder an engem vun de Bahá’í Haiser vun der Andacht. Zu New Deli an Indien zum Beispill ass ëmmer eng grouss Nofro fir Guide ze sinn am Bahá’í Haus vun der Andacht. Et huet d’Form vun enger Lotusblumm, krut eng Onmass vun Auszeechnungen wéinst der ongewinnten Architektur. Bis zu 30.000 Leit huelen sech all Dag Zäit, dës Plaz vu Gebiet a Meditatioun ze besichen fir e bësse Rou, Fridden an Ermuddegung ze fannen. Fir sech geeschteg nees opzetanken. Aner Bahá’í Häiser vun der Andacht ginn et hei bei Frankfurt, bei Chicago an Amerika, zu Kampala an Afrika an zu Sidney an Australien.

Ganz besonnesch ass et, kënnen an Israel am Bahá’í Weltzentrum ze schaffen.

Dëse Summer geet de Kian Bayani vu Mamer an d’Martine Wiltgen vu Schwebach fir e Joer op Haifa. De Kian an d’Martine, zesumme mat iwwer 600 aner Jugendlechen, Erwuessenen a Familljen hunn do zu Haifa, dem administrativen a spirituellem Sëtz vum Bahá’í Glawen, d’Méiglechkeet hire Glawe vill méi no kennenzeléieren. Jenodeem wéi eng Fäegkeeten si hunn, bekëmmeren si sech zum Beispill ëm déi wonnerschéi Gäert ronderëm de Schräin vum Báb oder si Guide fir all d’Touristen, déi Haifa an d’Bahá’ígäert besiche kommen. D’Ënnerhalung vun all deenen historesche Gebailechkeeten erfuerdert zum Beispill gutt Handwierker, Leit déi Teppecher kënne restauréieren, souwéi Moler a Schräiner.

De Sëtz vum hëchste Bahá’í Gremium ass jo och zu Haifa um Bierg Karmel. Et ass d’Häerz vun deem d’Impulser an d’Oderen sech ueschter d’Bahá’í Welt verdeelen. Administrativ Fäegkeeten a Computerspezialisten sinn do vill gefrot. Sécher wäert ech nach eng Kéier méi am Détail iwwer d’Bahá’í Weltzentrum schwätzen.

Fir dee Jugendlechen ass sou eng Period vum Déngscht eng gutt Geleeëenheet sech besser ze entscheeden, wéi hien de Rescht vu sengem Liewen wëll gestalten. D’Bahá’í Schrëften soen ausdrécklech, dass ee soll eng Aarbecht maachen, déi der Mënschheet en Déngscht erweist. Dobäi gëtt all sou Aarbecht als Gebiet ugesinn, sief dat eng Botzfra oder en Dokter, deen operéiert. De Wäert läit an deem, wéi een seng Aarbecht mécht. Zu dësem Thema: Aarbecht als Déngscht un der Mënschheet, ginn et eng Rei interessant Bäitrag an der Zäitschrëft TEMPORA, vun der däitscher Bahá’ícommunautéit. Wann der wëllt, schécken ech iech gär eng Kopie dervun.

D’nächst Woch zielen ech iech ausféierlech iwwer de Jugend Festival hei zu Lëtzebuerg. Thema ass Jugend fir Fridden, mam Fari Khabipour vu Lëtzebuerg, dem Nabil Perdu aus Spuenien an dem Roshan Danesch aus der Schwäiz, vum 18te bis den 21sten dëse Mount am Centre Convict. Highlight vum Festival wäert sécher den Ofschlossconcert sinn, Sonndes den 20ten, mat enger ganzer Rei vu Gruppen, hei aus dem Land an de Nopeschlänner. Wéi gesot, méi doriwwer nächsten Dënschdeg.

 

16 Jugend fir Fridden

16t Sendung. Dënschdeg 15ten August a Freideg 18ten August. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Jugend fir Fridden. Thema vum Festival dëse Summer am Centre Convict. Um Mikro de Jean-Marie.

Den Europäesche Bahá’í Jugendcommittee organiséiert all Joers eng Rei vu Konferenzen a verschidden europäesche Regiounen, am Osten an am Westen. Dëst Joer ass eng vun de Konferenzen zu Lëtzebuerg. De lëtzebuerger Bahá’í Jugendcommittee, zesumme mat deene vun der Belsch a Frankréich hëllefe mat der Organisatioun. De Festival dëst Joer heescht JUGEND FIR FRIDDEN an ass am Centre Convict, dës Woch, vum 18te bis den 21sten. Dat ganzt ass ënnert der Schirmherrschaft vun der Commission Nationale de la Coopération, zesumme mat der UNESCO an der ALNU, der Association luxembourgeoise des Nations Unies.

Jugendlecher aus Frankräich, Däitschland, der Schwäiz, der Belsch an Italien wäerten heihinner kommen. Zweck an Zil vum Festival ass et d’Jugendlech z’encouragéieren iwwer hier Zukunft nozedenken, an ze kucken wéi si hir Ideen a Projeten konkret realiséiere kënnen. Ageluede sinn de Fari Khabipour, Psycholog am Enseignement hei am Land, de Professer Nabil Perdu aus Spuenien an den Här Roshan Danesh, Professer op der Landegg Akademie an der Schwäiz an Affekot um Gebitt vun de Mënscherechter. Während dem Festival gëtt vill a Gruppenaarbecht duerchgeschwat ronderëm Theme wéi: d’Roll vun der Jugend am Opbau vun enger Friddenskultur, wat kann ech man? Mäi Liewen: Ass et einfach Schicksal oder ass et mäi Choix. (Fari Khabirpour) Wéi steet et mat der Welt? Wéi kann ech Konflikter léisen? Kann ech ee sinn, dee vereent? (Roshan Danesh) D’Kraaft vun der Eenheet a wéi ech meng Fäegkeeten entwéckele kann.

All dat sinn Themen iwwer déi um Festival beroden an diskutéiert gëtt. Den Highlight wäert sécher den Ofschlossconcert sinn, an zwar gratis, an dat Sonndes owes, och am Convict.

Jiddereen deen sech vun dësen Themen ugesprach fillt ka méi Info iwwer de Festival kréien an zwar eemol am Bahá’í Zenter. Dat ass den 442220 oder den 021241005 oder den 091369 330, ech widderhuelen, de 442220 oder den 021241005 oder den 091369330. Dës Woch proposéieren ech Iech als Internetsäit, e bësse Musek ze lauschtere vun engem Bahá’í dee Museker ass. Matthew Levine ass säi Numm, hien huet schonn e puer gutt CDen erausbruecht, déi mer ganz gutt gefall hunn. Hie séngt zum gréissten Deel, an oft am Stil Frank Sinatra. Lauschtert einfach eran. Dat ass: www.mp3.com/mlevine

17 Dausend reliéis Perséinlechkeeten

17t Sendung. Dënschdeg 22ten a Freideg 25ten August. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. 1000 reliéis Perséinlechkeeten treffen sech bei de Vereente Natiounen op engem historesche Sommet fir Weltfridden.

Et ass déi éischte Kéier an der Geschicht, dass reliéis a geeschtlech Perséinlechkeete vun deene verschiddene Relioune vun der Welt zesummekommen, an dat zu New York den 28ten dëse Mount. Et geet drëm, wéi ee kann zesumme mat de Vereenten Natiounen eng Partnerschaft vu Fridden opbauen.

Wéi bréngt een et fäerdeg, dass déi reliéis a spirituell Communautéite weltwäit kënnen zesummeschafften als interreliéis Partner mat de Vereenten Natiounen, an zwar ganz konkret bei spezifesch Initiativen, wat Fridden, Aarmutt an Ëmwelt ubelaangt.

Dat ass d’Zil vun dësem reliéise Sommet. Representéiert sinn all Regioune vun der Welt, souwéi all déi grouss reliéis Traditioue vu Bahá’í, Buddhismus, Chrëschtentum, Konfuzianismus, Hinduismus, Indigène, den Islam, de Jainismus, de Judaismus, Shinto, d’Siks, den Taoismus a Zoroaster.

De reliéise Sommet fänkt den 28ten August un, zu New York bei de Vereenten Natioune. Et wäerten och reliéis Perséinlechkeeten aus den aktuelle Konfliktzone kommen, wéi zum Beispill aus Sierra Leone, aus dem Balkan, Indonesien, Äthiopien, d’Philipinnen, Ruanda an dem Sudan. Wéi e Bäitrag kënne si maachen, déi reliéis Spannungen an hire Géigende méi kleng ze man.

Zu dësem Sommet huet en onofhängege Grupp vun interreliéise Perséinlechkeeten, reliéis Fachleit an Theologen opgeruff. Méi Info doriwwer fannt dir am Internet ënnert www.prnewswire.com

Nach eng erfreelech Neiegkeet aus dem Internet. www.beliefnet.com ass wahrschéinlech ee vun deene wichtegste reliéisen Internetsiten déi et haut gëtt. Et ass en Diskussiounsforum an d’Bahá’í bedeelegen sech vill drunn. Beliefnet leet vill Wäert drop dass virun allem grouss an unerkannte Reliounen sech un den Diskussioune bedeelegen. Den Chat iwwer d’Bahá’í Relioun um Internet ganz allgemeng on och bei beliefnet huet an der Lescht schéin zougeholl an huet mëttlerweil dee selwéchtege Stellewäert wéi aner Relioune. Dat heescht dass elo de Bahá’í Glawe vun honnerttausende vu Visiteuren op hirer Internetsäit bekannt gemaach gëtt. Nach eng Kéier dës Address wou iwwer reliéis Saachen diskutéiert gëtt: et ass www.beliefnet.com

Eng Nouvelle aus Eisträich: E Bahá’í Geschäftsmann ass gefrot ginn, wéi d’Prinzipie vu sengem Glawen him a senger Aarbecht hëllefen. Den Dr. Faramarz Ettehadieh, e Bahá’í, dee Virsetzende vun der Imperial Finance Group, ass vum Siemens Forum Academy of Life invitéiert ginn iwwer säin erfollegräicht Geschäftsliewen a seng perséinlech Philosphie ze schwätzen. Dëst zu Wien virun 250 Geschäftsleit, Economisten an Universitéitsprofesseren.

Dës Academy of Life huet dëst Joer den Dr Ettehadieh gewielt. Zu dësem Ulass ass och en Dokumentarfilm iwwer säi Liewe gedréint ginn. De Film fänkt mat engem Zitat aus de Bahá’í Schrëften un: D’Äerd ass nëmmen ee Land an all Leit si seng Bierger. Am Film geet kloer erfier das säi Liewe vum Bahá’í Glawe geprägt ass.

Nom Film ass den Dr. Ettehadieh vun engem Moderater a sechs Experten aus Economie, Psychologie, Philosophie, Ethik a Gesetz interviewt ginn. Duerno hat jiddereen d’Geleeënheet him Froen ze stellen. Net nëmmen ass hien iwwer seng ekonomesch Strategie gefrot ginn, mee ëmmer nees iwwer seng Relioun a wéi hien d’Bahá’í Prinzipien a sengem Alldag uwennt. D’Imperial Finanzgrupp an hiert Aktiesystem, gëtt ausgewielte Projeten an Entwécklungslänner direkt ökonomesch Hëllef duerch d’Contributioun vun Dividende vun all Investor.

 

18 Véier Konferenzen am Bahá’í Zenter

18t Sendung. Dënschdeg 29ten August a Freideg 1te September. An deene nächste Wochen hutt Dir D’Geleeënheet u véier Konferenzen deelzehuelen, alleguer am Bahá’í Zenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad an dat um 8 Auer owes.

Innere Edelsteine, die Chance, das Beste in sich und in anderen zu entdecken und zu entfalten ass dat éischt Thema, a gëtt vum Marion Gottardi presentéiert, an dat Méindes owes den 11te September.

Dënschdes owes, den 19te September schwätzt de Fernand Schaber iwwer d’Thema: Die Zukunft gehört der Jugend, Herausforderung und Potential.

D’Thema vun der nächster Konferenz ass: Solutions Spirituelles des problèmes du monde, op franséisch also mam Dr Nazareno Gottardi, Inspekter bei Euratom. Dat ass Mëttwochs den 11ten Oktober.

Eenheet an der Verschiddenheet mam Georges Pfeiffenschneider ass d’Thema vun der 4ter Konferenz, eng Woch méi spéit, Mëttwochs den 18ten Oktober, an dat wéi och déi aner Konferenzen, owes um 8 Auer am Bahá’í Zenter an der Stad. Tel: 442220.

Zu der éischter Konferenz Innere Edelsteine, die Chance, das Beste in sich und in anderen zu entdecken und zu entfalten hunn ech e puer Zitater aus de Bahá’í Schrëfte fonnt: Bahá’u’lláh seet: „Betrachte den Mënschen als ein Bergwerk, reich an Edelsteinen von unschätzbarem Wert. Nur die Erziehung kann bewirken, daß es seine Schätze enthüllt und die Mënschheit daraus Nutzen zu ziehen vermag.“

An zum Thema Erzéiung sot ‘Abdu’l-Bahá virun 100 Joer dat hei: Es gibt drei Arten der Erziehung: die körperliche, die mënschliche und die geistige Erziehung.

Die körperliche Erziehung befaßt sich mit Fortschritt und Entwicklung des Körpers, indem sie materielle Erleichterungen, Behaglichkeit und Entspannung für ihn sicherstellt. Sie gilt in gleicher Weise für Mënschen und Tiere.

Die mënschliche Erziehung bedeutet Kultur und Fortschritt, nämlich Regierung, Verwaltung, Wohlfahrtseinrichtungen, Verkehr, Handel und Gewerbe, Künste, Natur- und Geisteswissenschaften, große Erfindungen und Entdeckungen physikalischer Gesetze. Diese Äußerungen des Menschengeistes maachen den Unterschied zur Tierwelt deutlich.

Die geistige, göttliche Erziehung ist die Erziehung zum Himmelreich. Durch sie erwirbt der Mensch göttliche Vollkommenheiten. Sie ist die wahre Erziehung, denn auf dieser Stufe tritt das Göttliche im Menschen in Erscheinung, und die Worte »Lasset Uns Menschen schaffen nach Unserem Bild und Gleichnis«, werden in ihm offenbar. Dies ist das höchste Ziel der Menschheit.

Dazu brauchen wir einen Erzieher, der zugleich körperlicher, menschlicher und geistiger Erzieher ist, und dessen Autorität in allen Bereichen Einfluß hat. Wenn jemand sagen wollte: »Ich habe einen vollkommenen Verstand und ein rasches Auffassungsvermögen und bedarf dieses Erziehers nicht«, so würde er selbstverständliches leugnen und wie ein Kind sein, das sagen würde: »Ich brauche keine Erziehung, ich werde nach meiner Einsicht und Vernunft verfahren und so alle Vollkommenheiten der Welt erwerben«, oder er wäre wie ein Blinder, der sagen würde: »Ich brauche kein Augenlicht, denn es gibt viele Blinde, die sich zurechtfinden können.«

Die Notwendigkeit eines Erziehers für den Menschen ist demnach klar und deutlich erwiesen.  Méi zu dësem Thema wéi gesot, Méindes, den 11te September um 8 Auer owes am Bahá’í Zenter mam Marion Gottardi.

 

19 D’Jugend op der Sich no enger neier Visioun

19t Sendung. Dënschdeg 5ten a Freideg 8te September. No engem gelongene Festival am Convict iwwer d’Thema: Jugend fir Fridden, bidden d’Organisatoren eng Rei Konferenze mat uschléissendem Gespréich un. D’Zukunft gehéiert der Jugend, Herausfuerderung a Potential, ass eng vun de Konferenzen, an zwar mam Fernand Schaber, an dat am Bahá’í Zenter, Dënschdes, den 19ten September um 8 Auer owes.

Hei e puer vu senge Gedankegäng: Wou steet d’Jugend an eiser heiteger Gesellschaft? Desorientéierung am Fréijoer vum Liewen, an d’Sich no enger neier Visioun. Et läit bei eis selwer.

Zum éischte Punkt: Wou steet d’Jugend haut?

Déi Jugendlech an eis Wegwerfgesellschaft. D’Gefore vun der Konsumgesellschaft. Wéi eng Idoler hu mir haut? D’Anonimitéit an der Mass. D’Flucht ëm all Präis an op d’Käschten anerer. Oflenkung am Plaz Hiwendung. Aus Angscht virun der Rou, sinn der vill, déi sech an d’Fräizäitindustrie flüchten. Si si sech neméi bewosst, dass am Fong, hiert ënnerst, eidel ass. Et langweilt een sech neméi. Domat bleift d’Illusioun vun engem ausgefëllte Liewen weider bestoen. Et lieft ee jo nëmmen eemol, also wa schonn, da scho richteg!

Den Zwang fir deen éischten an dee beschten ze sinn: D’Bild vun enger materialistescher Héichglanzgesellschaft mam Drang zum Extreemen. Iellbougesellschaft an dat scho vu klengem un. Spëtzesportler, Spëtzegehälter, Topmanager, Spëtzepolitiker si Begrëffer, déi mer onbewosst anootmen. Si beaflossen onbewosst onst d’Handlen an ons Denkweis. Stelle mer eis dach all déi Spëtze vir: Wat ee méi héich ass, wat de Sauerstoff méi dënn gëtt; d’Gefor vun engem schnellen Eroffalen ass héich. Alles an allem e liewensfeindleche Milieu! Näischt géint Weiderentwécklung awer alles am Gläichgewiicht vun de Kräften.

Zum zweete Punkt an zwar dee vun der Desorientéierung: Gëtt et dann ënner Ëmstänn eng liewenswäert Zukunft? D’Polaritéiten: Sech selwer erkennen ass nëmmen een Deel vum Ganzen. Den éischte Schrëtt ass ewech vun der Desorientéierung. Et ass méi liicht sech ëm d’Mënschheet ze këmmeren wéi ëm de Mënsch. Vu wou huele mer dann d’Visioun an déi nei Uerdnung? An dat féiert eis zum drëtte Punkt: D’Sich no enger Visioun.

Et geschéie Wonner iwwerall ronderëm eis: mir musse léieren, d’Schëpfung nees nei ze liesen, nei kennenzeléieren! D’Eenheet vun der Mënschheet am neien Zäitalter. D’Kraaft an d’Vitalitéit vun der Jugend. Sech kloer sinn iwwer de Sënn vum Liewen. Courage hunn, anescht ze sinn! Geeschtegkeet an enger materialistëscher Welt. Geeschtegkeet heescht och Liewensfreed, net Asketentum. Et gi vill Méiglechkeeten fir Hëllef ze leeschten. Aus de Bahá’í Schrëften dat hei: „Sieft iech bewosst, wéi en Afloss a wéi eng Verantwortung dir hutt! Geheit e klenge Steng an d’Wasser a kuckt wéi d’Kreesser ëmmer méi grouss ginn: erkennt är Roll a verpasst är Geleeënheet net.“ “Vernoléissegt net d’Fäegkeeten, déi dir krut, a verpasst är héich Bestëmmung net …“[10]

Nächste Méindeg den Owend um 8 Auer schwätzt Marion Gottardi iwwer Thema: Innere Edelsteine, die Chance, das Beste in sich und in anderen zu entdecken und zu entfalten. Wéi ëmmer am Bahá’í Zenter, telefon 44 2220.

20 Den UN Milleniumsgipfel

20t Sendung. Dënschdeg 12ten a Freideg 15te September. Virun iwwer 100 Joer sot Bahá’u’lláh: „Lasst euren Blick weltumfassend sein, anstatt ihn auf euer Selbst zu beschränken. Befasst euch nicht rastlos mit euren eigenen Belangen! Lasst euere Gedanken fest auf das gerichtet sein, was das Glück der Menschheit wiederherstellen und der Menschen Herzen und Seelen heiligen wird.“ [11]

D’lescht Woch hu sech fir d’éischte Kéier an eiser Geschicht, iwwer 150 Staats a Regierungschefen aus aller Welt bei de Vereenten Natiounen zu New York zesummefonnt, fir an Aarbechtsgruppen iwwer global Problemer ze diskutéieren.

Virun iwwer 100 Joer sot Bahá’u’lláh: „Die Zeit muß kommen, da die gebieterische Notwendigkeit für die Abhaltung einer ausgedehnten, allumfassenden Versammlung der Menschen weltweit erkannt wird. Die Herrscher und Könige der Erde müssen ihr unbedingt beiwohnen, an ihren Beratungen teilnehmen und solche Mittel und Wege erörtern, die den Grund zum Größten Weltfrieden unter den Menschen legen. Ein solcher Friede erfordert es, daß die Großmächte sich um der Ruhe der Völker der Erde willen zu völliger Aussöhnung untereinander entschließen. Sollte ein König die Waffen gegen einen anderen ergreifen, so müssen sich alle vereint erheben und ihn daran hindern. Wenn dies geschieht, werden die Nationen der Welt außer für die Wahrung der Sicherheit ihrer Reiche und die Aufrechterhaltung der inneren Ordnung in ihrem Staatsgebiet keine Waffen mehr brauchen. Dies wird jedem Volk, jeder Regierung und Nation Frieden und Ruhe sichern.Wir möchten gerne hoffen, dass die Könige und Herrscher der Erde, die Spiegel des barmherzigen und allmächtigen Namens Gottes, diese Stufe erreichen und die Menschheit vor dem Angriff der Tyrannei beschirmen werden. …“[12]

D’lescht Woch um Millenium Forum, hat den Techeste Ahderom, Repräsentant vun der internationaler Bahá’ícommunautéit bei der Vereenten Natiounen, d’Méiglechkeet, viru Weltleaderen ze schwätzen an hinnen un d’Häerz ze leeën, sech un enger globaler Partnershaft mat der ziviler Gesellschaft ze bedeelegen, dat heescht d’ONGen, d’Netregierungsorganisatiounen.

Den UN Generalsekretär Kofi Annan a seng Mataarbechter hu während deene leschte 2 Joer un dëser gréisste Konferenz geschafft. Domat wëllen si en Zeechen am neie Jorhonnert fir Fridde, Fortschrëtt a Vëlkerverstännegung setzen. D’Resultat vun der dräideegeger Konferenz ass déi sougenannte Jordausenderklärung. Doranner gi bal all aktuell Problemer vun der Mënschheet thematiséiert an éiergäizeg Ziler fir déi nächst Joerzéngte gesat.

Sou sollen zum Beispill d’Staate vun der Welt et fäerdegbréngen, dass bis 2015, nëmmen hallef souvill Mënschen op der Welt aarm sinn, dat heescht manner wéi 40 Frang den Dag fir ze liewen hunn, a keen Zougank zu propperem Waasser hunn.

An der gläicher Zäit, also 15 Joer, soll d’Ausbreedung vun Aids a Malaria gebremst ginn an all Kanner sollen d’Méiglechkeet kréien, d’Primärschoul fäerdeg ze man.

Ausserdeem soll déi ekonomesch Globaliséierung den Ecart tëschent Aarm a räich net méi grouss man, mee fir jidderee gläichméisseg Virdeeler bréngen.

Bahá’u’lláh sot virun iwwer 100 Joer dass d’Aerd nëmmen eng Heemecht ass an all Mënschen hir Birger sinn. D’Bahá’í Schrëfte soen dëst zum Thema: „Die Vereinigung der ganzen Menschheit ist das Kennzeichen der Stufe, der sich die menschliche Gesellschaft heute nähert. Die Einheit der Familie, des Stammes, des Stadtstaates und der Nation ist nacheinander in Angriff genommen und völlig erreicht worden. Welteinheit ist das Ziel, dem eine gequälte Menschheit zustrebt. Der Aufbau von Nationalstaaten ist zu einem Ende gekommen. Die Anarchie, die der nationalstaatlichen Souveränität anhaftet, nähert sich heute einem Höhepunkt. Eine Welt, die zur Reife heranwächst, muß diesen Fetisch aufgeben, die Einheit und Ganzheit der menschlichen Beziehungen erkennen und ein für allemal den Apparat aufrichten, der diesen Leitgrundsatz ihres Daseins am besten zu verkörpern vermag.“

Dës Woch proposéieren ech iech eng Internetsäit ze besichen, déi iech en Iwwerbléck gëtt, wat et alles neits weltwäit iwwer d’Bahá’í gëtt. Dat alles ënnert www.enlighten.ca, dat ass www.enlighten.ca Bis haut ass dës Säit 200.000 mol besicht ginn. An dës Rubrik gouf iech, wéi ëmmer präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

21 International Neiegkeeten an déi offiziell Bahá’í Internetsäit

21t Sendung. Dënschdeg 19ten a Freides den 22 September. E ganz interessanten a schéine Bericht iwwer déi nei Terrassen zu Haifa a wéi d’Stad sech ännert, fannt dir an der renoméierter israelischer Dageszeitung Jerusalem Post vum 31ten August, an dat och um Internet ënnert www.jpost.com

Eng wëchentlech Internetradiosendung mam Titel Bahá’í Perspectiven kënnt dir elo am Netz héieren. Déi genee Sendezäit fannt dir op der Internetsäit vum Sender, anzwar ass dat: www.abcradio.org

Sydney steet um Kap: An dësen Deeg kuckt alles op Australien. An déi australesch Bahá’í Gemeng huet mat Zäit, mam Ufank vun den olympesche Spiller hir nei Internetsäit vum Haus vun der Andacht bei Sydney fräigeschalt. Dir fannt dës Säit ënnert www.bahai.org.au/temple Interessant ass an dësem Zesummenhang och, dass d’Cathy Freemann lëschte Freideg d’Fakel ugefang huet, fir d’Olympësch Spiller unzefänken. D’Cathy Freemann war Weltmeeschter iwwer 400 Meter a 1996 hat si d’Sëlvermedaille zu Atlanta hanner der Franséisin Marie-Josée Perec gewonnen. D’Cathy Freemann ass Australerin, eng stolz Aboriginal a Bahá’í.

Déi offiziell Internetsäit, d’Bahá’íwelt, krut e Facelift, en Tapéitewiessel. Éischtens lued se mol vill méi schnell wéi déi al. Si ass och méi erfreeleg a méi einfach ze liesen. Déi éischt Säit ass an dräi Deeler agedeelt. Uewen den Titel: Bahá’í World mat enger Rei Leit déi all zimlech frou a glécklech drakucken. Dann op der lénkser Säit hutt der d’Méiglechkeet iech d’Säiten op englesch, franséisch, spuenesch, portugisesch oder persesch-arabesch unzekucken. Ausserdeem kritt der do aacht Theme ganz kuerz präsentéiert: Dir kritt, wann der wëllt: eng kuerz Aféierung, en Iwwerbléck iwwer de Bahá’í Glawen, mat de wichtegsten Personagen, Institutiounen, d’Grondléieren, d’Geschicht an d’Aktivitéiten.

Déi zweet Iwwerschrëft befaasst sech mat den Haaptpersonagen an den Institutiounen. Do fannt der méi detailléiert Informatioun iwwer d’Begrënner vum Bahá’í Glawen, d’Quell vun hirer Eenheet an der Successioun vun der Autoritéit zënter der Gebuert vum Bahá’í Glawen.

Geeschteg oder spirituell Wourechten nennt sech déi drëtt Iwwerschrëft. Do geet et ëm theologesch Sujeten, wéi zum Beispill d’Konzept vu Gott, eise geeschtegen Ursprong, sowéi d’Roll vun der Relioun, d’Roll vum Gebiet an d’Roll vum Liewen an Doud.

Da komme mer bei d’Bahá’í Helleg Schrëften. Douzou gehéieren Auszig aus de Schrëfte vu Bahá’u’lláh, dem Báb an Abdu´l-Bahá, souwéi d’Schrëfte vum Shoghi Effendi, an d’Statements vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet.

Eng Global Communautéit stellt sech duerno vir. D’Aktivitéite vun de Bahá’í ronderëm d’Welt. D’Weltzentrum vum Bahá’í Glawen an d’Initiative vun de Bahá’í bei de Vereenten Natiounen.

Sechste Punkt: Eng nei Visioun fir d’Zukunft fir eis all: Wat soen d’Bahá’í iwwer Fridden, weltwäit Prosperitéit, Regéieren op internationalem Niveau an d’Zukunft vun der Mënschheet als e Ganzt.

An der zweetleschter Rubrik fannt dir eraus, wéi d’Bahá’í sech ronderëm d’Welt fir d’Mënscherechter asetzen, fir sozial a moralesch Entwécklung souwéi d’Weiderkomme vu Fraen. An zum Schluss eng Rubrik wou dir Artikelen iwwer aktuell Theme liese kënnt.

Unsech ass d’Internetsäit eng Invitatioun fir all déi, déi méi iwwer eise Glawen wësse wëllen. Fir all déi, déi wësse wëllen, aus wéi enger Perspektiv mir d’Vergaangenheet gesinn, wou mer haut stinn, a wat eis Visioun vun der Zukunft ass. Also konnektéiert iech, www.Bahá’í.org, déi offiziell Internetsäit vum Bahá’í Glawen. Dës Rubrik gouf iech wéi ëmmer offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í. Méi Info um 44 22 20

22 Politik a Moral

22t Sendung. Dënschdeg 26ten a Freides den 29te September. Dës Woch ass d’Farah Dustdar vun der Volkshochschule Solingen agelueden e Virtrag iwwer hiert neit Buch ze halen: „Vom Makropluralismus zu einem Makropluralistischem Politikmodell“ D’Buch ass am Duncker an Humblot Verlag vu Berlin ze kréien. D’Farah Dustdar ass 1948 am Iran gebuer, a lieft zënter 1967 hei am Land, zu Ettelbréck. Si huet zu Tréier Politikwëssenschaft, Soziologie a Sozialpsychologie studéiert. Si huet schonn eng Rei Bicher verëffentlecht, ënner anneren: D’Fra an de Weltfridden, Usätz zu einer gewaltfreier Gesellschaft an Abschied von der Macht, Demokratie a Verantwortung. Ech hu mech mam Farah Dustdar iwwer hiert neit Buch ënnerhalen an hu probéiert iech e bëssen Appetitt op d’Buch ze man.

Tëschent der Politik an der Moral besteet en uraalt Spannungsverhältnis. Wéi den Aristoteles scho gesot huet, geet et bei der Moral dorëms, fir déi Saachen, déi eis schueden z’ënnerloossen. Mir solle gutt Saache man. An der Politik ass et awer oft anescht. Do steet oft d’Machtstriewen an d’Duerchsetzung vun Interessen am Mëttelpunkt. De Politiker ass gebieden seng Interessen an déi vu senger Partei, an de Leit déi hie gewielt hunn, duerchzesetzen. D’Striewen no Macht steet och ganz oft beim Politiker am Mëttelpunkt. Wat ass d’Konsequenz dovun? Ma et bréngt dat politescht Verhalen an eng aussermoralesch Sphere. Dass dat wat d’Politiker alles sou man, net ëmmer moralesch ass, gesäit ee spéitstens dann, wann een an de Medien ëmmer méi iwwer d’Opdeckung vu politische Skandaler gewuer gëtt. Ausserdeem stousse mer un e puer grondsätzlech Problemer wa mer elo u moralesch Gesetzer denken; well déi Gesetzer bezéie sech oft op eppes, wat een net direkt gesäit. Jidderee vun eis huet e fräie Wëllen an entscheed fräiwëlleg, wat e maache soll. Zum Beispill: Mir wëssen all wat gutt a moralesch ass. Wann et awer drëm geet op ech léie soll oder d’Wourecht soll soen, entscheeden ech selwer; huelen ech Rücksicht op déi aner oder setzen ech egoistesch meng eegen Intressen duerch? An dofir muss de Mënsch sou erzu ginn, dass dat wat e mécht, mat senge moralesche Prinzipien iwerenee stëmmt.

Hei stéisst de Politiker awer op zwee grondleeënd Problemer: éischtens si vill politesch Entscheedunge komplex, villschichteg a musse während längerer Zäit träitéiert ginn. Dofir ass et oft schwéier z’entscheeden, wat moralesch vertrietbar ass a wat net. Beispiller dofir sinn d’Ëmweltproblematik oder d’Rüstung. Zweetens kann d’Politik nëmmen am Kader vun der Verfassung vun engem Stat moralesch handlen. Op internationalem Plang gi Konflikter awer oft duerch Kricher geléist. A wou e Krich ufänkt hält d’Moralitéit op. Wa mer gär hätten dass d’Politik mat der Moral iwwerenee stëmme soll, da musse mer Kricher ganz ofschafen. Dat heescht, Konflikter ouni Gewaltuwendung an ouni Waffen, mee duerch Gesetzer léisen. Hu mir et verluer, moralesch ze denken? Moralesch denken, heescht d’Liewe vu jidderengem ze schützen a jidderengem seng Intressen ze berücksichtegen. Fir genee dat setzt sech d’Bahá’í Relioun zenter méi wéi 150 Joer an. Fir eng global Ethik. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer dass net deen stolz soll sinn, „dee säin eegent Land gär huet, mee deen, deen d’ganz Welt gären huet. D’Äerd ass nëmmen ee Land an all Mënsche si seng Bierger.“

Eis demokratesch Länner hu sech awer historesch gesinn am Kader vum Nationalstaat entwéckelt. Fir also eng global Ethik an der Politik ze verwierklechen, brauche mer en neit Denken. Mir brauchen en anert Bewosstsinn. An domat verbonnen, mussen eis Wäerter sech och änneren. Wat sinn dës nei Gedanken a Wäertvirstellungen? A wéi kënne mer se praktesch ëmsetzen? Wéi eng nei Spillregele brauche mer an der Demokratie, fir dass eis Politik eiser Moral och méi no kënnt? Dat sinn d’Froen op déi d’Farah Dustdar an hirem neie Buch méiglech Äntwerte gëtt. Fir méi Info iwwer d’Buch, telefonéiert dem Bahá’í Zenter um 442220.

23 De Bahá’í Glawen um Internet

23t Sendung. Dënschdeg 3ten a Freides 6ten Oktober, an aus Versehen, Dënschdeg, den 10ten Oktober. Hautdesdaags ass et modern eng Internetsäit ze hunn, eng Homepage mat Fotoen, animéierte Biller an e bësse Video wa méiglech. Fir Firmaen a Geschäfter kann eng Internetsäit vill Sue rabréngen. Fir Organisatiounen, Veräiner a Reliounen ass den Internet eng Méiglechkeet, sech der Welt virzestellen, ganz einfach, onkomplizéiert. D’Méiglechkeet eppes um Internet nozekucken hängt net vun enger bestëmmten Zäit of. Et kann een et man, wann ee wëll, oder wann een Zäit derfir huet. Wat de Bahá’í Glawen ubelaangt, sou ass flott ze gesinn, wéivill Variatioun et gëtt: wéivill ënnerschiddlech Internetsäiten. Säite, vun eenzelne Bahá’í, Säite vun Institutiounen, wéi zum Beispill engem lokale Rot, oder Säite vun der jeweiliger Nationaler Bahá’í Gemeng. Et ginn awer och Säiten mat verschiddenen Interessen, wéi zum Beispill Bahá’í Säiten iwwer Thema Konscht a Musek, Medezin a Gesondheet, oder Ekonomie a Wirtschaft. An da gëtt et déi offiziell Internetsäit iwwer de Bahá’í Glawen, www.bahai.org , zesummegestallt vun der internationaler Bahá’ícommunautéit. D’BIC, d’Bahá’í International Community, wéi se besser bekannt ass, repräsentéiert de Bahá’í Glawen op internationalem Plang no baussen. Ech kann nëmme recommandéieren, iech dës Säit unzekucken, an elo e klengen Ausschnëtt vun der Säit, anzwar d’Aféierungssäit, an dat ënner www.bahai.org.

Häerzlech wëlkomm bei der Bahá’í Welt: „D’Äerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet si seng Bierger.“ Mir si Bahá’í – Membere vum Bahá’í Glawen, déi zweet wäitst verspreete Relioun vun der Welt, an dee Glawen deen an 235 Länner a Gebidder uechter d’Welt etabléiert ass. Mir stamen aus iwwer 2100 ethnesche Gruppen a weltwäit si mer ëm déi 5 Milliounen. Zenter méi wéi engem Jorhonnert si Bahá’ícommunautéiten ronderëm d’Welt amgaang, Barrièrë vu Viruerteeler tëschent Leit ofzebauen. Zesumme mat aner gläichgesënnte Gruppen offréieren si e Modell vun enger globaler Gesellschaft. De Kär vun eisem Glawe besteet an eiser Iwwerzeegung, dass d’Mënschheet ee Ganzt ass, an zwar mat enger gemeinsamer Bestëmmung: An de Wierder vu Bahá’u’lláh, Begrënner vun eisem Glawen: „D’Äerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet si seng Bierger“. Bahá’u’lláh huet eis geléiert dass et e Gott gëtt deen der Mënschheet säi Wëllen op eng progressiv Aart a Weis matdeelt. Jiddereng vun deene grousse Reliounen, déi mer vun de Gottesoffenbarer kruten, Moses, Krishna, Buddha, Zoroaster, Jesus, Muhammed, repräsentéiert eng successiv Etapp an der geeschteger Entwécklung vun der Zivilisatioun. Bahá’u’lláh, dee rezentste Gottesoffenbarer an där Rei, huet eis Léiere bruecht, déi sech mat de moraleschen a geeschtegen Erausfuerderunge vun der moderner Welt befaassen. — Mir invitéiern iech, méi iwwer eise Glawen erauszefannen, – hir Perspektiv vun der Vergaangenheet, hiert Verstoe vun eiser heiteger Zäit an hir Visioun vun der Zukunft…. Souwäit zu der Aféierung. Dann hu der d’Méiglechkeet, verschidden Themaen méi am Detail ze kucken. Dat sinn: Eng kuerz Aféierung, d’zentral Personnagen an Institutiounen, geeschteg Wourechten, d’Bahá’í Helleg Schrëften, eng global Communautéit, eng nei Visioun fir d’Zukunft vun der Mënschheet, sozial Aktioun, Perspektiven a wat et neits gëtt. Wéi gesot, nieft dëser offizieller Bahá’í Präsenz am Netz, hu dir d’Méiglechkeet eng einfach Recherche ze maachen ënnert Bahá’í , bahai. Nieft de Säite ginn et och eng Rei Emailgruppen iwwer verschidden Intressen, wéi Medezin an Heelung, Wirtschaft an Ekonomie, Journalismus a Konscht a Musek. All dat dréit derzou béi, dass een sech awer weltwäit ka matdeelen an sou och Frendschafte schléisst, Haiser vun der Andacht besiche geet a sech u weltwäite Projete bedeelege kann. Dës Rubrik gouf iech wéi ëmmer offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

24 Trounwiessel zu Lëtzebuerg

24t Sendung. Freideg den 13ten an Dënschdeg de 17ten Oktober. E neie Grand-Duc an eng nei Grand-Duchesse zu Lëtzebuerg. Trounwiessel hei zu Lëtzebuerg. De Grand-Duc Henri an d’Grand-Duchesse Maria Theresa. Et passt sech vläicht bei dëser Aktualitéit, ze kucke wéi dann de Bahá’í Glawen zu Kinneken a Weltleadere steet a wat d’Bahá’í Schrëften dozou soen.

Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, huet virun iwwer 100 Joer, ganz kloer an däitlech de Kinneken, de Weltleaderen, de reliéise Leaderen an der Mënschheet ganz allgemeng Folgendes proklaméiert: „dass dat laang versprach Zäitalter vu Weltfridden a Bridderlechkeet endlech komm wier an dass Hie selwer den Iwwermëttler vun dësem neie Message war: dass Hien dës Kraaft vu Gott wier, déi deen därzäitege System vun Antagonismus an Haass tëschent de Mënschen transforméiere géing an de Geescht an d’Form vun enger neier Weltuerdnung schaffe géif.“[4]

A sengem Bréif un d’Kinnegin Viktoria vun England vergläicht Bahá’u’lláh d’Welt mat engem kranke Mënsch, deem seng Krankheet doduerch verschlëmmert gouf, dass hien an d’Hänn vun ongeschéckten Doktore gefall ass. Hie kennegt un, wat déi richteg Medezin ass:

„Wat den Här als héichst Mëttel a mächtegst Geschir fir d’Heelung vun der ganzer Welt bestëmmt huet, ass d’Vereenegung vun alle Völker an enger allëmfaassender Saach, engem gemeinsame Glawen. Dat kann net anescht erreecht gin, wéi duerch d’Kraaft vun engem erfahrenen, allgewaltegen … Dokter…“[5] Bahá’u’lláh gëtt hirer Majestéit och seng Unerkennung, dass si de Sklavenhandel ofgeschaaft huet an dass si d’Berodung an d’Hänn vun de Volleksvertrieder geluecht huet.

D’Kinigin Maria vu Rumänien, Enkelin vun der Kinnigin Viktoria an dem Zar Alexender den zweeten, un dee Bahá’u’lláh e Bréif geschriwwen hat, huet 1926 de Bahá’í Glawen ugeholl an huet sech ëffentlech derzou bekannt.[6] Iwwer den Usproch an d’Stellung vun dësem Glawen sot d’Kinnigin Maria vu Rumänien dat heiten: „Et ass wéi eng grouss Ëmaarmung, eng Ëmaarmung, déi all déijeeneg zesummeféiert, déi laang noch Wierder vun der Hoffnung gesicht hunn. Dëse Glawen erkennt all grouss Propheten un, déi virun him sinn, räisst keng aner Glawensbekenntnisser néier a léisst all Dieren op. D’Bahá’í Léier, so schreift d’Kinnigin weider, bréngt der Séil Fridden an dem Häerz Hoffnung. Wien no Gewëssheet sicht, deem sinn d’Wierder vum Papp wéi e Sprangbuer an der Wüste no enger laanger Wanderschaft. Hir Schrëften, sou bezeit d’Kinnigin an enger anerer Erklärung mat Bezuch op Bahá’u’lláh an Abdu´l-Bahá, sengem Jong, sinn e grousse Ruff zum Fridden, deen iwwer all Grenzen hinausreecht an all Meenungsverschiddenheeten wéinst Ritualer an Dogmen iwwersteigt. … Et ass eng wonnerbar Botschaft, déi Bahá’u’lláh a säi Jong Abdu´l-Bahá eis ginn hunn. Si hunn allen zwee dës Botschaft net aggressiv opgemaach, well se wossten, dass de Keim éiweger Wourecht, dee bannendra läit, Wuerzele schloe muss a sech ausdeene muss. Wann dir je eng Kéier a Kontakt mat de Bahá’í Schrëfte kommt, sou seet si ofschléissend, da leet se net op d’Säit. Studéiert hir Bicher, loosst hir herrlech, friddensbréngend a léif Wierder a Léieren an äert Häerz andréngen, sou wéi si a mäint agedronge sinn.“ [7]

De Bahá’í Glawen erkennt voll a ganz d’Positioun vu Kinneken an eiser heiteger Gesellschaft wéi aus dësem Zitat ervirgeet: „Es geziemt jedem König, freigebig zu sein wie die Sonne, die das Wachstum aller Geschöpfe fördert und jedem seinen Anteil gibt, – deren Wohltaten nicht in ihr selbst liegen, sondern von Ihm verordnet sind, dem Machtvollsten, dem Allmächtigen. Der König sollte so freimütig, so großzügig sein in seiner Barmherzigkeit wie die Wolken, die ihre überströmende Freigebigkeit über jedes Land ergießen auf Geheiß Dessen, der der Höchste Verordner ist, der Allwissende.“ (Ährenlese)

En plus geet aus de Bahá’í Schrëften däitlech d’Wichtegkeet vu Kinneken erfier: »… Es obliegt euch, allen rechtmäßigen Herrschern ergeben zu sein und jedem rechtlichen König eure Treue zu erweisen. Dienet den Herrschern der Welt mit äußerster Wahrhaftigkeit und Ergebenheit. Erzeigt ihnen Gehorsam und bringt ihnen Wohlwollen entgegen. Mischt euch nicht ohne ihre Erlaubnis und Genehmigung in politische Dinge ein, denn Untreue gegen einen rechtmäßigen Herrscher ist Untreue gegen Gott. Dies ist mein Rat und Gottes Gebot an euch. Wohl denen, die danach handeln …« (Esselmont)

Bahá’u’lláh huet d’Kinneke vu senger Zäit gewarnt gerecht ze sinn, a säi Rot eescht ze huelen. Déi allermeescht hunn dëst awer net gemaach an hunn doropshinn och d’Konsequenzen um eegenen Leif gespuert. Dëst Thema ass sécher derwäert nach eng Kéier méi am Detail behandelt ze ginn.

D’Proklamatioun vum Glawen uechter d’Welt huet an de 60er Joeren eng nei Phase erreecht. Dës Proklamatiounscompaigne déi 1967 ugefang huet, war inspiréiert vum honnertjärege Gebuertstag vum Bahá’u’lláh senger Proklamatioun un d’Kinneken a Weltleaderen, a krut 1979 zousätzleche Momentum mat der verstäerkter Verfolgung vun der iranescher Bahá’ícommunautéit. Dat och duerch d’Distribution vun Dokumenter wéi d’Versprieche vum Weltfridden. Kinneken, Kinniginnen, Präsidenten, Premierministren, Legislateuren, Juristen, Akademiker, divers Institutiounen an Organisatiounen hunn de Message vu Bahá’u’lláh sou kennegeléiert. [8]

25 D’Fro nom Gléck

25t Sendung. Freideg den 20ten an Dënschdeg de 24tenOktober 2000. Wat ass Gléck ? Dës Fro ass d’Thema vun der neier Editioun vun Zeit für Geist, Gedanke fir eng besser Welt. Nach ëmmer hu Philosophen an Intellektueller, Dichter a Sänger, awer och déi einfach Leit vun der Strooss, d’alldeeglech Sprooch an d’Mäerchen, Gléck définéiert als alles Dat, wat de Mënsch a sengem Liewen erstrieft. Dorënner kann ee villes verstoen: sech gutt fillen, Besëtz, Positioun, Erfolleg, d’Erfarung vun enger déiwer Frëndschaft a Bezéiung, Sech selwer verwierklechen a sech selwer entfalen an engem aktiven, no bausse geriicht an doduerch sënnvollt Liewen.

Sécher ginn et ganz wéineg Leit, déi net glécklech wëlle sinn. Oft menge mer jo, dass mer da glécklech sinn, wann alles esou geet, wéi mer et gär hätten. Éischtens geet et am Liewe bal ni sou wéi mer et gär hätten an zweetens ass et guer net sécher, dass mer da glécklech sinn, wa mer mol dat kréien, wat mer gär hätten. An duerfir kann et sécher net schueden fir e bëssen ze kucken wat aner Leit, déi sech och Gedanken zum Thema gemaach hunn, iwwer d’Gléck soen!

Den Heinrich von Kleist seet eis dass glécklech ze sinn, den éischte vun all eise Wënsch ass, e Wonsch deen haart a lieweg aus all Oder an all Nerv vun eisem Wiesen ervierkënnt. Den Emile Rousseau seet dass all Mënsch glécklech wëll sinn; fir awer dëst Zil ze errechen, misst hie fir d’éischt wëssen, wat da Gléck iwwerhaapt ass. D’Maria von Ebner Eschenbach mengt dass kënne glécklech sinn, och ouni Gléck – Gléck ass! An den Tolstoi behaapt dass déijéineg en éiwege Feeler man, déi sech ënner Gléckséilegkeet d’Erfëllung vun hire Wënsch virstellen. Et gehéiert onbedéngt zum Gléck, munches net ze hunn, wat ee gär hätt, sou de Bertrand Russel. An de Bahá’í Schrëften kënnt dat Wuert Gléck ganz oft vir. Zum Beispill seet Abdu´l-Bahá: Et kann ee glécklech sinn wann et engem gutt geet, wann ee gesond ass, wann een Erfolleg huet, wann ee Spass huet a wann ee frou ass; wann een awer ka glécklech an zefridden sinn an onrouegen a schlechten Zäiten oder wann ee krank ass, da beweist ee Séilenadel. Weider seet hien dass dem Mënsch seng héchsten Éier a wierklecht Gléck an der Selbstachtung, an der Onversehrtheet a Sittlechkeet vun der Persoun läit, an der Rengheet vu sengem Denken, a net an dem hie mat all de Mëttelen, déi him zur Verfügung stinn, versicht, sech weltlech Saachen unzeeegenen. Dem Abdu´l-Bahá no gëtt et zwou Zorte vu Gléck: geeschteg a materiell. Geeschtegt Gléck ass dat richtegt Fundament vun eisem Liewen. D’Liewen ass dofir do, fir glécklech a net traureg ze sinn. Frou sinn heescht Liewen, Gram (also ëmmer onzefridden ze sinn) ass Doud. .. Wéiderhi seet hien dass Wuelstand natierlech luewenswert ass, awer nëmme wann déi ganz Bevëlkerung am Wuelstand lieft.

Kaum ze gleewen ass d’Resultat vun enger englescher Studie iwwer d’Relativitéitstheorie vum Gléck: Do ass d’Glécksaschätzung vun zwou extrem ënnerschiddleche Gruppen ënnersicht ginn: Leit, déi am Lotto Millioune gewonnen haten a Leit déi no engem Akzident querschnittgelähmt waren. D’Resultat: Schonn no engem halwe Joer huet sech déi ursprünglech Haltung nees agependelt, wat elo d’perséinlech Glécksaschätzung ugeet. De Lottomillionär huet sech genee sou glécklech oder onglécklech wéi virdru gespiert, genee sou wéi de Querschnittsgelähmten. Materielle Wuelstand schéngt déi ënnerschiddlech Glécksaschätzungen net ze beaflossen- opmannst net an eiser Wuelstandsgesellschaft. D’Erfëllung vun engem Liewensdram garantéiert eleng nach kee Liewensgléck. Och wann ee joerelaang fir dat gewënschte Familljenhaus geschafft a gespuert huet, kann een sech ënner Emstänn am Plaz vum erhoffte Gléck vläicht langweilen. Pleséier an Erfolleg eleng mécht also net glécklech.

Sécher sinn ech glécklech, wann ech mech sou gutt kennen, dass ech meng Méiglechkeeten a Fäegkeeten verwierkleche kann. Wann ech u mir selwer schaffen. Wann ech weess wat wichteg a wat net sou wichteg ass. D’Gléck selwer kann awer net zum Zil eleng ginn. Et ass éischter e Resultat. Eng interessant Beschreiwung vum Rabindranath Tagore: Hie seet: „Ech hu geschlof an ech hu gedreemt, dass d’Liewe Freed wär. Ich sinn erwächt an hu gesinn, dass d’Liewe Flicht war. Ech hu geschafft, a kuck do: D’Flicht war d’Freed.“

Also sollt ech mech net froen: Wat hunn ech vum Liewen ze erwaarden, mee: Wéi eng Aufgab am Liewe waart op mech? D’Liewen ass zu all Moment Aufgab, et ass d’Geleeënheet zu eppes. Den Antoine de Saint-Exupéry seet: „Wanns du dat Wuert Gléck verstoe wëlls, muss du et als Loun verstinn an net als Zil.“

D’Bahá’í Léier ass fir eng materiell Zivilisatioun als e Mëttel zum Fortschrëtt a Wuelerginn vun de Vëlker. D’Haaptuleies vum Glawen an der Relioun besteet dorann, dass et der Mënschheet gutt geet, dass d’Mënschen sech eens ginn, an dass zwëschen hinnen de Geescht vun der Léift an der Verbonnenheet wiisst. Glécklech ass deen deen derzou bäidréit dass et der Mënschheet besser geet.

Souwäit zum Thema Gléck. Ech schécken iech gär en Exemplaire vun der Zeitung: Zeit für Geist, wou d’Thema nach méi am Detail behandelt gëtt. Dat ass den 222289. Et sief nach op e puer Konferenzen higewisen, anzwar Donneschdes de 26ten Oktober, um 8 Auer owes schwätzt d’Jutta Bayani iwwer reell Chancë vun enger friddlecher Zukunft. D’Mënschheet gëtt erwuessen, gëtt se et wierklech? D’Jutta Bayani ass Leederin vum Büro fir Ëffentlechkeetsaarbecht vun der lëtzebuerger Bahá’í Gemeng.

 

26 Aus de Bahá’í Schrëften

26t Sendung. Freideg den 27ten an Dënschdeg den 31ten Oktober 2000. Wann ee schonn eng Kéier vu Bahá’í héieren huet, an et wëllt een e Iwwerbléck kréien, wat et sou alles vu Bicher an Theme gëtt, huet een e puer Méiglechkeeten. Et kuckt een am Telefonsbuch ënner Bahá’í, oder et telefonéiert een der Librairie am Bahá’í Zenter an der Stad. D’Nationalbibliothéik huet eng ganz beschränkt Auswiel vu Bicher iwwer de Bahá’í Glawen, genee sou wéi eis Librairien. Méi einfach ass et do, sech déi offiziell Internetsäit ënnert www.bahai.org unzekucken. Do kritt een eng gutt Iddi wat de Bahá’í Glawen ass.

Haut proposéieren ech Iech e puer kleng Zitater, déi ech als wichteg emfannen, an déi bei mir en déiwen Androck hannerloss hunn. Et sinn oft kleng Saachen, e Satz, eng kleng Beschreiwung wat ee mat op de Wee hëlt a wat bei emgem bléift. Hei elo e puer vun deenen Zitater, fräi aus dem Däitschen iwwersetzt:

Bahá’u’lláh seet: „An deem ee Guddes mécht an an deem een sech sou behëlt wéi et sech gehéiert, kënne mir des Welt verbesseren. Mach dat wat s de sees. Sief net wéi déi, déi eppes soen an eppes anescht man! Lee dir selwer all Dag Rechenschaft of, éiers du zur Rechenschaft gezu gëss. Är Hänn sollen éierlech sinn, är Zong opriichteg an äert Häerz soll stralen! Wahrhaftegkeet ass de Grondstee vun alle mënschlechen Dugenden ! Ouni Wahrhaftegkeet ass an alle Gotteswelten weder Fortschrëtt nach Erfolleg fir d’Séil méiglech.Eng frëndlech Zong ass e Magnéit fir d’Häerz vum Mënsch. Si ass d’Brout vum Geescht, si kleet d’Wierder a Bedeitung, sie ass d’Liichtquell vun der Wäisheet and dem Verstand! An dëser helleger Sendung ass weder Sträit nach Kaméidi erlaabt. Jiddereen deen ugräift, schléisst sech selwer vu Gottes Gnod aus.Et soll iech net genuch sinn, duerch Wierder Frëndschaft ze weisen, loosst är Häerzer a léiwer Frëndlechkeet waarm ginn, fir all déi, déi dir begéint. Widerstot engem Krichsgedanken mat engem méi staarke Gedanke fir Fridden; engem Gedanke vun Haass muss mat méi engem mächtege Gedanke vu Léift futti gemaach ginn. … schlecht iwwer aner schwätzen verläscht d’Licht vum Häerz an erstéckt d’Liewe vun der Séil. Schwätz näischt Schlechtes, dat s de och näischt Schlechtes héiers, a maach d’Feeler vun deenen aneren net méi grouss, sou dass deng eege Feeler net grouss erschéngen. Wéi konnts du deng eege Feeler vergiessen, and dech mat de Feeler vun deenen aneren ofginn? …

27 D’Gebiet, Musek a Sangen

27t Sendung. Freideg den 3ten an Dënschdeg 7ten November 2000. D’Bahá’í Schrëfte soen eis dass d’Gebiet e Gespréich mat Gott ass. E Gespréich féieren, heescht, mat engem schwätzen; also schwätze mer mat Gott, wa mer bieden.

Wann ech en Anere wierklech gär hunn, wëll ech natierlech mat him zesumme sinn a mit him schwätzen. Eist Gebiet mat deem, deen eis erschaf huet, sollt also e Gespréich sinn, voll mat Léift. Während dem Gebiet, kënne mer, wa mer schwaach sinn, Gott vu ganzem Häerz an demütig ëm Hëllef froen. Mir sollten eis ëmmer bewosst sinn, dass d’Gebiet, a senger rengster Form, eis méi no zu Gott bréngt, an eis hëlleft, an d’gëttlech Géigewart ze kommen. Muhammet sot, dass d’Gebiet wéi eng Lieder teschent Himmel an Äerd ass, mat där mir an den Himmel klamme kënnen.

An engem vun deene ville Gebieder, déi Bahá’u’lláh offenbaart huet, seet hien: „Ech bieden dech: … Mach méi Gebiet zu engem Feier, wat d’Schleiere verbrennt, déi mech hënneren, Deng Schéinheet ze kucken, an zu engem Liicht, wat mech bei d’Mier vun Denger Géigewaart féiert.“

Op dëser Welt gëtt et näischt méi Schéines wéi d’Gebiet. Mir mussen am Gebietszoustand liewen. Déi gréisst Fäegkeet oder dee schéinsten Zoustand ass keen aneren wéi deen, mat Gott ze schwätzen. Den Zoustand bewierkt Geeschtegkeet, Bewosstheet and himmlesch Gefiller. Mat Gott schwätze bréngt mat sech nei Unzéiungen aus dem Kinnekräich an erwächt d’Empfänglechkeet fir déi méi héich Intelligenz.

De Bahá’í Glawen leet grousse Wäert op d’Musek an d’Sangen. Sou ass all Bahá’í zum Beispill encouragéiert, wann en aus de Schrëfte liest, dat ze vertounen, ze sangen:

“Sangt, o Meng Dénger, d’Verse vu Gott, déi dir krut, sou wéi déi se sangen, déi him no sinn, fir dass d’Séisst vun denger Melodie Deng eege Séil kann entflamen an d’Häerzer vun alle Mënschen unzitt. Wien zréckgezunn a senger Kummer, d’Verse vu Gott seet, wäert erliewen, wéi d’Engel vum Allmächtegen den Doft vun de Wierder, déi säi Mond ausschwätzt, iwwerall verbreede wäert an d’Häerz vun all guddem[13] Mënsch méi héich schloe léisst. Wann hie sech och am Ufank dëser Wierkung net bewosst ass, muss d’Kraaft vun der Gnod, déi him gewäert ass, fréier oder spéider en Afloss ob seng Séil ausüben.” …[14]

Mir wëssen, dass Gott eis erschaf huet. Hien ass deen, deen Alles weess. Hie weess, wat mir wëllen a wat mer brauchen. Firwat solle mer also bieden? Gott brauch eis Gebieder net. An trotzdem hängt de Fortschrëtt vun eiser Séil vum Gebiet of, well d’Gebiet d’Ernährung vun eiser Séil ass. Wa mer bieden, huele mer geeschtegt Iessen zou eis. Eréischt duerch d’Gebiet kënne mer geeschteg receptiv ginn, an am Fong richtegt Gléck erliewen. D’nächst Woch kucke mer eis méi genee un wéi de Wee zu Gott ka sinn. Bis dohin, vill Spass en Erfolleg beim Bieden.

 

28 D’Gebiet, de Wee zu Gott

28t Sendung. Freideg den 10ten an Dënschdeg 14ten November 2000. Wéi an all Relioun spillt d’Gebiet fir all Bahá’í och eng grouss Roll. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer eng Rei Texter, déi eis hëllefen, ze verstoen, wéi d’Gebiet fonktionéiere kann. Mir wëssen dass Gott et net néideg huet, dass mir mat him schwätzen, dass mir e fir Saache froen, dass mir him Merci soen oder dass mer eis beschwéieren. Komescherweis brauche mir d’Gebiet fir eis selwer z’entwéckelen. Sou wéi eise Kierper genuch a regelméissegt Iessen an ze drénke brauch fir dass e fit a staark bleift, sou brauch eis Séil och genuch a regelméisseg Meditatioun a Gebiet, fir sech geeschteg z’entwéckelen. D’Bahá’í Schrëfte bidden eis eng ganz Rei vu Gebieder un, fir bal all Geleeënheet. Vu dass déi Gebieder direkt an authentesch sinn, hu si eng besonnesch Kraaft. D’Bahá’í Schrëfte vergläichen oft d’Gebiet mat Léift: Hei e Beispill: „Am hëchste Gebiet bieden d’Mënschen nëmme wéinst der Léift vu Gott, net well se Gott fäerten oder eppes vun him wëllen. Wann een sech an e Mënsch verléift, ass et onméiglech, säi Numm net ze soen“ Wann ech e Mënsch gär hunn, ass et dann net normal, dass ech him dat soe wëll? Dass mer einfach biede wëllen ass ganz natierlech. D’Gebiet brauch keng Wierder, mee Gedanken an Aktioun. Wa keng Léift a kee Verlaangen do ass, huet et kee Wäert, eppes ze forcéieren. Wierder ouni Léift bedeite näischt. Häss du et gär, dech mat engem z’ënnerhalen, deen dat eigentlech guer net gär mécht, an dat ouni Léift a Freed? (Ruhi,S23)

Wa mer bieden, sollte mer eis Gedanken op Gott riichten. Mir sollten d’Saache vun dëser Welt, alles ronderëm eis an eis selwer vergiessen. An deem Zesummenhang hei en interessant Beispill aus de Bahá’í Schrëften: Stell der e Glas Mëllech vir. Mir kënnen doraus eng Rei Produkter hirstellen, sou zum Beispill Botter, Kéis oder Schlagsahn. Wa mer awer engs Drëps Gëft an d’Mëllech mëschen, ass d’Mëllech verduewen a si huet hire Wäert verluer. Dat Gëft wat de Mënsch a säi Liewe mëscht, ass säin Ego (Selbst op däitsch). Mir sollten eis vun eisem Ego fräiman, wa mer gär hätten, dass eis Gebieder eng grouss Wierkung sollen hunn.

Virum Gebiet ass et ganz nëtzlech, sech e bëssen z’entspanen an a sengem Kap Plaz ze man fir sou e wichtegt Gespréich. Genau sou nom Gebiet sollte mer eis e bëssen Zäit loosse fir iwwer eist Gespréich mat Gott nozedenken. Vläicht kënne mer och Conclusiounen aus eisem Gespréich zéien an déi a konkret Aktiounen ëmsetzen. D’Bahá’í treffen sech entweder an hirem Zenter, an engem vun den Häiser vun der Andacht, oder einfach bei aneren doheem, fir Evenementer ze feieren, oder si invitéieren hir Frënn, méi iwwer de Bahá’í Glawen gewuerzeginn. Do ass et oft üblich fir mat engem oder e puer Gebieder unzefänken an opzehalen. Oft si Bahá’í aus aner Länner op Besuch, déi da vläicht e Gebiet an hirer Sprooch soen oder sangen. Dës Verschiddenheet ass besonnesch erfrëschend. Ech weess awer och aus eegener Erfahrung wéi schwéier et ka sinn, ofzeschalten a sech Zäit zum Nodenken, der Meditatioun an dem Gebiet ze huelen. Ech ma mäi bescht! Ofschléissend elo e kuerzt Gebiet wat eis seet firwat Gott eis eigentlech erschaf huet: „Ech sinn Zeien o méi Gott, dass du mech erschaf hues fir dech ze erkennen an dech unzebieden. Ech erkennen an dësem Abléck meng Schwächt an deng Muecht, meng Aarmutt an däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser dir, deen deen hëlleft a Gefor, deen deen duerch sech selwer ass“.

29 Toleranz, den éischte Schrëtt fir eng besser Welt

29t Sendung. Freideg de 17ten an Dënschdeg 21ten November 2000, um 5 vir halwer 7 owes. Mir liewen an enger Zäit, wou d’Vernetzung von der Mënschheet scho laang eng Tatsaach ass. An do entsteet och e Verantwortungsgefill fir eng gemeinsam Zukunft. Dolaanscht komme mer net. Eis Welt gëtt ëmmer méi als eise gemeinsame Liewensraum verstan, ëmmer méi vun eis maache wäit Reese fir dëse Liewensraum kennenzeléieren a vu senge Schéinheeten ze profitéieren.

Doduerch léiere mer aner Kulture kennen, Leit déi anescht denke wéi mir, déi eng aner Mentalitéit hu wéi mir, eng anger Liewensopfaassung, eng aner Relioun, an sou weider. Hei bei eis am Ländchen kënne mer dat sécher gutt erliewen, vu dass all drëtten dee mer bei eis begéinen, kee Lëtzebuerger ass. An der Musek, der Konscht, dem Theater an der Gastronomie zum Beispill si mir begeeschtert vun dëser Verschiddenheet an oft akzeptéiere mir sou aner Kulture mat Begeeschterung.

Si mir dann och esou tolerant mat eise Matmënschen, akzeptéiere mir se sou wéi se sinn? Ausser dass mir déi aner toleréieren, denke mir drun, fir richteg Gefiller vun Unerkennung a Respekt fir si z’entwéckelen? Wat hale mir wierklech vun de Flüchtlingen, vu Leit aus aner Kulturen an anere Länner, déi hei bei eis am Land wunnen?

Ech sinn ëmmer nees frou an awer och iwwerrascht, wann ech mech bei menge Viruerteeler op frëscher Tat erwëschen. Frou sinn ech well ech et iwwerhaapt fäerdeg bréngen, meng Viruerteeler ze erkennen. Wann ech jo scho mierken, dass ech mer scho meng Meenung iwwer dëst oder dee gemaach hunn, ouni iwwerhaapt eppes iwwer d’Saach oder d’Persoun ze wëssen, ass dat schonn den éischte Schrëtt fir meng Viruerteeler ofzebauen.

E Viruerteel ass wéi en Nol. Wat ech méi drop hummeren, wat e besser a méi déif sëtzt. Vun Toleranz kann ech da guer net méi schwätzen. Fridden op der Welt fänkt jo da bei mir un. Ech maachen deen éischte Schrëtt fir d’Barrière tëschent mir an deem aneren ofzerappen. Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun seet eis, dass mer léiere sollen, mat eegenen Aen ze gesinn a mat eegenen Oueren ze héieren. Dat heescht dass ech intensiv selwer préiwen ier ech eng Saach oder e Mënsch beuerteelen oder mer eng Meenung driwwer man. Aus sou enger Iwwerleeung entsteet eng nei Denkweis; eis Urteels- a Kritikfäegkeet gëtt duerch sachlech Informatioun geschoult. Dat kann da natierlech mat sech bréngen, dass Villes, wat mer bis elo einfach esou fir richteg gehalen hunn, op eemol a Fro stellen.

A Rassissmus ass e besonnescht schlëmmt Viruerteel a verhënnert dass de Mënsch sech emotional a moralesch entwéckele kann. Rassissmus ass einfach eng falsch Opfassung, fir déi et keng akzeptabel ethesch, praktesch oder biologesch Grënn gëtt.

Deem géinteniwwer gestellt hu mer d’Eenheet vun der Mënschheet, eng Visioun déi haut sou néideg ass wéi eist deeglecht Brout. Eenheet an der Verschiddenheet. An de Bahá’í Schrëfte gëtt dat gutt illustréiert duerch e Beispill wou d’Mënschheet mat engem Gaart verglach gëtt:

„Kuck emol d’Blummen am Gaart. Obscho si sech duerch hir Zort, Faarf, Form a Gestalt ënnerscheeden, gi si vum Waasser vun enger Quell erfrëscht, vum selwechte Wand belieft a vun de Strale vun enger Sonn gestäerkt, an duerch hir Verschiddenheet si se sou nach méi schéin an interessant. Wéi langweileg wier et dach fir eist A, wann all d’Blummen, d’Planzen, d’Blieder, d’Bléien, d’Friichten, d’Äscht and d’Beem vun deem Gaart déi selwecht Form a Faarf hätten? Verschiddenheet … beräichert a verschéinert de Gaart a gëtt him méi Charakter. Wa verschidde Grade vu Gedanken, Temperamenter a Charakteren ënnert d’Muecht an den Afloss vun enger zentraler Quell zesummegeféiert ginn, da kënnt genee sou d’Schéinheet an de Glanz vun der mënschlecher Vollkommenheet zum Virschäin.“

30 Onofhängeg Sich no der Wourecht

30t Sendung. Freideg den 24ten an Dënschdeg 28ten November 2000, um 5 vir halwer 7 owes. Onofhängeg a selbststänneg no der Wourecht sichen ass fir e Bahá’í ee vun de wichtegste Prinzipien. Et gëtt an der Bahá’ícommunautéit keng Geeschtlech a keng individuell Autoritéit. Déi authentesch Schrëfte vu Bahá’u’lláh sinn d’Grondlag. Dorops hinn hëllt all Bahá’í seng Entscheedungen. Dofir ass en opgeruff, selwer dës Schrëften ze liesen, ze studéieren an doraus déi néideg Conclusiounen fir säi Liewen ze zéien. Wa mer vu ganzem Häerzen no der Wourecht sichen, sollte mer dat esou man, wéi eng duuschtreg Séil sech nom Wasser vum Liewe sehnt, wéi de Fësch nom Mier verlaangt a wéi de Kranke sech no engem richtegen Doktor seent. Jidderee vun eis soll d’Wierklechkeet erfuerschen. Et bedeit, dass mer all dat wat mer vum Héieresoe gewuer ginn, vergiesse kënnen an d’Wourecht selwer ënnersiche sollen.

Un der Wourecht schaffe mer dann, wa mer hongreg op méi Wësse sinn, wa mer eis net zefridde ginn, mat deem wat mer wëssen, wann et eis net duergeet einfach sou ze man wéi déi aner et man, an och nach ouni driwwer nozedenken. Domat géife mer wierklech eist d’Liewe verschwenden.

Bei eiser Recherche no der Wourecht, spillen d’Leit ronderëm eis eng wichteg Roll. All Bahá’í gëtt encouragéiert, säi Verständnes mat anere Mënschen auszetauschen. Gläichzäiteg muss ee sech der provisorescher Natur vun deem Verständnis bewosst bleiwen an en däerf et kengem als „Wourecht“ opzwéngen. … Wann een onofhängeg no der Wourecht sicht, geet een de Viruerteeler aus dem Wee; reliéis, politisch a rassistesch Viruerteeler an eng iwwergrouss Léift zu sengem Heemechtsland. Et ass wéinst deene Viruteeler dass mir bis haut nach keen dauerhafte Fridde weltwäit kennen.

Alles wat eis trennt, wat mir op alle Säite gesinn, all dat Gestreits an dës Géigesätz kommen dohir, dass mir eis u kierchlech an äusserlech Gebräicher hänken. Dobäi geet déi einfach Wourecht, de wierklechen Hannergrond, verluer a gëtt vergiess. Et ass déi äusserlech Ausübung vun der Relioun, déi sou verschidden ass an et ass dat wat oft Streidereien an Haass verursaacht.

D’Wierklechkeet ass ëmmer eng an déiselwecht. D’Wierklechkeet ass d’Wourecht an d’Wourecht kennt keng Trennung. Kanner, déi a Bahá’í Familljen opwuessen, kréien eng reliéis Erzéiung, wou se d’Bahá’í Schrëfte besser kenneléieren a wou se iwwer all déi aner grouss Reliounen eppes gewuerginn. Si kënnen da mat fofzéng Joer decidéieren, ob si wëlle Bahá’í bleiwen, en aneren oder guer kee Glawen unhuelen. (aus der Publikatioun: Bahá’í, wat se gleewen a wat net)

 

31 Alkohol, Drogen a Medikamenter

31t Sendung. Freideg den 1ten an Dënschdeg 5ten Dezember 2000, um 5 vir halwer 7 owes. An enger Zäit, wou de Mënsch sech soll drop konzentréieren, säi Potential z’erkennen an ze verwierklechen an domat der Mënscheet hirem Fortschrëtt ze déngen, ass et Bahá’u’lláh no onverantwortlech, säi Bewosstsi mat Alkolhol an Drogen dréif ze maachen a viru sech selwer an eng Schäinwelt ze flüchten.

An de Bahá’í Schrëfte liese mer dass Alkohol de Verstand zerstéiert an dass een ënnert sengem Afloss geckeg Saache mache kann. Den Haschisch zerstéiert de Verstand, verstengert d’Séil, ësst de Kierper a léisst de Mënsch enttäuscht a riicht en Zugronn. … Alkohol a Rauschmëttel beaflossen d’Bewosstsinn vum Mënsch ier en ufänkt doruechter ze trëllen an ier se eng kierperlech Krankheet verursaachen. Fräi vun Droge liewe bréngt mat sech e moraleschen a geeschtege Gewënn, dee wäit méi grouss ass wéi dee physeschen; … äusserlech Propretéit huet, obschonn et eppes Stoffleches ass, e groussen Afloss op dat Geeschtegt. … Wann de Mënsch e proppere Kierper huet, huet dat zugläich och en Afloss op säi Geescht. … De Respekt viru sengem Kierper sollt een dovun ofhalen, sech mat schiedleche Substanze schwaach an onfräi ze man. Den integrale Mënsch brauch esou Krätsche net. Wat elo Medikamenter a Krankheet ubelaangt ass et ganz kloer am Bahá’í Glawen, dass een am Fall vun enger Krankheet e kompetenten Dokter opsiche soll, an dass ee mat äerztlecher Behandlung natierlech dann ophale soll, wann se net méi gebrauch gëtt. Virun 100 Joer scho fanne mer an de Bahá’í Schrëften: et ass ganz kloer, dass et méiglech ass, duerch d’Ernährung, Liewensmëttel a Frichten de Kierper ze heelen; vu dass haut d’Wëssenschaft nach net vollkommen ass, gëtt dës Tatsaach nach net verstanen. Soubal d’medezinesch Wëssenschaft Vollkommenheet erreecht, wäert d’Behandlung duerch Ernährung, Friichten a Planzen déi gutt richen, souwéi verschidden waarm a kal Wasserkuren duerchgefouert ginn.

D’Motto vun engem Bahá’í ass Éierlechkeet, Léift, Barmherzegkeet, Vertrauenswürdegkeet, dat Gutt vun der Communautéit iwwer dat perséinlecht Interesse ze stellen, souwéi alles am Liewen mat Mässegung z’ënnerhuelen. Domat gëtt schlussendlech eist d’Gléck geséchert. (aus der Publikatioun: Bahá’í, wat se gleewen a wat net)

32 Fridden an der Partnerschaft

32t Sendung. Freideg den 8ten an Dënschdeg 12ten Dezember 2000, um 5 vir halwer 7 owes. Fridden an der Partnerschaft ass den Titel, vum Erik Blumenthal sengem Buch, wat ech iech haut kuerz virstellen. No enger psychotherapeutescher Ausbildung beim C.G. Jung a Rudolf Dreikurs war hie Virsëtzende vun der däitscher a schwäizer Gesellschaft fir Individualpsychologie. Haut lieft hien um Bodensee als Psycholog an Auteur vun enger Rei Bicher. Hien ass och Bahá’í. Säi Buch weist eis wéi ee glécklech ka ginn a wéi een Erfëllung duerch Eenheet an individuell Fräiheet erreeche kann.

Fir hien hunn Trennung a Scheedung an allen Hisiichten, eng negativ an destruktiv Wierkung, souwoul bei der betraffener Koppel, wei och bei de Kanner, der Famill, de Bekantekrees an doriwwer hinaus op eis Gesellschaft. Mat klore Wierder weist hien am Buch wat an enger Koppel, d’Dynamik vun der Trennung an der Scheedung matsechbréngt a wéi een se eventuell vermeide kann. D’Buch ass awer och fir Leit déi besser mat hirem Partner wëllen eens ginn. Sou geet et an engem Kapitel ëm d’Partnerwal an ëm d’Bestietniss.

Seng Schlussfolgerunge sinn déi hei: Jidderee ka léieren drunn ze gleewen, dass e sech ännere kann; jidderee ka léieren d’sozial Gläichwäertegkeet tëscht Fra a Mann ze akzeptéieren; jidderee ka léieren, seng Entscheedungen méi bewosst ze huelen; jidderee ka léieren d’Kraaft vum Glawen ze erkennen, alles am Liewe méi mat positiven Aen ze kucken; d’Partnerwal méi bewosst ze liewen; net ëmmer wëlle Recht hunn; d’Wichtegkeet vum Gespréich ze erkennen; manner emotional ze sinn mee dofir awer méi léif ginn; méi aktif ze sinn a manner reaktif, also manner e Liewe féieren wou een haaptsächlech op Saache reagéiert, mee dofir méi Saachen op eegen Initiativ ënnerhuelen; manner u sech selwer denken, awer dofir méi u sech selwer an de Partner gleewen; an domat un e Gléck gleewen wat unhällt a net nëmmen aus kuerze Glécksmomenter besteet.

An dësem Buch verbënnt de Blumenthal d’Erkenntnisser vun der Psychologie mat de Wäisheete vun der Relioun. Am Buch fënnt een dofir och e ganze Koup interessant Zitater aus de Bahá’í Schrëften. D’Buch heescht: Frieden mit dem Partner aus dem Horizone Verlag.

Wat seet de Bahá’í Glawen zum Thema Partnerwal, Hochzäit? Bei der Partnerwal sollen déi zwee sech gutt kennen a mam Charakter vun deem anere gutt vertraut sinn. Am Bahá’í Bestietniss komme Mann a Fra sech kierperlech a geeschteg méi no, mam Kapp a mam Häerz, sou dass si sech an hirem geeschtege Liewe stänneg verbessere kënnen an domat an all de Welte vu Gott zesumme sinn. Et brauch een net Bahá’í ze si fir sech mat engem Bahá’í ze bestueden.

Wann déi zwee sech zur Hochzäit entscheed hunn, ass et wichteg dass si d’Averständnes vun hiren Eltere kréien, ganz egal wéi al d’Koppel ass. Mat dësem Prinzip soll eng méi grouss Eenheet an der Famill entstoen a Spannunge sollen doduerch verhënnert ginn. D’Hochzäit ass natierlech e freelecht Evenement. Et gi keng fest Regelen oder Traditiounen wéi de genauen Oflaf ass. Nodeem allebéit e bestëmmte Saz soen, an deem se hir Zefriddenheet mam Wëlle Gottes zum Ausdrock bréngen, ënnerschreiwen si d’Hochzäitszertifikat, wat och vun zwee Zeien ënnerschriwwe gëtt. Virdru ginn oft Gebieder gesot a Musek gespillt. Duerno gëtt gefeiert, gesongen a gedanzt. Dat hängt ebe vun der jeweileger Kultur an Traditioun of. Op dëser Plaz vläicht e kuerzt Wuert zur Sexualitéit. All Mënsch huet e Recht op Sexualitéit a genee fir deen Zweck ass d’Institutioun vum Bestietnes geschaf ginn. D’Bahá’í halen näischt vun der Ënnerdréckung vun engem richtege Gebrauch vun der Sexualitéit, awer leeë vill Wäert op seng Steierung a Beherrschung, an dat eben am Bestietnes.

Den 19ten Dezember, Dënschdes owes um halwer 7 am Forum hei um Radio ARA gëtt de Bahá’í Glawen ausféierlech virgestallt. Invitéeen am Studio sinn d’Anita an de Bop Bontemps, d’Jutta Bayani an de Fernand Schaber.

33 Wéi een zur Erkenntnis komme kann?

33t Sendung. Freideg de 15ten an Dënschdeg 19ten Dezember 2000, um 5 vir halwer 7 owes. An elo d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Um Mikro de Jean-Marie. Tëschent 1904 an 1906 hat d’Madame Laura Dreyfus Barney d’Geleeënheet, mam Abdu´l-Bahá, eng Rei Gespréicher ze féieren an him eng Onmass Froen zu verschidde reliéisen Themen ze stellen. Hien ass de Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Während där Zäit war hie wéinst sengem Glawen zu Akka, am heitegen Israel, am Prisong agespaart. D’Buch „Les Leçons de Saint Jean d’Acre“ oder op däitsch „Beantwortete Fragen“ ass e feste Bestanddeel vun de Bahá’í Léieren. D’Buch huet fënnef Deeler:

Den éischten Deel befaasst sech mat der Wierkung vun de Gottesoffenbarer op d’Entwécklung vun der Mënschheet. An deene Kapitele fënnt een zum Beispill Theme wéi: Beweiser dass Gott existéiert, d’Noutwendegkeet vun engem Erzéier, Abraham, Moses, Christus, Mohamed, souwéi verschidden Erklärungen zu Texter aus der Bibel.

Am zweeten Deel vum Buch erkläert Abdu´l-Bahá e puer chrëschtlech Themen, wéi zum Beispill d’Daf, d’Symboler vum Brout a Wäin, d’Opersteeung vum Jesus, iwwer d’Dräifaltegkeet an déi verschidden Interpretatioune vum Adam an Eva.

Am drëtten Deel fanne mer zéng Kapitele mat Theme wéi: Déi fënnef Stufe vum Geescht, iwwer universel Zyklen oder dass et zwou Zorte Prophete ginn.

Am véierten Deel geet et ëm den Ursprong vum Mënsch a wat de Mënsch ass. Mat 28 Kapitelen ass dat dee gréissten Deel. D’Kapitelen heeschen do zum Beispill den Ënnerscheed tëschent dem Mënsch an dem Déier; d’Séil de Geescht an de Verstand; firwat mir verschidde Charaktereegeschaften hunn; éiwegt Liewen, Schicksal, den Afloss vun de Stären, Heelung duerch geeschteg Mëttelen an Heelung duerch materiell Mëttelen.

An am leeschten Deel gi verschidden aner Theme behandelt wéi zum Beispill de Streik, Reinkarnatioun, Pantheismus, d’Netexistenz vum Béisen an d’Gerechtegkeet an d’Barmhäerzegkeet vu Gott.

D’Buch ass dat richtegt fir all déi, déi wësse wëllen, wéi d’Bahá’í iwwer dëst oder dat denken. Als Beispill probéieren ech iech e Resumé vum Kapitel, Déi véier Weeër, Erkenntnis ze kréien, wat ronn zwou Säiten huet. Do schréift hien dass et nëmme véier Weeër ginn Asiicht ze kréien, also d’Wierklechkeet vun Allem kann ee just op véier Manéiere verstoen.

Déi éischt Method läit an eise Sënner, also alles wat eist A, Ouer, Geschmaach, Geroch an eist Taaschtgefill erkennt. Mee vu, dass d’Sënner eis täusche kënnen, kënne mer eis net op dës Method verloossen. Zum Beispill mengen eis Aen, dass d’Äerd net bougéiert an dass d’Sonn sech beweegt.

Déi zweet Method Erkenntnis ze gewannen ass eise Verstand; déi al Philosophen hunn dës Method benotzt. Mam Verstand konnte si Saachen noweisen a konnte sech strikt u logesch Beweiser halen. All hir Argumenter hunn op dem Verstand baséiert, mee trotzdeem gouf et vill Ënnerscheeder an hir Usiichten hu sech oft widdersprach.

Déi drëtt Manéier eppes ze verstoen läit an der Traditoun, an dësem Fall an der Iwwerliwwerung duerch d’Wierder vun den hellege Schrëften. Et seet ee jo: Sou an esou huet Gott am Alen an am Neien Testament geschwat. Mee dës Method ass och net vollkommen, well d’Iwwerliwwerunge vun eisem Verstand erfaasst ginn. Vu dass de Verstand selwer Feeler mécht, ass et och gutt méiglech dass ee Feeler bei der Interpretatioun vun den Iwwerliwwerunge mécht. Dat wat mir also aus de Bicher verstinn ass dat wat eise Verstand versteet, awer net onbedéngt d’Wourecht, déi am Text dran ass. Nämlech alles wat an eisen Hänn läit, an alles wat mir gleewen, huet Feeler. Domat gëtt et an eisen Hänn kee Moosstaf, op dee mer eis verloosse kënnen.

Domat bleift eis déi véiert Manéier Erkenntnis ze kréien, anzwar d’Gnod vum Hellege Geescht. Si ass onfeelbar a kann net ugezweiwelt ginn. Mir kréien se duerch d’Hëllef vum Hellege Geescht, si erschéngt dem Mënsch an ass déi eenzeg Stuf, Gewëssheet ze kréien.

Souwäit zu dësem kuerze Kapitel, iwwer déi véier Methoden Erkenntnis ze gewannen. D’Buch huet am Däitschen 306 Säiten, et heescht Beantwortete Fragen, Editeur ass de Bahá’í Verlag. Kafe kënnt dir et an all Librairie, iwwer de Bahá’í Zenter um Tel: 442220 oder direkt um Internet ënnert www.bahai.de

34 D’Schicksal an d’Netexistenz vum Béisen

34t Sendung. Ass d’Schicksal, vun deem an den hellege Schrëft riets geet, virausbestëmmt? A wa jo, huet et da nach e Sënn deem Schicksal wëllen aus dem Wee ze goen?

Abdu´l-Bahá, Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun, huet op dës Fro virun 100 Joer dëst als Äntwert ginn: Et gëtt zwou Aarte vu Schicksal: Déi eng ass bestëmmt an déi aner ass bedingt. Dat bestëmmt Schicksal ka net geännert ginn an dat bedingte Schicksal ka méiglecherweis antrieden. Elo, wéi sou oft an de Bahá’í Schrëfte kréie mer unhand vun engem konkrete Beispill aus der Natur e geeschtegt Prinzip erkläert: Sou ass et fir eng Uelechluucht hiert bestëmmt Schicksal, dass hiert Uelech verbrennt. Dass si schlussendlech ausgeet ass dofir eng Bestëmmung, déi een net ännere kann, well et jo e bestëmmt Schicksal ass. Genee sou ass et jo och mat eisem Kierper. En zerfällt soubal seng Liewenskraaft zerstéiert gëtt an ophält, sou wéi d’Uelechluucht ganz sécher erläsche wäert, wann den Uelech verbrannt ass.

Mam bedingte Schicksal ass et anescht. Et kann een et mat deem hei vergläichen: Währenddeem nach Uelech an der Luucht ass, kënnt op eemol e staarke Wand, deen d’Luucht ausbléist. Dat ass bedingt Schicksal. Et ass intelligent deem Schicksal aus de Féiss ze goen, virsechteg ze sinn an op et oppassen.

Mee dat bestëmmte Schicksal, also an eisem Vergläich, d’Uelech an der Luucht, ka weder geännert nach an d’Längt gezu ginn. Et muss passéieren, et ass onvermeidlech, dass d’Luucht ausgeet. Souwäit zum Thema Schicksal.

Elo nach en Thema wat een oft an de Bahá’í Schrëften erëmfënnt: Dat Béist existéiert net. Dat Béist am Mënsch, am Déier, an der Natur gëtt et guer net. Onwëssenheet oder Ignoranz zum Beispill ass weider näischt wéi d’Feele vu Wëssen, Iertum ass d’Feele vum Richtegen, Vergiesslechkeet ass d’Feele vum Gedächtnis an d’Dommheet ass weider näischt wéi d’Feele vun der Vernonft. All dat huet keng wierklech Existenz. Aarmutt ass d’Feele vu Räichtum, Krankheet ass d’Feele vu Gesondheet, den Doud ass d’Feele vum Liewen a Schwächt ass d’Feele vu Stäerkt. Dat Béist wat mer kennen, besteet a Wierklechkeet net. Alles wat Gott erschaf huet, huet e gutt erschaf. Donkelheet ass jo och d’Feele vu Liicht. Wa keng Luucht do ass, ass et däischter. Liicht ass eppes wat et gëtt, awer net Donkelheet. Räichtum ass eppes wat besteet, Aarmutt existéiert net. Domat ass et kloer, dass dat Béist u sech net existéiert. Dat Gutt lieft, dat Béist existéiert net.

35 Wéi ee soll sinn

35t Sendung, den 29ten an 30ten Dezember 2000. Dës Zäit ass bei eis eng besonnech Zäit. Dobaussen ass et kal an dobanne gemittlech an heemlech. Et feiert een, et ass ee bei der Famill. Eng Zäit vu Besënnung a gutt Virsätz. Als Bahá’í bedeelegt een sech schonn un dëse Feierdeeg an et freet een sech mat, wann een och net onbedingt e Crëschtbeemchen doheem opriicht, d’Haus decoréiert oder Cadeaue mécht. Déi Zäit ass bei de Bahá’í Enn März, d’Bahá’í neit Joer. Fir haut hunn ech Iech e bekannten Text aus de Bahá’í Schrëften ausgewielt, dee ganz gutt an des Zäit passt: Wéi souvill vun den Texter, déi haut an Originalform zu Haifa, dem Weltzentrum, an den Archiver versuergt ginn, ass dësen Text e Bréif dee Bahá’u’lláh enger Pesoun deemools geschéckt huet. Hei gëtt Bahá’u’lláh engem islamesche Mulla dës Rotschléi mat op de Wee.

„Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar. Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hien mat hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schatz fir den Aarmen, eng Äntwert op deen, deen no Hëllef jäitzt an hal däi Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Urteel a gëff Uecht wann s de schwätz. Sief ongerecht zu kengem Mënsch, a géi mat jidderengem duuss ëm. Sief wéi eing Luucht fir déi, déi an der Däischtert ginn, eng Freed fir deen dee Misär huet, e Mier fir den Duuschtregen, e Beschützer fir de Bedrängten, eng Stäip an e Verteedeger fir d’Affer vun Ënnerdréckung. Dass alles dat, wat s de méchs, sech duerch Integritéit an Opriichtegkeet auszeechent. Sief en Heem fir de Friemen, e Balsam fir deen dee leid, dem Flüchtling e staarken Tuerm. Sief d’Ae fir de Blannen an eng Luucht déi féiert fir deen deen de Wee net weess. Sief e Bijou vun der Wourecht, eng Kroun fir d’Stir vun der Trei, e Pillier vum Tempel vun der Rechtschaffenheet, e Liewenshauch fir de Kierper vun der Mënschheet, … en Himmelsliicht um Horizont vun der Dugend, den Da fir de Buedem vum mënschlechen Häerz, eng Arch um Mier vun der Erkenntnis, eng Sonn am Himmel vun der Guttheet, e Steen am Diadem vun der Wäisheet, e stralend Liicht um Firmament vun déngen Zäitgenossen an eng Fruucht um Bam vun der Bescheidenheet.”

“Be generous in prosperity, and thankful in adversity. Be worthy of the trust of thy neighbor, and look upon him with a bright and friendly face. Be a treasure to the poor, an admonisher to the rich, an answerer to the cry of the needy, a preserver of the sanctity of thy pledge. Be fair in thy judgment, and guarded in thy speech. Be unjust to no man, and show all meekness to all men. Be ass a lamp unto them that walk in darkness, a joy to the sorrowful, a sea for the thirsty, a haven for the distressed, an upholder and defender of the victim of oppression. Let integrity and uprightness distinguish all thine acts. Be a home for the stranger, a balm to the suffering, a tower of strength for the fugitive. Be eyes to the blind, and a guiding light unto the feet of the erring. Be an ornament to the countenance of truth, a crown to the brow of fidelity, a pillar of the temple of righteousness, a breath of life to the body of mankind, an ensign of the hosts of justice, a luminary above the horizon of virtue, a dew to the soil of the human heart, an ark on the ocean of knowledge, a sun in the heaven of bounty, a gem on the diadem of wisdom, a shining light in the firmament of thy generation, a fruit upon the tree of humility.”[15]

„Sei freigebig im Glück und dankbar im Unglück. Sei des Vertrauens deines Nächsten wert und schaue hellen und freundlichen Auges auf ihn. Sei ein Schatz dem Armen, ein Mahner dem Reichen, eine Antwort auf den Schrei des Bedürftigen, und halte dein Versprechen heilig. Sei gerecht in deinem Urteil und behutsam in deiner Rede. Sei zu keinem Mënschen ungerecht und erweise allen Sanftmut. Sei wie eine Lampe für die, so im Dunkeln gehen, eine Freude den Betrübten, ein Meer für die Dürstenden, ein schützender Port für die Bedrängten, Stütze und Verteidiger für das Opfer der Unterdrückung. Laß Lauterkeit und Redlichkeit all dein Handeln auszeichnen. Sei ein Heim dem Fremdling, ein Balsam dem Leidenden, dem Flüchtling ein starker Turm. Sei dem Blinden Auge und ein Licht der Führung für den Fuß des Irrenden. Sei ein Schmuck für das Antlitz der Wahrheit, eine Krone für die Stirn der Treue, ein Pfeiler im Tempel der Rechtschaffenheit, Lebenshauch dem Körper der Menschheit, ein Banner für die Heerscharen der Gerechtigkeit, ein Himmelslicht am Horizont der Tugend, Tau für den Urgrund des Menschenherzens, eine Arche auf dem Meer der Erkenntnis, eine Sonne am Himmel der Großmut, ein Stein im Diadem der Weisheit, ein strahlendes Licht am Firmament deiner Zeitgenossen, eine Frucht am Baume der Demut.“

Passend dobäi dëst chinesescht Spréchwuert wat seet: dass et dausendmol besser ass eng Luucht unzeman, wéi sech eng Éiwegkeet iwwer d’Däischtert z’iergeren. An deem Sënn wënschen ech Iech alleguer eng gutt Gesondheet an e gudde Rutsch.

36 De Bahá’í Kalenner

36t Sendung, de 5ten a 6te Januar 2001. En neit Joer huet ugefaangen. Weltwäit gouf et gefeiert an dëst obschonns et eng ganz Parti aner Zäitrechnungen op der Welt ginn. Et gi verschidde Methoden fir d’Zäit ze moossen an Datumen ze fixéieren, sou zum Beispill dee gregorianesche Kalennner, dee julianesche Kalenner a ville Länner an Osteuropa, de chineschen, den hebräeschen an dee mosleemesche Kalenner. Abee, zënter 157 Joer gëtt et och e Bahá’í Kalenner. Et war de Virleefer vun der Bahá’í Relioun, BÁB, deen de Bahá’í Kalenner agefouert huet. An dat fir d’Wichtegkeet vun dësem neie Glawen ze weisen. D’Bahá’í Joer besteet aus 19 Méint vu jeweils 19 Deeg, an zousätzlech entweder 4 oder 5 extra Deeg, an dat tëschent dem 18ten a 19te Mount. Dëst ergëtt jo dann 365 Deeg, also 19 Méint mat jeweils 19 Deeg, plus 4 Deeg ergëtt 365 Deeg. Déi 19 Bahá’í Méint sinn all no engem Attribut, enger Qualitéit vu Gott genannt. Zur Zäit si mer am Bahá’í Mount Éier, also Honneur op Franséisch. D’Bahá’í Neit Joer, genee sou wéi dat aalt persescht Neit Joer ass astronomesch festgeluecht. Et fänkt den 21ste Mäerz un, de Mäerz Equinox. D’Bahá’í Zäitrechnung fänkt 1844 un, dat ass d’Joer vun der Erklärung vu Báb, dem Virleefer vun der Bahá’í Relioun. A net allzewäiter Zukunft wäert et sécher néideg sinn, dass all d’Mënschen op der Welt sech op een eenzegen a gemeinsame Kalenner eenege wäerten. Et schéngt dofir ganz an der Rei, dass dëst neit Zäitalter vun der Eenheet och en neie Kalenner sollt hunn. E Kalenner dee fräi ass vun Objektiounen an Assoziatiounen, déi jidderee vun deenen anere Kalenneren net akzeptabel man fir eng grouss Sektioun vun der Weltbevëlkerung.

Et ass och schwéier ze gesinn, wéi en anere Kalenner ausser dem Bahá’í Kalenner kéint méi einfach a passend sinn. Wéi gesot hunn déi 19 Bahá’í Méint vu jeweils 19 Deeg all en Numm deen enger Qualitéit vu Gott entsprécht. Sou heeschen d’Bahá’í Méint: Glanz, Ruhm, Schéinheet, Gréisst, Liicht, Erbaarmen, Wierder, Vollkommenheet, Nimm, Würde, Wëllen, Wëssen, Muecht, Sprooch, Froen, Éier, Herrschaft, Hoheit an Erhabenheet. Am Ufank vun all Bahá’í Mount treffen d’Bahá’í sech an hirer jeweileger Uertschaft. Dëst Treffen heescht Nonzéngdeegfest. Et ass e feste Bestanddeel vun de Bahá’í Aktivitéiten an jiddereen ass invitéiert sech drunn ze bedeelegen. D’Nonzéngdeegfest besteet aus dräi Deeler. Am éischten Deel, deem geeschtegen Deel gi Gebieder an Texter aus den hellege Schrëfte virgedroen. Deen Deel ass oft mat passender Musek ënnermoolt. Am zweeten Deel gëtt beroden. Do huet all Bahá’í d’Méiglechkeet, sengem lokale Rot Virschléi ze man a Froen ze stellen. Oft gëtt iwwer Projeten an Aktivitéite geschwat. Wie bekëmmert sech ëm wat, a wou a wéini gëtt déi nächst Konferenz organiséiert. Hei mécht de lokalen Trésorier och säi Bericht, wéivill Contributiounen erakomm sinn a wéi eng Ausgaben dëse Mount ugefall sinn. Den drëtten a normalerweis leschten Deel ass dee sozialen Deel. Do gëtt et oft eng Tass Téi oder Kaffi mat Kuch an eng Klengechkeet z’iessen. D’Kanner spillen an déi Erwuessen ënnerhale sech. De Sënn vun dësem Nonzéngdeegfest ass deen, dass ee sech op mannst eemol am Mount méi no kënnt a sech besser kenneléiere kann. Et soll eng Zäit sinn, wou een optanke kann. Eng Beräicherung. Souwäit zum 19Deegfest an dem Bahá’í Kalenner.

37 Geschicht: Gedold

37t Sendung, den 12ten an 13te Januar 2002. Dës Geschicht hunn ech am Tréierer Bahá’í Echo entdeckt. Vu wou se hierkënnt ass leider net gewosst.

Et war eemol e jonke Mann, dee guer net vill Gedold hat an deen immens gutt streide konnt. Säi Papp wollt him hëllefen säi Charakter ze verbesseren an huet him eng Këscht mat Neel ginn an zu him gesot: Lauschter, all Kéier wann s du deng Gedold verléiers oder wann s du dech mat engem streits, dann hëlls de en Nol an du schléiss en an de Gaardepoteau. Gutt. Den éischten Dag schléit de Jong 37 Neel an de Gaardepoteau. No e puer Wochen huet e geléiert sech e bësse besser ze behuelen an esou goufen et all Dag manner Neel, déi hien an de Poteau geschloen huet. En huet erausfonnt, dass et méi einfach ass sech ze behuelen a sech ze beherrschen, wéi andauernd Neel anzeschloen.

Wéi en et du färdegbruecht huet, kee Nol méi brauchen anzeschloen, ass e stolz bei säi Papp gaang fir him dat ze zielen. Tipp Topp sot de Papp. Kann s du elo fir all Dag wou s du net streits, en Nol aus dem Poteau erauszéien. D’Deeg si vergaang bis dee jonke Kärel d’Neel all aus dem Poteau eraus hat. Dunn ass de Papp mat sengem Jong bei de Poteau gaang an huet him all d’Lächer gewisen déi duerch d’Neel entstane sinn. Mäi Jong, sot en, du hues dech wierklech gutt druginn an dech gutt beholl, all Respekt. Mee kuck mol wéivill Lächer elo am Poteau sinn. Dëse Gaardepoteau wäert niméi sou sinn wéi en eng Kéier war. Wann s de mat engem streits an du vernenns en a sees him schlecht Wierder, hannerléiss du him eng Wonn, genee sou wéi dës Lächer. Du kanns och ee mat engem Messer stiechen an dann d’Messer eraushuelen, awer d’Wonn déi bleift. Et ass egal wéivill mol s de dech bei him entschëllegs, d’Wonn déi bleift. An engem verbal wéidoen ass méi schlëmm wéi engem kierperlech wéidoen.

Eng wéi ech fanne wonnerbar Manéier Kanner a Jugendlechen e moralescht Prinzip ze weisen. Direkt si mer do bei d’Bahá’í Schrëften komm a wéivill Wäert do op d’Erzéiung vun de Kanner geluecht gëtt. Héiflechkeet géint iwwer eisen Elteren, eiser Famill an eise Matmënschen ass eng vun deenen Dugenden, op déi souvill Wäert geluecht gëtt an do hu mir Erwuessener sécher och nach vill drunn ze schaffen. 48mol kënnt dat Wuert Héiflechkeet an deene Bahá’í Texter vir, déi ech bei mir am Computer gespäichert hunn. Bahá’u’lláh seet dass d’Héiflechkeet d’Kroun vun all den Dugenden ass. Hie seet weider: „Geseent ass deen, dee mam Mantel vun der Opriichtegkeet gekleet ass an erliicht mat der Luucht vun der Héiflechkeet.“ D’Geschicht ass awer och erëm eng Bestätigung dass all geeschtegt Prinzip sech an eiser materieller Welt erëmspigelt.

 

38 Gott eemol anescht gesinn

38t Sendung, de 19ten an 20te Januar 2002. Haut luet de Ries’en Heng iech op eng Multimediakonferenz am Bahá’í Zenter an. Hei seng Invitatioun: Léif Frënn! Ech sinn elo zënter 5 Joer Bahá‘i. Déijéineg déi net wësse sollten wat Bahá‘i ass sief gesot, dass et déi jéngste Weltrelioun ënnert de Reliounen ass, wéi d‘Chrëschtentum, den Islam, de Juddentum, de Buddismus, den Hinduismus esou wéi verschidden, sougenannt heednesch, spirituell Richtungen. Sollt ech eng vergiess hunn, sou ass dat keng Absicht, éischter Onwëssenheet mengersäits.

Firwat ech mech iech matdeelen ass Folgendes. D‘Wierder an eisem Vokabulär, wéi Gott, Relioun a Séil, sinn an der Gesellschaft vun haut verpönt. Dës Wierder erstécken een éischter, wéi dass se ee beliewen. Sie sinn an der Vergaangenheet esou verfälscht ginn, dass e logesch denkende Mënsch sech vun allem distanzéiert wat mat dem Begrëff Reliousitéit ze dinn huet. Ech sinn do keng Ausnam. An dorunner huet sech bis haut bei mir och nach näischt geännert. Wat sech menger Logik widdersprécht, sprécht mech net un. Wat awer net heescht, dass ech Aen an Ouere verschléissen, virun all dem wat ech momentan net am Stand sinn ze verstoen.

Op dem Wee hunn ech d‘Bahá‘i hei zu Lëtzebuerg kennegeléiert. Folgenden Opruff an enger Bahá‘i Zäitschrëft (Zeit für Geist): „Eegent Sichen no de Wourecht”, war ee vun den Ausléiser. Genau dat huet menger eegener Liéwensphilosophie entsprach, sech selbststänneg an eegeverantwortlech, senger selwer a senger Ëmwelt bewosst ginn. Bis anno 1995 wousst ech näischt vun de Bahá‘i. Déi folgend fënnef Joer hunn ech geléiert, ouni beléiert ze ginn, deene Wierder wéi, Gott, Relioun a Séil eng aner Bedeitung ze ginn.

Déi logesch Konsequenz war, dass ech haut all Relioun an engem aneren Liicht gesinn. Si hunn all an hirem Ursprong, e befreienden, openen Charakter. Si entspriéchen an hirer Ursprunglechkeet guer net dem beschränkten, blockéierenden a verstellenden Image deen se haut hunn. Wat d‘Relioune vun hirem Ursprung erhalen hunn ass, dass se eis, ouni Ausnam erënneren, dass mir een eenzegen a gemeinsamen Ursprong hunn an, dass mir eis deem solle bewosst ginn. Déi eng nennen en Urknall, déi aner Gott. Wann ech mer haut déi verschidden Definitiounen fir Urknall a Gott, déi an eiser Welt bekannt sinn, virun Ae féieren, da stellen ech fest, dass dat eent sou ondéfinéiert ass wéi dat anert. Wat vun de Reliounen hiren Inhalten iwwereg bliwwen ass, si Gesetzer a Formen. Vu geeschtegen, mysteschen Inhalten a Potentialer schwätzt souzesoen kee méi. Wat hiren eigentlechen Inhalt ubelaangt, koum ech zu der Schlussfolgerung, dass d‘Reliounen, onofhängeg vun der Epoche oder der geographescher Lag vun hirem Erschéngen, eng geschlossen Eenheet bilden an hirer Verschiddenheet, an dass hiert gemeinsamt Zil ass, d‘Mënschheet vum Primat zu enger geeschteger Héichkultur ze féieren. Hautdesdaags gesäit een d‘Ufäng vun der Héichkultur. Anerersäits sti mir op engem Scheidepunkt tëschent Selbstzerstéierung oder onvergläichlechem Fortschrëtt. Eng eegen operluergte Selbstkontroll deet Nout. Als Bahá‘i sinn ech der Meenung, dass déi ursprünglech Inhalte vun alle Reliounen, sou wéi déi an der Bahá‘i-Relioun festgehale Gesetzer a Normen, eis eng enorm Hëllef wäerte sinn op dem Wee an eng phantastesch Zukunft.

An deem Sënn hunn ech eng Konferenz preparéiert déi heescht: “Gott einmal anders gesehen.“ Dat Gesoten ass ënnerstëtzt an animéiert duerch eng Slide-Show am Powerpoint a stellt mäi momentaant Verständnis vun de Bahá’i Schrëften duer, déi ganz villschichteg sinn a vun deenen Dir iech är eege Meenung bilde sollt.

Et géing mech freeën iech am Bahá’izenter, Allée Léopold Goebel, Lëtzebuerg/Stad, en Donneschden, de 25 Januar 2001 um 20h00 erëmzegesinn wann et heescht: “Gott eemol anescht gesinn”.

 

39 Beschass

39t Sendung, de 26ten a 27te Januar 2002. Alles wat mir am Liewe maachen, all Aktivitéit, bréngt Konsequenze mat sech. An de Bahá’í Schrëfte fällt op wéi uerg a schlëmm d’Konsequenz vum Klaatschen (Beschass) ass, vum Kritiséieren a schlecht iwwer aner schwätzen. Bahá’u’lláh seet dass üble Nachrede d’Luucht vun eisem Häerz erläscht an d’Liewe vun eiser Séil erstéckt. Mir soen am Lëtzebuergesche Klaatschen fir dat Englescht gossiping. Mir schwätze jo gär iwwer déi aner, am Café, an der Patisserie, iwwerall wou et nëmme geet. Fir dat Englescht backbiting, oder dat Däitscht üble Nachrede soe mer héchstens, deen an dee gëtt emol gutt erofgemaach; gudde Beschass. An dann hu mer d’Kritiséieren, wat e bësse méi neutral kléngt. Et kann een och soe konstruktiivt Kritiséieren, wat a Wierklechkeet awer destruktiv ass.

Schlecht iwwer aner Leit schwätzen erläscht d’Luucht vun eisem Häerz an erstéckt d’Liewe vun eiser Séil. Abdu´l-Bahá, de Nofolger vu Bahá’u’lláh gëtt eis dëse Rotschlo: Wann een iech eppes schlechtes iwwer een zielt, deen net do ass, dann ass et är Flicht, dës Persoun op eng frëndlech Aart a Weis ze froen, domat opzehalen an hir ze soen: Wat bréngt et eng aner Persoun erofzemaachen? Nëtzt et iergendenger Séil? Am Géigendeel, mat deem Geschwätz gëtt eist Häerz mat Stëbs zougedeckt, eis Ouren héieren näischt méi, an eis Ae gesinn d’Luucht vun der Wourecht net méi. Just de Konträr sollte mer man, an zwar déi aner Leit luewen an déi positiv Qualitéiten eraushiewen. Mir sollen eis Méi ginn, an all Mënsch dat Gutt ze gesinn. Wa mer ee gär hunn, fällt et eis natierlech méi liicht, deem seng Feeler z’iwwersinn a just dat Gutt ze gesinn. Wa mer versiche jiddereen z’appréciéieren a gär ze hunn, net wéinst hirer selwer, mee well mer jo all d’selwecht sinn a well mer jo all vun deem selwechte Gott erschaf goufen, fällt et eis vläicht méi einfach. Duerfir brauche mer eigentlech och ni rosen oder ongedëlleg mat engem Mënsch ze ginn.

Mir huet eng Kannergeschicht zu dësem Thema gutt gefall: Eng Fra déi agesinn huet dass se wierklech wonnerbar am Beschass ass, huet sech virgeholll eppes dergéint ze man. Si geet bei ze Psycholog fir hien ëm Hëllef ze froen a vläicht eng Therapie ze man. De Psycholog gëtt der Fra dës Uweisung: Sou, mar gitt er iech en Hung kafen an da gitt der spadséieren. Während deem der trëppelt, plëmmt der d’Hung an aller Rou an da kommt der den Dag drop nees bei mech. D’Fra huet sech geduecht. Deen do huet se jo neméi all, ech soll spadséiere goen an en Hung plëmmen, mee de Psycholog huet hir gefléift an hir verséchert, dass dës Method bis elo nach ëmmer geklappt huet. Alles gutt, si mécht wat si ugestallt gouf a kënnt den Dag drop zréck bei de Psycholog. Hie lueft se a seet hir: Tipp topp, elo hätt ech gär dass der de Mëtteg zréck gitt, dee Wee wou der spadséiere waart an da raaft der all déi Plomme vun ärem geplëmmten Hung nees op an dir bréngt mer se. Ma dat geet dach neméi seet d’Madame, se sinn dach all fortgeflunn, et ass onméiglech. D’Moral vun der Geschicht hutt der sécher aleng erausfonnt. Wann ech eng Kéier schlecht iwwer ee schwätzen, kann ech dat sou gitt wéi niméi zréckhuelen a réckgängeg man.

Et sief nach op eng Photosausstellung am Stater Cercle higewisen, 157 Joer Bahá’í Glawen, organiséiert vun der Stater Bahá’ícommunautéit. D’Ausstelllung ass vum 9te bis de 16te Februar. Dobei eng Invitatioun op zwou Konferenzen am Cercle, an zwar de 9te Februar um 8 Auer owes mam Dr Rassekh aus der Schwäiz. Actualités de la foi ass säin Thema an den 13te Februar och nees um 8 Auer owes, mam Här Louis Henuzet aus der Belsch iwwer d’Bahá’í Geschicht. Fir weider Info, telefonéiert dem 442220.

 

40 D’Bahá’í Schrëften

40t Sendung, den 2ten an 3te Februar 2002. De nächste Freideg, 9te Februar hutt der eng Woch laang d’Geleeëenheet am Stader Cercle eng Ausstellung iwwer d’Geschicht vum Bahá’í Glawen ze besichen, an dat an der Woch iwwer vun 10 bis 6 a Sonndes vun 2 bis 6. Den Titel vun der Ausstellung heescht: D’Äerd ass nëmmen ee Land an all Mënsche si seng Bierger. Am Cercle och zwou Konferenzen an dat den éischten Owend, Freides de 9ten um 8 Auer owes mam Dr Rassek, Docteur en sociologie, aus der Schwäiz: L’actualité mondiale de la Foi Bahá’í, an Dënschdes den 13te um 8 Auer mam Här Henuzet aus der Belsch: Les 157 ans de la foi bahá’íe. Wéi gesot dat alles am Stater Cercle vum 9te bis den 13ten.

Wa mer scho bei Geschicht sinn, gesäit een och séier, wéi wichteg authentesch Dokumenter haut ëmmer nach sinn. Fir eng Relioun sinn authentesch Dokumenter vun hirem Begrënner ëm sou méi wichteg, vu dass eng Relioun jo en Afloss op d’Mënschheet während eng länger Zäit wëllt hunn. D’Bahá’í Relioun huet Gottseidank ganz vill authentesch Dokumenter. De Reliounsstëfter, Bahá’u’lláh selwer an aner zentral Perséinlechkeeten hunn handschrëftlech Opzeechnungen hannerlooss oder Texter déi vun hinne bestätegt gi sinn, déi meeschtens am perseschen, arabeschen oder engleschem Original erhale sinn. Haut gëtt et Iwwersetzungen an all deene grousse Sprooche vun der Welt.

Bei dëse Schrëften handelt et sech ëm ganz verschidden Texter, sou zum Beispill Bréiwer u Privatpersounen, Dokumenter un Herrscher, Bicher, Ofhandlungen a kuerz Texter. An all deem fënnt ee Gebieder, sachlech Ausernanersetzunge mat Froen déi un den Auteur geriicht waren, lyresch oder mystesch Passagen, historesch Aufsätz a nach villes méi.

Fir e Bahá’í verbindlech sinn d’Schrëfte vun dësen Auteuren: Báb, (dee vun 1819 bis 1850 gelieft huet), Stëfter vun der Bábi-Relioun a Verleefer vu Bahá’u’lláh. Bahá’u’lláh, 1817-1892, Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Abdu´l-Bahá, 1844-1921, Jong vu Bahá’u’lláh an autoriséierten Ausleeër vu sengem Papp senge Schrëften.

De Shoghi Effendi, 1897 – 1957, Enkel vum Abdu´l-Bahá a Leeder vun der weltwäite Bahá’ícommunautéit, an dat a Virbereedung op d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, déi héchst Kierperschaft an der Bahá’í Weltgemeng; dëst Gremium gëtt säit 1963 all fënnef Joer gewielt an huet säi Sëtz zu Haifa an Israel. Opgrond vun hirer zugläich dezentraler Struktur gëtt et an der Bahá’í Weltcommunautéit nach weider Institutiounen, déi, ënner annerem duerch Communiqués de Presse hire Beitrag zur Fërderung vu Welteenheet leeschten, sou zum Beispill d’international Bahá’ícommunautéit oder de Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg.

Hei elo e puer vun den Themen déi träitéiert ginn : Eng nei Weltuerdnung, Fridden, déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung, d’Famill, d’Erzéiung, d’Ëmwelt, Fraen, d’international Bahá’í Gemeng an d’Vereenten Natiounen, d’Mënscherechter an d’Verfollegunge vun de Bahá’í am Iran.

Zum Thema Erzéiung seet Bahá’u’lláh dass et jidderengem seng Flicht ass, sech Wëssen unzëeegnen. Dobäi sollten awer déi Wëssenschafte studéiert ginn, déi de Vëlker op der Äerd eppes nëtzen a net déi, déi mat Wierder ufänken a mat Wierder ophalen. Vill verdanken d’Vëlker vun der Welt de Wëssenschaftler an den Handwierker. Wëssen ass wierklech e Schatz fir de Mënsch, eng Quell vu Ruhm, Groussmut, Freed an Erhuewenheet. (AKKA 5:15)

Passend zum Thema präsentéiert d’Bahá’ícommunautéit dëse Weekend hir Bahá’í Librairie, an der Allée Léopold Goebel No 17. Agelueden ass d’ganz Famill an dat Samschdes mëttes vun 2 Auer bis owes a Sonndes vun 10 bis 6. Eng Rei vu bekannten Auteuren animéieren dëse Weekend, dorënner d’Farah Dustdar, d’Bahiyyih Nakhjavani, de Josy Braun, de Paul Thiltges, de Roger Manderscheid, de Gilbert Pregno, de Fari Khabipour an de Guy Rewenig. Fir weider Froen, rufft am Bahá’í Zenter um 442220 un oder kommt einfach bis era kucken wat leeft. Dat ass dëse Weekend, Samschdeg vun 2 Auer a Sonndes vun 10 Auer aus un.

41 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 1/4

41t Sendung, den 9ten an 10te Februar 2002. An dëser Rubrik kucke mer eis d’Liewe vum Begrënner vum Bahá’í Glawen e bësse méi genee un. Den 12ten November 1817 ass Bahá’u’lláh zu Teheran, der Haaptstad vu Persien, op d’Welt komm. Schon a senger Kandheet huet hien aussergewéinlech Qualitéite gewisen an d’Aart a Weis wéi hie sech beholl huet, huet seng Elteren dovun iwwerzeegt dass hie fir eppes ganz Grousses bestëmmt war. Dem Bahá’u’lláh säi Papp, e Minister mat vill Verdéngschter um Haff vum Kinnek, hat eng ganz besonnesch Léift fir säi Jong. Hien huet eng Kéier gedreemt, dass säi Jong, Bahá’u’lláh an engem onendlech groussem Mier geschwommen ass a säi Kierper gestralt huet an d’ganzt Mier erliicht huet. Ronderëm säi Kapp hu seng laang pechschwaarz Hoer gestraalt, an dat an alle Richtungen op dem Waasser. Eng Onmass vu Fësch hu sech ronderëm hie versammelt, a jidderee vun hinnen huet sech un ee vu sengen Hoer ugehal. Obschonn et ganz vill Fësch waren, huet Bahá’u’lláh net een eenzegt Hoer verluer. Fräi an ouni Zwang, huet hie sech iwwer dem Waasser beweegt an d’Fësch sinn him all nokomm. Bahá’u’lláh säi Papp wollt wëssen, op den Dram eng Bedeitung hätt, an huet e Mann gefrot, dee fir seng Wäisheet bekannt war, him den Dram z’erklären. Hie sot dat hei: „Dat onendlecht Mier wier eis Welt. Aleng an ouni Hëllef, kréich Bahá’u’lláh d’Herrschaft iwwer d’Welt. All déi vill Fësch ronderëm hien géifen d’Onrou an d’Opreegung duerstellen, déi hien ënnert de Leit schafe géif. Hie wier awer ënnert dem onfeelbare Schutz vum Allmächtegen a näischt kéint him wéidoen.“

Mat 14 Joer scho war Bahá’u’lláh beim Haf vum Kinnek berühmt fir seng Wäisheet a säi Wëssen. Hien hat 22 Joer wéi säi Papp gestuerwen ass. D’Regierung huet him déi selwecht Position ugebueden. Bahá’u’lláh awer hat net wëlles seng Zäit mat weltleche Saachen ze verbréngen. Hien huet den Haff vum Kinnek a senge Ministeren hannert sech gelooss fir e Wee anzeschloen, deen hie vum Allmächtege krut. Seng Zäit huet hien domat verbruecht den Ënnerdréckten, de Kranken an den Aarmen ze hëllefen. Geschwë war hie bekannt als Een, dee sech fir d’Saach vun der Gerechtegkeet agesat huet.

Mat 27 Joer krut Bahá’u’lláh, duerch e speziellen Iwwermëttler, e puer vun de Schrëfte vum Báb, een dee gesot huet dass den Dag vu Gott ganz no ass, den Dag wou eng nei Manifestatioun vu Gott Weltfridden, Eenheet a Gerechtegkeet brénge wäert. Eppes wou d’Mënschheet scho laang drop gewaart huet.

Bahá’u’lláh huet dëse Message vum Báb direkt akzeptéiert an ass ee vu sengen enthusiasteschten Unhänger ginn. Mee leider hunn déi, déi iwwer d’Leit vu Persien regéiert hunn, blann duerch hir eegen egoistesch Wënsch, sech et zum Zil gemaach, d’Unhänger vum Báb op eng ganz grausam Aart a Weis ze verfollegen. Bahá’u’lláh, obschonn hie wéinst senger Nobilitéit bekannt war, gouf net verschount. E bësse méi wéi aacht Joer no der Erklärung vum Báb, an zwee Joer nodeem hie selwer e Märtyr ginn ass, hu si Bahá’u’lláh an en däischteren, ënnerirdësche Prisong[16] gehäit, wat schwaarzt Lach genannt gëtt. D’Kette ronderëm säin Hals waren esou schwéier, dass hie säi Kapp net konnt hiewen. Hei huet Bahá’u’lláh véier schrécklech Méint vu gréisster Nout verbruecht. An awer war et an dësem Prisong wou Gottes Geescht seng Séil gefëllt huet an Him offenbaart huet, dass Hien deejéinegen wier, op deen d’Leit zu allen Zäiten drop gewaart hunn.[17] Aus dësem donkle Prisong, ass d’Sonn vu Bahá’u’lláh opgaangen, fir d’ganz Création z’erliichten. (aus Ruhi Buch 2) Souwäit zum Liewe vu Bahá’u’lláh. Wéi säi Liewe sech weiderentwéckelt, gitt dir d’nächst Woch an eiser Rubrik gewuer.

Ech wëll nach ganz kuerz op d’Ausstellung am Stater Cercle hiweisen. Do kënnt dir bis den 13ten eng Fotosausstellung iwwer de Bahá’í Glawe gesinn, an dat an der Woch vun 10 bis 6 a Sonndes vun 2 bis 6 Auer. Dozou eng Konferenz en Dënschdeg den 13ten um 8 Auer owes mam Här Henuzet aus der Belsch: Les 157 ans de la foi bahá’íe. Wéi gesot dat alles am Stater Cercle nach bis den 13ten.

 

42 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 2/4

42t Sendung, de 16ten a 17te Februar 2002. An dëser Rubrik kucke mer eis d’Liewe vum Begrënner vum Bahá’í Glawen e bësse méi genee un. A senger Kandheet schonn huet Bahá’u’lláh aussergewéinlech Qualitéite bewisen. Mat 14 Joer war Hie beim Haff vum Kinnek berühmt fir seng Wäisheet a säi Wëssen.

Bahá’u’lláh war 22 wéi säi Papp gestuerwen ass. Hien huet sengem Papp seng Carrière bei der Regierung net ageschloen, mee huet seng Zäit domat verbruecht, den Ënnerdréckten, de Kranken an den Aarmen ze hëllefen. Fënnef Joer méi spéit huet Bahá’u’lláh dem Báb säi Message akzeptéiert. Hie sot dass den Dag vu Gott ganz no wier, den Dag wou eng nei Manifestatioun vu Gott Weltfridden, Eenheet a Gerechtegkeet brénge géif. Mee sou e Message z’akzeptéieren war verhängnisvoll, wëll déi, déi deemools a Persien regéiert hunn, blann duerch hir eegen egoistesch Wënsch, sech et zum Zil gemaach haten, d’Unhänger vum Báb op eng ganz grausam Aart a Weis ze verfolgen. Sou koum et, dass Bahá’u’lláh véier schrécklech Méint vu gréisster Nout an engem däischteren, ënnerierdësche Prisong verbruecht huet. A grad do huet Gottes Geescht seng Séil gefëllt an Him offenbaart, dass Hien deejéinege wier, op deen d’Leit zu allen Zäiten drop gewaart hunn.

No véier Méint an engem däischtere Lach, krut Bahá’u’lláh alles geholl wat en hat, an Hien a seng Famill goufen an den Exil geschéckt. An der batterer Keelt vum Wanter, si si laanscht déi westlech Bierger vu Persien op Baghdad gereest. Baghdad war deemools eng Stad am ottomanesche Räich an ass haut d’Haaptstad vum Iraq. Wierder kënne net beschwreiwe wat si alles erlidden hunn, wéi si honnerte vu Kilometeren iwwer Äis a schnéibedeckte Buedem goungen, op hirem Wee zu dëser schicksalsbeluedener Stad.

D’Bekanntheet vu Bahá’u’lláh huet sech séier duerch Bagdhad an aner Stiet an der Emgéigend verspreet a méi a méi Leit koume bei d’Dier vun dësem Prisonéier am Exil, fir hire Seegen ze kréien. Mee do waren der e puer, déi iwwer seng Berümtheet jalous goufen. Ënnert hinne war Bahá’u’lláh säin eegenen Hallefbrudder Mirza Yahya, deen ënnert sengem Schutz gelieft huet. De Mirza Yahya huet sech géint Bahá’u’lláh geriicht an huet geduecht dass d’Unhänger vum Báb, déi him zu däer Zäit grousse Respekt gewisen hunn, hien als hire Leader akzeptéiere géifen. Hie wosst net, datt doduerch dass hie sech géint d’Manifestatioun vu Gott geriicht huet, hie seng eege Nidderlag erbäibrénge géif. Well wann eng gëttlech Manifestatioun erschéngt, kënnen nëmmen déi op eng wierklech Éier hoffen, wa si och a Sengem Déngscht liewen. Souguer déi allernootste Famill duerf net vergiessen, dass Hien à part ass vun allen aneren mënschleche Liewewiesen an dass Hien e Rank huet, dee soss keen deele kann.

Dat wat de Mirza Yahya, dem Bahá’u’lláh säin Hallefbrudder alles ugestallt hat, huet am meeschten Oneenheet ënnert den Unhänger vum Báb bruecht, an huet Bahá’u’lláh vill Misère gemaach. Onverhofft, enges Owes, ouni enger Séil eppes ze soen, ass hie vun doheem fortgaang fir an d’Bierger vu Kurdistan ze goen. Zréckgezu vun der Welt, huet hien do gelieft, beschäftegt mat Gebiet a Meditatioun. An enger klenger Höl huet Hie gewunnt an huet vu Waasser a Brout gelieft. Kee wosst säin Numm oder vu wou en hirkéim. Mee dunn, lues a lues, hunn d’Leit aus der Emgéigend vun Him geschwat als deen ouni Numm, e groussen Hellegen, dee säi Wësse vu Gott krut. Wéi du säin eeltste Jong, Abdu´l-Bahá vun dësem hellege Personnage héieren huet, huet hien doranner direkt säi Papp erkannt. Bréiwer sinn extra duerch en Iwwermëttler bei Hie geschéckt ginn, wou Bahá’u’lláh mat vill Léift gebiede gouf, dach zréck op Baghdad ze kommen. Hien huet dat dann och akezptéiert, an domat war eng schmäerzlech Trennung déi zwee Joer gedauert hat, zu Enn.[18] Souwäit zum Liewe vu Bahá’u’lláh. Wéi säi Liewe sech weiderentwéckelt, gitt dir d’nächst Woch an eiser Rubrik gewuer.

 

43 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 3/4

43t Sendung, den 23ten a 24te Februar 2002. An deenen zwou leschten Emissiounen si mer e bësse vun der Kandheet a Jugend vu Bahá’u’lláh gewuer ginn. Den Dram vu Bahá’u’lláh sengem Papp, seng Wäisheet a säi Wëssen, a säi Wonsch anstatt Minister beim Kinnek ze ginn, sou wéi säi Papp, léiwer den Ënnerdréckten, Kranken an Aarmen ze hëllefen. Mir hu gesi wéi Bahá’u’lláh, well Hien de Message vun enger neier Manifestatioun am Iran unerkannt huet, déi der Mënschheet sollt Fridden, Eenheet a Gerechtegkeet bréngen, Hie véier schrecklech Méint an engem ënnerierdeschen däischtere Prisong gelidden huet, a wéi Gott Him grad do gesot huet, dass Hien de Prophezeite vun allen Zäiten wier. Mir hu gesinn wéi Hien iwwer d’Bierger vu Persien op Bahgdad mat senger Famill an den Exil geschéckt gouf, erëm ënner fuerchtbare Conditiounen; wéi zu Baghdad seng Berühmtheet sech séier erëmgeschwat huet a méi a méi Leit vun Him säi Seege wollten; wéi zugläicher Zäit, virun allem den Hallefbrudder vu Bahá’u’lláh jalous iwwer Hie gouf an drop aus war, Oneenheet an der Communautéit ze stëften; a wéi Bahá’u’lláh sech doropshi stënnterlech entschloss hat, ouni engem eppes ze soen, sech zwee Joer an d’Bierger vu Kurdistan zréckzezéien, fir ze bieden an ze meditéieren, an dat bei Waasser a Brout.

Nodeem et sech erëmgeschwat hat, dass en Hellegen, dee Wësse vu Gott hätt, sech an de Bierger vu Kurdistan ophale géif, huet Bahá’u’lláh säi Jong et färdegbruecht, Hien ze bieden erëm op Baghdad ze kommen, an dat no enger Trennung vun zwee Joer.

Während der Zäit wou Bahá’u’lláh net zu Baghdad war, stoung et schlecht ëm d’Bábi Communautéit. Bahá’u’lláh huet domat ugefaang, déi verfollegt Unhänger vum Báb mat engem neie Geescht ze fëllen. Obschonns Hien nach net annoncéiert hat, zu wat Hie beruff war, hat d’Kraaft an d’Wäisheet vu senge Wierder ugefaang d’Loyalitéit vun ëmmer méi enger grousser Zuel vu Bábis an d’Bewonnerung vu Leit aus alle Schichten ze gewannen. Mee de fanatesche moslemesche Klergé a säi jalouse Brudder konnten et net erdroen dass Bahá’u’lláh sou en immensen Afloss op esou vill Mënschen hat. Si hu sech esou laang bei den Autoritéite beschwéiert bis déi persesch Regierung sech mat e puer vun de Beamte vum ottomanesche Räich zesummegedoen hunn, fir Bahá’u’lláh nach méi wäit vu sengem Heemechtsland wegzehuelen, des Kéier an d’Stad Konstantinopel.

Abrëll 1863 war e Mount vu vill Trauer fir d’Awunner vu Baghdad. Deen, deen hinnen un d’Häerz gewuess war, huet hir Stad verlooss, fir op eng Plaz ze goen déi hinne friem war. E puer Deeg ier e fortgaang ass, goung Hien an e Gaart just baussend der Stad, e Gaart dee bekannt ass als Gaart vum Paradis; huet do Säin Zelt opgeriicht, a während zwielef Deeg huet Hien do eng Onmass vu Visiteuren empfaang, déi koume fir Him Äddi ze soen. D’Unhänger vum Báb koumen an dëse Gaart schwéieren Häerzens; e puer vun hinne sollte Bahá’u’lláh op senger nächster Etapp vum Exil begleeden, mee vill vun hinnen hu missten zréck bleiwen, ouni de Privileg, fir kënnen no bei Him ze sinn. Mee Gott wollt net dass dëst sollt eng traureg Geleeënheet sinn. D’Diere vu senger onendlecher Grousshäerzegkeet ware wäit op, a Bahá’u’lláh huet deene ronderëm Him gesot, dass Hien deejéinege wier deen de Báb ugekennegt hat, déi Persoun op déi d’Mënschen zënter jeehir gewaart hunn. D’Trauer gouf ersat duerch onendlech Freed; Häerzer hu méi héich geschloen a Séilen goufen ugestach mam Feir vu Senger Léift. Fir déi nächst Jorhonnerten, wäerten dës 12 Deeg, vum 21sten Abrëll bis den 2te Mee, vu Bahá’í iwwerall als d’Ridvanfest, d’Fest vum Paradis gefeiert ginn, de Gebuertsdag vun der Deklaratioun vu Bahá’u’lláh a senger weltëmfaassender Missioun.[19]

Souwäit zum Liewe vu Bahá’u’lláh. De 4ten a leschten Deel vum Liewe vu Bahá’u’lláh kënnt dir d’nächst Woch an eiser Rubrik héieren.

 

44 Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, Deel 4/4

44t Sendung, den 2ten 3te März 2002. An den dräi leschten Emissiounen hu mer eis dem Bahá’u’lláh seng aussergewéinlech Kandheet a Jugend e bësse méi genee ugekuckt; wéi Hie seng Zäit dermat verbruecht huet, sech fir déi Ënnerdréckten, Aarm a Krank anzesetzen; wéi Hie sech selwer zu enger neier Relioun bekennt, déi vum Báb, deen, deen de Wee soll virbereeden fir d’Komme vun enger neier Manifestatioun, déi der Mënschheet Eenheet, Fridden a Gerechtegkeet bréngt; wéi Bahá’u’lláh dowéinst fuerchtbar Zäiten am Prisong verbréngt an awer grad do vu Gott gesot kritt, dass Hien den Auserwielten ass, fir dëse Message vu Fridden der Mënschheet ze bréngen; wéi Bahá’u’lláh, e Perser, mat senger Famill, zu Fouss an iwwer schnéibedeckte Bierger an den Exil geschéckt gëtt, fir d’éischt op Baghdad, an dunn op Konstantinopel. Déi geeschtlech Autoritéiten hu geduecht, dass wann si Bahá’u’lláh an den Exil schécken, géifen si deen neie Glawen erläschen. Mee just de Géigendeel war de Fall. Iwwerall wou Bahá’u’lláh am Exil war, waren d’Leit vu senger Wäisheet a sengem Wëssen ugezunn.

Konstantinopel war de Sëtz vum ottomanesche Räich. Och hei huet dem Bahá’u’lláh seng Wäisheet a perséinleche Charme ugefaang, ëmmer méi Leit unzezéien. „Hien duerf net méi laang hei zu Konstantinopel bleiwen“, sou sot de fanatesche musleemesche Clergé, deen dann och d’Autoritéiten dovun iwwerzeegt kruten, Hie weider an den Exil ze schécken, anzwar op Adrianopel. Et war do wou Bahá’u’lláh de Kinneken an de Leadere vun der Welt geschriwwen huet. Hien huet se opgefuerdert ze kucken dass et hire Bierger gutt geet anstatt se z’ënnerdrécken. Dunn hu Seng Feinden sech eng iwweraus grausam Bestrofung afale gelooss. Hien a seng Famill sollten op Akko, also op Saint Jean d’Acre an den Exil goen, wat deemools déi schlëmmste Bestrofungskolonie am ganze Räich war. Sécher wäert Hien do an den haarde Bedingunge vun där Prisongsstadt ëmkommen, duechten déi schwachsënneg Männer déi sech virgestallt haten si kënnten dat verhënnere wat Gott selwer a Bewegung gesat hat.

Et wier zevill fir all dat opzezielen, wat Bahá’u’lláh zu Akko erlidden huet. Am Ufank war Hien aleng an enger Zell agespaart wou souguer seng Kanner keng Erlaabnes haten, Hien ze gesinn. Et huet Him do un alles gefeelt a Feinde waren Dag a Nuecht ronderëm Him. Mee lues a lues hunn d’Bedingungen am Prisong sech fir Hie geännert. D’Awunner vun Akko an d’Autoritéite goufen iwwerzeegt dass déi puer Bahá’í déi an hir Stad an den Exil koumen, onschëlleg waren. Alt nees eng Kéier ware Leit duerch d’Wäisheet an d’Léift vun dësem aussergewéinleche Personage ugezunn, obschonn déi meescht net verstan hunn, ween Hien da wierklech war. No e puer Joer goufen d’Diere vun der Prisongsstad fir Bahá’u’lláh a seng Unhänger opgemaach. Schlussendlech war et Him selwer erlaabt an enger relativ méi bequemer Emgéigend ze liewen. Mir kennen et haut als den Haff (Besëtz) vu Bahji. Do ass Hien am Mee 1892 verstuerwen, an dat op der Héicht vu senger Majestéit an Herrlechkeet.

Bahá’u’lláh huet de Fändel vum universale Fridden a Bridderlechkeet an d’Luucht gehuewen an Hien huet d’Wuert vu Gott geoffenbaart. Obscho seng Feinden all hir Kräfte géint Hie geriicht haten, huet Hien iwwer si gewonnen, well Gott Him dat, wéi Hien am Prisong zu Tehran a mat Ketten ugestréckt, versprach. Während Sengem ganze Liewen, huet Säi Message d’Häerzer vun Dausende vu Leit nees belieft a vill hunn hiert Liewe fir Hie gelooss. An haut fuere seng Léiere weider sech uechter d’Welt ze verbreeden. Ëmmer méi Leit inspiréiere sech u senge Wierder. Näischt kann Hien dovun ofhale säin Zil ze verwierklechen, anzwar d’Mënschheet an engem gemeinsame Glawen ze vereenen.[20]

Souwäit zum Liewe vu Bahá’u’lláh. Wann dir faszinéiert sidd vun dësem Personage, fannt dir genuch Informatioun iwwer säi Liewen an de Bibliothéiken oder um Netz, an dat ënner www.bahai.lu

45 D’Faaschtenzäit

idem No 96

46 Duuscht no Geeschtegkeet

46t Sendung, de 16ten a 17te März 2002. Dëslescht, wéi ech zu Frankfurt am europäeschen Haus vun der Andacht war, hunn ech mer e Buch kaaft dat „Verse Gottes“ heescht, Liesunge fir moies an owes. Et ass de Leitgedanken, vum Abdu´l-Bahá, am Ufank vum Buch, dee mech besonnesch ugesprach huet. Hei meng Iwwersetzung:

„Fir d’éischt muss de no Geeschtegkeet Duuscht hunn. Da lief däi Liewen, lief däi Liewen, lief däi Liewen! Fir dësen Duuscht no Geeschtegkeet ze kréien, denk no iwwer d’Liewe nom Doud. Studéier déi helleg Wierder, lies deng Bibel, lies d’helleg Schrëften a studéier besonnesch déi helleg Aussoe vu Bahá’u’lláh. Gebiet a Meditatioun, huel der fir béid vill Zäit. Da wäers de dëse groussen Duuscht spieren, a nëmmen da kanns de ufänken, d’Liewen ze liewen.“[21]

Dat heescht d’Bahá’í Schrëfte soen eis, wa Geeschtegkeet dech interesséiert, wann s de däi Liewe spirituell verbessere wëlls, a wanns de dësen Duuscht no Geeschtegkeet kréie wëlls, dann denk no iwwer d’Liewen nom Doud, lies an den hellege Schrëften an huel der genuch Zäit fir Gebiet a Meditatioun. An dat maache mir an den nächsten Emmissiounen.

A wat ass besser wéi eis Séil, wann ee gär iwwer d’Liewen nom Doud nodenkt. Dozou kucke mer eis den drëtten Deel aus dem Ruhi Cours Nr 1 un: Liewen an Doud. Et geet drëm ze verstoen, dass d’Liewen net am Wiessel a Wandel vun dëser Welt besteet, mee dass seng richteg Bedeitung an der Entwécklung vun der Séil läit. Dat richtegt Liewen, d’Liewe vun der Séil, ass nëmmen eng kuerz Zäit an dëser Welt a fiert da fir éiweg an den anere Welte vu Gott weider.

Vu wou kënnt d’Séil dann hir? D’Séil huet hiren Ursprong an de geeschtege Welte vu Gott. Si steet iwwer der Materie an der physescher Welt. D’Individuum fänkt an deem Moment un, wou d’Séil, déi jo aus de geeschtege Welte kënnt, sech zum Zäitpunkt vun der Befruchtung mam Embryo verbënnt. Dëst Matenanersinn ass net materiell; d’Séil trëtt net an de Kierper an a si hëllt och keng kierperlech Plaz an. D’Séil gehéiert net zur materieller Welt. D’Bezéiung Séil – Kierper ass ähnlech, wéi d’Bezéiung Liicht – Spigel. D’Liicht déi am Spigel erschéngt, ass net am Spigel selwer, mee kënnt vun enger Quell vu baussen. Ähnlech ass et och mat der Séil; si ass net am Kierper; et gëtt awer e spezielt Verhältnis tëschent dem Kierper an der Séil, an zesumme maache si de Mënsch aus. Fir zesummenzefassen kann ee soen dass d’Séil hiren Ursprong an de geeschtege Welten huet, dass d’Liewe vum Mënsch dann ufänkt wa sech d’Séil mam Embryo verbënnt, dass d’Séil net zur materieller Welt gehéiert, dass d’Séil net am Kierper ass.

Et kann een sech da froen: Fänkt dat richtegt Liewe vum Mënsch mat der Gebuert an dëser Welt un? Fiert déi materiell Existenz an den anere Welte vu Gott weider? Ass de Kierper Propriétaire vun der Séil? Besteet d’Liewen just aus Saachen, déi eis am Alldag passéieren?

Souwäit zum éischten Deel vun eiser Rubrik, wou et drëm gaang ass ze kucken, wéi een en Duuscht fir Geeschtegkeet entwéckele kann. D’Bahá’í Schrëfte soen eis, dass mer deen Duuscht kréien, an deem mer un d’Liewen nom Doud denken, d’helleg Schrëfte studéieren an eis genuch Zäit zum Gebiet an der Meditatioun huelen.

 

47 D’Séil

47t Sendung, den 23ten a 24te März 2002. Mir hunn d’lescht Woch ugefaangen driwwer ze schwätzen, wéi een en Duuscht no Geeschtegkeet kréie kann. D’Bahá’í Schrëfte soen eis, dass virun allem dräi Saachen engem dobäi hëllefen: ‘Abdu’l-Bahá seet: „Denk no iwwer d’Liewen nom Doud, huel der vill Zäit fir Gebiet a Meditatioun a studéier déi helleg Schrëften.“ A wa mir gär iwwer d’Liewen an den Doud nodenken, ass et nëtzlech, iwwer eis Séil nozedenken. Op folgend Froen zum Thema ginn d’Bahá’í Schrëften kloer Äntwerten:

Wéi laang ass d’Séil mam Kierper verbonnen? Wou geet de Kierper nom Doud? Wou geet d’Séil nom Doud? Wéi laang entwéckelt D’Séil sech weider ? Wat ass méi wichteg: D’Séil oder de Kierper? Vu wou kënnt d’Séil hir? Wéi en Deel vum Mënsch gouf nom Bild vu Gott erschaf ? Wat ännert sech an eisem Liewe, wa mir stierwen? Wéini hält d’Liewen op? Wat geschitt mat der Connexioun tëschent Kierper a Séil, wa mir stierwen?

Tëschent dem Kierper an der Séil besteet eng aussergewéinlech Connexioun. Zesumme maache si de Mënsch aus. Dës Connexioun besteet eenzeg an eleng der Zäit hei op der Welt. Wann d’Connexioun eriwwer ass, geet all Deel do zréck wou et hirkomm ass. De Kierper zu der Welt vum Stëbs an d’Séil zu de geeschtege Welte Gottes. D’Séil, déi aus de geeschtege Sphäre kënnt, erschafen nom Bild vu Gott, déi et fäerdeg bréngt, sech gëttlech Qualitéiten an himmlesch Eegeschaften unzëeegnen, entwéckelt sech no der Trennung vum Kierper bis an all Éiwegkeet.

Mat dësen Informatiounen kann ee sech elo froen: Ass den Doud eng Strof? Wäert d’Entwécklung vun der Séil éiweg weiderfueren? Bedeit den Doud d’Enn vum Liewen? Huet eis Séil am Doud méi Fräiheet wéi an dëser Welt? Sollte mer den Doud fäerten?

Hei elo wat Bahá’u’lláh seet: „Elo zu denger Fo iwwer d’Séil vum Mënsch an hiert Weiderliewen nom Doud. Du solls wëssen dass d’Séil no hirer Trennung vum Kierper weider Fortschrëtter mécht, bis si d’Géigewaart vu Gott erreecht. Dëst an engem Zoustand an enger Beschaffenheet, déi weder de Laf vun den Zäiten a Jorhonnerten nach de Wiessel an de Wandel vun dëser Welt ännere kënnen. Sou laang wäert d’Séil bestoen, wéi d’Räich vu Gott, Seng Allgewalt, Seng Herrschaft a Muecht bestoe wäerten. D’Séil wäert d’Zeeche vu Gott a Seng Eegeschaften offenbaren a Seng Gnod weisen.“

48 Liewen an Doud

48t Sendung, den 30ten an 31te Mäerz 2002. An de leschten zwou Emissiounen hu mer gesinn, wéi wichteg et ass iwwer d’Liewen an den Doud nozedenken. Den Institut Pierre Becker organiséiert regelméisseg Formatiounen, wou dës an aner Themen an engem klenge Krees beschwat an diskutéiert ginn. D’Basis dofir sinn d’Bahá’í Schrëften. Hei an der Emissioun probéiere mer e puer Haaptgedanken erauszegräifen. Am Kapitel Liewen an Doud geet et drëm ze verstoen, dass d’Liewen net wierklech am Alldag vun dëser Welt besteet, mee dass et villméi ëm d’Entwécklung vun eiser Séil geet. Dat richtegt Liewen ass d’Liewe vun der Séil, e Liewen wat an dëser Welt net laang dauert, am Verglach mat der Éiwegkeet. An dass d’Liewe vun der Séil an all deenen anere Welte vu Gott éiweg weidergeet.

Bahá’u’lláh seet: „A Wierklechkeet si mer vu Gott, an zu Him wäerte mer och zréckkéieren. … D’Geheimnisser vum kierperlechem Doud vum Mënsch sinn eis net bekannt a bleiwe weiderhi verbuergen. Wéisste mir dës Geheimnisser, da géife si sou eng Fuercht an Trauer erbäiruffen, dass muncher een zugronn géif goen, während anerer sou frou wiren, dass si den Doud wënsche géifen. …“

Weiderhi seet Bahá’u’lláh dass den Doud all Gleewegen deen him Vertraue schenkt, de Becher offréiert, deen a Wierklechkeet d’Liewen ass. Den Doud schenkt Freed a mécht eis frou. Den Doud gëtt eis eiwegt d’Liewen.

Wéi all déi aner grouss Reliounen, soen d’Bahá’í Schrëften och, dass Gott de Mënsch erschaf huet, dass hien säi Schëpfer erkenne soll an dass hie Gott begéine soll. Gott erkennen an him begéinen ass dat wierklecht Paradäis, den Himmel.

Vergläiche mer d’Liewen nom Doud mam Liewe vum Embryo am Bauch vun der Mamm. Den Embryo, am Bauch vun der Mamm kritt alles wat e fir säin nächst Liewe brauch. Aen, Oueren, Hänn a Féiss, all déi Saachen entwéckelt hie fir säin neit Liewen. Wann d’Kand gebuer ass, kéint ee soen, et ass am Bauch vun der Mamm gestuerwen an an eng nei Welt gebuer ginn. Elo besteet seng Aufgab doran, sech op dat nächst Liewe virzebereeden, also op d’Liewen nom Leiwen hei op der Äerd. De Mënsch soll och dat entwéckele wat hien am nächste Liewe brauch. Hei ass et wichteg fir sech Zäit ze huelen a sech ze froen: Wat brauch ech an der nächster Welt; ass et Léift, Éierlechkeet, Baarmhäerzegkeet, Gerechtegkeet, Gedold? Sécher sinn dat jo och moralesch Wäerter an Dugenden, déi eis hei ganz nëtzlech kënne sinn.

49 Weltgesondheetsdag

49t Sendung, de 6ten a 7ten Abrëll 2002. „Et ass är Flicht dass ee Begeeschterung a Freed an ärem Gesiicht gesäit. Sech Gott zouzewende bréngt Heelung fir de Kierper, de Geescht an d’Séil.“ Dëse Samschdeg, 7ten Abrëll ass Weltdag vun der Gesondheet an dat ënnert dem Motto: Non à l’exclusion, Oui aux soins. Mee spezifesch ass dëst Joer de Weltgesondheetsdag der geeschteger Gesondheet gewidmet. D’Weltgesondheetsorganisatioun déi dësen Dag all Joers ausrifft, ass eng vun de spezialiséierten Institutioune vun der UNO, de Vereente Natiounen. Et geet drëm fir deen Eenzelne méi iwwer d’Problematik vun der geeschteger Gesondheet z’informéieren an ze sensibiliséieren, fir domat d’Gesondheet an der Welt ze verbesseren.

Firwat elo hei op dëser Plaz iwwer dësen Dag geschwat gëtt ass einfach. Tëschent der internationaler Bahá’ígemeng an der UNO besti ganz enk Rapporten an et gi vill Méiglechkeete fir zesummenzeschaffen. Sou sief nëmmen drop higewisen, dass d’international Bahá’ígemeng e berodende Status beim Conseil économique et social vun der UNO zënter 30 Joer huet, zënter 24 Joer bei der UNICEF an zënter 11 Joer bei der UNIFEM dem Fong vun der UNO fir d’Condition féminine. Ausserdeem huet d’international Bahá’ígemeng enk Relatioune mat der Weltgesondheetsorganisatioun, souwéi mam Programm vun der UNO fir d’Ëmwelt, dem Kommissariat fir d’Mënscherechter, der UNESCO an dem Programm vun der UNO fir d’Entwécklung. De Motto vum Weltgesondheetsdag 2001 ass: Non à l’exclusion – Oui aux soins. Leit mat enger geeschteger Behënnerung sollen also net vun eiser Gesellschaft ausgeschloss sinn, a mir sollen eis richteg ëm si suergen. Ëm déi 400 Millioune Leit an der Welt leiden ënner geeschteg an neurologesch Stéierungen, oder psychosozial Problemer wéi zum Beispill déi, déi un den Alkoholismus oder d’Süchtegkeet gebonne sinn. Op mannst all véierte Patient deen d’Servicer vun der Santé benotzt, huet Stéierunge vun dëser Aart. Si gi ganz oft net richtig diagnostizéiert. An dat heescht dass si net behandelt ginn. Dobäi hu mir Léisunge fir eng ganz Rëtsch vun deene Stéierungen ze behandelen an domat de Leit et z’erlaben, déi geeschteg Stéierungen hunn, en normaalt Liewen an der Gemeng ze féieren.

Dëse bescheidene Beitrag zum Weltgesondheetsdag wäert vläicht een oder deen aneren zum Nodenke bréngen, wéi e mat Leit ëmgeet, déi um Rand vun eiser Gesellschaft liewen.

Um Internetsite vun der Weltgesondheetsorganisatioun www.who.int fënnt ee méi Info zum Thema an och e puer interessant Fotoen, déi jo oft méi wéi Wierder soe kënnen. Um Site fënnt een och d’Lëscht vun de Projeten déi et op der Welt zum Thema ginn, leider näischt hei zu Lëtzebuerg.

50 Den Nationale Geeschtege Rot

50t Sendung, den 13ten a 14ten Abrëll 2002. Dacks gëtt op dëser Plaz vu Spiritualitéit an der Bahá’í Relioun geschwat. Haut kucke mer e bësse wéi d’Bahá’í Relioun organiséiert ass. E wichtegen Aspekt dovun ass de Nationale Geeschtege Rot. Et ass dat déi iewescht Kierperschaft vun der Reliounsgemeinschaft vun engem Land. Den Nationale Rot dréit d’Verantwortung fir d’Bahá’ígemeng a vertrëtt se géintiwwer dem Staat, Organisatiounen an aneren Institutiounen.

An all Land, wou et genuch lokal geeschteg Réit ginn, gëtt all Joer en Nationale Rot gewielt, dee genee sou wéi déi lokal Réit aus 9 Leit besteet. All administratif Kierperschaft vum Bahá’í Glawe benotzt Berodung, déi op engem Konsensus berout, als e Mëttel fir Entscheedungen ze treffen.

Den Nationale Geeschtege Rot gëtt an der Ridvan Zäit gewielt, meeschtens de Weekend nom 21sten Abrëll. Et ass eng indirekt Wal, dat heescht d’Bahá’í wielen Delegéierte fir hire jeweiligen Walkrees, fir Lëtzebuerg sinn et der 19, fir Däitschland zum Beispill 57. D’Wale si geheim a Werbung fir een oder deen aneren ass net erlaabt. Si wielen dann während enger Nationaltagung déi 9 Membere vum Nationale Rot vun hirem Land. Obschonn nëmmen d’Delegéiert den Nationale Rot wielen duerfen, kann all erwuessene Bahá’í aus dem jeweilege Land gewielt ginn. Während der Nationaltagung gëtt net nëmme gewielt. Et gëtt och zesumme beroden a Virschléi an Empfehlungen aus de Walkreeser ginn iwwerbruecht.

D’Haaptaufgab vum Nationale Rot besteet doranner, duerch vill perséinlech Berodung, déi vill Aktivitéite vun de Frënn a vun de lokale geeschtege Réit unzeregen, ze vereenen an ze koordinéieren. All 5 Joer bedeelegt sech de Nationale Geeschtege Rot un der Wal vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet, der héchster Kierperschaft an der Bahá’í Welt. Well den Nationale Rot ëmmer méi verschidden Aufgaben ënnerhellt, benennt hien eng Rei vun Ausschëss a Kommissiounen, déi him bei der Duerchféierung vu sengen Aufgaben hëllefen. Sou zum Beispill den Erzéiungscomité, den Ausschoss vum Bahá’í Zenter, den Institut Pierre Becker oder den Internetcomité. De Nationale Geeschtege Rot wielt all Joers e Virsetzenden, e stellvertriedende Virsetzenden, en Trésorier an e Sekretär. Zu Lëtzebuerg huet den Nationale Geeschtege Rot säi Sëtz an der Allée Léopold Goebel, dem Nationale Bahá’í Zenter. Weltwäit ginn et haut National Geeschteg Réit an 187 Länner an Territorien. Bahá’u’lláh seet, dass egal a wéi engem Land Bahá’í liewen, si sech der Regierung vum Land géintiwwer loyal an éierlech verhale sollen an dass si hierem Land trei solle sinn.

51 Wann d’Mënschheet en Duerf vun honnert Leit wier

51t Sendung, den 20ten an 21ten Abrëll 2002. Wa mir d’ganz Mënscheet, also ronn 6 Milliarden, op en Duerf vun 100 Séile reduzéieren géifen, mee d’Proportioune bäibehalen, hätte mer en Duerf wat ongeféier esou zesummegestallt wier.

An dem Weltduerf wiren 57 Asiaten, 21 Europäer, 14 Amerikaner an 8 Afrikaner. Mir hätten 52 Fraen an 48 Männer. 30 Wäisser a 70 Net-Wäisser.

Wéi wiren d’Reliounen an deem Weltduerf verspreet? Mir hätten 30 Chrëschten a 70 Leit mat aner Reliounen oder kenger. Mir hätten 89 Heterosexueller an 11 Homosexueller am Duerf.

Wéi wier de Räichtum verdeelt? 6 vun deenen 100 Läit géife bal 60% vum ganze Welträichtum besëtzen a si kéimen alle 6 aus den USA.

Wéi wiren d’Liewensbedengungen an deem Duerf? 80 vun hinnen géife schlecht wunnen. 70 vun hinne wären Analphabeten. 50 wären ënnerernährt an hätten net genuch z’iessen. Eng Persoun géif stierwen an 2 Kanner kéimen op d’Welt.

Eng Persoun am ganzen Duerf hätt e Computer. A nëmmen een hätt en akademeschen Ofschloss. Wann ee sech d’Welt esou ukuckt, gëtt engem kloer wat mer alles brauchen, fir mateneen ze liewen: Zesummegehéieregkeet, Verständnis, deen aneren kënnen akzeptéieren an eng Erzéiung déi sech um Déngscht vun der Mënschheet ausriicht. Denkt doriwwer no: Wann et dir haut gesondheetlech gutt geet an du bass net krank, geet et dir besser wéi enger Millioun Leit, déi déi nächst Woch net erliewe wäerten.

Wanns du nach ni e Kampf oder e Krich erlieft hues, ni gefaange wars, ni gequält gi bass oder hongreg wars, da geet et dir besser wéi 500 Millioune Mënschen op der Welt.

Wanns du kanns bieden ouni Angscht ze hunn dass een dech verhaft oder dech embréngt, da geet et der besser wéi 3 Milliarde Leit op der Welt.

Wanns de am Frigo eppes z’iesse fënns, wanns de Kleeder hues, wanns de en Dach iwwer dem Kapp hues oder e Bett fir ze schlofen, da bass de méi räich wéi zwee Drëttel vun der Mënschheet.

Wanns du e Konto op der Bank hues, e puer Su am Portemonni an bësse Mënz an der Täsch hues, gehéiers du zu den 8%, déi am meeschte Räichtum op der Welt hunn.

Schaff, wéi wanns de d’Geld net bräichst. Sief esou frou, wéi wann nach ni een dech verletzt hätt. Danz esou, wéi wa kee géif nokucken. Sang esou, wéi wa kee géif nolauschteren. A lief däi Liewen esou, wéi wann et d’Paradis op der äerd wär.

D’lescht Woch war d’international Woch vun der Frëndschaft an e puer Frënn hu mir dëst a Form vun engem Email geschéckt. Ech soe merci. Zu dësem Thema elo e puer Iwwerleeungen aus de Bahá’í Schrëften.

„Deen allwëssenden Dokter leet säi Fanger op de Bolls vun der Mënschheet. Hien erkennt d’Krankhet a verschreift a senger onfeelbarer Wäisheet dat richtegt Medikament. All Zäit huet hir eege Problemer an all Séil hir besonnesch Sehnsucht. D’Medikament wat d’Welt an hirem aktuellen Zoustand brauch, kann net datselwecht sinn, wat en anert Zäitalter brauch. Beschäftegt iech am Fong mat de Besoie vun der Zäit an deer dir lieft a leet de Schwéierpunkt vun ären Iwwerleeungen op hir Bedieirfnesser a Fuerderungen.“

Weider schreift Bahá’u’lláh: „Wat den Här als héchst Mëttel … fir d’Heelung vun der ganzer Welt verschriwwen huet, ass d’Vereenegung vun all hire Völker an eng allëmfaassend Saach, engem gemeinsame Glawen. Dëst kann nëmmen duerch d’Muecht vun engem befäegten an allgewaltegen … Dokter erreecht ginn. A Wierklechket ass dat d’Wourecht an alles anescht soss näischt wéi Iertum.“ [22]

‘Abdu’l-Bahá seet dat hei: „O du, deen s du nom Kinnekräich sichs! All gëttlech Manifestatioun ass d’Liewe vun der Welt, den Dokter mat vill Erfahrung vu jidder Séil déi leid. D’Mënschewelt ass krank, an den dichtegen Dokter kennt d’Medikament. Hie kënnt mat Rotschléi, Léieren an Opriff – Medikamenter fir all Leed, heelende Balsam fir all Wonn. Gewëss kann de weisen Dokter d’Néit vu senge Patienten zu all Joreszäit erkennen an d’Heelvefahren uwenden. Dofir setz d’Léiere vu Bahá’u’lláh (…) a Bezéiung mat den drëngende Bedierfnesser vun haut. Du wärs gesinn, si bidden d’Heelmëttel un wat direkt dem kranke Kierper vun der Mënschheet hëlleft. Si si wierklech dat Elixir wat éiweg Gesondheet bréngt.“ [23]

52 De Báb, Virleefer vun der Bahá’í Relioun, Deel 1/2

52t Sendung, de 27ten an 28ten Abrëll 2002. Thema vun haut ass de Báb, Virleefer vun der Bahá’í Relioun. Oder firwat d’Bahá’í soen dass hire Glawen 1844 ugefangen huet. Den Ufank vum 19te Jorhonnert war eng Period vu messianeschen Erwaardungen a ville Länner. De wëssenschaftleche Fortschrëtt an d’Folgen dovun souwéi d’Industrialisatioun huet ville Leit ganz vill ze schafe ginn an déi opriichteg Gleeweg vu ganz verschiddene Reliounen hu sech op déi helleg Schrëfte vun hirem Glawe gestéipt fir ze versichen déi onwahrscheinlech Vitesse vun all dëse Changementer kënnen ze verstoen.

An Europa an an Amerika, Gruppe wéi d’Membere vun der Gesellschaft vum Tempel oder d’Unhänger vum William Miller hu gegleeft an de chrëschtleche Schrëfte Beweiser ze fannen dass d’Enn vun der Zäit komm wier an hunn d’Operstehung vu Jesus Christus erwaart. Och am mëttleren Orient goufen et vill Erwaardungen, dass d’Prophezeiunge vum Koran an den islameschen Traditiounen sech erfëlle géifen. Am Iran ass dee spektakulärste vun dëse Bewegungen erfir komm. Am Mëttelpunkt dovu stoung d’Persoun an d’Léiere vun engem jonke Geschäftsmann an Händler vu Shiraz, deen d’Geschicht ënnert dem Numm Báb behalen huet. Vun 1844 bis 1863 ware Perser, déi aus alle soziale Klasse koumen, matgeholl op enger Well vun Hoffnung a Begeeschterung, ervirgeruff duerch d’Verkënnegung vum Báb, dass den Dag vu Gott komm ass an dass hie selwer deejéinege wier, deen an den hellegen islamesche Schrëften ugekënnegt a versprach gouf. Hie sot dass d’Mënschheet am Ufank vun engem neien Zäitalter stéing, an deem all Aspekter vum Liewen restrukturéiert géifen.

Op eng Manéier kann een d’Roll vum Báb mat deer vum hellege Johannes den Täufer virum Komme vum Chrëschtentum vergläichen. De Báb war de Virleefer vu Bahá’u’lláh. Seng Haaptaufgab war d’Virbereedung op säi Kommen. Dofir ass d’Begrënnung vum Bábi Glawen synonym mat der Begrënnung vum Bahá’í Glawen; an 1863 ass d’Zil erreecht ginn. Bahá’u’lláh huet proklaméiert dass hien deejéinege wier, deen de Báb virausgesot hat.

D’Relioun déi de Báb gegrënnt hat, war awer zugläich onofhängeg, mat hirer eegener Glawensgemeinschaft, mat hiren hellegen Texter a si huet d’Geschicht mat hirem eegestännege Charakter geprägt. Gegrënnt gouf si den 23te Mee 1844, wéi en Händler aus der Stad Shiraz, 25 Joer al, annoncéiert huet, dass hien dee wier, deen dem Islam no, operstoe géif. Obscho säi Numm Syyid Ali-Muhammad war, huet hien de Numm Báb ugeholl, wat op arabesch „Dier“ bedeit. Säi Kommen, huet de Báb erkläert, géif d’Dier repräsentéieren duerch déi geschwënn den universale Gottesoffenbarer vu Gott komme géif, dee vu jidderengem erwaart gëtt.

D’Geschicht seet eis dass de Báb en aussergewéinlecht Kand war. Den 20ten Oktober 1819 gebueren, hat hien eng erstaunlech Finesse a Wäisheet, déi un d’Erzielungen iwwer de Jesus erënneren. Als Erwuessenen huet de Báb, zesummme mat sengem Monni am Familljebetrieb geschafft. Duerch seng Integritéit an éierlechkeet war hie bei deenen anere Geschäftsleit héich unerkannt. Duerch seng Generositéit den Aarme géintiwwer war hie genauso bekannt.

Nodeem de Báb seng Missioun bekannt gemaach hat, huet hie schnell Unhänger ugezunn an déi nei reliéis Bewegung huet séch wéi Feier duerch ganz Iran verbreet. Dësen Erfolleg huet natierlech bei de reliéisen Autoritéiten Feindséilegkeeten a Verfolgungen mat sech bruecht. Si hu gesinn dass elo hir Muecht an hire Prestige a Gefor waren. Sou gouf de Báb dann och méi wéi eng Kéier agespaart. Wat elo d’Haaptgedanke vun dëser neier Relioun waren a wéi de Báb higeriicht ginn ass, gesi mer an der nächster Sendung. [24]

53 De Báb, Virleefer vun der Bahá’í Relioun, Deel 2/2

53t Sendung, de 4ten a 5te Mee 2002. De Báb war de Virleefer vun der Bahá’í Relioun. Hien huet an der Mëtt vum 19te Jorhonnert eng eegestänneg Relioun gegrënnt. Den 23te Mee 1844, huet hien mat grad eemol 25 Joer, annoncéiert, dass hien dee wier, deen dem Islam no, operstoe géif. Seng Haaptaufgab war et, d’Leit drop virzebereeden, dass geschwënn en neien universale Gottesoffenbarer komme géif, een deen en neit Zäitalter vu Fridden a Gerechtegkeet brénge géif, een dee vun alle grousse Reliounen erwart gëtt. Bahá’u’lláh.

D’Haaptwierk vum Báb ass de Bayan, an deem hie verschidden islamesch Gesetzer geännert huet, an duerch neier ersat huet. D’Buch insistéiert op moralesch Wäerter a virun allem op d’Rengheet vum Häerz an der Intentioun. D’Stellung vun der Frau gëtt gehuewen an déi Aarm kréien nees eng Dignitéit; d’Erzéiung an déi nëtzlech Wëssenschafte ginn encouragéiert a valoriséiert.

D’zentraalt Thema vum Bayan besteet doranner dass d’Komme vun engem zweete Gottesoffenbarer virun der Dier steet, een dee vill méi grouss ass wéi de Báb selwer an deem seng Missioun et wäert sinn en Zäitalter vu Fridden a Wuelstand unzekënnegen, eppes wat scho sou laang vum Islam, dem Juddentum, dem Chrëschtentum an aner Relioune versprach gouf.

D’Häerzer an d’Gedanke vun deenen déi deemools d’Noriicht vum Báb héieren hunn, waren zou, an zwar duerch eng Aart a Weis fir ze denken, déi sech zënter dem Mëttelalter wéineg geännert hat. Doduerch, dass de Báb eng ganz nei Relioun geschaf hat, konnt Hie sengen Unhänger hëllefen, sech ganz vun dem islamesche Kader ze léisen a sech op d’Komme vu Bahá’u’lláh virzebereeden.

Sou eng Noriicht, déi jo d’Visioun vun enger ganz neier Gesellschaft gëtt, huet déi reliéis a politesch Autoritéiten fäerte gedoen an et huet net laang gedauert bis si d’Unhänger vum Báb verfollegt hunn. Seng Géigner hunn hien als Ketzer a geféierleche Rebell ugeklot. Si hu sech entschloss, hien ëmzebréngen.

De 9te Juli 1850 gouf dës Verurteelung am Haff vun der Kasär zu Tabriz ausgefouert. Ëm déi 10000 Leit hate sech op den Diecher vun de Gebaier an den Haiser ronderëm den Haff zesummefonnt. De Báb a säi jonken Unhänger waren duerch zwee Stréck un d’Mauer festgebonn. E Regiment vun ongeféier 750 armeneschen Zaldoten, opgestallt an dräi Reie vu je 250 Männer, hunn dräimol geschoss. Et ass gesot ginn dass den Damp vun de Gewierer sou dicht war, dass den Himmel schwaarz an den Haff ganz däischter gouf.

Wéi d’Archiver vum engleschen Ausseministère et bestätegen, war de Báb verschwonnen, wéi den Damp sech geluecht hat. Säi Begleeder stoung do, ouni eng Schréips, vun de Kugele verschount. D’Stréck un déi déi zwee gebonne waren, waren duerch an duerch futti.

Si hunn de Báb a senger Prisongszell erëmfonnt, wou hien engem vu sengen Unhänger nach Uweisunge ginn huet. Wéi d’Gichtercher hie fir d’Hirichtung siche koumen, sot hien hinnen, dass keng weltlech Muecht hien dovunner ofhale kënnt dat fäerdeg ze man, wat en ugefangen hätt. Wéi d’Gichtercher du fir zweete Kéier koumen, sot hien hinne ganz roueg: „Lo kënnt der är Aarbecht fäerdeg man“.

Also gouf de Báb a säi jonke Gesell vir zweete Kéier virun den Hirichtungspeloton gefouert. Déi armenesch Zaldote wollten awer net nach eng Kéier op de Báb schéissen an esou kruten d’islamesch Zaldoten déi Aufgab. Dës Kéier woren déi zwee Kierperen zesummegebrach a matenee vermëscht. Komescherweis waren hir Gesiichter awer onberéiert an an der Rei.

Haut leien d’Reschter vum Báb an engem wonnerschéine Mausoleum um Bierg Karmel an Israel. Et ass dëst eng vun den hellegste Plaze vun all Bahá’í. Ronderëm dem Báb säi Mausoleum si Gäert ugeluecht, a Form vu 19 Terrassen, vum Fouss vum Bierg bis uewen hinn. Enn Mee, ginn dës Terrassen, offiziell mat enger grousser Zeromonie offiziell ageweit. Bei der Geleegenheit si vun aus Land 19 Leit agelueden, un der Erëffnungsfeier deelzehuelen, fir hiert d’Land ze vertrieden. Eist d’Ländchen ass natierlech och mat 19 Bahá’ís vertrueden. Mee iwwer dës aussergewéinlech Feierlechkeeten an deenen nächsten Emissiounen. [25]

54 D’Bahá’í Kannerklassen op Besuch um Radio ARA

54t Sendung, den 11ten an 12te Mee 2002. Dës Woch hu mer zwou vun de Bahá’í Kannerklassen an eiser Emissioun. Kannerklasse ginn et am Norden an am Zentrum vum Land. Jiddereen, deen eppes op moralesch Erzeiung hält, ka seng Kanner an d’Bahá’í Klasse schécken. Och wann de Studio am Radio net riseg grouss ass, krute mer déi dose Kanner, déi des Woch dobäi waren, alleguer eragedréckt. Hei elo e puer vun den Texter, Zitater a Gebieder, iwwer déi se während dem Joer an de Klasse geschwat hunn:

Eng vun den Haaptfuerderunge vu Bahá’u’lláh ass eng grondleeënd geeschteg Erzéiung an allgemeng Schoulbildung fir all Kanner vun der Welt, mam Zil, Viruerteeler ofzebauen, selbststänneg no der Wourécht ze sichen a seng Talenter fir de Fortschrëtt vun der Mënschheet anzesetzen. Fir dës Bestriewungen ze erliichteren, proposéieren d’Bahá’í ënner anerem d’Aféierung vun enger Welthëllefssprooch, déi an alle Schoule soll nieft der Mammesprooch geléiert ginn.

Elo nach e puer Zitater aus de Bahá’í Schrëften iwwer d’Kannerzéiung: „Vun all de Kënschten a Wëssenschafte loosst d’Kanner déi studéieren, déi der Mënschheet e Virdeel bréngen an hire Fortschrëtt sécheren, ….“ [26]

„De Mënsch ass den héchsten Talisman. Manktum u richteger Erzéiung bréngt hien awer ëm dat, wat hie sengem Wiese no besëtzt. … Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung ka bewierken, dass et seng Schätz ervierbréngt an dass d’Mënschheet dorauser Notzen zéie kann.“ [27]

55 En Nomëtteg zu Haifa

55t Sendung, den 18ten an 19te Mee 2002. Haifa, Israel. Aarbechter erfëllen d’Visioun vu Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Si sinn amgaang, Gras an Hecken um Bierg Karmel ze schneiden, niewent engem Schräin mat enger goldener Kuppel – e Symbol vu Fridden a Rou an engem Land wou et schwéier ass sou eppes ze fannen.

An dem stëlle Raum vun dem friddleche Gebäi sëtzen e puer Gleeweger ze meditéieren, mat zouenen Aen, an d’Richtung vun der Plaz wou ee vun hire Begrënner begruewe läit.

Dass déi 19 Terrassen a Form vu Gäert mat Eukalyptus an Olivebeem, Blummen a Sträicher elo fäerdeg sinn, bedeit zugläich d’Realisatioun vun der Jorhonnerter aler Visioun vu Bahá’u’lláh. Seng Unhänger, d’Bahá’í, gleewen dass hie geschéckt ginn ass fir d’Mënschheet an en Zäitalter vun universalem Fridden ze begleeden. Op enger Plaz wou iwwer 450 Mënschen ëmbruecht gi sinn während, méintelaangen Ausernanersetzungen tëschent den Israelis a Palestinenser, schéngt dës Hoffnung wäit ewech.

D’Iran Hessami, 50 Joer, eng Pilgerin aus Canada, souz am Schräin vum Báb, um Bierg Karmel, deen iwwer dës Hafestadt am Mëttelmierraum kuckt. „Ech hu fir de Fridden op der Welt gebiet“ sot si. Niewendru waren aner Pilger déi enger arabescher Koppel nogekuckt hunn, wéi si an de Gäert Hochzäitsfotoe gemaach hunn. „Mee ech bieden net nëmmen fir d’Bahá’í, mee fir jiddereen op der Welt. Bahá’í gleewen un d’Eenheet an der Villfalt.“

Si gouf am Iran gebuer, mee ass no der islamescher Revolutioun fortgaang, well hir Kanner neméi an d’Schoul konnte goen, well hir Mamm Bahá’í war.

130 Joer virdru gouf de Virleefer vun der Bahá’í Relioun, de Báb, deen d’Komme vu Bahá’u’lláh prophezeit huet, am Iran erschoss, zesumme mat 20.000 vu sengen Unhänger, déi op déi verschiddenst a grausaamst Aart a Weisen ëmbruecht gi sinn. Déi islamesch Priesterschaft hu sech bedru gefillt duerch d’Popularitéit vun dëser neier Relioun.

E puer Joer méi spéit, gouf Bahá’u’lláh vum Iran op Akko, bei Haifa, wat deemools Palästina war, an den Exil geschéckt. Do war hien ënner Hausarrest bis zu sengem Doud 1892. Während senger Gefaangeschaft, hu Bahá’u’lláh an de Báb Gedichter geschriwwen, ethesch a sozial Léiere verfaasst souwéi iwwer mystesch Theme geschriwwen. All déi Schrëften sinn haut d’Basis vun der Relioun.

Verspreet uechter d’Welt ginn et haut iwwer 5 Millioune Bahá’í a bei eis am Ländchen ëm déi 400. Si léiere wéi wichteg et ass all Viruerteeler ofzeschafen, si erkennen d’Gläichheet vu Mann a Frau souwéi d’essentiel Eenheet an Haaptheme vun alle Reliounen.

„D’äerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet hir Bierger“ seet Bahá’u’lláh. Fir d’Bahá’í ass hien dee leschten an enger Rei vu Propheten zu deem de Moses, de Buddha, de Jesus an de Mohamed ugehéieren.

Als eng reliéis Minoritéit am Iran ginn d’Bahá’í vun der iranescher Verfaassung net unerkannt. Islamesch Autoritéiten hunn an den 80er Joeren ëm déi 200 Bahá’í ëmbruecht an Dausende sinn zënterhir aus dem Land geflücht fir der Verfollegung z’entkommen. Virum sengem Doud zu Akko huet Bahá’u’lláh op d’Plaz um Bierg Karmel zu Haifa gewisen a sot dass dem Báb seng Iwwerreschter do sollte begruewe ginn an dass e Schräin gebaut sollt ginn.

D’Struktur gouf fir d’éischt 1909 gebaut, an zënterhir goufe vill Verbesserungen an Erweiderungen do ënnerholl. D’Anne Wong, eng Porte-parole fir den Zënter sot dass et zéng Joer gedauert huet fir déi 19 prächteg ugeluechte Gäert a Form vun Terrassen z’entwéckelen. Si hunn zéng Milliarden eiser Frang kascht. Domat ass dee Projet fäerdeg an e Wonsch vu Bahá’u’lláh geet an Erfëllung. D’nächst Woch ginn dës Gäert offiziell ageweit, mat iwwer 3000 Gleewegen aus der ganzer Welt.

„De reelle Message vun dësen Terrassen ass ee vun Erfolleg vun der Léift iwwer d’Gewalt„ sot de Generalsekretär vun der internationaler Bahá’ígemeng den Här Albert Lincoln. „ Wéi de Báb am Iran 1850 higeriicht gouf, krut hie keen anstännegt Begriefnis. Säi Kierper gouf einfach ausserhalb der Stad gehäit. D’Bahá’í an der ganzer Welt hunn dësen Haass mat Léift beäntwert.“

Den Här Lincoln sot dass hien hofft dass d’Besicher, virun allem Musulmaner a Judden am mëttleren Orient dës Léift spiere wäerten a vläicht de Message vun de Bahá’í ënnert d’Lupp huelen, déi jo soen, dass déi Gleeweg vun alle Reliounen virun engem Gott d’selwecht sinn. D’Terrasse gi vun 2000 Luuchte beliicht, d’Gäert symboliséieren de Bahá’í Glawen, sot den Här Fariburz Sahba, een am Iran gebueren Architekt deen d’Gäert entworf huet.

„D’Bedeitung vun dësem Design fënnt een am Undenken un dës däischter Nuechten am Prisong vum Báb. Also hu mir dëse Bierg einfach mat Luuchten iwwerfëllt“, sot den Här Sahba. De Wand vum Mier huet de Bierg eropgeblosen wéi d’Pilger d’Trapen duerch d’Mëtt vun de Gäert eropgaange sinn, an dat mam Geroch vu Blummen a Kreider. „De Besicher spiert dass een duerch e geeschtege Gaart geet, net e schéine Gaart. sot den Architekt. „Schéinheet kann ee kafen awer net Spiritualitéit!“

 

56 De Bierg Karmel

56t Sendung, den 25ten a 26te Mee 2002. D’Erëffnung vun hellegen Terrassen a Gäert am Hellege Land, Israel. Dës Woch hunn sech iwwer 3000 Leit aus 170 Länner um Fouss vum Bierg Karmel zu Haifa an Israel zesummefonnt fir bei der offizieller Eröffnung vun den Terrasse vun de Bahá’í Gäert dabei ze sinn.

Bei dëser Feier war och eng lëtzebuergesch Bahá’í Delegatioun dabei. Fir si geet mat der Fäerdegstellung vun dësen Terrassen e jorhonnertlaangen Dram an Erfëllung. Den Dram e geeschtegen an administrativen Zenter ze schafen, deen op eng passend Manéier hir Relioun representéiert.

Dës Terrassen sinn als dat aachtent Weltwonner virgeschloe ginn. Si erstrecken sech de Bierg Karmel erof zu enger Rei vu Gebäier am klassesche Stil déi dat internationaalt administratiivt a geeschtegt Häerz vun der Bahá’í Weltcommunautéit ausmaachen. Duerch d’Ustrengunge vu Bahá’í aus all Land, ass aus dësem historesche Bierg, deen a ville Traditiounen helleg gehale gëtt, e Paradis vu Gäert, Terrassen, Sprangburen a fléissende Stréim entstanen. Eng Metapher fir den Haaptgedanke vum Bahá’í Glawen: d’Eenheet an der Verschiddenheet.

An engem schaarfe Kontrast zu den Onrouen an der Onsécherheet an der Regioun stinn déi Dausende vu Repräsentante vu bal all ethnesch Grupp a Nationalitéit, déi heihinner koumen, fir dës helleg Plaz anzeweien. Wéi de Serge Thill sot: „ D’Bahá’í hu voll Vertrauen an eng friddlech Zukunft vun der Mënschheet. D’Kraaft fir ze eenegen ass eng Kraaft déi d’Welt onbedéngt a verzweiwelt brauch.“

E fir déi lëtzebuerger Bahá’í war d’Tatsaach dass si speziell invitéiert gi sinn, bei dësem Evenement matzeman. D’lëtzebuerger Delegatioun huet sech aus Leit aus all Regioun vum Land, Männer a Frae vun all Alter, dee jéngsten huet der 18 an deen eeltsten der 82.

Fir vill vun de Leit war dëst déi éischter Kéier, dass si d’Méiglechkeet haten, d’Weltzentrum vun hirem Glawen ze besichen. Natierlech war et eng grouss Freed fir Frënn ass aller Welt erëmzegesinn. Vill vun hinne koumen an hiren traditionelle Kleeder, alt erëm e visuelt Beispill vu Weltbiergertum, eppes wourunn si gleewen.

D’Erëffnung vun dësen Terrassen um Bierg Karmel an d’Zesummekomme vun Dausende vu Bahá’í, déi e Querschnëtt vun deene verschiddene Vëlker op der äerd representéieren, simboliséiert eng erstaunlech Geschicht, wou keen dru gegleeft huet, dass se méiglech wier: eleng d’Existenz vun enger mënschlecher Gemeinschaft, déi fäheg ass, Gruppen ze vereenen, déi virdrun duerch Relioun, Rass, sozial Klass oder Erzéiung getrennt waren; eng Gemeinschaft wou d’Leit éischter matenee schaffen wéi dass se a Competitioun matenee sinn; wou Mann a Frau an enger gläichberechtechter Partnerschaft fonktionéieren; wou d’Leaderen op der Basis vum Merit, also hirem Verdéngscht, gewielt ginn a net duerch Machtkämpf a Walkampagne; wou Entscheedungen gemaach ginn an duerchgefouert ginn, anzwar mat der voller Bedeelegung vun deenen déi dovu betraff sinn; all dat ass e Beweis dofir dass Fridden a Gerechtegkeet net nëmme méiglech sinn, mee praktesch Realitéite sinn.

Nom Concert an der Aweiung, goufen et Optrëtt vu verschidden Artisten aus verschidde Länner, mat engem Programm vu Gebiet a Meditatioun, an déi, déi un der Feier bedeelegt waren, si fir d’éischter Kéier d’Terrassen eropgaangen. All dës Evenementer goufe live iwwer Satelit iwwerdroen.

An e bësse méi wéi 100 Joer ass de Bahá’í Glawen aus enger klenger onbekannter Bewegung am Noen Osten zu der zweetmeescht verdeelte Weltrelioun nom Chrëchstentum gewuess, mat iwwer fënnef Millioune Memberen an 235 Länner an ofhängege Gebidder. Si ëmfaasse Leit aus méi wéi 2100 ethneschen a rassesche Gruppen, a stellen esou wahrschéinlech déi verschiddenaartegsten organiséierte Grupp vu Leit op der Welt duer. Hire Begrënner, Bahá’u’lláh, léiert eis dass et nëmmen ee Gott gëtt, nëmmen eng mënschlech Rass, an dass d’Relioune vun der Welt verschidden Etappen an der Offenbarung vu Gottes Zweck fir d’Mënschheet duerstellen. Sou wéi Bahá’u’lláh schreift: „D’äerd ass nëmmen ee Land an d’Mënschheet si seng Bierger.“ D’international Bahá’ícommunautéit ass eng Organisatioun non-gouvernementale mat engem berodende Status bei de Vereenten Natiounen. Si schafft um Buedem an de Beräicher vum Fridden, Mënscherechter, d’Virukomme vun der Fra, Erzéiung, Gesondheet an nodréiglecher Entwécklung.

 

57 Eng Woch am Himmel

57t Sendung, den 1ten an 2te Juni 2002. D’lescht Woch war et sou wäit. D’offiziell Erëffnung vun de Bahá’í Terrassen a Gäert um Bierg Karmel zu Haifa an Israel. Dësen Donneschdeg hat Zeit für Geist am Bahá’í Zenter an der Stad jiddereen agelueden zu engem Owend vu Biller a Musek, mat Ausschnëtter vun der Live-Iwwerdroung vun der Erëffnung. Och dabei déi lëtzebuerger Frënn déi déi wonnerbar Geleeënheet hate bei dësem aussergewéinlechen Evenement an der Geschicht dabei gewiescht ze sinn. Et waren dat d’Maryam Khabirpour, de Sam Nasseri, d’Jeanne an de Claude Wiltgen, d’Mina Neshvad, de Serge Thill, d’Anissa Fallazadeh, d’Nassim Toloui, de Payam Arzani, d’Margot Molitor, den Heng Ries, d’Solange Lamesch, d’Jackie Brasseur, d’Martine Castagnia-Schoos, de Lex Schoos, de Metti Drozda, de Claude Levy an ech. D’Freed ass schonn am Fliger vun Zürich op Tel-A-Viv ugaangen, wou mer festgestallt hunn, dass méi wéi d’halschent vun de Passagéier Bahá’í waren, an dat gréisstendeels aus den afrikanesche Länner. Am Bus fir an eisen Hotel waren aleng 20 Länner vertrueden. Déi 3000 Bahá’í, déi sech d’lescht Woch zu Haifa begéint sinn, waren an den Hoteler an a ronderëm Haifa ënnerbruecht. An eisem Hotel ware mer zu 128. D’Organisatioun während der ganzer Woch huet wonnerbar geklappt, dat mat iwwer 60 Busser, déi eis op déi jeweileg Plaze gefouert hunn, sief dat an d’Konferenzzentrum, bei d’Gäert zu Haifa oder zu Bahji bei Akko. Am Bus koum dann och déi richteg Stëmmung zustan, mat Musek a Lidder aus alle Länner, sou zum Beispill Mongolia, Spuenien, an Ethiopien. Meng Zäit hunn ech haaptsächlech domat verbruecht, mat souvill wéi méiglech Leit ze schwätzen, aus souvill wéi méigleche Länner. Et war einfach herrlech. All déi verschidde Faarwen, traditionell Kostümer aus deene verschiddene Länner, aus Regionen déi ech nach ni héieren hat. Fir déi allermeescht vun deenen déi koumen, war et déi éischte Kéier. Sou zum Beispill fir d’Madame Josias, Mamm, 45 Joer al, Verkeeferin um Floumart zu Cape Town a Südafrika. Si sot: „Ier ech Bahá’í war, hunn ech ni geduecht, dass ee jee eng Kéier an Israel komme géif. Mee elo spieren ech dass ech zu dem Prozess gehéieren wou Leit aus aller Welt probéieren, Bierger vun der ganzer Welt ze ginn, a sech als Geschwëster ze betruechten.“ A genee dat hunn ech och empfonnt, wéi mer eis alleguer den éischten Dag am Kongresszentrum getraff hunn. Virun der Entrée waren se, Bekannter a meeschtens nei Gesiichter, amgaange Fotoen ze man, sech an den Aarm ze huelen a frou ze sinn. Wat e Gefill vun Eenheet an der Diversitéit. Dee gréisste Moudendefilee vun der Welt, ëmmerhi mat 3000 Leit. Leider hat ech net dru geduecht, fir mech als typesche Lëtzebuerger unzedoen. Wat dat wuel wier!

Wéi verschidden all déi Leit sinn, mierkt een eréischt wann een se gesäit. Delegéierter aus alle Berufsschischten, sozialen an ekonomësche Klassen, verschidde Rassen a reliéies Vergaangenheeten. Sou zum Beispill e Banquier aus New York, eng jonk Frau vun de Fulnio Leit am Nordoste vu Brasilein, e Journalist aus dem Nepal an en Architekturstudent aus dem Belarus. „Mir weist et, wéi vill a ganz verschidde Leit, aus alle Regiounen an Eenheet kënnen zesummekommen, fir ze hëllefen eppes ze schafen wat praktesch perfekt ass“, sot den Alexander Sawka, e 17Joer ale Student aus St. Johns, Antigua, West Indien. E Projet vu sou enger Gréisst fäerdeg ze kréien ass e grousse Schrëtt viraus fir egal wéi eng Relioun.

Fir d’Madame Scales, eng pensiounéiert Schoulmeeschtesch aus Amerika ass dës Inauguratioun fir si en eemoolegt Evenement. Si sot: “D’Fäerdegstellung vun dëse Gäert ass ee Grond dass d’Mënschheet nees Hoffnung huet. Sou vill Leit gesinn einfach keng Hoffnung méi an eiser heiteger Welt, awer dat hei weist eis dass mir alleguer kënnen zesummekommen.“ Si gleeft dass d’Schéinheet vun de Gäert, eng haromonësch Mëschung vu spirituellen a materielle Wäerter duerstellt. An d’Bahá’í gleewen dass dat an der Welt néideg ass. Uechter d’Welt sinn d’Bahá’í opgefuerdert sech fir sozial an ekonomesch Entwécklungsprojetden anzesetzen, Saachen ze man, déi hirer Gemeng hëllefen. Si bieden net nëmmen, mee si versichen dat materiellt mat deem Geeschtegen ze verbannen. De Bierg Karmel ass wichteg an der krëschtlecher an an der jüdescher Geschicht an d’Hellegt Land ass wichteg fir vill Reliounen an der Welt. Am „Vater unser“ heescht et: Dein Reich komme, Dein Wille geschehe. Fir mech ass dat d’Erfëllung vun deem Gebiet, well mir Bahá’í gleewen dass mir mathëllefen d’Kinnekräich Gottes hei op der äerd ze bauen.

Souwäit e puer vun den Andrék vun dësen aussergewéinlechen Deeg um Bierg Karmel zu Haifa an Israel. An eiser nächster Emissioun méi iwwer de Programm vun dësen onvergiesslëchen Deeg.

 

58 Aussergewéinlech Deeg um Bierg Karmel zu Haifa an Israel

58t Sendung, den 8ten an 9te Juni 2002. Dës Woch sinn zu Haifa d’Gäert an d’Terrassen um Bierg Karmel fir d’Touristen fir d’éischt opgaangen. Dat heescht all déi 19 Terrassen, vum Fouss vum Bierg bis ganz uewen, an dat mat Hëllef vun engem speziellem Reservatiounssystem iwwer Computer. D’Entrée an d’Visite guidée si gratis.

Dëst no der offizieller Eröffnung bei der iwwer 3000 Bahá’ís aus aller Welt souwéi e puer honnert éieregäscht wéi zum Beispill Staatsministeren, Richteren, Ambassadeuren a Membere vum israelesche Knesset. Si konnten owes, um Fouss vum Bierg e wonnerbare musikalesche Programm materliewen. Extra fir deen Zweck gouf eng Tribün fir 4000 Leit opgeriicht, dobaussen, ënnert engem bloen Himmel. Fir ganz Israel war dëst Evenement dat gréisst dëst Joer an all Hotelzëmmer zu Haifa an an der Emgéigend war voll mat Bahá’í aus der ganzer Welt. Iwwer 5 Millioune Bahá’í aus der ganzer Welt, aus all Natioun a Géigend hu vill sacrifiéiert an haart geschafft an dat an engem Geescht vu Léift an Eenheet. Zéng Joer huet et gedauert bis de Projet fäerdeg war. D’Ceremonie huet aus zwee Orchesterstëcker bestanen, déi extra fir des Geleeënheet komponéiert goufen. Zum Schluss vun der zweeter Kompositioun a just wéi et däischter gouf, sinn d’Luuchte vun deene 19 nei errichten Terrassen ugaangen, bal e Kilometer laang, déi nördlech Säit vum Bierg Karmel. Si hunn esou op eng spektakulär Aart a Weis de Bierg erliicht.

„Fir d’Bahá’í déi hei waren, war et e ganz speziell, eng Eröffnungszeremonie fir déi helleg Gäert an déi nei administratif Gebeier. Domat ass de Weltzentrum fäerdeg, eppes fir dat mir joerelaang geschafft hunn“, sot den Douglas Samimi-Moore, Direkter vum Bureau d’information publique vun der internationaler Bahá’ígemeng.

„Dëst stellt op eng Manéier d’Maturitéit vun der Bahá’íweltcommunautéit duer, déi sech elo ronderëm d’Welt sichtbar mécht, mam Zil, eng Hëllef unzebidden fir dat soziaalt a geeschtegt Liewe vun der Mënschheet nei ze gestalten an ze revitaliséieren“, sot den Här Samimi-Moore.

„Haut kommémoréiere mer eng helleg Geschicht vu Léift déi senges Gläiche sicht, vun aussergewéinlechem Sacrifice an enger gëttlecher Visioun“, sot de Matthew Weinberg, Direkter vun der Recherche fir de Bureau d’information publique vun der internationaler Bahá’ígemeng, a senger Ried virun der Eröffnung.

„Wa mer hei stinn, erstaunt vun der Herrlechkeet vun de Strukturen an der Tapisserie vu Schéinheet, déi elo d’Gesiicht vun deem hellege Bierg vu Gott ausmécht, a wa mer iwwer déi mysteriéis Weëer nodenken, déi fir dës remarkabel Transformatioun verantwortlech sinn, kléngen d’Wierder vu Jesaiah vun alle Säiten: „…Carmel a Sharon, wäerten d’Majestéit vum Herrgott gesinn. …“ sot den Här Weinberg.

Déi zwee orchestral Wierker, extra komponéiert fir dës Aweiung si ganz déif mat dësem Thema verbonnen. Dat éischt Stéck am Programm heescht „O Kinnigin vu Karmel“ eng Cantata an dräi Mouvementer, geschriwwe vum Tolib Shahidi, e Komponist aus dem Tajikistan. Dat zweet Stéck heescht « Terrasse vu Liicht », vum Lasse Thoresen. Hien ass ee vun de bekannteste klassesche Komponisten an Norwegen.

Fir d’Eröffnung hunn ënnert fräiem Himmel den Haifa Symphonie Orchester gespillt, ënnert der Direktioun vum Stanley Sperber, mat Hëllef vun dräi kanadesche Solisten, Mezzosoprano Patricia Green, Tenor Stuart Howe a Bariton Brett Polegato. Matgewierkt hunn déi éisträischesch Geiesoliste Bijan Khadem-Missagh, säi Jong Vahid a seng Duechter Martha an den Transylvanesche philharmonesche Staatschouer vu Cluj a Rumänien.

De musekaleschen Héichpunkt war just nom Sonnenënnergank a wéi d’Musek hire Crescendo erreecht hat. Déi 19 Terrassen sinn eng no der anerer ugaangen op eng brilliant Aart a Weis, eppes u wat déi, déi dabei waren, sech e Liewe laang wäerten drun erënneren.

„Et war immens“ sot d’Nancy Oloro, eng Delegéiert vu Zambia. „ Ech hu mech wéi an enger anerer Welt gespiert. An de Bahá’í Schrëfte liese mer, dass d’Musek eiser Séil Fligel gëtt. An dat hunn ech gespuert.“

Wéi den Architekt den Här Sabha sot, goufen dës Gäert virun allem fir d’Bahá’í Pilger geschaf. Wann si d’Terrassen erop bei de Schräin vum Báb ginn, kënne si sech vun der Welt ronderëm si lassléisen a sech op d’Bezéiung mat hirem Créateur konzentréieren.

„Dëst aussergewéinlecht Konschtwierk dat mir hei um Bierg gesinn ass e visuellen Ausdrock vun enger Inspiratioun déi vun Deem kënnt, deen eis erschaf huet“, sot den Albert Lincoln, Generalsekretär vun der internationaler Bahá’ígemeng. „Et ass dee selwëschte Geescht vu Glaawen, deen déi grouss Kathedralen an Europa gebaut huet, déi grouss Moscheeën, Klouschteren a reliéis Monumenter aus dem Osten.“

„Mir denken, dass d’Welt déi grouss Vitalitéit vun dëser Kraaft erkenne sollt. Si soll versichen e puer vun de negative Stereotypen ewechzeleeën, déi an eiser moderner Zäit d’Relioun charakteriséiert“, sot den Här Lincoln. „An anere Wierder, gesi mir dës Terrassen an dëst Evenement als eng Méiglechkeet déi positiv Kraaft vum Glawen an Aktioun z’erliewen.“

59 D’Unity Foundation

59t Sendung, de 15ten a 16te Juni 2002. Leschte Sonndeg hat ech d’Geleeënheet un enger aussergewéinlecher audiovisueller Presentatioun mam Dr Tahmasebian am Bahá’í Zenter deelzehuelen. Den Dr Tahmasebian ass Responsabel fir zwee Entwécklungsprojeten op den Mentawi a Sumatrainselen an Indonesien, déi hei zu Lëtzebuerg duerch d’Unity Foundation ënnerstëtzt ginn a mat dem Ministère des Affaires Etrangères vu Lëtzebuerg matfinanzéiert ginn. Ier den Dr Tahmasebian eis e Video vun den Inselen a vun der Entwécklung vun den zwee Projete gewisen huet, war et um Fernand Schaber vun der Unity Foundation fir dës Netregierungsorganisatioun kuerz virzestellen.

D’Unity Foundation gëtt et elo schonn zéng Joer hei zu Lëtzebuerg. Den Haaptpartner mat deene si schaffen, ass de Ministère des Affaires Etrangères, d’Europäesch Communautéit, de Cercel vun den Ongen an zënter kuerzem och Diddeleng hëlleft. Zur Zäit ass d’Unity Foundation an dräi Länner weltwäit aktiv. An Indonesien, Kolumbien an a Brasilien.

Hir Missioun besteet aus véier Haaptpunkten: éischtens eng Kultur vun Eenheet a Fridde ze schafen, zweetens allgemeng Erzéiung weiderzebréngen, drëttens allgemeng Hygiène a Gesondheet ze verbesseren, a véiertens d’Stellung vun der Fra ze hiewen. Ausserdeem ass et wichteg dass de Projet laangfristig ass, also dass de Prinzip vun der Nohaltegkeet erfëllt gëtt.

Natierlech ass et ganz wichteg finanziell Ënnerstëtzung ze kréien. Vertrauen an de Wäert vun engem Projet kritt een am beschten duerch gutt Informatioun, wou a wéi d’Gelder benotzt ginn. Déi Leit, déi der Unity Foundation hir Projeten finanziell ënnerstëtzen si frou ze wëssen dass all Projet co-finanzéiert gëtt duerch den Ausseministère an oder vun der europäescher Kommunautéit. Fir all Euro vun engem private Spender leet de Stat der zwee dabäi. A wann et ee vun de gezielten Entwécklungslänner vu Lëtzebuerg ass, wéi zum Beispill Burkina Faso, da leet de Stat souguer dräi Euro dabäi. En plus kann een déi finanziell Ënnerstëtzung, déi een der Unity Foundation gëtt, vun de Steieren ofhalen.

De Charles Goerens, Minister vun der Coopération et de l’Action Humanitaire, beschreift an engem Rapport virun der Chamber den 23te Mäerz 2000 déi offiziell Kooperation tëschent dem Stat an den Ongen.

Indonesien ass dat véiert gréisste Land vun der Welt, mat 221 Milliounen Awunner, e Land wat sech aus 13000 Inselen zesummesetzt, déi am ganzen 5400 km laang sinn. Mir konzentréieren eis op West Sumatra, a spezifisch d’Mentawi Inselen. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer, dass all Kand d’Potential huet fir d’Liicht vun der Welt ze sinn an zugläich och d’Donkelheet vun der Welt. No der Aféierung iwwer d’Unity Foundation vum Här Fernand Schaber koum dann d’Presentatioun iwwer d’Projeten mam Dr. Tahmasebian. Fir d’éischt eemol säi grousse Merci fir d’Regierung an all déi, déi de Projet ënnerstëtzt hunn a weider ënnerstëtzen. Ouni si, wier dëse Projet sécher net méiglech gewiescht. Mir liewen an enger Zäit wou Gerechtegkeet méi wéi jee néideg ass an den Dr. Tahmasebian hofft dass säi perséinleche Video vun de schlëmmen Zoustänn op den Inselen en Androck doriwwer ginn, wéi wichteg Erzéiung am allgemengen ass a méi spezifesch eng moralesch Erzéiung.

De Film weist wéi d’Schëff vun Taban, am indeschen Ozean op d’Mentawi Insele fiert, eng Rees vun ëmmerhin zwielef Stonnen. Ongeféier 100 000 Leit wunnen op der Insel. An dräi Deeg huet den Dr. Tahmasebian mat Hëllef vu senger Fra an engem Duerf 150 Leit ënnersicht a medezinesch versuegt. Déi nootst medezinesch Hëllef ass siwe Stonnen ewech.

Wann d’Elteren an den Djungel ginn, fir no Iessen ze sichen, loossen si d’Kanner oft véier bis fënnef Deeg aleng an den Haiser. En Haus ass hei net méi wéi e bëssen Holz mat Stréi. Obschonn d’Regierung Schoule gebaut huet, bleiwen d’Schoulmeeschtere net. An engem Fall sot de Responsable vum Duerf dass si an engem Joer just eng Woch Schoul haten.

Offiziell gëtt de Projet vun der indonesecher Regierung als ErzéiungsProjet unerkannt. Déngscht un der Mënschheet ass d’Haaptuleies vum Projet a vu Unity Fondation.

An engem vun deenen zwee Projete sinn am Moment zum Beispill 6 muslemesch, 8 chrëschtlech a 6 Bahá’í Kanner ageschriwwen. Si léiere fir d’éischt dass all d’Leit vun der Welt hir Inspiratioun vun engem an deem selwechte Gott kréien an dass elo d‘Zäit komm ass, fir all Relioun ze respektéieren. Fir d’moralesch Erzéiung huele si Texter aus den islamesche, chrëschtlechen a Bahá’í Schrëften. Si léiere Propretéit, Mathematik, Liesen a Verständnis a wéi een eppes analiséiere kann. Wëssen aleng geet net duer, praktescht Wëssen geet och net duer. Wat feelt dann? D’moralescht Wëssen. Dëst gëtt besonnesch bei der Ausbildung vu Schoulmeeschtere betount. éierlechkeet a Gerechtegkeet. Eng Erzéiungsmethode bei der Ausbildung, déi gutt Resultater bréngt ass déi vum Theater a Rollespill:

Véier verschidde Famillje ginn duergestallt; déi éischt Famill ass aarm an huet keng moralesch Erzéiung; déi zweet Famill ass ganz aarm, huet awer héich moralesch Wäerter. Si si frou, éierlech, schaffen haart, spueren a bieden zesummen; déi drëtt Famill huet vill Suen, ass awer korrupt, si drénken a schwätze schlecht iwwer aner Leit an déi lescht Famill an dësem Theaterstéck ass ganz räich, huet awer och héich moralesch Wäerter.

Nodeeem eng Famill virgestallt ginn ass, schwätzen d’Schüler a klenge Gruppen iwwer dat wat se gesinn hunn a versichen äntwerten op folgend Froen ze fannen: Wat hues de gesinn? Firwat ass dat geschitt? Wat war d’Resultat, den Effekt? Wa sou eppes ähnleches an hirer Famill geschéie géif, wat géife se da maachen.

Am Projet fänkt den Daag normalerweis mat Gebieder a Meditatioun un, fënnef Minute fir all Religioun. Ganz wichteg ass et, dass d’Kanner am Projet sech u gutt Gewunnechten an Dugende gewinnen. Eng Manéier fir dat praktesch ze léiere besteet doran dass si sech all Dag kënnen e Blad mat enger gudder Dugend huelen a versichen während dem Dag virun allem dës Dugend ze praktizéieren.

Ze hoffen ass natierlech dass den Erzéiungsbudget an Indonesien méi grouss gëtt, fir sou ville Kanner wéi méiglech iwwerhaapt eng allgemeng Erzéiung unzebidden. Déi regional Autoritéiten si jiddefalls begeeschtert vum Projet a maachen hiert Bescht fir de Projet weiderhinn ze ënnerstëtzen. De Projet ass en Zenter fir kreatiivt Léieren. Wann dir d’Unity Foundation ënnerstëtze wëllt, oder wann dir méi Info iwwer hir Projete kréie wëllt, telefonéiert hinnen um 442220.

60 D’Summerfest beim Bahá’í Haus vun der Andacht zu Frankfurt am Taunus

60t Sendung, den 22ten an 23te Juni 2002. Leschte Weekend war et nees souwäit. Zäit fir al Frënn a Bekannter aus ganz Europa erëmzegesinn. Fir gutt Stëmmung an Iesse war gesuergt; an dat zu Langenhain, eng 15km vu Frankfurt ewech, op enger Héicht vun der een eng gutt Vue op dës Milliounestad huet. Iwwer 1500 Bahá’í an hir Frënn hu sech e Sonndeg beim Haus vun der Andacht getraff, fir zesummen z’iessen, Spaass ze hunn, sech kennenzeléieren, un der Andacht deelzehuelen a nei Bicher an Cden an der Bahá’í Librairie ze kafen. Vu Lëtzebuerg hu sécher iwwer zwanzeg Leit fonnt, dass et derwäert wier, zwou Stonnen am Auto ze verbréngen, fir kënnen e flotten Dag ze hunn.

Fir d’éischt e bëssen Info iwwer d’Haus vun der Andacht an d’Emgéigend. D’Haus vun der Andacht an d’Gäert ronderëm hunn eng Fläch vu bal 30000m2 a leie just baussend dem Duerf, beim Bësch a mat engem Stéck fräier Vue op Frankfurt. Feierlech ageweit gouf d’Haus vun der Andacht viru bal 40 Joer. „Dëst Gebei ass dem Eenheetsgedanke geweit, deen d’Basis vum Bahá’í Glawen ass : d’Eenheet vu Gott, d’Eenheet vu sengen Offenbarer an d’Eenheet vun der Mënschheet.“

Dem Haus vun der Andacht seng Diere stinn op fir d’Mënsche vun alle Glawensrichtungen, all Rassen all Vollek an all sozial Klass. An dëse Mauere wäert een net nëmmen d’Gebieder an d’helleg Schrëfte vun eisem eegene Glawen héieren, mee déi vun all de grousse Weltreliounen. Mir gleewen, dass dës helleg Schrëften déi éiweg Wourechte sinn, déi Gott zu verschiddenen Zäite fir d’Féierung an d’Erléisung vun der ganzer Mënschheet geoffenbaart huet. D’Bahá’í hoffen, dass jidderee sech fräi fille wäert, an dësen Tempel ze kommen, hei ze bieden a mat eis an den Andachten den Herrgott luewen, Deen dee mer all gär hunn, deem mer eis all zouwenden a vun Deem mer an dëser onroueger a voll mat Suerge beluedener Welt Gnod a Seegen erhoffen.

An der Bahá’í Relioun ginn et keng Paschtéier. Am Haus vun der Andacht steet just dat offenbaart Wuert vu Gott vun de verschiddene Reliounen, onverfälscht an onverschleiert am Mëttelpunkt; fir de Mënsch den Ausgankspunkt fir seng eege Sich no Wourecht an Erkenntnis.

Haut ass d’Haus vun der Andacht e Symbol fir déi grondleeënd Wourecht vum Bahá’í Glawen, dass nämlech déi reliéis Wourecht net absolutt, mee relatif ass an dass déi gëttlech Offenbarung net ofgeschloss ass mee fortschreitend.

Elo e bëssen iwwer den Entworf. No engem Concours, bei deem 19 Architekte hir Iddien agereecht haten, huet ee sech 1956 fir de jonke Frankfurter Architekt Teuto Rocholl entscheed. D’Haaptfuerderunge ware scho festgeluecht, an dat vum Jong vum Begrënner, ‘Abdu’l-Bahá. Sou muss d’Haus vun der Andacht zum Beispill néng Säiten an Dieren hunn, Seilen, Gäert, Weeër, Galerien an eng Kuppel. Den Entworf an d’Ausféierung sollen herrlech sinn.

D’Awunner vun der klenger Uertschaft Langenhain hu sech scho längst dru gewinnt dass all Dag Visiteuren aus aller Welt, Spadséierfrënn, Schoulklassen, Reesbusser a Virwëtzeger bei d’Haus vun der Andacht kommen. Déi meescht wëllen sech hei entweder iwwer d’Bahá’í Relioun informéieren, d’Rou an d’Stëll vum Haus genéissen, sech bei engem Gebiet geeschteg nei optanken oder einfach nëmmen an de schéine Gäert spadséiere goen.

D’Haus vun der Andacht huet eng wäiss Fassad, et ass 28m héich. Et besteet aus 27 Betonsrëpper déi no uewe ginn an dertëschent si 570 rauteförmeg Glasfënsteren, déi dem Haus den eemolege Look ginn. Am Sous-sol fënnt een eng nei interessant Multimediashow mat enger Ausstellung iwwer déi zentral Themen am Bahá’í Glawen. Donieft huet all Gaascht d’Méiglechkeet, nieft dem Haus vun der Andacht, am Besicherzentrum eppes ze drénken a ka sech méi iwwer d’Bahá’í Relioun informéieren.

Dat drëtt Gebai um Terrain ass d’Zentrum vum Nationale Rot, mat engem Konferenzsall, Büroen an dem Bahá’í Verlag. D’ganzt Joer ass ronderëm d’Haus vun der Andacht vill lass. Ausser dem grousse Summerfest mat iwwer 3000 Leit gëtt et zënter 7 Joer och schonn e Forum fir en openen Dialog, eng Plaz fir aktuell an zäitlos Sujeten. Sou zum Beispill Konferenzen aus alle Liewensberäicher, Podiumsdiskussiounen, Konzerten a kënschtlerech Contributiounen. Oder awer international Konferenzen, Verdéiwungscoursen a Course fir déi helleg Schrëfte besser ze verstoen, Hochzäiten, Fester an Ausstellungen. D’Akustik am Haus vun der Andacht ass fir vill international Choralen eng Herausfuerderung a fir den Nolauschterer ass de Klang wéi eng Leeder déi direkt an den Himmel geet. All Sonndeg ginn am Haus vun der Andacht an enger interreliéiser Andacht Texter aus den hellege Schrëfte vun alle Relioune gelies. Wann der wëllt, zielen ech iech d’nächst Woch e bësse méi iwwer d’Summerfest an d’Ausstellung am Haus vun der Andacht.

 

61 D’Bahá’í Haus vun der Andacht zu Frankfurt an hir Ausstellung

61t Sendung, den 29ten an 30te Juni 2002. D’Bahá’í Haus vun der Andacht bei Frankfurt ass viru bal 40 Joer ageweit ginn, an dat am Numm vun der Eenheet vun de Reliounen an der Eenheet vun de Mënschen. D’Architektur ass ganz eegenarteg. D’Kuppel huet d’Form vun enger Elips. Am einfachste kann ee sech e Bild maachen um Internet, an dat op der däitscher Bahá’í Säit, www.bahai.de . Den Architekt Teuto Rocholl krut an der Fachwelt vill Luef fir säin Entworf a virun 10 Joer gouf d’Haus vun der Andacht vum Land Hessen zum hessesche Kulturdenkmal erkläert. Weltwäit ginn et Haiser vun der Andacht zu Wilmette bei Illinois an de Vereenegte Staaten, zu Kampala an Uganda, zu Sydney an Australien, a Samoa am pazifischen Ozean an a Panama a Südamerika. D’Haus vun der Andacht zu NeiDelhi an Indien, wat 1986 ageweit gouf, krut vill Auszeechnunge wéinst senger avantgardistescher Architektur an ass haut eng vun deene meeschte besichte Plazen a ganz Indien.

D’Haiser vun der Andacht sinn op fir jiddereen. Zu Frankfurt all Dag vu néng bis sechs. Sonndes ass eng Andacht vun dräi bis halwer véier. Wann der an der Géigend sidd, kënnt der iech eng Stonn Zäit huelen vir et ze besichen. Méi Info wéi gesot um Internet ënnert www.bahai.de . Interessant ass och d’Ausstellung iwwer de Bahá’í Glawen am Sous-sol vum Haus vun der Andacht. Hei elo e klengen Iwwerbléck. An der Entrée kann een dat hei liesen: D’Ausstellung soll dem Besicher en Abléck an d’Wierder vu Bahá’u’lláh ginn. An der Geschicht vun der Mënschheet waren et nach ëmmer d’Reliounen, vun där déi onverzichtbar geeschteg a sozial Impulser ausgoungen. Dat jëngste Glidd an dëser Ketten ass d’Bahá’í Relioun. Si gouf virun iwwer 140 Joer vu Bahá’u’lláh gegrënnt. Bahá’u’lláh erkennt d’Reliounen virun him un, déi ënnert verschidden Nimm, d’Stëmm vum Herrgott fir hir Zäit waren. Hir Léieren enthalen niewent neien Impulser eng Onmass vun éiwegen, geeschtege Wourechten, déi an ofgewandelter Form an all Relioun erëmkommen. D’Bahá’í Relioun erweidert de Räichtum vun de Reliounen virun hir mat neie Léieren. Hiert Zil ass déi geeschteg Erneierung an eng ëmfaassend Vereenegung vun der ganzer Mënschheet. Dësen Text kann de Besicher am Ufank vun der Ausstellung liesen. Dann huet een d’Méiglechkeet sech mat e puer Haaptgedanken am Bahá’í Glawen ze befaassen, déi op verschidde Panneaue stinn, op duerchsiichtegem Glas, virun engem Hannergrond vun abstrakt gemoolten Tableauen. Kucke mer eis elo mol eng vun den d’Haaptiddien un. Do fanne mer de Mënsch selwer, als e Biergwierk, eng Minn, räich un Edelsteng von onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung bréngt et fäerdeg dës Edelsteng an Diamanten am Mënsch ze fannen an ze entdecken, sou dass och d’ganz Mënschheet domat eppes kann ufänken. Weider liese mer dass de Mënsch den héchsten Talismann ass. Mee e Manktum un Erzéiung hëlt him awer dat ewech, wat hien eigentlech sengem Wiese no besëtzt.

Mir fannen och hei, beim Thema vum Mënsch a sengem Wäert, d’Bestätegung, dass deen, deen eis erschaf huet, sech als Zil gesat huet, de Mënsch op eng héich Stuf ze setzen, edel mat engem immense Potential. An das Hien eis dofir déi néideg Informatiounen ubitt, d’Rezept fir eng Liewensweis, déi eisem Wiesen no am idealsten ass. Dës Informatiounen sinn näischt anescht wéi déi helleg Schrëfte vun all de grousse Reliounen.

A schonn ass eis Zäit nees erëm. Duefir proposéieren ech, dass mer déi aner Haaptgedanke vun dëser Ausstellung an der nächster Emissioun virstellen. Bis dohi wënschen ech iech e schéine Weekend an eng gutt Woch.

 

62 D’Ausstellung am Bahá’í Haus vun der Andacht zu Frankfurt

62t Sendung, de 6ten a 7te Juli 2002. De Prinzip vun der Eenheet an der Villfalt fannen ech ganz oft erëm, wann ech mer ukucken, wéi Bahá’í sech a verschiddene Länner no baussen hi weisen. Sief dat an deem een einfach zum Beispill kuckt wéi a verschidde Länner, d’Bahá’í um Internet hir Relioun duerstellen oder eben an Ausstellungen, wéi zum Beispill déi am Haus vun der Andacht bei Frankfurt. Wat dem Besicher direkt opfällt sinn d’Haaptiddien, déi hei méi no beliicht ginn. Kucke mer eis dës elo un. Si sinn op däitsch an ech hu probéiert sou gutt et geet hire Sënn op Lëtzebuergesch erëmzeginn.

„Die Sprache der Taten“, d’Sprooch vun den Aktiounen, vun deem wat ee mécht. Do liest een: „Looss all Moie besser si wéi den Owend virdrun an all neien Dag méi räich wéi dee vu gëschter. Dem Mënsch seng Qualitéit läit am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vun engem gudde Liewen a Räichtum.

Verschwennt de Räichtum vun ärem sou wäertvolle Liewen net domat, äre verdieften Neigungen nozegoen, a verbréngt net all är Zäit domat, ären eegenen Interessen nozegoen. Sidd generéis wann et iech gutt geet a gedëlleg an äre schwéiere Stonnen. Strieft mat ganzer Séil duerno, iech duerch dat auszezeechnen wat der mat. Wierder aleng ginn haut neméi duer“.

Dass dat wat ee seet a wéi een et seet awer wichteg ass, fënnt een an e puer Texter; dass ee bestëmmtent Wuert ka mat Feier verglach ginn an en anert mat Liicht an dass et ganz kloer ass wéi en Afloss déi zwee ausüben. Dowéinst sollt ee Wierder benotzen, douce wéi Mëllech.

En aneren ausgewielten Text gëtt engem Rotschléi wéi ee sollt sinn. Sou zum Beispill:

„Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar. Strief derno, dass däin Noper der vertraue kann a kuck e mat hellen a frëndlechen Aaen. … Hal däi Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Uerteel a pass op wats de sees. Sief mat kengem Mënsch ongerecht a weis jidderengem deng „Sanftmut“. Sief wéi eng Luucht fir déi, déi am Däischtere ginn, eng Freed fir déi Bedréckten, e Mier fir den Duuschtregen, …eng Stäip an e Verteideger fir d’Affer vun der Ënnerdréckung. Sief en Doheem fir de Friemen, eng Salef fir deen dee leit a fir de Flüchtling e staarken Tuerm. Sief e Liicht vu Féierung fir deen, dee sech verlaaf huet, … e stralend Liicht um Firmament vun dengen Zäitgenossen, eng Fruucht um Bam vun der Demut.”

En aneren Haaptgedanken, deen en an der Ausstellung erëmfënnt ass dee vun der Sich no der Wourecht. Wat soen eis d’Bahá’í Schrëften dozou?

„D’Donkelheet vum Iertum gëtt verdriwwen, de Niwel vum Zweiwel a vun den ängschten zerstreet an d’Liichter vun der Erkenntnis an der Gewëssheet wäerten dem Mënsch säi Wiesen ëmginn, wann d’Luucht vum Sichen, vum eeschte Striewen, vum déiwe Verlaangen, vun der gliddeger Léift, vun der Begeeschterung an der Verzückung am Häerz vun deem dee sicht, ausgeléist ass an den Hauch vu Gottes Gnod iwwer seng Séil bléist.“

Alles dat Texter, oft geblummellegt, well et muss ee jo bedenken, dass dee Stil deemools an der Kultur wou Bahá’u’lláh gelieft huet, üblech war, mee awer vläicht ongewinnt bei eis ass.

63 Dem Bahá’u’lláh Seng Visoun vun eiser Zukunft – Eng nei Weltuerdnung, Deel 1/3

63t Sendung, den 13ten a 14te Juli 2002. D’Bahá’í denken dass all déi spektakulär Changementer an d’Bouleversementer, déi mir während dem leschte Jorhonnert erliewe konnten, an déi nach ëmmer weiderfueren, e ganz bestëmmten Ursprong hunn. De Grond ass Bahá’u’lláh, dee jéngste Gottesoffenbarer, an dass all dës Changementer an der Welt vun dëser neier Revelatioun beaflosst sinn.

D’Expressioun Eng nei Weltuerdnung ass virun e puer Joer nees am alldeegleche Sproochgebrauch opgetaucht. 1988 huet de sovietesche Präsident, de Michael Gorbatchev an de Vereenten Natiounen gesot, wéi néideg et wier en universelle Konsensus ze sichen, vu dass d’Mënschheet op eng nei Weltuerdnung histeiert. 1990 huet den amerikanesche Präsident George Bush dës Expressioun nees opgegraff fir deen neie Grad vu Kooperatioun vun der Nokrichszäit, dem kale Krich ze beschreiwen. Virun allem huet hien op d’Aktioun vun de Vereenten Natioune géint d’Agressioun am persesche Golf higewisen.

Zënterhir, ass dësen Ausdrock vun den Universitären, de Journalisten an de Weltleadere gebraucht ginn. Déi nei Weltuerdnung ass en Diskussiounsthema iwwer déi bescht méiglechst Organisatioun vun der nächster Etapp am sozialen a politesche Liewe vun eisem Planéit.

Trotz all den Diskussiounen gëtt et nach keng richteg Definitioun fir dës nei Weltuerdnung. Et huet een éischter eng Ahnung, eng vague Virstellung vum Inhalt. Fir d’Bahá’í huet d’Expressioun Eng nei Weltuerdnung eng ganz besonnesch a präzis Bedeitung. Bahá’u’lláh huet dësen Ausdrock viru méi wéi honnert Joer benotzt, an dat fir eng Rei vu wichtege Changementer am politeschen, sozialen a reliéise Liewen op der Welt ze definéieren. Hien huet deemools scho geschwriwwen „D’Zeeche vun den Emwälzungen an dem imminente Chaos kann een haut scho gesinn, vu dass déi heiteg Lag deermoosse schwaach ze si schéngt“. Den Dag kënnt ëmmer méi no, wou déi aktuell Uerdnung emgehäit gëtt an duerch eng nei Uerdnung ersat gëtt“. D’Bahá’í denken dass déi fantastesch ännerungen a Bouleversementer vum leschte Jorhonnert – an déi, déi mer nach hautdesdags erëmfannen – duerch d’Komme vun engem neie Gottesoffenbarer provozéiert goufen, an erliicht duerch d’Luucht vun enger neier Revelatioun. Dëst schéngt guernet sou wäit gegraff, wann een dru gleeft, dass Gott existéiert a wa säi Vertrieder virun engem Jorhonnert op d’äerd koum; dass engem dann d’Konsequenzen dovunner opfale missten.

Dofir bedeit fir d’Bahá’í d’Konzept vun enger neier Weltuerdnung e bësse méi wéi eng einfach politisch Reorganisatioun, eng visionär Proklamatioun vun e puer Weltleaderen oder eng rational Konstruktioun vun e puer Universitären. Et geet éischter ëm en erstaunleche System deen d’Uwendung vun de Léieren an de Prinzipie vu Bahá’u’lláh duerstellt. Zu dëser neier Weltuerdnung, genee sou wéi zum Bahá’í Glawen, gehéieren all mënschlech Aktivitéiten, vum sozialen a politesche Beräich bis zu den alldeeglechen Relatiounen an eisem perséinleche, kulturellen, geeschtegen, ekonomeschen a soziale Liewen. Eng äusserlech an ënnerlech Ëmännerung also. Méi iwwer d’Visoun vun dëser neier Weltuerdnung an eiser nächster Emissioun.

 

64 Dem Bahá’u’lláh Seng Visoun vun eiser Zukunft – Eng nei Weltuerdnung, Deel 2/3

64t Sendung, den 20ten an 21te Juli 2002. Dass fir d’Bahá’í d’Realisatioun vun enger neier Weltuerdnung d’Haaptuleies vun hirem Begrënner Bahá’u’lláh ass, hu mer an eiser leschter Emissioun gesinn. Zu dëser neier Weltuerdnung, genee sou wéi zum Bahá’í Glawen, gehéieren all mënschlech Aktivitéiten, vum sozialen a politesche Beräich bis zu den alldeegleche Relatiounen an eisem perséinleche, kulturellem, geeschtegen, ekonomeschen a soziale Liewen. Dës grandios Visioun ass dat wou d’Bahá’í dru schaffen. Si ass am Wesentlechen, d’Erfëllung vun der Visioun vu Jesaia an der Bibel, d’Zäit wou d’Natiounen hir Schwäerter géint Pléi, an hir Lanze géint Gaardeschéieren ëmtausche wäerten. D’Zäit wou si neméi léieren, Krich ze féieren. Et ass am Sënn vum Gebiet vun de Chrëschten, déi zënter Jorhonnerten de „Vater Unser“ bieden, an deem jo op d’Komme vum Räich Gottes higewise gëtt. „Dein Wille geschehe wie im Himmel so auf Erden“.

An eiser heiteger Zäit kann een den Ufank vun dëser Transition an de Changementer a Bouleversementer gesinn, déi des Nei Weltuerdnung annoncéieren; das dës Uerdnung erauskënnt, gesäit een op zech Plazen: de jorhonnerten ale Kampf fir d’Gläichberechtigung vu Mann a Frau, d’Verstäerkung vun der ekonomescher Gerechtegkeet an d’Ofschafung vun den ongeheieren Differenze vu Räichtum a sozialer Klass.

Bahá’u’lláh huet all dës Tendenze virausgesinn. His sot dass d’Mënschheet relatif schnell eng Emännerung matmache géif an huet en Ensemble vu Prinzipien a Reglementer verkënnegt, fir de soziale Progrès an dësem neien Zäitalter ze fërderen.

Haut entwéckelen en ganz Parti vu Visionären ähnlech Prinzipien an Iddien. Déi sozial Léiere vu Bahá’u’lláh sinn haut a ville Fäll d’selwecht wéi déi modern Definitioun vun enger progressiver Gesellschaft.

An dach geet d’Verkënnegung vun enger neier sozialer Ideologie aleng net duer fir d’Welt ze veränneren an eng nei Weltuerdnung ze schaffen; et gesäit een dat jo mam Zesummefale vum Kommunismus.

Déi nei Weltuerdnung kann nëmmen um déiwe Verständnis vun der geeschteger Wierklechkeet vun der Mënschheet gebaut ginn, eng Realitéit déi d’Wiese selwer vun eiser Natur ass.

An der geeschteger Welt fanne mer den Ursprong vun de mënschleche Qualitéiten; si sinn d’Ursaach vun Eenheet an Harmonie. Et sinn déi mënschlech Qualitéiten, déi eis eis intuitif Fäegkeete ginn, eis Verständnis ginn, eis et erlaben Kooperatiounsprojeten duerchzeféieren. Zu dëse Qualitéite gehéieren d’Léift, de Courage, d’Intuitioun, d’Bescheidenheet an d’Fäegkeet sech kënne fir eng gutt Saach opzeafferen. An hirem Wiese sinn dës Qualitéite geeschteger Natur a sinn d’Basis, wann och onsichtbar, vun eiser mënschlecher Gesellschaft.

Et ass vläicht méi einfach d’Interaktioun tëschent de geeschtege Qualitéiten an der sozialer Entwécklung ze verstoen an deem mer eis drun erënneren, wéi fréier déi grouss reliéis Meeschteren d’Mënschheet an der Vergaangenheet geféiert hunn. De Moral Code vun den zéng Geboten, deen een haut bal an all reliéiser Traditioun erëmfënnt, dingt als Beispill fir déi reliéis Léieren an an engems als moralesch Orientatioun an als Aluedung sech geeschteg z’entwéckelen. Déi zéng Geboter hu sech am mënschlesche Gewësse niddergelooss an hunn iwwerall d’Kulture restrukturéiert. Souguer fir een deen net gleeft, besteet keen Zweiwel um Wäert vun dëse Léieren. De leschten Deel vun der Visioun vun dëser neier Weltuerdnung an eiser nächster Emissioun.

 

65 Dem Bahá’u’lláh Seng Visoun vun eiser Zukunft – Eng nei Weltuerdnung, Deel 3/3

65t Sendung, de 27ten an 28te Juli 2002. Mir hunn an eise leschten Emissioune gesinn, wat Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun, virun iwwer 150 Joer, ënnert enger neier Weltuerdnung versteet.

Dass dës nei Weltuerdnung nëmme ka mam déiwe Verständnis vun der geeschteger Wierklechkeet vun der Mënschheet gebaut ginn; eng Realitéit déi d’Wiese selwer vun eiser Natur ass.

Fréier hunn déi geeschteg Léieren, wéi zum Beispill déi zéng Geboter, sech haaptsächlech op deen Eenzelnen a seng Aktioune bezunn, oder op den Zesummenhalt vu relativ klenge Gruppe vu Leit. Sou war d’Moral och virun allem op d’Verhale vum Eenzelnen geriicht; du solls net klauen; du solls net léien; du solls däin Noper gär hunn.

Haut versti mer, dass d’Spiritualitéit net nëmmen deen Eenzelnen an eng Grupp vu Leit ëmfaasse soll, mee och de kollektive Fortschrëtt vun der Mënschheet an hirem Ganzen. Doduerch dass d’Mënschheet haut erwuesse ginn ass, ass et och iwwerhaapt eréischt méiglech dass déi mystesch Prophezéiunge vun engem Zäitalter vu Fridden a Gerechtegkeet ausgefouert kënne ginn.

De wesentleche Message vu Bahá’u’lláh ass en Appell un d’Eenheet dee sech un d’ganz Welt riicht: Dass är Visioun d’ganz Welt ëmfaasst. Ee Jorhonnert no sengem Doud, gëtt dësem Appell nogelauschtert, an dat an enger Kommunautéit, déi de Mikrokosmos vun der mënschlecher Rass repräsentéiert an déi iwwerall an der Welt établéiert ass.

D’Existenz vun der Bahá’íkommunautéit ass e Beweis dofir, dass d’Mënschheet, an all hirer Diversitéit, léiere kann, zesummen ze liewen an ze schaffen, als ee Vollek an enger Weltheemecht. D’Bahá’ígemeinschaft fuerdert eis och op, eeschthaft d’Offenbarunge vu Bahá’u’lláh, dëser aussergewéinlecher Gestalt ze fuerschen. Well et ass duerch Bahá’u’lláh, dass d’Bahá’íkommunautéit besteet a weider bestoe wäert.

Wéi Bahá’u’lláh et viru méi wéi honnert Joer virausgesot huet, muss déi Nei Weltuerdnung sech op eng Rei Elementer baséieren, fir dass en dauerhafte Fridden etabléiert ka ginn: Et sinn dat: sécher Grenzen déi vun alle Natiounen unerkannt ginn; jidderee soll d’Fräiheet hunn iwwerall kënnen hinzegoen and dat ze denken wat e wëllt; eng allgemeng Ofrüstung; d’Opstellung vun enger Weltfederatioun vun all de Natiounen; d’Opstellung vun engem Weltgeriicht, dat als Aufgab huet, international Konflikter ze regléieren; d’Schafung vun enger militärescher Kraaft, déi fäeg ass, Fridden ze schafen, and dat duerch d’Uwendung vu Prinzipie vu kollektiver Sécherheet; en Engagement fir d’Protektioun vun der kultureller Diversitéit.

Et sief nach drop higewisen dass d’international Bahá’ícommunautéit scho laang d’Vereenten Natiounen ënnerstëtzt, eng Institutioun déi vu ville Bahá’í als de Virleefer vun der Neier Weltuerdnung ugesi gëtt, eng Weltuerdnung déi vu Bahá’u’lláh verkënnegt gouf.

66 D’Verfollegung vun de Bahá’í am Iran

66t Sendung, den 3ten a 4ten August 2002. D’Bahá’í hale fest un enger bestëmmter Visioun vun der Welt, a stinn zu hiren Iwwerzeegungen. Zënter 1979, huet déi iranesch Regierung systematesch déi 350.000 Membere vun der Bahá’ícommunautéit verfollegt. Si sinn am Iran déi gréisst reliéis Minoritéit. Iwwer 200 Bahá’í sinn higeriicht ginn, oder goufen ëmbruecht. E puer honnert aner goufen agespaart. Zechdausend hu neméi dierfe schaffen a krute keng Pensioun méi. Si hu neméi dierfen an d’Schoule goen. All national administratif Bahá’í Strukture goufe vun der Regierung verbueden. Hier helleg Plazen, Griewer a Kiefeschter goufe konfiskéiert, geschännt oder zerstéiert.

D’Bahá’í aus dem Iran goufen net nëmmen duerch reliésen Haass ënnerdréckt. Déi islamesch Fundamentalisten am Iran an annerwäerts betruechten d’Bahá’í scho laang als eng Gefor fir den Islam a ginn als Ketzer betruecht. Déi progressistesch Stellungnahme vun dësem Glawen an de Beräicher vun de Rechter vun der Frau, vun der onofhängeger Sich no der Wourecht a vun der Erzéiung hunn de muslemesche Clergé ganz besonnesch verbattert.

Sou hunn zum Beispill am Juni 1983 d’iranesch Autoritéiten zéng jonk Fraen a Meedercher festgeholl an dat ënnert dem Prétexte dass si jonke Kanner, wat an de westleche Länner, de Bahá’í Katechismus genannt ka ginn, ënnerrichte géifen.

Dës Fraen goufe kierperlech a moralesch gefoltert fir dass si hire Glawen ofsoe sollten, eng Méiglechkeet, déi de Bahá’í Prisonéier ëmmer ugebuede gëtt. Wéi déi meeschte Bahá’í déi am Iran festgeholl goufen, hu sich sech deem widersat a si goufen higeriicht.

Protester koumen aus der ganzer Welt an hu sech géint déi Verfollegungen ausgesprach. Dausende vun Zeitungen hunn Artikelen iwwer d’Situatioun vun de Bahá’í am Iran verëffentlecht. Bedeitend international Organisatiounen, notamment d’Europäescht Parlament an den amerikanesche Kongress hu Resolutiounen gestëmmt fir den Iran ze condamnéieren oder fir hir Onrou auszedrécken wat d’Bahá’í am Iran ubelaangt. D’Kommissioun vun de Mënscherechter vun de Vereenten Natiounen an d’Generalversammlung, stëmmen all Joer Resolutiounen, déi sech spezifesch der Situatioun vun de Bahá’í zouwenden an hunn Drock op d’iranesch Regierung ausgeübt fir dass si déi international Verträg, wat d’Mënscherechter ubelaangt, respektéieren.

Dorops hinn huet déi iranesch Regierung ugefaang, manner Bahá’í hinzeriichten, a manner Bahá’í a Prisongen festzehalen, dat am Ufank vun de 90jer Joeren. Obschonn op mannst ee Bahá’í, e 50 Joer ale Geschäftsmann 1992 higeriicht gouf an dass och zënterhir eng Rei Doudesurteeler géint Bahá’í gesprach goufen. Doriwwer hinaus, hunn d’Bahá’í am Iran nach ëmmer kee Recht hir Relioun fräi ze praktizéieren. Déi international Kommunautéit setzt sech weider fir hir Gläichberechtigung an.

D’Statistike weisen dass d’Zuel vun de Bahá’í déi am Iran all Joers ëmbruecht ginn, beträchtlech erofgaang ass, an dat nodeems d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen 1985 ugefaangen hat, sech mat deem Thema an enger Rei vu Resolutiounen damat ze beschäftegen.

67 De Bahá’í Glawen an hire groussen Zich an unhand vun e puer Zuelen

67t Sendung, den 10ten an 11ten August 2002. Haut offréieren ech iech e puer Zuelen iwwer de Bahá’í Glawen an hir Haaptiddien. De Bahá’í Glawen ass eng vun de Reliounen, déi sech am schnellste verbreeden. D’Bahá’í hunn haut Gemeinschaften an 235 onofhängege Länner an ofhängegen Territorie weltwäit. Déi eenzeg onofhängeg Relioun déi geographesch méi vebreet ass, ass d’Chrëchstentum an 254 Länner. Dës Informatioun fënnt een am Supplement vun 1992 aus der Encyclopédie Britannica. Dës Informatioun koum fir d’éischt vun der Chrëschtlecher Welt Encyclopédie, déi déi éischt vollstänneg Etude vu 500 Spezialisten, Demographen a Statistiker iwwer Weltreliounen zesummefaasst. Déi geographesch Verdeelung vun de Reliounen 1992 war also d’Chrëschtentum mat 254 Länner, de Bahá’í Glawen mat 205, den Islam mat 172, d’Juddentum mat 125, den Hinduismus mat 88 an de Buddhismus mat 86 Länner. Dass de Bahá’í Glawen sech sou schnell verbreet huet ass schonn erstaunlech, wann ee bedenkt, dass et de Bahá’í Glawen just iwwer 150 Joer gëtt an dass de Begrënner, Bahá’u’lláh, bis 1892 gelieft huet. Déi 6 Millioune Bahá’í sinn zesummegesat aus allen Nationalitéiten a soziale Klassen. Si kommen aus ganz ënnerschiddleche reliéisen an ethneschen Urspréng.

Begrënner vum Bahá’í Glawen ass Bahá’u’lláh, e Perser, dee vun 1817 bis 1892 gelieft huet. 40 Joer huet hien entweder am Prisong oder am Exil verbruecht. Fir d’Bahá’í ass hien dee leschte Gottesoffenbarer an enger Rei vum Abraham bis zu Mohammed, iwwer Krishna, Moses, Buddha, Zoroaster a Jesus Christus.

D’Eenheet vun der Mënschheet ass d’Zentraaltthema vu sengem Message. Aus der Eenheet vu Gott ergëtt sech d’Eeenheet vun de Reliounen op der Welt, den éiwege Glawen u Gott. Der Mënschheet gëtt eng Zukunft vu Fridde versprach, wou d’Diversitéit, kultivéiert a valoriséiert, zur Harmonie an Eenheet bäidréit, a net zu Konflikt a Krich féiert.

D’Bahá’í beméie sech eng Gesellschaft mat enger Rei vu Prinzipien ze schafen: d’Eenheet vun der Mënschheet, d’Gläichheet vun de Rechter vu Mann a Frau, d’Ofschafung vu Rassentrennung, d’Opstellung vun ekonomescher Gerechtegkeet, d’Schafung vun enger Erzéiung fir jiddereen, den Zesummenhang tëschent der Wëssenschaft an der Relioun, d’Adoptioun vun enger Welthëllefssprooch an d’Schafung vun enger Konfederatioun vun Natiounen déi et fäerdeg bréngen, de Fridden oprecht ze erhalen an deem si de Prinzip vun der kollektiver Sécherheet adoptéieren.

Während deene leschte Joeren hu verschidde Bahá’ícommunautéite weltwäit iwwer 1500 Projeten lancéiert, déi mat Erzéiung, Ëmwelt, a sozialer an ekonomescher Entwécklung ze dinn hunn, an dat vun einfache Schoulen um Niveau vun Dierfer bis zu Studienzentre fir d’Ëmwelt.

Ouni Priesteramt oder Geeschtlechkeet, geréiert d’Bahá’ícommunautéit hir Affären dank engem weltwäiten Administratiounssystem. Dëst System repräsentéiert e Reseau vu lokalen a nationale Strukturen, déi demokratesch a méi wéi 13000 Uertschaften an 235 Länner gewielt ginn. An zum Schluss nach e puer Zuelen, déi sech op Statistike vum leschte Joer bezéien: 13232 ass d’Zuel vun de lokale Réit, weltwäit. 131933 ass d’Zuel vun de Lokalitéiten an der Welt wou Bahá’í wunnen. 2112 ass d’Zuel vun de Stämm, Rassen an ethnesche Gruppen, wou d’Memberen an der weltwäiter Bahá’ícommunautéit vertruede sinn. 802 ass d’Zuel vun de Sproochen an deenen d’Schrëfte vu Bahá’u’lláh iwwersat sinn. 31 ass d’Zuel vun de Verlagshäiser, weltwäit. 7 ass d’Zuel vun de Bahá’í Radiostatiounen. 1500 ass d’Zuel vu Projeten déi sech fir sozial Gerechtegkeet asetzen, sou zum Beispill ekonomesch a sozial Entwécklung, Erzéiungsprogrammer an Ëmweltschutz.

68 Léift

68t Sendung, de 17ten an 18ten August 2002. Léift ass e Wuert wat een oft an de Bahá’í Schrëften erëmfënnt. Net nëmmen an de Bahá’í Schrëften. Léift ass eng vun den Dugenden, déi sou noutwendeg an der Erzéiung ass. Dofir hunn ech mer fir dës Sendung e Buch matbäigeholl an deem et ëm praktesch Kannererzéiung geet. Et baséiert op deenen Dugenden, déi ee bei sech fërdere soll. Anzwar fir all Woch eng Dugend.

Léift ass sech ëm ee suergen, no bei engem wëllen ze sinn, a wëlle matginn. Léift ass d’Kraaft vun der Unzéiung. Et ass en extrat Gefill wat eist Häerz fëllt. Leit gären hunn heescht si mat extra Suerg behandlen well si souvill fir eis bedeiten. Et kann ee Léift an engem Laache weisen, d’Manéier wéi ee schwätzt, wéi een eppes mécht a wat ee mécht, oder einfach een an den Aarm huelen.

Léift heescht och sech an en aneren erafillen a sech Suerge maache wat si fillen. Léift heescht deen aneren akzeptéieren wéi en ass. Et kann ee léif mat frieme Leit sinn, an deem een einfach ëm si besuergt ass an hinne léif Gedanke schéckt.

Léift heescht mat anere Leit esou ëmgoen, wéi ee gär selwer hätt, dass si mat eis ëmginn, mat Suerg a Respekt.

All Dugend gëtt kuerz duerch en Zitat an e klengen Text virgestallt. Hei e puer Stéchprouwen aus dem Buch: Wat ass Léift? Dat hu mer elo just gesinn. Firwat aner Leit gär hunn? Ouni Léift géife mer eis aleng fillen. Léift ass ustiechent. Wann ech Gott gären hunn, kann ech och seng Léift fir mech spieren.

Wéi kann ech aner Leit gär hunn? Wourunner gesinn ech dass ech an der Dugend Fortschrëtter maachen a wéi géif Léift ausgesinn wann, a da kommen eng Rei Situatiounen aus dem Alldag, wéi zum Beispill wéi géif Léift ausgesinn wann s de wëlls eppes fir däi Papp maachen well e krank ass oder du hues ee gär an du wëlls him et weisen.

The Family Virtues Guide, op eng einfach Aart a Weis dat Bescht aus eise Kanner bréngen, vum Linda Kavelin Popov. Méi Info iwwer d’Buch entweder bei eis oder um Internet ënnert www.penguin.com .

Fir ofzeschléissen e kuerzen Text op franséisch aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Léift: « Sois assuré que l’amour est le secret de la sainte loi de Dieu, la manifestation du Miséricordieux, la fontaine d’où s’écoule l’eau spirituelle. L’amour est la douce lumière céleste, le souffle éternel de l’Esprit saint qui vivifie l’âme humaine. L’amour est la cause de la révélation de Dieu aux hommes et, selon la création divine, le lien vital inhérent à la réalité des choses. L’amour est la voie unique qui assure une félicité véritable dans ce monde et dans l’autre. L’amour est la lumière qui guide dans l’obscurité, le trait d’union vivant qui unit l’homme à Dieu et qui assure le progrès de toute âme éclairée. L’amour est la loi la plus grande qui gouverne ce cycle puissant et divin, le pouvoir unique qui lie ensemble les divers éléments de ce monde matériel, la force magnétique suprême qui règle les mouvements des sphères de l’espace céleste. Par sa puissance infaillible et illimitée, l’amour révèle les mystères latents dans l’univers.L’amour est l’esprit de vie qui orne le corps de l’humanité, le fondateur de la vraie civilisation dans ce monde mortel et le flot de gloire impérissable qui se répand sur toute race et nation animées de sentiments élevés».[28]

 

69 Existéiert den Däiwel, gëtt et Geeschter a Spiritismus?

69t Sendung, de 24ten a 25ten August 2002. D’Bahá’í Schrëfte léieren eis, dass et dat Béist als eegestänneg Kraaft net gëtt, grad esou wéi d’Keelt an d’Däischtert keng eegen Energië sinn, mee den Ausdrock vum Feele vu Wäermt a Liicht. Vu dass nëmmen déi positiv, entwéckelt Eegenschaften a Fäegkete wierklech existéieren, kënne mer aus dësem Liewen och nëmme si mathuelen, an duerfir ginn et an deene geeschtege Welte keng béis Energien oder béis Geeschter.

Dat wat aner Reliounen dat Béist, den Däiwel oder Satan nennen, si fir d’Bahá’í Symboler fir den Ego, deen eis Opmierksamkeet un dat Materiellt fesselt; wat aner Reliounen den Himmel an d’Häll nennen, si Symboler fir d’Nosin an d’Wäitewechsi par rapport zum Gëttlechen. Hei elo e puer Texter zum Thema aus de Bahá’í Schrëften:

„Bedenkt wat de Mënsch vun den aneren erschafene Wiesen ënnerscheet an hien zu engem besonnesche Geschöpf mécht. Ass et net seng Urteelsfähegkeet, seng Intelligenz. Soll hie net dës Fäegkeeten a senger reliéiser Forschung benotzen? Ech soen iech: Weit alles, wat iech als Relioun ugebuede gëtt, mat der Wo vun der Vernonft an der Wëssenschaft. Wann et d’Prouf besteet, da kënnt der et unhuelen, well dann ass et d’Wourecht. … Am anere Fall ass et Onwëssenheet.“ [29]

A weider fanne mer: „Wat d’Fro vu béise Geeschter, Dämonen a Monstren ugeet, sou huet alles wat sech an den hellege Bicher dorop bezitt eng symbolesch Bedeitung. Wat een haut am Volleksmond doriwwer zielt ass rengen Awerglawen.“

A weider fanne mer: „De béise Geescht, Satan oder wat och ëmmer al béis interpretéiert gëtt, bezitt sech op déi niddreg Natur vum Mënsch. Dës niddreg Natur gëtt op ënnerschiddlech Manéier symboliséiert. Am Mënsch ginn et zwou Ausprägungen; déi eng ass den Ausdrock vun der Natur, déi aner den Ausdrock vun der geeschteger Welt. D’Welt vun der Natur ass feelerhaft. Kuck der se gutt un a verwerf all Form vun Awerglawen an Abildung … Gott huet ni e béise Geescht erschaf; all sou Iddien a Bezeechnunge si Symboler, déi just déi mënschlech oder ierdesch Natur vum Mënsch ausdrécken. Eng wesentlech Bedingung vun Äerdbuedem ass déi, dass si Dären, Onkraut a Beem ouni Friichten ervirbrénge kann. Relativ gesinn ass dat dat Béist; et handelt sech einfach ëm dee niddregen Zoustand an dat gerengwäertegt Erzeugnis vun der Natur.“

Zum Schluss elo dësen däitschen Text aus de Bahá’í Schrëften: „Der Mënsch steht auf der höchsten Stufe der Materie und am Anfang der Geistigkeit, das heißt, er ist der Abschluß der Unvollkommenheit und der Anbruch der Vollkommenheit. Er steht im letzten Grad der Dunkelheit und am Anfang des Lichts. Darum wurde gesagt, daß die Stufe des Menschen das Ende der Nacht und der Beginn des Tages sei, was bedeutet, daß er der Inbegriff aller Grade der Unvollkommenheit ist und daß er die Grade der Vollkommenheit besitzt. Er hat die tierische Seite so gut wie die engelgleiche Seite; und das Ziel eines Erziehers ist, die menschlichen Seelen so zu bilden, daß ihre engelhafte Seite ihre tierische überwinden kann. Wenn dann die göttliche Kraft im Menschen, die seine wesentliche Vollkommenheit ist, die satanische Kraft, die absolute Unvollkommenheit ist, überwindet, wird er zum vortrefflichsten aller Geschöpfe; siegt aber die satanische Kraft über die göttliche, so sinkt der Mënsch zum niedrigsten der Geschöpfe herab. Darum ist er der Abschluß der Unvollkommenheit und der Anbruch der Vollkommenheit. Bei keiner anderen Gattung in der Welt des Daseins besteht so ein Unterschied und Widerspruch, solche Gegensätzlichkeit und Verschiedenheit wie bei der Gattung des Menschen.“

70 D’Bahá’í Bestietnis

70t Sendung. Fir d’Bahá’í ass d’Famill d’Fundament vun der Gesellschaft. Sou laang des extrem wichteg Zell net gesond an eeneg ass, sou laang kann eis Gesellschaft och net gesond a vereent sinn. D’Bestietniss mat engem Partner vum anere Geschlecht stellt d’Basis vum Familljeliewen duer. Bahá’u’lláh huet geschriwwen: „le mariage est une forteresse de bien-être et de salut.“  Hie sot och dass déi bestuete Koppel sech sollt Méi ginn „de devenir des compagnons affectueux l’un vers l’autre, fir elo a fir d’Eiwegkeet.“…

D’Bahá’í denken dass d’Virbereedung op d’Bestietnes wesentlech ass fir e gléckleche Stot ze garantéieren. Zu dëser Virbereedung gehéiert och dass d’Elteren hir Zoustëmmung zu der Wiel vum Partner ginn. Wann déi zwee déi sech wëlle bestueden hire Choix gemaach hunn, ass et d’Aufgab vun den Elteren hire Kanner an enger vun de wichtegsten Décisiounen an hirem Liewen ze hëllefen.

Dës Viraussetzung schéngt de Bahá’í onbedéngt noutwendeg fir d’Eenheet am Bestietnes an an der Famill ze halen. Bahá’u’lláh verlaangt vu sengen Unhänger, seng Elteren ze éieren. D’Averständnis vun den Eltere kréien, bestätegt d’Wichtegkeet vun dësem Lien deen eng Generatioun mat där anerer verbënnt. Sollten déi éischt puer Joer vum Bestietnes schwéier sinn, ass dëse Lien eng gutt Stütz.

Wann d’Elteren hiert Averständnes ginn hunn, kann d’Hochzäit gefeiert ginn an dat mat enger Zeremonie déi ganz einfach ka sinn. Virun zwee Zeien, déi vum lokale Bahá’í Rot ernannt ginn, seet d’Koppel folgende Vers: « En vérité nous dépondons de la volonté de Dieu. » Dëst einfacht Engagement, anzwar nom Wëlle Gottes ze liewen, bedeit och, all déi aner Aufgaben z’akzeptéieren, déi d’Bestietnes mat sech bréngt: d’Verspriechen, sech gär ze hunn, een deen aneren an Eier halen, sech een ëm deen aneren ze bekëmmeren, onofhängeg vu gesondheedleche Problemer oder materiellem Räichtum, am Matginn an an der Zouneigung.

Doriwer hinaus kann d’Koppel an hir Famill d’Hochzäit sou organiséieren wéi si wëllen. Ganz no hirem perséinleche Goût, demno wat se sech kënne leeschten, no de kulturellen Traditiounen kann d’Hochzäit einfach oder grandiéis sinn, an dat op all Niveau: d’Musek, Danzen, d’Gezei, d’Iessen an d’Festivitéiten.

Wéi an deene meeschte Reliounen, gëtt dat, wat Mann a Fra am Bestietnes verbënnt, als helleg ugesinn an d’Koppel versprécht sech absolutt trei ze sinn.

D’Gläichheet tëschent Mann a Fra gëtt am Bahá’í Bestietnes an d’Praxis ëmgesat. Problemer déi am Stot optauchen, ginn duerch Berodung am Stot geléist. D’Fraen hunn d’Fräiheet der Carrière nozegoen, déi si interesséiert; de Mann soll sech genee sou un der Hausaarbecht an der Erzéiung vun de Kanner bedeelege wéi d’Fra.

Et ass ganz verständlech dass Bestietnesser tëschent Leit aus verschidde Kulturen encouragéiert ginn. Si ënnersträichen nämlech d’wesentlech Eenheet vun der Mënschheet.

Wann e Bahá’í Bestietnes neméi fonktionéiert, ass d’Scheedung erlaabt, awer natierlech gëtt dovun ofgeroden. Wann eng Bahá’í Koppel d’Scheedung ufreet, mussen si während engem Joer getrennt liewen an eng Reconciliation versichen. Wann, zum Schluss vum Joer, d’Scheedung nach ëmmer gefrot ass, gëtt se akkordéiert, an dat sou wéi et am Code Civil virgeschriwwe steet. Dëst Joer vun der Gedold, – année de la patience – wéi et heescht steet ënnert der Verantwortung vom lokale Bahá’í Rot.

D’Haaptroll vum Bestietnes bei de Bahá’í, ausser dem physeschen, intellektuellen a spirituelle Verständnis, ass d’Procréation. D’Erzéiung vun de Kanner ass fir e Bahá’í net nëmmen eng immens Quell vu Freed mee och eng ganz speziell an éierbar Aufgab.

71 D’Weltkonferenz géint Rassissmus

71t Sendung, den 31ten August an 1te September 2002. Sécher hutt der vun de Schwieregkeeten ronderëm d’Weltkonferenz géint Rassissmus héieren. D’Regierunge vun der Welt ploe sech mat enger fundamentaler Herausfuerderung mat där d’Mënschheet haut betraff ass. Leider hunn d’Medien decidéiert, sech éischter op d’Schwieregkeeten ze konzentréieren, wéi zum Beispill d’Décisioun vu Vetrieder vun zwou Regierungen, sech neméi un der Konferenz ze bedeelegen. D’Medien sinn net esou interesséiert, vun de Fortschrëtter, déi gemeet ginn, z’erzielen, wann se och nach sou kleng sinn.

Als eng international Netregierungsorganisatioun huet d’international Bahá’ícommunautéit sech scho mat de Virbereedungen fir dës Konferenz bekëmmert. Si ass och selwer op der Konferenz vertrueden. Leit vu verschidde Rassen an ethnesch Gruppen ze vereenegen ass eng Aarbecht fir déi d’Bahá’í Gemeng scho laang bekannt ass. De Schwéierpunkt vun hirer Aarbecht louch nach ëmmer doran, méi eng grouss Eenheet opzebauen anstatt Konfrontatioun ze sichen. D’Existenz selwer vun der Bahá’ícommunautéit – vereent an hirer Verschiddenheet uechter d’Welt – ass e Beweis fir d’Wourecht an d’Effikazitéit vun de Léiere vu Bahá’u’lláh iwwer d’Eenheet vun der Mënschheet.

E Beitrag vun der internationaler Bahá’ícommunautéit op der Weltkonferenz géint Rassissmus war hire Rapport, deen si der Konferenz präsentéiert hunn. Ech zitéieren aus dem Rapport: „Déi falsch Idee dass d’Mënschheet iergendwéi aus verschidden an eege Rassen, Vëlker oder Kasten zesummegestallt ass – an dass dës Ënnergruppen a sech selwer verschidden intellektuell, moralesch an oder physesch Kapizitéite besëtzen, déi dann doduerch verschidde Manéiere vu Behandlung gerechtfärtegen – ass d’Wuerzel vun all de Forme vun Diskriminatioun an Intoleranz.“

„A Wierklechkeet gëtt et nëmmen eng mënschlech Rass. Mir sinn ee Vollek, bewunnen de Planéit äerd, eng mënschlesch Famill, zesummegebonnen an engem gemeinsame Schicksal, eng eenzeg Eenheet, hirgestallt vun enger an der selwechter Substanz, mat der Opfuerderung, eng eenzeg Séil ze sinn.“

„Des Realitéit unerkennen ass d’Antidot zum Rassissmus, der Xenophobie an der Intoleranz an all hire Formen. Et sollt, deementspriechend, als eng Richtlinn gëllen, an dat fir all Diskussiounen, Deliberatiounen an dat wat bei der Weltkonferenz géint Rassissmus erauskomme soll.“

Des Tatsaach vun eiser Existenz richteg ze verstoen, gëtt eis d’Fäegkeet, d’Mënschheet net nëmme vum Rassissmuss, sowéi rassesch an ethnesch Viruerteeler an der Xenophobie ewechzeféieren, mee doriwwer eraus ewech vun Notioune vun Toleranz oder Konzepter vun engem Multikulturalismus. Wann dës Konzepter och wichteg Schrëtt vun engem laang erwaarten Zil vun der Mënschheet sinn, eng friddlech, gerecht a vereente Welt ze bauen, gi se awer dach net duer fir d’Krankheete wéi de Rassissmuss a seng Begleeder, déi jo awer déif Wuerzelen hunn, ze heelen.“

„D’Realitéit vun der mënschlescher Eenheet gëtt vun der Wëssenschaft voll ënnerstëtzt. D’Anthropologie, d’Physiologie, d’Psychologie, d’Soziologie a viru kuerzem d’genetesch Fuerschung, an hirer Entzifferung vun de mënschlesche Genen, weisen all, dass et nëmmen eng mënschlesch Spezie gëtt, wann och onendlech ënnerschiddlech an den zwweetrangegen Aspekter vum Liewen. Déi grouss Weltrelioune vertrieden dëse Prinzip, och wann hir Unhänger, mat Zäiten, u falsch Notioune vu Superioritéit festgehalen hunn. D’Begrënner vun all de grousse Relioune vun der Welt hu versprach dass enges Dags Fridden a Gerechtegkeet op der Welt géif bestoen an d’ganz Mënschheet vereent wier.“

Am Rapport vun der internationaler Bahá’ícommunautéi fënnt ee konkret Virschléi dass bei der Konferenz positiv Saache vun der Konferenz erauskomme sollen.

72 Den 11te September, d’Welt am Schock

72t Sendung, de 14ten a 15te September 2002. Wat de leschten Dënschdeg geschitt ass, huet mech wierklech wakreg gerëselt. Mat Momenter koume mer d’Tréinen, wéi ech d’Solidaritéit ronderëm mech gespuert hunn. 24 Stonnen no deem trageschen Dag huet den amerikanesche Kongress um Kapitol Gebieder gesot. Net nëmmen a ganz Amerika, mee iwwerall uechter d’Welt gouf gebiet. Ass net grad an esou enger schrecklecher Situatioun Glawe gefrot? Musse virun allem déi Betraff net just elo staark sinn an hir Gefiller vun extremer Trauer, Schock, Roserei an dem Gefill fir rächen ze wëllen, musse si net elo versichen dës Gefiller ënner Kontroll ze kréien? Ëmmer erëm héiert een dee staarke Wonsch no Bestrofung a Gerechtegkeet fir déi Responsabel. ‘Abdu’l-Bahá sot: Gerad dann, wa mer mat Ongerechtegkeet konfrontéiert sinn, musse mer op déi Responsabel sou kucken, dass mer hir Sënne verdecken, awer mat Gerechtegkeet handeln; wa mir dat och vläicht net fäerdeg bréngen, sou kënne mer sécher sinn dass Gott gerecht ass. Zugläich ass Hien och barmhäerzeg, genee sou wéi Belounung a Bestrofung d’Pilieë sinn, op deenen eis Gesellschaft stinn, sinn et an der nächster Welt Barmhäerzegkeet a Gerechtegkeet. Wa mer Gott net nolauschteren a mir géint dat schaffen, wat Hien eis uréit, wäert Hien dat wat mer man am Liicht vun der Gerechtegkeet kucken an eis dovir bestrofen. An dat a Form vu geeschteger Deprivatioun an Degradatioun. Dowéinst fanne mir an de Bahá’í Gebieder Passagen, wou mer Gott bieden, net op eis mat Gerechtegkeet ze kucken, mee mat onendlecher Baarmhäerzegkeet.

Wéi hunn d’Bahá’ícommunautéiten op dat reagéiert wat den 11te September passéiert ass? All National Réit hunn hire Schock an Onglawen mat der amerikanescher Bevëlkerung a mat de Bahá’í vu New York matgedeelt. New York, eng Stad déi de Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun, d’Stad vum Bündniss genannt huet. Enger Stad wou sech virun néng Joer, iwwer 30000 Bahá’í aus der ganzer Welt zesummefonnt hunn, fir d’honnertjäreg Hischeede vun Hirem Begrënner Bahá’u’lláh, ze kommemoréieren an zugläich der Welt ze weisen, dass d’Eenheet an der Villfalt Realitéit ka sinn.

Bahá’í an der ganzer Welt biede speziell an dësen Deeg dass d’Mënschheet Fridde fënnt, an dëser Zäit vu Leiden, Ongléck a Peng an dass si a Bahá’u’lláh dee gesi kënnen, deen hinnen hëllefe kann. Wann dir wëllt e puer Bahá’í Gebieder kenneléieren an iech fir d’Léisungsvirschléi vun de Weltproblemer interesséiert, da rufft eis un; daagsiwwer um 44 22 20 oder kuckt am Telefonsbuch ënnert Bahá’í.

73 D’Welt nom 11te September 2002

73t Sendung, den 21ten an 22te September 2002. D’Bahá’í Reaktiounen no deenen tragesche Momenter d’lescht Woch. „Déi tragesch a schockéierend Evenementer vun der leschter Woch an Amerika weie schwéier an eisen Häerzer. Sécher maache mir eis all Gedanken a Suergen iwwer den zukünftege Fridden an d’Wuelerginn vun der Mënschheet.“

Mat dëse Wierder huet den Nationale Bahá’í Rot vu Groussbritanien sech un d’Bahá’í an hirem Land an doriwwer hinaus geriicht. Un déi amerikanesch Bahá’í communautéit schreift den Nationale Rot ënner anerem dat hei:

„Eis Häerzer si geschockt a voller Trauer wa mer un d’Gewaltaktioune vun Terroristen géint onschëlleg Opfer zu New York, Pennsylvenia a Washington denken. Mat vollem Wëlle biede mer fir déi, déi gestuerwe sinn a froen den Herrgott sech ëm d’Häerzer vun Deenen ze bekëmmeren, déi Membere vun hirer Famill verluer hunn a fir eis Natioun an hiert d’Vollek ze stäerken fir des Herausfuerderung mat Glawen, Courage an Eenheet unzehuelen.“

Vill vun eis froen sech sécher, wéi mir op dat wat passéiert ass, elo reagéiere kënnen. An dat an dëser kritischer Zäit an der Geschicht. Als Bahá’í hu mer eng grouss Chance an deem mer eng Rei vu Gebieder fir Amerika an New York hunn. Uganks vum leschte Joerhonnert war ‘Abdu’l-Bahá, de Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun nämlech während enger gudder Rei Méint an Amerika an och zu New York. Hien huet do a Privathäiser, Kirchen, Synagogen an aner grousse Kongresszentren d’Léiere vu sengem Papp mat Iwwerzeegung a vill Léift verbreet. Sou fënnt een op der Internetsäit vun de Bahá’í vun New York zwee vun deene Gebieder.

Wat och ëmmer an den nächsten Deeg, Wochen a Méint passéiere wäert, kënne mir voll Vertraue soen, dass dëst dee grousse Plang vu Gott ass fir d’Welt ze vereenegen. Als Bahá’í kann een a Versuchung kommen doriwwer ze spekuléieren wat dat genee heesche soll. Et ass och liicht sech an Diskussiounen anzeloossen, wat d’Regierunge vun der Welt dann elo maache sollten. Eis Aufgab ass et awer, eise Matmënschen ze hëllefen, hire Verstand an hir Häerzer opzeman fir déi eenzeg Kraaft déi Fridden op der Welt brénge kann.

Méi wéi jee, schreift den amerikanesche Bahá’í Rot, gëtt elo d’Visioun vum heelende Message vu Bahá’u’lláh gebraucht an de Bahá’í Gedanke vun universaler Léift an Hëllef. Weider soen d’Bahá’í Schrëften eis: „Looss hie jidderengem hëllefen a vun Notze sinn, deen him iwwer de Wee leeft. Looss hien de Charakter vu jidderengem verbesseren. … Well d’Léift ass eng Luucht déi liicht, egal wou se ass, an Haass ass d’Däischtert, egal wou se ass.“ „Ech fuerderen iech op,“ schreift ‘Abdu’l-Bahá, „konzentréiert all d’Gedanke vun ärem Häerz op d’Léift an op d’Eenheet. Wann iech e Gedanke vu Krich kënnt, ersetzt en duerch méi e staarke Gedanke vu Fridden. E Gedanke vun Haass muss duerch méi e staarke Gedanke vu Léift zerstéiert ginn. Gedanke vu Krich bréngen Zerstéierung vun aller Harmonie, Rou an Zefriddenheet. Gedanke vu Léift féieren zu Bridderlechkéit, Fridden, Frëndschaft a Gléck.“

74 Dat 20t Jorhonnert

74t Sendung, den 28ten a 29te September 2002.

D’20t Joerhonnert kann een an engem Saz definéieren: eng laang an eenzeg Recherche wéi d’Welt organiséiert soll sinn. Hannert deenen onzielbare Konflikter steet eng Fro, op déi vill Institutiounen, Organisatiounen a Mouvementer bis haut nach keng kloer äntwert fonnt hunn: Wéi soll d’Mënschheet sech organiséieren? Am Ufank vum leschte Joerhonnert ass d’absolutt Monarchie a Fro gestallt ginn; den éischte Weltkrich huet hir lescht Institutiounen niddergerass. Den zweete Weltkrich huet d’Fro vum Faschissem gekläert an huet dem Kolonialismus de Coup de grâce ginn. An haut gëtt déi ambitiéist vun allen Experienzen, de Kommunismus, genauso diskreditéiert. Dat eenzegt wat bleift ass d’Demokratie. Méi wéi eng Demokratie? Obscho si wäitaus besser ass wéi all anere System dee mer bis haut kennen, huet d’Demokratie, sou wéi mir se haut praktizéiern, hir eege Schwieregkeeten. Trotz hirem Succès schéngt et wéi wann am Westen, d’Multiparteiesystem hir Grenzen erreecht hätt. Korruptioun, Beschass, negatif Walkampagnen, gefälschte Walen an Indifferenz hunn a ville Länner sou en Desinteressi bei de Wieler erbäigeruff, dass déi ganz Integritéit vum System bedreet ass. Am Oste sinn déi éischt Zeeche vun der Demokratie vun enger Onmass vu Problemer bedroht an d’Demokratie gëtt ënner Drock gesat. Dozou gehéieren e Mangel un Erfahrung, ural ethnesch Spannungen a kulturell Bestriewungen déi sech géinteniwwer stinn.

ëmmer méi Leit froen sech wéi eng Form vu Regierung haut da nach fiabel ass. Um Rand vun dëser Diskussioun gëtt et zur Zäit eng aussergewéinlech Alternativ, déi vun der weltwäiter Bahá’ícommunautéit entwéckelt gëtt. D’administratiivt System wat hir hëlleft hir Affäiren ze geréieren gouf vum Begrënner selwer a senge Schrëften entworf. Domat kréien déi sozial Prinzipien déi hie geléiert huet och e Kierper. De Fait dass et e gëttleche Modell fir eng permanent Administratioun vum Bahá’í Glawe gëtt ass genee sou wesentlech zu der Definitioun vum Glawen an dem Praktizéieren wéi déi geeschtlech a sozial Doktrinne (Léieren) vu Bahá’u’lláh.

Sou schreift Bahá’u’lláh zum Beispill dass e Bahá’í, an egal wéi engem Land en och wunnt, sech der jeweileger Regéirung géintiwwer loyal, éierlech an trei behuele soll.

Wéi elo Décisiounen am Bahá’í Glawe getraff ginn, sief et op lokalem, nationalem an internationalem Plang, wéi eng Stellung d’Expressioun vum Eenzelnen anhëlt, gesi mer an eiser nächster Emissioun. Fir ofzeschléissen, nach dëse Gedanken: Gebiet ass sënnlos ouni Meditatioun a Meditatioun ass sënnlos ouni Aktioun.

75 E Modell wéi d’Mënschheet zesumme liewe kann

75t Sendung, de 5ten a 6ten Oktober 2002. Am Bahá’í Glawen fanne mer e Modell an e Beispill wéi d’Mënschheet zesumme liewe kann. Entworf gouf dëst Modell am Mëtt vum 19te Jorhonnert vun hirem Begrënner, Bahá’u’lláh. Haut gëtt dëst Modell vu 6 Millioune Leit weltwäit an d’Realitéit ëmgesat, also eng Persoun vun dausend op der Welt bekennt sech als Bahá’í a versicht duerch seng Aktiounen, säi Liewe a seng Partizipatioun, e Beispill ze sinn.

Eng konkret äntwert also op déi Fro, déi souvill gestallt gëtt, an dat gerat elo: Wéi soll d’Mënschheet sech organiséieren? Fir unzefänken fanne mer an de Bahá’í Schrëften, dass e Bahá’í, an egal wéi engem Land een och wunnt, sech der jeweileger Regierung géintiwwer loyal, éierlech an trei behuele soll. D’Dezisiounen an den Affäre vun der Gemeng gi vun administrative Réit getraff, vu fräi gewielte Gremien also an dat op lokalem, nationalem an internationalem Plang. Obwuel dës demokratesch Wale vill ähnlechkeete mat anere Walen hunn, déi mer kennen, sou steet d’Bahá’í Administratioun an d’Gestioun an hirem Ganzen dach a staarkem Kontrast zu den aktuelle Modeller. Sou zum Beispill wéi d’Walen ofgehal ginn. Do gëtt et keng Form vu Walpropaganda oder Nominatioun. Jiddereen dee wielt huelt dee gréisst méigleche Choix vu Kandidaten. D’Aart a Weis wéi d’Bahá’í Gremien hir Eentscheedungen huelen ass genee sou original. An dëser Approche feelt de Geescht vun der Konfrontatioun a si baséiert sech op der Recherche vun engem gemeinschaftleche Konsensus. E Konsensus, deen d’Interesse vun de Wieler zesummesammelt, am plaz se ee géint deen aneren auszespillen.

D’Studenten, déi dee geschichtlechen an theoreteschen Aspekt vu moderner Politik kenneléieren, wäerten eppes hei besonnesch interessant fannen: An zwar d’Gläichgewicht wat am System gehale gëtt tëschent der Fräiheet vun dem individuellem Ausdrock an der Recherche vum bien commun.

Dat wat Bahá’u’lláh eis ze soen huet riicht sech net nëmmen un d’Mënschheet allgemeng an als Kollektivitéit mee och un d’Gewësse fir all Eenzelnen. „Soyez vigilants aux besoins de votre époque“, seet Hien „et concentrez vos délibérations sur ses nécessités et sur ses exigences.“ De Mënsch krut moralesch, intellektuell a geeschtlech Fäegkeeten déi enorm wichteg sinn, wa mer gär hätten, dass eis Zivilisatioun Fortschrëtter soll man. Also ass et och grad sou wichteg fir d’Gestioun vun der Gesellschaft dës kreativ Méiglechkeete vun eiser Séil fräizeman wéi och e System ze fërderen an deem Dezisioune demokratesch getraff ginn.

76 Wéi d’Bahá’í sech organiséieren?

76t Sendung, den 12ten an 13ten Oktober 2002. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer e Kader, eng administratif Uerdnung mat der d’Bahá’í hir Affäre geréiere kënnen. Dës Uerdnung baséiert op engem eenzegartege System vu Réit, déi fräi gewielt ginn. Si ginn eis nei Ustéiss iwwer d’Limite vun der Demokratie.

Déi administrativ Uerdnung, déi Bahá’u’lláh verkënnegt fuerdert vun de gewielten Institutiounen, dass si d’Entwécklung an d’Ausübe vun enger Rei vu Fäegkeeten ureegen. Dat sinn déi moralesch, déi intelektuell an déi geeschteg Fäegkeeten. Si si wesentlech fir de Fortschrëtt vun eiser Zivilisatioun. A fir das dës Fuerderunge kënnen erfëllt ginn, goufe komplämentar Institutiounen erschaf. Hir Aufgab läit doranner ze beroden, z’encouragéieren an z’ënnerstëtzen, engersäits d’Membere vun der Bahá’ígemeng eenzel an anerersäits als gewielten Organer. Déijéineg, déi dëse fondamentalen Déngscht ausüben, goufen opgrond vun e puer Kriterien ausgewielt: eng grouss Erfahrung, Wäisheet, Maturitéit, Integritéit an aner perséinlech Qualitéiten.

Duerch hir Nominatioun kritt d’Bahá’ígemeng e Grupp vu Leit, déi eng grouss Diversitéit duerstellen. Bei der Ëmsetzung vun de Léiere vu Bahá’u’lláh am alldeegleche Liewe bréngen si sou vill Enthusiasmus mat. Obscho si kee Mandat hu fir Entscheedungen ze treffen, droen hir Rotschléi wesentlech derzou bäi, d’Liewe vun der Bahá’ígemeng ze gestalten. D’Membere vun dëser ernannten Institutioun leeschte fir eng bestëmmten Zäit dësen Déngscht. Um Enn vun hirem Mandat huelen si nees hir normal Plaz an der Bahá’ícommunautéit an. Si hu keng klerikal Funktioun an et steet hinnen och net zou, d’Bahá’í Léieren z’interpretéieren. Par conter ass et wouer dass hir Meenung respektéiert gëtt, an dat vun deem Eenzelnen wéi vun den administrative Réit.

Wéi ginn dann elo am Bahá’í Glawen d’Dezisioune geholl? Baséierend op engem Ensemble vu Wal- a Berodungsprinzipien, dréint de Bahá’ísystem vun der gemeinschaftlecher Décisioun ronderëm administrativ Réit, déi fräi gewielt ginn. Dës Hierarchie delegéiert d’Huele vun den Entscheedungen op der méiglechst ënneschter Stuf, wat un sech en eenzegartegt Instrument vun Demokratie op lokalem Niveau duerstellt. Zugläicher Zäit erlabt dës Hierarchie en Niveau vu Koordinatioun an Dezisoun zëerreechen, deen eng Kooperatioun op weltwäitem Plang méiglech mécht.

77 De lokale Bahá’í Rot

77t Sendung, den 19ten an 20ten Oktober 2002. D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Um Mikro de Jean-Marie Nau. D’administratif Uerdnung am Bahá’í Glawen, gouf vu Bahá’u’lláh, dem Stëfter vum Baha’i Glawen a Senge Schrëften duergeluecht. Hien huet duerch dës Uerdnung eng Form geschaf, an där Seng sozial Léieren Uwendung fannen. D’Treffe vun Entscheedungen, wat elo d’Affairë vun der Gemeng ugeet, läit an den Hänn vun Conseilen, déi um lokalem, nationalem, an internationalem Plang fräi gewielt ginn. Um lokale Plang, ass dat de sougenannten lokale geeschtege Rot. Fir Lëtzebuerg sinn dat déi eenzel Gemengen am Land. E lokale Bahá’í Rot gëtt an all Gemeng gewielt wou op mannst néng erwuesse Bahá’í wunnen. Et ass nëtzlech wa mer eis e bësse méi genee ukucken, wéi de lokale Rot da fonktionéiert, aus dem einfache Grond dass de Fonktionement ähnlech ass op nationalem wéi op internationalem Plang.

D’Aktiounsfeld vum lokale Rot ass duerch d’Gemengegrenzen definéiert, déi jo vun der Regierung festgeluecht sinn. An anere Wierder heescht dat, dass all d’Bahá’í déi an enger Gemeng gewunnen zu deem jeweilege lokale Rot gehéieren. Also all Bahá’í deen zum Beispill um Lampertsbierg, Cents, Belair oder zu Beggen wunnt, gehéiert zum lokale Rot vun de Bahá’í vun der Stad Lëtzebuerg.

De lokale Rot gëtt all Joer a geheimer Wal gewielt. Am Abrëll treffen déi erwuesse Bahá’í iwwer 21 Joer aus hirer jeweileger Gemeng sech fir ze wielen. Am Fall wou se verhënnert sinn, si se gebieden hir Stëmm schrëftlech eranzeschécken. No enger Zäit fir Gebieder a rouegem Nodenken schreiwen d’Partizipanten d’Nimm vun deene 9 Leit op, déi hirer Meenung no déi beschte Qualitéiten hunn fir d’Affäre vun der Gemeng ze geréiren. An de Bahá’í Schrëfte fënnt een d’Beschreiwung vun dëse Qualitéiten, dat sinn ënner anerem Wëssen, Erfahrung an Déngscht un der Gemeng an um Glawen.

Interessant ass hei virun allem, dass et keng Wallëscht gëtt a keng Kandidaten. All Erwuessene vun der Bahá’ígemeng kann an de lokale Rot gewielt ginn; déi néng Leit déi déi meeschte Stëmme kruten, si gewielt. Vu dass jidderee gewielt ka ginn, huet deen Eenzelne bei der Wal eng absolutt Fräiheet wéi eng néng Leit hie wielt.

De Prinzip vum Bahá’íwalsystem baséiert dorops, Verantwortlecher no vir ze bréngen, déi hir Fäegkeeten an den Déngscht vun der Gemeng sezten. Zur Zäit geréiren déi lokal Réit eng ganz Rei vun Aktivitéiten déi d’Basis vum Liewen an der Bahá’ígemeng duerstellen: d’Erzéiung vun de Kanner, Déngschter vu géigesäiteger Hëllef, Diskussiounen, Manifestatiounen, Konferenzen, Bahá’í Feieren a Kommemoratiounen, Hochzäiten, Scheedungen a Begriefnisser. Eng Rei vu lokale Réit bekëmmere sech och ëm kleng Entwécklungsprojeten am Beräich vun der Erzéiung, der Ekonomie oder der Ëmwelt. D’lokal Réit bekëmmeren sech och ëm d’Nonzéngdeegfeier, e wichtege Bestanddeel an der Bahá’ícommunautéit. A viregen Emissiounen gouf d’Nonzengdeegfest méi genee beschriwwen. Wann de lokale Rot och d’Dezisiounen trëfft, sou ass dach d’Nonzengdeegfest eng wichteg Geleeënheet wou jiddereen, kleng a grouss, encouragéiert gëtt, seng Virschléi deenen aneren an dem lokale Rot matzedeelen.

 

77a Den nationale Bahá’í Rot

Soubal et an engem Land genuch lokal Bahá’í Réit ginn, kann en nationale Rot forméiert ginn. Goufen et 1954 just 12 national Réit op der Welt, ginn et der haut 174, also praktesch an all Land. D’Wale vun de nationale Réit fonktionéiere genee sou wéi déi vun de lokale Réit. Kanditaten a Walkampagne si verbueden. Et gëtt Wäert geluecht op déi moralesch Qualitéiten an déi Fraen a Männer mat deene meeschte Stëmme gi gewielt. Bei dësen nationale Walen sinn d’Wieler Delegéierter op enger nationaler Konventioun a si kënnen all Bahá’í wielen, dee bei hinnen am Land wunnt. Dës Delegéiert ginn al Joer a geheimer Wal vun den Erwuessene Bahá’í aus engem Waldistrikt gewielt, awer si representéieren d’ganzt Land.

Genee sou wéi d’Männer an d’Fraen déi fir hir lokal Réit schaffen a sech ëm d’Affäre vun enger Gemeng këmmeren, genee sou ass et d’Aufgab vun den nationale Réit sech ëm d’Orientatioun an d’Koordinatioun vun de Bahá’í Aktivitéiten an hirem Kand ze bekëmmeren. Zu dësen Aufgabe gehéieren d’Ausschaffen an d’Administratioun vun Entwécklungsprojeten, d’Erausgi vu Bicher, d’Ënnerhale vun de Relatiounen mat hirer Regierung an d’Koordinatioun an d’Zesummeschaffe mat anere reliéise Gruppen a Netregierungsorganisatiounen.

Un der Spëtzt vun der administrativer Bahá’í Struktur fanne mer d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet. Zesummegesat vu néng Memberen, gëtt dësen héchste Gremium all fënnef Joer gewielt, an zwar vun all de Membere vun den Nationale Réit déi d’Affäre vun der Bahá’í Welt geréieren.

D’Aart a Weis wéi dësen héchste Gremium gewielt gëtt ass déi selwecht wéi déi vun de lokalen an de nationale Réit. Keng Kandidatur a keng Walkampagnen. Déi 9 Leit déi die meeschte Stëmme kréien, si gewielt. Wéi bei de lokalen an de nationale Walen, sollen d’Wieler sech déi Leit eraussichen, dären intellektuell a geeschteg Qualitéiten unerkannt sinn.

De Walprozess ass e liewechen Ausdrock vun demokrateschen Idealer. Obwuel et eng international Institutioun ass, ass dëst héchst Gremium erstaunlecherweis ganz no un der Basis vun der Kommunautéit. All erwuesse Bahá’í bedeelegt sech un der Wal vun engem oder e puer Delegéierter aus sengem Walbezierk. Si wielen dann d’Membere vun hirem nationale Rot a si wielen d’Membere vum héchste Bahá’í Gremium.

Bahá’u’lláh selwer huet dëst Gremium geschaf. An der administrativer Bahá’í Uerdnung hëlt et eng eenzegaarteg Plaz an. D’Bahá’í denken dass d’Dezisioune vun dësem Gremium, wat spirituell Saachen ubelaangt, onfeelbar a vu Gott geleet sinn.

Dëst héchst Gremium, demokratesch gewielt, ka Gesetzer man iwwer all déi Froen, déi Bahá’u’lláh net behandelt huet. Wann zum Beispill d’Entwécklung vun enger neier Technologie e moralesche Problem duerstellt, deen zur Zäit vu Bahá’u’lláh onbekannt war, ass et d’Aufgab vun dësem Gremium, ze kucken, wéi dës Fro ka beäntwert ginn. D’Bahá’í gleewen also dass de Bahá’í Glawen weiderhi wäert vu Gott geleet ginn an dat bis zur nächster Manifestatioun. An dem Bahá’u’lláh no kéim dës nei Manifestatioun net virun dausend Joer.

Wa mer eis d’Membere vun dësem héchste Gremium ukucken, stelle mer fest, dass genee sou wéi d’Membere vun den nationalen a lokale Réit, si fir sech als Eenzelne kee Pouvoir a keng Autoritéit hunn, och wann sie héich geschätzt a respektéiert ginn. Et ass nëmme wa si zesumme sinn, wa si offiziell an hirer Sëtzung sinn als Gremium, wou si Autoritéit hunn a wou si, dem Bahá’í Glawen no, gëttlech Inspiratioun kréien. Domat gëtt de Kult vun der Perséinlechkeet évitéiert. Den Akzent läit op der gemeinschaftlecher Décisioun a net dem Pouvoir vum Eenzelnen an dat op all Niveau, lokal, national an international.

78 Wéi d’Mënschheet sech organiséiere soll?

78t Sendung, de 26ten a 27ten Oktober 2002. Am Bahá’í Glawen fanne mer e Modell an e Beispill wéi d’Mënschheet zesumme liewe kann. Déi administratif Uerdnung, déi Bahá’u’lláh verkënnegt, fuerdert vun de gewielten Institutiounen, dass si d’Entwécklung an d’Ausübe vun enger Rei vu Fäegkeeten ureegen. Dat sinn déi moralesch, déi intellektuell an déi geeschteg Fäegkeeten. Si si wesentlech fir de Fortschrëtt vun eiser Zivilisatioun. A fir das dës Fuerderunge kënnen erfëllt ginn, goufe komplämentar Institutiounen erschaf. Hir Aufgab läit doranner ze beroden, z’encouragéieren an z’ënnerstëtzen, engersäits d’Membere vun der Bahá’ígemeng eenzel an anerersäits als gewielten Organer. Déijéineg, déi dëse fondamentalen Déngscht ausüben, goufen opgrond vun e puer Kriterien ausgewielt: eng grouss Erfahrung, Wäisheet, Maturitéit, Integritéit an aner bestëmmte perséinleche Qualitéiten.

Duerch hir Nominatioun kritt d’Bahá’ígemeng e Grupp vu Leit, déi eng grouss Diversitéit duerstellen. Bei der Ëmsetzung vun de Léiere vu Bahá’u’lláh am alldeegleche Liewe bréngen si sou vill Enthusiasmus mat. Obscho si kee Mandat hu fir Entscheedungen ze treffen, droen hir Rotschléi wesentlech derzou bäi, d’Liewe vun der Bahá’ígemeng ze gestalten. D’Membere vun dëser ernannten Institutioun, fir eng bestëmmten Zäit dësen Déngscht ze leeschten. Um Enn vun hirem Mandat huelen si nees hir normal Plaz an der Bahá’ícommunautéit an. Si hu keng klerikal Funktioun an et steet hinnen och net zou, d’Bahá’íléieren z’interpretéieren. Par conter ass et wouer dass hir Meenung respektéiert gëtt, an dat vun deem Eenzelnen wéi vun den administrative Réit.

Wéi ginn dann elo am Bahá’í Glawen d’Dezisioune geholl? Baséierend op engem Ensemble vu Wal a BerodungsPrinzipien, dréint de Bahá’ísystem vun der gemeinschaftlecher Décisioun ronderëm administrativ Réit, déi fräi gewielt ginn. Dës Hierarchie delegéiert d’Huele vun den Entscheedungen op déi méiglechst nidderegst Stuf, wat un sech en eenzegaartegt Instrument vun Demokratie op lokalem Niveau duerstellt. Zugläicher Zäit erlaabt dës Hierarchie en Niveau vu Koordinatioun an Dezisoun zëerreechen, deen eng Kooperatioun op weltwäitem Plang méiglech mécht.

Zum Schluss sief nach drop higewisen, dass den éischte lëtzebuergesche Video iwwer de Bahá’í Glawen viru kuerzem fäerdegginn ass. En heescht: De Bahá’í Glawen, eng weltëmfassend Relioun. Dir kënnt en am Bahá’í Zenter bestellen um Telefon 442220 oder um Internet ënnert http://www.bahai.lu

 

79 Berodung

79t Sendung, den 2ten an 3ten November 2002. Déi administrativ Organer am Bahá’í Glawe benotzen alleguer eng extra Method fir hir Entscheedungen ze huelen: D’Berodung. Wat d’Berodung genee aus fënnt een an de Bahá’í Schrëften. D’Berodung erlaabt d’Sich no der Wourecht a ka sou op ville Gebidder benotzt ginn. Ëmmer dann ass d’Berodung nëtzlech wann eng Gruppendezisioun néideg ass. D’Berodung gëtt net nëmmen an den Institutioune benotzt mee och a Firmen, a Schoulen déi vu Bahá’í geréiert ginn an am Alldag vu Bahá’í Familljen, wann et heescht Dezisiounen huelen.

Bei der Berodung geet et virun allem dorëms e Konsensus, eng Iwwereneestëmmung tëschent de gewielte Memberen z’erreechen. D’Berodung encouragéiert den Ausdrock vu verschidde Meenungen ouni awer déi aner wëllen mat aller Kraaft a mat alle Mëttelen ze beaflossen. D’Berodung ass e wichtegt Fundament vun der Bahá’í Administratioun.

Hei ganz kuerz déi 4 wichtegst Punkten déi een fir eng Berodung brauch. Éischtens: All déi néideg Informatiounen a Point de Vuën zu engem bestëmmten Thema gi gesicht an zesummegestallt. Dobäi kann een natierlech Appell man u Spezialisten, wéi Juristen, Dokteren oder Wëssenschaftler. D’Meenung vu Memberen aus verschidde Milieuxe vun der Kommunautéit kann och néideg sinn. Zweetens: Bei der Diskussioun gëtt versicht, richteraus, éierlech an héiflech ze sinn, ouni déi aner z’attackéieren oder Ultimatumen ze setzen. Drëttens: Wann ee seng Iddi präsentéiert huet, da gehéiert se dem Grupp; et geet net dorëms, perforce seng Iddi wëllen duerchzesetzen oder Partei z’ergräifen. D’Fro ass hei: Wéi eng Iddi kann der Gesellschaft dee beschten Déngscht leeschten an net: Weem seng Iddi ass et! A Véiertens: Unanimitéit ass erwënscht. Wann dat net méiglech ass, gëtt ofgestëmmt an de Beschloss vun der Majoritéit gëtt ugehol. Wann de Grupp d’Décisioun trëfft, versicht jiddereen, och déi, déi net dofir gestëmmt hunn, se voll a ganz z’akzeptéieren an se z’ënnerstëtzen.

Bei esou Konditiounen, kann et keng Minoritéit ginn oder eng Positioun vun der Oppositioun. D’Bahá’í denken éischter, dass am Fall vun enger schlechter Décisioun, dat evident ass, dee Moment wou d’Décisioun ausgefouert gëtt. Dofir muss awer de Grupp, deen d’Décisioun geholl huet an en fait den Ensemble vun der Kommunautéit, d’Décisioun voll a ganz ënnertëtzen.

Dëse Wëllen zur Eenheet bréngt mat sech dass wann eng Décisioun oder e Projet keen Erfolleg huet, de Feeler bei der Iddi selwer läit a net beim Manktum vun Ënnerstëtzung bei der Gemeng. Dëse Prinzip läit nach eng Kéier an der Erkenntniss, dass d’Eenheet eng Kraaft ass. De Jong vu Bahá’u’lláh, ‘Abdu’l-Bahá sot, dass d’Bahá’í ëmmer nees versiche sollten, en Akkord ze fannen.

Sech an engem Punkt eens sinn, och wann sech herno erausstellt dass d’Décisioun net richteg war, ass besser, wéi eng Décisioun, déi richteg ass, déi awer am Désaccord getraff gouf, bei där een sech also net eens war. Et ass d’Kraaft vun der Eenheet, déi d’Wourecht ervirbréngt an déi et dann erméiglecht de Feeler ze verbesseren an d’Décisioun z’änneren.

80 De Jugendprojet Tout Foi Tout Flamme

80t Sendung, den 9ten an 10ten November 2002. Vu mëttwochs owes bis Sonndes mëttes waren se do, iwwer véierzeg Jugendlecher aus véier franséischsproochege Länner, fir sech op e Liewen am Déngscht vun der Mënschheet virzebereeden. Déi mescht vun hinnen si Bahá’í a begeeschtert, vun der Visioun un enger neier Gesellschaft kënne matzeschaffen. Dëst Zesummekommen ass dat éischt gewiescht an enger Rei vun Aktivitéiten, mat engem Héichpunkt den nächste Summer. Si hu sech zu Huelemes zesummefonnt fir d’Bicher eent and zwee vum Ruhiinstitut duerchzehuelen. An dëser partizipativer Method léiere si op eng kreativ Aart a Weis hire Glawe besser kennen. Duerch praktesch Beispiller setze si sech mat de Bahá’í Schrëften ausernanner. „D’Verbesserung vun der Welt ka nëmmen duerch gutt a reng Aktiounen erreecht ginn“. Esou en Zitat heescht et an d’Realitéit ëmsetzen. An do hunn déi Jugendlech, mat hirer Fräizäit, Ongebonnenheet, a mat hirer Begeeschterung en immense Virdeel. An engem Zeechen – a Molatelier, geleet vum Marianne Wiltgen, hu si a knapps zwou Stonne praktesch eng ganz Ausstellung op d’Bee gestallt. Inspiréiert vun engem Zitat aus de Bahá’í Schrëften hu si kollektiv un e puer Zeechnunge geschafft an déi dann an der Grupp erkläert. Hei e Beispill vu sou engem Text deen si inspiréiert huet: „Je te supplie de faire de ma prière un feu capable de consumer les voiles qui m’ont séparé de ta beauté, et une lumière qui me conduise vers l’océan de ta présence. Ech bieden dech, maach aus mengem Gebiet e Feier, dat et fäerdeg bréngt d’Schleier ze verbrennen, déi mech vun denger Schéinheet getrennt hunn an eng Luucht déi mech zum Ozean vun denger Präsenz féiert.“ Déi Jugendlecher, déi sech méi fir d’Musek interesséieren, hunn zu dësem Zitat eng flott Melodie dozou fonnt.

Während dem Weekend goung et och drëm sech besser auszedrécken. Wéi erkläert een engem dass et eng Muecht gëtt, Een deen eis erschaf huet. A wéi eng Bezéiung hu mir mat eisem Créateur? Hei eng Méiglechkeet dat ze man:

Deen deen alles erschaf huet ass Gott, deen Eenzegen, deen Onvergläichlechen, Deen, dee kengem senger brauch. Hien ass d’Ursaach vun eiser Existenz a vun Allem wat et gëtt. Hien huet de Mënsch erschaf an dat no sengem Bildnes. D’Realitéit selwer vun eisem Créateur ass onbegräiflech fir eis mënschlech Intelligenz, well se limitéiert ass an dat Onendlecht net verstoe kann. D’Biller déi d’Unhänger vun anere Reliounen sech iwwer Gott gemaach hunn si just d’Friichte vun hirer eegener Imaginatioun. Gott ass kee Mënsch an en ass net einfach eng Kraaft déi iwwerall am Universum ze fannen ass. D’Ausdréck déi mir gebrauchen, well mer soss näischt kennen, fir vun der Quell vun eiser Existenz ze schwätzen, drécken ee vu sengen Nimm an Attributen aus, an dat an enger Sprooch, déi et ni wäert fäerdeg bréngen, seng Realitéit ze beschreiwen. An de Bahá’í Schrëfte liese mer: „O fils de l’homme! J’ai aimé ta création, c’est pourquoi je t’ai créé. Aime-moi donc afin que je puisse mentionner ton nom et que, de l’esprit de vie, je remplisse ton âme.“

De Bahá’í Schrëften no existéiere mir nëmme wéinst der Léift déi Gott fir eis huet. Mir sollten eis dëser Léift ëmmer nees bewosst sinn. Et ass dës Léift, déi ass beschützt an déi eis Kraaft gëtt. Ob et eis schlecht oder gutt geet, ob mer trauereg oder frou sinn; mir sollten drun denken, dass Hie stänneg Seng Léift iwwer eis schëtt. Dat heescht awer net, dass mir näischt méi brauchen ze man. An eiser nächster Emissioun gitt der gewuer wat mir kënne man. Bis dohin e wonnerschéine Weekend an eng super Woch.

81 Eis Bezéiung mat Deem Deen eis erschaf huet

81t Sendung, den 16ten a 17ten November 2002. De Bahá’í Schrëfte no existéiere mir nëmme wéinst der Léift déi Gott fir eis huet. Mir sollten eis dëser Léift ëmmer nees bewosst sinn. Et ass des Léift, déi ass beschützt an déi eis Kraaft gëtt. Ob et eis schlecht oder gutt geet, ob mer trauereg oder frou sinn; mir sollten drun denken, dass Hien stänneg Seng Léift iwwer eis schëtt. Wéinst der Léift déi Gott fir eis huet, huet hien eis erschaf. Weider liese mer an de Bahá’í Schrëften, dass Gott mat eis e Bündnis, eng Aart Kontrakt mat eis gemaach huet. Eng Alliance déi während all Zäite bestoe soll. E Kontrakt ass e Verspriechen oder e Pakt tëschent zwee oder méi Leit. Deem éiwege Bündnis no, léisst eise Créateur de Mënsch ni aleng. Vun Zäitalter zu Zäitalter weisst en eis säi Wëllen duerch ee vu senge Gottesoffenbarer oder Manifestatiounen.

Dat Wuert „manifestéieren“ bedeit op franséisch och „révéler“ oder „dévoiler“ an zwar eppes wat virdrun nach net bekannt war. D’Manifestatioune vu Gott sinn esou eenzegaarteg Wiesen, déi eist d’Wuert vu Gott wësse loossen. Si sinn universal Erzéier déi eis weise wéi mer am Akkord mam Wëlle Gottes liewe kënnen; wéi mer wierklecht Gléck erreeche kënnen. Zu dëse Manifestatioune gehéiere Krishna, Moses, Zoroaster, Buddha, Jesus-Christus, Mohammet an och de Báb a Bahá’u’lláh, déi zwou Manifestatioune vu Gott fir eis Zäit.

Eng Allianz huet zwou Säiten: an dat tëschent zwou Parteien woubei jiddereng sech engagéiert op eng bestëmmte Manéier z’agéieren. An der éiweger Allianz vu Gott, huet Hien säin Engagement eis vis-à-vis nach ëmmer gehal. Elo stellt sech dann d’Fro, wéi mir da kënnen eisen Deel zu dëser staarker Allianz bäidroen?

D’Bündnes freet vun eis d’Manifestation vu Gott eemol fir d’éischt unzëerkennen a mat sengem Wëllen averstane sinn. Wat ass de Sënn vun eisem Liewen? Vill Passagen an de Bahá’í Schrëfte soen eis dass Gott eis erschaf huet, fir Hien z’erkennen a fir Hien unzebieden. Dass mir eis Schwächt a Seng Muecht, eis Schwächt a Seng Kraaft, eis Aarmutt a Säi Räichtum unerkennen. An dass et keen anere Gott gëtt ausser Him, deen deen a Gefor hëlleft, deen deen duerch sech selwer ass.

Wéi kënne mer da Gott erkennen? Nëmmen duerch seng Manifestatiounen. Wéi kënne mer de Sënn vun eisem Liewen erfëllen? Nëmmen doduerch dass mer d’Manifestatioun vu Gott fir eis Zäit erkennen.

Mir liewen an enger Zäit wou all d’Versprieche vun der Vergaangenheet amgaang sinn, erfëllt ze ginn. Bahá’u’lláh seet eis dass mir all eis Differenzen ausgläiche sollen an dass mer, vereent am gréisste Fridde, ënnert dem Schiet vu senger Méi a Guttheet bleiwe sollen. Bahá’u’lláh als Manifestatioun fir eis Zäit akzeptéiere bedeit awer och ferm am Glawe sinn a seng Geboter beuechten. An eiser heiteger turbulenter Zäit ass et extrem nëtzlech un d’Liewe vu Bahá’u’lláh ze denken, all dat wat Hie fir eis erlidden huet a seng aussergewéinlech Victoiren, seng grenzenlos Léift eis géintiwwer. Dëst Zitat soll eis ze denke ginn:

„L’ancienne Beauté, Bahá’u’lláh, s’est laissé charger de chaînes pour que l’humanité puisse être libérée de son esclavage, et Il a accepté d’être emprisonné dans cette très grande forteresse pour que le monde puisse parvenir à la vraie liberté. Il a bu jusqu’à la lie le coupe de la douleur, afin que tous les peuples de la terre puissent parvenir à la joie éternelle et qu’ils soient remplis d’allégresse. … Nous avons … accepté d’être abaissé pour que vous soyez élévés, et Nous avons souffert une multitude d’afflictions pour que vous puissiez être épanouis et prospères. » [30]

82 Geschicht: Encouragement

D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Um Mikro de Jean-Marie Nau. Haut hunn ech eng kleng Geschicht fir iech. Zwee Männer, allen zwee schwéier krank, sinn am Spidol an deele sech do dat selwecht Zëmmer. Ee vun hinnen ass gezwongen, de ganzen Dag am Bett ze leien an um Réck. Deen aneren ka sech eng Stonn den Dag am Bett opriichten a sëtzen, ëmmer da wann e seng Longe gebotzt kritt.

Säi Bett ass niewent der Fënster. Nodeem déi zwee sech e bësse kennegeléiert hunn, freet säin Noper hien, wat en dann alles esou dobausse gesäit, vu dass hie jo net opstoe kann an och net bei der Fënster läit. An esou gëtt et eng Gewunnecht, dass hie sengem Noper, während enger Stonn am Dag, d’Vue vun der Fënster beschreift.

Mat Ongedold waart de Mann am anere Bett drop, dass säin Noper him d’Vue beschreift: Op de Parc, mam grousse Séi, wou d’Inten an e puer wonnerschéi wäiss Schwanen drop sinn, wou d’Kanner spillen an hir kleng Schëffelcher fuere loossen. Do wou zwee Verléifter spadséieren a wou ee vu wäitem d’Stad gesäit. Seng Beschreiwunge si sou schéin a faarweg, dass de Mann d’Aen zoumécht a sech all déi romantesch d’Szenen virstellt.

An esou ginn d’Deeg an d’Wochen eriwwer. Bis enges moies d’Infirmière kee Liewe méi am Mann nieft der Fënster fënnt. Hien ass an der Nuecht gestuerwen. Deen anere Mann freet dann d’Infirmière ob hien dann elo kéint d’Bett niewent der Fënster kréien.

Mat vill Péng hieft hien sech e bëssen op fir kënnen aus der Fënster ze kucken. A wat e gesäit kann e bal net gleewen: Eng Mauer! “Dat do gëtt et dach net” seet hien zu der Infirmière, “wou ass dann de Parc an de Séi an alles dat wat mäi Noper mir während Wochen a Méint all Dag beschriwwen huet?” „Mäi leiwen Här“ sot d’Infirmière: „Huet hien iech net gesot, dass hie blann ass. Hie konnt d’Mauer mol net gesinn. Vläicht wollt en Iech just e bëssen ermuddegen!“

Ass et net eng immens Freed aner kënne glécklech ze man, och wann ee selwer Schwieregkeeten huet oder benodeelegt ass? Seet d’Spréchwuert net: Gedeeltent Leed, halleft Leed, gedeelte Freed, doubel Freed. Hutt Dir haut schonn een encouragéiert? Dës Rubrik gouf iech präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahá’í, um Internet ënnert www.bahai.org.

 

83 ´Abdu’l-Bahá, Deel 1/3

(keen Text do)

84 ´Abdu’l-Bahá, Deel 2/3

84t Sendung, de 7ten an 8ten Dezember 2002. „Huel der e Beispill, sou solls d’et man“ hunn ech oft als Kand héieren. A mengem jugendleche Liichtsënn war et fir mech normal Fotoen a Biller vu Santana, Deep Purple an dem Frank Zappa an der Kummer ze hunn. Mee sou richteg Rollemodeller, Helden hat ech deemools keng. Als Jugendlechen dunn, op menger Sich no der Wourecht hunn ech e grousse Parcours vu Reliounen, Liewensopfassungen a Philosophie gemaach. Mat den Hari Krishnaen zesumme gesongen, transzendental Meditatioun probéiert, eise kathoulesche Glawen, de Buddhismus, den Islam haten al fir mech hir eegen Unzéiung mat hiren Iwwerzeegungen, Dogmen a Ritualer. Op mengem Parcours sinn ech och de Bahá’í hei zu Lëtzebuerg iwwer de Wee gelaaf a Samschdes mëttes hu mir Texter iwwer de Fridden ausernee geholl. Et gouf awer och iwwer d’Bahá’í Geschicht geschwat. Eppes wat bei mir hänke bliwwen ass, war déi bal onméiglech Grausamkeet mat där am Iran d’Bahá’í hiert d’Liewe gelooss hunn, duerch Folterung a Quälung. Dat am spéide 19te Jorhonnert. Aenzeieberichter no, goufen Dausende vun Unhänger vum Báb, dem Virleefer vum Bahá’í Glawen op grausaamst Aart a Wie gefoltert a gequält, d’Broscht opgeschnidden a Käerzen dragestach, d’Haut vum Gesiicht lieweg erofgezunn, fir iech eng Iddi ze ginn. Ech hu mech gefrot: Firwat kann e Mënsch dat iwwer sech ergoe loossen? Wéi e Glaawe muss een hunn, fir sou eppes kënnen z’erdroen? Abee, ‘Abdu’l-Bahá, de Jong vu Bahá’u’lláh ass ee Personage an der Bahá’ígeschicht, deen immens vill Courage, Wäisheet a Léift gewisen huet. Hien ass 1921 verstuerwen, mat engem Begriefniss vun iwwer 10.000 Leit am heitegen Israel a säi Mausoleeum gëtt haut vu Millioune Leit zu Haifa um Bierg Carmel besicht. Hei eng Beschreiwung vum E.G. Browne, en Orientalist vu Cambridge deen ‘Abdu’l-Bahá fir d’éischt 1890 begéint huet an e gutt kennegeléiert huet.

„Rarement un homme m’a autant impressionné. Grand, bien bâti, se tenant droit comme un bâton, vêtu d’un turban et de vêtements blancs, de longues boucles noires tombant presque sur ses épaules, le front haut et bombé, signe d’une d’une intelligence puissante, les yeux perçants comme ceux d’un faucon, les traits marqués mais agréables, telle fut ma première impression de ‘Abbas Effendi, le Maître, comme on l’appelle justement. On ne saurait, je pense, rencontrer un homme plus éloquent, plus prompt à la répartie, plus expressif, plus intimement familiarisé avec les livres sacrés des Juifs, des Chrétiens, et des Musulmans, même parmi ceux de sa race ou il ne manque pas de gens éloquents, ouverts, et subtils. Devant ces qualités, alliées à une allure à la fois majestueuse et empreinte de génie, j’ai cessé de m’étonner de l’influence et de l’estime dont il jouissait même en dehors du cercle des disciples de son père. Quiconque avait vu cet homme ne pouvait plus douter de sa grandeur et de son pouvoir. » [31]

Säi Liewen ass eenzegaarteg an der Geschicht vun der Mënschheet. Wéi hie gelieft a gelidden huet, wou hien iwwerall war a wat hien alles gemaach huet gesi mer an de nächsten Emissiounen.

 

85 ´Abdu’l-Bahá, Deel 3/3

85t Sendung, de 14ten a 15ten Dezember 2002. Dat Wuert Bahá’í gëtt et nach keng 200 Joer. Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, huet an der zweeter Halschecht vum 19te Joerhonnert gelieft, am heitegen Iran. Déi sozial Bedéngunge vun deemools ware sécher nach méi schlëmm wéi déi vun der Stellung vun der Fra am heitegen Afghanistan. Bahá’u’lláh koum do, wou Korruptioun an Awerglawen am gréisste waren. Wuel huet Bahá’u’lláh, dee méi wéi 40 Joer e Gefaangene war, sech duerch Bréiwer un de Poopst, un d’Kinnegen, un déi, déi un der Muecht waren an un d’ganz Mënschheet geriicht. Mee et war säi Jong, ‘Abdu’l-Bahá, deen, wéi een haut géif soen, eng immens Ëffentlechkeetsaarbecht an der westlecher Welt gemaach huet.

De Message vu Bahá’u’lláh, mat sengem vigoureusen Appell fir eng nei mënschlech a friddlech Gesellschaft, dëse Message gouf virun allem vun ‘Abdu’l-Bahá an der industrieller Welt verbreet a sou ass eng nei Generatioun vun iwwerzeegte Gleewegen enstanen. Fir dass de Glawe sech iwwerall op der Welt verbreede sollt, huet ‘Abdu’l-Bahá e Plang entworf. An enger ganzer Serie vu Bréiwer huet hie sech vir d’éischt un déi Gleeweg vu Nordamerika adresséiert an huet se gefrot fir sech uechter d’Welt néierzeloosse fir de Bahá’í Glawen a seng Grondsätz ze verbreeden.

Wéi dunn den éischte Weltkrich ausgebrach ass, war ‘Abdu’l-Bahá nees am Hellege Land. A senge Messagen un de Westen huet hie viru weideren Ausernanersetzunge gewarnt. Hien ass stänneg drop zréckkomm, wéi noutwenneg et ass, eng Zort Weltfederatioun opzestelle fir en neie Krich ze vermeiden.

Während dem Krich huet ‘Abdu’l-Bahá seng Zäit domat verbruecht, déi Prinzipien unzewenden, vun deem säi Papp an hir selwer geschwat hunn. Sou huet hien zum Beispill bei Tiberias e groussen Agrarprojet organiséiert. Dëse Projet huet der Regioun eng grouss Rekolt vu Fruucht geliwwert; an dat an enger Zäit wou d’Populatioun vun Honger gestuerwe wier. Nom Krich ass ‘Abdu’l-Bahá vun der britescher Regierung fir seng Aktioun mam Ritterkräiz ausgeszeechent ginn.

1921, am November den 28ten ass ‘Abdu’l-Bahá friddlech während sengem Schlof gestuerwen. Wéi sengem Papp, goung et him drëm, d’Eenheet vum Bahá’í Glawe bäizebehalen. Dofir huet e genee wéi Bahá’u’lláh e kloert an däitlecht Testament hannerlooss. Domat gëtt dat Bündniss wat säi Papp etabléiert hat, vervollstännegt. Am Testament designéiert ‘Abdu’l-Bahá den eeltste vu sengen Neveuen, Shoghi Effendi Rabbani als säi Nofolger, an zwar als Guardian vum Bahá’í Glawen, een deen de Bahá’í Glawe beschütze soll. Bahá’u’lláh hat dëse Gardiennat als eng Institutioun virgesinn. Domat huet hien d’Autoritéit fir d’Bahá’í Schrëften a Léiere kënnen z’interpretéieren.[32]

 

86 De Bénévolat am Bahá’í Glawen

86t Sendung, den 21ten an 22ten Dezember 2002. „Denkt ëmmer dorun, wéi der engem en Déngscht erweise kënnt“ „De Mënsch verbessert sech duerch dat wat e fräiwëlleg mécht an net duerch dat, wouzou e gezwonge gëtt. … Deelen ass e perséinlechen Akt vu Gerechtegkeet. … Zu deene gréissten Déngschter déi een deem allmächtege Gott maache kann gehéiert d’Erzéiung an d’Ausbildung vu Kanner.“[33] Dat sinn e puer vun den Zitater, déi een dëslescht op der Foire vum Bénévolat liese konnt.

Iwwer 10000 Leit hu viru kuerzem d’Foire vum Bénévolat um Kirchbierg besicht. Offiziell ugefaang huet d’Foire mat enger Feier wou d’Bahá’í Gemeng sech och dru bedeelegt huet an dat zesummen mat deene verschiddenen anere chrëschtleche Gemengen, der musleemescher an der jüddescher Gemeng.

Ëm déi 200 Organisatiounen déi a verschidde Beräicher vum Bénévolat schaffen hunn do hir Aktivitéite präsentéiert. Als Fraenorganisatioun war d’Union luxembourgeoise des femmes bahá’íes och invitéiert. Op hirem Stand konnt ee passend Zitatiounen aus de Bahá’í Schrëfte liesen; duerch Fotoen an enger multimedialer Präsentatioun krut een e gudden Abléck an hir Aktivitéiten a méi speziell zu den Theme Gläichberechtegung vu Mann a Fra an dem Déngscht un der Mënschheet. Um Stand konnt ee sech Publikatiounen zum Thema ukucken a natierlech gouf et och Kaffi a Kuch. Extra flott um Stand war e Collage vun enger Kënschtlerin zum Thema Bénévolat, wou jiddereen invitéiert war d’Konschtwierk duerch passent Zitatiounen op grénge Blieder ze vervollstännegen. „D’äerd ass nëmmen ee Land an all seng Mënsche sinn hir Bierger“ war zum Beispill eent vun den Zitater. De Collage gouf viru kuerzem am Bahá’í Zenter an der Stad fir e gudden Zweck verkaf, an zwar fir eng Schoul fir Meedercher an Tanzania, e Projet vu Unity Foundation, dee vum Ministère de la co-opération ënnerstëtzt gëtt. Fir ofzeschléissen, nach e puer Zitater a Gedanken zum Thema aus de Bahá’í Schrëften:

„Wann e Mënsch sech mat aller Kraaft beméit, eng Wëssenschaft ze léieren oder sech an enger Konscht ze vervollkommenen, dann ass dat esou wéi wann e Gott géif a Kierchen an Tempelen ubieden. … Gott huet eis Ae ginn, dass mer eis sollen an der Welt ëmkucken an alles dat festhalen, wat eis Kultur an eis Liewenskonscht virubréngt. … Léift zur Mënschheet an den Déngscht zu hirem Wuel sinn déi wäertvollst a luewenswäertst Ziler vum mënschleche Striewen. … Glawen ass e Magnéit, deen d’Bestätegung vu Gott unzitt. Déngscht ass e Magnéit, deen himmlesch Kraaft unzitt. … Gott ze déngen, heescht der Mënschheet déngen … Déngscht ass Gebiet. … Dass all Moie besser ass wéi den Owend virdrun an all neien Dag méi räich wéi dee vu gëschter. … De Wäert vum Mënsch läit am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vun engem gudde Liewen an am Räichtum.“

87 D’Bahá’í Hochzäit

87st Sendung, den 28ten a 29ten Dezember 2001. Dëser Deeg fënnt am Bahá’í Zenter an der Stad eng Bahá’í Hochzäit statt. Aus dësem Grond haut e klengen Extrait aus de Bahá’í Schrëften iwwer d’Bestietnes vum ‘Abdu’l-Bahá op franséisch:

« Le lien qui unit le plus parfaitement les cœurs, c’est la loyauté. Une fois unis, les vrais amoureux doivent montrer l’un envers l’autre la plus grande fidélité. Vous devez consacrer vos connaissances, vos talents, votre fortune, votre titre, votre corps et votre esprit à Dieu, à Bahá’u’lláh et aussi l’un à l’autre ; Que votre cœur soit grand, aussi grand que l’univers de Dieu. Ne permettez à aucune trace de jalousie de se glisser entre vous. Car la jalousie, tel un poison, corrompt l’essence même de l’amour. Ne permettez pas que les incidents éphémères et les évènements de cette vie changeante soient une cause de rupture entre vous. Si des différents s’élèvent, consultez-vous tous deux, de crainte que d’autres ne transforment un petit rien en une montagne. Ne gardez en votre cœur aucun grief, mais au contraire, faites-vous part mutuellement de sa nature avec une telle franchise et une telle compréhension qu’il disparaisse sans laisser de souvenir. Choisissez la camaraderie et l’amitié, détournez-vous de la jalousie et de l’hypocrisie. Ayez des pensées élevées, des idéaux pleins de lumière, des dispositions spirituelles, afin que votre âme devienne le lieu de l’aurore du Soleil de Réalité. Que vos cœurs soient semblables à deux purs miroirs reflétant les étoiles du ciel de l’amour et de la beauté. Que vos aspirations nobles et spirituelles fassent l’objet de vos entretiens. N’ayez aucun secret l’un pour l’autre. Que votre demeure soit un refuge de repos et de tranquillité. Soyez hospitaliers, que la porte de votre maison s’ouvre devant les amis et les étrangers. Accueillez tous les hôtes avec une grâce rayonnante, que chacun se sente chez lui. Nul être mortel ne peut concevoir l’union et l’harmonie que Dieu a destinées aux époux. Fortifiez constamment par l’amour et l’affection l’arbre de votre union afin qu’il reste toujours verdoyant en toutes saisons, et qu’il produise des fruits savoureux pour la guérison des nations. O, bien-aimés de Dieu, que votre demeure soit comme une vision du paradis d’Abhà, pour que tous ceux qui entrent ressentent l’essence de la pureté et de l’harmonie et qu’ils s’écrient de tout leur cœur : « Voici la demeure de l’Amour ! Voici le palais de l’Amour ! Voici le nid de l’Amour ! Voici le jardin de l’Amour ! »

« Soyez comme deux oiseaux au chant mélodieux, perchés sur la plus haute branche de l’arbre de vie, remplissant l’air de leurs gazouillements d’amour et d’extase. Déposez la base de votre affection au cœur même de votre être spirituel, au tréfonds de votre conscience, et ne permettez pas aux vents contraires de venir l’ébranler. Et quand Dieu vous donnera des enfants doux et aimables, consacrez-vous à leur éducation et guidez-les afin qu’ils deviennent des fleurs impérissables dans le divin jardin de roses, des rossignols dans le paradis, des serviteurs de l’humanité, en un mot, les fruits de l’arbre de votre vie. Vivez dans une telle harmonie que d’autres prennent votre existence comme exemple en disant : «Regardez comme ils vivent, tels deux colombes dans un nid, dans une affinité, une union et un parfait amour. C’est comme si, de toute éternité, Dieu avait pétri l’essence même de leur être en vue de leur amour mutuel ; »Réalisez cet amour idéal auquel Dieu vous a destinés afin de participer immédiatement à la vie éternelle ; Désaltérez-vous à la fontaine de Vérité. Que chaque jour de votre vie s’écoule au paradis de gloire, cueillant les fleurs immortelles du jardin des mystères divins. Soyez l’un à l’autre comme des amoureux célestes et des bien-aimés divins habitant un paradis d’amour. Voguez sur les mers sans rivage de l’amour. Soyez fermes et constants dans le sentier de l’amour. Remplissez vos narines du parfum des fleurs d’amour. Accordez vos oreilles aux mélodies enivrantes de l’amour. Que vos objectifs soient aussi généreux que les festins d’amour, et que vos paroles soient comme une rangée de perles blanches de l’océan d’amour. Buvez largement de l’élixir d’amour afin de vivre continuellement dans la réalité de l’amour divin. »

88 D’Bahá’í Hochzäit, en Témoignage vum Esther Zana-Nau (op Franséisch)

Do gëtt et keen Text.

89 E puer wichteg Datumer an der Bahá’i Geschicht

89st Sendung, den 11ten an 12te Januar 2002. A groussen Zich kucke mer eis haut bal ee Joerhonnert Bahá’i Geschicht un.

Den 1te März 1897 ass de Shoghi Effendi zu St Jean d’Accre am heitegen Israel op d’Welt komm. Hie gouf am Testament vun ‘Abdu’l-Bahá als Hidder vum Bahá’i Glawen ernannt. Als eng Institutioun ass Hien Interpret vun de Bahá’i Léieren. 1902 fänken d’Aarbechten um éischten Haus vun der Andacht zu Ashkhabad an Zentralasien un. Den 11ten August 1911 verléisst ‘Abdu’l-Bahá de mëttleren Orient fir eng Visite vun dräianenhallef Méint zu London an zu Paräis. De 4te September 1911 kënnt ‘Abdu’l-Bahá zu London un. Den 11ten Abrëll 1912 kënnt ‘Abdu’l-Bahá zu New York un a bleift während 8 Méint an Amerika an a Kanada. De 27ten Abrëll 1920 gëtt ‘Abdu’l-Bahá als Chevalier vun der britescher Regierung ausgezeechent. Den 28te November 1921 stierft ‘Abdu’l-Bahá. Säin Enkel gëtt Hidder vum Glawen. Den 10te Mee 1925 deklaréiert e Geriicht an Egypten dass d’Bahá’i Relioun eng onofhängeg Relioun ass. De 4te März 1929 genehmegt eng Resolutioun vum Conseil vun der Liga vun den Natiounen d’Revendikatioun vun der Bahá’icommunautéit iwwer d’Haus vu Bahá’u’lláh zu Bagdad. Am März 1949 gëtt d’Bahá’igemeng als eng Netregierungsorganisatioun bei de Vereenten Natiounen enregistréiert. Zwee Méint drop integréiert d’kanadescht Parlament den Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’i vu Kanada. Et ass dat déi éischte Kéier dass de Bahá’i Glawe vun engem souveräne Staat unerkannt gëtt. Den 2te Mee 1953 gëtt dat éischt Haus vun der Andacht zu Wilmette, Illinois an de Vereenegte Staaten ageweit. De 4ten November 1957 stierft de Shoghi Effendi zu London. Den 21 Abrëll 1963 gëtt d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet fir d’éischte Kéier gewielt. 6000 Bahá’i versammele sech zu London fir den éischte Bahá’i Weltkongress. Am Mai 1970 kritt déi international Bahá’icommunautéit e berodende Status bei der ECOSOC, dem Conseil économique et social vun de Vereente Natiounen. 1979 bréngt d’islamesch Revelotioun am Iran eng nei Well vu Verfollegunge géint d’Bahá’igemeng an deem Land mat sech. 1981 votéiert d’Souskommissioun vum Kampf géint diskriminatoresch Moossnahmen an dem Schutz vun de Minoritéite vun der UNO eng Resolutioun fir d’Welt op d’Verfollegunge vun de Bahá’i am Iran drop opmierksam ze man. An deem Joer ginn 48 Bahá’is am Iran doutgemaach. De 17te Juli 1982 ass de Sëtz vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet fäerdeg gebaut a gëtt do um Bierg Karmel zu Haifa an Israel ageweit. 1985 beschäftegt d’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen sech fir d’éischt mat der Situatioun vun de Bahá’i am Iran a verurteelt den Iran fir Violatioun vun de Mënscherechter. Am October 85 verëffentlecht d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet «D’Verspieche vum Weltfridden », e Bréif un d’Vëlker vun der Welt. Den 29te Mee 1992, hellegt Joer, fänkt mat enger Versammlung zu Haifa vun 3000 Bahá’is aus 180 Länner un, déi koume fir den honnertjärege Gebuertsdag vum Doud vu Bahá’u’lláh ze kommémoréieren. Vum 23te bis zum 26ten November 92 hu sech ëm déi 30000 Bahá’is zu New York fir den zweete Bahá’i Weltkongress zesummefonnt. Dee bis elo gréissten an diversifiéierste Bahá’i Kongress iwwerhaapt. Vum 23te bis de 26te Mee hu sech zu Haifa iwwer 3500 Bahá’i aus all Land zesummefonnt an zwar fir d’Aweiung vun de Bahá’i Gäert um Bierg Karmel.

90 E Bléck op eng Weltgemeinschaft

90st Sendung, 18ten an 19te Januar 2002. Gegrënnt gouf de Bahá’í Glawe virun annerhalwem Joerhonnert. Schnell ass hien zu enger vun deene meeschte verbreete Relioune ginn. Mat méi wéi 6 Milliounen Unhänger, verdeelt an iwwer 235 Länner an onofhängegen Territorien, ass dëse Glawen nom Chrëschtentum déi Relioun déi geographesch gesinn, am meeschten op der Welt verbreet ass. Et fënnt ee Bahá’í a méi wéi 121.000 Géigenden op der Welt. An dës grouss Zuel beweist, wéivill si um Ideal vum Weltbiergertum festhalen.

An der Zesummestellung vun hire Membere gesäit een däitlech de Charakter vum Bahá’í Glawen; souzesoen en Echantillon vun der Mënschheet, gehéieren d’Bahá’í praktesch alle Länner, ethnesche Gruppe, Kulturen, Beruffer, sozialen an ekonomesche Klassen un. Si stellen iwwer 2100 Stämm an ethnesch Gruppen duer. Si bilden nëmmen eng Gemeinschaft, ouni Fraktiounen an Trennungen. Mat all deem ass de Bahá’í Glawe wahrscheinlech déi organiséierst Grupp vu Leit op der Welt, déi zu gläich sou verschidden ass an am wäitste verspreet.

De Begrënner vum Bahá’í Glawen ass Bahá’u’lláh, en noble Perser, vun Teheran gebierteg, deen an der Mëtt vum 19te Joerhonnert, seng prënzlech Existenz vu Konfort, Luxus a Sécherheet opginn huet, fir e Liewe vu Verfollegungen, Verbannungen an Entzéiungen. Bahá’u’lláh sot, dass hie keen anere wier, wéi deen neie Gottesoffenbarer. Säi Liewe, säi Wierk a säin Afloss kënne mat deene vun Abraham, Krishna, Moses, Zoroaster, Buddha, Christus a Mohammed verglach ginn. An dëser Successioun ass Bahá’u’lláh fir d’Bahá’í dee jëngste vun dëse Gottesboten.

D’zentraalt Thema vum deem wat Bahá’u’lláh eis ze soen huet, ass d’Eenheet. Hien huet geléiert dass et nëmmen ee Gott gëtt, eng mënschlech Rass an dass all d’Reliounen op der Welt Etappen duerstelle vun deem wat Gott fir d’Mënschheet wëll. „Endlech“ sot hien „ass d’Mënschheet erwuess ginn.“ Sou wéi all d’Schrëfte vu fréier prophezeit hunn, ass d’Zäit fir d’Vereenegung vun all de Völker an eng friddlech a gutt integréiert Weltgesellschaft komm. Hien huet geschriwwen: „D’Äerd ass nëmmen ee Land, an d’Mënschheet hir Bierger.“ Als déi jëngst vun den onofhängege Relioune vun der Welt, ënnerscheet sech de Glawe dee vu Bahá’u’lláh gegrënnt gouf vun deenen anere Reliounen duerch e puer Aspekter. Déi Aspekter kucke mer eis an eisen nächsten Emissioune méi genee un. Bis dohin nach alles Guddes!

91 De Bahá’í Glawen, déi jéngst vun den onofhängege Relioune vun der Welt

(keen Text)

92 Bahá’u’lláh; wéi Hien offenbaart huet, Deel 1/2

92st Sendung, 1ten an 2te Februar 2002. Am September 92 konnt een am britesche Museum eng Ausstellung mat original Bahá’í Manuskripte besiche goen. Dorënner waren och Texter vu Bahá’u’lláh, dem Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Wéi goufen d’Wierder vu Bahá’u’lláh dann eigentlech konservéiert a versuergt? Eenzegaarteg bei der Offenbarung vu Bahá’u’lláh ass d’Authentizitéit vu sengem verkënnegte Wuert. Am Verglach mat de Léiere vu Jesus zum Beispill, déi eréischt no Joerzéngten opgeschriwwe goufen nodeem se verkënnegt goufen, sinn d’Wierder vu Bahá’u’lláh direkt am Moment wou se offenbaart goufen, opgeschriwwen an op hir Echtheet gepréift ginn. De Prozess vun der Offenbarung ass den Ausdrock dee Bahá’u’lláh gebraucht fir d’Iwwerdroung vum Wuert Gottes ze bezeechnen an ass an e puer historeschen Dokumenter beschriwwen.

Hei d’Beschreiwung vun engem Beobachter aus dëser Zäit: de perséinleche Sekretär vu Bahá’u’lláh hat e grousst Dëppche mat Tënt, sou grouss wéi eng Schossel. Dobäi louche bal eng Dose Schreiffiederen an e Koup Pabéier. An där Zäit huet dem Bahá’u’lláh säi Sekretär all säi Courier kritt. Hien huet him e gedroen an huet e mat senger Erlabnes virgelies. Dann huet Bahá’u’lláh him gesot e soll seng Schreiffieder huelen an als Äntwert dat geoffenbaart Wuert opschreiwen. … D’Schnellegkeet, mat där hien dat geoffenbaart Wuert opgeschriwwen huet war därart, dass dat éischt Wuert knapps dréche war wann d’ganz Säit vollgeschriwwe war. D’Säit huet herno so ausgesinn, wéi wann een e Putsch Hoer an d’Tëntefaass gezapt hätt an hätt et dann iwwer d’ganz Säit geschmiert. No all Offenbarung ass dat originaalt Manuskript da frësch geschriwwen ginn, alles ënnert der Opsicht a mam Averständnes vu Bahá’u’lláh.

Haut sinn all déi helleg Schrëfte vu Bahá’u’lláh an déi vu sengem Jong ´Abdu’l-Bahá zu Haifa um Bierg Karmel a spezial Archiven ënnerbruecht, wou si mat deenen neitste wëssenschaftleche Methode konservéiert ginn. All déi wichteg Texter, Bréiwer a Bicher sinn haut a ville Sproochen iwwersat. Bahá’u’lláh, deen a Persie gelieft huet, huet persesch an arabesch geschwat. Mir wäerten an eiser nächster Sendung e bësse méi iwwer säi Stil schwätzen a wéi seng Schrëften iwwersat goufen. Zougänglech si Bahá’í Texter haut iwwer elektronesch Medien direkt um Internet op ville Plazen. Et geet duer eng Recherche ënner Bahá’í Texter ze maachen. A ville Librairien a Bibliothéike fënnt ee Literatur iwwer de Bahá’í Glawen.

Zum Schluss e puer Zitater zum Nodenken aus de Bahá’í Schrëften: „D’Wuert vu Gott ass de Schlëssel vun der ganzer Welt well seng Kraaft mécht d’Diere vun den Häerzer vun de Mënschen op; Dieren déi a Wierklechkeet déi vum Himmel sinn. … Gitt iech eens a reduzéiert är Bewaffnungen, fir är Ausgaben ze verklengeren a fir ärem Geescht an ärem Häerz Rou ze ginn. Bréngt äre Streidereien déi iech auserneebréngen en Heelmëttel an der braucht dir iech nach just an deem Mooss ze verteidegen fir d’Beschützung vun äre Stied a Gebidder.“

 

93 Bahá’u’lláh; wéi Hien offenbaart huet, Deel 2/2

93st Sendung, 8ten a 9te Februar 2002. Ausser méi laang Wierker huet Bahá’u’lláh eng grouss Zuel vu Bréiwer geschriwwen, déi meeschtens u verschidde vu sengen Unhänger adresséiert waren. Hien huet selwer geschätzt dass dës Sammlung vu Bréiwer iwwer 100 Bänn ausmécht. Bahá’u’lláh huet op persesch an op arabesch geschriwwen an huet dës zwou Sprooche mat enger aussergewéinlecher Liichtegkeet behersscht. Seng Schrëften zeechne sech zudeem duerch hiren eegene Stil aus.

D’Essenz vu senge moralesche Léieren fënnt een an engem klenge Wierk mam Numm: „Verborgene Worte“ eng Zesummestellung vu poetesche Versen. Et fënnt een an deem Bichelchen eng Zesummefaassung vum etheschen a spirituelle Message vun de groussen noeneefolgenden Offenbarunge vu Gott.

Dat wesentlescht vu Bahá’u’lláh senger Doktrinn gëtt am Buch vun der Gewëssheet presentéiert. Do fënnt een dee ganze gëttleche Plang; déi grouss Froen, déi nach vu jeehir am Häerz vum reliéise Liewe stoungen: Gott, d’Natur vum Mënsch, de Sënn vum Liewen an d’Roll vun der Offenbarung.

Zu dem Bahá’u’lláh seng mystesche Schrëfte gehéiert e klengt Wierk mam Numm: „Les 7 vallées“ An engem poetesche Stil geschriwwen, beschreift Hien do d’Etappe vun der Rees vun der Séil um Wee bei hire Créateur.

Déi wichtegst vun all de Schrëfte vu Bahá’u’lláh ass dat hellëgst Buch. Offenbaart gouf et während deenen däischteren Deeg als Gefangenen zu St Jean-D’Acre. Dat hellegst Buch, e Schlësselwierk am Bahá’í Glawen ass déi Haaptzesummestellung vun de Gesetzer an Institutiounen déi Bahá’u’lláh erschaf huet; an dat fir d’Weltuerdnung, déi Hie prophezeit, opzestellen.

D’Iwwersetzung vun den hellege Schrëften an aner Sproochen ass fortlaafend. D’Critère vun der Iwwersetzung an d’Englescht goufe vum Shoghi Effendi opgestallt. Hie war vun 1921 bis 57 un der Spëtzt vum Bahá’í Glawen. D’Iwwersetzunge vun dësem fréieren Oxford Student bezeien net nëmme vun enger perfekter Maîtrise vum Engleschen mee stellen och eng Autoritéit duer, wat d’Interpretatioun vun de Schrëften ubelaangt.

Et war net sou einfach, dass deen englesche Stil deen erhuewenen a geblummelechte Stil vum perseschen an arabeschen, dee Bahá’u’lláh benotzt huet, getrei iwwersetzt. Eng wahrhafteg Herausfuederung. Shoghi Effendi huet eng al englesch Form gewielt, déi e bëssen der Versioun vun der „King James“ Bibel gläicht. An deem selwechte Geescht huet hien och décidéiert de männleche Pronomen ze benotze fir vu Gott ze schwätzen – och wann et kloer an de Schrëfte vu Bahá’u’lláh ervirgeet, dass een Deem, deen eis erschaf huet, kee Geschlecht ka ginn. D’Resultat ass e Stil deen tëschent deem modernen engleschen an dem arabeschen a persesche Stil läit, déi Sproochen an där Bahá’u’lláh sech ausgedréckt huet. Sou baséiert een sech haut och op dem Schoghi Effendi sengen Iwwersetzungen an d’Englescht fir d’Iwwersetzung an aner europäesch Sproochen. Verschidden Extraiten aus dem Bahá’u’lláh senge Schrëfte sinn a méi wéi 800 Sproochen iwwersat.

94 D’Bezéiung mat eisem Glawen

94st Sendung, 15ten a 16te Februar 2002. An engem kuerze Bréif vergläicht ´Abdu’l-Bahá d’Bezéiung déi mer mat eisem Glawen hunn. Hie seet et ginn zwou Zorten déi ee sou vergläiche kann. Déi éischt ass déi vun enger Blumm mam Gaart. Déi aner ass déi vum Sonnestral mat der Sonn. ´Abdu’l-Bahá hofft dass eis Bezéiung mat eisem Glawen esou ass wéi déi vum Sonnestral mat der Sonn. Firwat wuel? Gottseidank hëllefen eis oft Beispiller aus der Natur fir geeschteg Prinzipie kënnen ze verstoen. Hei e puer Gedanken dozou.

Wann een d’Bezéiung mat eisem Glawen analiséiert a vergläicht kann ee soen: Als Blumm hunn ech de Gaart gär, ech wuessen am Gaart, ech si stolz op mäi Gaart, ech hunn den Numm vu mengem Gaart. (Ech sinn e Bahá’í, e Chrëscht, e Mohamedaner, e Buddist an sou weider) Alles dat ass gutt. Wéi ass et da mam Sonnestral? Hie seet genee dat selwecht. Ech komme vun der Sonn, ech si stolz op d’Sonn, ech si vun der Sonn ofhängeg an sou weider. Awer wat passéiert wann een ee Sonnestral zesumme mat engem anere Sonnestral bréngt? Aus deenen zwee Strale gëtt ee Sonnestral. Wann een awer zwou Blumme beieneebréngt, sinn dat ëmmer nach zwou Blummen.

Fir eist Zesummeliewen, op der Aarbecht, an der Famill, an eiser Berodung mat deenen aneren heescht dat, dass eisen Ego bestoe bleift, also um Beispill vun der Blumm am Gaart: Si seet jo vläicht: Ech mengen ech si méi schéin wéi déi aner Blummen, an ech richen och besser. Eisen Ego bleift ëmmer bei eis. Wa mer stierwen, wa mer eis trennen, soe mer Äddi. Awer bis et esouwäit ass, bleift d’Déier an eis.

Kucke mer eis elo de Sonnestral un. De Sonnestral seet : Ech hu keen Numm, et ass egal. Ech hu keng Faarf, et ass egal. Ech komme vun der Sonn. Mäin Job ass et der Sonn trei ze sinn and d’Luucht vun der Sonn ze droen an ze vermëttelen. Dat ass meng Aarbecht a meng Aufgab. An ech maachen et. De Sonnestral ass sou reng dass wann s de e Stull hëlls an du gees eraus wou d’Sonn ass, sees de: ech sëtzen an der Sonn. Natierlech sëtzs du net an der Sonn. D’Sonn ass do uewen. Mee well de Sonnestral sou trei ass, so reng, huet et all d’Qualitéite vun der Sonn, sou dass mir soen: ech sëtzen an der Sonn.

An da gëtt et nach eng Differenz tëschent der Blumm an dem Gaart an dem Sonnestral an der Sonn. D’Blumm déi kritt nämlech andauernd. Si seet: Buedem, gëff mer gudde Buedem, gëff mer gutt Wasser, Luucht a Sonn. Ech wëll méi Luucht. D’Blumm kritt déi ganzen Zäit. An de Sonnestral? Hie wëllt näischt, de Sonnestral gëtt an hëlleft der Blumm wuessen. Eng grouss Differenz also tëschent deenen zwee. Wéi ass meng Bezéiung zu mengem Glawen? Wéi d’Blumm par rapport zu hirem Gaart oder wéi de Sonnestral par rapport zu der Sonn? [34]

95 Eise Kierper an eis Gesondheet

95st Sendung, 22ten a 23te Februar 2002. 1923 koum am Bahá’í Verlag e Buch iwwer de Bahá’í Glawen eraus, „Bahá’u’lláh an dat neit Zeitalter“, zesummegestallt vum Dr. Esslemont. Haut ass d’Buch an 58 Sproochen iwwersat. Hei e puer Gedanken aus dem Buch zum Thema Gesondheet: ´Abdu’l-Bahá seet: Sech Gott zouzewende bréngt Heelung fir de Kierper, de Geescht an d’Séil. De mënschleche Kierper déngt engem zäitbegrenzten Zweck bei der Entwécklung vun der Séil a wann de Kierper hiren Zweck erfëllt huet, gëtt en ofgeluecht. Genee sou wéi bei der Eeerschuel, déi bei der Entwécklung vun engem Schippelchen engem zäitlechen Zweck déngt, a wann dësen Zweck erfëllt ass, zerbrécht an ofgeluecht gëtt. De physesche Kierper ass net fäeg zur Onstierflechkeet, well en aus Atomen a Molekülen opgebaut ass a wéi all Saachen, déi zesummegesat sinn, sech mat der Zäit opléist. Sou soll de Kierper den Dénger vun der Séil sinn an net hiren Här. De Kierper soll soll mat Rücksicht behandelt ginn. Eis physesch Gesondheet ass genee sou verbonnen mat eiser gedanklecher, sittlecher a geeschteger Gesondheet, wéi och mam Wuel vum Eenzelnen an der Gemeinschaft vun onse Matmënschen, jo souguer mam Liewe vun den Déieren an de Planzen. An Eent gëtt vun deem anere beaflosst.

´Abdu’l-Bahá seet dass d’Spuersamkeet d’Grondlag vum mënschleche Wuel ass.Verschwendung ass fir jiddereen eng onverzeilech Sënn. Mir duerfen ni op Käschte vun anere liewen. D’Gemitt vun engem zefriddene Mënsch ass ëmmer friddlech a säin Häerz ass roueg.

Iwwer d’Ernährung seet ´Abdu’l-Bahá dass an d’Zukunft d’Ernährung aus Friichten a Getreide bestoe wäert. D’Zäit wäert kommen, wou kee Fleesch méi giess gëtt. D’medezinesch Wëssenschaft stécht eréischt an hire Kannerschong. Trotzdem huet si awer scho gewisen, dass eis natierlech Ernährung an deem besteet wat aus dem Buedem erauswiesst. De Bahá’í Glawe berout op Mässegung, net Asketentum. Sech de gudden a schéine Saachen am materiellen a geeschtege Liewen z’erfreeën ass net nëmmen ugeroden mee eng Flicht. Loosst iech deem net entgoen, zu deem der erschaf si gitt. An äre Gesiichter soll ee Begeeschterung a Freed fannen. Alles wat erschaf gouf, ass fir de Mënsch do, den Höhepunkt vun der Schëpfung, an dofir soll e fir dat wat e kritt, dankbar sinn. All déi materiell Saachen si fir eis do, sou dass mer duerch eis Dankbarkeet léieren, d’Liewen als e gëttlecht Geschenk ze verstoen.

Propretéit, obschonn et eppes Stoffleches ass, huet e groussen Afloss op dat Geeschtegt. Wann de Mënsch e propperen a renge Kierper besëtzt, huet dat genee sou en Afloss op säi Geescht.

Um Wee vun der Krankheetsverhiddung hätten déi relativ einfach hygienesch a sittlech Uweisunge vun de grousse Prophete wéi Moses, Buddha, Christus, Mohammet oder Bahá’u’lláh méi bewierkt wéi all d’Dokteren an déi ëffentlech Gesondheetsvirschrëfte vun der Welt dat hätte kënnen. Souwäit e puer Gedanken zum Thema Kierper a Gesondheet.[35]

 

96 D’Faaschtenzäit

96t Sendung. Freideg den 1te Mäerz 2002 um 5 vir halwer 7 owes a Samschdes moies den 2te virun 10 Auer. D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. D’Thema vun haut: D’Faaschtenzäit. Um Mikro de Jean-Marie Nau. Bal all d’Reliounen op der Welt leeë Wäert op d’Faaschten als e Mëttel fir sech spirituell ze rengegen. Sou zum Beispill d’Musulmaner. All Joer, während 28 Deeg, iessen an drénke si näischt nom Sonnenopgank a virum Sonnenënnergank. Sou fanne mer och an der Bibel, an de Kapitele sechs an néng vum Evangelium vum hellegen Mattheus, dass Jesus seet, wéi wichteg d’Faaschten ass.

Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun invitéiert d’Bahá’í daagsiwwer, an dat nom Sonnenopgank a bis nom Sonnenënnergank, näischt z’iessen an näischt ze drénken. Dat während 19 Deeg, all Joer, tëschent dem 2ten an 20te März. Dës Zäit gëtt einfach d’Faaschtenzäit genannt. Et soll eng Zäit sinn, wou den Eenzelnen virun allem méi Zäit fënnt, iwwer säi geeschtege Fortschrëtt nozedenken. All Bahá’í gëtt sech Méi, sech vu materielle Saache lasszeloossen. Während der Faaschtenzäit ass et dann üblech, dass ee virun Sonnenopgank opsteet fir Kaffi ze drénken an duerno ze bieden. Natierlech muss d’Gesondheet et engem erlaben ze faaschten. Schwanger Frae brauchen net ze faschten, genau sou wéi Jugendlech ënner 15 Joer oder Leit iwwer 70. D’Faaschten ass och net néideg wann een op der Rees ass oder wann ee schwéier kierperlech schafft. Mee fir e gesonde Mënsch ass d’Faaschten eng wonnerbar Erfarung, eng Entdeckungsrees zu de Wuerzele vu senger Existenz, eng Rees, vun där ee méi räif a méi geeschteg zréckkënnt.

Wann ee fascht, fënnt een op eemol Zäit, déi een normalerweis mat Iessen an Drënke verbréngt. Et geet u mat der Kaffispaus moies, d’Mëttegiessen natierlech an déi kleng Paus Mëttes. Et ass grad déi sou gewonnen Zäit déi ee kann nëtzlech mat Meditatioun a Gebiet verbréngen. Frënn an Aarbechtskollege si virwëtzeg firwat een da faascht a wat da Bahá’í eigentlech ass. Déi éischt puer Deeg sinn oft am schwéiersten an da gëtt et méi einfach, an et winnt een sech scho bal drunn.

Mee et ass schonn eng Erausfuerderung. D’Iessen an d’Drënken kritt och nees vill méi en héige Stellewärt, well een sech wierklech op e Glas Waasser owes freeë kann. Interessant ass och, dass déi puer Deeg virun der Faaschtenzäit, also virum 2te März, besonnesch sinn. D’Bahá’í sinn invitéiert, während deene véier, fënnef Deeg besonnesch frou ze sinn. Oft gi Cadeaue gemaach, et geet een d’Famill a Frënn besichen an et mécht een eppes fir e gudden Zweck. D’Faaschtenzäit hält den 21te Mäerz op. An dat ass d’Bahá’í Neit Joer. Et ass och den Ufank vum Fréijoer. Ofschléissend dës Gedanken aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Meditatioun: „Eng Stonn Nodenken ass méi wäert wéi 70 Joer fromm Andacht.“ [36] Bahá’u’lláh seet: „Versenkt Iech an d’Mier vu Menge Wierder, dass dir hir Geheimnisser ergrënne kënnt an all déi Pärele vu Wäisheet entdecke kënnt, déi an hiren Déifte verbuerge leien.“[37] Des Rubrik gouf Iech offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

97 Wéi kann ech dat Bescht a mir selwer eraushuelen a kultivéieren?

97t Sendung, den 8ten an 9te Mäerz 2002. Dir sidd invitéiert: Hutt Dir iech schonn eemol gefrot; Wéi dir dat Bescht aus iech selwer eraushuelen a kultivéiere kënnt? Wéi dir de Sënn vun ärem Liewen opspieren an erfëlle kënnt?

Wéi dir är Kanner zu enger Orientéierung op ethesch Wäerter hin erzéie kënnt? Wéi dir effektiv an harmonesch mat Erwuessenen a Kanner gläichermoosse kommunizéiere kënnt? Genau domat beschäftegt sech den Ethik-Atelier an enger Rei vun interessanten an inspiréirende Sessioune fir Erwuessener. D’Material fir den Atelier liwwert d’Buch: The family virtues guide, D’Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill, e kreatiivt a praxisorientéiert Buch zu den ethesche Wäerter am Alldag. Am Atelier gëtt draus gelies an diskutéiert, wéi zum Beispill iwwer Takt, Respekt, Gerechtegkeet, Selbstsécherheet, Héiflechkeet, Mutt a Rücksicht. Zesumme ginn iwwer Beispiller a Situatiounen aus dem Alldaag beroden. Doduerch entsteet e Vertrauen mat der Sprooch vun den Dugenden, déi eis Fäegkeet fërdert, e positiven an ermuddegenden Afloss op déi ronderëm eis ze hunn an déi eis selwer bei eiser eegener Ethik ënnerstëtzt. Wann dat iech interesséiert, dat kommt einfach bis laanscht a maacht mat: Dëse Samschdeg, den 9te Mäerz an de Samschdeg drop de 16te Mäerz um 4 Auer an der Stad am Bahá’í Zenter.

Déi, déi sech interesséieren, gi sech zweemol am Mount Rendez-vous, an dat Samschdesmëttes, während de Kannerklassen am Bahá’í Zenter. Duerch den Atelier féiert d’Marion Gottardi. Organiséiert ginn dës Atelieeën vum Familljekommittee vun de lëtzebuerger Bahá’í. Fir iech e bëssen Appetit op dës Atelieren ze ginn, hei e puer Iddien aus dem Buch: Wie sinn eis Kanner eigentlech wierklech? Déi geeschteg Natur vu Kanner. Wat Kanner sinn a wat se net sinn. Geet Léift aleng dann net duer? Wat sollen d’Elteren da man?

D’Elteren als Erzéier: wéi een erzéierbar Momenter erkenne kann. Wat soll ee maache wann eist Kand eppes wierklech Schlëmmes gemaach huet. En Erzéier sinn, kee Priedeger. D’Sprooch vun den Dugenden an d’Kraaft vun der Sprooch erkennen. Wann eist d’Kand sech net gutt beholl huet, vun deem schwätze wat geschitt ass, net vun deem deen et gemaach huet.

D’Elteren als Autoritéit: kloer Grenze setzen, Familljeregelen opstellen; dem Kand a senge Grenzen verschidde Méiglechkeete ginn. Beispill: Wann et heescht an d’Bett goen, ass et bal eng Topechkeet ze froen: „Wëlls de an d’Bett goen?“ Eng Alternativ ass déi hei: „Karin, Zäit fir an d’Bett. Wëlls de haut d’Geschicht héieren, déi mer gëschter gelies hunn oder eng nei?“

Zum Thema Disziplin ginn e puer Regele am Kader vun der Famill proposéiert: Kanner déi léieren, méi verantwortlech ze handelen, kënnen och méi Fräiheet kréien. Wann et ëm d’Sécherheet geet, muss einfach gefollegt ginn. D’Méi vun engem Kand soll ëmmer unerkannt ginn.

 

98 The family virtues guide, d’Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill

98t Sendung, de 15ten a 16te Mäerz 2002. An eiser leschter Emissioun hu mer eis gefrot : Wéi kann ech dat Bescht aus mir selwer eraushueln a kultivéieren? Wéi ech de Sënn vu mengem Liewen opspieren an erfëlle kann a wéi ech meng Kanner zu enger Orientéierung op ethesch Wäerter hin erzéie kann? Äntwerten op dës Froe kréie mer am Buch: The family virtues guide, D’Buch vun den Dugende fir d’ganz Famill, e kreatiivt a praxisorientéiert Buch zu den ethesche Wäerter am Alldag.

Véier grouss Rolle spillen d’Elteren dobäi: als Erzéier, als Autoritéit, als Guide an als Beroder. Als Guide oder een deen de Wee weist kënnen d’Elteren hir praktesch Fäegkeeten a Kenntnisser mat hire Kanner deelen. Sief dat fir an de Garage oder an der Kichen eng Hand unzepaken. Eng wonnerbar Geleeënheet fir d’Kanner ze luewen an eng Plaz wou si hir Talenter a Fäegkeeten entdecke kënnen.

Et ass wichteg dass d’Kanner Geschichten iwwer hir Famill erzielt kréien, sou zum Beispill während dem Iessen. Do sollen si och d’Méigléchkeet hunn, hir eege Geschichten z’erzielen, hir Dreem a Wënsch. Engem Kand nolauschteren heescht dass et als eng Persoun respektéiert a geéiert gëtt. Situatioune wou eppes erzielt gëtt solle benotzt ginn fir zum Beispill déi jeeweileg Dugend a Qualitéit ze fannen.

D’Kanner an d’Elteren sollten sech regelméisseg e bëssen Zäit huelen fir zesummen ze meditéieren; eng Zäit zum rouegen Nodenken an zum Gebiet. Ideal dozou sinn ausgewielten Texter aus de Bahá’í Schrëften oder aner hellegen Texter. Duerno soll jiddereen d’Méiglechkeet kréien, ze soen, wéi hien oder hatt déi Zäit zur Besënnung fonnt huet.

Kanner si vun Natur aus mystesch veranlagt. Si schätzen speziell Geleeënheeten a gewësse Ritualer genee sou oder nach méi wéi déi Erwuessen. Den Ufank vun der Pubertéit, de Wiessel vun der Kandheet zum Erwuessene ka vun den Eltere bewosst gefeiert ginn, zum Beispill an deem een hinnen een Owend freien Ausgank gëtt, dat an der Natur fir dat se kënnen iwwer dat nodenken wat an hinne virgeet; oder e spezielle Cadeau fir ervirzehiewen, wéi eng grouss Roll sou Changementer an eisem Liewe spillen.

Et ass wichteg dass mer eise Kanner hëllefe kënnen eng Bezéiung opzebauen mat deem, deen eis erschaf huet. Am Buch vun den Dugenden, aus deem déi hei Gedanke kommen gëtt et eng ganz einfach Approche zu Gott, an dat zesumme mat enger Rei vun Dugenden. Gott gëtt beschriwwen als een, deen eis gär huet, een deen nëmmen dat Bescht fir eis wëll an och dat bescht vun eis wëll; een deem mir vertraue kënnen an een deen et fäerdeg bréngt, sech ëm eis an eis Problemer ze këmmeren. Wa fir eis d’Bezéiung mat Gott eng zentral Roll an eisem Liewe spillt, dann ass et och nëmmen normal dass mer eis Kanner motivéieren geeschteg ze wuessen, an zwar duerch d’däglecht Gebiet, Meditatioun an de Respekt fir d’Natur. Wann dës Themen iech uspriechen, da maacht mat am Atelier vum Familljekommittee vun de lëtzebuerger Bahá’í; an dat dëse Samschdeg, de 16te Mäerz um véier Auer an der Stad am Bahá’í Zenter. Duerch den Atelier féiert d’Marion Gottardi. Organiséiert ginn dës Ateliere vum Familljekommittee vun de lëtzebuerger Bahá’í.

99 Déi däitsch Bahá’í Internetsäit

99t Sendung, den 22ten an 23te Mäerz 2002. Haut héiert dir eis 99st Sendung um Radio ARA. Dës Woch hunn d’Bahá’í aus aller Welt, Ronn sechs Milliounen, also eng Persoun vun 1000 op der Welt, hiert neit Joer gefeiert. Am Bahá’í Zäitalter ass dat d’Joer 159 wat mam 21ste Mäerz ufänkt, den Ufank vum Fréijor.

Vun Zäit zu Zäit kucken ech am Internet wat et alles Neies gëtt zum Thema Relioun an natierlech iwwer de Bahá’í Glawen. Ech kann iech nëmmen encouragéieren datselwecht ze probéieren. Entweder mat enger Sichmaschinn wéi google oder an deem der einfach eng Address agitt. Sou zum Beispill www.bahai.de fir Däitschland oder www.bahai.lu fir Lëtzebuerg. Do fannt dir normalerweis déi offiziell Säit vun der Bahá’í Gemeng aus dem jeweilege Land. Op der däitscher Säit huet sech munches verbessert. Sou gëtt et do elo eng flott Säit mat Froen a kuerz Äntwerten. Hei e puer vun dëse Froen an Äntwerten:

Wat ass dat e Bahá’í? Bahá’í nennnen sech déi Mënschen, déi hiert d’Liewen nom Reliounsstëfter Bahá’u’lláh gestalten; genee sou wéi d’Unhänger vum Jesus Christus sech Chrëschte nennen. Bahá’u’lláh huet vun 1817 bis 1892 gelieft. Haut ginn et ca. 6 Millioune Bahá’í a liewen an allen Deeler vun der Welt. De Bahá’í Glawen ass déi jénkst Weltrelioun.

Ass d’Bahá’í Relioun eng Sekt vum Islam? Da kann een och froen: Kann d’Chrëschtentum eng Sekt vum Juddentum genannt ginn? Gott wäert ni ophalen, sech de Mënschen ze offenbaren. So ass d’Chrëschtentum an der jüddescher Gemeng entstanen, aus jüddesche Wuerzelen. Dat selwecht gëllt och fir de Bahá’í Glawen a seng islamesch Originen. D’Bahá’í Gemengen setzen sech haut aus Leit zesummen, déi aus ganz verschidde reliéisen Traditioune kommen a schaffen zesumme fir eng besser Welt.

Wat ass da besonnesch un der Bahá’í Relioun? De Bahá’í Glawe bekennt sech zu de grondleeënde Wourechten, wéi se vun de Begrënner vun all de grousse Glawensbekenntnisser vun der Welt geléiert goufen. Si hunn all geléiert, dass d’Relioun d’Grondlag vu wierklecher Kultur a reellem Fortschrëtt ass. Besonnesch ass bei der Bahá’í Relioun, dass si e Plang fir eng Weltuerdnung an eng Weltkultur huet. Hir Institutiounen si gëttlecher Natur, well si direkt an den offenbaarte Schrëfte vu Bahá’u’lláh ze fanne sinn. Domat ass et fir eis méi einfach um Weltfridde matzeschaffen.

Eng Fro, déi bei eis oft gestallt gëtt: Wéi steet d’Bahá’í Relioun zum Chrëschtentum? D’Uleies vu Bahá’u’lláh ass genee dat selwecht wéi dat vu Christus. Ass déi selwecht Grondlag. Alle beid si si Fréijorszäiten an Zäite vu séilenerfrëschender Beliewung an d’Ursaach vun der Ernrierung vum Liewe vun der Mënschheet.

D’Fréijoer vun dësem Joer ass dat selwecht Fréijoer vum Joer virdrun. D’Originen an d’Ziler sinn déi selwecht. D’Léiere vu Bahá’u’lláh hunn déi selwecht grondleeënd Prinzipien, awer si sinn der Etapp vun der Maturitéit vun eiser mënschlecher Gesellschaft an de Besoine vun eisem Zäitalter ugepasst.

Wéi ginn d’Bahá’í Léieren da verbreet? Well et an der Bahá’í Relioun keng berufflech Geeschtlech oder Enseignante gëtt, léiert jiddereen duerch säi Verhalen a säi Virbild a verbreet sou de Message senge Fäegkeeten no an dat an Zesummenaarbecht mat de jeweilegen Institutiounen. An dësem Zäitalter, wou ëmmer méi Mënschen op der Welt an de Genoss vun Erzéiung a Bildung kommen, ass eng berufflech Geeschtlechkeet, déi fréier déi eenzeg Quell vu reliéiser Beléierung an Ausleeung war, neméi néideg. Alles Gudds a bis d’nächst Woch wënscht iech äre Jean-Marie.

 

100 Wéi ass d’Bahá’í Relioun entstan?

100t Sendung, den 29ten an 30te Mäerz 2002. D’Bahá’í Relioun huet hiren Ursprong a Persien am Joer 1844. Wichteg ass et fir hei déi dräi zentral Personagen kuerz z’ernimmen. Déi éischt ass de Geschäftsmann Mirza Ali Muhammad. Hien huet sech de Báb, op Lëtzebuergesch eng Dier genannt an huet vun 1819-1850 gelieft. Mat dësem Numm vun enger Dier, enger Paart oder Agank, wollt Hien och den Zweck vu senger Missioun ervirhiewen; anzwar de Wee virzebereeden. A senge Léieren huet Hie verkënnegt, dass no sengem Doud den Erzéier vun der ganzer Mënschheet erschénge géif. No sechs Joer ass Hien als Märtyrer de 9te Juli 1850 gestuewen.

Déi eigentlech Zentralfigur ass Bahá’u’lláh. Säi Gebuertsnumm ass Mirza Husayn Ali an Hien huet vun 1817-1892 gelieft. 1863 huet Hien ëffentlech erkläert, dass Hien dee wär, deen an allen hellege Bicher prophezeit gouf. An Him gesinn d’Bahá’í d’Verkierperung vun dëse Prophezeiungen an och d’Zréckkomme vu Christus „an der Herrlechkeet vum Papp“.

Un drëtter Stell ass Abbas Effendi, dee vun 1844-1921 gelieft huet. Et ass deen eelste Jong vu Bahá’u’lláh a säin Titel ass ‘Abdu’l-Bahá, wat souvill heescht wéi Dénger vu Bahá’u’lláh. Mat néng Joer scho gouf Hien zesumme mat sengem Papp aus sengem Land verbannt. No enger Gefaangeschaft wéinst sengem Glawe vu méi wéi fofzeg Joer, ass hien an der Welt gereest fir Virträg iwwer de Glawe vu sengem Papp ze halen. An dat an Afrika, Europa a Nordamerika. Säi Liewen als Bahá’í war beispillhaft an d’Geschicht vu sengem Liewen kaptivéiert haut d’Häerzer an de Verstand vu Milliounen. Ëmmer erëm ginn nei Bicher iwwer säi Liewe verëffentlecht an Historiker studéiere säi Liewen an den Universitéiten.

A sengem Testament huet Hie säin Enkel Shoghi Effendi zum Hidder vum Bahá’í Glawen ernannt, der héchster Autoritéit vun de Bahá’í. Shoghi Effendi ass 1957 gestuewen. No de Verfügunge vun de Schrëfte vu Bahá’u’lláh, dem Begrënner, gouf dunn dat éischt „Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet“ gewielt; Un dëser Wal hu sech déi national Kierperschafte bedeelegt, an dat aus allen Deeler vun der Welt. Dëst héchst Verwaltungkierperschaft vum Glawen huet hire Sëtz zu Haifa an Israel. Déi national Kierperschaft zu Lëtzebuerg huet hire Sëtz am Bahá’í Zenter an der Stad, an dat an der Allée Léopold Goebel. Dir fannt Bahá’í am Telefonsbuch an um Internet ënnert www.bahai.lu.

101 Geschicht: De Kinnek a seng véier Fraen

101t Sendung, de 5ten a 6ten Abrëll 2002. Haut hunn ech eng Geschicht fir Iech. Ech hu se an de Bahá’í Neiegkeete vu Nice op der Côte d’Azur fonnt: Et war eemol e Kinnek deen hat véier Fraen mat deenen hie bestuet war. Déi véiert Fra war déi mat där hien am meeschte frou war a fir déi hien alles gemaach hätt. Seng drëtt Fra hat hien och ganz gär. Mat hir ass hien oft a friem Länner gereest, mee hien huet awer missen op si oppassen an hien huet gefaart dass si hie géing vläicht fir en anere Mann verloossen. Seng zweet Fra war immens léif a war ëmmer fir hien do wann hie si gebrauch huet oder wann hien a Schwieregkeete war. Wat elo seng éischt Fra ubelaangt, sou huet de Kinnek si komplett ignoréiert, obscho si hie vu ganzem Häerze gär hat. Enges Daags ass de Kinnek schwéier krank ginn an hie wosst dass hie gläich huet misse stierwen. Deen Dag ass et him bewosst ginn, dass obschonns hien e Liewe vu Luxus a Räichtum hat an dat mat senge véier Fraen, hie sech dach awer op eemol ganz aleng géif erëmfannen. Dorops hinn huet hie seng véiert Fra geruff an hir gesot: „Dech hat ech iwwer alles gär, hunn dir déi schéinste Kleeder geschenkt an déi deierst Diamanten. Wëlls du elo mat mir kommen, elo wou ech stierwen?“Dat kënnt guer net a Fro, huet si geäntwert, éier si séier fort war ». Dës Äntwert war fir de Kinnek wéi e Messerstach an d’Häerz. Zu déifst traureg huet hien du seng drëtt Fra gefrot: „Dech hat ech mäi ganzt Liewe gär, wëlls du elo mat mir goen, elo wou ech stierwen?“ „Nee“ huet si geäntwert, „d’Liewen ass einfach ze vill schéin, ech wëll dës Geleeënheet notze fir mech erëm ze bestueden“. Dem Kinnek säin Häerz ass lues e lues ëmmer méi kal an traureg ginn. Also stellt hie senger zweeter Fra déi selwecht Fro: „Du wars ëmmer do wann ech dech gebraucht hunn, wëlls du elo mat mir goen, elo wou ech stierwen?“ „Et deet mir leed, sot si, dat eenzegt wat ech maache kann, ass mat dir bis bei däi Graf goen. » Total fäerdeg an um Buedem héiert de Kinnek eng Stëmm, déi him seet: „Ech, ech gi mat der, ech ginn do wou s du geess“. Hien huet eropgekuckt an huet seng éischt Fra gesinn, sou goureg dass een d’Rëpper ziele konnt. Hie war sou traureg wéi e seng Fra esou gesinn huet an et huet him sou leed gedoen, dass hie sech net besser ëm si gekëmmert huet.

D’Moral vun der Geschicht: An eisem Liewen hu mir och 4 Fraen: Déi véiert ass eise Kierper. Obscho mir him all eis Zäit an Energie ginn, loosse mir en awer hei wa mir stierwen. Déi drëtt, dat sinn all eis materiell Saachen, eise Rang an der Gesellschaft an eist Geld. Och si verschwanne ganz séier. Déi zweet ass eis Famill an eis Frënn. Obscho si eis trei sinn, kënne si eis am beschte Fall nëmme bis mat op eist d’Graf begleeden. Awer déi éischt, dat ass eis Séil, déi, déi mir sou oft vernoléissegen. An awer ass si déi eenzeg déi iwwerall mat eis geet an ëmmer bei eis bleift. Duerfir solle mir eis gutt ëm si bekëmmeren, si kultivéieren, hir z’Iesse ginn, si stäerken, si schätzen, sou laang nach Zäit ass! Dass si dach ewéi 1000 Feiere blénkt an d’Liewe vun deenen aneren mat Liicht fëllt!

102 Wëssenschaft a Moral

102t Sendung, den 12ten an 13ten Abrëll 2002. D’international Bahá’ícommunautéit huet eng flott Internetsäit mat Neiegkeeten aus aller Welt. Dir fannt de Site ënnert: www.bahaiworldnews.org.

Hei eng vun de leschten Neiegkeeten: Eng eenzegaarteg Konferenz zu London ënnersicht den Zesummenhang tëschent der Wëssenschaft an der Moral. Gëtt et eng wëssenschaftelch Basis fir d’Moral? Gëtt et an eisem Gehir eng Plaz wou d’Kapazitéit fir Moral ass? Dat ware just zwou vun de Froen, déi eis zum Iwerleeën uregen an dat op der Konferenz mam Thema Wëssenschaft a Moral, den 8ten an 9te Februar zu London.

D’Konferenz gouf vum Chirurg Graham Walker organiséiert an dat am Royal College of Physicians, Regents Park. „Iwwerall wou een hikuckt, no bannen oder no baussen, fënnt ee Konflikt, a meeschtens wéinst der moralescher Villfaltegkeet. Eng Villfaltegkeet vu moralesche Wäerter, déi doduerch entsteet well mer d’Liewe mat all senge Problemer aus verschidde Perspektive gesinn, sief et wéinst der Kultur aus der mer kommen, sief et wéinst der Relioun mat där mer opgewuess sinn oder sief et wéinst eisem Alter.“ So sot den Dr Walker, e renoméierten Kapp an Halschirurg an e Member vun der Bahá’ígemeng. Fir dass mer dëse Konflikt eliminéiere kënnen, musse mer fir d’éischt eng gemeinsam Basis fannen.

Iwwer 60 Delegéiert, déi medezinesch, wëssenschaftlech a philosophesch Diszipline vertrieden, hunn un der Konferenz deelgeholl. Ënnert de Konferenziere waren den Ian Craig, e weltrenoméierte Spezialist an der Zyklogenetik vum Psychiatreschen Institut zu London, d’Baroness Susan Greenfield, eng Professorin vun der Neuropharmakologie op der Uni zu Oxford, den Hossein Danesh, Psychiatrieprofesser a Präsident vun der internationaler Uni zu Landegg an der Schwäiz.

D’Konferenz war historesch well se weltwäit respektéiert Wëssenschaftler a Philosophen zesummebruecht huet, fir op eng éierlech, offen a frëndlech Aart a Weis no de biologeschen, psychologeschen a soziale Faktoren ze sichen, déi anscheinend fir eng gesond moralesch Entwécklung verantwortlech sinn.

Am Mëttelpunkt vun der Konferenz huet den Dr Danesch d’Relatioun vun der Wëssenschaft, der Relioun an der Ethik behandelt. Seng Thèse ass déi dass d’Mënschheet amgaang ass vun enger op sech selwer zentréierter, iwwerliewensorientéierender Basis zu enger friddlech orientéierenter Zukunft histéiert. Vu dass jiddereen an all Gesellschaft engem universale Gesetz vun Entwécklung a Progrès ënnerworf ass, ass et eis méiglech, dräi Opfaassunge vun der Welt z’erkennen, déi méi oder manner an all mënschleche Gesellschafte präsent sinn. Dës Opfaassunge vun der Welt spigelen dräi Phasen an der Entwécklung vum Eenzelnen a vun der Gesellschaft erëm: eng Phase vum Iwwerliewen; eng Phase vun der Identitéit an eng Phase wou de Fridden am Mëttelpunkt vun der Weltopfaassung steet.

D’Thèse vun der Baronin Greenfeld huet zu villen Diskussiounen ugereegt. Si mengt dass et keng spezifesch Plaz am Gehir gëtt wou sech d’Kapazitéit zur Moral befënnt, mee dass et éischter mat Liewenserfahrungen a Genetik ze dinn huet.

Den Dr. Walker sot dass hien dës Konferenz organiséiert huet well hien de Bahá’í Glawe praktizéiert. Obschonn den Zesummenhang vu Relioun a Wëssenschaft net eenzegaarteg am Bahá’í Glawen ass, ass et trotzdem e staarke Grondsaz. A wann et wierklech en Zesummenhang tëschent Wëssenschaft a Relioun gëtt, da gehéieren dozou och Konzepter wéi Spiritualitéit an Moral, ee vun den Haaptstäiler vun der Relioun.

103 Ëffentlech Unerkennung vum Glawen

103t Sendung, den 19ten an 20ten Abrëll 2002. Dëse Weekend feiere Bahá’í iwwerall op der Welt d’Deklaratioun vun hirem Begrënner, Bahá’u’lláh, an dat all Joer, den 21sten Abrëll. E Mount virdrun, den 21ste Mäerz hu sechs Millioune Bahá’í hiert neit Joer gefeiert. Ëmmer méi interesséiert d’Ëffentlechkeet sech fir dat wat d’Bahá’ícommunautéit an der Welt mécht. Hei elo puer Beispiller vun ëffentlecher Unerkennung bei eis an an Europa: Aus Uleies vum Bahá’í Neie Joer huet de britësche Premier Tony Blair de Bahá’í a Groussbritannien dëse Message geschéckt:

« J’ai une vision claire d’une Grande-Bretagne multiculturelle dans laquelle la contribution de chaque Communauté ethnique, culturelle et religieuse sera mise en valeur. Je suis déterminé à faire en sorte qu’il y ait une société vraiment dynamique, dans laquelle des peuples d’origine ethnique, culturelle et religieuse différente puissent vivre et travailler ensemble, tout en conservant leur identité distinctive, dans une atmosphère de respect et de compréhension mutuels.

Les Bahá’is britanniques font une contribution significative dans le sens de la réalisation de cette vision et, grâce à cela, nous sommes un pays plus fort et meilleur. Il est particulièrement important que nous célébrions la contribution de la Foi Bahá’ie à la stabilité et à la prospérité de la Société britannique tout entière.

Je suis extrêmement encouragé par la vision de la Communauté Bahá’ie qui reconnaît le pouvoir du dialogue inter-religieux et l’importance que tous les citoyens puissent faire épanouir leur potentialité.

Votre Communauté a une vitalité qui a été bien démontrée par l’inauguration récente des Jardins Bahá’is sur le Mont Carmel [en Terre Sainte]. C’est un remarquable témoignage de votre foi ! »         [ Signé : ]  Tony  BLAIR 

An Nordirland huet de Premier David Trimble a säin Deputy de Mark Durkan de Bahá’í dëse Message geschéckt :

Message from the First Minister and Deputy First Minister: We are committed to the development of a fair, equal and inclusive society in Northern Ireland, where all the people in Northern Ireland, regardless of their race or religion, live and work peacefully side by side in an atmosphere of mutual respect and understanding. We believe that this vision sits well alongside the Baha’i belief that humanity is one single family. We congratulate you on the contribution the Baha’i community has made through activities, your participation in initiatives such as the Northern Ireland Inter-Faith Forum and interaction with local community and voluntary groups, which will help the people of Northern Ireland make this vision a reality. We wish you well on the occasion of the Baha’i New Year and look forward to working alongside the Baha’i community in the future as we all strive to achieve our shared vision of a better society for all the people in Northern Ireland.

[signed] Rt Hon David Trimble MP MLA [signed] Mark Durkan MLA

Bei eis am Familljeministère huet d’FamilljeministEsch d’Madame Marie Josée Jacobs d’Union luxembourgeoise des Femmes Bahá’íes empfaang fir hinne merci ze soe fir d’Donation vun engem Collage vun hirem Stand bei der Feier vum internationalem Joer vum Bénévolat. Dëst Konschtwierk huet elo seng Plaz am Familljeministère fonnt a gouf virdrunn am Bahá’í Zenter versteigert an dat fir eng Schoul an Tanzania, engem Projet dee vun der Unity Foundation an dem Kooperatiounsministère ënnerstëtzt gëtt.

Réception au Ministère de la Famille : Le 25 mars dernier, Madame Marie Josée Jacobs, ministre de la Famille, de la Jeunesse et de la Promotion féminine avait invité l’Union Luxembourgeoise des Femmes Baha’ies à une réception pour la remercier de la donation d’un collage créé par une artiste non baha’ie et réalisé avec le concours de nombreuses personnes qui avaient visité le stand de l’Union Luxembourgeoise des Femmes Baha’ies lors de la célébration de clôture de l’Année internationale du Bénévolat.

Cette œuvre d’art, qui a trouvé sa place au Ministère de la Famille, a été au préalable vendu aux enchers au Centre baha’i au profit de l’Ecole Ruaha en Tanzanie, projet soutenu par Unity Foundation en coopération avec le Ministère de la Coopération.

Lors de la réception Madame Marie Josée Jacobs soulignait les activités des femmes bahá’íes et la bonne relation qui existe entre son Ministère et les femmes bahá’íes. En présence de quelque dix journalistes, elle exprimait son souhait que cette bonne relation puisse continuer à l’avenir. La réception a été mentionnée dans trois des principaux journaux, dont le Luxemburger Wort et a conduit à un reportage de six minutes par RTL télévision de notre communauté, qui a été diffusé lors de nouvelles du soir et rediffusé six fois par la suite. Suite à cette diffusion le secrétariat a reçu par email des questions concernant notre communauté. [38]

104 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 1/2

104t Sendung, de 26ten a 27ten Abrëll 2002. Méi wéi jee ass d’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun en Zil dat eis all soll um Häerz leien. D’Vereenten Natiounen hunn den 21ste Mäerz als en internationalen Dag fir d’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun gewielt. Aus deem Uleies huet déi international Bahá’ígemeng eng Deklaratioun zum Thema erausginn. Si gouf der Madame Mary Robinson presentéiert, déi Kommissär fir d’Mënscherechter ass. Hei elo fir iech den éischten Deel vun dëser Deklaratioun.

Le rassemblement des peuples du monde dans une relation harmonieuse et créative est le besoin crucial de l’heure actuelle. Suite aux avancées des connaissances humaines qui ont approfondi les liens d’interdépendance et contracté la planète, la principale tâche qu’affronte maintenant tous ses habitants consiste à jeter les bases d’une société mondiale capable de refléter l’unicité de la nature humaine. La création d’une telle culture universelle de collaboration et de conciliation nécessitera un retour à la conscience spirituelle et à la responsabilité.

Il y a plus d’un siècle, Bahá’u’lláh a affirmé que l’humanité entrait dans une nouvelle ère de son histoire pendant laquelle les processus accélérateurs de l’unification obligeraient tout le monde à reconnaître que l’humanité est un seul peuple avec un destin commun. En faisant appel à l’humanité pour qu’elle accepte la vérité centrale de son unicité, et mettre de côté les barrières de race, de religion et de nationalité qui ont été les principales causes des conflits au cours de l’histoire, Bahá’u’lláh nous exhorte : “[…] ne vous regardez donc plus comme des étrangers. Vous êtes les fruits d’un même arbre, les feuilles d’une même branche.” Il n’y a, dit-il, aucune possibilité de réaliser la paix mondiale tant que le principe fondamental d’unité n’a pas été accepté et mis en pratique dans l’organisation de la société : “Le bien-être de l’humanité, sa paix et sa sécurité ne pourront être obtenus si son unité n’est pas fermement établie.” Et “Que vos relations avec vos semblables soient toujours empreintes d’amour et d’harmonie, de l’esprit le plus amical et le plus fraternel […] Si puissante est la lumière d’unité qu’elle peut illuminer toute la terre.”

L’unité qui doit étayer un ordre social paisible et juste est une unité qui embrasse et honore la diversité. L’unicité et la diversité se complètent et sont inséparables. Le fait que la conscience humaine fonctionne obligatoirement à travers une diversité infinie d’esprits et de motivations ne diminue en rien son unité essentielle. En effet, c’est précisément une diversité inhérente qui distingue l’unité de l’homogénéité ou de l’uniformité. L’acceptation du concept de l’unité dans la diversité implique donc le développement d’une conscience globale, d’un sens de la citoyenneté mondiale, et d’un amour pour toute l’humanité. Elle incite chaque individu à se rendre compte que, étant donné que le corps de l’humanité est un et indivisible, chaque membre de la race humaine est né dans le monde comme gage de l’ensemble. Elle suggère d’ailleurs que, si une communauté internationale pacifique doit apparaître, alors il y a lieu de permettre aux expressions culturelles complexes et variées de l’humanité de se développer et de s’épanouir, aussi bien que d’interagir les unes avec les autres dans des modèles de civilisation en constante transformation. “Les différences au sein de la famille humaine devraient être la cause de l’amour et de l’harmonie, de même qu’en musique, l’accord parfait résulte de la résonance simultanée d’un grand nombre de notes différentes.”

De ce principe fondamental de l’unité des peuples du monde sont nés presque tous les concepts concernant la liberté et le bien-être humains. Si la race humaine est une, il y a lieu de rejeter toute idée qu’un groupe racial, ethnique ou national quelconque est d’une manière ou une autre supérieur au reste de l’humanité; la société doit réorganiser sa vie pour donner une expression pratique au principe d’égalité pour tous ses membres sans égard à la couleur, à la croyance ou au genre; et il y a lieu d’accorder à tous les individus l’occasion de réaliser leur potentiel inhérent et de contribuer ainsi à “l’amélioration de la civilisation”.

Souwäit zum éischten Deel vun dëser Deklaratioun vun der internationaler Bahá’ícommunautéit zum Dag vun der Ofschafung vu rassescher Dikriminatioun.

 

105 D’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun, Deel 2/2

105t Sendung, den 3ten a 4te Mee 2002. Méi wéi jee ass d’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun en Zil dat eis all soll um Häerz leien. D’Vereenten Natiounen hunn den 21ste Mäerz als en internationalen Dag fir d’Ofschafung vu rassescher Diskriminatioun gewielt. Aus deem Uleies huet déi international Bahá’ígemeng eng Deklaratioun zum Thema erausginn. Si gouf der Madame Mary Robinson presentéiert, déi Kommissär fir d’Mënscherechter ass. Hei elo fir iech den zweeten Deel vun dëser Deklaratioun.

Pendant trop longtemps dans l’histoire, le mal du racisme a violé la dignité humaine. Son influence a retardé le développement de ses victimes, corrompu ses auteurs et anéanti le progrès humain. Des efforts conscients, délibérés et soutenus seront nécessaires pour surmonter ses effets dévastateurs. En effet, rien de moins qu’un amour réel, une patience extrême, une vraie humilité et une réflexion dans une attitude de prière réussiront à libérer les relations humaines de sa tache pernicieuse. “Fermez vos yeux aux différences raciales et souhaitez la bienvenue à tous à la lumière de l’unicité.”, voici le conseil de Bahá’u’lláh.

Il est clair que la promotion de la tolérance et de l’entente réciproque parmi les différents groupes humains ne constitue pas un simple exercice passif de rhétorique. Il y a lieu d’affronter toutes les formes de provincialisme, toutes les étroitesses d’esprit et tous les préjugés. La mise en application de mesures juridiques appropriées qui protègent les droits et chances de tous, et l’adoption d’initiatives éducatives qui favorisent la solidarité humaine et la citoyenneté mondiale devraient être parmi les premières mesures pratiques adoptées par toutes les nations.

La direction morale qu’offrent les communautés religieuses devrait sans doute être un élément-clé de tout effort de ce genre. Cependant, pour assurer un rôle constructif à la religion, les adeptes de toutes les religions devraient reconnaître les conflits et les souffrances causés par ceux qui se sont approprié les symboles et instruments de la religion en vue de fins personnelles égoïstes. Le fanatisme et les conflits empoisonnent les puits de la tolérance et représentent des expressions corrompues des vraies valeurs religieuses. Le défi qu’affrontent tous les chefs religieux consiste à contempler, le coeur rempli de compassion et de soif de vérité, la situation critique de l’humanité, et à se demander si, en toute humilité devant leur Créateur Tout-Puissant, ils ne pourraient pas effacer leurs différences théologiques dans un esprit de tolérance réciproque afin de leur permettre de collaborer à l’avancement de la justice sociale et à la paix. Dans son exhortation à “observer la tolérance et la justice”, Bahá’u’lláh affirme qu’il est possible à la fois de croire en Dieu et d’être tolérant.
Le chemin conduisant à l’unité et à la réconciliation est le seul qui se présente à la famille humaine. Un monde dans lequel toutes les nations, races, croyances et classes sociales sont unies étroitement et de façon permanente n’est pas une vision utopique mais une nécessité inévitable et vitale.

“Illuminez et  sanctifiez vos coeurs.” conseille Bahá’u’lláh, “Ne permettez pas qu’ils soient profanés par les épines de la haine et les ronces de la malice. Vous êtes, tous, les habitants d’un même monde et vous avez été créés d’une même volonté. Béni celui qui se mêle à tous ses semblables dans un esprit de parfaite bonté et d’amour […].”

Souwäit zum zweeten a leschten Deel vun dëser Deklaratioun vun der internationaler Bahá’ícommunautéit zum Dag vun der Ofschafung vu rassescher Dikriminatioun.

106 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne (op franséisch)

107 Invitée D’Esther Zana-Nau, L’union européenne, suite (op franséisch)

108 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 1/4

108t Sendung, de 24ten a 25te Mee 2002. An den nächsten Emissiounen héiert dir Bahá’í Zitater iwwer eng Rei Froen, déi all Mënsch sech fréier oder spéider eng Kéier stellt. Dës Theme kommen aus dem Buch: Eenheet an der Villfalt, Déi eng Wourecht an de Schrëfte vun alle Reliounen, erausginn vun engem Inder, O.P. Gai a mat engem Virwuert vum Franz Alt.

Aktiivt Liewen: „Ihr seid die Bäume Meines Gartens. Ihr müßt gute und köstliche Früchte tragen, damit sie euch und anderen nützen. Darum ist est jedermanns Flicht, sich einem Handwerk oder Beruf zu widmen, denn darin liegt das Geheimnis des Wohlstandes, o ihr Einsichtigen!“

Opriichtegkeet: „Ebenso geziemt es den Geliebten Gottes, mit ihren Mitmenschen nachsichtig zu sein, von allen Dingen so geheiligt und gelöst zu sein und solche Aufrichtigkeit und Redlichketi aufzuweisen, dass alle Völker der Erde sie als die Treuhänder Gottes unter den Menschen anerkennen.“

Bridderlechkeet: „Er, der euer Herr ist, der Allerbarmer, hegt in Seinem Herzen die Sehnsucht, das ganze Menschengeschlecht als eine Seele und einen Körper zu sehen.“

Courage: „Löse deine Zunge, und um des Gedenkens an deinen barmherzigen Herrn willen verkünde die Wahrheit. Fürchte dich vor niemandem, setze dein ganzes Vertrauen in Gott, den Allmächtigen, den Allwissenden.“

Famill: „Und erhaben über jede andere Verbindung ist die Verbindung der Menschen miteinander, besonders wenn sie in der Liebe Gottes zustandekommt. So wird die Ureinheit sichtbar, so wird die Grundlage der Liebe im Geiste gelegt.“

Fräigebigkeit: „Sei freigebig im Glück und dankbar im Unglück. Sei des Vertrauens deines Nächsten wert und schaue hellen und freundlichen Auges auf ihn. Sei ein Schatz dem Armen, ein Mahner dem Reichen, eine Antwort auf den Schrei des Bedrückten.“

Fräiheet vun Ierger: „Werdet niemals aufeinander böse. Liebet die Geschöpfe um Gottes willen und nicht um ihrer selbst willen. Ihr werdet niemals böse oder ungeduldig werden, wenn ihr sie um Gottes willen liebt.“

Fräiheet vun Haass: „Der Hauptzweck, der den Glauben Gottes und Seine Religion beseelt, ist, das Wohl des Menschengeschlechts zu sichern, seine Einheit zu fördern und den Geist der Liebe und Verbundenheit unter den Menschen zu pflegen. Lasst sie nicht zur Quelle der Uneinigkeit und der Zwietracht, des Hasses und der Feindschaft werden.“

Fräiheet vun Iwwel: „ Höre nichts Schlechtes und sieh nichts Schlechtes, erniedrige dich nicht, und klage nicht! Sprich nichts Schlechtes, auf daß du nichts Schlechtes hörest, und vergrößere die Fehler anderer nicht, damit deine eigenen Fehler nicht groß erscheinen. Wünsche nicht die Erniedrigung eines anderen, damit deine eigene Niedrigkeit nicht offenkundig werde. Verbringe alsdann die Tage deines Lebens, die weniger sind als ein flüchtiger Augenblick, mit makellosem Gemüt, unbeflecktem Herzen, reinen Gedanken und geheiligtem Wesen, damit du die irdische Hülle frei und zufrieden ablegen mögest.“

109 Invitée D’Esther Zana-Nau, La foi bahá’íe, une utopie ? (op franséisch)

110 Invitée D’Esther Zana-Nau, La vision de la foi bahá’íe (op franséisch)

 

111 Oppene Bréif un d’reliéis Leadere vun der Welt

111t Sendung, de 14ten a 15te Juni 2002. Viru kuerzem huet dat héchste Bahá’í Gremium en offene Bréif un all d’reliéis Leadere vun der Welt adresséiert. Hei zu Lëtzebuerg huet den Nationale Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg de reliéise Leader de Message iwwerreecht. De Bréif ass zugläich en Encouragement an eng Warnung. Zwou vun deene gréisste Geforen där d’Welt haut ausgesat ass ginn hei ervirgehuewen: an zwar Haass aus reliéisen Ursaachen a Fanatismus. D’Leadere vu Glawensrichtungen ginn opgeruff duerch hiert eegent Beispill, ze weisen, dass si sech honnertpronzeteg fir d’Ausrottung vu reliéisem Konflikt a Gewalt asetzen.

An dësem Communiqué gëtt drop higewisen, dass déi wesentlech Eenheet vun der Mënschheet gréisstendeels akzeptéiert gëtt als Basis fir internationaalt Recht an als Norm mat där d’Behuelen an d’Verhale vu Mënschen a Regierungen jugéiert gëtt.

An der Relioun ass et awer anescht. Do ginn nach ëmmer Trennunge vill ze genee gemaach. D’héchste Gremium am Bahá’í Glawe fuerdert déi reliéis Leaderen dozou op, méi wéi jee den Dialog tëschent de Reliounen ze stäerken an dat mat voll Vertrauen a Gewëssenheet; a virun allem ginn all Glawensrichtungen opgefuerdert Gemeinsamkeeten ënnereneen ze fannen a Communautéiten zesummenzebréngen.

Wann dat net gemaach gëtt ass d’Alternativ kloer an onauswäichlech: wann d’Aarbecht tëschent de Reliounen leie bleift, wäerte mer méi Viruerteeler, méi Haass a méi Gewalt gesinn, déi Gemeinschaften a Gesellschaften auserneerappt.

Et ass derwäert dräi Elementer aus dëser Noriicht ervirzesträichen: Relioun huet eng wonnerbar Kraaft, mënschlecht Verhalen ze motivéieren, obschonn een sech muss bewosst sinn, dass dës Kraaft genee sou gutt fi Guddes oder Schlechtes ka benotzt ginn.

Eng däitlech a kloer Warnung géint reliéisen Extremismuss an de Wonsch vun enger Relioun oder Gemeinschaft, Finalitéit oder de Monopol vu reliéiser Wourecht wëllen ze hunn. Däraarteg Uspréch bewierken näischt anescht wéi batter Viruerteeler an Haass tëschent de Leit a féieren zu Gewalt.

D’héchste Gremium am Bahá’í Glawen encouragéiert d’Leadere vun de grousse Reliounen eng Konklusioun z’akzeptéieren, déi Hand an Hand mat deem geet, wat zënter Joerzéngten an der Aarbecht tëschent de Reliounen gemaach gouf: datt den Ursprong vun all de grousse Reliounen dee selwechten ass. Aus enger Bahá’í Perspektiv ass dat eng onauswäichlech Wourecht. Wa mer unerkennen, dass ee geeschtege Wäert an all de grousse Reliounen op der Welt fanne kann, wou all Relioun léiert, dass et nëmmen ee Gott gëtt, kann een net zugläicher Zäit akzeptéieren, dass si vu verschiddene Gëtter inspiréiert sinn.

Dëse Bréif insistéiert um Fait dass dee selwechte gëttlechen Ursprong bei alle Reliounen ze fannen ass. D’Ënnerscheeder sinn doduerch entstanen, well d’Reliounen a verschiddene Kulturen, zu verschidden Zäiten an a verschidde Gesellschaften ervirkoumen. Jiddereng vun hir bréngt eng eenzegaarteg Perspektiv zu der mënschlecher Spiritualitéit mat sech, jiddereng gëtt eis verschidde Forme Gott unzebieden an eis Spiritualitéit z’entdecken. Jiddereng ass vu Gott inspiréiert an am Häerz vun all de Reliounen ass nëmmen ee Gott.

112 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 2/4

112t Sendung, den 21ten an 22te Juni 2002. Fräiheet vu Roserei: »Ich heiße euch alle und jeden von euch, alles, was ihr im Herzen habt, auf Liebe und Einigkeit zu richten. … Ein Haßgedanke muß durch einen mächtigeren Gedanken der Liebe vernichtet werden. «

Frënn: „Ihr seid die Früchte eines Baumes und die Blätter eines Zweiges. Verkehrt miteinander in inniger Liebe und Eintracht, in Freundschaft und Verbundenheit.“

Fridden: „Die ganze Welt muß als ein einziges Land betrachtet werden, alle Völker als ein Volk und alle Menschen als Angehörige einer Rasse. Religionen, Rassen und Nationen sind alle nur Trennungen, die der Mënsch gemaacht hat, und nur in seinem Denken nötig. …Für ihn gibt es nur eine Schöpfung. Wir müssen Gott gehorchen und danach streben, ihm zu folgen, indem wir alle unsere Vorurteile hinwegtun und der Erde Frieden bringen.“

Direction divine: « Quiconque suivra le chemin de la direction divine et s’efforcera de s’élever jusqu’aux sommets de la vertu parviendra à ce sublime et glorieux état. Fût-il à mille lieues de distance, il percevra le parfum de Dieu et verra nettement se lever, au-dessus de l’étoile du matin de toutes choses, la resplendissante aurore de la direction divine. »

Gerechtegkeet : « O fils de l’esprit ! A mes yeux, ce que j’aime par-dessus tout est la justice; ne t’en écarte pas si c’est moi que tu désires, et ne la néglige pas afin que je puisse me fier à toi. Par elle, tu pourras voir par tes propres yeux et non par ceux des autres, et tu pourras comprendre par ton propre savoir et non par celui du prochain. Pèse bien ceci : comment dois-tu être? …. »

Gléck : « De leur rigoureuse observance ont toujours dépendu et continueront de dépendre la distinction suprême de l’homme, son réel avancement et sa victoire finale. Quiconque garde les commandements de Dieu obtiendra le bonheur éternel. »

D’golde Regel : « Si ton regard se tourne vers la pitié, renonce aux choses qui te profitent et attache-toi à celles qui profiteront à l’humanité ; et si tes yeux se tournent vers la justice alors choisis pour ton voisin ce que tu désirerais pour toi-même. »

Gutt Aktiounen : « Si les hommes se rendaient compte de l’éminence de leur rang et de la noblesse de leur destinée, ils ne feraient montrer de rien d’autre que d’un aimable caractère, d’actions pures et d’une conduite convenable et digne de louanges. Si ceux qui sont de bonne volonté parmi les érudits et les sages venaient à orienter les hommes, toute la terre serait considérée comme un seul pays. »

D’Heem : « Ma maison est un foyer de paix ! Mon foyer est la maison du délice et de la joie ! Ma maison est la maison du rire et de l’exaltation. Quiconque en franchit le seuil doit s’en retourner le cœur rempli de joie. »

 

113 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 3/4

113t Sendung, den 28ten an 29te Juni 2002. Elo e puer Extraiten zu den Themen Ënnerlech Erneierung – d’Kraaft vum Glawen – de Krich – d’Liewen no dem Doud – d’Léift – d’Meditatioun an de Mënsch.

Zur ënnerlecher Erneierung soen d’Bahá’í Schrëften: „Gott – erhaben sei Seine Herrlichkeit – wünscht nicht die Demütigung Seiner Diener. Wahrlich, Er ist der Mitleidvolle, der Barmherzige. Allein mit Gott sollte der Sünder um Erbarmen aus dem Meer des Erbarmens, um Vergebung aus dem Himmel der Grossmut flehen.“

Zur Kraaft vum Glawen soen d’Bahá’í Schrëften: „Sou ass et kloer an däitlech, dass all Propheten Tempele vun der Saach Gottes sinn, déi a verschiddener Truecht erschéngen. Wann s de gutt kucks, wäert s de gesinn, dass si all am selwechten Hellegtum wunnen, dass si sech zum selwechten Himmel erophiewen, op deem selwechten Troun sëtzen, déi selwecht Sprooch schwätzen an dee selwechte Glawe verkënnegen.“

Iwwer de Krich soen d’Bahá’í Schrëften: „Vun all objektiwem Standpunkt aus betruecht ass de Fridden tëschent de Vëlker eng Noutwendegkeet an e Gebot. Gott huet d’Äerd erschaf an eng Mënschheet fir drop ze liewen. De Mënsch huet keng aner Plaz fir ze wunnen; awer en huet sech erhuewen an agebilte Grenzen an territorial Beschränkunge verkënnegt. An ënnert der Wahnvirstellung vun engem fanateschen, engem Patriotismuss gi Stréim vu wäertvollem Blut vergoss.“

Iwwer d’Liewen nom Doud soen d’Bahá’í Schrëften: „Sou wéi de Begrëff vum Glawen, dee vun Ufank un, dee keen Ufank huet, bestanen huet bis zum Enn, dee keen Enn huet, dauere wäert, sou wäert och dee wierklech Gleewegen éiweg liewen a bestoen. Säi Geescht wäert éiweg de Wëlle Gottes ëmkreesen.“

An iwwer d’Léift schreiwen d’Bahá’í Schrëften: “A Wierklechkeet, sief der bewosst: Léift ass d’Geheimnis gëttlecher Offenbarung! Léift ass geeschteg Erfëllung! Léift ass d’Liicht vum Räich Gottes! Léift ass d’Ursaach vun der Offenbarung vun der Wourecht an der Welt ..! Léift ass d’Mëttel fir déi héchst Gléckséilegkeet an der Welt vum Stoff wéi an der Welt vum Geescht! Léift ass d’Ursaach vun der Entwécklung fir all … Mënsch! Léift ass dat gréisste Gesetz an dësem onendlechen Räich Gottes! Léift ass dat eent Gesetz, dat d’Uerdnung tëschent de bestehenden Atomen zum Virschäi bréngt an iwwer si Muecht huet! Léift ass d’Ursaach, déi eise sichende Sënner d’Geheimnisser ervirbréngt, déi den Onendlechen an d’Universum geluecht huet!“

 

114 Buchvirstellung: Eenheet an der Villfalt, Deel 4/4

114t Sendung, de 5ten a 6te Juli 2002. „All Relioune si wéi Blummen an deem enge Gaart vu Gott.“ Sou schreift de Franz Alt am Virwuert zum Buch: Eenheet an der Villfalt, Déi eng Wourecht an de Schrëfte vun alle Reliounen, erausgi vum Inder, O.P. Gai. 29 Kärfroe vum Liewen ginn an dësem Buch beliicht, an dat mat Extraiten aus de wichtegste Schrëfte vun 12 grousse Reliounen. Et sinn dat den Hinduismus, d’zoroastresch Relioun, den Taoismus, de Buddhismus, d’Chrëschtentum, de Konfuzianismus, de Jainismus, d’Juddentum, den Islam, de Shintoismus, de Sikhismus an d’Bahá’í. Mat dëser Lektüre gëtt et dem Lieser hei direkt kloer, dass d’Reliounen an hire wichtegsten Themen dat selwecht soen, sou wéi wann et nëmmen eng grouss Relioun vun der Mënschheet géif ginn. E Buch, dat schonn a méi wéi 20 Sproochen iwwersat gouf, ass esou en anere grousse Beitrag fir de Reliounsfridden. A Reliounsfridden ass sécher e grousse Beitrag zum Weltfridden. Kucke mer haut wat d’Bahá’í zu den Theme Meditatioun, de Mënsch, Verantwortung, Verzeiung, vollkommend Gesetz a richtegem Räichtum soen.

„Meditatioun ass de Schlëssel zu den Diere vun de Geheimnisser. An dësem Zoustand léisst de Mënsch sech vu sech selwer; hien zitt sech an dësem Zoustand vun alle Saache vun der Aussewelt zréck. An dëser subjektiver Verfassung daucht hien an d’Mier vum geeschtege Liewen a kann d’Geheimnisser vun de Saache selwer entdecken.“

De Mënsch: „Wéi hell dach d’Liichter vun der Erkenntniss an engem eenzegen Atom stralen, wéi grouss dach d’Mierer vun der Wäisheet an enger eenzeger Drëps wuessen! A fir de Mënsch gëllt dëst am héchste Grad, deen ënnert allem wat erschaf ass, dee mam Kleed vu sou Geschenker gekleet ass, dee fir d’Herrlechkeet vu sou enger Auszeechnung gewielt gouf. Well am Mënsch sinn all d’Nimm an d’Eegeschafte vu Gott … an engem Mooss geoffenbaart, déi vu näischt kënnen iwwertraff ginn, wat jeemols erschaf gouf.“

Zur Verantwortung: „Deen ass wierklech e Mënsch, dee sech haut am Déngscht vun der Mënschheet higëtt. Dat héchste Wiese seet: Séileg a glécklech ass deen, dee sech erhieft, fir sech fir d’Wuel vun all de Vëlker a Geschlechter op der Äerd anzesetzen.“

Verzeien: „Hie sollt deem dee sënnt verzeien a nimools säin niddregen Zoustand veruechten, well kee weess, wéi säin eegent Enn wäert sinn.“

Zum perfekte Gesetz: „Géi duerch d’Onermiesslechkeet vum Universum a géi duerch d’Héichte vum Himmel – du wäerts trotzdem keng Rou fannen, ausser an der Ënnerwerfung ënnert mengem Gebot an an der Demut vun eisem Antlitz.“

Richtege Räichtum: „Wann déi wierklech Éier am Besëtz vu vergängleche Saache bestoe géif, da misst forcément eis Äerd, op där mir ginn, sech virun eis bretzen, well si iech – nom Rotschlo vum Allmächtegen – , ebe grad mat dëse Saachen versuergt. Neen, bei Him, deen d’Räich vun der ganzer Schëpfung a sengem Grëff hält, är bleiwend Éier läit soss néierens wéi doranner dass dir dee richtege Wee gitt.“

 

115 Buchvirstellung: Bahá’u’lláh, am Land vun der Eenheet

115t Sendung, den 12ten an 13te Juli 2002. Et ass mer eng Freed iech haut en neit Buch virzestellen : Bahá’u’lláh, am Land vun der Eenheet, aus der Serie: Horizonte der Weisheit an dat am Horizonte Verlag. Am Buch fënnt een eng Auswiel aus de Schrëfte vu Bahá’u’lláh, zesummegestallt vum Kambiz Poostchi a vum Peter Spiegel. Elo d’Virwuert vum Peter Spiegel:

Bahá’u’lláh, huet am Iran vum 19te Jorhonnert gelieft, an engem Land, wat grouss Kulture gesinn huet, wat awer zu där Zäit a Réckstännegkeet, Bigotterie a Korruptioun verfale war.

Säi Message huet e ganze Bou gemaach, vu mystesche Wäisheeten iwwer d’Wiesen an de Sënn vum Mënschsinn bis zu der Visioun vun enger Mënschheet déi sech eens gëtt; vun de Viraussetzunge vum ënnere Fridde bis zu de Bedéngunge vun enger globaler Friddensuerdnung. Et ass dofir kee Wonner dass de Leo Tolstoi a Bahá’u’lláh senge Schrëften « de Schlëssel zum Geheimnis vum Universum » an « déi schéinst a réngst Form vu enger reliéiser Léier » entdeckt. De Mahama Gandhi erkennt an de Bahá’í Schrëften „d’Hoffnung vun der Mënschheet“.

An der klengster Saach vum Universum bemierkt Bahá’u’lláh en Zeeche vu Gott; zugläicher Zäit awer ass Gott fir Hien dee Verbuergenste vun allem Verbuergenem.

Bahá’u’lláh gesäit de Mënsch als e Wanderer um Wee zu de Welte Gottes, méi wäit an onbegrenzt. Zugläicher Zäit gëtt Hien him an dësem Liewen eng Verantwortung fir Kultur weiderzeféieren an z’erschafen. Bahá’u’lláh bestätegt ganz kloer d’Wourecht an d’Missioun vun alle fréiere Reliounen, awer e verbënnt se zu enger ganzer Usiicht vun engem gëttleche Wëllen an all dëse reliéisen Offenbarungen. Bahá’u’lláh erkläert déi weltpolitesch Konsequenze vun dëser neier ëmfaassender Siicht vun der Eenheet: vun der schrëttweiser Aféierung vun engem kollektive Sécherheetssystem fir d’Erhalung vum Weltfridden iwwer d’Etabléierung vun engem Weltbundesstaat bis zur Begrënnung vun enger Weltkultur. Eng Weltkultur, déi sech hirem wäertvollen Tresor bewosst gëtt: Mënschen, déi a gréisster Onofhängegkeet a Selbstännegkeet no der Wourecht fuerschen an dobäi wëssenschaftlech Erzéiung an ethesch Wäertschätzung matenee verbannen.

Bahá’u’lláh ass de Stëfter vun der Bahá’í Relioun, enger monotheistescher Relioun, déi haut a bal all Land verbreet ass. Hei ginn elo déi zentral Texter aus senge ville Schrëfte präsentéiert. Domat ass et méiglech en éischten Abléck an eng Gedankewelt ze kréien, eng Gedankewelt aus där d’Mënschheet sech eng Nues voll huele kann; Inspiratioun fir eis geeschteg a sozial Erausfuerderungen! Dat éischt Thema vun eiser nächster Emissioun ass déi vum Sënn vun der Schëpfung.

116 Wat ass de Sënn vun der Schëpfung?

116t Sendung, den 19ten an 20te Juli 2002. „Kuck der d’Welt un, an denk e bëssen driwwer no.“ schreift Bahá’u’lláh. „Virun dengen Aen entschleiert sech d’Buch vun hir selwer a weist der wat d’Fieder vun dengem Här, dem Gestalter, dem Allwëssenden drageschriwwen huet. D’Welt wëllt dech mat allem vertraut man, wat an hir on op hir ass, …“

„D’Natur ass hirem Wiesen no d’Verkierperung vu Mengem Numm, de Gestalter, de Schëpfer. … D’Natur ass de Wëlle Gottes. … D’Natur huet eng Kraaft mat enger Realitéit, déi déi Geléiert net begräife kënnen. De Mënsch mat Asiicht ka soss näischt erkennen ausser d’Strale vun onsem Numm, de Schëpfer. Et ass dat eng Existenz, déi keen Ënnergank kennt an d’Natur selwer ass erstaunt iwwer dat wat si eis weist.

Eng Drëps aus dem Mier vu Senger onendlecher Gnod huet déi ganz Schëpfung mat Liewe gefëllt. … Ee Fonken aus der onergrëndlecher Déift vu Sengem allduerchdréngendem Wëllen huet aus guer näischt eng Créatioun an d’Welt geruff, onendlech an hirer Gréisst an onvergänglech an hirer Dauer. … De Stroum vu senger .. Gnod kann nimools opgehal ginn. Säi Schëpfungsakt huet keen Ufank a keen Enn.“

Wat wësse mir iwwer Deen deen eis erschaf huet? Wat kënne mer iwwerhaapt iwwer hir wëssen? Op där enger Säit ass Hien Deen, dee verbuergen ass, verstoppt ass an op der aner Säit ass et Deen, deen omnipräsent ass. Nach eng Kéier d’Bahá’í Schrëften:

„Alles wat déi Geléiert an d’Mystiker gesot a geschriwwen hunn, goung nach ni iwwer d’Grenzen eraus, déi eisem endleche Verstand ënnerworf sinn, nach kënnen dës Geléiert a Mystiker je hoffen, dës Grenzen z’iwwerschreiden. Zu wéi engen Héichten och ëmmer de Verstand klamme kann, wéi grouss och ëmmer d’Déifte sinn, an déi eist detachéiert a verstoend Häerz andrénge kann eise Verstand an eist Häerz kënnen ni d’Schafung vun eisen eegene Virstellungen, oder d’Resultat vun eisen eegene Gedanken iwwersteigen. D’Meditatioune vun eisen déifsënnegsten Denker, d’Andachte vun den Hellegste vun den Hellegen, den héchste Luef vun enger mënschlecher Fieder oder Zong sinn nëmmen e Spigelbild vun deem, wat duerch d’Offenbarung vum Här, hirem Gott an hinne selwer erschaf gouf. Wann een a sengem Häerz iwwer dës Wourecht nodenkt, fällt et engem net schwéier zouzeginn, dass et Grenze ginn, déi kee mënschlecht Wiesen iwwerschreide kann.

All Versuch, dee vun Ufank un dee keen Ufank hat, gemaach gouf, sech vu Gott e Bild ze man an Hien z’erkennen, ass begrenzt duerch d’Gegebenheete vu Senger eegener Schöpfung, eng Schöpfung déi Hien duerch d’Wirke vu Sengem Wëllen zu kengem aneren Zil wéi fir sech selwer an d’Existenz geruff huet. Onermiesslech erhuewen ass Hien iwwer d’Ustrengunge vum mënschleche Geescht, säi Wiesen z’erfassen, oder fir d’mënschlech Zong, Seng Geheimnisser ze beschreiwen. …“ [39]

117 Réaction des chefs religieux au message sur l’élimination du préjugé religieux

117t Sendung, de 26ten a 27te Juli 2002 Article n°34. NEW-YORK, 12 juillet 2002. BWNS. La communauté bahá’íe a été grandement encouragée par la réaction des chefs religieux au message d’avril 2002 de la Maison universelle de justice. Le message appelle à une action résolue en vue de supprimer l’intolérance et le fanatisme.

Délivré maintenant jusqu’à au moins 1.600 chefs religieux, dans plus de 40 pays, par le réseau des conseils administratifs nationaux et locaux de la communauté mondiale bahá’íe, le message avertit que «les brasiers allumés par les préjugés religieux » qui se multiplient menacent de « provoquer une conflagration mondiale aux conséquences inimaginables.» Il exhorte les chefs de toutes les religions à condamner le fanatisme, à renoncer aux revendications d’exclusivité ou de parti, et à s’engager dans un dialogue inter-religieux plus large. À fin juin, la réponse était extrêmement positive, de la part des chefs religieux, des universitaires qui étudient la religion et des spécialistes dans des disciplines connexes disant que le message est un appel opportun et grandement nécessaire.

«C’est le bon message. C’est le bon moment», a dit le professeur Jonathan Sacks, grand rabbin des Congrégations hébraïques unies de Grande-Bretagne et du Commonwealth. «Nous affrontons le plus grand défi que Dieu nous ait jamais lancé et c’est le message dont nous avons besoin.» De plus, dans l’esprit de l’accroissement général de l’activité inter-religieuse et de la coopération au niveau mondial, plusieurs chefs-bouddhistes, chrétiens, hindous, juifs, musulmans ou autres-ont fait l’éloge de l’appel contenu dans le message, à un plus grand dialogue entre les religions. « Nous appuyons l’idée que les chemins qui conduisent au divin sont multiples », a dit M. Karan Singh, président du Temple de la compréhension à New-Delhi. «J’apprécie beaucoup la déclaration et le rôle de la foi bahá’íe lorsqu’elle essaie de réaliser l’harmonie et l’entente religieuses.» Les rapports reçus des communautés bahá’íes indiquent que les délégations chargées de remettre le message ont été bien reçus. «Nous avons ressenti une extraordinaire courtoisie à l’égard de nous tous, qui ne nous était pas destinée personnellement, mais plutôt à l’évènement même et au poids inhérent au message», a dit Amy Marks, membre de l’Assemblée spirituelle locale des Bahá’í du Cap, en Afrique du Sud, qui a présenté le message à une douzaine de responsables religieux locaux.

Le message souligne une tendance générale vers l’unité au cours du siècle passé, notant que les préjugés de sexe, de race ou de nationalité, ont partout été reconnus comme inacceptables. Cependant, en dépit de l’intégration de l’humanité à d’autres niveaux, le préjugé religieux persiste. «Tragiquement, les religions établies, dont la raison d’être elle-même implique de servir la cause de la fraternité et de la paix, se comportent trop souvent comme une des entraves les plus redoutables à cette cause; qu’elles aient longtemps donné crédit au fanatisme en est une douloureuse illustration.», écrit la Maison universelle de justice.

« Chaque jour, le danger grandit de voir les brasiers allumés par les préjugés religieux se multiplier et provoquer une conflagration mondiale aux conséquences inimaginables. », continue le message. «  La crise exige des autorités religieuses qu’elles rompent avec le passé par une coupure aussi décisive que celles qui ont permis à la société de combattre les préjugés tout aussi corrosifs de race, de sexe et de nationalité. « Les communautés nationales bahá’íes se sont d’abord concentrées sur la distribution du message aux chefs religieux nationaux, de même qu’aux universitaires et journalistes spécialisés dans la religion. Au Brésil, par exemple, l’Assemblée spirituelle nationale a préparé une liste de quelque 44 chefs religieux, théologiens et universitaires religieux sur le plan national, puis elle leur a transmis le message par courrier ou personnellement. L’étape suivante a consisté à envoyer quelque 330 exemplaires du message à 66 Assemblées spirituelles locales au Brésil pour qu’elles les distribuent à des chefs religieux sur le plan local.

«Dans la société brésilienne, les divisions religieuses constituent un problème », dit Roberto Eghrari, secrétaire pour les affaires extérieures de l’Assemblée spirituelle nationale du Brésil. « Nous croyons donc que la distribution de ce message arrive à un moment très opportun, qu’il a le potentiel pour apporter de nouvelles compréhensions. Et jusqu’à maintenant, la réaction a été très positive. » Plusieurs responsables religieux ont indiqué qu’ils distribueraient le message à d’autres responsables au sein de leur organisation. Dans un pays africain, le Conseil musulman national a réclamé des exemplaires supplémentaires pour les distribuer à toutes les mosquées de la capitale. Un doyen d’une université catholique d’Amérique latine a exprimé son désir de travailler avec la communauté bahá’íe en vue d’élaborer un programme basé sur le message, pour les professeurs et les étudiants.

Dans plusieurs pays, des responsables ont répondu aux communautés bahá’íes en leur adressant des lettres d’appréciation. Au Royaume-Uni, George Carey, archevêque de Canterbury et chef de l’Église anglicane, a écrit: « Je partage entièrement votre opinion que nous devons tous nous pencher sur la question de savoir comment nos différences peuvent devenir des forces en faveur de la paix et de la justice. Dans cet objectif, une discussion très sincère entre les communautés sera nécessaire. » En Tanzanie, Biharilal Keshavji Tanna du Conseil hindou de Tanzanie a écrit:

« J’ai lu le document avec un grand intérêt et je crois qu’il renferme un message très important non seulement pour les dirigeants des groupes religieux, mais également pour tous les individus qui réfléchissent. Ceux-ci doivent endosser le devoir et la responsabilité de démolir les barrières qui existent entre les différents groupes religieux de la famille humaine. » De ganze Message fannt dir um Internet ënnert www.bahai.lu

118 Präis fir Erzéiung: d’Montessori Schoul, Lucknow, Indien

118t Sendung, den 2ten August 2002. International Bahá’í Neiegkeeten. Dëst Joer geet de Präis fir Erzéiung zum Fridden un d’City Montessori Schoul zu Lucknow an Indien. Dëse Präis gëtt vun der UNESCO verdeelt, an dat mat enger Zomm vun 30 000 USDollar. Dëse Präis gëtt et elo schonn zwanzeg Joer an ass geduecht fir Initiativen ze fërderen déi d’Ëffentlechkeet fir de Fridden opmierksam man. D’City Montessori Schoul krut de Präis dëst Joer als Unerkennung fir hir Efforten universal Wäerter zur Erzéiung zum Fridden an Toleranz ze fërderen. D’Schoul gouf 1959 gegrënnt an huet eng Reputatioun fir en héigen akademeschen Niveau a fir en exzellente Programm vu moralescher a geeschteger Erzéiung. Méi wéi 40 Joer scho ginn d’Schüler an der Schoul dozou erzunn, d’Wäerter vun Toleranz a Fridden ze respektéieren an aus hinne Weltbierger ze man. D’Begrënner vun der Schoul, Jagdish a Bharti Gandhi, inspiréiert vun der Non-violence vum Mahatma Gandhi, hunn hir Schoul op 4 fundamental Prinzipien opgebaut: – universell Wäerter – eng ganz gutt Aarbecht – globalt Verständnes an Déngscht un der Kommunautéit. Si sinn och Bahá’í an d’Bahá’í Léieren hunn hir Aarbecht an de Curriculum vun der Schoul zimmlech vill inspiréiert.

Viun dräi Joer war d’Schoul am Guinness Buch vun de Weltrekorder als déi gréisste Schoul bei Aschreiwungen. D’Schoul hat dat Joer ëm déi 22000 Schüler. Am Moment huet d’Schoul méi wéi 26000 Schüler, vum Précoce bis zum Kolléisch.

D’Schoul huet sech als Zil gesat, de Schüler Fäegkeeten ze vermëttelen, déi hinnen et erlaben, sech mat de komplexe Problemer vun eiser heiteger Welt auserneen ze setzen; all Schüler Vertrauen ze weisen an deem si hire Sënn fir Verantwortung entwéckelen; duerch theoretesch a praktesch Léiere vu moralesche Wäerter an hinnen hëllefen hir Aen opzeman fir aner Reliounen a Kulturen.

An der Schoul spillt d’Famill eng extrem wichteg Roll. D’Schoul sensibiliséiert d’Elteren an deem si hinne Bicher iwwer hiren erzéiereschen Afloss gëtt a si mat an d’Liewe vun der Schoul abezitt. D’Léierpersonal profitéiere vu Weiderbildung zu den Haaptprinzipie vun der Schoul souwéi zu den Theme Kannerzéiung, Psychologie a Soziologie. All Schüler huet e Mentor deen eng Bezéiung mat den Eltere vum Schüler ageet.

Déi aner Karakteristik vun der City Montessori Schoul ass Recherche an der Erzéiung. 25 Mataarbechter sammelen do déi bescht erzéieresch Methoden an Theorië vun all Land. Méi Informatioun iwwer dës erstaunlech Schoul fannt der um Internet ënnert: www.cmseducation.org .

Oflschléissend dëst Zitat aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Erzéiung: Bahá’u’lláh sot: „ Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung ka bewierken, dass et seng Schätz enthüllt an d’Mënschheet doraus Notzen zéie kann.“

119 Lassléisung, Détachement

119t Sendung, den 9ten August 2002. Wat heescht et détachéiert a lasgeléisst ze sinn? Firwat? Kann een zu gläicher Zäit lassgeléisst vu materielle Saache sinn an zugläich materiell Saache besëtzen? Een dee praktesch säi ganzt Liewen mat schaffe verbréngt, kann dee vun de Saache vun dëser Welt lassgeléisst sinn. Dës an änlech Froen ginn am Moment an de Studiekreeser hei bei eis a bei ville Bahá’í Gemengen uechter d’Welt diskutéiert. Hei e puer Zitater aus de Bahá’í Schrëften, déi eis zum Nodenken ureege sollen:

„O Mensch mit zweierlei Sehvermögen! Schließe ein Auge und öffne das andere. Schließe das eine vor der Welt und allem, was darinnen ist, und öffne das andere für die geheiligte Schönheit des Geliebten.“[40] 

„O Freunde! Gebt die ewige Schönheit nicht preis um vergänglicher Schönheit willen, und hängt euer Herz nicht an die sterbliche Welt des Staubes.“[41]

„O Sohn des Wortes! Wende dein Antlitz Mir zu und entsage allem außer Mir, denn Mein Reich ist beständig und Meine Herrschaft vergeht nicht. Suchtest du einen anderen als Mich, dein Trachten wäre vergeblich, selbst wenn du das Weltall in Ewigkeit durchforschtest.“[42]    

„O Fremdling, dem Freundschaft erwiesen wird! Die Kerze deines Herzens ist durch die Hand Meiner Macht entzündet. Lösche sie nicht durch die widrigen Winde der Selbstsucht und der Leidenschaft. Meiner zu gedenken, ist dein Heil in allen Gebrechen; vergiss dies nicht. Mache Meine Liebe zu deinem Schatz und hege sie wie dein Augenlicht und dein Leben.“[43]

„Loslösung ist wie die Sonne; in welches Herz sie scheint, löscht sie das Feuer der Begierde und des Selbstes. Derjenige, dessen Sicht mit dem Lichte des Verstehens erleuchtet ist, wird sich sicherlich von der Welt und ihren Eitelkeiten loslösen. … lass nicht die Welt und ihre Schlechtigkeit dich bekümmern, glücklich ist jener, den Reichtum nicht mit Prahlerei erfüllt noch Armut mit Kummer.“[44]

O fils de l’existence! 0Tu es ma lampe et ma lumière est en toi. Puise en elle ton éclat et ne cherche nul autre que moi. Car je t’ai créé riche, et sur toi, généreusement, j’ai répandu ma grâce.

120 Buchvirstellung: ‘Abdu’l-Bahá : Beäntwert Froen

120t Sendung, den 23ten August 2002. Am Franséischen ass d’Buch wat mer haut virstelle, bekannt ënnert dem Titel: Les Leçons de Saint Jean d’Acre. Beäntwert Froen ass eng Zesummestellung vu Froen, op déi ‘Abdu’l-Bahá, de Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun ufanks vum leschte Jorhonnert Äntwerten drop gëtt. Dëst ass a Form vu Gespréicher während e puer Méint opgezeechent ginn an duerno eréischt als Buch verëffentlecht ginn.

Den éischten Deel vum Buch befaasst sech domat wéi en Afloss d’Gottesoffenbarer op d’Entwécklung vun der Mënschheet un. Do geet riets dass d’Natur engem allëmfaassende Gesetz ënnersteet. Da weist eis ‘Abdu’l-Bahá, dass den Herrgott existéiert, wéi notwendeg et ass, en Erzéier ze hunn. Hie schwätzt iwwer den Abraham, de Moses, Christus, Mohammet, de Báb a Bahá’u’lláh. Da ginn et Beispiller aus der Bibel, aus dem Buch Daniel a Kommentarer zum 11te Kapitel vun der Offenbarung vu Johannes, zum 11te Kapitel aus dem Buch Jesajas an dem 12te Kapitel vun der Offenbarung vum Johannes. Da geet et ëm geeschteg Beweiser an iwwer wierkleche Räichtum.

Am zweeten Deel vun dësem aussergewéinleche Buch erkläert ‘Abdu’l-Bahá e puer chrëschtlech Themen aus enger Bahá’í Siicht. An 20 klenge Kapitelen ginn Theme behandelt wéi d’Gebuert vum Jesus, dass seng Gréisst a senger Vollkommenheet läit. D’Daf vum Jesus, D’Daf am allgemengen a wat et bedeit; d’Symbol vum Brout a vum Wäin; iwwer Wonner, iwwer d’Opersteeung vu Christus; iwwer den hellege Geescht; iwwer d’Zréckkomme vu Jesus an dat jénkst Geriicht; iwwer d’Dräifaltegkeet; wat Geschicht vum Adam an Eva alles bedeite kann; iwwer d’Bekenntnes vum Péitruss an iwwer Prädestinatioun.

Am drëtten Deel schwätzt ‘Abdu’l-Bahá iwwer d’Kräfte vun de Gottesoffenbarer. Do geet riets iwwer déi fënnef Stufe vum Geescht; dass ee Gott nëmmen duerch déi gëttlech Offenbarer erkenne kann; iwwer dee mënschlechen a gëttlechen Aspekt vun de Gottesoffenbarer; iwwer dat wat d’Gottesoffenbarer alles wëssen; iwwer universal Zyklen; iwwer d’Muecht an den Afloss vun de Gottesoffenbarer an dass et dräi Zorte vu Prophéite gëtt.

Am drëtten a leschten Deel gi verschidden aner Theme behandelt wéi zum Beispill d’Netexistenz vum Béisen; zweeerlee Arte vu Qual; d’Gerechtegkeet an d’Barmherzegkeet vum Herrgott; déi richteg Manéier mat Verbriecher ëmzegoen; iwwer Streiken; iwwer d’Wierklechkeet vun eiser Welt; iwwer Präexistenz; Reinkarnatioun; Pantheismuss; iwwer déi véier Aart a Weisen, sech Erkenntnis unzeeegnen an iwwer d’Noutwendegkeet, de Léiere vun de gëttlechen Offenbarer nozegoen.

Souwäit zu den Themen, déi een am Buch fënnt. D’Buch huet 293 Säiten, dir kritt et an all méiglech Sproochen, am Bahá’í Verlag, am einfachsten op der däitscher Internetsäit: www.bahai.de Ofschléissend dëst Gebiet gesonge vum Edelo an Emma Wayenece : Qui, hormis Dieu, dissipe les difficultés ? Dis: Loué soit Dieu ! Il est Dieu ! Tous sont ses serviteurs et tous se soumettent à son commandement ![45]

121 D’Natur ënnersteet engem allëmfaassende Gesetz

121t Sendung, den 30ten August 2002. Nodeems mer an eiser leschter Emissioun dem ‘Abdu’l-Bahá säi Buch : Beäntwert Froen  kuerz virgestallt hunn, proposéieren ech iech haut en éischt Thema an zwar d’Natur. Si ënnersteet engem allemfaassende Gesetz!

D’Natur ass deen Zoustand, déi Wierklechkeet, déi anscheinend Liewen an Doud, oder anescht ausgedréckt, d’Zesummesetzung and d’Opléisung vun alle Saachen ëmfaasst.

Dës Natur ënnerläit engem Ganzen, bestëmmte Gesetzen, enger vollstänneger Uerdnung an engem vollkommene Plang, vun deem si nimools ofwäiche wäert; d’Natur ass all deem därmoossen ënnerworf, dass, wann ee gutt kuckt, gesäit, an zwar vum klengsten Atom bis zu der Sonn an deem gréisste Stär, sief dat an hirer Uerdnung an Zesummetzung, sief et an hirer Form a Bewegung, dass een do deen héchste Grad vun Uerder fënnt an erkennt, dass alles ënner engem onauswäichlechen, vollkommene Gesetz steet.

Wann een awer d’Natur selwer betruecht, gesäit een, dass si weder e Verstand nach e Wëllen huet. Sou zum Beispill läit et an der Natur vum Feier, dass et brennt, an et mécht dat ouni Wëllen a Verstand; an esou ass mat der Natur vum Waasser, der Sonn, alles ouni Wëllen a Verstand. Domat steet fest dass all natierlech Bewegunge vun erschafene Saachen zwangsleefeg Virgäng sinn a sech net nom eegene Wëlle bewegen, mat Ausnahm vum Déier a virun allem vum Mënsch. De Mënsch ka sech der Natur widdersetzen a vun hire Weeër ofwäichen, well hien d’Struktur vun de Saachen entdeckt huet an sech domat mat de Kräfte vun der Natur ausernanersetzt. All Erfindungen, déi hie gemaach huet, berouen op der Entdeckung vun der Struktur vun de Saachen. Sou huet hien zum Beispill d’Telegraphie erfonnt, déi den Oste mam Weste verbënnt. Dofir gesi mer däitlech, dass de Mënsch d’Natur beherrscht.

Kann een elo, bei dëser systematescher Uerdnung a Gesetzmässegkeet, déi een iwwerall gesäit, gesot ginn, dass dat alles aus dem Wierke vun der Natur eraus entstane wier, obwuel d’Natur selwer kee Verstand … besëtzt? Dat weist eis däitlech, dass dës Natur, déi weder Verstand nach Asicht huet, an der Hand vum Allmächtege rout an dass Hien d’Räich vun der Natur regéiert an an hir alles, wat E wëll, erschénge léisst.

Eng vun de Saachen, déi an der Welt vum Dasein erschéngen ass, an eng Naturnoutwendegkeet duerstellt, ass dat mënschlecht Liewen. Sou gekuckt, gëtt d’Natur zur Wuerzel an de Mënsch zum Aascht. Ass et da wuel méiglech, dass Wëllen, Verstand a Vollkommenheet nëmmen am Aascht, net awer an der Wuerzel sinn?

Doraus geet kloer erfir, dass d’Natur an hirem ënnerste Wiesen an der staarker Hand vum Herrgott rout. Deen éiwegen Allmächtegen an Eenzegen ass et, Deen d’Natur an hire … Bunnen a Gesetzer hält an hiren Herrscher ass.

122 Wéi mer wësse kënnen, dass et Gott gëtt

122t Sendung, den 6ten a 7te September 2002. En onwidderleebare Beweis dass et e Gott gëtt ass d’Tatsaach, dass de Mënsch sech net selwer erschaf huet. Säi Schëpfer ass en anere wéi hie selwer. Et gëtt keen Zweiwel drunn, dass de Mënsch sech net selwer erschaf huet, well eng schwaach Kreatur kann net de Schëpfer vun engem anere Wiese sinn. Am Schëpfer mussen all Vollkommenheete vereent sinn, fir dass hien erschafe kann.

Wär et méiglech dass d’Schëpfung vollkommen ass an de Schëpfer onvollkommen? Ass et denkbar dass e Bild e Meeschterwierk ass an de Moler net vollkommen a senger Konscht ass? D’Bild ass dach seng Konscht a seng Schëpfung. Neen, d’Bild kann net dem Moler gläichkommen, well da wär et jo wéi hien, da kënnt et sech jo selwer molen. Wéi vollkommen d’Bild och ass, sou bleift et awer am Verglach mam Moler ganz onvollkommen.

… Eis Welt ass d`Quell vun der Onvollkommenheet, während Gott d´Quell vun der Vollkommenheet ass. D’Onvollkommenheet vun eiser Welt ass an sech e Beweis fir d’Vollkommenheet vu Gott.

Wann der zum Beispill de Mënsch kuckt, gesitt der dass e schwaach ass. Dës Schwächt vum Mënsch ass e Beweis fir d’Stäerkt vum éiwegen Allmächtegen .. well wann et keng Stäerkt géif, wär d’Schwächt onvirstellbar. Dofir weist d’Schwächt vum Mënsch eis d’Stäerkt vum Schöpfer, well wann et keng Stäerkt géif, kënnt et och keng Schwächt ginn. D’Schwächt selwer beweist eis, dass et an der Welt Stäerkt gi muss. En anert Beispill ass d’Aarmutt an dëser Welt. Ouni Zweiwel muss et och Räichtum ginn, well een d’Aarmutt op dëser Äerd gesäit. Esou gëtt et och Onwëssenheet op dëser Welt. Dofir muss et och Wësse ginn, well wann et kee Wësse géif ginn, sou kënnte mer och keng Onwëssenheet feststellen. Onwëssenheet ass d’Netsinn vu Wëssen a wann et kee Sinn géif, wär en Netsinn och net virstellbar.

Et ass gewëss, dass dës Welt ënnert enger Uerdnung an ënner Gesetzer steet, deene si sech net entzéie kann. Souguer de Mënsch ass dem Doud, dem Schlof an anere Naturgesetzen ënnerworf. Hie gëtt a viller Hisiicht beherrscht an ouni Zweiwel muss de Beherrschten en Herrscher hunn. Well Ofhängegkeet ass e Kennzeeche vum Mënsch ass an och eng wesentlech Noutwendegkeet, also muss et och en onofhängegt Wiese ginn. …

Sou erkenne mer zum Beispill un engem Kranken, dass et Gesondheet gëtt, well wann et keng Gesondheet géif, kënnte mer och keng Krankheet erkennen.

Doraus geet ervir, dass et een éiwegen Allmächtege gëtt, Deen all d’Vollkommenheeten a sech vereent, well hätt en se net, wier Hie gläichgestallt mat Senge Kreaturen. Domat beweist och déi klengste Saach an dëser Welt vum Sinn, dass et e Schëpfer gëtt. …

… Déi klengste Verännerung an der Form vun enger Saach weist drop hinn, dass si e Schëpfer muss hunn. An dëst gewaltegt an onendlecht Weltall soll sech selwer erschaf hunn …? All dës handgräiflech Beweiser ginn hei opgezielt fir dass mir eis Aen opman. Eis Aen an eis selwer.

123 Firwat d’Mënschheet en Erzéier brauch

123t Sendung, den 13ten a 14te September 2002. Aus dem Buch: Beäntwert Froe vum ‘Abdu’l-Bahá. Wa mer eis d’Welt ukucken, gesi mer, dass d’Mineralien, d’Planzen, d’Déieren an d’Mënschen en Erzéier brauchen.

Wann d’Äerd net ugebaut gëtt, gëtt si zur Wildnis wou Onkraut wiesst. Wann de Bauer awer d’Äerd beackert, bréngt si Friichten ervir, …. Doraus ergëtt sech kloer, dass d’Bearbechtung vun der Äerd duerch de Bauer néideg ass. Kuckt ich d’Beem un. Ouni d’Fleg vum Gäertner gi si keng Friichten, an duerch Fleeg, Veredelung an d’Schneiden, ginn d’Beem, déi virdru batter Friichten haten, séiss. …

Kuckt iech op déi selwecht Manéier d’Déierewelt un: Gëtt en Déier vum Mënsch geflegt an erzunn, da gëtt et en Hausdéier. Wann de Mënsch awer ouni Erzéiung opwiesst, gëtt hien zum Déier, a wann en der Natur aleng iwwerlooss gëtt, huet e méi en niddrege Stellewäert wéi d’Déier. Wann de Mënsch awer richteg erzu gëtt, … kann e wonnerbar Saache man. …

D’Erzéiung bréngt wonnerbar Handwierker zur Vollkommenheet an herrlech Wëssenschaften a Kënschten, genee sou wéi nei Entdeckungen a Gesetzer. Géif et keen Erzéier, hätte mer all déi Saachen net, déi eist Liewe bequem a méi liicht man, genee sou wéi Kultur a Mënschlechkeet. Wann een e Mënsch an der Wildniss sech selwer iwwerléisst a wann hie sengesgläiche net gesäit, gëtt en ouni Zweiwel wéi en Déier. Domat gesäit een op en Neits, wéi noutwendeg en Erzéier fir eis ass.

Et gëtt déi kierperlech Erzéiung, déi mënschlech an déi geeschteg Erzéiung. Déi kierperlech Erzéiung befaasst sech mam Fortschrëtt an der Entwécklung vum Kierper, andeem si materiell Erliichterungen an Entspanung mat sech bréngt. Si ass gutt fir de Mënsch a fir d’Déier.

Déi mënschlech Erzéiung bedeit Kultur a Fortschrëtt, Regierung, Verwaltung, … Verkéier, Handel a Commerce, Konscht, Wëssenschaften, grouss Erfindungen an Entdeckunge vu physikalesche Gesetzer. Hei gesäit een däitlech den Ënnerscheed vum Mënsch mam Déier.

Déi geeschteg Erzéiung ass näischt anescht … wéi déi gëttlech Erzéiung. Duerch si léiert de Mënsch gëttlech Vollkommenheeten. Si ass déi wierklech Erzéiung, well op dëser Stuf weist sech dat Gëttlecht am Mënsch: Wéi mer an den hellege Schrëfte liese kënnen: „Loosst ons de Mënsch no eisem eegene Bild erschafen. Dës Stuf, déi geeschteg Erzéiung ass dat héchsten Zil vun der Mënschheet.“

Natierlech brauche mer dofir en Erzéier, een deen Autoritéit an deenen dräi Beräicher huet, dem kierperlechen, dem mënschlechen an dem geeschtegen. Fir sou eng gewalteg Aufgab z’erfëllen, geet eis mënschlech Kraaft sécher net duer. Wéi wier ee Mënsch ouni Hëllef an der Lag, sou eng Erzéiung an d’Weeër ze leeden? E brauch also eng geeschteg, gëttlech Kraaft, déi him dobäi hëlleft. Eng eenzeg helleg Séil kann d’ganz Mënschheet beliewen an d’Ausgesinn vun eisem Planéit veränneren. Si vereenegt d’Vëlker an d’Reliounen. Si mécht d’Mënsche fräi vun der Onvollkommenheet a gëtt hinnen eng Sehnsucht an e Verlangen no ugebuerenen an erléierten Dugenden. Sécher muss d’Kraaft, déi sou eppes fäerdeg brénge soll, gëttlech sinn.

Eppes, wat all d’Regierungen an d’Vëlker vun der Welt mat all hirer Muecht net fäerdeg bréngen, gëtt duerch eng helleg Séil ouni Hëllef virubruecht. Sou huet Jesus Christus et fäerdeg bruecht verschidde Vëlker zu senger Zäit ze vereenen. Ënnert dem Afloss vum Chrëschtentum goung dës Eenegkeet bei verschidde Vëlker sou wäit, dass si hire Besëtz an hiert d’Liewen ee fir deen anere ginn hunn. No der Zäit vum Konstantin, dem Virkämpfer fir d’Chrëschtentum, gouf et allerdéngs nees Oneenegkeet ënnert hinnen. Dat heescht Christus huet dat fäerdeg bruecht wat all d’Kinneken op der Welt net konnten. Duefir musse mer kucken ob déi gëttlech Offenbarer, dat heescht d’Begrënner vun de grousse Reliounen, ob si all dës Eegeschaften haten. Ouni dës Eegeschaften a Vollkommenheete kënne si keng richteg Erzéier sinn.

Eis Welt brauch en Erzéier an eng Erzéiung déi eng gëttlech Kraaft huet. An dat ass eng Noutwendegkeet. A fir eis Zäit ass dat Bahá’u’lláh.

 

124 Bescheidenheet, eng Dugend

124t Sendung, den 20ten an 21te September 2002. Am Franséische gëtt Bescheidenheet an Demut mat humilité iwwersat a mam Spréchwuert: Mam Hutt an der Hand kënnt een duerch d’ganzt Land.

Wann ee bescheiden ass, dann heescht dat, dass ee selwer net méi wichteg ass wéi déi aner Leit. Et ass ee frou aneren en Déngscht kënnen z’erweisen an et gëtt een sech bewosst dass d’Besoine vun aneren och wichteg sinn. Wann ee bescheiden ass, kritiséiert een net déi aner. Et kritiséiert een sech selwer och net an et mécht een sech och net selwer erof. Bescheidenheet an Demut hëlleft eis ze verstoen dass d’Liewen do ass fir ze léieren. Et ass een sech bewosst dass et egal ass wéivill ee weess, et weess een ni alles. Dat bedeit och dass ee vu sech selwer net erwaart perfekt ze sinn. Et ass ee bereet vu senge Feeler ze léieren. A wann een Hëllef brauch, ass een net ze stolz fir ze froen.

Bescheidenheet heescht dat Bescht ze man ouni seng Nues wëllen iwwerall virbäi ze hunn. Et heescht einfach dat ze ginn wat een ze ginn huet an net well ee wëllt cool sinn an op déi aner wëllen e gudden Androck man. Einfach ginn, well e wëllt ginn.

Firwat da bescheiden an demütig sinn? Bescheidenheet ass wichteg well et eis hëlleft dass mir eis op eisen eegene Wuesstum konzentréieren an net op d’Feeler vun deenen aneren. Wann ee sech Suerge mécht op een deenen aneren impressionéiert, fänken déi aner un, engem ze soen wat si gär hätten an et verléiert een en Deel vu sech selwer.

Bescheidenheet hëlleft eis vun eise Feeler ze léieren amplaz sech dofir ze schummen. Bescheidenheet an Demut hëllefen eis vun aneren ze léieren. Et hält eis ewech vu Viruerteeler an dovunner, aner ze jugéieren.

De Bahá’u’lláh schreift: « L’5humilité exalte l’homme jusqu’aux cieux de la gloire et de la puissance, alors que l’orgueil l’abaisse jusqu’aux profondeurs de la misère et de la dégradation. » «  Geseent ass dee Punkt, an dat Haus, an déi Plaz, an déi Stad, an dat Häerz, an dee Bierg, an deen Ënnerdaach, an déi Hiel, an deen Dall, an dat Land, an dat Mier, an déi Insel, an déi Wiss wou Gott ernimmt a Säi Luef verherrlecht gouf. »

Dëse Samschdeg ass den internationalen Dag vum Fridden, hei zu Lëtzebuerg mat Manifestatiounen ënnert dem héige Patronage vun eiser Grossherzogin Maria Thérèse, Ambassadrice vu guddem Wëlle bei der UNESCO. Dir fannt ënnert aneren och de Bahá’í Stand Samschdes mëttes vun 2 bis 5, an zwar um Knuedler. Owes um 8 dann zu Ettelbréck am Centre des Arts Pluriels e Concert mam Orchester vum Fridden. Virum Concert kënnt iech un enger Table Ronde mam Orchester bedeelegen an dat mat Schüler aus de Lycée vun Dikrech an Ettelbréck. Den Orchester vum Fridden setzt sech aus 40 professionelle Museker vun arabeschem an israeleschem Ursprong zesummen. Den Orchester wëllt e Wee sinn, fir um Friddensprozess am mëttleren Orient matzeschaffen.

Sonndes mëttes am Cercle um 5 Auer kënnt der iech u Gebieder fir de Fridde bedeelegen, an dat mat 4 reliéis Communautéiten, déi chrëchstlech, déi jiddesch, déi musulmanesch an d’Bahá’í Relioun. Méi Info iwwer all dat op der Internetsäit www.paix.lu Fir d’Koordinatioun suergt d’Caritas Lëtzebuerg, tel: 40 21 31. Ënnerstëtzt gëtt dëse Projet vum Ministère des Affaires étrangères. Dës Rubrik gëtt iech wéi gewinnt offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í, um Netz ënnert www.bahai.lu

125 Le mois de la volonté (op franséisch)

125t Sendung, 27ten an 28te September 2002. Tous les 19 jours, les baha’is accueillent un nouveau mois de leur calendrier et le fêtent. Chaque mois porte un nom, symbole d’une des vertus divines.

Hier soir, nous étions réunis avec quelques amis pour partager ensemble un moment de recueillement et de joie et pour fêter le commencement du mois de la volonté. Esther avec nous aujourd’hui en studio, va nous lire quelques extraits des Ecrits Baha’is qui illustrent ce thème de la volonté et nous propose une petite réflexion à ce sujet.

«  Les plus puissants instruments d’éducation de la race humaine ont été envoyés du ciel de la volonté divine pour ennoblir le monde de l’existence et élever l’âme et l’esprit des hommes…  Tous les ouvrages merveilleux que vous contemplez en ce monde sont dus à sa souveraine et sublime volonté et à l’éxécution de son inflexible et prodigieux dessein… »

Une grande majorité des êtres humains sont saisis par un sentiment de découragement et d’impuissance quand ils sont confrontés à des épreuves de la vie, ou bien quand ils prennent conscience des injustices et des malheurs qui assaillent la Terre. Ils aimeraient tant que cela change, ils aimeraient tant qu’il y ait plus de justice et que le chemin vers le bonheur soit pour tous plus facile….mais que pouvons-nous faire face au « système » ? se disent-ils. Chacun d’entre nous est si petit et impuissant même si on a de la « bonne volonté »

Les Ecrits baha’is nous enseignent que trois piliers sont indispensables pour notre développement personnel et spirituel : l’amour, la connaissance et la volonté. Sur chacun, nous pourions nous arrêter des heures, cher Jean-Marie et chers auditeurs, mais ce que nous pouvons proposer à la réflexion aujourd’hui, c’est juste quelques idées sur la volonté, inspirées des principes baha’is. La volonté suprême est entre les mains de Dieu, c’est par Sa volonté que la vie a été insuflée et chaque élément de Sa création témoigne de Sa munificence, l’être humain est un reflet de Sa beauté. Cependant, nous ne devons pas oublier, nous disent les Ecrits Bahá’í que toutes les vertus divines sont inscrites en nous en potentiel et c’est par notre volonté propre d’individus libres et responsables que nous pouvons les découvrir et les développer. Sans volonté, nous ne pouvons dépasser un stade primitif d’êtres soumis à des pulsions sur lesquelles ils n’exercent aucun contrôle. Sans volonté, nous ne pouvons nous transcender et nous élever au-dessus de notre condition matérielle pour atteindre ces qualités du monde de l’esprit… ‘Abdu’l-Bahá nous parle de «  l’art divin de vivre » en décrivant toutes ces vertus qui pourraient ennoblir nos caractères et nos vies si nous décidions volontairement et en toute conscience de consacrer nos vies non à nous soumettre à la matière et à nous résigner face à ce qui nous paraît être la puissance , alors qu’elle n’est que force éphémère, mais plutôt à aimer Dieu, à nous efforcer de Le connaître, de se rapprocher de Lui dans toutes nos pensées et nos actes…. Exigeant ? oui, bien sûr, difficile ?, oui, bien sûr, mais nous avons le choix, nous résigner, assister impuissants à la destruction de l’humain, subir nos vies et mourir sans s’être réellement sentir vivre ou exiger de nous –mêmes de toujours aller vers le meilleur de notre être, se lever pour agir, confiants que Dieu nous assistera toujours même dans les pires moments et sentir qur l’on grandit et que l’on s’élève…. L’océan tout-puissant n’est-il pas constitué d’une infinité de gouttes d’eau ? Chacun d’entre nous n’est qu’une goutte, chacun d’entre nous n’est qu’un petit maillon de la chaine humaine mais si nous nous levons, animés de la volonté de plaire à Dieu et de Le servir, en respectant Ses commandements qui sont d’aimer et de servir l’humanité, alors nous pourrons nous transformer et transformer la condition humaine… Un extrait des Ecrits : « Levez-vous donc, et de tout l’enthousiasme de vos coeurs, de toute l’ardeur de vos âmes, de la pleine ferveur de votre volonté, et de toute la puissance de vos énergies, efforcez-vous d’atteindre le paradis de sa présence, de respirer le parfum de la Fleur incorruptible et les douces saveurs de la sainteté, et d’obtenir enfin votre part de cette fragrance de gloire céleste….Celui qui suivra ce conseil brisera ses chaînes, s’abandonnera aux extases de l’amour, comblera le désir de son coeur et remettra son âme à Dieu. Brisant les barreaux de sa cage, telle la colombe mystique, il prendra son essor vers son nid d’éternelle sainteté. »

126 Bahá’í Gebieder

126t Sendung um Radio Ara, 4ten a 5ten Oktober 2002. Mat vill Freed wëll ech Iech haut e puer Gebieder aus de Bahá’í Schrëften op Lëtzebuergesch virliesen. Mat der Hoffnung dat se iech sou gutt doe wéi se mir ëmmer erëm hëllefen. Bahá’í Gebieder gi fir vill Geleeënheete gebraucht. Et gi Gebieder fir Kanner, fir Familljen, Gebieder fir speziell Geleeënheeten, Gebieder fir eise geeschtegen a materielle Wuesstem a Gebieder fir einfach Merci ze soen. E Gebiet ass ëmmer eng Form vu Meditatioun, e Moment wou ee kann ofschalten, erauskommen aus den alldeegleche Problemer, e Moment wou ee kann nei Kraaft kréien. D’Bahá’í Gebieder sinn authentesch, dat heescht mir wëssen dass si selwer vum Begrënner, also vu Bahá’u’lláh sinn, oder sengem Jong, ‘Abdu’l-Bahá oder vum Virleefer vun der Bahá’í Relioun, dem Báb. Aus dem original Arabeschen a Perseschen si si an d’Englescht iwwersat, an dann an all déi aner Sproochen. Fänke mer mat engem vun den deegleche Gebieder un:

„Ech sinn Zeien, o mäi Gott, dass Du mech erschaf hues fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bekennen an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmutt an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, Deen deen hëlleft a Gefor, Deen deen duerch Sech selwer ass.“ Bahá’u’lláh

Elo e Gebiet wat ee ka soe wann ee krank ass: “Däin Numm ass meng Heelung, o mäi Gott, an d’Erënnerung un Dech meng Medezin. No bei Dir ze sinn ass meng Hoffnung, an d’Léift fir Dech ass mäi Geleet. Deng Baarmhäerzegkeet fir mech ass meng Heelung a meng Hëllef a béide Welten, an dëser an an där déi kënnt. Du bass wierklech Deen, dee ganz a guer gutt ass, deen alles weess a fir alles eng Léisung kennt.“ Bahá’u’lláh

„Maach mäin Häerz reng, o mäi Gott, a gëff mir op en neits e rouegt Gewëssen, o meng Hoffnung! Stäerk mech mam Geescht vun der Muecht, déi an Denger Saach läit, o meng grouss Léift, a looss mech Däi Wee kucken duerch d’Liicht vun Denger Herrlechkeet, o Du Zil vu mengem Verlaangeren! Erhief mech mat der Kraaft vun Denger gréisster Muecht an den Himmel vun Denger Hellegkeet, o Quell vu menger Existenz, an erfree mech duerch den duusse Wand vun Denger Éiwegkeet, o Du, deen s Du mäi Gott bass! Looss Deng éiweg Melodië mech mat Rou iwwerstréimen, o mäi Begleeder, a looss de Räichtem vun Dengem uréiwege Gesiicht mech fräimaache vun allem ausser Dir, o mäi Meeschter, a looss d’Nouvelle vun der Offenbarung vun Dengem onvergängleche Wiese mir Freed bréngen, o Du, deen Evidentste vun allem wat evident ass, an dee Verbuergenste vun allem wat verbuergen ass!“ Bahá’u’lláh

„Gëtt et een, dee Schwieregkeeten ewechhëlt ausser Gott? So: Gelueft sief Gott! Hien ass Gott! All si Seng Denger, an all hale sech u Seng Geboter.“ Báb

„O Gott! Erfrësch an erfree mäi Geescht. Maach mäin Häerz reng. Looss meng Kräften opliichten. Ech leeën all meng Affären an Deng Hand. Du bass deen, dee mech leet an an deem ech en Ënnerdaach fannen. Ech wäert net nach méi laang traureg a gedréckt sinn; ech wäert e glécklecht a frout Wiese sinn. O Gott! Ech wäert net nach méi laang voller Angscht sinn, an och de Suergen et net erlabe fir mech ze péngegen. Ech wäert mech net mat deene verdrëssleche Saache vum Liewen ophalen. O Gott! Du bass fir mech e bessere Frënd wéi ech et fir mech selwer sinn. Ech weie mech dir, o Här.” ‘Abdu’l-Bahá

 

128 Nohalteg zesummeschaffen, an dat nom 11te September

128t Sendung um Radio Ara, 18ten Oktober 2002. news.bahai.de – Presseinformationen, Statements und Mitteilungen der Baha’i-Gemeinde in Deutschland. Nachhaltig zusammenarbeiten! Lernprozesse der Religionen nach dem 11. September 2001

Am 11. September 2002 jähren sich die Anschläge in New York und Washington – ein Angriff, bei dem auch religiöse Motive eine Rolle gespielt haben. Als Mitglieder am Runden Tisch der Religionen in Deutschland fragen wir, welche Folgen nicht nur kurz-, sondern längerfristig zu bedenken sind und was insbesondere die Religionsgemeinschaften lernen müssen:

  1. Die Religionen sind zu einer Weggemeinschaft berufen. Dabei brauchen wir den Mut, uns gegenseitig vor ideologischem Missbrauch zu warnen.
  2. Die Ursaachen der Gewalt liegen tief. Zu ihnen gehören soziale und wirtschaftliche Verarmung, religiös-kulturelle Nichtachtung und verletztes Selbstbewusstsein ebenso wie religiöser Fanatismus und politischer Missbrauch religiöser, kultureller und nationaler Gefühle. Im Hintergrund stehen oft Wunden, die man sich in der Geschichte der Religionen zugefügt hat.
  3. Der Terror des 11. September 2001 in den USA ist vom Ausmaß und seiner menschenverachtenden Brutalität her unfassbar. Für Religionsgemeinschaften bedeutet er eine Herausforderung ganz eigener Art.
  4. Auch wenn terroristische Taten nur religiös verbrämt, aber nicht motiviert sind, gibt es in Religionsgemeinschaften Sichtweisen, die sie stützen und für die die Religionsgemeinschaften Mitverantwortung tragen.
  5. Wir betonen deshalb: Die Religionsgemeinschaften sind ihrem Glauben und damit auch dem Gemeinwohl verpflichtet. Sie müssen – zusammen mit Vertretern der Politik, der Wirtschaft und der Erziehung – daran mitarbeiten, die Mechanismen aufzudecken, die zum Terror führen. Sie sind insbesondere gefordert, ein Netzwerk für die Entwicklung von Frieden und Gerechtigkeit mit aufzubauen.
  6. Gefordert ist eine religiöse Ethik, die über die eigene Glaubensfamilie hinaus weist und die Bereitschaft zur Mitarbeit an der Weltgemeinschaft weckt. Nicht nur in Wirtschaft und Politik, sondern auch in den Religionen und Kulturen muss global gedacht und gehandelt werden.
  7. Gleichzeitig ist eine wirksame institutionelle Form für das interreligiöse Krisenmanagement gefordert: Über die Aburteilung jeglichen Terrors im Namen der Religionen hinaus müssen Strukturen entwickelt werden, um bei gegenseitigen Beschuldigungen und Verletzungen im Gespräch zu bleiben, an der Deeskalation von Gewaltaktionen mitzuwirken und Versöhnungsprozesse in Gang zu setzen.

Der 11. September 2001 verlangt nachhaltiges Denken und Handeln:

  • in einer kontinuierlichen Begegnung und Verständigung zwischen Menschen verschiedener Religionen und Kulturen,
  • in einer Erziehung, die Vorurteile überwindet und in der Verletzungen der Vergangenheit aufgearbeitet werden,
  • in einer Bildung, die das je eigene religiöse und kulturelle Erbe lebendig macht und fruchtbar werden lässt für eine vielfältige, nicht “gleichgeschaltete” Gemeinschaft,
  • im Einsatz für Benachteiligte und an den Rand gedrängte Bevölkerungsgruppen,
  • in einer Integrationsbemühung, in die sich alle mit ihren Fähigkeiten und Besonderheiten gleichberechtigt einbringen können.

Wir hoffen, dass vom “Tag der Religionen”, der von uns angeregt wurde und am 14. November 2002 erstmals in Hamburg stattfinden wird, nachhaltige Verständigungsimpulse ausgehen.

Bonn, im September 2002

Für den Nationalen Geistigen Rat der Bahá i: Dr.N. Towfigh

Für die Deutsche Buddhistische Union: Dr. A. Weil

Von der Evangelischen Kirche: Bischöfin B. Wartenberg-Potter

Vorsitzender des Islamrates: A. Kizilkaya

Für den Zentralrat der Juden in Deutschland: N. Kalmanowicz

Für die Orthodoxe Kirche: Metropolit Dr. Serafim

Von der Röm.-Katholischen Kirche Weihbischof Dr. H-J. Jaschke

Vorsitzender des Zentralrates der Muslime: Dr. N. Elyas

 

Nationaler Geistiger Rat der Baha’i in Deutschland e.V.

Wéi ëmmer gouf iech dës Emissioun präsentéiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

 

129 Geeschteg Grondlage vum Bahá’í Liewen a wéi d’Bahá’í d’Zukunft gesinn

129t Sendung um Radio Ara, 18ten an 19ten Oktober 2002. Wëllkomm bei eiser 129ter Bahá’í Emissioun um Radio ARA. Haut mat e puer Froen an Äntwerten: Wat sinn déi geeschteg Grondlage vum Bahá’í Liewen?

Virun allem dem Herrgott kënnen ze vertrauen an dat zu allen Zäiten an ënner allen Emstänn. Konkret heescht dat fir mech, dass wann ech mäin Deel a mengem Liewe richteg gestalten, also no de Léiere vu Bahá’u’lláh, kann ech mat rouegem Gewësse Gott vertrauen, och a schwéieren Zäiten.

Bahá’í sinn heescht och eemol am Dag bieden, an aus de Bahá’í Schrëfte liesen, sief et och nëmmen ee Satz an dat am Geescht vum Nodenken an der Meditatioun. E Bahá’í probéiert op mannst eemol a sengem Liewe eng Pilgerrees ze man, an dat an d’hellegt Land, Israel, do wou de Begrënner vun der Relioun begruewen ass, Bahá’u’lláh. Während 9 Deeg kritt een am geeschtegen an am administrative Weltzentrum d’Méiglechkeet, méi genee d’Bahá’í Geschicht kennenzeléieren, mat engem Guide, mat Konferenzen a mat der Méiglechkeet vill Zäit an de Bahá’í Gäert ze verbréngen. Ausserdeem begéint all Pilger während senger Rees d’Membere vum héchste Bahá’í Conseil, am Weltzentrum op eng relax Aart a Weis a bei enger Taass Téi.

Bahá’í sinn heescht och eemol am Joer 19 Deeg Faschten, vum 2te bis den 21te Mäerz, an dat vu moies bis owes. An all grouss Relioun fanne mer eng Faaschtenzäit, déi haaptsächlech dozou déngt, fir sech eemol am Joer eng zäitlaang kënnen op déi geeschteg Säit vun eisem Liewen ze konzentréieren.

Bahá’í sinn heescht net zu gudder lescht sech um Déngscht un der Mënschheet anzesetzen.

Wéi gesinn d’Bahá’í dann d’Zukunft? D’Bahá’í gleewen un eng positiv Zukunft vun der Mënschheet. Bahá’u’lláh schreift dass „dës verdieflech Kricher verginn an dass de gréisste Fridde komme wäert.“ Weider schreift hien: “In diesem wunderbaren Zyklus aber wird die Erde verwandelt und die Welt der Menschheit mit Frieden und Schönheit geschmückt… Die Starken und die Schwachen, die Reichen und die Armen, die streitenden Sekten und die verfeindeten Nationen, die dem Wolf und dem Lamm… gleichen, werden in größter Liebe, Freundschaft, Gerechtigkeit und Unparteilichkeit zusammenwirken.”

“Nationale Rivalität, Haß und Intrigen werden aufhören, Feindseligkeiten und Rassenvorurteile werden durch Freundschaft, Verständigung und Zusammenarbeit ersetzt werden. Die Ursachen religiöser Zwistigkeit werden für immer aus dem Wege geräumt werden; wirtschaftliche Schranken und Hindernisse werden völlig beseitigt, der maßlose Klassenunterschied verwischt werden… Ein Weltbundsystem, das die ganze Erde beherrscht und unanfechtbare Amtsgewalt über ihre unvorstellbar großen Hilfsquellen hat, … dessen Leben von der allumfassenden Anerkennung eines Gottes und vom Gehorsam gegen eine gemeinsame Offenbarung getragen ist — dies ist das Ziel, dem die Menschheit, durch die vereinenden Lebenskräfte angetrieben, zustrebt.”

Weltwäit schaffen d’Bahá’í konkret un dëser Realisatioun an offréieren der Mënschheet d’Modell vun hirem Glawen. Haut, no e bësse méi wéi 150 Joer, sinn dat iwwer 6 Millioune Bahá’í weltwäit. Wéi ëmmer gouf iech dës Rubrik offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

130 Bahá’í Texter a Schrëften

130t Sendung um Radio Ara, 1ten an 2ten November 2002. D’Bahá’í Relioun huet e ganze Koup authentesch Schrëften. De Reliounsstëfter Bahá’u’lláh selwer an aner zentral Perséinlechkeeten hunn handschrëftlech oder vun hinne bestätegt Opzeechnungen hannerlooss, déi am perseschen, arabeschen oder engleschen Original erhale sinn. Haut ginn et Iwwersetzungen an all de grousse Sprooche vun der Welt. Bei dëse Schrëften handelt et sech ëm ganz ënnerschiddlech Texter, sou zum Beispill Bréiwer u Privatpersounen, Sendschreiwen un Herrscher, Bicher, Ofhandlungen a kuerz Texter. Dorënner fënnt ee Gebieder, saachlech Ausernanersetzungen, Äntwerten op Froen, lyresch oder mystesch Passagen, an historesch Aufsätz.

Fir e Bahá’í verbindlech sinn d’Schrëfte vun dësen Auteuren:

De Báb, (dee vun 1819 bis 1850 gelieft huet), Stëfter vun der Bábi-Relioun a Virleefer vu Bahá’u’lláh. Hien huet d’Komme vun engem neie Gottesoffenbarer verkënnegt. Bahá’u’lláh, 1817-1892, Begrënner vun der Bahá’í Relioun. Abdu´l-Bahá, 1844-1921, Jong vu Bahá’u’lláh an autoriséierten Interpret vu senge Schrëften. De Shoghi Effendi, 1897 – 1957, Enkel vum Abdu´l-Bahá a Leader vun der weltwäiter Bahá’ícommunautéit, an dat a Virbereedung op d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, déi héchst Kierperschaft an der Bahá’í Weltgemeng; dëst Gremium gëtt säit 1963 all 5 Joer gewielt an huet säi Sëtz zu Haifa an Israel. Opgrond vun hirer zugläich dezentraler Struktur gëtt et an der Bahá’í Weltcommunautéit nach weider Institutiounen, déi, ënner anerem duerch PresseCommuniqueeën hire Beitrag zur Förderung vu Welteenheet leeschten, sou zum Beispill d’international Bahá’ícommunautéit oder déi National Geeschteg Réit vun all Land.

Hei elo e puer vun den Themen déi träitéiert ginn : Eng nei Weltuerdnung, Fridden, déi wirtschaftlech a sozial Entwécklung, d’Famill, d’Erzéiung, d’Ëmwelt, Fraen, d’international Bahá’í Gemeng an d’Vereenten Natiounen, d’Mënscherechter an d’Verfollegunge vun de Bahá’í am Iran.

Zum Thema Erzéiung seet Bahá’u’lláh dass et jidderengem seng Flicht ass sech Wëssen unzeeegnen. Dobäi sollten awer déi Wëssenschafte studéiert ginn, déi de Vëlker op der Äerd eppes nëtzen an net déi, déi mat Wierder ufänken a mat Wierder ophalen. Vill verdanken d’Vëlker vun der Welt de Wëssenschaftler an den Handwierker. Wëssen ass wierklech e Schatz fir de Mënsch, eng Quell vu Ruhm, Groussmut, Freed an Erhuewenheet. [46] Wéi ëmmer gouf iech dës Rubrik offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í.

131 Wat bréngt et u Gott ze gleewen?

131t Sendung um Radio Ara, 8ten an 9ten November 2002. Abé, ech hu mer d’Fro gestallt well ech an de Bahá’í Schrëfte liesen et soll ee sech Gott ganz uvertrauen. Firwat dann? Eng Méiglechkeet dëst Thema unzegoen ass déi heiten: Wann ee sech de Mënsch a sengem Alldag ukuckt, mierkt ee séier, wivill Aschränkungen hien am Fong huet. Eng Rei Saachen an eisem Liewen ënnerleien einfachen Noutwendegkeeten, deene mer wierklech net entgoe kënnen. Iessen an Drénken, schlofen an iergendwann eng Kéier stierwen. An eisem Liewe komme Momenter wou mer net sou gutt drop sinn, wou mer krank sinn, entweder wou eise Kierper neméi matspillt oder eise Geescht. Mir hu Problemer am Stot, op der Aarbecht, jee et kënnt fir dass mer de Kopplabunz schloen, dass alles eis iwwer de Kapp wiesst.

Et ass grad a sou Momenter, an dëse Phase vun eisem Liewen, wou mer eis d’Fro stellen. Ma gëtt et da keen dee mer hëllefe kann, sinn ech da ganz aleng op mech ugewisen. Grad do froe sech vill vun eis; wann et eng Kraaft gëtt déi net mënschlech ass, déi net deene selwechte Contrainten ausgesat ass wéi mir, kann si eis dann net hëllefen. Kënne mer un eppes gleewe wat mer net gesinn, wat mer net kënnen upaken?

Eng éischt Méiglechkeet ass ze soen: Allé Jean-Marie, rapp dech um Rimm, huel der Zäit, mach eng Paus a gleef nees un dech selwer. An dat ass gutt esou. U sech selwer gleewen ass menger Meenung no den Ufank vun engem neien Ufank, mat Hoffnung, Vertrauen an Zouversicht. Wat hunn ech da méi u Kraaft wann ech un en Herrgott gleewen, un eng Stäerkt, eng Ressource, déi fräi ass vun de Contraintë vun eisem Liewen. Eng Stäerkt, déi mir jo am Fong net verstoe kënnen. Gleewen, dass et esou eng Kraaft gëtt, hëlleft mir, mech ze situéieren, do wou ech stinn, wat meng Fäegkeete sinn, wat ech ka man a wat net. Ech mierken dass et mäin eegene Wëlle gëtt, mat all menge Wënsch fir mech selwer, fir d’Leit ronderëm mech a fir d’Mënschheet. An dass et e Wëlle gëtt op deen ech keen direkten Afloss hunn. De Wëlle Gottes. A wann ech vum Wëlle Gottes schwätzen dann denken ech un en Herrgott deen et gutt mat eis mengt. A wéi weisst hien eis seng Guttheet, vu dass mir Hie jo am Fong net verstoe kënnen? Duerch seng Propheten, oder wéi mir soen, seng Gottesoffenbarer, also näischt anescht wéi Erzéier. Krishna, Zarathrustra, Buddha, Abraham, Moses, Christus, Mohamed, de Báb a Bahá’u’lláh. Si vermëttelen eis d’Léift vun eisem Schëpfer fir seng Schëpfung. Dës Erzéier hannerloossen eis hiert Liewen an hir Texter, déi mir helleg Schrëften nennen. Dës Texter passen sech der jeweileger Zäit un, dat wat mir Mënsche brauchen. An de Verbuergene Wierder, engem hellegen Text aus de Bahá’í Schrëfte, schreift Bahá’u’lláh mat der Stëmm vum Herrgott a seet eis an engem Saz firwat hien eis erschaf huet: „ Verstoppt a mengem éiwege Wiesen, wosst ech ëm meng Léift fir dech, dofir hunn ech dech erschaf, hunn dech no mengem Bild geschaf an hunn dir meng Schéinheet offenbaart [47]

Wann dës Kraaft mech interesséiert, dës onwahrscheinlech Ressource, wéi kommen ech drunn? Erëmm en Tuyau dee mer an de Bahá’í Schrëfte fannen: Mat der Stëmm vum Herrgott: „Sief frou mat mir, sou dass ech ka frou si mat dir. Wanns du mech net gär hues, ka meng Léift dech nimols erreechen. Sief der deess bewosst“. [48]

Natierlech erfëllen d’Gebieder op dëser Plaz hire Sënn, nämlech e Gespréich mam Herrgott. An dass dat net sou ohne ass, brauch ech iech net ze soen. Mee do denken ech dass de Wee méi wichteg ass wéi d’Resultat. Einfach d’Sich no der Wourecht, d’Sich no deem wat eis vläicht no dësem Liewen erwaart. Nach ni huet de Mënsch sech zefridde ginn, mat deem wat e mat senge bloussen A gesäit. Hu mir e geeschtegt A, eng Séil, a wat ass et? All dës Froen sinn zentral fir eise geeschtege Wuesstum an hëllefen eis schlussendlech besser mat dësem Liewe eens ze ginn! Meng Fro un iech: Hutt dir haut scho probéiert mam Herrgott Kontakt opzehuelen?

Zum Schluss nach eng Invitatioun fir e Méindeg 11ten November, owes um 7 Auer, zu Péiteng an der Maison de la culture A Rousen, op der Maarktplaz. D’Bahá’í Gemeng organiséiert d’Feiere vum Gebuertsdag vu Bahá’u’lláh. Kommt einfach bis laanscht. Si hunn e flotte Programm mat Musek, Gebieder a Kaffi an Taart fir iech virbereet. Also nächste Méindeg, 11ten November, owes um 7 Auer, zu Péiteng an der Maison de la culture A Rousen, op der Maarktplaz.

132 Wat et heescht als Bahá’í ze liewen

132t Sendung um Radio Ara, 15ten a 16ten November 2002. Mam Komme vu Bahá’u’lláh huet d’Mënschheet eng nei Etapp an hirer Entwécklung erreecht. Si ass elo erwuesse ginn. Dat bedeit fir jiddereen net nëmme méi Fräiheeten, awer och Verantwortung vu jidderengem fir d’Gemeinschaft a fir d’ganz Mënschheet.

An der Bahá’í Relioun gëtt et keng Geeschtlech a keng Kierch. Jiddereen ass selwer opgefuerdert, no der Wourecht ze sichen. Fir eis dobäi ze hëllefen, stinn eis e ganze Koup Schrëften zur Verfügung. All Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass an der Bahá’í Relioun Gottesdéngscht. Relioun soll sech virun allem an Aktiounen, net a Wierder ausdrécken. Mëttelpunkt vum Gemeinschaftsliewe vun engem Bahá’í ass d’Nonzéngdeegfest. An dat ass am Ufank vun all Bahá’í Mount (E Bahá’í Mount huet 19 Deeg). d’Nonzéngdeegfest huet dräi Deeler. Eng Andacht mat Gebieder, en Deel Berodung vun der Gemeng an e gesellegt Zesummesinn.

Fir déi geeschteg Entwécklung vum Eenzelne ginn et verschidde Virschrëften wéi dat deeglecht Gebiet oder d’Faschten. D’Gläichwäertegkeet vu Mann a Fra, d’Zil vun enger méiglechst gudder Erzéiung fir d’Kanner, sech stänneg beméien, sech selwer weiderz’entwéckelen an eng praktizéierend Gastfrëndlechkeet sinn e puer weider Punkten, déi d’Liewe vun engem Bahá’í ausmaachen.

Kucke mer eis e bësse méi genee den Deel vun der Bahá’í Berodung un: Et ass dat en neie Wee fir Entscheedungen ze fannen, wou ëmmer méi Mënschen d’Wourecht fannen oder wou si eppes decidéiere wëllen. Dës Form vu Berodung brauch e kreatiivt Matschaffe vu jidderengem. Si erméiglecht et, aus all den Iddien a Virschléi zesummen déi optimal Léisung erauszeschaffen.

Fir d’éischt ginn d’Tatsaachen an d’Fakten als Grondlag festgestallt. All Participant leet da seng Iddien op den Dësch. Et spillt da keng Roll méi, vu wiem wéi eng Ausganksiddi eemol koum. Zesumme beméit jiddereen sech dann, aus all de Beiträg eng optimal Entscheedung z’entwécklen, déi dann d’Eegentum vun der ganzer Grupp gëtt. Op déi Aart a Weis kann e Gremium, eng Grupp oder eng Famill besser Resultater erreechen. Dës Berodung gëtt besonnesch an de regelméissege Gemengeversammlungen an an de gewielte Gremie praktizéiert. Fir ofzeschléissen nach e klengen Text aus de Bahá’í hellege Schrëften:

O Sohn des Geistes! Dies ist Mein erster Rat: Besitze ein reines, gütiges und strahlendes Herz, damit du unvergängliche Souveränität erlangest, während von Ewigkeit zu Ewigkeit. [49]

O Sohn des Geistes! Von allem das Meistgeliebte ist Mir die Gerechtigkeit. Wende dich nicht ab von ihr, wenn du nach Mir verlangst, und vergiss sie nicht, damit Ich dir vertrauen kann. Mit ihrer Hilfe sollst du mit eigenen Augen sehen, nicht mit denen anderer, und durch eigene Erkenntnis Wissen erlangen, nicht durch die deines Nächsten. Bedenke im Herzen, wie du sein solltest. Wahrlich, Gerechtigkeit ist Meine Gabe und das Zeichen Meiner Gnade. So halte sie dir vor Augen. [50]

O Sohn des Menschen! Sprich nicht über die Sünden anderer, solange du selbst ein Sünder bist. So du dieses Gebot übertrittst, bist du verworfen – dies bezeuge Ich dir. [51]

133 U Gott gleewen, an dann?

133t Sendung um Radio Ara, 22ten November 2002. Erkennen, dass et ee gëtt, deen eis erschaf huet, kann eis hëllefen d’Welt besser ze verstoen. Mee wat maache mer domat. Mat deem Glawen, kënne mer do eppes damat ufänken? Wéi kann den Herrgott eis da konkret hëllefen?

Abé, wa mer gleewen, dass den Herrgott eis duerch seng Propheten hëlleft, eist d’Liewen hei besser ze liewen, lauschtere mer natierlech op dat wat si eis soen. An dat ass näischt anëscht wéi d’helleg Schrëfte vun de grousse Reliounen. Fir e Bahá’í kommen natierlech d’Schrëfte vun eisem Begrënner Bahá’u’lláh dabei, genee sou wéi säi Virleefer de Báb a säi Jong ‘Abdu’l-Bahá. Dës Texter hunn eng Kraaft déi net vun dëser Welt ass. Sech vun der Schéinheet an der Déift vun dësen Texter z’inspiréieren ass dat éischt Resultat. Dat ass awer net alles. D’Schrëfte sollen eis dozou ureegen, eist d’Liewen an dat vun eise Matmënschen ze verbesseren an dat op eng ganz konkret Aart a Weis. Transformatioun vum Eeenzelnen ass d’Zil. „D’Schrëfte vum Herrgott verstoen, … ass op keng Manéier ofhängeg vum mënschleche Wëssen. Et huet mat der Rengheet vum Häerz ze dinn, … mat der Fräiheet vum Geescht.“

Hei elo e puer vun dësen Texter aus de Bahá’í Schrëfte fir Iech: „Et ass d’Flicht vun all Mënsch mat Asiicht a Verständnes duerno ze striewen, dat wat hei niddergeschriwwen ass an d’Wierklechkeet an an d’Dot ëmzesetzen.“[52]

„Als éischt muss de no Geeschtegkeet duuschtreg sinn, dann lief däi Liewen! Lief däi Liewen! Lief däi Liewen! Fir dësen Duuscht ze kréien, denk iwwer d’Liewen nom Doud no. Studéier d’helleg Wierder, lies deng Bibel, lies d’helleg Bicher a studéier besonnesch d’helleg Aussoe vu Bahá’u’lláh. Gebiet a Meditatioun, huel der fir béid vill Zäit. Da wäers de dëse groussen Duuscht spieren an nëmmen da kanns de ufänken, d’Liewen ze liewen.“ [53]

„En neit Liewen duerchpulst an dëser Zäit all d’Vëlker vun der Äerd, an awer huet keen seng Ursaach entdeckt a säi Grond erkannt. Kuck d’Vëlker vum Westen. Kuck wéi si op der Juegd no deem sinn, wat eitel a gemeng ass, wéi si eng Onmass vu Liewe geopfert hunn an nach opferen, fir sech materiell Saachen ze sécheren, …

Gerechtigkeit beklagt an diesem Tage ihren schweren Stand, und Billigkeit stöhnt unter dem Joch der Unterdrückung. Dichte Wolken der Gewalt haben das Antlitz der Erde verfinstert und ihre Völker umhüllt. Durch die Bewegung Unserer Feder der Herrlichkeit haben Wir auf Befehl des allmächtigen Gesetzgebers neues Leben in jede menschliche Hülle gehaucht und frische Kraft in jedes Wort geflößt. Alles Erschaffene verkündet die Beweise dieser weltweiten Erneuerung. Dies ist die größte, die froheste Botschaft, die der Menschheit durch die Feder dieses Unterdrückten übermittelt wurde.

Sei freigebig im Glück und dankbar im Unglück. Sei des Vertrauens deines Nächsten wert und schaue hellen und freundlichen Auges auf ihn. Sei ein Schatz dem Armen, ein Mahner dem Reichen, eine Antwort auf den Schrei des Bedürftigen, und halte dein Versprechen heilig. Sei gerecht in deinem Urteil und behutsam in deiner Rede. Sei zu keinem Menschen ungerecht und erweise allen Sanftmut. Sei wie eine Lampe für die, so im Dunkeln gehen, eine Freude den Betrübten, ein Meer für die Dürstenden, ein schützender Port für die Bedrängten, Stütze und Verteidiger für das Opfer der Unterdrückung. Laß Lauterkeit und Redlichkeit all dein Handeln auszeichnen. Sei ein Heim dem Fremdling, ein Balsam dem Leidenden, dem Flüchtling ein starker Turm. Sei dem Blinden Auge und ein Licht der Führung für den Fuß des Irrenden. Sei ein Schmuck für das Antlitz der Wahrheit, eine Krone für die Stirn der Treue, ein Pfeiler im Tempel der Rechtschaffenheit, Lebenshauch dem Körper der Menschheit, ein Banner für die Heerscharen der Gerechtigkeit, ein Himmelslicht am Horizont der Tugend, Tau für den Urgrund des Menschenherzens, eine Arche auf dem Meer der Erkenntnis, eine Sonne am Himmel der Großmut, ein Stein im Diadem der Weisheit, ein strahlendes Licht am Firmament deiner Zeitgenossen, eine Frucht am Baume der Demut. [54]

 

134 Eis Relatioun mam Herrgott

134t Sendung um Radio Ara,29te November 2002

Eis Relatioum mat deem deen eis erschaf huet ass sécher ganz besonnesch. Op eng Manéier ass et wéi e Kontrakt dee mir maachen. E Kontrakt tëschent mir a mengem Schëpfer. An deem Kontrakt fuerdert den Herrgott vu mir e gewësst Verhalen an Hie versprécht mir dofir seng Gnod. Gott vesprécht deem Gleewegen och, hien ni am Stéch ze loossen, dat heescht dass Hien eis vun Zäit zu Zäit e Gottesoffenbarer, eng Manifestatioun schéckt. Fir haut ass dat Bahá’u’lláh.

Op Franséisch ass et une alliance, un covenant, eng Entente. Wéi all Gottesoffenbarer virun Him, huet Bahá’u’lláh e Versprieche gemaach, an zwar dass no Him en anere Gottesoffenbarer komme wäert. Awer net virun dausend Joer. An dëser Relatioun ass et och wichteg ze wësse wéi de Glawen seng Eenheet behält. An dat ass am Bahá’í Glawen nei. Bahá’u’lláh huet nämlech e Bündnes gemaach mat deenen, déi no Him kommen. D’Zentrum vun dësem Bündnes ass ‘Abdu’l-Bahá. An der Persoun vu sengem eegene Jong, gëtt Hien him d’Verantwortung an d’Erlaabnes seng Gesetzer a Léieren z’interpretéieren, ze weisen das dës Gesetzer a Léieren e ganz konkreten a praktesche Wäert hunn a net zu gudder Lescht, dass si eng aussergewéinlech Kraaft duerstellen.

Mat dësem Verständnes a mat dëser Notioun vu Kontrakt tëschent dem Mënsch a sengem Schëpfer ass et vläicht méi einfach ze verstoen, wat fir eng Relatioun mir mat Him hunn. Eng Relatioun vu Verantwortung, Rechter a Flichten.

Den Nosrat Tirandaz, e Bahá’í a franséische Wëssenschaftler, schreift a sengem neie Buch: Le Covenant dat heiten: « En ce qui concerne la signification de l’alliance baha’ie : D’abord, il y a l’alliance que chaque prophète établit avec l’humanité ou, plus précisément, avec son peuple pour qu’il accepte et suive la Manifestation future qui sera la réapparition de sa réalité.

L’histoire spirituelle de l’homme est l’intégration de deux processus imbriqués : c’est d’abord l’histoire de l’individu évoluant dans un laps de temps relativement court (l’espace d’une vie) du monde de la matière vers le monde spirituel. Cette transformation s’inscrit dans un processus plus ancien et plus large: celui de 1’évolution collective de l’homme. Tout homme, dans le cheminement qui le mène de la prise de conscience de son entité spirituelle à sa Rédemption par le Verbe, intègre ces deux processus dans une dynamique personnelle. …

La reconnaissance de la Manifestation de Dieu est un acte qui relève de l’évolution collective de l’humanité (on ne peut reconnaître (Jésus) Muhammad ou le Báb qu’à partir d’une certaine époque de l’histoire humaine) : une Manifestation divine apparaît en un lieu et en un temps correspondant au grand dessein de Dieu pour l’homme (en tant qu’espèce), l’acceptation de cette Manifestation donne la vie et régénère le coeur. Cette acceptation relève de la fidélité à la grande alliance de Dieu. En effet, l’alliance est un pacte liant l’homme à Dieu. Nous retrouvons cette vérité dans tous les livres sacrés, exprimée de façon plus ou moins voilée. »

Bahá’u’lláh schreift: O amis ! « …Ne préférez pas votre volonté à la mienne, ne désirez jamais ce que je n’ai pas désiré pour vous, et ne m’approchez pas avec un coeur privé de vie, souillé d’appétits et de désirs terrestres. Si seulement vous pouviez sanctifier vos âmes,… »

Säi Jong ‘Abdu’l-Bahá gëtt déi heiten Explikatioun zu dësem Zitat : « Quant à la déclaration de Bahá’u’lláh …, selon laquelle l’homme doit renoncer à son moi. elle signifie qu’il doit renoncer à ses désirs immodérés, à ses ambitions égoïstes et aux impulsions de son être humain pour rechercher les saintes brises de l’esprit, suivre les aspirations de son être supérieur et se plonger dans l’océan du sacrifice, le coeur fixé sur la beauté du Très-Glorieux. »

Eng Fro déi een sech stelle kann: Hunn ech haut schonn iwwer meng Relatioun mat mengem Schëpfer nogeduecht? Ech wënschen iech eppes Schéines!

 

135 Ethik a Wirtschaft, um Wee zu enger neier Weltuerdnung

135t Sendung, 6ten a 7ten Dezember 2002

Bahá’í Neiegkeeten: Italien: D’Universitéit vu Bari féiert en neie Cours iwwer d’Ethik an d’Wirtschaft an. Dëse permanente Cours baséiert sech op d’Bahá’í Prinzipien an de Co-ordinator ass e gutt bekannte Bahá’í Geschäftsmann.

De Kursus nennt sech: Ethik an Economie, um Wee zu enger neier Weltuerdnung a besteet aus zéng Seminaren, déi sech op wesentlech Bahá’í Wäerter konzentréieren, wéi zum Beispill Berodung, Gerechtegkeet an Ethik, Gläichheet, universell Erzéiung an d’Eenheet vu Wëssenschaft a Relioun an dat am Bezuch op d’Welt vum Commerce an der Wirtschaft.

D’Universitéit huet de Giuseppe Robiati als Co-ordinator fir de Cours ernannt. Hien ass Member vun der Bahá’í Gemeng an Italien, e Geschäftsmann mat enger wäitleefeger Erfahrung am Engineering a Business Management, souwéi am Beräich vun de mënschleche Ressourcen.

Den Här Robiati, Präsident vun S.C.A.C. eng féierend Firma an der italienescher Industrie, huet och eng Rei Bicher geschriwwen, dorënner Glawen a Weltwirtschaft, eng Zesummenaarbecht: Eng Bahá’í Perspektiv, Den Herrgott an d’Wirtschaft, eng Partnerschaft déi méiglech ass an Eng Wirtschaft fir eng nei Weltuerdnung. Den Här Robiati ass och Member vum Europäesche Bahá’í Wirtschaftsforum (EBBF), e Forum dee wesentlech dozou bäigedroen huet, dass dëse Cours zustane koum.

D’Universitéit vu Bari ass déi zweet gréisst Uni an Italien, mat ëm déi 50.000 Studenten an enger Fakultéit vun ëm déi 2200 Professeren. De Cours fänkt am März nächst Joer un. …

De Professer Girone, Direkter vum der Wirtschaftsfakultéit, deen sech schonn zënter 1990 fir d’Präsentatiounen an d’Virtreeg vum Här Robiati interesséiert sot: „Ech war immens ugezunn vun ärer Visioun an ech soe menge Schüler ëmmer das dëse Cours net nëmme fir hir Erzéiung wichteg ass mee dass si am Cours eng Visioun fir hir eege perséinlech Zukunft kréien.“

D’lescht Joer krut den EBBF, den Europäesche Bahá’í Wirtschaftsforum den héich unerkannten Seal of the University of Bari fir hir Kontributioun an der Erzéiung vun de Studenten an d’Wäerter déi an hirem Programm präsentéiert ginn. Elo ass dëse Bahá’í Wirtschaftsforum ageluede ginn ähnlech Coursen an den Universitéite vu Roum, Milan, Bologna, Siena a Pisa ze ginn. Dëse Forum, deen 1990 gegrënnt gouf, huet e Reseau vun 350 Geschäftsleit a 50 Länner. De Forum encouragéiert ethesch Wäerter, perséinlech Dugenden a moralesch Leadership an der Geschäftswelt an d’Realitéit ëmzesetzen. De Forum schafft zesumme mat der UNESCO an der internationaler Aarbechterorganisatioun. Souwäit zu dëser Nouvell aus Italien.

Interessant ass, dass 1983, dat héchste Bahá’í Gremium sech an enger Konferenz zu Innsbruck un d’Jugendlech geriicht huet, a sot, si solle sech Beruffer uneegnen, déi fir Erzéiung, ländlech Entwécklung, Landwirtschaft, Wirtschaft, Technologie, Gesondheetswiesen an d’Medie vun Notze sinn; also Beruffer, déi dréngend an de sech entwéckelnde Länner vun der Welt gebraucht ginn.

 

136 Korruptioun, Deel 1/2

136t Sendung, 13ten a 14ten Dezember 2002. An eiser leschter Emissioun hu mer vun engem neie Cours iwwer d’Ethik an d’Wirtschaft an der Universitéit zu Bari geschwat, e Cours dee sech op d’Bahá’í Prinzipie baséiert. Haut kucke mer kuerz wat d’Bahá’í uechter d’Welt man, fir dës Ethik a moralesch Wäerter an ëffentlechen Institutiounen anzeféieren.

D’Dokument nennt sech: Wéi ee Korruptioun iwwerkomme kann a wéi een Integritéit an ëffentlechen Institutiounen kréien a behale kann. Geschriwwe gouf et vun der internationaler Bahá’í Gemeng a fir d’éischt präsentéiert zu Den Haag d’lescht Joer, beim Forum global intergouvernemental fir d’Korruptioun ze bekämpfen. Ech hu probéiert déi wesentlech Punkten erauszesichen.

Nodeems d’Mënschheet aus engem Jorhonnert vun Opreegung a risegen Ännerungen kënnt, brauch si elo eng moralesch a geeschteg Erneierung. Verantwortlech fir dës Noutwendegkeet ass en ëmmer méi groussen Drang no Materialissem an d’Schwieregkeet de Sënn vun eisem Liewen ze verstoen.

Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun warnt eis dovun dass d’Relioun ëmmer méi op d’Säit gedréckt gëtt. Hie seet dass Relioun eng stralend Luucht ass an e kräftegen Halt fir d’Wuel vun der Mënschheet. … Sollt dës Luucht vun der Relioun awer zougedeckt ginn, entsteet Chaos an Duercherneen an d’Luuchte vun der Fairness a Gerechtegkeet, vu Rou a Fridden halen op ze schéngen.

Wat eng Gesellschaft zesummenhält sinn Idealer a gedeelte Glawen. Räichtum baséiert op Fridden, Kooperatioun, Altruismus, Dignitéit, an engem verstännegem Verhalen genee sou wéi vun den Entdeckungen an dem Fortschrëtt. Relioun gëtt der Gesellschaft d’Zillen an den Ziment, ethesch Prinzipien an d’Visioun déi Leit a Gemeinschafte vereenegt an hinnen eng Direktioun gëtt an e Sënn fir déi individuell an d’kollektiv Existenz.

Déi Dugenden wéi Éierlechkeet a Loyalitéit sinn zentral fir de mënschleche Fortschrëtt a gi vun der Sprooch vum Häerz an der Stëmm vun eisem Gewësse kultivéiert. Obscho Gesetzer a Strofe wesentlech sinn, si si beschränkt an hirer Effikazitéit.

Sech mat de geeschtege Wuerzele vun der Motivatioun ze beschäftegen, déi matzen an der mënschlecher Identitéit leien heescht dann och, op dee wesentlechen Impuls ze stoussen, deen eng wierklech gesellschaftlech Ännerung mat sech brénge kann. Aus der Bahá’í Perspektiv heescht dat dass ëffentlech Institutiounen déi Vertraue ginn an déi fräi si vu Korruptioun amgaang sinn, sech moralesch a geeschtlech weiderz’entwécklen.

Fir Bahá’í ass d’Zivilisatioun e geeschtege Prozess wou lues a lues déi moralesch a kreativ Fäegkeete vun der Mënschheet sou ze soen erwächen. D’Schafe vun ëffentleche Milieue fräi vu Korruptioun hängt also dovun of, eng moralesch Fäegkeet beim Eenzelnen, bei Gemeinschaften a sozialen Institutiounen opzebauen.

Wéi ass et nu méiglech, dës moralesch Fäegkeet opzebauen ? Ginn et praktesch Strategien, déi Gesellschaften adoptéiere kënnen, déi aus hirer Populatioun sozial Akteure ervirbrénge kënnen, déi sech entscheed hunn, hiert d’Liewen am Déngscht an an der Integritéit ze liewen? Ouni Erzéiung geet et sécher net.

Wat dann elo de konkrete Beitrag vun der Bahá’í Communautéit weltwäit ass, gesi mer an eiser Emissioun d’nächst Woch. Bis dohi wënschen ech Iech nëmmen dat Bescht.

 

137 Korruptioun, Deel 2/2

137t Sendung, 20ten an 21ten Dezember 2002. An eiser leschter Emissioun hu mer en Dokument präsentéiert, dat fir d’éischt d’lescht Joer beim Forum global intergouvernemental fir d’Korruptioun ze bekämpfen, zu den Hag vun der internationaler Bahá’í Communautéit virgestallt gouf. Hätte mer gär en ëffentleche Milieu fräi vu Korruptioun, da brauche mer Leit, Gemeinschaften a sozial Institutiounen déi et fäerdeg bréngen, eng moralesch Fäegkeet opzebauen.

Wéi ass et nu méiglech, dës moralesch Fäegkeet opzebauen? Ginn et praktesch Strategien, déi Gesellschaften adoptéiere kënnen, déi aus hirer Populatioun sozial Akteure ervirbrénge kënnen, déi sech entscheed hunn hiert d’Liewen am Déngscht an an der Integritéit ze liewen? Ouni Erzéiung geet et sécher net. Wat ass de konkrete Beitrag vun der Bahá’í Communautéit weltwäit?

Si huet eng Rei vun Initiativen ergraff, wann och bescheiden, an dat am Beräich vu moralescher Erzéiung an etheschem Leadership. D’Formulatioun vu pädagogeschen Approchen a Methoden déi systematesch moralesch Entwécklung fërdern, ass e besonnescht Zil fir d’Bahá’í. D’Universitéit Nur ass déi zweetgréisst privat Institutioun am Beräich vun der Erzéiung a Bolivien. Si verbënnt akademescht Wësse mat praktescher Erfahrung an etheschem Training, speziell am Beräich vum Déngscht an der Communautéit, sozialer Gerechtegkeet an de Respekt fir mënschlech Verschiddenheet. D’Philosophie vun der Erzéiung baséiert sech op Konzepter a Prinzipien aus de Bahá’í Schrëften. An hirem Programm vum moralesche Leadership oder Féierung léieren d’Participanten dass si eng Obligatioun hunn no moralesche Prinzipien ze sichen, se z’adoptéieren an duerno ze liewen. Leadership ass eng Verantwortung déi vu jidderengem an der Gesellschaft ausgeübt gëtt an dofir muss ee gewësse moralesch Fäegkeeten developéieren. Dozou gehéiert, dass een d’Wourecht applizéiert an dat an allem wat ee mécht. Ronn 400 ländlech Communautéiten a Bolivien a méi wéi eng Dose Gemengen a latäinamerikanesche Länner hunn dëse Programm matgemaach.

En anere Programm mam Titel: E Programm fir eng gerecht Gouvernance, gëtt Staatsbeamten, a Membere vu Gemeinschaftsorganisatiounen eng Formatioun. D’Nur Universitéit fërdert domat den Dialog fir d’zukünfteg Entwécklung vun der bolivianescher Gesellschaft. Vill vun de Gemengen hunn an dësem Programm matgemaach. Donieft gëtt et eng Initiativ wou ëm déi 5000 Studenten an den ëffentleche Sekondärsschoulen eng Formatioun kréien. De Programm beschäftegt sech domat wéi een déi Jugendlech vun der Kriminalitéit, der Gewalt, dem Alkohol an dem Drogenkonsum ewechkritt. Dat an der Haaptsaach an deem se virbereet gi fir aktiv an der Communautéit en Déngscht ze leeschten. D’Universitéit Nur huet och méi wéi 2000 Schoulmeeschteren ausgebilt, a Bolivien, Argentinien an am Ecuador. Ee vun de Studenten huet geschriwwen: „An dësem Cours hunn ech virun allem geléiert mäi Liewen no Prinzipien ze féieren. Ech probéieren elo deenen ze hëllefen déi Hëllef brauchen, ouni Luef z’erwaarden, deenen ze verzeien déi mer wéigedoen hunn an aneren dat matzeginn wat ech geléiert hunn an esou zu mengem eegene Gléck an deem vun deenen anere bäizedroen.“

De Projet: Gerechtegkeet an der Erzéiung a Brasilien ass eng aner Bahá’í Beméiung, déi versicht ethesch Leadership an der Regierung vum Land ze fërdern. De brasilianeschen Erzéiungsministère a Kollaboratioun mat der Associatioun vun de Richteren aus dem Land hunn d’gréng Luucht gi fir e Programm fir ongeféier 6000 Leit aus dem Justizwiesen, déi direkt mat de Jugendlechen am Kontakt sinn. Wat alles an Europa gemaach gëtt fir Korruptioun ze verhënneren, gesi mer d’nächst Woch. Bis dohin, vu mir nëmmen dat Bescht, e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch.

 

138 Wéi d’Bahá’í Chrëschtdag feieren

138t Sendung, 27ten an 28ten Dezember 2002. Et kënnt een net dalaanscht. Chrëschtdaagsmusek an de Stroossen, d’Geschäfter si gerëscht, Sonndes sinn d’Butteker op. Geschenker fir grouss a kleng. Et ass eng stëll an heemlech Zäit heescht et am Lidd. An d’Bahá’í? Feieren si och Chrëschtdag? Ganz oft ass et fir Familljen eng Geleeënheet, zesummen an eng Wanterschoul ze goen, sief et hei zu Bollendorf, an Däitschland, an der Schwäiz, an Éisträich oder och méi wäit. Wanterschoulen, genee sou wéi Summer a Fréijorsschoulen sinn dofir do, fir zesummen ze sinn, Kollegen erëmzegesinn, seng Batterien erëm opzelueden. Gewéinlech ginn et moies Virtreeg a mëttes Atelieren, Fräizäitaktivitéiten an owes gemittlecht Zesummesinn. D’Kanner an déi Jugendlech präsentéieren dat wat se den Dag iwwer gemaach hunn, mat Musek a gudder Stëmmung. Fir iech e Beispill ze ginn, maacht einfach am Internet eng Recherche ennërt: Bahá’í Winterschule Österreich. Do fannt der de Programm vun dësem Wanter. Normalerweis eng kleng Woch, an dësem Fall an engem Hotel. Aus Lëtzebuerg dabei de Graham Walker. Hie schwätzt iwwer d’Wëssenschaftsethik. En anert Thema vum Gudrun Winkler befaasst sech mat de Wäerter a wéi si Kanner a Jugendlecher an hirer Entwécklung hëllefen. Aus Paräis hu mer d’Christine Hakim-Samandari mam Thema: d’Bild vun der Bahá’í Gemeng. Wéi gesot méi genee Detailer um Internet ënnert Bahá’í Wanterschoul an Éisträich. Natierlech sinn dës Schoulen op fir jiddereen. Ech kann et nëmme recommandéieren. Well et ass bei sou Geleeënheeten, wou een d’Atmosphäre sou richteg matkritt.

Fir awer kuerz op Chëschtdag zréckzekommen. Indirekt oder op eng méi passiv Aart a Weis bedeelegen d’Bahá’í sech un de Feierlechkeeten. Zu Lëtzebuerg si vill Bahá’í éischt, zweet oder heiansdo drëtt Generatioun Bahá’í, sou dass een awer alt nach eemol fir Chrëschtdag fir z’Iessen agelueden ass oder am Fall wou an der Koppel nëmmen ee Bahá’í ass. Et muss ee jo och wëssen, dass een net Bahá’í ka sinn, wann een net u Christus gleeft. Et gehéiert einfach zum Glawen.

Am Bahá’í Glawe schwätze mer vu enger Gottesoffenbarung déi net ophält. Also Gott offenbaart sech dem Mënsch a Form vu Propheten, Gottesoffenbarer vun Zäit zu Zäit, fir him seng Léieren unzebidden. Zu dëse Gottesoffenbarer gehéiert och Jesus Christus. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer vill iwwer Christus. Eng wonnerbar Quell iwweregens fir an de Bahá’í Texter ze sichen, an dat an e puer Sproochen ass den Internetsite: ocean bahai. Dir kënnt de Programm eroflueden an dann eng Recherche man mam Wuert: Christus zum Beispill ‘Abdu’l-Bahá schreift iwwer Jesus Christus am Buch: Beäntwert Froen a seet: Nom Moses „ ass Christus komm an huet gesot: Ech si vum hellege Geescht gebuer. Wann dat och haut fir Chrëschte liicht ze gleewen ass, sou war et awer deemools ganz schwéier a mir héieren aus dem neien Testament: Ass dat net de Jong vum Joseph vun Nazareth, dee mir kennen. Wéi kann en da soen: Ech si vum Himmel komm? Obwuel hien, vu bausse gesinn an an den Ae vu jidderengem, net vill obweises hat, huet hien sech mat sou enger Muecht erhuewen, dass e reliéis Gesetzer, déi fofzéng Jorhonnte bestan haten, ofgeschaaft huet.“

An de Bahá’í Schrëfte kreie mer eng nei Aart a Weis ugebueden fir d’Liewen an d’Wierk Christus kennenzeléieren. Chrëscht sinn heescht an allem Him ze gläichen an erfëllt sinn vum Geescht vu senger Léift. Léift, Verstännegung a Fridden si fir ‘Abdu’l-Bahá de Kär vun alle Reliounen. Jesus Christus, d’Wuert Gottes verkierpert dës reliéis Essenz. Chrëscht sinn heescht fir ‘Abdu’l-Bahá gerod doranner an der Nofolleg vu Christus ze liewen. Dat wier et fir haut, ech wënschen iech schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch.

 

139 Gutt Virsätz fir d’neit Joer

Sendung 139, 3ten a 4te Januar 2003. Wéi déi Zäit awer erëmgeet. En neit Joer huet ugefaang, bei eis op jidde Fall. Et ass dat symbolesch sécher méi wichteg. Uleies genuch nei Virsätz ze man, nees e bësse Schwong a säi Liewen ze kreien. Et ass erfreelech ze gesinn dass vill Medie ronderëm eis net nëmme mat Chrëschtlidder iwwerschëdden, mee dass mer an eiser gudder warmer, gemittlecher Stiffchen d’Realitéit vun Aarmut, Nout a Krich a villen Deeler vun der Welt virun d’Nues gehale kréien. Wat een domat ufänkt hängt ëmmer vun eiser eegener Situatioun dee Moment of. Wéi geet et eis selwer, wou si mir drun, kënne mir iwwerhaapt e Vergläich zéien, mat eise Suergen an deenen hire Suergen. Mir kënnen eise Pefferkäerche bäileeën. An deem mer aktiv sinn oder et ginn. D’Gréisst an d’Ausmooss vun eiser Bestriewung ass do Niewesaach. De Wee dee mir maachen ass ausschlaggebend. An de Bahá’í Schrëfte liese mer: „Lee all Dag Recheschaft virun dir selwer of, éiers du zur Recheschaft gezu gëss. Wëll den Doud mellt sech net un an da muss de dech kënne veräntwere fir dat wat s de gemaach hues,“. [55]

Ech huelen dat positiv op a soe mer. Jean-Marie, wat hues de haut gemaach, wat dawäert ass, driwwer ze schwätzen. An der heiteger Pädagogie neméi wegzedenken. Ech stäipe mech op meng gutt Qualitéiten, op déi Saachen, déi ech gutt gemaach hunn a versichen dat vläicht den nächsten Dag e bësselche besser ze man. Wichteg sinn dës kleng Schritt no vir, wann ech sou soen duerf. A wann ech vu Virsätz schwätzen ass dat natierlech gutt, wann ech och déi positiv beschreiwe kann. Ech ka soen: ech wäert an nächster Zäit versiche méi gesond ze liewen, amplaz ze soen, ech wäert net méi fëmmen, net méi schlecht a seier Iessen einfach erofschlécken. Wéi wichteg dobäi d’Ermuddegung ronderëm eis ass, brauch ech Iech jo net ze soen. Abbe ech hu mer fir unzefänke virgehol, meng Virsätz opzeschreiwen, an zwar a klengen Tranche vun dräi Méint. Meng éischt Rei vu Virsätz gi bis den 21te März, d’Bahá’í Neit Joer. An da gëtt et eng Kolonn mat Virsätz a Pläng fir meng Fra an ech, déi mir zesummen ausschaffen.

Wiem notze gutt Virsätz, Resolutiounen a Pläng da schlussendlech? „Betruecht de Mënsch wéi e Biergwierk, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung ka bewierken, dass all dës Edelsteng an him zum Virschäi kommen an dass d’Mënschheet dorauser Notzen zéie kann.“

Mat deem Gedanken ass et liicht fir eng Astellung zum Liewen ze hunn wou ech an all Liewenssituatioun probéieren dat Bescht draus ze man, fir mech a fir déi ronderëm mech. Op ech Professor oder Aarbechter, Dokter oder Botzfra, am Chomâge oder am Prisong sinn, d’Fro ass ëmmer déi selwecht: Wéi kann ech mir an deenen ronderëm mech hëllefen, hinnen e klengen Déngscht erweisen, u si denken. A wéi weisen ech anere meng Léift.

An deem Sënn heescht Bahá’í sinn, ugezu si vun der Visioun vun engem Liewen, wou den Déngscht un der Mënschheet un éischter Plaz ass. Bahá’u’lláh schreift: „Loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrunn an all neien Dag méi räich wéi de viregen. De Wäert vum Mënsch läit am Déngscht an an der Dugend, net am Prunk vum gudde Liewen an am Räichtum.“ Fir iech e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch, an dat nach e bësse besser wéi déi lescht!

140 Buchvirstellung: Gëllen Äppel, Spigelbiller vum Liewen

Sendung 140, 10ten an 11te Januar 2003. Wëllkomm bei eiser 140ter Rubrik um Radio ARA. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Horizonte Verlag : Gëllen Äppel, Spigelbiller vum Liewen, zesummegestallt vum Kambiz Poostchi.

Liicht am Häerz: „Léift ass eng Luucht, dat ni an engem ängschtlechem Häerz wunnt” Am Buch wat ech iech haut virstellen, fannt der eng Sammlung vu léierräichen an humorvolle Geschichten, Wäisheeten an Aphorismen aus aller Welt déi dir am Alldag, am Beruff an a Formatioune gebrauche kënnt.

Zoufall: E Mann hat sech an der Wüst verlaaf. Spéider wéi e senge Kollege beschriwwen huet, wat en alles duerchgemaach hat a verzweiwelt op de Knéie souz fir den Herrgott ëm Hëllef ze froen, hu seng Kollege gefrot: An, huet den Herrgott dir g’äntwert? A wouhir, sot en, éier Hien dat maache konnt, koum zoufälleg en Archäolog laanscht, deen amgaang war an der Géigend ze fuerschen an huet mer de Wee gewisen.

D’Buch ass voll mat sou klenge Geschichtelcher iwwer d’Liewen, klenge Gedichten a witzeg Anekdoten.

D’Paradis: Wanns de der e Palast am Paradis wënschs, da kuck dass däin Doheem eng Plaz gëtt, wou d’Frënn sech begéine kënnen.

De Kambiz Poostchi, deen dës Texter gesammelt huet ass Architekt a Liewens a Sozialberoder mam Schwéierpunkt Firmen an Organisatiounsentwécklung an Teamtraining. Hien ënnerriicht systemesch Kommunikatioun, Meditatioun a Coaching. Hie selwer gesäit sech als Weltbierger, dee mat Dankbarkeet am Häerz a mat demütegem Staunen duerch de Gaart vun der Mënschheet sträift, een dee léiert a sech un der Schéinheet vun der faarweger Villfalt erfreet an e gewësse Sënn flegt fir d’Eenheet vun der ganzer Mënschheetsfamill an hirer Mannegfaltegkeet.

Aus Feeler léieren: E Mann hat sech un den Ouere verbrannt. Am Park freet säi Kolleg en wéi dat geschitt ass: Majo, meng Fra hat d’Streckeisen nach net ausgemaach a wéi den Telefon geschellt huet, hunn ech d’Streckeise geholl. Ja firwat hues de dann déi zwee Ouere verbrannt? Majo, den Iesel huet nach eng Kéier ugeruff!

D’Buch huet siwen Deeler: Am éischten Deel fanne mer Texter iwwer d’Jugend an den Alter, sou zum Beispill e klengen Text wou den Albert Einstein dem Otto Juliusberger schreift: Mënsche wéi mir zwee stierwen zwar och, awer mir ginn net al, soulaang mer liewen. Ech mengen domat, dass mer nach ëmmer virwëtzeg do stinn, wéi Kanner virun engem Rätsel, an dat een eis matzen dra gestallt huet.

Am zweeten Deel geet et iwwer Asiicht a Wäitsiicht, Dreem an Ziler. Kanner déi verhéngeren: E Mann huet d’Nout an d’Aarmutt vun de Kanner op der Welt erlieft, hir Krankheeten déi se quälen an en ass déif bedréckt. E mécht dem Herrgott sëllech Virwërf a freet en: „Firwat léisst du et zou, dass all dës Kanner verhéngeren?“ Gott äntwert him a seet: „Firwat mengs de, dass ech dech erschaf hunn?“

Am drëtten Deel geet et iwwer Laachen, Gléck a Freed: D’Urteel vum Fachmann. E Mann louch schwéierkrank am Bett, sou gutt wéi dout. En huet sech neméi bewegt. D’Fra rifft den Dokter an der Verzweiflung. Den Dokter ënnersicht de Mann ganz genee, hëlt de Bluttdrock, mécht seng Aen op, kuckt him an de Mond a seet der Fra mat schwéierem Häerz: Léif Madamm, ech muss iech leider soen, dass äre Mann dout ass. Am deem Moment hieft dee Schwéierkranke erschreckt säi Kapp an d’Luucht a jéimert: Nee, meng Déifchen, ech liewen nach. Dorops hi schléit seng Fra e mat der Fauscht op de Kapp a jäizt: Hal de Mond, den Dokter ass de Spezialist an hie muss et jo wëssen!

Mir wäerte sécher an eisen nächsten Emissiounen weider Geschichten aus dësem flotte Buch eraushuelen. Wéi gesot d’Buch heescht: Goldene Äpfel, Spiegelbilder des Lebens, am Horizonte Verlag.

 

141 Buchvirstellung: Hal mech fest a looss mech lass, Fari Khabirpour

Sendung 141, 17ten an 18te Januar 2003. Wëllkomm bei eiser 141ter Rubrik um Radio ARA. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Horizonte Verlag: Hal mech fest a looss mech lass; D’Herausfuerderunge vun eise Kanner besser verstoen a beäntweren, vun engem lëtzebuergeschen Auteur, dem Fari Khabirpour. Um Mikro de Jean-Marie Nau

D’Madame S. ass moies amgaang fir sech a seng Duechter Anna d’Mëttegiesse virzebereeden. Spaghetti Bolognese, wat d’Anna am léifsten ësst. D’Anna spillt grad mat senge Frënn am Haff. Wéi d’Iesse fäerdeg ass rifft seng Mamm: „Anna, d’Iessen ass fäerdeg. Komm iessen“. Näischt geschitt. D’Mamm rifft nach eng Kéier. Alt nees keng Reaktioun. D’Mamm gëtt sou lues ongedëlleg. Si huet sech souvill Méi ginn, senger Duechter eppes ze kachen an hir schéngt dat ganz egal ze sinn. Si rifft nach eng Kéier, dës Kéier méi haart an denkt sech: Ass dat do nach dran. Ëmmer méi haart jäitzt si nom Kand. Eng Nopesch, déi dat ganzt matkritt huet, geet bei d’Anna a freet et firwat et dann net op seng Mamm lauschtert a reagéiert. D’Meedchen äntwert a seet: „Si rifft souwisou e puermol, da kann ech roueg nach e bësse spillen“.

Sou fänkt dat drëtt Kapitel un, mam Thema: Kanner déi net héiere wëllen. Mat enger konkreter Situatioun. Hei weist sech, wéi perfekt agespillt eis Spiller sinn. Wat sech am Kand a bei der Mamm alles ofspille kann gëtt op einfach Aart a Weis erzielt.

D’Buch fänkt mat engem Zitat vum Khalil Gibran iwwer d’Kanner un: „Är Kanner sinn net är Kanner. … Si kommen duerch iech awer net vun iech, an obscho si bei iech sinn, gehéieren si iech net. Dir kënnt hinnen är Léift schenken, awer net är Gedanken, well si hunn hir eege Gedanken.“

Duerch d’ganzt Buch huet een d’Gefill mat Léift a Gebuergenheet begleet ze ginn. D’Kand ass e Geschëpf wat aus Léift entstanen ass. Net nëmmen d’Léift tëschent zwee Mënschen, mee och déi schëpferesch Kraaft, déi d’Existenz an de Wuestum méiglech man.

Ech hunn Angscht, mäi Kand huet Angscht. Wer nicht hören will muss fühlen? Midd Eltere vu montere Kanner. Iessen a Schlofen an der Kandheet. Kleng Ligner, kleng Déif. Agressioun a Gewalt. Ëmmer dës Schoul. Zerstridden a getrennten Elterenhaiser. Mir kënne matenee schwätzen. Dat sinn d’Theme vum Buch.

D’Lisa soll zu Mëtteg iessen. Si wëllt awer fir d’Baschten net d’Geméis iesse wat um Dësch steet. D’Mamm probéiert alles, mat Argumenter, Spiller, Drohungen a Verspriechen. Näischt hëlleft. D’Lisa wëll einfach net. D’Mamm ass verzweiwelt a seet sech: Dat aarme Kand gëtt nach krank. Also freet sie d’Lisa wat et da gär iesse wëllt. D’Lisa hätt gär Spaghetti ouni d’Zooss. D’Mamm tommelt sech fir him dat ze kache wat et gär hätt. Si ka jo net nokucke wéi hiert eege Kand verhéngert.“

D’Iessen, genee sou wéi d’Schlofen, op d’Toilette goen a Léieren, hunn eppes gemeinsam: Kee Mënsch kann en anere Mënsch dozou zwéngen ze schlofen, op d’Toilette ze goen oder ze léieren. Gerad dowéinst sinn et genee déi Themen, mat deenen d’Kanner am meeschte Muecht op hir Elteren ausübe kënnen.

Den Auteur, Fari Khabirpour huet seng Kandheet a Jugend zu Lëtzebuerg verbruecht. Nom Studium vun der Psychologie an der Pädagogik zu Zürich a sengem Doktorat huet eng therapeutesch Ausbildung um Alfred Adler Institut gemaach. Hien ass Matbegrënner, war laang Präsident a Léieranalytiker vun der lëtzebuergescher Gesellschaft fir Individualpsychologie vum Alfred Adler. Haut ass hien am Direktiounsrot am Beräich vun der lëtzebuergescher Schoulpsychologie am Erzéiungsministère. Hien ass bestuet an huet dräi Kanner.

Fir eis Nolauschterer verschenke mir ee Buch, an dofir braucht dir eis just elo unzeruffen, an dat um Telefon 334210. Den éischten ass fir! Ech wënschen Iech e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch.

 

142 Buchvirstellung: An du sinn ech Bahá’í ginn

Sendung 142, 24ten an 25te Januar 2003. Wëllkomm bei eiser 141ter Rubrik um Radio ARA. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Bahá’í Verlag : An du sinn ech Bahá’í ginn. Um Mikro de Jean-Marie Nau

Haut hunn ech fir iech en neit Buch matbruecht mat véierzeg Geschichte vu Mënschen déi zum Bahá’í Glawe fonnt hunnt: eng Mamm, déi sech beschwéiert huet, well hire Jong eng Retenue krut; en däitschen Ingenieur zu Borneo, deen d’Sprooch vum Land léiere wollt; en Amateurfunker, deen an Israel säi Frënd besiche war; eng Studentin, déi e komeschen Dram hat; en Aarbechter, deen an Owescourse gaang ass.

„A wéi bass du Bahá’í ginn?“ ass eng Fro déi een oft héiert, op Konferenzen oder Summerschoulen an do wou een nei Bekanntschafte mécht. D’Fro ass ganz einfach interessant, well jiddereen seng eege Geschicht huet, oft komesch an ongewinnt. Dat ass natierlech och doduerch well vill Leit, virun allem bei eis, net vu Gebuert u Bahá’í sinn. Do ginn et déi, déi am Ufank immens skeptesch a kritesch reagéiert hunn, an zu deene gehéieren ech iwweregens; déi de Glawen direkt an hirem Häerz fonnt hunn an déi, déi iwwer de Wee vum Intellekt de Bahá’í Glawe fonnt hunn.

Hei dem Christel säi Wee: „Viru méi wéi 20 Joer hunn ech eng Studierees an d’Türkei gemaach. Mäi Liewe sollt sech domat veränneren. Dës Rees huet mer de Schlëssel zur Bahá’í Relioun ginn. Wat war geschitt? Zu Istambul, huet eise Bus missen op enger ganz lieweger Stroossekräizung waarden. Wéi all déi aner am Bus hunn ech mech och fir dat interesséiert wat op der Strooss alles vir sech geet. Am Gewulls vun de Leit gesinn ech opeemol e Jong vun ëm déi zwielef Joer, um Kapp e Plateau voll mat Brout, wou ee gemengt huet e kéint all Moment eroffalen. Éier déi aner oder ech iwwerhaapt dru geduecht hätt, war schonn ee vun de Passagéier aus dem Bus gesprong fir dem Jong ze hëllefen, sécher mat sengem Plateau iwwer d’Strooss ze kommen. A mäin éischte Gedanke war: Wann dach all Chrëscht -ech matabezunn- sech sou beispillhaft behuele kéint. Während der Rees hunn ech deem Här a senger Fra dat och gesot. Hie sot dass mënschlech Hëllef dach nëmme selbstverständlech wier. Mir aner hunn eis irgendwéi geschummt an hunn eis gefrot, firwat mer dann an der Situatioun net esou reagéiert hunn, obscho mer et jo eigentlech maache wollten.

E puer Deeg duerno hu mer erausfonnt, dass dës Koppel Bahá’í sinn. Ech hat nach ni eppes vun dëser Relioun héieren. Et huet mech interesséiert. Ech hat deermoosse vill Froen, dass et während der Rees net genuch Zäit gouf, se all ze beäntwerten. Ech muss hei soen, dass ech aus engem gudde kathouleschem Elterenhaus kommen an dass meng Eltre Wäert drop geluecht hunn, eis net nëmmen zum Glawen mee och zur Toleranz z’erzéien. Ausserdeem war et hinnen och wichteg, dass mer Saachen hannerfrot hunnen, och reliéis Gedanken. All dës Qualitéiten hu sech elo bewäert. Intensiv Gespréicher an d’Studium vun de Bahá’í Schrëften hu mech méi a méi erkenne gelooss, dass ech d’Relioun fir mäin Zäitalter fonnt hat. Erstaunlech dobäi war fir mech d’Erkenntnis dass meng kathoulesch Eltren mat hiren Astellungen am Fong Bahá’í waren, ouni jeemools dervun gehéiert ze hunn. Mir ass wierklech e Liicht opgaangen. Ech si Bahá’í ginn. An de Schlëssel dozou war dat beispilhaft Verhale vun engem Bahá’í.“

Souwäit eng vun deene ville Geschichten aus dem Buch: An du sinn ech Bahá’í ginn, op däitsch, am Bahá’í Verlag. Fir Iech nëmmen dat Bescht, e schéine Weekend an eng wonnerbar Woch.

 

143 Buchvirstellung: Fraepolitik, Farah Dustdar

Sendung 143, 31ste Januar an 1te Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Bahá’í Verlag: Fraepolitik, d’Erausfuerderung vun enger Friddenskultur. Um Mikro de Jean-Marie Nau

D’Farah Dustdar lieft haut zu Lëtzebuerg. 1999 huet si hiert d’Studium vun der Politikwëssenschaft, Soziologie a Sozialpsychologie mam Doktertitel ofgeschloss. Zënterdeem huet si schonn e puer Bicher erausginn, dorënner Abschied von der Macht an Demokratie a Verantwortung, an dat am Fischer Verlag.

An hirem neitste Buch seet si dass Fraepolitik déi traditionell Muechtpolitik a Fro muss stellen. Amplaz sech domat ze beschäftege Muecht ze kréien an déi Muecht ze behalen, orientéiert d’Fraepolitik vum Farah Dustdar sech un den ënnerdréckte Bedierfnisser vun de Fraen, an dat zënter Jordausenden. Mir schwätze vum Besuergnes fir déi Schwaach, Matgefill, Ausgläich, Kooperatioun a Konsens. Fraepolitik riicht sech op eng Kultur vum Fridden.

Fraepolitik ass déi radikal Afrostellung vun der traditioneller Muechtpolitik. No der Bahá’í Opfaassung ass d’Gestaltung vun enger friddlecher Kultur eng Aufgab, déi besonnesch de Fraen zoukënnt.

„Soubal d’Fraen ëmfaassend a gläichberechtegt d’Verhältnesser vun der Welt matgestalten, soubal se zouversiichtlech a fäeg déi grouss Arena vum Recht an der Politik betrieden, wäert de Krich ophalen.“ zitéiert d’Farah Dustdar aus de Bahá’í Schrëften. Zënter Jordausende gëllt d’Fra net nëmme bei de grousse reliéisen Institutiounen, mee och op der Basis vun der griichescher Philosophie als geeschteg beschränkt an dem Mann ënnerleeën. Dëst goung sou wäit, dass munch aflossräich fanatesch Denker d’Frae schlechthin als d’Ursaach vun all Misär vum Mann erkläert hunn, an och nach gerechtfäerdegt duerch de biblesche Mythos vum Sënnefall. Zu dem Thema sollt der iech iwweregens séier am Utopia de Film: The Magdelaine Sisters ukucken.

E Kapitel am Buch befaasst sech mat engem neie Konzept vun der Famill. Well et ass déi Plaz wou d’Astellungen an d’Gewunnechte vun enger Persoun geléiert an entwéckelt ginn.

D’Wirtschaft an d’Economie brauch eng nei Aarbechtsethik. Nohalteg Entwécklung an d’Iwwerwannung vun der Aarmutt wäerten dovun ofhänken, op d’Fraen Zougank zu all de Beräicher vum wirtschaftleche Striewe kréien. De Begrëff Aarbecht stoung ursprénglech fir déi schëpferesch an oft genuch qualvoll Ustrengung vum Mënsch, säin Iwwerliewen ze sécheren. A ville Kulture gouf d’Aarbecht mat enger Plo gläichgesat. An dorunner ware Männer a Fraen zesumme bedeelegt. … D’Aarbecht vun de Fraen an der Famill kann net an der wirtschaftlecher Gesamtrechnung bewäert ginn, well si keen direkte materielle Gewënn bréngt. … Netkommerziell Aarbecht brauch also vill méi Beuechtung.

D’Farah Dustdar geet op d’Fro an op de Mënsch en aggressiivt Liewewiesen ass mat engem onerschëpfleschem Kampfbedierfnes . Krich ass kee Mëttel vun der Politik. Firwat hunn d’Fraen an der Mënschheetsgeschicht ni eng groussugeluechten Aktioun géint de Krich geplangt an effektiv duerchgefouert?

D’Fraen hunn eng global Verantwortung. „Nëmmen deen ass wierklech e Mënsch, dee sech haut um Déngscht vun der ganzer Mënschheet higëtt.“

Déi gréisste Fro, op déi mer haut eng Léisung brauchen ass déi wéi eis heiteg Welt mat hiren déifsëtzend Konfliktstrukturen an eng Welt verwandelt ka ginn, wou Eenheet an Zesummenaarbecht virrangeg sinn. „Beméit iech, dass d’Ideal vum Weltfridden duerch Ustrengunge vun de Frae verwierklecht ginn, well de Mann huet méi eng grouss Tendenz zum Krich wéi d’Fra; e wierkleche Beweis fir d’Iwwerleeënheet vun der Fra wäert hire wierksamen Asaz bei der Eriichtung vum Weltfridde sinn.“

E Buch mat villen neien Ustéiss an zudeem mat konkreten Aktiounen. Fraepolitik, en neit Buch vum Farah Dustdar. Wéi ëmmer verschenke mir eisen ARA Nolauschterer e Buch. Dir braucht mer just unzeruffen, an dat elo, an zwar um 334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

 

144 Buchvirstellung: D’Mënschheet ënnerwee zur Eenheet, André Brugiroux

Sendung 144, 7ten an 8te Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Horizonte Verlag : Mir Weltbierger. D’Mënschheet ënnerwee zur Eenheet. Um Mikro de Jean-Marie Nau.

Den André Brugiroux ass wéi ee seet e Weltebummler, e Globetrotter. An dësem Buch beschreift hien seng Rees a wéi hien zu enger neier Siicht vun der Welt komm ass. Mat 18 Joer huet hie sech entschloss d’Welt kennenzeléieren. An 18 Joer huet hien 135 Länner besicht. A sengem Buch schwätzt hie vu sengen Erfahrunge mat de Leit, de Kulturen, de Reliounen, d’Aart a Weis fir ze liewen an vun de Liewensbedingungen, déi aus him en neie Mënsch gemaach hunn.

Hien huet d’Viruerteeler an d’Virdeeler vun de Mënschen an alle Weltrelioune studéiert a gouf sou zum Weltbierger. En huet vun no erlieft dass d’Problemer vun der Mënschheet haut ganz enk matenee verbonne sinn, dass mir dréngend e bewosst Denken a Fillen an enger globaler Verantwortung brauchen. An hien huet eng nei global an zäitgeméiss reliéis Identitéit entdeckt, d’Bahá’í Relioun. Eng Relioun déi wäit iwwer alles wat et bis elo gëtt, e Geescht an e Konzept fir eng Eenheet vun der Mënschheet an der Villfalt ubitt.

Den André Brougiroux ass Fransous an d’Buch an dëser däitscher Iwwersetzung gëtt et am Horizonte Verlag. Fir hien ass d’Eenheet de Schlëssel zum Fridden. De Pythagoras sot schonn: D’Evolutioun ass d’Gesetz vum Liewen. D’Eenheet ass d’Gesetz vum Herrgott. An dësem Kapitel erzielt hu vu senge Bekanntschaften an engem klenge Café zu Moskau, am Musée vun Hiroshima, zu Hong Kong wou hie probéiert huet e Visa fir China ze kréien.

Op eng witzeg an erfrëschent Manéier fënnt een am Buch eng Onmass vu klenge Geschichten, Wäisheeten déi hien a senge Reesen entdeckt huet. Hie schreift: „De Mënsch ka sech ouni Ursaach net weiderentwéckelen. Hie brauch eng Iddi déi mat sengem Verstand a mat der Zäit klappt. Eng Kraaft vun der Freed, net Prinzipien déi nëmmen aschränken. Ech hunn d’Fräiheet gesicht. E Wee fir mech ze befreien. E Philosoph konnt mech net zefriddestellen, well hie sech nëmmen un de Verstand riicht. Säi Liewen ass kaum eng Inspiratioun. A meng eegen Inspiratioun ass net duergaang. Ech hunn alles missen opginn, Jorelaang mam Rucksack wanderen, um Buedem vu fënnef Kontinenter schlofen, bis ech mäin Zil erreecht hat. Am Ufank war et onbewosst. Ech sinn zur Konklusioun komm, dass d’Reliounen hirem Wiesen no eent sinn, dass et deeselwechten Herrgott ass deen sie inspiriéiert. Firwat ginn et dann souvill Reliounen? Wat hält se zesummen?“

A Kanada huet hien an der Zäitschrëft vum Toronto Daily Star en Artikel vun der Kinnigin Maria vu Rumänie gelies: „Et ass eng wonnerbar Noriicht déi Bahá’u’lláh an ‘Abdu’l-Bahá eis ginn hunn. … Si wossten dass de Kär vun der éiweger Wourecht, Wuerzele schloe wäert a sech ausdehne muss. Si huet nëmmen eng eenzeg Wourecht: D’Léift, d’Quell vun aller Energie, géigesäiteg Toleranz, de Wonsch no Verständnes, géigesäitegt Kenneléieren, een deem aneren hëllefen, verzeien. Et ass déi erneiert Botschaft vu Christus, bal an de gläiche Wierder, awer ugepasst un eis heiteg Zäit. … Wann der jeemools de Numm Bahá’u’lláh oder ‘Abdu’l-Bahá héiert, da kuckt iech hir Schrëften un. Fuerscht an hire Bicher, loosst déi friddensbréngend Wierder a Léieren an äert Häerz andréngen, wéi si a mäin Häerz agedronge sinn. …“

D’Mënschheet, ënnerwee zur Eenheet ass eng Freed ze liesen, wéi gesot am Horizonte Verlag. An och haut verschenke mir eisen ARA Nolauschterer e Buch. Dir braucht mer just unzeruffen, an dat elo, an zwar um 091 334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

 

145 Buchvirstellung: E Jorhonnert vu Liicht, A Century of Light

Sendung 145, 14ten a 15te Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung: E Jorhonnert vu Liicht. Um Mikro de Jean-Marie Nau.

Wou geet dat hi mat eiser Welt? Krich oder net Krich? Kënne mir eis jee eens ginn? Wa mer wëllen eppes veränneren ass et gutt ze wësse wou mer hierkommen. Dat Buch wat ech iech haut virstellen ënnersicht dat lescht Jorhonnert a mécht eng Rei Vergläicher.

Stellt iech vir dir stéingt op engem Bierg an dir kéint iech déi leschten honnert Joer vun uewenerof ukucken. D’Verännerungen déi eis Welt an där Zäit gemaach huet, si bei wäitem méi déif wéi iergendeng an der ganzer Geschicht virdrun. Et sinn dat Changementer déi zum gréissten Deel wéineg vun eiser heiteger Generatioun verstane goufen.

An deene selwechten 100 Joer huet een de Bahá’í Glawe gesinn aus der Däischtert erauskommen. E Glawen deen et fäerdeg bruecht huet, global déi vereenegend Kraaft ze weisen, mat där hire gëttlechen Ursprung se befäegt huet. Wéi d’Jorhonnert op en Enn goung, gouf et ëmmer méi kloer, wéi dës zwou historesch Entwécklunge sech zesummefonnt hunn.

D’Buch Century of Light, ënnersicht déi zwee Prozesser an d’Relatioun tëschent hinnen, an dat am Kontext vun de Bahá’í Léieren. D’Buch ass eng geeschteg Beräicherung an eng praktesch Hëllef wann een déi erausfuerdernd Implikatioune vun der Offenbarung, déi Bahá’u’lláh bruecht huet, mat aneren deele wëllt.

Am Buch gi Leit wéi d’Anne Frank, de Martin Luther King Jr., de Paolo Freire, de Ravi Shankar, d’Gabriel Garcia Marques, d’Kiri Te Kanawa, den Andrei Sakharov, d’Mutter Teresa an den Zhang Yimou ernimmt, déi fir vill Leit eng Quell vun Inspiratioun an Encouragement sinn.

Eist 20t Jorhonnert ass vu moraleschem a soziale Chaos geprägt. Déi meeschte Leit op der Welt wëllen d’Erënnerunge vun dëse Leiden, déi dës Jorzéngte mat sech bruecht hunn, hannert sech loossen. Egal wéi schwaach d’Fondatioune vu Vertrauen an d’Zukunft och sinn, egal wéi grouss d’Gefore sinn, déi virun eis schwiewen, d’Mënschheet schéngt verzweiwelt un eppes ze gleewen: dass duerch iergendwellech glécklech Ëmstänn et awer nach wäert méiglech sinn, d’Konditioune vum mënschleche Liewen esou ze diebelen, dass si konform sinn, mam därzäitege mënschlechem Verlaangen. Mir hoffen also, das d’Welt sech no eis riichte wäert an net dass mir eis no de Besoine vun der Welt riichte mussen.

Sou Hoffnunge sinn am Liicht vun de Bahá’í Léieren net nëmmen illusoresch, mee si gi ganz laanscht d’Natur an d’Bedeitung vun deem groussen Ëmdenken, dat eis Welt an de leschten 100 Joer gemaach huet.

Nëmme wa mir d’Implikatioune verstinn vun deem wat an dëser Period vun eiser Geschicht geschitt ass, wäert et méiglech sinn, den Erausfuerderungen déi virun eis leien, ze begéinen. Wat eis dësen Abléck erméiglecht ass d’Liicht vun der Sonn vun der Offenbarung vu Bahá’u’lláh déi elo opgeet an den Afloss deen dës Offenbarung amgaang ass op d’Affairë vun der Mënschheet ze hunn.

Century of Light, eng Publikatioun vum héchste Bahá’í Gremium, ze recommandéiere fir jiddereen dee sech mat der Geschicht vum 20te Jorhonnert ausernanersetzt. D’Buch ass am Original op Englesch a gëtt am Moment op Däitsch a Franséisch iwwersat. Fir eis Nolauschterer hunn ech eng Kopie matbruecht. Wat dir musst man ass mir elo uruffen, an zwar um 091 334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

 

146 Buchvirstellung: Le livre des sagesses

Sendung 146, 21ten an 22te Februar 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat enger Buchvirstellung aus dem Bayard Verlag: Le livre des sagesses, L’aventure spirituelle de l’humanité. Um Mikro de Jean-Marie Nau.

A bal 2000 Säiten fënnt ee sécher e puer Wäisheeten, déi een uspriechen a mat deenen een eppes ufänke kann. Am Virwuert schreiwen d’Auteure vum Buch, de Fréderic Lenoir, Philosoph a Soziolog an d’Ysé Tardan-Masquelier, déi d’Geschicht vun de Reliounen zu Paräis op der Sorbonn ënnerricht, dass d’Geschicht vun der Mënschheet lieweg Spure vu Männer a Fraen dréit, déi aus de verschiddenste kulturellen Horizonter kommen, an dass si all bestätegen, eng radikal Erfahrung mam Absolute gemaach ze hunn. Eng Erfahrung, déi hinnen e Sënn an hirem Liewe ginn huet.

Nach ëmmer gouf et Besoin no Spiritualitéit a Wäisheet. An d’Diversitéit vun dëse Wäisheete war nach ni sou grouss wéi haut. Iwwer fofzeg Auteuren hunn un dësem Wierk matgeschafft, Geschichtsproffen, Schrëftsteller, Paschtéier, Ethnologen, Mönchen, Philosophen, Anthropologen, Journalisten an Theologen.

De Bäitrag iwwer de Báb a Bahá’u’lláh kënnt vum William Hatcher, Mathematiker, Philosoph, Professor op der Uni zu Laval am Québec. Säin Artikel beschreift kuerz wéi d’Bahá’í Relioun entstan ass a wat d’Missioun vu Bahá’u’lláh war. Hie schreift iwwer d’Natur vum Mënsch a seng Evolutioun, iwwer d’Eenheet a Gerechtegkeet an iwwer de Sënn vun der Relioun.

Relioun huet e ganzt konkret a praktescht Zil. Et soll dozou déngen, authentesch Relatiounen opzebauen, engersäits tëschent Gott an dem Mënsch an anerersäits ënnert de Mënschen. De Glawen ass keng Ideologie.

D’Regelen an d’Prinzipien déi Bahá’u’lláh ernimmt huet, weise ganz däitlech seng Intentioun e wierklech geeschtege System ze grënnen an net einfach eng mystesch Philosophie ze proposéieren. Ouni wëllen d’Iddi ze verwerfen dass déi mystesch Verbindung tëschent deem Eenzelnen a Gott am Häerz selwer vun der Spiritualitéit läit, seet Bahá’u’lláh ganz kloer dass d’Relioun och e soziaalt a kollektiivt Zil huet: Gott huet de Mënsche Prophete geschéckt, an dat aus zwou Ursaachen: éischtens fir d’Mënschen aus der Ignoranz ze befreien a si zum Liicht vum wierkleche Verständnes ze féieren. An zweetens de Fridden an d’Rou vun der Mënschheet sécherzestellen, an deem Hien all déi Mëttele bereetstellt, mat där d’Mënschheet dëse Fridden erreeche kann.

Souwäit zum Bäitrag iwwer de Bahá’í Glawen. Natierlech ginn déi aner grouss Reliounen am Detail virgestallt, woubei d’Buch och no verschidden Themen agedeelt ass: Dorënner fënnt een zum Beispill: D’Friichte vum geeschtege Liewen mat Passagen aus der Bhagavad-Gita an dem Franz vun Assisi. Aner Theme sinn: Modeller vu Wäisheet an Hellegkeet, mat Texter aus den Evangelien an Texter aus dem Buddhismus, oder awer Texter zum Thema Lassléisung a Vertrauen.

An ofschléissend dës kleng arabesch Wäisheet, besonnesch relevant an Zäit vu Suergen: Mir kënnen net verhënneren dass d’Vulle vu Suergen iwwer eisem Kapp kreesen. Awer et läit un eis fir z’entscheeden, op si e Nascht drop bauen duerfen.

Souwäit zu eiser Buchvirstellung: Le livre des sagess am Bayard Verlag. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

147 D’Faaschtenzäit

Sendung 147, 28te Februar an 1te März 2003. Et ass erëm eng Kéier sou wäit. Dëse Sonndeg fänkt fir 6 Millioune Bahá’í op der Welt d’Faaschtenzäit un.

Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun invitéiert d’Bahá’í daagsiwwer, an dat nom Sonnenopgank a bis nom Sonnenënnergank, näischt z’iessen an näischt ze drénken. Dat während 19 Deeg, all Joer, vum 2te bis den 20te Mäerz. Et ass mol éischtens eng gutt Saach fir déi kierperlech Gesondheet. De Grond firwat d’Bahá’í awer faaschte läit éischter doranner dass een an där Zäit wou een näischt ësst einfach vill méi Zäit huet iwwer säi geeschtege Fortschrëtt nozedenken. Et kann ee soen dass eise Menu vum Dag duerch e geeschtege Menu fir eng Zäit ersat gëtt. Dass deen e bëssen anescht schmaacht ass normal. Also während dem Dag gëtt näischt giess an näischt gedronk. Et ass dann üblech, dass ee viru Sonnenopgank opsteet fir Kaffi ze drénken an dass een sech duerno e Moment Zäit zum Gebiet an der Meditatioun hëllt. Natierlech muss d’Gesondheet et engem erlaben ze faaschten. Schwanger Frae brauchen net ze faaschten, genauso wéi Jugendlech ënner 15 Joer oder Leit iwwer 70. D’Faaschten ass och net néideg wann een op der Rees ass oder wann ee schwéier kierperlech schafft. Mee fir e gesonde Mënsch ass d’Faaschten eng wonnerbar Erfahrung, eng Entdeckungsrees zu de Wuerzele vu senger Existenz, vun där ee méi räif a méi geeschteg erëmkënnt.

Wann ee faascht, fënnt een ebeemol Zäit, déi een normalerweis mat Iessen an Drénke verbréngt. Et geet u mat der Kaffispaus moies, d’Mëttegiessen natierlech an déi kleng Paus Mëttes. Et ass grad déi sou gewonnen Zäit déi ee kann nëtzlech mat Meditatioun a Gebiet verbréngen. Frënn an Aarbechtskollegen si virwëtzeg firwat een da faascht a wat da Bahá’í eigentlech ass. Déi éischt puer Deeg sinn oft am schwéiersten an da gëtt et méi einfach, an et winnt een sech scho bal drunn.

Mee et ass schonn eng Erausfuerderung. D’Iessen an d’Drénke kritt och nees vill méi en héige Stellewäert, well een sech owes op e Glas Waasser freeë kann. D’Faaschten ass och e Symbol. Wann ee faascht enthält ee sech all deenen op den éischte Bléck flotte Saachen, deenen ee jo andauernd ausgesat ass.

Interessant ass och, dass déi puer Deeg virun der Faaschtenzäit, also virum 2te März, besonnesch sinn. D’Bahá’í sinn invitéiert, während deene 4, 5 Deeg hir Freed mat aneren ze deelen a sozial Wierker ze realiséieren. Oft gi Cadeaue gemaach, et geet een d’Famill a Frënn besichen an et mécht een eppes fir e gudden Zweck. D’Bahá’í vu Nanzeg zum Beispill haten de leschte Weekend hir Kollegen op e grousst Fest invitéiert wou d’Bahá’í Kanner fir hir Kollegen hir Talenter ënner Beweis gestallt hunn. Bei där Geleeënheet hate si Spillsaachen a Kleeder fir de Secours Populaire gesammelt. E flotten Nomëtteg.

D’Faaschtenzäit hält den 21te Mäerz op. An dat ass d’Bahá’í Neit Joer. Et ass och den Ufank vum Fréijoer. Dëst Joer lued d’Bahá’í Gemeng vun Esch op d’Bahá’í Neit Joer an, an dat zu Esch, e Freideg den Owend, 21te März. Um Programm ass e spirituellen Deel, duerno Iessen a Musek. Jiddereen ass häerzlech invitéiert.

Ofschléissend dës Gedanken aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Meditatioun: „Eng Stonn Nodenken ass méi wäert wéi 70 Joer fromm Andacht.“[56]

Bahá’u’lláh seet: „All éierlecht Gebiet huet ëmmer seng Wierkung an et huet e groussen Afloss an der anerer Welt.[57]

‘Abdu’l-Bahá ass gefrot ginn: „Wéi e Sënn huet d’Bieden eigentlech, wann den Herrgott jo alles am Grëff huet. Wéi e Sënn huet et duefir dass mir Seng Hëllef froen? Dorops hi sot hien: Et gehéiert sech fir e Schwaachen, sech un dee Staarken ze halen, … Wann ee sech sengem Här zoudréint, sicht een d’Gnod vu sengem Mir. So ass dëst Flehen aleng schonn e Liicht fir säin Häerz, Erliichtung fir seng Aen, Liewe fir seng Séil an Erhiewung fir säi Wiesen“.[58]

Bahá’u’lláh seet: „Versenkt Iech an d’Mier vu Menge Wierder, dass dir hir Geheimnisser ergrënne kënnt an all déi Pärele vu Wäisheet entdecke kënnt, déi an hiren Déifte verbuerge leien.“[59]

 

148 Internationale Fraendag – Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch)

148t Sendung, 7ten an 8te Mäerz 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. Um Mikro de Jean-Marie Nau

Dëse Samschdeg, 8te März ass internationale Fraendag, ausgeruff och vun de Vereenten Natiounen, eng Geleeënheet wou Fraen d’Welt iwwer feieren, Konferenzen halen an dat fir méi Gerechtegkeet, Gläichheet Fridden an Entwécklung. Zu Lëtzebuerg invitéieren d’Union des femmes bahaies du Luxembourg zu engem Virtrag e Méindeg den Owend, 10te Mäerz am Bahá’í Zenter an dat mat der Madame Esther Zana-Nau, Member vum Informatiounsbüro vun de Bahá’í zu Lëtzebuerg an engagéiert a ville Fraenorganisatiounen a Frankräich.

Ech begréissen si häerzlech hei bei eis am Studio. Bonjour. Votre conférance porte le titre : Femmes, le monde a besoin de vous. Le savez-vous ? C’est un titre un peu inattendu, un peu provocateur, pourquoi l’avez-vous choisi ?

Esther : ….

JM : Mais alors, est-ce-que vous voulez dire que le monde a plus besoin des femmes que des hommes ? Esther : …

JM : Citations d’‘Abdu’l-Bahá : “aussi longtemps que les femmes seront empechées de développer au maximum leurs facultés, les hommes ne pourront atteindre la grandeur qui pourrait etre la leur.” (‘Abdu’l-Bahá , Causeries de ‘Abdu’l-Bahá à Paris, Maison d’Éditions Bahá’íes, Bruxelles, 1987, p. 117)

Merci Madame Zana. Dës Konferenz ass e Méindeg den Owend am Bahá’í Zenter, 17 allée Léopold Goebel an der Stad, an dat um 8 Auer. Méi Info doriwwer hei um Radio Ara: 222289 oder um 44 22 20. Wéi ëmmer gouf iech dës Rubrik offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í .

149 D’Bahá’í Neit Joer – Interview mam Esther Zana-Nau (op franséisch)

Hei ass keen Text, just Audio!

150 Accueil zu Lëtzebuerg (op franséisch)

Hei ass keen Text, just Audio!

151 Krich am Irak

Sendung 151, 28ten an 29te Mäerz 2003. Als Bahá’í ass et ganz kloer dass mir eis net an d’Parteipolitik oder déi international Politik amëschen. Well eist gréisst Prinzip ass d’Eenheet. An dat heescht dass wann ech zum Beispill géint de Krich demonstréiere ginn, sinn ech domat automatesch géint d’Positioun vun engem oder méi anere Länner. Et ass sécher net einfach, grad elo, fir keng direkt Positioun zum Krich am Irak ze huelen. Natierlech ass Fridden op der Welt praktesch d’Zil vum Bahá’í Glawen. A wéi dëse Fridden zustane komme soll, wësse mer, op mannst an de groussen Zich, wa mer an de Bahá’í Schrëfte kucken. Wéi soll dann de Fridden an der Welt erreecht ginn?

‘Abdu’l-Bahá schreift dass „Fridden als isoléiert Zil net ze realiséieren ass; Fridden, wierklechen unhalende Fridden – ass nëmmen an engem Gesamtkonzept méiglech, e Konzept wat geeschteg inspiréiert ass. D’Quell an den Impuls vu sou engem Konzept ass d’Offenbarung vu Bahá’u’lláh als eng ëmfaassend reliéis Neiorientéierung an enger Zäit vum Ëmbroch an allen Aspekter vum mënschleche Liewen. .. Eng Relioun déi net nëmmen d’Prinzipie vun der individueller Dugend vun der Nächsteléift erëm belieft, méi déi och nei gesellschaftlech Moossstief setzt: sou zum Beispill d’Eenheet vun der Mënschheet.“

An der Publikatioun: D’Versprieche vum Weltfridden, enger Deklaratioun un d’Vëlker vun der Welt liese mer: „Schonn am 19te Jorhonnert huet Bahá’u’lláh fir d’éischt Propositioune fir den Opbau vun engem Weltfridde virgeluecht. A sengen Deklaratiounen un d’Herrscher vun der Welt huet hien de Prinzip vu kollektiver Sécherheet vertrueden. … Ass eng Aschränkung vun absolutter nationaler Souveränitéit net onëmgänglech an eng noutwenneg Bedéngung fir d’Formatioun vun enger zoukënfteger Federatioun vun allen Natioune vun der Welt? Iergend eng Form vu Welt-Iwwerstat muss noutwennegerweis entwéckelt ginn – e Stat, deem all Natioune fräiwëlleg jiddwer Usproch op Krichsféierung, verschidde Rechter op Steiererhiewung an all Rechter op Rëschtung ausser fir d’Erhale vun der interner Uerdnung um eegenen Territoire wäerten ofgetrueden hunn. Esou e Stat brauch a sengem Aflossberäich eng international Exekutiv, där et méiglech ass, jiddwer tockegem Member vun der Federatioun hir héchsten an onbestreitbar Autoritéit opzezwéngen; e Weltparlament, deem seng Memberen duerch d’Vëlker an alle Länner gewielt an duerch déi respektiv Regierunge bestätegt ginn; an en Héchst Geriicht, deem seng Entscheedungen obligatoresch sinn, och an deene Fäll, wou déi concernéiert Parteien hire Sträitfall net fräiwëlleg senger Juridictioun ënnerwäerfen.

Eng Weltgemeinschaft, an där sämtlech wiertschaftlech Barrière fir ëmmer aus dem Wee geraumt sinn a wou déi géigesäiteg Ofhängegkeet vu Kapital an Aarbecht definitiv unerkannt ass; an där d’Gejäiz vu reliéisem Fanatissem a Sträit ee fir allemol ophéiert ; an där d’Flam vum Rassenhaas endlech geläscht ass; an där en eenheetleche Code fir internationaalt Recht, d’Produkt vum iwwerlueten Urteel vun der Welt hire federéierte Volleksvertrieder, duerch direkt an zwéngend Agräife vun de Federéierten hire vereenegte Sträitkräfte sanktionéiert gëtt; a schliisslech eng Weltgemeinschaft, an där d’Roserei vun engem onberechenbaren a militanten Nationalissem zu engem permanente Bewosstsinn vun der Qualitéit vum Weltbierger ginn ass, – esou presentéiert sech tatsächlech a graffen Zich déi Uerdnung, déi Bahá’u’lláh virausgesinn huet, eng Uerdnung, déi een enges Daags wäert als déi schéinste Fruucht vun engem Zäitalter betruechten, dat sech lues a lues opdeet.“[9]

 

152 Informatiounsowenter am Bahá’í Zenter

Sendung 152, 4ten a 5ten Abrëll 2003. D’Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í. De Bahá’í Zenter mécht seng Dieren op! Um Mikro de Jean-Marie Nau.

Während deene nächste véier Dënschdegowenter organiséiert de Bahá’í Informatiounsbüro an hirem Zenter an der allée Léopold Goebel en Zyklus wou de Bahá’í Glawe virgestallt gëtt. Hei elo déi verschidden Themen:

En Dënschdeg, 8ten Abrëll, owes um véierel op 8 léiert dir d’Léiere vum Bahá’í Glawe méi genee kennen. Hei ginn déi markantst Léieren a Prinzipien déi Bahá’u’lláh developpéiert huet, presentéiert. D’Eenheet vun der Mënschheet an hirer Villfalt ass d’Missioun vu Bahá’u’lláh. Seng Visioun baséiert sech op engem kohärenten a koordinéierten Ensemble vu mysteschen, etheschen a soziale Prinzipien, déi d’Bahá’í respektéieren an an d’Realitéit ëmsetzen. Sou zum Beispill d’Verwierklechung vun der Gläichheet vu Mann a Fra, d’Ofschafung vun all Forme vu Viruerteeler an Diskriminatioun, universell an obligatoresch Erzéiung an eng gerecht Form vu gouvernance mondiale …

D’Woch duerno, en Dënschdeg 15ten Abrëll um 20.15 gëtt d’Fro gestallt: Wie sinn d’Bahá’í? Während dësem Owend gëtt d’Baha’i Gemeng an der Welt a besonnesch hei zu Lëtzebuerg virgestallt. D’Pluralitéit vun enger vereenter Gemeng, an dat an hiren Ziler souwéi an deem wat se gleewen. D’Aart a Weis wéi d’Bahá’í hire Glawe liewen, hiren Engagement an der Welt an deem si Erzéiungs- a sozialprogrammer realiséieren an hir Administratioun ouni Clergé entwéckele gi während dësem Owend diskutéiert.

Déi Woch drop, en Dënschdeg den 22ten Abrëll um 20.15 ass d’Thema: Wat geschitt mat eiser Welt? Eng Bahá’í Perspektiv. Dës Sessioun huet als Zil eng Bahá’í Siicht vun de rezente Welt-Evenementer ze ginn, déi d’Geschicht beaflosst hunn an eng Visioun fir d’Mënschheet ze proposéieren, sou wéi een se an de Bahá’í Schrëfte fënnt. Eng Mënschheet um Wee zu enger Zäit vu Fridden an Eenheet.

De leschten Dënschdeg am Abrëll, den 29ten ass den Ofschloss vun dësem éischten Zyklus hei zu Lëtzebuerg. Et ass dës Kéier keng Präsentatioun mee éischter e Moment vu Meditatioun a Gebieder aus de Bahá’í Schrëften, fir esou déi verschidde Gebieder a mystesch Texter kennenzeléieren.

Den Zweck vun dësen Owenter ass natierlech fir de Leit Informatioune iwwer de Bahá’í Glawen unzebidden, an dat op Lëtzebuergesch an op Franséisch.

D’Bahá’í Gemeng offréiert ausserdeem och e Cours fir Lëtzebuergesch ze léieren, awer e bëssen anescht. D’Méisproochegkeet bei eis am Land ass eng vun eise gréisste Stäerkten a well am Moment sou eng grouss Demande fir Lëtzebuergeschcourse besteet, gouf dës Initiativ geholl, och am Bahá’í Zenter kënne Lëtzebuergesch ze léieren. Fir méi Informatiounen a fir d’Aschreiwungen kënnt dir eis um Radio eng Nooricht hannerloossen. Et ass dat den 228889.

Fir ofzeschléissen kucke mer eis kuerz un, wéi d’Bahá’ígemeng hei am Land entstan ass: Nom zweete Weltkrich, am Februar 1947 ass eng gewëss Madame Honor Kempton, eng Englännerin, an d’Land koum fir den Awunner vum Land de Message vun Eenheet a Weltfridde vu Bahá’u’lláh virzestellen. Kuerz duerno koumen aner amerikanesch an australesch Bahá’í an d’Land fir sech hir unzeschléissen. Am Dezember vum selwechte Joer, also 1947, huet d’Madame Suzette Hipp sech als éischt lëtzebuergesch Bahá’í zum Glawe bekannt. Et huet knapp zwee Joer gedauert bis 1949 den éischte lokale Rot an der Stad entstan ass.

An de 50er Joeren hunn hir Aktivitéiten zougeholl. Sou hu si sech um éischten europäesche Federalistekongress am Stater Cercle bedeelegt, haten hir éischt ëffentlech Konferenz am Salon vum Hotel Brasseur an hu sech um europäesche Bahá’í Kongress am Casino des Bourgeois bedeelegt, den heitege Casino fir zäitgenëssesch Konscht, an der Ënneschtgaass. Den éischte Bahá’í Zenter war an der rue Maréchal Foch an 1953 huet Lëtzebuerg sech och un der Formatioun vum regionalem Comité vun de Bahá’í aus der Benelux bedeelegt.

1962 gëtt den éischten nationale Rot gewielt. Fir den 100te Gebuertsdag vun der Offenbarung vu Bahá’u’lláh ze kommémoréieren, deen de Kinneken a Leadere vu senger Zäit e Message adresséiert huet, iwwerreecht den nationale Rot dem Grand-Duc, duerch den deemolege Statsminister Pierre Werner, eng Kopie vun dësem Message.

Haut fënnt een ëm déi 300 Bahá’í a 47 Uertschaften. Et ginn 10 lokal Réit, an dat zu Bartreng, Keelen, Diddeleng, Mamer, Suessem, Walfer, Esch, an der Stad, zu Péiteng an zu Ettelbréck. De national Rot huet säi Sëtz an der Stad am Bahá’í Zenter, 17, Allée Léopold Goebel.

D’Bahá’í bedeelege sech un Ausstellungen, Konferenzen a Foiren, sou zum Beispill dem Festival des Migratiouns et des Cultures, der Foire vum Bénévolat an dem Carnaval des Cultures. Sou gouf et 93 eng grouss Ausstellung am Stater Cercle iwwer de Bahá’í Glawen. Regelméisseg Kannerklassen gi fir jiddereen ugebueden, eng Erzéiung wou fir d’éischt moralesche Wäerter geléiert ginn an dernieft d’Geschicht vun der Bahá’í Relioun an den anere grousse Reliounen.

153 Geschicht: Léift, Räichtum an Erfolleg

Sendung 153, 11ten an 12ten Abrëll 2003. Eng Fra koum aus hirem Haus wéi si dräi eeler Häre mat laange wäisse Bäert gesouch déi virun hirem Haus souzen. Si huet se net erkannt an huet se gefrot: „Ech mengen net dass ech iech kenne mee ech denke mir dass dir hongereg sidd. Kommt eran an iesst eppes.“ „Ass äre Mann dann doheem“, hu si gefrot. „Nee“, äntwert d’Fra. „Hien ass fort. “ „Jo da kënne mer net erakommen“, hu si g’äntwert. Owes, wéi hire Mann heemkoum, huet si him erzielt wat geschitt war. So hinnen dass ech elo heiheem sinn an dass si kënnen erakommen. Dat huet si dunn och gemaach. „Mir ginn awer net zesummen an d’Haus eran“, soten si. „A firwat net ? “ huet si gefrot. Ee vun den eeleren Hären huet dunn erkläert: „Säin Numm ass Räichtum,“ an huet op ee vu senge Frënn gewisen „an hien ass Erfolleg. Ech sinn d’Léift. An elo gitt zréck a berot mat ärem Mann wie vun eis an d’Haus erakomme soll.“ D’Fra ass an d’Haus gaang an huet hirem Mann et verzielt. Hire Mann war immens frou: „Wéi flott“ sot hien. „Wann et esou ass, da loosse mir de Räichtum alueden. Looss e komme fir eis d’Haus mat Räichtum ze fëllen!“ Seng Fra war net domat averstanen. „Häerzi, firwat invitéiere mir den Erfolleg net?“ Hir Schwéiesch hat am aneren Eck vum Haus gelauschtert. Si koum mat hirem Virschlag. „Wier et net besser d’Léift anzelueden ? Eist Heem ass da gefëllt mat Léift!“ „Komm mir lauschteren op eis Schwéiesch“ sot de Mann zur Fra. „Géi an invitéier d’Léift bei eis ze kommen.“ D’Fra goung eraus an huet déi dräi al Häre gefrot: “Wie vun iech ass d’Léift? Kommt dir bei eis w.e.g.“ D’Léift stoung op an ass zum Haus zougaang. Déi aner zwee sinn och opgestan a sinn him nokomm. Iwwerrascht, freet d’Fra de Räichtum an den Erfolleg. „Ech hat dach nëmmen d’Léift agelueden, firwat kommt dir dann och eran?“ Zesummen hu si du g’äntwert: „Hätt dir de Räichtum oder den Erfolleg agelueden, wire mir zwee dobausse bliwwen, vu dass dir awer d’Léift agelueden hutt, gi mir mat, well wou och ëmmer d’Léift geet, do gi mir och. Wou och ëmmer Léift ass, do ass och Räichtum an Erfolleg.”

Fir ofzeschléissen e kuerzen Text op Franséisch aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Léift: « Sois assuré que l’amour est le secret de la sainte loi de Dieu, la manifestation du Miséricordieux, la fontaine d’où s’écoule l’eau spirituelle. L’amour est la douce lumière céleste, le souffle éternel de l’Esprit saint qui vivifie l’âme humaine. L’amour est la cause de la révélation de Dieu aux hommes et, selon la création divine, le lien vital inhérent à la réalité des choses. L’amour est la voie unique qui assure une félicité véritable dans ce monde et dans l’autre. L’amour est la lumière qui guide dans l’obscurité, le trait d’union vivant qui unit l’homme à Dieu et qui assure le progrès de toute âme éclairée. L’amour est la loi la plus grande qui gouverne ce cycle puissant et divin, le pouvoir unique qui lie ensemble les divers éléments de ce monde matériel, la force magnétique suprême qui règle les mouvements des sphères de l’espace céleste. Par sa puissance infaillible et illimitée, l’amour révèle les mystères latents dans l’univers. L’amour est l’esprit de vie qui orne le corps de l’humanité, le fondateur de la vraie civilisation dans ce monde mortel et le flot de gloire impérissable qui se répand sur toute race et nation animées de sentiments élevés. » [60]

Dës Emissioun ass mengem Papp gewidmet, deen dës Woch gestuerwen ass. Wéi ëmmer gouf iech dës Emissioun offréiert vun de lëtzebuerger Bahá’í, um Internet ënner www.bahai.lu

 

154 E Bahá’í Begriefnes

Sendung 154, 18ten an 19ten Abrëll 2003. D’Stierwe gehéiert zum Liewen. Wann ee stierft dee mer besonnesch gär haten, eng Persoun déi eis ganz no stoung, ass dat ëmmer traureg a schued, well mer jo neméi mat der Persoun kënne sinn, neméi mat hir schwätzen a laache kënnen. Et ass eng Éier fir kënne mat op hiert Begriefnes ze goen, de leschte Wee matgoen.

Wou dee Wee féiert ass eng Fro vum Glawen. “Et ass jo nach keen zréckkomm” gëtt oft gesot. An der Bahá’í Relioun féiert de Wee an eng nei Welt, eng Welt vun där mer net vill wëssen, ausser dass se eis méi no zum Herrgott féiert. Eis d‘nächst Liewen ass esou verschidde vun dësem Liewen wéi dat vum Kand am Bauch vun der Mamm virun der Gebuert.

Während dem Begriefnes ginn eis munch Saachen duerch de Kapp. An de Bahá’í Schrëften fanne mer e puer praktesch Uweisungen, déi eis beim Oflaf vun engem Bahá’í Begriefnes hëllefen.

De Läichnam soll net méi wäit wéi eng Stonn Wee ewech begruewe ginn, wou e gestuerwen ass. E soll mat Freed an an aller Rou nobäi begruewe ginn.[10]

De Verstuerwene soll gewäsch ginn an a fënnef Dicher aus wäisser Seid oder Kotteng agewéckelt ginn. Wien d’Mëttelen net dozou huet, kann och een eenzegt Duch aus Seid oder Kotteng benotzen.[61]

De Verstuerwene soll e Rank ugedoe kréien wou dropsteet: „Vum Herrgott kommen ech an zu Him ginn ech nees zréck, lassgeléist vun allem ausser Him, an ech hale mech fest u Säin Numm, de Barmhäerzegen, de Matleedvollen.“ D’Bedeitung vun dësem Rank ass just fir eis déif Iwwerzeegung auszedrécken, dass eis Séile vun eisem Schëpfer kommen and dass si zu Him zréckginn.[62]

De Verstuerwene soll an engem Sarg begruewe ginn.[63] De Sarg selwer kann aus haardem Holz, Kristall oder Stee sinn. Firwat? Well de Kierper, obschonn en elo Stëbs ass, eng Kéier zesumme war mat der onstierflecher Séil vum Mënsch. [64] De Kierper soll sou wäit wéi méiglech preservéiert ginn, sou dass een näischt brauch ze erliewen, wat een ofstéisst.[65]

Wann de Verstuerwene gär seng Organer spent, ass dat duerchaus méiglech, oder wann e gär säi Kierper der Fuerschung zur Verfügung stellt.

Éier de Sarg an de Buedem kënnt, gëtt d’Gebiet fir déi Verstuewe gesot. Et gëtt vun engem Glewegen virgedroen iwwerdeems all déi. déi do sinn, stinn.

Am Bahá’í Glawen gëtt de Kierper nom Doud net verbrannt. Vu dass Bahá’u’lláh wollt dass den Doudege begruewe sollt ginn, huet Hien domat indirekt d’Verbrennen découragéiert. De Kierper vum Mënsch gouf lues a lues geschaf, genee sou soll seng Dekompositioun graduell geschéien. Wier et besser fir de Kierper gewiescht, nom Doud verbrannt ze ginn, dann hätt d’Kreatioun dat esou geplangt, dass nom Doud de Kierper automatesch Feier fänkt an zu Äsche gëtt.[66]

Op de Griewer selwer fënnt een oft e klengt Zitat aus de Bahá’í Schrëften, wéi zum Beispill: “O Jong vum Héchsten! Fir dech hunn Ech den Doud zu engem Glécksbrénger gemaach. Firwat bass de traureg? D’Luucht hunn ech gemaach fir dass si op dech stralt. Firwat verstopps de dech virun hir?” [67]

Et ganz normal dass een traureg ass, deen deen ee gär hat, ze verléieren. Genee sou frou sollt een awer ënnerlech sinn, dass déi Persoun elo méi no beim Herrgott ass an dass si fir eis biede kann genee sou wéi mir fir si biede kënnen.

Zu dësem Thema fënnt ee méi am Bichelchen: Bahá’í, wat se glewen a wat net. Fir eis Nolauschterer hunn ech zwee där Bichelcher ze verschenken. Et geet duer wann dir mer elo urufft an dat um 091334210. E schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

 

155 Humor

Sendung 155, 25ten a 26ten Abrëll 2003. Den Zirkus ass um Lampertsbierg. An dat bis den éischte Mee, also méi laang wéi geplangt. All Dag um halwer véier an owes um aacht. A fir eis Radio ARA Nolauschterer gi mir aacht Ticketen ewech, nëmmen déi bescht Plazen. A wat musst dir man? Einfach mir elo uruffen, an dat um 091334210 an da kënnt dir se op de Radio an d’Stad siche kommen. Also, fir näischt en Owend am Zirkus verbréngen, da rufft mer elo un, um 091334210.

Wat huet dëse spueneschen Zirkus mat eiser Bahá’í Rubrik ze dinn? Et ass d’Freed um Liewen. Et ass d’Striewe fir a sengem Liewen dat Bescht ze man. Et ass den Humor an d’Liewensfreed, ouni déi et sech schwéier hei liewe léist.

‘Abdu’l-Bahá dee sécher keen einfacht Liewen hat, ass de Bahá’í par excellence. Iwwer hie gouf gesot dass hien en delikaten an taktvollen Humor hat, dee genee sou natierlech, ustiechend wéi genësserlech war.[68] Am Buch: ‘Abdu’l-Bahá zu London“, Rieden a Gespréicher vum ‘Abdu’l-Bahá, fënnt een eng Rei vu Beispiller wéi ‘Abdu’l-Bahá konnt zu gläicher Zäit lëschteg, monter, frou an och eescht sinn.[69]

Déi lescht Joere vu sengem Liewen ware friddlech. 1920 wéi Palestina ënnert briteschem Kontroll war, gouf ‘Abdu’l-Bahá zum Ritter genannt, an dat wéinst senge Verdéngschter zur Reconciliatioun an dem Wuelstand vun de Leit am heitegen Israel. An där Zäit huet hie vill mat der ganzer Welt geschriwwen, hat Zäit fir um Päerd ze reiden, eppes wat hir gär als Jugendleche gemaach huet. Säin Haus war ëmmer voll mat Inviteeë vun allen Hautfaarwen, déi ageholl ware vun der Déift vu senge Gespréicher, senger Frëndlechkeet awer och sengem Humor. Mat sengen lëschtegen Anektoten voller Witz krut hie jiddereen un d’Laachen. „Mäin Haus ass en Heem vu Gléck a Laachen.“[11]

Den Howard Colby Yves schreift an de Weeër vun der Fräiheet iwwer ‘Abdu’l-Bahá: „Et war sou wéi wa säi Laachen eis géif mat enger iwwergrousser Sympathie awécklen, seng glënnereg Blécker eis aus allen Ecke vum Sall géifen ënnert d’Lupp huelen, fir esou all Nolauschterer ze erreechen, seng Gesten zugläicher Zäit sou voll mat Autoritéit a Bescheidenheet, seng Wäisheet a säin Humor, alles dat huet fir mech op manst déi wierklech mënschlech Bridderlechkeet ausgedréckt.“ [70] Dës Liewensfreed fënnt een och bei Bahá’u’lláh, deen ze laache wosst an immens frou konnt sinn.[12]

Niewent de Qualitéite wéi Bescheidenheet, mënschlech Wäermt an Enthusiasmus fënnt een och e sprëtzegen Humor, ouni awer d’Wichtegkeet vum Bahá’í Glawen ze vergiessen.[13]

An de Bahá’í Schrëfte liese mer dass „Humor, Gléck a Freed sinn typesch fir e wierklecht Bahá’í Liewen. … Wann Humor, Gléck a Freed en Deel vun engem ausgeglachenem Liewen ass, wou een och eescht Gedanken an Iwwerleeungen, Matgefill a bescheidenen Déngscht fir den Herrgott fënnt, dat alles sinn Eegeschaften déi d’Liewe beräicheren an zu senger Ausstralung bäidroen.“[14]

‘Abdu’l-Bahá warnt eis awer och dass eis Fräizäit net zu enger Verschwendung vun Zäit sollt ginn.[15]

Ofschléissend dëse Witz fir d’Kanner: Bei enger Méckefamill doheem. Seet d’Kand zur Mamma. Mamma duerf ech muer op de Concert goen. Jo, seet d’Mamm, mee pass awer op wann d’Leit klappen.

Vill Spaass am Zirkus a bis d’nächst Woch wënscht iech äre Jean-Marie.

 

156 D’Welt brauch eng nei Aarbechtsethik

Sendung 156, 2ten an 3te Mee 2003. Dës Woch hu mer den 1te Mee gefeiert, den Dag vun der Aarbecht. Wann ech un Aarbecht denken, denken ech u Freed, Begeeschterung, Verdéngscht, Zefriddenheet awer och u Chômage, Aarmutt, Demoraliséierung an un Ongerechtegkeet. Wat soen d’Bahá’í Schrëften dozou?

„Am heitegen Denken ass d’Virstellung am Bezuch zur Aarbecht virun allem op eng gewënnbréngend Beschäftegung reduzéiert, … Doraus ergëtt sech … dass d’Kafen an de Verbrauch zum Erhalen an der Ausdehnung vun der Güterproduktioun féiert a sinn esou d’Basis vu bezuelter Beschäftegung. Op den Eenzelne bezu sinn all dës Aktivitéite wesentlech fir d’Wuelergoe vun der Gesellschaft. D’Onzoulänglechkeet vun der Gesamtvirstellung ergëtt sech awer souwuel aus der Apathie, déi Kommentatore bei enger grousser Zuel vu Beschäftegten an alle Länner feststellen, wéi awer och d’Demoraliséierung vun enger usteigender Zuel vun Aarbechtslosen.” [71]

„Et ass dofir net erstaunlech, dass d’Erkenntnis wiisst, dass d’Welt dréngend eng nei Aarbechtsethik brauch. Och hei kann näischt Geréngeres wéi d’Asiichten, déi aus der schëpferescher Wiesselwierkung vun de wëssenschaftlechen a reliéise Wëssensystemer gewonne ginn, eng däraarteg grondleeënd Neiorientéierung vun de Gewunnechten an Haltunge bewierken. Anescht wéi d’Déieren, déi fir hire Liewensënnerhalt vun deem ofhänke wat d’Ëmwelt hinne bitt, sinn d’Mënsche gezwongen, déi ongeheier Fäegkeeten, déi latent an hinne leien, duerch produktiv Aarbecht zum Droen ze bréngen a fir sou hir eege Besoinen an déi vun anerer ze befriddegen. Duerch dës Aktivitéit gi si – wann och nëmmen op engem nach sou bescheidenem Niveau – Akteuren am Prozess deen d’Kultur virundréit. Si erfëlle sou e Sënn, dee si mat anere verbënnt. An deem Mooss wéi d’Aarbecht bewosst am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass si, seet Bahá’u’lláh, eng Form vu Gebiet, e Wee fir Gott ze veréieren. All Eenzelnen huet d’Fäegkeet, sech an dësem Liicht ze gesinn, a gerad op dës … Méiglechkeet vu sech selwer muss sech d’Entwécklungsstrategie beruffen, onofhängeg vun der Aart vun de jeeweils verfollegte Pläng an deem duerch si an Aussicht gestellte Léin. Keng gerénger Perspektiv wéi déi wäert jeemools d’Mënsche vun der Welt zu jenem Ausmooss u Beméiungen an Engagement veruloossen, wéi déi virun ons leiende wirtschaftlechen Aufgabe verlaangen.“ [72]

Heescht dat also, dass mer an éischter Linn net wéinst de Sue schaffen, mee fir eis eegen Entwécklung weiderzebréngen. Wa mer eis bewosst sinn, dass egal wéi eng Aarbecht mer och maachen, et drop ukënnt, dës Aarbecht am Déngscht vun der Mënschheet ze man, da si mer um richtege Wee. Domat huet jidderee säin Deel vu Verantwortung, sief et de Buschauffer, den Architekt oder de Bankdirekter. All Aarbecht an all Déngscht, déi mat Léift an Devotioun gemaach ginn, si schlussendlech genee wéi e Gebiet.[16] De Wäert läit an deem, wéi een seng Aarbecht mécht. All Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass an der Bahá’í Relioun Gottesdéngscht. Relioun soll sech virun allem an Aktiounen, net a Wierder ausdrécken.

‘Abdu’l-Bahá seet: „Loosst är Aktiounen haart an d’Welt erausruffen, dass dir wierklech Bahá’í sidd, well et sinn d’Aktiounen déi d’Welt uspriechen an d’Ursaach vum Fortschrëtt fir d’Mënschheet sinn.“[17]

„Eis Aktioune bréngen d’Welt weider, verbreeden Zivilisatioun, hëllefen der Wëssenschaft zum Fortschrëtt a loossen d’Kënschte sech entwéckelen.“[18] „Strieft duerno, dass är Aktiounen Dag fir Dag wonnerbar Gebieder sinn. Dréint iech zum Herrgott a probéiert ëmmer, dat ze man, wat richteg an edel ass. Ënnerstëtzt déi Aarm, hëlleft deenen opstoen, déi gefall sinn, gitt deenen Trouscht déi traureg sinn, bréngt Heelung fir déi, déi krank sinn, stäerkt déi, déi an Ängschte sinn, befreit déi Ënnerdréckt, maacht deenen Hoffnung déi keng méi hunn, a passt op déi op déi verlooss sinn! Dat ass d’Aarbecht vun engem wierkleche Bahá’í. …“[19]                                      

157 D’Bahá’í Perspektiv zu den heitege Weltevenementer

Sendung 157, 9ten an 10te Mee 2003. Wat an der Welt geschitt kann ee wuel kaum onberéiert loossen. Wéi kann ee sech eng Meenung maachen iwwer all dat? Wéivill Zeitunge kann ee liesen a wéivill Fernseh a Radiosprogrammer kucken a lauschteren? Wéi fënnt een e roude Fuedem? Wat hunn d’Weltevenementer mat der Bahá’í Relioun ze dinn? Dat héchste Gremium am Bahá’í Glawe gëtt eis oft Richtlinnen a baséiert sech op den hellege Schrëfte vum Begrënner, Bahá’u’lláh. Engem Bahá’í bidden d’Schrëften eng ongeheier Méiglechkeet méi kloer ze gesinn, de roude Fuedem net ze verléieren a sou duerch konkret Aktiounen d’Visoun vum Fridde Schrëtt fir Schrëtt an d’Realitéit ëmzesetzen.

Fridden ass fir all d’Natioune méiglech. Et ass eng Etapp an der sozialer Evolutioun vun eisem Planéit laanscht déi mer net kommen. Mir erreechen dës Etapp entweder no engem onvirstellbaren Horror oder andeems mer et fäerdeg bréngen iwwer eis grouss Problemer ze diskutéieren an ze beroden. An domat ass eng Berodung gemengt wou d’Vertrieder vun der Mënschheet zesumme komme fir ze kucke wéi sou e Fridde kann opgestallt ginn.

An dësem Prozess fir friddlech mateneen ze liewen, schéngt et awer wéi wa mer net weider kéimen. Et geet ëm d’Natur vum Mënsch. Engersäits wëllt jidderee Fridden, anerersäits awer sinn der vill iwwerzeegt dass et ni wäert Fridde ginn, well de Mënsch vun Natur aus aggressiv wier. Dës Usiicht musse mer nach eng Kéier iwwerdenken. De Mënsch huet d’Méiglechkeet Guddes oder Schlechtes ze man. Nëmmen eng Erzéiung zum Fridden an zur Nächsteléift kann dës Tendenz zur Aggressivitéit ënnerbannen. De Mënsch entscheed sech ëmmer nees gutt oder schlecht ze sinn.

Sou wéi de Mënsch wiisst an erwuesse gëtt, sou ass dat och mat der Mënschheet als Ganzt. A mir liewen haut an enger Zäit wou mer zesummen aus der Lichtsënnegkeet vun der Jugend mat hiren Topegkeeten erauskommen an ufänken erwuessen ze ginn. Kricher, Viruerteeler a Konflikter sinn all Expressioune vun Etappe vun engem groussen historesche Prozess gewiescht. Et sinn turbulent Zeeche vum kollektive Wuesstem vun der d’Mënschheet. Et sinn dat och Symptomer vun Institutiounen déi keng Daseinsberechtegung méi hunn a Manéiere fir ze denken déi iwwerlieft sinn. Do hu mer zum Beispill den Nationalismus, rassistesch Exklusivitéit, Viruerteeler, reliéisen Awerglawen, diktatoresch Regierungen, d’Verletze vun de Mënscherechter an sou weider.

D’Relioun ass eng staark sozial Kraaft an et duerf een se net iwwersinn wann ee wëllt Weltfridden erreechen. Relioun ass „dat gréisst vun alle Mëttele fir Uerder an der Welt ze schafen… Sollt dës Luucht vun de Reliounen awer zougedeckt ginn, entsteet Chaos an Duercherneen an d’Luuchte vun der Fairness a Gerechtegkeet, vu Rou a Fridden halen op ze schéngen.“[20]

Leider ass et awer sou dass d’Leadere vun de Reliounen an der Vergaangenheet vun hirer Muecht profitéiert hunn. Si hunn aus der Relioun en Instrument vu Sträit gemaach, an dat a sou engem Mooss dass se just de Contraire vun hirem ursprénglechen Zweck bewierkt huet. Dabei kënnt, dass mer gesi wéi Fanatismus nees um Wuessen ass, an och Ersatzreliounen déi am Materialissem, Kapitalismus an aneren Ideologien ëmmer méi Unhänger fannen.

Um Wee zum Fridde sinn awer schonn eng Rei vu kollektive Schrëtt geholl ginn. Dozou gehéieren d’Vereenten Natiounen, de Marché Commun an d’Europäesch Unioun. Fridde schafen heescht awer net nëmmen d’Ofschafung vum Krich. Et geet och net duer Verträg z’ënnerschreiwen, et geet drëm Léisunge fir Problemer ze fanne wou mer am Ufank net mengen dass se direkt eppes mam Fridden ze dinn hunn: sou zum Besipill Rassismus, extrem Ënnerscheeder tëschent Aarmen déi ëmmer méi aarm ginn a Räichen déi ëmmer méi Räich ginn; wëllen Nationalismus a reliéise Sträit.

Dozou kommen nach e puer Viraussetzungen déi wesentlech si fir Fridden ze schafen an de Fridden ze halen. Et sinn dat d’Emanzipatioun vun de Fraen; Erzéiung fir jiddereen an eng gemeinsam Sprooch niewent der Mammesprooch fir sou d’Verstännegung ze verbesseren. Déi grouss Frou stellt sech elo: Wéi kommen ech do wou ech gär wier a wat brauch ech alles. An dat gesi mer an eiser nächster Emissioun.

 

158 Frëndschaft

Sendung 158, 16ten a 17te Mee 2003. An der Serie Juwele vun de Wierder vun ‘Abdu’l-Bahá fanne mer d’Frëndschaft. Wat seet d’Bahá’í Relioun iwwer d’Frëndschaft? Wat ass Frëndschaft? Déi ganz Zesummestellung fannt dir am englesche Bahá’í Verlag oder mam Programm Ozean, deen dir um Internet erofluede kënnt.

Hei e puer Zitater aus de Bahá’í Schrëften dozou. „Wann s du dir enger Wourecht bewosst bass, wann s du e Juwel besëtz vun deem anerer ausgeschloss sinn, deel et mat hinnen an enger Sprooch vun extremer Guttheet a guddem Wëllen.“[21]

„Gëff dech net zefridde fir Frëndschaft eleng mat Wierder ze weisen, looss däin Häerz brenne mat immenser Guttheet fir all déi, déi s du begéins.[22]

„Dass jidderee gesäit dass du mat universaler Léift gefëllt bass. Wann s du engem … Frieme begéins, schwätz mat him wéi mat engem Frënd; wann en eleng ze si schéngt, probéier him ze hëllefen, gëff him bereedwëlleg däin Déngscht; wann en traureg ass, tréischt en, wann en aarm ass, hëllef him, wann en ënnerdréckt ass, rett en, wann en am Misère ass, stéi him bäi. An deem s de dat méchs, manifestéiers de net nëmmen a Wierder, mee an der Aktioun an an der Wourecht, dass d’Mënschen all deng Bridder sinn.[23]

„D’Ongerechtegkeet an der Welt existéiert weider well d’Leit nëmme vun hiren Idealer schwätzen an net beméit sinn déi Idealer an d’Praxis ëmzesetzen. Wann Aktiounen d’Plaz vun de Wierder huelen, géif der Welt hire Misère sech séier a Satisfaktioun ëmwandelen.“[24]

„Meng net dass de Fridde vun der Welt en Ideal ass, wat een onméiglech erreeche kann! Näischt ass onméiglech fir den Herrgott. Wann s du dir vu ganzem Häerze Frëndschaft mat all Rass op der Äerd wënschs, wäert däi Gedanken, geeschteg a positiv, sech verbreeden; et gëtt de Wonsch vun aneren, a wiisst méi staark a méi staark, bis et de Verstand vun all de Mënschen erreecht.“[25]

„An der Mënschheet besteet d’Intentioun vun der Bridderlechkeet, well mir sinn all d’Welle vun engem Mier, d’Blieder an d’Friichte vun engem Bam. Dat ass eng physesch Komerodschaft déi materiellt Gléck an der mënschlecher Welt séchert. Wat se méi staark gëtt, wat d’Mënschheet méi weiderkënnt. …“[26]

„Wierklech Kollegialitéit ass geeschteg, well physesch Kollegialitéit ënnerläit der Trennung. D’Kricher vun der äusserlecher Welt vun der Existenz trennen d’Mënschheet, awer an der éiweger Welt vun der geeschteger Kollegialitéit ass d’Trennung net bekannt. Stofflech oder physesch Associatioun baséiert op weltlechen Interessen, awer gëttlech Frëndschaft schëllegt hir Existenz den Otemzich vum Hellege Geescht. Geeschteg Kollegialitéit kann ee mat der Luucht vergläichen, während d’Séile vun der Mënschheet wéi d’Lantere sinn.“ „[27]

„Du muss méi frou mat dengem Frënd si wéi mat dir selwer ; jo, du muss bereet sinn dech opzeopferen »[28]

„De Mënsch soll bereet si Schwieregkeete fir sech selwer z’akzeptéieren, fir dass anerer Räichtum genéisse kënnen“[29]

„Sief beméit kengem Häerz wéi ze doen, an dass de net géint ee schwätz wann en net do ass, … „[30]

An dann nach eng erfreelech Nouvelle: Nodeem et 34 Joer kee lokale Bahá’í Rot zu Bagdad gouf, ass Enn Abrëll dëse Rot nees gewielt ginn. Et ass och schéin ze wëssen dass d’Haus vu Bahá’u’lláh zu Bagdad vun de Bomme verschount blouf. Ëmmerhin huet Bahá’u’lláh eng ganz Zäit zu Bagdad gewunnt. Méi dovun eng aner Kéier.

Zu gudder Lescht eng Invitatioun fir eis Radio ARA Nolauschterer an dat nächste Freideg, 23te Mee um 8 Auer owes am Centre des Loisirs zu Lamadeleine, Gemeng Péiteng. D’Bahá’í vu Lëtzebuerg feieren den 160ste Gebuertsdag vun der Deklaratioun vum Báb, dem Virleefer vun der Bahá’í Relioun. Um Programm ass e geeschtegen Deel mat engem musikaleschen Encadrement, eng kënschtleresch Virstellung an duerno e Buffet.

 

159 Relioun a Fraen

Sendung 159, 23ten a 24te Mee 2003. Am Jeudi vum 8te Mee schreift d’Liliane Thorn Petit iwwer Relioun a Respekt. „Mir mussen“ sou schreift se „am 21te Jorhonnert aner Reliounen akzeptéieren, éischter wéi verréckt oder geféierlech Sekten, fir das mer net an en totalen Atheismus erafalen.“ Ënnert anerem schreift si och dass all d’Relioune vun der Welt de Fraen nëmme ganz wéineg Plaz ginn, mee dass dat awer Niewesaach ass an deem Mooss wou et jo nëmme fir d’Frae wichteg ass.

Als Bahá’í denken ech do direkt un 2 Saachen. Wat ass d’Définitioun vun enger Sekt a wéi eng Roll spillen d’Fraen an der Bahá’í Relioun?

Wann een der Encyclopedie Britannica gleewe kann, ass d’Bahá’í Relioun nom Chrëschtentum déi am wäitvebreetste Relioun op der Welt. Eng Relioun soll een och no hire Friichte beuerteelen. Et ass bekannt dass all déi grouss Reliounen, sief dat d’Chrëschtentum, d’Juddentum oder den Islam, sech no enger gewëssen Zäit opgedeelt hunn. D’Katholiken, d’Protestanten, d’Schiiten, d’Sunnis, an déi Opspléckunge kréie keen Enn. Wéi soll ee sech do iwwerhaapt erëmfannen a vill méi wichteg; wéi soll ee sech do nach eens ginn?

Am Abrëll d’lescht Joer huet dat héchste Bahá’í Gremium sech un all d’reliéis Leadere vun der Welt geriicht an hinnen an engem Bréif eng Analyse vun der Weltsituatioun gemaach a si opgefuerdert dach zesummenzeschaffen. Wat ass d’Zil vun dëser Initiativ gewiescht? „Fir dass all déi concernéiert Persoune sech bewosst ginn dass et dréngend néideg ass, dass d’reliéis Leadere sech mam Problem vun de reliéise Viruerteeler beschäftegen, deen amgaang ass eng ëmmer méi grouss Bedrohung fir d’Mënschheet ze ginn. Déi éischt Reaktioune vu villen Emfänger weisen drop hin dass de Message eeschthaft considéréiert gëtt an dass en a gewësse Plazen souguer den interreliéisen Aktivitéiten en neit Liicht bréngt.“[73]

Deen anere Punkt deen ech kuerz beliichte wollt ass dee vun der Roll vun der Fra am Liicht vum Bahá’í Glawen. „D’Emanzipatioun vun der Fra, d’Verwierklechung vun enger vollstänneger Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter, ass eng vun de wichtegsten, wann och manner erkannte Viraussetzunge fir de Fridden. Wien dës Gläichberechtegung refüséiert, begeet en Onrecht géint d’Hallschecht vun der Weltbevëlkerung a fërdert an de Männer schiedlech Astellungen a Gewunnechten, déi si aus der Famill op d’Aarbechtsplaz, an d’politescht Liewen an zu gudder Lescht och an déi international Relatiounen droen. Et gëtt kee Grond, weder moralesch nach praktesch oder biologesch, deen esou ee Refus justifiéiert. Eréischt wann d’Fraen als vollwäerteg Partner an alle Beräicher vum mënschleche Striewen opgeholl ginn, wäert dee moraleschen a psychologesche Klima entstoen, aus deem de Weltfridde kann ervirgoen.“[74]

„Wann d’Frae sech voll a ganz an a Gläichheet mat de Männer un deem wat an der Welt geschitt, bedeelegen a wa si mat Sécherheet a Kompetenz an déi grouss Arena vun de Gesetzer an der Politik erakommen, da wäerten d’Kricher ophalen.“[31]

Eng lëtzebuerger Schrëftstellerin, d’Farah Dustdar schreift: „Fraepolitik ass d’Afrostellung vun der traditioneller Muechtpolitik. Am Plaz Muecht ze kréien an Muecht ze halen, orientéiert d’Fraepolitik sech un deenen zënter Jordausenden ënnerdréckte Bedierfnisser vun de Fraen: d’Suerg fir déi Schwaach, Matgefill, Ausgläich, Kooperatioun a Konsensus. Fraepolitik zielt op eng Kultur vum Fridden.“[75]

160 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 1/3

(keen Text) (op franséisch)

161 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 2/3

(keen Text) (op franséisch)

162 L’éducation: Invitéeën: D’Madame Zana-Nau an den Här Benghozi, Deel 3/3

(keen Text) (op franséisch)

 

163 Ausstellung am Europaparlament zu Bréissel iwwer de Bahá’í Glawen

Sendung 163, 20ten a 21te Juni 2003. Fir unzefänken eng Invitatioun: De Nationale Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg invitéiert iech op eng Rezeptioun fir de Gebuertsdag vun eisem Grand-Duc ze feieren. An dat an der Stad nächste Mëttwoch 25te Juni um halwer siwen owes am Bahá’í Zenter, 17 allée Léopold Goebel. Fir de musekaleschen Encadrement suergt de Quatuor de Clarinettes aus dem Stater Conservatoire an zwar d’Klass vum Här Henri Jeitz. Eng gutt Geleeënheet eise Bahá’í Zenter ze besichen.

Südamerika kritt en neit Haus vun der Andacht. No der Ausschreiwung fir dëst Gebai vum héchste Bahá’í Gremium, haten 185 Architekten hire Projet eragereecht. Dovuner sinn der fënnef méi genee gekuckt ginn a schlussendlech ass et de Siamak Hariri vun Toronto, Kanada, deem säi Projekt ugeholl gouf. Dëst Haus vun der Andacht huet Plaz fir 500 Leit a gëtt bei Santiago a Chile gebaut. De Projet soll an den nächsten dräi Joer fäerdeg sinn. Den Design huet néng Säiten, déi sech ronderëm d’Haus vun der Andacht béien. Dës delikat Säiten sinn aus duerchsichtegem Alabaster, eng Säit nobannen an eng no baussen. Fir sech e Bild iwwer dësen ongewéinlechen an awer vun der Natur inspiréierten Design ze man, kuckt een am beschten um Internet ënnert www.bahaiworldnews.org

Bréissel. Eng spezial Ausstellung gouf et d’lescht Woch am Haaptgebai vum Europaparlament zu Bréissel. Eng Ausstellung déi den europäesche Parlamentarier weise soll, wéi d’Bahá’ícommunautéiten an Europa zur sozialer Harmonie bäidroen. D’Jean Lambert, Parlamentarierin hat d’Ausstellung gesponsert an dat mam Titel: D’international Bahá’í communautéit: Méi wéi e Jorhonnert, duerch ganz Europa, d’Eenheet an der Villfalt fërderen. Iwwer 200 Leit, dorënner d’Ana Palacio, Ausseminister vu Spuenien an aner Prominenter, dorënner och de lëtzebuerger grénge Parlamentarier ware bei der Rezeptioun. Ëm déi nonzeg Leit hu sech un enger Uried vum Professer Suheil Bushrui bedeelegt mam Thema: D’Ethik vun der Globalisatioun. Véierzéng Panneauen erzielen mat Wierder a Fotoen wéi d’Bahá’ígemengen an Europa versicht hunn, Fridden, interkulturell Integratioun, reliéis Toleranz a wirtschaftlech Ethik duerch eng Villfalt vu konkrete Projeten an Aktiounen ze fërderen. Vill Leit an Europa, virun allem d’Politiker wësse Bescheed iwwer d’Verfollegunge vun de Bahá’í am Iran. Dës Ausstellung wëllt weisen, wéi d’Bahá’ícommunautéiten an Europa sech an eiser Gesellschaft implizéieren a bedeelegen, a wéi si op verschidde Manéiere soziale Fortschrëtt fërderen an dazou bäidroen.

An all de fofzéng Memberstaate ginn et gutt etabléiert Bahá’í Gemengen mat hiren nationale Réit un der Spëtzt an dat och an den zéng neien Natiounen, déi sech der Europäescher Unioun d’nächst Joer uschléissen. D’Bahá’í sinn dovun iwwerzeegt, dass et néideg ass dass mer op engem internationale Plang zesummeschaffen an dass mer d’Grondsätz vun der Europäescher Unioun ënnerstëtzen. An Europa ginn et sechsdausend Lokalitéite wou Bahá’í wunnen a si hunn eng 976 lokal gewielte Réit, déi d’Affäre vun der Gemeng um lokale Plang verwalten. Si hunn national Kierperschaften oder Réit a 37 europäesche Länner an Territorien.

An zum Schluss vun eiser Emissioun gi mer op Haifa an Israel. 1.4 Millioune Leit hunn d’Bahá’í Terrassen an d’Gäert um Bierg Karmel besicht, ronderëm de Schräi vum Báb. An dat an nëmmen zwee Joer, also zënter der Erëffnung vun de Gäert. Déi meeschte Besicher kommen aus Israel, mat sechs an eng hallef Millioun Awunner. D’Terrasse sinn eng vun den Top Touristenattraktiounen am Land.

Bal 400 000 Leit hate sech fir eng Visite guidée ageschriwwen. Dës Visite, déi de Bahá’í Weltzentrum stellt, si gratis. Et sinn ongeféier 25 israelesch Universitéitsstudenten, déi fir dësen Déngscht forméiert a bezuelt ginn, déi déi meescht Visite maachen, awer et ginn och e puer ganzzäiteg professionnell Guiden. D’Guide kommen aus engem jüdesche, chrëschtlechen, islameschen oder druse Milieu. An d’Visite kritt een op hebräesch, arabesch, englesch, russesch a spuenesch. Also wann dir är Vakanz an Israel plangt da vergiesst net är Agence ze froen, e Besuch zu Haifa an de Bahá’í Gäert ze plangen. Changementer an der Welt an eis Responsabilitéit; Wat ass Wahrhaftegkeet?

164 Geeschteg Nahrung

Sendung 164, 27ten an 28te Juni 2003. Wat verstitt dir ënnert „geistiger Nahrung“? Ass dat fir iech Meditatioun oder Gebiet, an e Konzert goen, sech an der Bidden entspanen oder mam Auto duerch d’Landschaft fueren? Wat och ëmmer, geeschteg Ernierung ass eppes wat mer all brauchen, eppes wat mer awer vläicht oft vergiessen. Sou geet et mir jiddefalls ganz oft. Abé, en neien Internetsite, deen ënnert www.geistigenahrung.com ze fannen ass, offréiert iech all Dag e klengt Zitat fir är geeschteg Ernierung. Fir iech unzemellen an esou all Dag e klenge Cadeau ze kréien gitt dir einfach op de Site www.geistigenahrung.com an dir loosst är Emailadress. Ech hunn dat elo bal eng Woch, an hei sinn d’Themen déi ech bis elo krut: De Sënn vum Liewen; d’Liewen nom Doud; den Haaptzweck vum Glawen u Gott a senger Relioun; loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrun an; mäi beschte Rot fir iech. Dës Internetsäit kënnt aus Éisträich a sou wäit wéi ech dat konnt gesinn ass et eng privat Initiativ. De Site selwer huet e rouege bloen Hannergrond, mat meditative Landschaftsbiller an eng ganz Rei vu Gedanken déi zum Nodenken ureegen. Déi gewielten Texter baséiere sech op de Bahá’í Schrëften. Mir Lëtzebuerger Bahá’í dinn ons e bësser schwéier fir d’Bahá’í Schrëften an eis Sprooch z’iwwersetzen. Mee dat ass am gaang sech z’änneren. Mir hunn déi offiziell Internetsäit ënnert www.bahai.lu , déi awer op Franséisch ass. Si presentéiert kuerz d’lëtzebuerger Bahá’ígemeng mat hirer Diversitéit an hiren Aktivitéiten, déi eenzel lokal Bahá’í Réit an och d’Union luxembourgeoise des femmes bahá’íes, d’Zäitschrëft Zeit für Geist an d’Bahá’í inspiréiert ONG www.unityfoundation.lu. Lëtzebuerger Bahá’í Texter fannt dir um Site www.bci.org/nau eng perséinlech Internetsäit mat den Texter vun der Bahá’í Rubrik um Radio www.ara.lu, mat ausgewielten Texter a Gebieder aus de Bahá’í Schrëften, niewent den däitsch, franséisch an engleschen Texter, awer och Fotoen a mat Informatiounen zu de franséischen www.bahai.fr, däitschen www.bahai.de a belsche Bahá’í Siten www.bahai.be. Et muss och gesot sinn dass dës lëtzebuerger Texter eng virleefeg Iwwersetzung sinn, déi nach drop waarden, vum nationale Rot approuvéiert ze ginn.

An dofir proposéieren ech iech haut e puer däitsch Texter zum Nodenken aus de Bahá’í Schrëften: „Mäi beschte Rot fir iech: Bürdet keiner Seele eine Last auf, die ihr selber nicht tragen wollt, und wünscht niemandem, was ihr euch selbst nicht wünscht. Dies ist Mein bester Rat für euch, wolltet ihr ihn doch beherzigen.“ [76]

„Loosst all Moie besser si wéi den Owend virdrun: O Völker der Welt! Gebt alles Böse auf und haltet fest, was gut ist. Strebt danach, der ganzen Menschheit leuchtende Beispiele zu bieten und Wahrzeichen der göttlichen Tugenden unter den Menschen zu sein. Wer sich aufmacht, Meiner Sache zu dienen, sollte Meine Weisheit offenbaren und alle Mühe darauf wenden, die Unwissenheit von der Erde zu verbannen. Seid einig in der Beratung, seid eins im Denken. Laßt jeden Morgen besser sein als den Abend davor und jeden neuen Tag reicher werden als den gestrigen. Des Menschen Vorzug liegt im Dienst und in der Tugend, nicht im Prunk des Wohllebens und des Reichtums. Habt acht, daß eure Worte rein sind von eitlem Wahn und weltlichen Lüsten und eure Taten von List und Argwohn. Vergeudet nicht den Reichtum eures kostbaren Lebens im Verfolg böser, verderbter Neigung, noch laßt eure Mühe völlig in der Förderung eurer eigenen Interessen aufgehen. Seid großzügig in Tagen der Fülle und geduldig in der Stunde des Verlustes. Auf Not kommt Erfolg, und Jubel folgt dem Wehe. Nehmt euch in acht vor Faulheit und Müßiggang, haltet euch an das, was der Menschheit, ob jung oder alt, hoch oder niedrig, Nutzen bringt….

Bei der Gerechtigkeit des Herrn! Ihr seid erschaffen, einander Liebe zu bezeigen, nicht Eigensinn und Groll. Seid nicht stolz auf eure Eigenliebe, sondern auf die Liebe zu euren Mitgeschöpfen. Rühmt euch nicht der Liebe zu eurem Vaterland, sondern der Liebe zur ganzen Menschheit. Laßt euer Auge keusch, eure Hand getreu, eure Zunge wahr und euer Herz licht sein“[77]

165 D’Bahá’í Summerschoul a Frankräich

Sendung 165, 4ten a 5te Juli 2003. Wëllt dir och eemol eng Kéier eng aner Zort vu Vakanz maachen? Aner Leit kenneléieren, eppes fir är Séil maachen, d’Natur kenneléieren an de Bahá’í Glaawe méi not ënnert d’Lupp huelen? Da mellt iech fir d’Bahá’í Summerschoul a Frankräich un. Et ass gutt méiglech dass dir do aner Lëtzebuerger kenneléiert. Et ass elo schonn eng Gewunnecht fir sou munch Famillen, all Joer, déi lescht Woch am August an d’Auvergne ze fueren. Net wäit vu Clermont-Ferrand fënnt een e flotte Summercamp mat verschidden Iwwernuechtungsméiglechkeeten, vum Eenzelzëmmer bis zum Camping an dem Chalet, mat enger offener Piscine, engem Séi an enger flotter, grénger Landschaft.

Um Wee zu engem Kulturwiessel ass dëst Joer d’Thema vun der Schoul, déi eng Woch dauert, vum 23te bis den 30ten August. Moies huet een d’Méiglechkeet sech un enger Konferenz ze bedeelegen, an dat mat engem Atelier wou a Gruppen iwwer d’Thema diskutéiert gëtt. An der éischter Konferenz schwätzt de Simon Van Pamel iwwer d’Bahá’í Institutiounen an den Dag drop ass et de Michel Zahrai mam Thema: Um Wee zu engem Kulturwiessel, d’20t Jorhonnert, e Jorhonnert vu Luucht. Dënschdes moies ass d’Thema: Déi nei Paradigme vun der Autoritéit, oder, d’Regierungen an der Zäit vun der Mondialisatioun. Eise lëtzebuerger Fari Khabirpour schwätzt Mëttwochs an Donneschdes moies iwwer d’Evolutioun vun de Familljerelatiounen an der geeschteger Transformatioun. De leschte Moie ass d’Thema: Eng nei Kultur vun der Kommunautéit mat der Madame Hélène Sanders. An de Pausen huet een dann d’Méiglechkeet sech an der Librairie ëmzekucken a virum Iesse mëttes sinn da jeweils Reflexiounsatelieren a méi klenge Gruppen. An dësen Ateliere ginn ausgewielte Passagen aus de Bahá’í Schrëften zum jeweilegen Thema gewielt an dës Texter ginn dann an der Grupp zesumme gelies an et gëtt driwwer geschwat. Jidderengem säi Bäitrag, jidderengem seng Iddi ass wichtig a soll respektéiert ginn. Während véier Deeg gëtt och en Atelier iwwer d’Koppel, d’Famill an isoléiert Eltere ugebueden. Wann ee bedenkt dass all zweet Bestietnes an d’Bréch geet, ass et ëmsou wichteg dass d’Thema Familljeliewen eng wichteg Plaz an all Schoul soll hunn.

Nom Iesse mëttes ass een da fräi a verschidden artistesch Ateliere seng Talenter z’entdecken, et kann ee Sport maachen, trëppele goen an dëst Joer nei, am franséische Radio fréquence 19 un enger Sendung matschaffen. D’Kanner a Jugendlech kommen an esou enger Vakanz voll a ganz op hir Käschten. Si hunn e ganzt flott Encadrement a léiere vill nei Saache kennen. Nom Owesiesse geet de Programm da weider mat dësem Joer folkloresch Dänz, eng Diashow, e Concert, an engem Talentowend, presentéiert vun de Kanner a Jugendlechen. Während der ganzer Woch ginn et genuch Geleeënheete sech Zäit fir Gebieder a Meditatioun ze huelen, sief et dobaussen oder dobannen. Méi Infoen iwwer d’Summerschoul fannt dir um franséischen Internetsite www.bahai.fr oder bei eis um Radio um Telefon: 091334210.

Wann ee vun engem Kulturwiessel an der Bahá’ígemeng schwätzt ass et oft net einfach genee festzehale wat dat dann heescht. Hei e puer Stéchwierder déi vum héchste Bahá’í Gremium aus Haifa kommen: „Säi Liewe selwer an de Grapp huelen. Duerch eegen Erfahrunge léieren a net bei klenge Feeler stoebleiwen. Sech géigesäiteg ermuddegen. Konkret Aktiounen a Projeten iwwer e puer Méint duerchzéien an se dann evaluéieren. A sengem Liewe sech kënnen op dat wichtegst konzentréieren, fokaliséieren.“

Et sief nach drop higewisen dass d’nächst Woch, den 9te Juli, d’Bahá’í d’Welt iwwer, mëttes um 12 Auer, d’ëffentlech Hirichtung vum Báb am Iran, 1850 kommemoréieren. De Báb, wat souvill wéi Dier heescht, war de Virleefer vun der Bahá’í Relioun an hie gouf higeriicht well hie sozial a reliéis Reformen agefouert huet. Dësen Dag ass ee vu néng Feierdeeg, während deenen e Bahá’í wa méiglech net schaffe sollt! Et ass normalerweis de lokale Rot vun all Uertschaft deen eng Kommemoratioun organiséiert. Ofschléissend dëse Gedanken aus de Bahá’í Schrëften iwwer d’Dugenden:

E gudde Charakter ass wierklech de beschte Mantel vum Herrgott fir d’Mënschen. … Bei mengem Liewen! D’Liicht vun engem gudde Charakter iwwerstraalt d’Sonn an hire Glanz.“

„Ein guter Charakter ist wahrlich der beste Mantel Gottes für die Menschen. Gott schmückt damit seine Geliebten. Bei Meinem Leben! Das Licht eines gutenCharakters überstrahlt die Sonne und ihren Glanz.“

166 Péng, Schmäerz a Suergen

Sendung 166, 11ten an 12te Juli 2003. Am Ufank vum 20te Jorhonnert huet de Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun zu Paräis Usprooche gehale fir all déi, déi sech fir d’Léiere vu sengem Papp interesséiert hunn. Hei elo e klenge Passage aus eng sou enger Uried an dat zum Thema Péng, Schmäerz a Suergen.

„An dëser Welt beaflossen ons zwee Gefiller: Freed a Péng. D’Freed gëtt eis Flilleken. An Zäite vu Freed hu mir méi Kraaft, eisen Intellekt ass méi schaarf a mir versti vill Saache besser. Et fällt eis anscheinend méi liicht ons mat der Welt ze moossen an dat Gebitt erauszefannen, dat eis gutt läit. Wa mer awer traureg ginn, gi mer schwaach, d’Kraaft verléisst eis, eist Opnameverméige gëtt dréif an eis Intelligenz ëmschleiert. Mir kréien eist Liewe neméi sou richteg an de Grëff, d’Ae vum Geescht kënnen déi geeschteg Geheimnisser neméi entdecken a souguer d’Liewe schéngt eis ze verloossen.

Kee mënschlecht Wiese bleift vun dësen zwee Aflëss onberéiert, awer all d’Suergen a Verdross deene mer begéinen, kommen aus der materieller Welt, déi geeschteg Welt dogéint schenkt eis nëmme Freed.

Sou kann zum Beispill de Geschäftsmann säi Geschäft verléieren a niddergeschloe sinn. En Aarbechter gëtt entlooss an e kuckt dem Honger entgéint. E Bauer huet e schlecht Joer an e gëtt ängschtlech. E Mann baut sech en Haus dat ganz ofbrennt an en ass op eemol ouni Dach iwwer dem Kapp, zugronngeriicht a verzweiwelt.

Dës Beispiller sollen iech all weisen, dass d’Prüfungen, déi ons bei Schratt an Tratt ëmginn, dass all eis Suergen, eise Leed, Misär a Verdross aus der Welt vun der Matière kommen, wougéint dat geeschtegt Räich ni Trauregkeet matsechbréngt a verursaacht. E Mënsch dee mat senge Gedanken an dësem Räich lieft, kennt eng Freed déi undauert. Déi Iwwel déi d’Iewe vun allem Fleeschlege sinn, beréieren hien net, si sträife säi Liewe just un der Uewerfläch, während hien déif an him selwer roueg an zefridden ass.

D’Mënschheet ass haut niddergedréckt vu Problemer, Suergen a Leed. Kee ka sech deem entzéien. D’Welt ass naass vun Tréinen, awer d’Heelmëttel steet virun der Dier. Loosse mer eis Häerzer ewegdréine vun der Welt vun der Matière a loosse mer an der Welt vum Geescht liewen. Si aleng ka Fräiheet ginn. Si mer vu Schwieregkeeten ëmginn, da brauche mer den Herrgott nëmmen ze ruffen a seng grouss Baarmhäerzegkeet wäert eis hëllefen.

Wa mer krank an an Nout sinn, da loosst ons ëm Gottes Hëllef bieden an Hie wäert eist Gebiet erhéieren.

Wann eis Gedanke voll si mat enger Welt déi batter ass, da loosst ons eis Aen op d’Séissheet vum Matleed vum Herrgott riichten an hie wäert eis himmlesch Rou schécken. Wa mer och an dëser materieller Welt gefaange sinn, da ka sech awer eise Geescht an den Himmel erhiewen, a mir kënnen tatsächlech fräi sinn.

Wa sech eis Deeg dem Enn méi no kommen, do loosse mer un d’éiweg Welten denken a mir wäerte voller Freed sinn.

Iwwerall ronderëm iech gesitt der Beweiser fir d’Onzoulänglechkeet vun de materielle Saachen an dass ee Freed, Fridden an Trouscht net an de vergängleche Saache vun der Welt fanne kann. Ass et dofir net onsënneg, ons ze weigerern dës Schätz do ze sichen wou mer se fanne kënnen. D’Diere vum geeschtege Kinnekräich si wäit op fir jiddereen a soss iwwerall ass alles däischter.

….Wann är Deeg hei op der Äerd gezielt sinn, da sollt der wëssen dass iech d’éiwegt Liewen erwaart. Wann iech materiell Angscht an eng donkel Wollek awéckelt, da wäert geeschtege Glanz äre Wee hell maachen. …“

‘Abdu’l-Bahá schreift weider: „Ech war 40 Joer am Prisong – et wäer onméiglech gewiescht och nëmmen ee Joer z’erdroen – keen huet esou eng Gefaangeschaft méi wéi ee Joer erdroen. Mee Gottseidank, während all dëse 40 Joer war ech immens glécklech. All Dag, wéi ech erwächt sinn, war et mer wéi wann ech gutt Noorichten héiere géif an all Nuecht huet mech mat immenser Freed erfëllt. Geeschtegkeet war mäin Trouscht a meng gréisste Freed war mech Gott zouzewenden. Wéi soss hätt ech kënne véierzeg Joer Prisong aushalen.

Dofir ass Geeschtegkeet déi gréisst vun all de Geschenker vum Herrgott an éiwegt Liewen heescht sech dem Herrgott zouzedréien. Dass jidderee vun Iech mat all Dag u Geeschtegkeet gewënnt, dass dir an allem wat gutt ass Stäerkung fannt, dass iech de gëttlechen Trouscht ëmmer hëllefe wäert … an d’Kraaft vum himmlesche Kinnekräich ënnert iech liewen a wierke wäert. Dat ass mäin déifste Wonsch an ech bieden den Herrgott, iech dës Gonscht ze gewähren.“

Souwäit e klenge Passage iwwer d’Thema Suergen a Schmäerz aus dem Buch: Usproochen zu Paräis mam ‘Abdu’l-Bahá, Jong vum Begrënner vun der Bahá’í Relioun.

167 Filmvirstellung: Gott spille fir eng Woch, Bruce Almighty

Sendung 167 18ten an 19te Juli 2003. Ech wollt de Film am Fong net kucke goen. Bruce Almighty, mam Jim Carrey a mam Morgan Freeman. An eigentlech sollt ech mat mengem zwielef Joer ale Bouf Legally Blonde zwee kucke goen, wat jo elo wierklech net immens déif ass, vun der Geschicht hier. Well hien sech awer am Dag geiert hat, blouf als Alternative Bruce Almighty, d’Geschicht vum Reporter deen amgaang ass Carrière ze man, bei deem et awer schief leeft. „Gott ass géint mech“ seet hien, alles geet schief a mengem Liewen. Hie gëtt esou rousen dass e Gott verflucht an him d’Zänn weist. Gott äntwert him, an dat an der Form vum Morgan Freeman, deen him vu sengem Papp schwätzt, e Mann dee säi ganzt Liewe laang haart geschaft huet. A sou gëtt den Herrgott dësem Reporter, dem Jim Carrey, d’Geleeënheet, fir eng Woch Gott ze spillen. Dobäi kommen awer zwou Konditiounen. Hien duerf kengem soen dass hie Gott ass an hie muss jidderengem säi fräie Wëlle loossen. Sécher ass dat am Ufank schwéier ze gleewen, mee wéi e mierkt dass e ka säin alen Auto an eng super Sportsmaschinn ëmwandele kann a wann elo endlech säin Hond neméi an der Stuff seng Affär mécht, mee wéi e groussen op d’Toilet geet, mécht dat him op eemol ongeheier Spaass. En plus kann en elo senger Frëndin vill besser imponéieren an e kritt säin Job als Presenter beim Fernseh. Bon, ech kann iech net alles verroden. Wann der gär e lëschtegen Owend hutt, ass dëse Film ze rekommandéieren. Speziell och fir Jugendlecher. Firwat schwätzen ech an der Bahá’í Emissioun iwwer de Film? Well et einfach flott an erfrëschend ass am Kino sou en Thema ze fannen. U Gott gleewen ass schliesslech eng Entscheedung déi een eng Kéier hëlt. Gott begräife wëllen ass éischter eng Utopie. Schliesslech ass et jo mënschlech Gott wëllen ze verstoen. A wann e Film et fäerdegbréngt, dass een sech duerno Froe stellt a sech Gedanken iwwer d’Thema Gott, Spiritualitéit a Gebiet mécht, dann huet e säin Zil erreecht. Sou soen d’Bahá’í Schrëften, dass d’Kraaft vum Verstand beim Mënsch eent vun de grousse Geschenker vu Gott ass.[78]

Bis zu wéi engem Grad kann de Mënsch Gott verstoen? Dës Fro gouf ‘Abdu’l-Bahá zu Paräis gestallt. Hei eng kleng Synthèse. Hie seet dass et zwou Zorte vun Erkenntnis gëtt: d’Erkenntnis vum Wiese vun enger Saach an d’Erkenntnis vu sengen Eegeschaften. Zum Beispill kenne mer d’Wiese vun der Sonn net, awer mir verstinn d’Eegeschafte vun der Sonn, d’Wäermt an d’Liicht déi se gëtt zum Beispill. Hie seet och dass et an dëser Welt verschidde Stufe gëtt. D’Mineral gehéiert zum Mineralräich a ka ni d’Kraaft vum Wuesstum verstoen. D’Pflanzen an d’Beem kënne ni gesinn; d’Déier kann ni d’Stuf vum Mënsch verstoen. Wéi kéint dann d’erschafe Wierklechkeet d’Wierklechkeet vu sengem Schëpfer begräifen? Gott erkennen heescht also seng Eegeschafte verstoen a kennen, awer net seng Wierklechkeet. Awer dës Erkenntnis vun den Eegeschaften ass der Faassungskraaft an der Fäegkeet vum Mënsch ugepasst, si ass net absolutt. Wäisheet besteet doranner, d’Wierklechkeet vun de Saachen, so wéi se sinn, entspriechend der Faassungskraaft an der Fäegkeet vum Mënsch z’erkennen. … Alles wat mir eis iwwer Gott virstellen ass eist mënschlecht Verstoen an d’Kraaft vum mënschleche Verstoen ëmfaasst net d’Wierklechkeet vum gëttleche Wiesen. Alles, wat de Mënsch erkenne kann, sinn d’Eegeschafte vu Gott, deren hire Glanz an de Welten an de Séilen erschéngen a siichtbar sinn. … D’Wierklechkeet vu Gott kann ee mat der Sonn vergläichen. Wa mer hiert Liicht an dës Stralen neméi hätten, géif et kee Liewen. Et ass also net méiglech d’Wierklechkeet vu Gott z’erkennen, awer mir kënnen d’Propheten, d’Manifestatioune vu Gott erkennen, well do fanne mer déi gëttlech Eegeschaften.

Ass dat da keng flott Invitatioun Bahá’u’lláh, Begrënner vun der Bahá’í Relioun, kennenzeléieren?

 

168 Den Dram

Sendung 168 25ten a 26te Juli 2003. Dreeme ka sécher eng vun de schéinsten Aktivitéite sinn. Komesch wat een alles dreeme kann. Wat huet den Draam mat Relioun ze dinn?

Wat soen d’Bahá’í Schrëften iwwer den Dram. Bahá’u’lláh schreift: „… Wa mer iwwer iergend eng vun den erschafene Saachen nodenken, da fanne mer honnertdausend vollkomme Wäisheeten a mir kréien onzielbaart neit Wëssen. Eng dovunner ass den Dram. Gesitt der wéivill Geheimnisser am Dram sinn, wivill Wäisheeten dra sinn, a wéi grouss d’Zuel vun de Welte ass, déi mer am Dram fannen. Dir schlooft an enger zouener Wunneng an awer sidd der op eemol wäit ewech an enger Stad, wou der erakommt, ouni är Glidder ze réieren oder äre Kierper ze gebrauchen; dir gesitt ouni Aen, héiert ouni Oueren a schwätzt ouni Zong. A vläicht kënnt et vir, dass dir zéng Joer duerno an dëser Welt deem begéint wat dir an ärem Dram gesinn hutt.

Vill Wäisheete ginn et am Dram … Virun allem, wat ass dat fir eng Welt an där mir ouni Aen, Oueren, Hänn oder Zong gesinn, héieren, schmaachen an upake kënnen? An dann, wéi ass et méiglech, dass sech haut an eiser Welt en Dram verwierklecht, deen dir vläicht virun zéng Joer gedreemt hutt? Denkt no iwwer den Ënnerscheed tëschent dëse béide Welten an iwwer d’Geheimnisser, déi doranner verbuerge leien, fir dass dir déi gëttlech Bestätegung an himmlesch Entdeckung fannt an dass dir d’Welte vun der Hellegkeet begräift.

Gott, den Erhuewenen, huet dës Zeechen an d’Mënsche geluecht, fir dass d’Philosophen d’Geheimnisser vum Weiderliewe net ofstreide kënnen, …“

Weider schreift Bahá’u’lláh: „… D’Welte vu Gott sinn onbegrenzt an hirer Zuel an onendlech wäit. Kee ka se zielen oder se erfaassen ausser Gott, den Allwëssenden, den Allwäisen. Denk un däin Zoustand am Schlof. A Wierklechkeet soen ech der, dëse Phenomen ass dat geheimnisvollst Zeeche vu Gott ënnert de Mënschen, wéilte se dach nëmmen an hiren Häerzer doriwwer nodenken. Kuck, wéi dat, wats du am Dram gesinn hues, no laanger Zäit voll verwierklecht gëtt. Wär d’Welt, wou s du dech am Dram fonnt hues, déiselwecht wéi déi Welt an där du liefs, wier et néideg dass dëst Geschéie wat am Dram passéiert ass, an dëser Welt och am selwechte Moment passéiere misst. Wann dat de Fall wier, hätt der et anuecht geholl. Well dat awer net de Fall ass, ass et noutgedronge sou dass d’Welt an där s du liefs anescht an apart ass vun där, déi s du an dengem Dram erlieft hues. Dës Welt an dengem Dram huet weder en Ufank nach en Enn. Et wär wouer wann s de behaapte géifs, dass dës Dramwelt nom Rot vum allherrlechen an allmächtege Gott an dir selwer läit a ganz an dir opgeet. Et wär genee sou richteg ze soen, dass däi Geescht, wann en d’Grenze vum Schlof iwwerschratt huet a sech vun allen irdesche Bindunge befräit huet, duerch de Rot vu Gott e Räich duerchwandert, dat an der ënneschter Wierklechkeet vun dëser Welt verbuerge läit. .. Ech soen dass d’Schëpfung vu Gott Welten niewent dëser Welt ëmfaasst a Wiesen niewent dëse Wiesen. A jidderenger vun dëse Welten huet Hie Saache veruerdnet, déi keen erfuersche kann ausser Him, … den Allweisen. Denkt driwwer no, wat mir iech offenbaart hunn, fir dass dir de Beweggrond vu Gott, dengem Här an den Här vun alle Welten erkennt. An dëse Wierder sinn d’Geheimnisser vun der gëttlecher Wäisheet opbewaart[79].“

Souwäit e puer Passagen aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Dreemen. Et bléift mir nach just iech merci fir d’Nolauschteren ze soen an iech e schéine Weekend ze wënschen, an natierlech dreemt schéin.

 

169 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Deel 1/7

Sendung 169 1ten August 2003. Wie sinn d’Bahá’í a wat bewegt se? Eng nei Brochür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte Kontakt mat dësem Glawe stellen.

Vu jee hir waren et d’Reliounen déi déi sozial a geeschteg Impulser ginn hunn an déi d’Liewe vu ville Mënsche verännert hunn. An dëser Ketten ass d’Bahá’í Relioun dat jénkste Stéck a gouf virun iwwer 140 Joer vu Bahá’u’lláh gegrënnt. Bahá’u’lláh gëtt de Reliounsbegrënner virun Him, déi sech a verschidden Epochen un d’Mënschheet geriicht hunn, voll Unerkennung. An hire Léiere fënnt een ëmmer e ganze Koup vu geeschtege Wourechten; Wourechten déi a verschidde Formen an all Relioun ëremkommen. D’Bahá’í Relioun erweidert de Räichtum vun de Reliounen déi existéieren mat neie Léieren. D’Zil vun der Bahá’í Relioun ass eng geeschteg Erneierung an eng ëmfaassend Vereenegung vun der ganzer Mënschheet. [80]

Wat heescht et Bahá’í ze sinn? Sech als Bahá’í erklären heescht Member vun enger weltwäiter Kommunautéit ginn. Am Mëttelpunkt vum Gemeinschaftsliewen ass d’19Deegfest. Dat ass am Ufank vun all Bahá’í Mount – de Bahá’í Kalenner huet 19 Méint mat 19 Deeg – an huet dräi Deeler: Gebieder a Meditatioun, Berodung vun der Gemeng an e gesellegt Zesummesinn. An der Bahá’í Relioun gëtt et keng Geeschtlech a keng Kierch. Jidderee soll selbststänneg no der Wourecht sichen, sech Gott zoudréien a sech fir d’Wuel vun der Mënschheet asetzen.

Bahá’í ass jiddereen dee Bahá’u’lláh als Gottesoffenbarer unerkennt an a senge Léieren d’Medezin fir d’Besoië vun eiser Zäit gesäit. E Bahá’í gëtt awer och all den anere Reliounen déi gläich Unerkennung. Sou gëtt et zum Beispill an den Haiser vun der Andacht regelméisseg Liesungen aus den hellege Schrëfte vun all de Reliounen.

Dat deeglecht Gebiet a regelméissegt Studéiere vun den hellege Schrëften hëllefen eiser geeschteger Entwécklung. Aarbecht, déi am Geescht vum Déngscht un der Mënschheet gemaach gëtt, ass gläichgesat mam Gottesdéngscht. Dës weideren hu mer d’Gläichstellung vu Mann a Fra, eng héich Wäertschätzung vun der Famill, Offenheet a Gaaschtfréndlechkeet, déi beschtméiglech Erzéiung fir d’Kanner an d’Bestriewen, sech weider z’entwécklen an d’Eenheet vun der Mënschheet ze fërderen. Relioun soll sech méi duerch Aktioune wéi duerch Wierder ausdrécken. De Geescht vun der Léift an der Eenegkeet gëtt scho bei der Erzéiung vun de Kanner praktizéiert. Bahá’í Kanner ginn do och scho vertraut gemaach mat de Grondlage vun all den anere Reliounen. Mat fofzéng Joer duerfe si hir Reliounszougehéieregkeet selwer entscheeden. Bahá’u’lláh seet dass d’Mënschheet elo seng Maturitéit erreecht huet. Dat heescht awer net nëmme méi Fräiheeten, mee virun allem méi Verantwortung vu jidderengem vun eis fir d’Kommunautéit an d’ganz Mënschheet.

Bahá’u’lláh, wat op arabesch Herrlechkeet Gottes heescht, ass d’Zentralgestalt vun der Bahá’í Relioun. Seng Unhänger gesinn an him en Erneierer vun der éiweger Relioun vu Gott. Bahá’u’lláh selwer vergläicht d’Reliounstëfter mat der Sonn vun der Wourecht, déi a gréisseren Zäitofschnëtter ëmmer nees nei opgeet. De Mënsche fällt et oft net liicht, sech der neier verkënnegter Wourecht opzeman an hiren iwwerliwwerte Glawen an engem neie Liicht ze gesinn. Nodeems Bahá’u’lláh am Joer 1863 seng vum Islam onofhängeg nei Relioun ëffentlech verkënnegt hat, gouf hien no Akka bei Haifa an Israel verbannt, wou Hie bis zu sengem Doud am Joer 1892 gelieft huet.

170 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Bahá’u’lláh, Deel 2/7

Bahá’u’lláh gouf den 12ten November 1817 a Persie gebuer. Hie staamt aus enger adleger Famill, déi bis op déi grouss alpersesch Dynastien zréckgeet. Schonn a jonke Joeren huet en sech enger messianescher Bewegung am deemolege Persien ugeschloss, enger Bewegung, déi 1844 vun engem jonke Mann man Numm Báb, wat op arabesch eng Dier heescht, ugefouert gouf an déi d’Komme vun engem neien Zäitalter erwaart hunn. Dës Erneierungsbewegung an der deemoleger islamescher Welt war vergläichbar mat den Templeren an den Adventisten am Westen, déi zur gläicher Zäit d’Zréckkomme vu Christus erwaart hunn. All d’Beméiunge vun der Regierung an der Geeschtlechkeet vu sengem Gebuertsland, hien a säi Message z’ënnerdrécken, waren ëmsoss. Säi Glawen huet sech uechtert d’ganz Welt verbreet. Haut ginn et iwwer sechs Millioune Mënschen aus ënnerschiddlechster reliéiser, ethnescher, sozialer a kultureller Hierkonft, déi sech zu Bahá’u’lláh bekennen.

A senge Schrëfte verkënnegt Bahá’u’lláh de Message vun engem Zäitalter wou d’Maturitéit vun der ganzer Mënschheet ufänkt an en dauerhaften, weltwäite Fridden. Zu den hellege Schrëfte gehéieren och d’Wierder vum ‘Abdu’l-Bahá, dem Jong vu Bahá’u’lláh. Hie war dozou autoriséiert, d’Léiere vu sengem Papp z’erklären an ze beschreiwen. Dës weidere gehéieren och d’Schrëfte vum Báb, dem Virleefer vu Bahá’u’lláh, zu den hellege Schrëften.

Bahá’u’lláh schreift: „Kengem Mënsch ass et méiglech, d’Küste vun den Ozeaner vum richtegen Erkennen z’erreechen, ier e sech net fräigemaach huet vun allem wat am Himmel an op der Äerd ass.“

Bahá’u’lláh verkënnegt dass all Relioun d’Mënschheetsentwécklung ëm en néidege Schrëtt weiderféiert. D’Mënschheet muss haut – bei aller Verschiddenheet vun Natioun, Relioun, ethnescher oder sozialer Hierkonft – zu engem Organismus zesummewuessen, wa se iwwerliewe wëll. Eenheet an der Villfalt ass déi geeschteg Richtung déi mer mussen huelen. Ënnerscheeder vun de Vëlker an de Kulture sollen als Räichtum bäibehale ginn. Eenheet heescht, dass mer an alle wichtegen Ugeleeënheeten eng gemeinsam Siicht an Handlungsweis entwécklen.

Bahá’u’lláh léiert: D’Eenheet vu Gott. Et gëtt nëmmen ee Gott, dee sech der Mënschheet, am Verlaf vun der Geschicht ënnert verschiddene Nimm offenbaart huet. D’Eenheet vun de Reliounen. Well et jo nëmmen ee Gott gëtt, kann et keng wierklech trennend Ënnerscheeder tëschent de verschidde Relioune ginn. Den Haaptzweck vun der Relioun ass et, Léift an Eenegkeet ze fërderen. Deemno ass et besser keng Relioun ze hunn, wéi eng, déi zu Mëssel a Sträit féiert. Relioun brauch, a gréisseren Zäitofschnëtter eng Erneierung an dofir huet Gott sech am Laf vun der Mënschheetsgeschicht ëmmer nees offenbaart. D’Eenheet vun der Mënschheet. All d’Mënsche vun dëser Äerd gehéieren enger Famill un. D’Verkënnegung vun dëser Léier, zesumme mat enger globaler Weltuerdnung war zu Liefzäite Bahá’u’lláh’s total revolutionär an net vill Mënschen hunn dat begraff. Virgesi waren do scho Steierungsmechanisme fir d’Wirtschaft, d’Ressourcë vun der Äerd an d’Erhalung vum Fridden.

Bahá’u’lláh seet: „D’Prophéite vu Gott sollten als Dokteren ugesi ginn an hir Aufgab soll et sinn, d’Wuelergi vun der Welt an hire Vëlker ze fërderen, fir dass si duerch de Geescht vun der Eenheet d’Krankheet vun enger gespléckter Mënschheet heele kënnen.“

171 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Glawen a Verstand, Deel 3/7

De Schlëssel zum wierkleche Liewe läit an eiser geeschteger Natur an an der Onstierflechkeet vun der Séil. An dësem Liewe schaffe mer un dëse geeschtegen Eegeschafte, wéi zum Beispill Léift, Wourecht, Demut, Eenegkeet, Gerechtegkeet a Gott erkennen. Si all ginn eis Liicht a Féierung fir eis Entwécklung. D’Weiderliewe vun der Séil nom Doud heescht dass d’Séil sech an Etappe weiderentwéckelt an dat duerch déi verschidde geeschteg Welte Gott méi no kënnt; e Prozess vun deem keen ausgeschloss ass.

Mir liewen an enger Zäit vou de Fortschrëtt vun der Technik an der Kommunikatioun sech ëmmer méi schnell weiderentwéckelt. Dobäi kënnt déi geeschteg-spirituell Entwécklung ze kuerz. An awer si vill Mënschen op der Sich no engem méi déiwe Sënn an hirem Liewen. Bahá’u’lláh hätt gär dass mer selbstänneg no der Wourecht fuerschen an eis fräimaache vu blanner Imitatioun oder reliéise Viruerteeler.

D’Wuert vu Gott, datt mer an de Schrëfte vu Bahá’u’lláh fannen, hëlleft eis zu ëmmer nees méi déiwen Asiichten an de Sënn vum Liewen. Et ass eng geeschteg Kraaftquell, déi jidderengem opsteet a wou ee sech nei Welte vu Verstoen an Handelen opmaache kann. Sech ëmmer nees beméien, seng Viruerteeler bei aneren z’erkennen a sech bei anere Mënschen op dat Gutt a Positift ze kucken, gehéiert zum praktesche Wee vun eiser Vergeeschtegung. Gott huet de Mënsch erschaf als Ausdrock vun der Léift fir Seng Schëpfung. Hien ze erkennen a gär ze hunn ass dem Mënsch säin héichst Zil. Wierklech Mënschsinn bedeit, dass d’Léift fir Gott an den Déngscht un der Mënschheet ëmmer méi zum Mëttelpunkt vun eisem Liewe gëtt.

„Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung bréngt et fäerdeg dës Edelsteng an Diamanten am Mënsch ze fannen an ze entdecken, sou dass och d’ganz Mënschheet domat eppes kann ufänken.“

Der Relioun blann vertrauen ass genee sou geféierlech wéi der Wëssenschaft blann vertrauen. Wierklech Relioun ass eng Luucht fir d’Wëssenschaft a gëtt hir déi néideg ethesch Repèren. Dat spillt eng wichteg Roll an enger Welt an där d’Versuchung grouss ass, alles wëssenschaftlech an technesch Machbares an d’Realitéit ëmzesetzen.

No de Léiere Bahá’u’lláh’s ass wierklech Relioun duerchaus eens mat der Vernonft an der Wëssenschaft. Mir fannen de Schlëssel dofir, wa mer bereet sinn, bestëmmten Aussoe vun den hellege Schrëften net wuertwiertlech ze huelen, mee se symbolesch ze deiten. Begrëffer wéi Paradis, Hell, Erëmkommen, dat jénkst Geriicht, Operstéiung an anerer gehéieren enger Billersprooch un, déi fréier ganz dacks benotzt goufen, fir geeschteg Wourechte verständlech ze man. De Gottesbegrëff vun der Bahá’í Relioun seet dass Gott d’Welt erschaf huet, déi weder en Ufank nach en Enn huet. D’Bahá’í gleewen och un d’Evolutioun, déi awer net engem blannen Zoufall no besteet mee um Wee ass no engem méi héigen Zil. Gott ass ewech vun der erschafener Welt a sengem Wiese no fir eis net erkennbar. Mee mir kënnen awer an eisem Liewen eng ënner Gewëssheet kréien, dass et Gott gëtt. Dës Gewëssheet an eist Beméien, dat wat mer maachen duerno ze riichten, ass wierkleche Glawen.

Relioun a Wëssenschaft sinn déi zwee Flilleken op deene sech d’mënschlech Geeschteskraaft an d’Luucht erhiewe kann a mat deenen d’mënschlech Séil Fortschrëtter maache kann. Mat engem Flillek eleng kann een onméiglech fléien. Wann ee probéiere wéilt, nëmme mam Flillek vun der Relioun ze fléien, da géif ee séier an de Bulli vum Awerglawe fallen; an anerersäits géif ee mam Flillek vun der Wëssenschaft eleng och net weiderkommen, mee an den hoffnungslose Sumpf vum Materialissem falen.[81]

172 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Gebiet a Meditatioun, Deel 4/7

D’Gebiet ass eng Lieder zu Gott. An den hellege Schrëfte vun der Bahá’í Relioun fënnt een eng räich Auswiel vu Gebieder zu verschiddene Geleeënheeten an Uläss. Am Gebiet dréine mer eis zu Gott oder sengem Offenbarer a biede fir geeschteg Kraaft a Féierung fir eis selwer, aner Mënschen oder d’ganz Mënschheet.

Bieden a Meditéiere sinn eis geeschteg Nahrung ob déi mer net verzichte kënnen. Geneesou ass d’Soe vun engem deegleche Gebiet eent vun de Geboter vu Bahá’u’lláh. Vun dësen dräi verschiddene Gebieder kann eent gewielt ginn. Eent dovunner ass dat hei:

„Ech bezeien o mäi Gott, dass du mech erschaf hues, fir Dech ze erkennen an Dech unzebieden. Ech bezeien an dësem Abléck meng Schwächt an Deng Muecht, meng Aarmutt an Däi Räichtum. Et gëtt keen anere Gott ausser Dir, deen deen hëlleft a Gefor, deen deen duerch sech selwer ass.“

An den Haiser vun der Andacht gi Gebieder an Texter aus den hellege Schrëfte vun alle Relioune gelies oder gesongen, niewent de Bahá’í Schrëften och aus dem Alen an Neien Testament, dem Koran, der Bhagavadgita oder dem Pali-Kanon. D’Bahá’í Haiser vun der Andacht hunn all, architektonesch gesinn, eppes gemeinsam: Si hunn all néng Entréeën an eng zentral Kuppel als Zeeche vun der geeschteger Eenheet vun de Reliounen an der Mënschheet. Déi néng Agäng symboliséieren d’Ouverture fir all d’Reliounen an hir Unhänger. Zur Zäit gëtt et op all Kontinent en Haus vun der Andacht, fir Europa ass dat bei Frankfurt. An Zukunft sollen an all Uertschaft Häiser vun der Andacht gebaut ginn. Si wäerte vu sozialen Ariichtungen ëmgi sinn, déi de Weisen, Kranken an Alen awer och der Erzéiung an der Wëssenschaft gewidmet sinn.

Ofschléissend dësen Opruff vu Bahá’u’lláh wéi mer solle sinn: „Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar. Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hie mat hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schatz fir deen Aarmen, eng Äntwert op deen, deen no Hëllef jäitzt an hal däi Verspriechen helleg. Sief gerecht an dengem Urteel a gëff Uecht wann s de schwätz. Sief ongerecht zu kengem Mënsch, a géi mat jidderengem duuss ëm. Sief wéi eng Luucht fir déi, déi an der Däischtert ginn, eng Freed fir deen, dee Misär huet, e Mier fir den Duuschteregen, e Beschützer fir dee Bedrängten, eng Stäip an e Verdeedeger fir d’Affer vun Ënnerdréckung. Dass alles dat, wat s de méchs, sech duerch Integritéit an Oprichtegkeet auszeechent. Sief en Heem fir de Friemen, e Balsam fir deen dee leid, dem Flüchtling e staarken Tuerm. Sief d’Ae fir de Blannen an eng Luucht déi féiert fir deen deen de Wee net weess. Sief e Bijou vun der Wourecht, eng Kroun fir d’Stir vun der Trei, e Pillier vum Tempel vun der Rechtschafenheet, e Liewenshauch fir de Kierper vun der Mënschheet, … en Himmelsliicht um Horizont vun der Dugend, den Da fir de Buedem vum mënschlechen Häerz, eng Arch um Mier vun der Erkenntnis, eng Sonn am Himmel vun der Guttheet, e Steen am Diadem vun der Wäisheet, e stralend Liicht um Firmament vun dengen Zäitgenossen an eng Fruucht um Bam vun der Bescheidenheet.“

 

173 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Berodung, Deel 5/7

Wie sinn d’Bahá’í a wat bewegt se? Eng nei Broschür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte Kontakt mat dësem Glawe stellen. Dëse fënneften Deel huet als Thema d’Berodung an der Gemeinschaft.

D’Bahá’í Berodung ass e praktesche Wee, ëmmer da wann e Gremium oder eng Grupp vu Leit eng Entscheedung sichen. Bei dëser Manéier fir eng Entscheedung ze treffen ass d’kreatiivt Matmaache vu jidderengem wichteg an och en héige Grad vu Gemeinsamkeet an Eenegkeet. Eng Berodung gëtt am Geescht vum Gebiet ugefaangen a soll hëllefen, aus allen Iddien a Virschléi zesummen déi optimal Léisung auszeschaffen.

D’Bahá’í Communautéit an hiren Opbau ginn an de Grondzich op Bahá’u’lláh selwer zréck. Am Plaz vun de Paschtéier an dem Klerus – wéi an de fréiere Reliounen – sinn et gewielte Gremien, déi fir d’Uleië vun der Gemeng verantwortlech sinn. An dëse Gremien an an de regelméissegen 19Deeg Fester, gëtt d’Bahá’í Berodung praktizéiert. Et ginn do keng Parteien a Fraktiounen, keng präparéiert Entscheedungen iwwer déi nëmmen nach ofgestëmmt gëtt. Vill méi gëtt jidderee sech méi, aus dem Zesummentreffe vun de verschidde Meenungen d’Wourecht ze fannen. Am Geescht vun der Eenegkeet ginn déi getraffe Mehrheetsentscheedunge vu jidderengem voll ënnerstëtzt. Zu den Themaë vun der Berodung zielen niewent der Gestaltung vun de regelméissege Gemengeversammlungen – dat sinn 19Deeg Fester an d’Bahá’í Feierdeeg – och d’Kannererzéiung, Koordinatioun an d’Verdéiwung vun der Gemeng an dat ëffentlecht a soziaalt Engagement am Geescht vun de Bahá’í Léieren. D’Bahá’í Wale sinn demokratesch, awer et gëtt keng Walpropaganda oder eng Kandidatur. Nëmmen déi perséinlech Eegeschaften zielen. No dësem Prinzip gëtt an all Uertschaft all Joer e Geeschtege Rot als Féierungsgremium gewielt. An all Land en Nationale Rot. Fir d’ganz Bahá’í Welt gëtt all fënnef Joer d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet gewielt, mat hirem Sëtz um Bierg Karmel zu Haifa an Israel.

Bahá’u’lláh seet: „D’Gedanke sinn onendlech, sou wéi d’Mier. Eréischt wann d’Mier wot, ginn d’Wellen méi grouss an droen d’Perele vun der Erkenntnis un d’Ufer vum Liewen.“

‘Abdu’l-Bahá seet: „Och wann der Mënsche begéint, déi anerer Meenung si wéi dir selwer, dréit iech net of vun hinnen; jidderee sicht d’Wourecht, an et gitt villerlee Weeër, déi zur Wourecht féieren. Wourecht ka verschidden erschéngen, mee si bleift ëmmer eng an déiselwecht.“

„Den Haaptzweck, deen de Glawe Gottes a seng Relioun beséilt“ schreift Bahá’u’lláh, „ass d’Wuel vum Mënschegeschlecht ze sécheren, seng Eenheet ze fërderen an de Geescht vun der Léift an der Verbonnenheet ënnert de Mënschen ze fleegen. Loosst se net zur Quell vun Oneenhegkeet a Sträit, zum Haass an zur Feindschaft ginn.“

Souwäit zu dëser neier däitscher Broschüre iwwer de Glawen. Dir fannt och vill nëtzlech Informatiounen um Internet, an dat op der däitscher Säit ënnert www.bahai.de . De Radio ARA Nolauschterer wënschen ech e schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

174 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, Entwécklungsperspektiven, Deel 6/7

Wie sinn d’Bahá’í a wat bewegt se? Eng nei Broschür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte Kontakt mat dësem Glawe stellen. Dëse sechsten Deel huet als Thema d’Entwécklungsperspektive vun der Mënschheet.

Mam Zesummewuesse vun de Vëlker vun der Äerd huet d’Geschicht vun der Mënschheet, déi Baha’u’llah virausgesinn huet, als d’Geschicht vun engem Volléck ugefaangen. D’Tatsaach, dass een nach ganz oft d’Welt an zwee Deeler deelt; deen Deel deen entwéckelt ass, an deen Deel dee sech entwéckelt, ass op kee Fall eppes wat vu Gott kënnt. Genausou wéineg d’Tatsaach, dass ee klengen Deel vun der Mënschheet en onwahrscheinleche Räichtum opkéipt. An de Léiere vu Baha’u’llah fënnt een e Wee, iwwer deen d’ganz Weltbevëlkerung d’Responsabilitéit fir hiert gemeinsamt Schicksal iwwerhëlt. Den zentrale Gedanke vun dësem Wee ass de Fait dass mer eis méi a méi bewosst ginn, dass d’Mënschheet eng Eenheet ass.

Déi heiteg Gesellschaft a Politik sinn awer nach wäit vun dësem Wee eweg. Virun honnert Joer schonn huet Baha’u’llah, d’Welt mam mënschleche Kierper verglach. All Zellen droen an hirer Villfalt zum gudde Fonktionnement an Zesummeschaffe vum Ganze bäi. Mir befannen eis eréischt ganz am Ufank vun dësem Entwécklungsprozess, an dat verlaangt vun eis en Ëmdenken an en Ëmléieren a ville Beräicher. De Léiere Baha’u’llah no, sti mir am Ufank vum Erwuessesinn vun der Mënschheet; an enger Welt wou Krich als e Geschir vun der Politik fir ëmmer wäert ofgeschaf ginn.

D’Weltuerdnung déi Baha’u’llah verkënnegt huet, ass eppes Neies fir déi ganz Reliounsgeschicht. Virgesi si global Steiereungsmechanisme wéi e Weltparlament, e Weltschiedsgeriichtshaf an eng Weltgouvernance, déi vun der ganzer Mënschheet gedroe ginn. Dass esou eng nei Weltuerdnung dréngend néideg ass weist déi dramatesch Entwécklung vun de leschte Joere zu ëmmer méi Globaliséierung an de Beräicher Wirtschaft a Kommunikatioun. Op länger Zäit gesinn, wäerten d’Friichten dovunner sozial Gerechtegkeet fir jidderee sinn, an en dauerhafte Weltfridden.

Als netstaatlech Organisatioun vun de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt d’international Bahá’í communautéit zënter 1948 hir Ziler, sou zum Beispill d’Mënscherechter, Ofrüstung, Entwécklung a Fridden, Ëmwelt, Drogebekämpfung, Gläichberechtegung vun de Fraen an d’Besäitegung vu Rassendiskriminéierung.

A speziell haut wëll ech iech net nëmmen e schéine Weekend wënsche, mee ech wëll iech gesinn, an zwar dëse Sonndeg vu moies 11 bis owes 6 si mir zu Huelmes, also Hollenfels am Schlass fir e grousst Fest vun der Freed a vir mäi Gebuertsdag, dat huet sech esou erginn. Et erwaart iech um 11 Auer e klengen ekologeschen Tour duerch de Bësch, Barbecue de ganzen Dag iwwer, Spiller fir d’Kanner, Live Musek mat e puer Iwwerraschungen, Bauchdanz, eng Oasis de Paix. An den Erléis vum ganzen Dag ass fir zwou ONGen, d’Unity Foundation, en Erzéiungsprojet fir Kanner zu Sumatra an Indonesien an d’Tarbiat Assoziatioun, en Erzéiungsprojet a Costa Rica. Also mir gesinn eis e Sonndeg vun 11 bis 6 zu Huelmes, bei Koplescht fir e flotten Dag fir d’ganz Famill.

 

175 Éischte Kontakt mat de Bahá’í, d’Geschicht, Deel 7/7

Wie sinn d’Bahá’í a wat bewegt se? Eng nei Broschür soll e puer Froe beäntweren, déi sech Leit no engem éischte Kontakt mat dësem Glawe stellen. Dëse leschten Deel befaasst sech mat der Bahá’í Geschicht.

Den eigentlechen Ufank vun der Bahá’í Geschicht, an och den Ufank vum Bahá’í Kalenner geet op d’Joer 1844 zréck. An der persescher Stad Shiras hat de Báb, also de Virleefer vu Bahá’u’lláh, verkënnegt, dass d’Mënschheet am Ufank vun engem neien Zäitalter stéing. Deen am Islam awer och am Juddentum a Chrëschtentum ugekënnegten Dag vu Gott wier elo komm. Zugläicherzäit huet E verkënnegt, dass sech Bahá’u’lláh elo gläich géif mat engem Message un d’ganz Mënschheet riichten.

Deen immensen Ulaf, deen dës Bewegung ënner Theologiestudenten, Geléierten an der breeder Bevëlkerung vu Persie fonnt huet, huet hefteg Opposition a grausam Verfollegunge vu Säite vun der islamescher Geeschtlechkeet an de weltleche Leaderen erbäigeruff. De Báb gouf 1850 ëffentlech higeriicht an Dausende vu sengen Unhänger hunn hiert d’Liewen als Martyrer verluer. Bahá’u’lláh huet fir d’éischt zu den Unhänger vum Báb gehéiert, bis hien 1853 – a schonn a Gefaangeschaft – duerch eng Visioun seng Beruffung als dee vum Báb ugekënnegten Erneierer vun all de Relioune bis haut, gewuer gouf. Hie gouf aus sengem Gebuertsland verbannt, iwwer Bagdad bis an d’Festungsstad Akká bei Haifa. Do war E bis zu sengem Doud am Joer 1892 a Prisonéier.

Säi Jong ‘Abdu’l-Bahá, dee vun 1844 bis 1921 gelieft huet, war zu Liefzäiten sengem Papp seng riets Hand. Sou huet Bahá’u’lláh Hien och a sengem Testament zum Ausleeër vu senge Schrëfte gemaach. ‘Abdu’l-Bahá ass fir d’Bahá’í e Virbild. Vun 1911 bis 1913 huet hien duerch seng Reesen d’Bahá’í Relioun an Europa an an Amerika bekannt gemaach. Sou koum hien zum Beispill och op Suttgart, London a Paräis. Vun 1921 bis 1957 huet säin Enkel Shoghi Effendi d’Geschécker vum Glawe geleet, e Glawen dee sech an där Zäit iwwer vill Länner verbreet huet. Zënter 1963 steet d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet un der Spëtzt vun der Weltgemeng, mat am Moment iwwer 6 Milliounen Unhänger, 182 nationalen an iwwer 12000 lokale geeschtege Réit.

Souwäit zu dëser neier däitscher Broschüre iwwer de Glawen. Dir fannt och vill nëtzlech Informatiounen um Internet, an dat op der däitscher Säit ënnert www.bahai.de. De Radio ARA Nolauschterer wënschen ech e schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

 

176 Kannerklassen am Norde vum Land

Sendung 176. Elo ass et nees gläich souwäit. Déi meescht sinn aus der Vakanz erëm, oder ware guer net fort, bei deem Wieder; D’Kanner, zesumme mat den Eltere freeë sech nees op d’Schoul, enfin, meeschtens. D’Bahá’í Klasse fir Kanner a Jugendlecher aus dem Norden hunn dëst Joer fir d’éischt eng flott informativ Brochür erausginn. Hir Klasse fänken e Samschdeg, 20te September zu Mertzeg un, an dann all 2 Wochen, ofwiesselnd zu Mertzeg an zu Viichten. Opgepasst, dës Klasse si fir all Kand aus dem Norden.

Firwat soll mäi Kand un sou enger Klass deelhuelen? Wëllt hat sech aktiv un der Integratioun an der Toleranz bedeelegen? Wie sinn déi aner? Hir Ënnerscheeder verstoen. Wat ass eise Programm an eis Methodologie ?

D’Geschicht vun all de grousse Reliounen. D’Gebiet, d’Meditatioun an d’Liese vun den hellegen Texter. Seng perséinlech Fäegkeeten entfalen; onofhängeg d’Wourecht sichen; léieren zesummen ze wuessen an zesummen ze schaffen; Erzéiung zur Berodung; kënschtleresch, kreatif a sportlech Aktivitéiten.

Mat der Pedagogie vun der aktiver Klass gi mer vum Interessen an der Kapazitéit vum Kand aus. Eis Aktivitéiten entwéckle sech ronderëm dat wat d’Kand an de Jugendlechen interesséieren a ronderëm d’Joreszäit.

« Kanner kann ee mat enger jonker, zaarter Planz vergläichen. Si wuessen an déi Riichtung déi dir hinne gitt. Gitt iech déi gréisste Méi, hinnen nobel Idealer an héich Ziler bäizebréngen, sou dass si, wa se erwuesse sinn, hir Stralen duerch d’Welt projetéiere kënnen, sou wéi hell a kloer Luuchten.» aus de Bahá’í Schrëften

Fir wie sinn dës Klassen? Fir Kanner vu méi oder wéineger 3 bis 13 Joer, egal aus wéi enger Kultur oder Relioun oder ouni Relioun si och kommen.

D’Personal: D’Madame Veronika Blockhuys, Léierin a graduéiert Educatrice an der Formatioun, an d’Madame Margot Molitor, an hir Equippe. Wou? Zu Mertzig an zu Viichten. Wéi oft sinn d’Klassen? D’Klasse fänken de Samschdeg, 20te September 2003 um 5 Auer un, an dat all zweete Samschdeg. D’Ofschlossfeier mat der Diplomiwwerreechung ass den 10te Juli 2004. Bis zu 15 Kanner kënne matmaachen. Wéi kann ech als Eltrendeel matmaachen a mathëllefen? Meng Bedeelegung kann sech op verschidde Manéieren ausdrécken: kulturell, zum Beispill en Danz aus mengem Land mat der Klass léieren, reliéis, wéi feiert dir reliéis Fester, artistesch, kulinaresch, a sou weider. Aschreiwung ass d’ganzt Joer méiglech. Numm a Virnumm vum Kand oder Jugendlechen, Gebuertsdatum, Mammesprooch, souwéi d’Adress an Telefon vun den Eltren. Kommt eis onverbindlech den 20te September 2003 besichen.

Dës Klasse si vum Bahá’í Grupp aus dem Norden organiséert: Gilles a Margot Molitor, Tél : 26910059 jumo@pt.lu, Thierry a Veronika Blockhuys, Tél : 889275 thierryb@pt.lu . D’Klasse ginn ënnerstëtzt vum Nationale Geeschtege Rot vun de Bahá’í vu Lëtzebuerg, www.bahai.lu.

« Ech wënsche mer dass der glécklech sidd, … dass der laacht, dass der straalt an dass der frou sidd, fir dass aner kënnen duerch iech frou ginn. » aus de Bahá’í Schrëften.

Wat déi aner Bahá’í Klassen am Land ugeet, sou rufft der am beschten am Bahá’í Zenter an der Stad un, an dat um 44 22 20. D’Bahá’í Gemeng zu Lëtzebuerg organiséiert dës Saison eng ganz Réi vun Aktivitéite fir jiddereen dee sech un enger besserer Welt interesséiert. Dorënner fannt dir Gebiets a Meditatiounsowenter aus den hellege Schrëfte vun all de grousse Reliounen. Sechs Informatiounsowenter iwwer d’Geschicht, d’Prinzipien an d’Léiere vum Bahá’í Glawen, Studiekreeser iwwer d’Entwécklung vum Mënsch a sengem geeschtege Liewen. Interessant ass e Seminaire mam franséischen Titel: À AILES ÉGALES, iwwer d’Bezéiungen tëschent Mann a Fra an der Koppel an dem Familljeliewen. Donieft hutt der d’Méiglechkeet un themateschen Owender iwwer d’Wäerter an der Kannererzéiung deelzehuelen. Wann dat eent oder dat anert iech usprécht, da kënnt dir natierlech dem Radio ARA direkt uruffen, um 22 22 89, am Bahá’í Zenter um 44 22 20 oder um Internet ënnert www.bahai.lu. Alles Guddes, e schéine Weekend a bis d’nächst Woch wënscht iech äre Jean-Marie.

 

177 Internationalen Dag vum Fridden

Sendung 177. Dëse Sonndeg ass internationalen Dag vum Fridden. Samschdes mëttes vun 3 bis 7 um Knuedler ginn et eng ganz Rei vu Manifestatiounen a Stänn zum Thema Fridden an Non-Violence. Ënnert deenen 21 Organisatiounen déi matmaache fannt dir d’Caritas an hir Cellule Friddensfërderung, Jugend fir Fridden a Gerechtegkeet, d’Primärschoul « am Päsch » vu Rodange, den CPOS, de Centre de Médiation, Peace Factory an och d’Bahá’ígemeng. Dëse Weekend vum Fridde ass ënnert dem Patronage vun eiser Grand-Duchesse Maria Theresa, a gëtt ënnerstëtzt vum Ausseministerium an der Stad Lëtzebuerg. Sonndës geet et weider am Centre Culturel zu Bouneweg mat Gebieder fir de Fridden an dem Thema: Fir de Fridden handelen. Niewent de Gebieder, Lidder an Uriede vun de verschidde reliéise Vertrieder kritt dir och e Frëndschaftsglieschen offréiert. Dat also e Sonndeg um 5 am Centre Culturel zu Bouneweg.

« De Fridden ass Luucht, de Krich dogéint d’Däischtert. De Fridden ass d’Liewen, de Krich den Doud. De Fridden weist de Wee, de Krich de Feeler. De Fridden ass d’Erliichtung vun der Welt vun der Mënschheet, de Krich ass den Zerstéierer vun de mënschleche Fondatiounen. » [82]

Fridde kann een net einfach virschreiwen, Fridden ass Prozess. De Verstand an d’Häerz vu ville mussen seche änneren, Häerzer déi Jorhonnerte vu Kricher a Gewalt mat der Iddi geprägt hunn dass de Mënsch e wëllt Déier ass.

D’Zukunft hängt vun eisem Wëllen of, wierklech eppes anescht ze man, vun eisem Wëlle mat der Kultur vun der Gewalt opzehalen. Mat deem Zil am Kapp, huet Generalversammlung vun de Vereenten Natioune vun 2000 bis 2010 d’Jorzéngt vum Fridden an der Non-Violence ernannt. Un dëser Konstruktioun vum Fridden sinn d’Bahá’í d’Welt iwwer stänneg amgaang ze schaffen, an dat zënter méi wéi 150 Joer. D’Inspiratioun dofir hu si an de Léiere vun hirem Glawe fonnt. D’Bahá’í Schrëfte soen: « Dass jidderee sech vun iech beméit, all seng Gedanken a säin Häerz der Léift an der Eenheet ze riichten. Dass der engem Krichsgedanke méi e staarke Gedanke vu Fridden entgéintsetzt. E Gedanke vun Haass muss zerstéiert ginn duerch e méi staarke Gedanke vu Léift. D’Krichsgedanken zerstéieren all Harmonie, dass een sech gutt fillt, all Rou an all Satisfaktioun. D’Gedanke vun der Léift schafe Bridderlechkeet, Fridden, Frëndschaft a Gléck.» [83]

Dat do war vläicht eng Kéier e geckegen Dram, eng Utopie. Haut ass et dat wat déi meeschte Leit ustriewen.

Et brauch een e ganze Koup Courage fir sech fir de Fridden anzesetzen. E Glawen dass Fridden och de Plang vu Gott ass an dass en eis dobäi hëlleft. Fir de Fridde schaffe kënne mer nëmme wa mer zur fester Iwwerzeegung kommen dass de Mënsch net e wëllt Déier ass mee am Fong gutt ass.

An de Bahá’í Schrëfte seet Gott dem Mënsch : « Ech hu meng Léift fir dech kannt, dofir hunn dech dech erschaf. … Du bass meng Luucht, a mäi Liicht ass an dir. Ech hunn dech räich erschaf an dir hunn ech meng Gonscht ginn. … Dir sidd meng Schätz an an iech hunn ech d’Pärele vu menge Geheimnisser an d’Bijouë vu mengem Wësse verbuergen. »

Mee dës Schéinhéit an dëse Räichtum, déi am Mënsch leien, si potentiell a jidderengem. Nëmmen d’Erzéiung bréngt et fäerdeg dës Edelsteng am Mënsch zum Virschäin ze bréngen.

An et ass do wou d’Reliounen hire Sënn fannen : si bréngen dem Mënsch dës Erzéiung, déi et him erlaben, déi gutt Dugenden an him z’entwécklen. An deem aneren och e Stéck vu Gott ze gesinn. D’Verantwortung an d’Aufgab vun de Reliéise läit doranner eis kloer ze man, dass eis Ënnerscheeder eise Räichtum sinn an eng wonnerbar Geleeënheet eis besser kennenzeléieren. Rassissmuss ass keng Meenung mee e Verbriechen.

Mee och d’reliéis Viruerteeler bleiwe leider weiderhi bestoen, fest verankert, an dat duerch den Usproch un d’Exklusivitéit, dass dës oder déi Relioun déi eenzeg richteg ass, déi eenzeg Wourecht huet.

Dobäi fanne mer an de Bahá’í Schrëften dass « d’fundementaalt Zil vum Glawe vu Gott a senger Relioun doranner läit, d’Interesse vun der mënschlecher Rass ze schützen, seng Eenheet z’etabléieren, an ënnert de Mënschen de Geescht vun der Léift an der Bridderlechkeet z’entwécklen. Hitt iech dovun dass dëse Glawen ënnert iech d’Quell vun Onstëmmegkeet a Sträit gëtt, vun Haass a Feindschaft. Dat ass de Wee deen dir goe musst, déi onbeweglech Fondatioun, op där dir baue musst. … Haalt iech un deem fest, wat iech een deen anere méi no bréngt an iech eenegt.»

Wéi kann een de Fridde bauen, wann een net voll a ganz ageholl ass vum Prinzip vun der Eenheet ? „D’Wuelergoe vun der Mënschheet, hire Fridden an hir Sécherheet kënne ni erreecht ginn, wann hir Eenheet net fest etabléiert ass.“ Dësen Appel fir d’Eenheet ass keen Appell fir d’Uniformitét oder eng Opfuederung säi Glawen opzeginn. Et ass d’Unerkennung, dat, wat ëmmer och eis Ënnerscheeder sinn, dass mir all eis geeschteg Inspiratioun vun enger an därselwechter Quell kréien. D’Relioune sinn all déi verschidden Expressioune vun därselwechter gëttlecher Realitéit.

Souwäit zu dësem internationale Friddensdag dëse Weekend. Iech Radio ARA Nolauschterer alles Gudds a bis d’nächst Woch. Äre Jean-Marie.

 

178 Presentatioun vum Film: Prendre de l’élan

Sendung 178. Prendre de l’élan, en neie Film iwwer d’Bahá’í Aktivitéiten uechter d’Welt. En neie Film iwwer de Bahá’í Glawen ass eraus: Prendre de l’élan. Grond fir dës Produktioun vu 46 Minutten ass déi néngt international Konventioun an Israel gewiescht, wou all fënnef Joer, dat héchste Bahá’í Gremium demokratesch gewielt gëtt. Dir kritt dës Cassette am einfachsten iwwer de Bahá’í Zenter an der Stad a fir eis Radio ARA Nolauschterer hu mir haut zwou Vidéoen ze verschenken. An dat op normal Videoskassette oder op DVD-CD.

Dëse Film vermëttelt e Bild wat d’Bahá’í uechter d’Welt alles maachen, wéi se sech konkret engagéieren a wat hiren Alldag ass. An Afrika zu Zambia geet et lass. De Chef vum Stamm an engem ofgeleeënen Duerf, dee bis elo d’absolutt Muecht iwwer seng Awunner hat, huet sech entschloss, d’Frae mat an d’Gemengeberodung ze huelen. De Bahá’í Glawen steet fir hien am Zentrum vu sengem Liewen. En Awunner zielt dass e muss 85km mam Vëlo fueren, fir op d’Haaptstrooss ze kommen, fir kënnen e Bréif fortzeschécken. Am Duerf gesäit een wéi d’Kannerklasse gehale ginn, wéi se zesumme léieren a bieden.

An den anere sechs Deeler vu jeweils siwwe Minutte kritt een e kuerzen Abléck an d’Bahá’í Liewen zu Vancouver a Kanada, zu Mantova an Italien, zu Subang jaya a Malaysia, zu Perth an Australien, zu Cartagna a Kolumbien an zu Murang a Sunsari am Nepal.

179 Geld

Sendung 179, 3ten a 4ten Oktober 2003. Wéi jidderee vun eis, all Clibbchen an Organisatioun, brauch de Bahá’í Glawen och finanziell Mëttele fir sech z’entwéckelen. All Bahá’í ka mat senge Suë maache wat e wëllt. Et ass keen do, dee kontroléiert op een eng Contributioun mécht oder net. Finanziell Mëttele hei zu Lëtzebuerg sinn zum Beispill fir de Bahá’í Zenter noutwendig, fir Publikatiounen, fir d’Sekretariat, fir Invitatiounen ze schécken, fir verschidden national an international Projeten z’ënnerstëtzen. Et ass den Trésorier vum Nationale Rot vu Lëtzebuerg, deen e Bilan zesummestellt. Transparenz besteet doran dass jidderee weess wéi d’Sue verwennt ginn a wéivill Suen erakommen. Ausser dem Trésorier, weess keen, wie wéivill Sue spent. Genau sou wéi bei de Bahá’í Walen, gëtt et keng Lescht mat Kandidaten a wat d’Kontributiounen ubelaangt gëtt et keng Lëscht mat de Nimm vun de Leit déi spenden. Et huet och keen d’Recht, aner Bahá’í opzefuederen eng Kontributioun ze man. Dës Entscheedung hëllt deen Eenzelne selwer. Op lokalem Plang gëtt et e lokale Rot, och mat engem Trésorier, deen sech ëm déi lokal Ausgabe bekëmmert. Wann ech elo gär als Bahá’í eng Contributioun man, ginn ech dem Trésorier d’Suen oder e Scheck, an ech kréien eng Quittung vun him. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer eng Rei Texter déi eis encouragéieren, Contributiounen ze man. Dass mer eis a schlechten Zäiten net bekloe sollten an a gudden Zäiten generéis sollte sinn. Dass et guer net drop ukënnt, wéivill mer ginn, mee vill méi mat wéi enger Astellung eis Contributioun maachen. Ass et e Sacrifice €25 ze ginn wann een der all Mount €10.000 verdéngt, oder ass et e Sacrifice €1 ze ginn, wann een eng ganz kleng Péi huet?

Sue gi gebraucht fir Idealer ëmzesetzen. D’Erzéiung vun eise Kanner; d’Leit iwwer dat informéieren, firwat d’Bahá’í sech asetzen a wat se gleewen. Sue gi gebraucht fir Infrastrukturen opzebauen, op lokalem, nationalen an internationalem Plang. Dobäi gett dee gréissten Deel vun der Aarbecht am Volontariat gemaach.

Fir e Bahá’í ass d’Spenden ee geeschtegt Virrecht, duerch dat hie sech vum Materiellen détachéiere léiert an an engems seng Gemeinschaft ënnerstëtzt. D’Bahá’í Schrëfte ginn eis zum Thema Matginn e flott Beispill: Mir solle sou wéi e Buer oder eng Quell sinn; déi stänneg, ouni opzehalen, alles gëtt, wat se huet; an déi stänneg aus enger onsichtbarer Urquell hiert d’Wasser erëmkritt. Ëmmer ze ginn, zum Wuel vun eise Matmënschen, ouni sech elo Suergen ze man, dass een e beemol näischt méi huet, awer sech kënnen absolutt drop verloossen, dass et eng Quell vu Räichtum a Guttheet gëtt, déi ni ophällt mat fléissen – sech esou ze verhalen – dat ass en fait, d’Geheimnis vum richtege Liewen.

Sou wéi e Bam, deen en Deel vu senge Blieder a Friichte verléiert, déi op de Buedem falen an dem Bam sou erëm Kraaft a Wuesstum ginn, sou sollte mir och dankbar sinn fir dat wat mer hunn. Anersäits soen d’Bahá’í Schrëften och ganz kloer dass Gott selwer eiser net brauch a scho guer net eis finanziell Mëttelen.

 

180 Sozial an ekonomesch Entwécklung, Bahá’í Approche

Sendung 180, 10ten an 11ten Oktober 2003. Fänke mer eis Emissioun haut mat enger Invitatioun op eng Konferenz zu Walfer nächsten Donneschdeg den Owend am Centre Prince Henri un. D’Esther Zana-Nau, Economistin, Business Development Manager a fréier Directrice de Recherches gëtt dëser Conférence économique folgenden Titel : Y a-t-il place pour des valeurs éthiques dans l’économie mondialisée ? Vu Cancun bis Dubaï, d’international Communautéit ass op der Sich no Mëttele fir eng international Regulatioun vun der Weltwirtschaft ze fannen. Ass e sou eng Regulatioun an den aktuelle Konditioune vun der Mondialisatioun iwwerhaapt méiglech? Wéi kann een d’Mondialisatioun verstoen? Gëtt et eng Fatalitéit an ass se ethesch akzeptabel ? Ëm dës Froe geet et an dëser Konferenz, an dat wéi gesot nächsten Donneschdeg Owend, um 8 Auer am Centre Prince Henri zu Walfer. Organiséiert ass dës Konferenz vun der Bahá’í Gemeng Walfer.

Zum Thema vun der Weltwirtschaft passt och ganz gutt eng nei Publikatioun vum Büro fir sozial an ekonomesch Entwécklung vun der internationaler Bahá’í Communautéit. Fir d’Besserung vun der Welt – D’weltwäit Approche vun der Bahá’í Gemeng zur sozialer an ekonomescher Entwécklung.

Den Engagement zur Entwécklungshëllef fënnt een an de Bahá’í Schrëften, déi soen dass all Mënsch „erschaf gouf fir eng Zivilisatioun weiderzeféieren déi stänneg avancéiert.“ Bahá’u’lláh huet geschriwwen, „Maach däi Bescht fir dech ëm d’Besoie vun der Zäit ze befaassen an där s de liefs an zentréier deng Iwwerleeungen op d’Uspréch an dat wat däin Zäitalter brauch.“ Fundamental zum Bahá’í Glawen ass d’Iwwerzeegung dass all Persoun, all Vollek, all Natioun hiren Deel bäizedroen huet fir eng friddlech a räich global Gesellschaft opzebauen.

Am traditionellen Denken iwwer d’Entwécklungshëllef huet d’Relioun sou gutt wéi keng Roll gespillt. Ausserdeem stellt ee fest, dass obschonn immens vill Suen an d’Entwécklungshëllef gestach goufen a vill Efforte gemaach goufen, sech nach ëmmer keng kloer Strategie erausgeschielt huet. Sou ass et keng grouss Iwwerraschung dass an der lescht méi driwwer geschwat gëtt, wéi eng Kontributioun Spiritualitéit a Relioun zur Entwécklungshëllef maache kéint. Et ass genee zu deem Thema wou dës Publikatioun d’Bahá’í Approche duerch konkret Beispiller duerstellt, e Prozess wou iwwer Entwécklung bäigeléiert gëtt, vum lokalen zum globalen Niveau, an dat duerch Aktioun, d’Nodenken iwwer d’Aktioun, studéieren, Berodung, d’Systematisatioun vun der Erfahrung an Training a Formatioun.

Bahá’í gesinn Entwécklung als eng weltwäit Enterprise mam Zil, alle Mënsche Räichtum ze bréngen, an dat am Wëssen dass mer an enger Zäit liewe wou eng Weltzivilisatioun amgaang ass z’entstoen. D’Bahá’í Schrëften erklären, dass d’Mënschheet an engem Zäitalter vun enger Transitioun ass, am beschte beschriwwen als e Passage vu kollektiver Kandheet hin zu enger kollektiver Maturitéit. Wat dëst Zäitalter vum Erwuessesinn auszeechent ass d’Vereenegung vun der mënschlecher Rass. A fir dat z’erreeche brauche mer Prinzipie vu Gerechtegkeet. Déi grouss Kluft déi am Moment tëschent Aarm a Räich besteet duerf neméi weiderbestoen. D’Awunner vun der ganzer Äerd sollte kënne vun de Friichte vun enger materiell a spiritueller globaler Gesellschaft profitéieren. Fir sou eng Gesellschaft ze schafen, ass et wesentlech, dass Leit iwwerall d’Méiglechkeet kréien, sech un dësem konstruktive Prozess ze bedeelegen.

D’Kapazitéit vum Eenzelnen, vu Communautéiten an Institutiounen opzebauen, fir effektif un dëse Prozesser matzeschaffen, dat ass déi éischt Aufgab vun Entwécklung. D’Publikatioun weist dann un Hand vu konkrete Beispiller wéi den Eenzelne säi Potential erfëlle kann an dat duerch den Déngscht un der Mënschheet.

 

183 D’Changementer an der Welt an deem Eenzelne seng Verantwortung

Sendung 183, 31ten Oktober an 1ten November 2003. Dëslescht war den Här Arbab, Member vum héchste Gremium am Bahá’í Glawen e puer Deeg zu Lëtzebuerg fir säi Jong ze besichen. Bei där Geleeënheet huet hien e klenge Virtrag gehalen. Hei elo e kuerze Resumé vun deem wat mir besonnesch gutt gefall huet.

Wéi den Dr Arbab säin Doktorat an der Physik an der Mathematik als jonke Mann an de 60er Joeren zu Berkely an Amerika fäerdeg hat, wollt hien e puer Joer a Südamerika säi Wësse op den Unie vermëttelen. Hie war awer sou ugezunn vun der Atmosphere an de Mënschen, déi e ganz anere Liewensstandard hate wéi an Amerika, dass hien iwwer zwanzeg Joer bliwwen ass. Zesumme mat aneren hu si eng Universität gegrënnt a vill Entwécklungsprojete gestart. Als Bahá’í war fir hien natierlech d’Erzéiung vun héchster Bedeitung fir d’Entwécklung vum Eenzelnen an der Gesellshaft. Eppes wat mer gutt gefall huet ass dëst Raisonnement. Et ass vill méi einfach Entscheedungen ze treffen wann ee vun enger Saach ugezunn ass. Wann ee sech forcéiert oder forcéiert gëtt, ass et vill méi schwéier eppes ze man. A sou war et mam Här Arbab am Liewen. Hie war meeschtens vu Saachen ugezunn, wéi dass e forcéiert war, se ze man.

Dës Emissioun riicht sech un all déi, déi hiert Liewe gär selwer an d’Hand huelen a selwer e Katalisator fir Changementer ginn. D’Rapiditéit vun de Changementer war an der Geschicht vun der Mënschheet nach ni sou grouss a sou séier wéi an de leschten 200 Joer. D’Evolutioun vun der Mënschheet kann ee mat der Entwécklung vum Mënsch vergläichen. An haut huet d’Mënschheet hir Kandheet haneru sech an de Lichtsënn vun der Jugend ass amgaang sech an d’Maturitéit vum Erwuessesinn ëmzewandelen. Natierlech ass alles dat eng turbulent Entwécklung, wou och alt emol d’Faze ewechfléien. Alles an allem kann een haut an der ganzer Welt zwee Prozesser feststellen, zwou Kräften. Eng Kraaft ass destruktiv. D’Welt ass voll vu Konflikter tëschent Vëlker, Regierungen an Natiounen. D’Aarmutt vun den Armen an de Räichtum vun de Räichen hëlt stänneg zou. Den Honger an der Welt léisst all Sekonn honnerte vu Kanner verhéngeren. Bei wäitem déi schlëmmste Kraaft déi destruktiv ass, ass déi moralesch Desintegratioun. Fréier wéi haut hunn d’Leit gelunn, mee fréier war et kloer dass léien am Fong schlecht ass an et war een sech an deem Punkt eens. Haut ass et anescht. Haut ginn et Presidenten a Ministeren déi léien an dobäi erwëscht ginn. An et ass esougutt wéi keen deen eppes dergéint mécht. Net nëmmen dat mee et ass oft esou dass et an der Rei ass ze léien, wann een zum Schluss Recht kritt a gewënnt. Wann ee verléiert war et eng falsch Décisioun ze leien a wann e wënnt war et néideg a richteg ze léien! Fir beim Thema vun der Wourecht ze bleiwen, sou ass et fréier duergaang fir ze soen: Ech léien net, ech soen d’Wourecht. Haut ass dat net nëmme vill méi schwéier mee et geet neméi duer ze soen: Ech léie jo net, also geet dat duer. D’Dugend vun der Wahrhaftegkeet, der véracité ass vill méi wéi dat. Et muss een och déi néideg Erzéiung hunn fir kënne selwer z’entscheeden wat wouer, richteg a wat falsch ass. Sécher ass dat och e Wee op deem mer sinn, well 100% kënne mer jo seele sinn. Also heescht et haut seng Moralitéit aktiv ze liewen. An dat ass sécher schwéier an engem Entourage wou alles erlaabt ass, sou laang een zum Schluss gewënnt.

Déi zerstéierend Kraaft an der Welt huet nach eng aner Charakteristik, an zwar ass se vill méi spektakulär wéi déi opbauend Kraaft. Huele mer d’Beispill vun engem Héichhaus wat an zwou Minutte mat Hëllef vun Dynamit gespréngt gëtt. Do gëtt et eppes ze kucken. Do stëbst et an et mécht Kaméidi. An do dernieft kucke mer wéi Zill fir Zill en anert Héichhaus nees opgeriicht gëtt. Et mécht net vill Kaméidi an dauert sécher méi laang. D’Kanner wëssen direkt wat méi flott ze kucken ass.

Wat sinn dann déi opbauend Kräften an der Welt déi een elo scho gesi kann? D’Gläichheet vu Mann a Fra. D’Rassegläichheet. Méi a méi Erzéiung fir jiddereen. Vun dësen an anere Prinzipier huet Bahá’u’lláh schonn iwwer honnert Joer geschwat. An haut si mer nach e gutt Stéck dervun ewech. Awer et ka kee méi haut zumannst ëffentlech soen, dass d’Männer méi intelligent wéi d’Frae sinn, oder dass déi wäiss Rass besser ass wéi déi schwaarz. Alles dat geet lues a lues viru sech a brauch seng Zäit. Bahá’u’lláh huet vun der kolletiver Sécherheet geschwat an dëst Prinzip gouf vun de Vereenten Natiounen während dem Golfkrich fir d’éischt ugewantt. Vun de Motivatioune fir all dat soll hei net geschwat ginn. Genee sou elo virum kuerzem am Irakkrich. Dee mächtegste Präsident vun der Welt huet gemengt seng Natioun misst d’Saache selwer an d’Hand huelen an haut gesi mer d’Konsequenzen dovun. An deem Mooss, dass haut gesot gëtt, sou eppes soll vun de Vereenten Natioune bestëmmt ginn.

Et kann een d’Welt mat engem Stéck Stoff vergläichen, wat vun alle Säiten gezunn an zerappt gëtt. Et kann een net genee soen, wie responsabel fir wat ass. Wann een dat Stéck Stoff wëllt flécken, mierkt een oft séier, dass een einfach neméi mat flécke fäerdeg gëtt. Dofir brauche mer haut och Institutiounen, déi eng nei Welt opbaue kënnen, mat enger aktiver Moralitéit. Eng Welt wou jidderee seng Verantwortung spiert. Dat ass haut déi gréissten Erausfuerderung. Mir kënnen och soen, esou laang et mir hei gutt geet brauch ech jo näischt ze maachen. Awer wéi laang dat geet ass schwéier ze soen. An déi aner Fro déi een sech da stelle kann ass déi wivill Ustréngungen ee maache wëll fir sech aktiv un enger besserer Welt ze bedeelegen. Méi doriwwer an eisen nächsten Emissiounen, a bis dohin e schéinen an interessante Weekend.

184 Visite du Professeur Davachi au Luxembourg (op franséisch)

Sendung 184, 7ten November 2003. Le lundi 27 octobre dernier, à l’invitation de la communauté baha’ie du Luxembourg, nous avons eu le plaisir de recevoir, la visite d’une personnalité éminente, le Docteur Davachi , Professeur de cardiologie infantile au New York Medical College et Consultant auprés des Nations-Unies et pour l’OMS : Organisation Mondiale de la Santé. Outre ses nombreux travaux et publications en matière médicale, M. Davachi a consacré une bonne partie de sa carrière à la définition de moyens efficaces de prévention des maladies actuelles liées aux maux de notre société : le SIDA, la drogue, l’alcoolisme, la violence. Il a été consultant pour de nombreux pays et a beaucoup servi, notamment en Afrique . Au cours de ses nombreux voyages à travers le monde, il a rencontré des Chefs d’Etat, parlementaires, Ministres de la santé, de la justice, et de l’éducation et a partout prôné une approche holistique de l’éducation des enfants, en insistant sur l’urgence d’intégrer dans les programmes éducatifs nationaux les valeurs morales à inculquer aux enfants, dès leur plus jeune âge.

  1. Davachi nous a fait bénéficier de ses connaissances et expériences enrichissantes au cours de la conférence qu’il a présentée au Centre baha’i et qui portait sur : Les valeurs morales et éthiques dans l’éducation : une approche scientifique. En voici les idées maîtresses: Le monde affronte actuellement une profonde crise de nature morale et spirituelle qui se manifeste par l’abus d’alcool et de drogues, le Sida, et l’ensemble des préjugés générateurs de violence. Quand on est médecin, on sait que le plus important est de faire le bon diagnostic et de donner le traitement approprié à la maladie identifiée. Si l’on voit que le traitement ne conduit pas à la guérison mais que la maladie continue à s’aggraver, il faut alors se rendre à l’évidence que le traitement choisi n’était pas le bon et en changer sans tarder. Il en est de même face aux maux de notre société: si la maladie de notre société est d’ordre moral, aucune réponse militaire ou policière, aussi forte soit-elle, ne pourra arrêter ce mal, la réponse doit être aussi, d’ordre moral. Monsieur Davachi raconte comment dans un pays d’Asie qui rencontrait de graves problèmes de trafic et de consommation de drogues, la politique répressive était d’une grande sévérité. « Chez nous », lui avait dit le Ministre de la Justice, « on ne tergiverse pas, la peine de mort est requise si l’on vous arrête avec quelques grammes de drogue sur vous.» Monsieur Davachi a alors demandé: « Et vous avez exécuté de nombreuses personnes depuis la promulgation de cette loi?» Le Ministre répond fièrement: «oui, beaucoup!» Monsieur Davachi demande alors : « Et avez-vous noté une diminution de la consommation de drogues?» Le Ministre, un peu embarrassé, répond : « je dois avouer que non, au contraire, nos statistiques augmentent de façon alarmante » Et Monsieur Davachi de conclure que l’aspirine est certes un excellent médicament mais donner seulement de l’aspirine pour une angine ne résout pas le problème !

Il existe deux types de forces, nous dit-il, qui nous gouvernent dans la vie: La force externe: c’est celle de la société, la police. Elle n’est pas là pour améliorer le caractère des gens, mais pour la protection de la société et la punition. Mais quelle que soit la sévérité de cette force externe, elle ne suffit pas à prévenir tous les maux de notre société. L’autre force est de nature interne, elle est notre conscience, c’est elle qu’il faut promouvoir. C’est elle qui est notre véritable rempart. Seule l’éducation morale peut renforcer cette force interne et apporter le changement fondamental dans le comportement des hommes qui permettrait de soigner efficacement et prévenir ces maladies de notre société.

Mais il s’agit de savoir de quelle morale parlons-nous ? Nous sommes face à des problèmes de dimension planétaire. Il y a par exemple, 70 millions de personnes atteintes du SIDA dans le monde, en Afrique du Sud il y a 600 personnes qui en meurent chaque jour. Le virus ne connaît pas de frontières. La violence générée par la perte de tous repères moraux n’est pas l’apanage d’une seule société. Toutes les sociétés du monde sont confrontées à la même problématique. De plus, nos sociétés sont de plus en plus multiculturelles. Alors, choisir telle ou telle moralité risque de ne pas convenir à une partie de la société. Donc, il s’agit d’identifier quelques valeurs de nature universelle qui correspondraient aux attentes de tous et qui permettraient l’acquisition de vertus prônées par toutes les cultures. Quel gouvernement responsable ne souhaite pas que son peuple se développe dans une société juste et morale ? Aucun. Tous les gouvernants sont accablés par la gravité des statistiques et recherchent des réponses appropriées. Il est de leur responsabilité de mettre en place ces cursus d’éducation morale dans les programmes des écoles car cette éducation doit commencer très tôt. La formation du caractère est pratiquement finie à la puberté, même si notre caractère continue à s’affiner tout au long de notre vie, le changer radicalement devient très difficile voire impossible après la puberté.

Les enfants ont plusieurs sortes de capacités: physiques, intellectuelles, morales, et spirituelles. Si l’on considère la manière dont nos systèmes scolaires sont organisés actuellement, tous les efforts portent sur le développement des deux premières capacités: les physiques et intellectuelles. Très peu est consacré au reste. Ce déséquilibre est la cause de la crise morale et spirituelle de notre monde. L’éducation spirituelle est de la responsabilité de la famille en fonction de leurs religions, mais l’éducation morale est de la responsabilité des gouvernements.

Alors quelles sont ces valeurs essentielles et universelles à développer dans nos systèmes scolaires. Leur absence est la cause de chacun des problèmes dont nous entendons parler chaque jour: l’intégrité, la véracité, être digne de confiance, la générosité, la compassion, la justice, la poursuite de l’excellence, le respect de soi et des autres, le service des autres, l’unité et l’unité dans la diversité.

Monsieur Davachi insiste beaucoup sur l’éducation au principe d’unité dans la diversité car nous dit-il, partout dans le monde, l’intolérance et les préjugés religieux, raciaux, économiques et sociaux conduisent à la violence et dégénèrent en guerres dans de nombreux endroits de la planète. Pour prévenir cela, il nous faut changer la culture de haine perpétuée jusqu’à présent, en culture d’unité. Si nous semons la haine, nous ne pouvons récolter que de la haine. Si nous voulons vivre dans la paix et la sécurité, il faut semer la graine de l’unité en enseignant que la diversité est richesse mutuelle et doit être glorifiée.

«Considérez l’homme comme une mine riche en pierres précieuses d’une valeur inestimable. Seule l’éducation peut l’amener à en livrer les trésors et permettre à l’humanité d’en profiter.»

185 Generositéit

Sendung 185 14ten a 15ten November 2003. Generositéit ass eng vun den Dugenden, déi an de Bahá’í Kannerklassen hei zu Lëtzebuerg ënnerriicht ginn. Mëtschgiewegkeet, mat deenen aneren deelen a matginn. Generéis sinn, heescht virun allem ginn, well een et wëllt, an net mat der Iddi am Kapp, eppes dofir erëmzekréien. Engem eppes ginn bedeit och dass ee gëtt ouni sech Gedanken driwwer ze maachen, wat mat eisem Cadeau geschitt. ‘Abdu’l-Bahá, de Jong vu Bahá’u’lláh, dem Begrënner vun der Bahá’í Relioun ass fir d’Bahá’í e Virbild an allen Hisiichten. Säi Liewe war e Liewe vum Déngscht an Hëllef fir déi Aarm an déi, déi an Nout waren. Hei eng kleng Geschicht aus sengem Liewen, déi weist, wéi grouss säin Häerz wierklech war. D’Geschicht riicht sech virun allem un d’Kanner:

Enges Daags ass ‘Abdu’l-Bahá vu sengem Papp geschéckt gi fir ze kucken op d’Hiirten, déi sech ëm seng Schof këmmeren, och gutt schaffen. ‘Abdu’l-Bahá war deemools nach e klengt Kand an d’Verfollegunge vu sengem Papp a senger Famill haten nach net ugefaang. Bahá’u’lláh hat zu där Zäit e grousst Stéck Land an de Bierger an etlech Häerden Hämmelen. Wéi ‘Abdu’l-Bahá sech alles ugesinn hat an nees goe wollt, sot de Mann deen hie begleet huet: „Äre Papp gëtt all Hiirt ëmmer e Geschenk ier e geet.“ ‘Abdu’l-Bahá war ee Moment roueg an huet nogeduecht, well een näischt hat fir hinnen als Cadeau ze ginn. De Mann bei him huet awer dropgehalen, dass hien hinnen eppes gëtt, well d’Hiirden sech eppes erwaaden. An dunn hat ‘Abdu’l-Bahá eng Iddi, iwwer déi hie ganz frou war! Hie géif den Hiirden all d’Schof schenken, ëm déi si sech bekëmmeren.

Sengem Papp huet et vill Freed gemaach, ze héiere wéi generéis ‘Abdu’l-Bahá mat den Hiirde war. Am Geck huet e gesot, dass jidderee gutt op ‘Abdu’l-Bahá oppasse misst, well soss géif hie sech enges Daags nach selwer verschenken. Natierlech ass et genee dat wat ‘Abdu’l-Bahá säi ganzt Liewe laang gemaach huet. Fir d’Mënschheet gouf hien alles wat en hat, all Ablak vu sengem Liewen, fir eis ze vereenegen an eis wierklecht Gléck ze bréngen.“

Et gehéiert zum Räichtum vum Bahá’í Glawen, sou Geschichten ze hunn. Si hëllefen net nëmmen de Kanner, e Prinzip oder eng Dugend besser ze verstoen. D’Geschicht vun de grousse Figuren am Glawen sinn ëmmer e Virbild fir eist eegent Liewen.

Ouni Generositéit wier dës Welt eng traureg Plaz. An enger Welt ouni Mëtschgiewegkeet, wier all Cadeau mat enger Konditioun verbonnen, sou dass deen dee gëtt eppes gewënnt. Dat ass net ginn.

Wann een eppes fräiwëlleg gëtt, virun allem wann een eppes opgëtt, ass dat a wichtege Wee, seng Geeschtegkeet ze üben. Wann ee gëtt dann ass dat oft och ustiechend fir déi aner. Wann eng Persoun generéis ass, beréiert dat och d’Häerz vun den aneren a si wëllen och generéis sinn. An domat huet jidderee méi vun deem wat se brauchen.

Generéis sinn heescht och, vu senger Zäit ginn, seng Aarbecht sou maachen, dass et wéi e Gebiet ass, kucke wie meng Hëllef brauche kann, zum Beispill meng Famill a meng Frënn an Aarbechtskollegen. Et kann ee seng Zäit ginn, säi Wëssen, Saachen a Suen. Wat déi aner domat maachen, ass hir Saach. Et spiert een sech einfach gutt wann e generéis matginn huet.

Ofschléissend dëst Zitat aus de Bahá’í Schrëften: Wéi mer solle sinn: „Am Gléck gëff mat an am Ongléck sief dankbar. Sief d’Vertraue vun dengem Noper wäert, a kuck op hie mat hellen a frëndlechen Aen. Sief e Schatz fir deen Aarmen, eng Äntwert op deen, deen no Hëllef jäitzt an hal däi Verspriechen helleg.

 

186 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahá’u’lláh, Deel 1/2

Sendung 186, 21ten an 22ten November 2003. D’Verbuerge Wierder, e Meeschterwierk vu mystescher Poesie, gouf 1858 am Iraq geschriwwen. Laanscht den Ufere vum Floss Tigris, déif a Meditatioun, huet Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, nogeduecht, iwwer déi éiweg Bezéiung tëschent Gott an dem Mënsch, iwwer de Sënn vum Liewen an all d’Hürden déi virum Mënsch leien, an dat um Wee vun der geeschteger Perfektioun. Aus sou enger déiwer Kontemplatioun koum d’Inspiratioun fir eng erstaunlech Kollektioun vu kuerze meditative Versen. An deene puer Zeile fënnt een eng Distillatioun vun deene geeschtege Wourechten, déi d’zentral Kraaft hannert all de reliéisen Traditioune vun der Vergaangenheet duerstellen.

Hei elo wat Bahá’u’lláh am Ufank vun dësen Zeile schreift: „Dëst ass dat wat aus dem Räich vun der Herrlechkeet erofkoum, ausgeschwat duerch d’Zong vun der Muecht an der Stäerkt, a wat de fréiere Propheten duergeluecht gouf. Dorauser hu Mir den déifste Käer geholl an et an d’Kleed vun der Kierzt gekleed …“

D’Wierder an dësen 153 Verse si fir de Mënsch eng Virbereedung un den Appell dee Gott an eiser Zäit un d’Mënschheet riicht. Si féieren d’Séil an eng Atmosphère vu Meditatioun déi eiser geeschteger Entwécklung hëllefen an déi de Mënsch un e Grad vu Bewosstsinn erhiewen, déi hie bis elo nach ni erreecht hat.

Et kann een e puer Säite vun dësem Buch an enger Kéier liesen. Awer ee Vers geet schonn duer fir eng laang Meditatioun. All Kéier wann een en neie Sënn an engem Vers fënnt, huet een e Schrëtt no fir gemaach am Wësse vun de ville Bedeitunge vun den hellege Schrëften.

D’Liewe vum Auteur vun dëse Versen ass aussergewéinlech. 1817 ass hien an enger laang bestoender, nobler Famill a Persie gebuer. Wéi d’Begrënner vun anere Relioune virun him, ass hien ouni Erbaarme verfollegt ginn an dat vum Klergé an dem Stat am Land vu senger Gebuert, a säi Glawe gouf gréisstendeels vu sengen eegene Landsleit ofgeleent. E krut alles ofgeholl wat en hat, an de Prisong gehäit, gefoltert an aus sengem Land an den Exil geschéckt. 1868 gouf en zum Schluss liewenslänglech festgehal, an dat an der Strofkolonie zu Akka, zu Palestina, eng Plaz reservéiert fir déi schlëmmste Vebriecher vum ottomanesche Räich, an deenen hir Hänn déi perséisch Autoritéiten hien ausgeliwwert hunn. Als Gefaangenen ass Bahá’u’lláh gestuerwen, no bal 40 Joer onvirstellbare Schwieregkeeten am Exil a Gefaangeschaft, am Alter vu 74 Joer.

D’Schrëfte vu Bahá’u’lláh, trotz de schwéieren Ëmstänn vu sengem Liewen, bestinnn aus méi wéi 100 Bänn vu Commentäiren, Bréiwer, Gebieder a Léieren. Am beschte bekannt dovunner si wahrscheinlech d’Verbuerge Wierder. Während ville Joere gouf et just e puer geschätzte Manuskripter vun dësem Buch, iwwerreecht vun enger Hand an déi aner, a mat vill Suergfalt verstoppt vun deenen, déi sech der neier Relioun widdersat hunn.

Haut ass dëst klengt Buch aus dem original perseschem an arabeschen an 69 Sproochen iwwersat an ass uechter d’Welt beléift. Wann och de Message vu Bahá’u’lláh virun allem e Message vun universaler Léift ass, setzt Hien awer och d’Grondsteng vun enger neier Gesellschaft.

Fir ofzeschléissen, e puer Zeilen aus dem Buch: Verbuerge Wierder: „A Mengen Aen, wat Ech vun Allem am léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; schwäif net dovun of, wann s du Mech wëlls a vernoléisseg si net, sou dass Ech Mech dir uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae gesinn, an net duerch déi vun aneren, a wäerts duerch deng eegen Erkenntnes wëssen an net duerch d’Wësse vun dengem Noper. Iwwerlee der an dengem Häerz wéi s de solls sinn. A Wierklechkeet ass d’Gerechtegkeet Mäi Cadeau fir dech an d’Zeeche vu Menger zaarter Gnod. Hal der dat virun Aen.“

 

187 Dat éiwegt Bündnes mam Herrgott[84]

Sendung 187 28ten an 29ten November 2003. Deen, deen alles erschaf huet ass Gott, deen Onvergläichlechen. Gott ass d’Ursaach vun allem wat existéiert. Hien huet de Mënsch erschaf an an him säin eegent Bild agravéiert.

Bahá’u’lláh seet dass d’Realitéit vu Gott onverständlech fir déi mënschlech Intelligenz ass, well dat wat limitéiert ass kann net vun deem verstane gi wat onendlech ass. D’Biller déi d’Unhänger vun anere Relioune sech vu Gott maachen sinn d’Friichte vun hirer eegener Imaginatioun. Gott ass kee Mënsch an en ass net einfach eng Kraaft déi iwwerall am Universum präsent ass. All déi Nimm déi mer Gott ginn, bréngen et net fäerdeg seng Realitéit ze beschreiwen.

Bahá’u’lláh schreift an de Verbuergene Wierder : „Ech hat eng Léift fir dech z’erschafen, also hunn Ech dech erschaf. Sief du also frou mat Mir, fir dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewen erfëlle kann.“

D’Léift vu Gott fir eis ass d’Ursaach selwer vun eiser Existenz. Mir sollten eis dëser Léift ëmmer bewosst sinn, well si eis beschützt, eis ënnerstëtzt an eis mat Liewe fëllt. Sief et dass mer a Schwieregkeete sinn oder ob et eis gutt geet, ob mer traureg oder frou sinn, mir sollten ni vergiessen dass Gott seng Léift andauernd iwwer eis schëtt.

D’Bahá’í Léieren soen dass Gott, nodeem en eis aus senger Léift fir eis erschaf huet, mat eis e Bündnes, eng Allianz gemaach huet, déi éiweg dauere wäert. Dat Wuert Allianz bezitt sech op e Verspriechen oder e Kontrakt tëschent zwou oder méi Persounen. An dëser éiweger Allianz versprécht Gott dass Hien eis ni wäert am Stach loossen. Konkret heescht dat, dass en eis duerch seng Manifestatiounen oder Propheten, säi Wëllen a säi grousse Plang matdeelt. Dat franséischt Wuert manifester bedeit an dësem Kontext eng Saach offenbaren oder enthüllen déi bis elo nach onbekannt war. D’Manifestatioune vu Gott sinn eenzegaarteg a si offenbaren eis d’Wuert vu Gott. Et sinn universal Erzéier déi eis bäibréngen, wéi een en accord mam Wëlle Gottes liewe kann a wéi ee wierklechet Gléck erreeche kann. Mir fannen ënnert de Manifestatiounen, Krishna, Moses, Zoraster, Budda, Jesus Christus, Mohamet an natierlech de Báb a Bahá’u’lláh, déi zwou Manifestatioune vu Gott fir äis Zäit.

Eng Allianz huet zwou Säiten ; si gëtt tëschent zwou Parteie gemaach, woubei all Partei sech engagéiert op eng gewëssen Aart a Weis ze handelen. Gott huet seng Engagementer nach ëmmer agehalen. Wéi kënne mir also sécher sinn, eisen Deel zu der Allianz bäizedroen ?

D’Allianz seet eis dass et eis éischt Aufgab ass, d’Manifestatioun vu Gott ze erkennen. De Sënn vun eisem Liewen ass et Gott méi no ze kommen. An déi eenzeg Méiglechkeet fir Gott méi no ze kommen ass wa mer seng Manifestatioun erkennen. Doranner läit eis éischt Aufgab. De Bahá’í Glawen ass haut an der ganzer Welt verspreet a gëtt ëmmer méi vun ëffentlecher Säit unerkannt. Ass et keng Erausfuederung erauszefanne wéi e Message de Bahá’í Glawen huet ? Ass et net traureg wann ee sech hannert den Traditioune vun der Vergaangenheet verstoppt ? D’Telefonsnummer vum Bahá’í Zenter ass 442220 fir méi Informatiounen iwwer dat wat mir zu Lëtzebuerg ubidden, oder um Internet ënnert www.bahai.lu

188 Buchvirstellung: D’Verbuerge Wierder vu Bahá’u’lláh, Deel 2/2

Sendung 188, 5ten a 6ten Dezember 2003. Viru kuerzem hunn ech iech dat Buch Verbuerge Wierder vu Bahá’u’lláh virgestallt. 1853, laanscht den Ufere vum Floss Tigris am Iraq geschriwwen, sinn d’Verbuerge Wierder e Meeschterwierk vun déiwer Meditatioun iwwer dat wat de Mënsch ass, a firwat de Mënsch erschaf ginn ass. An den nächste puer Minutten elo en éischten Deel aus dem Buch, wou den Herrgott sech un d’Mënsche riicht.

O Jong vum Geescht! Hei ass Mäin éischte Rot: Dass Du e rengt, guttmiddegt a stralent Häerz hues, sou dass du onvergänglech Herrlechkeet kriss, onzerstéierbar an éiweg.

O Jong vum Mënsch! Verstoppt a Mengem éiwege Wiesen an an der Uréiwegkeet vu Menger Essenz wosst Ech vu Menger Léift zu dir. Dofir hunn Ech dech erschaf, hunn an dir Mäi Bild aggravéiert an hunn dir Meng Schéinheet offenbaart.

O Jong vum Mënsch! Ech hat eng Léift fir dech z’erschafen, also hunn Ech dech erschaf. Sief du also frou mat Mir, fir dass Ech däin Numm soe kann, an deng Séil mam Geescht vum Liewen erfëlle kann.

O Jong vum Geescht! Sief du frou mat Mir, fir dass Ech dech gär hunn. Wann s du Mech net gär hues, ka Meng Léift dech nimools erreechen. Sief der dees bewosst, O Dénger!

O Jong vun der Existenz! Däi Paradis ass Meng Léift. Däin himmlecht Heem ass nees mat Mir vereent ze sinn. Komm eran ouni ze zécken. Dat ass dat wat an eisem himmleche Räich an an Eiser erhuewener Herrschaft bestëmmt gouf.

O Jong vum Mënsch! Wann s du Mech gär hues, dann dréin dech ewech vun dir selwer, a wann s du Mäi Pleséier sichs, dann denk net un däin, fir dass du a Mir stierwe kanns a fir dass Ech éiweg an dir liewe kann.

O Jong vum Geescht! Et gëtt kee Fridde fir dech, et sief dann du entsees dir selwer an dréins dech Mir zou. Well et passt sech dass du dech a Mengem Numm verherrlechs an net an dengem, däi Vertrauen a Mech lees an net an dech, well Ech wëll dass ee mat Mir aleng frou ass, an iwwer alles wat ass.

O Jong vum Sinn! Meng Léift ass Meng Festung; deen deen erakënnt ass sécher a geschützt, an deen dee sech dovun ëmdréint wäert sécherlech irgoen an zu Gronn goen.

O Jong vum Wuert! Du bass Meng Festung, géi eran, fir dass de a Sécherheet do liewe kanns. Meng Léift ass an dir, sief der et bewosst, fir dass de Mech no bei dir fënns.

O Jong vun der Existenz! Du bass Meng Luucht, a Mäi Liicht ass an dir. Huel der dorauser däi Liicht a sich keen aneren ausser Mir. Well Ech hunn dech räich erschaf an iwwer dech hunn Ech Meng Gonscht geschott.

O Jong vun der Existenz! Mat den Hänn vun der Muecht hunn Ech dech gemaach a mat de Fangere vun der Kraaft hunn Ech dech erschaf; an an dir hunn Ech d’Essenz vu mengem Liicht geluecht. Sief domader zefridden a sich soss näischt, well Mäi Wierk ass vollkommen a Mäi Gebot ass verbindlech. Sief der deess gewëss an zweiwel net dorunner.

O Jong vum Geescht! Räich hunn Ech dech erschaf, firwat méchs du dech selwer aarm? Edel hunn Ech dech erschaf, firwat ernidderegs du dech selwer? Aus der Essenz vum Wëssen hunn Ech der Liewe ginn, firwat sichs du Erleuchtung bei engem anere wéi Mir? Aus dem Toun vun der Léift hunn Ech dech geformt, firwat befaass de dech mat aneren? Kuck an dech, dass de Mech an dir fënns, mächteg, staark a selbstbestoend .

O Jong vum Mënsch! Du bass Mäin Eegentum, a Mäin Eegentum vergeet net. Firwat fäerts du deng Vergänglechkeet? Du bass Meng Luucht a Meng Luucht verläscht ni. Firwat fäerts du däi Verläschen. Du bass Meng Herrlechkeet a Meng Herrlechkeet verschwënnt net. Du bass Mäi Gezei a Mäi Gezei gëtt ni al. Bleif dofir an denger Léift fir Mech fir dass de Mech am Räich vun der Herrlechkeet fënns.[85]

 

189 De Bahá’í Glawen, en Humanismus géint d’Fanatissemen

Sendung 189, 12ten an 13ten Dezember 2003. Léif Radio ARA Nolauschterer, haalt iech dëse Samschdeg den Owend fräi, an dat fir eng interessant Konferenz mat enger Diskussioun zum Thema: De Bahá’í Glawen, en Humanismus géint d’Fanatissemen. Et ass dat um 8 Auer am Bahá’í Zenter, 17, allée Léopold Goebel an der Stad. Dës Konferenz ass organiséiert vun der lëtzebuerger Bahá’ígemeng. De Conférencier ass den Dokter Said Rouhani, Neurophysiologist zu Paräis a Member vum nationale Rot vun de Bahá’í aus Frankräich.

Ech kann iech am viraus versécheren dass et bestëmmt e flotten Owend gëtt, an dat virun allem wéinst dem Humor an der Perséinlechkeet vum Conférencier. Hien ass awer och Docteur en Médecine, Docteur en Sciences, Neurophysiologiste, practicien attaché vun de Spideeler vu Paräis, Responsabel vun der Unitéit vun der Neurophysiologie vum Spidol Cochin, Chargé de cours un der medezinescher Fakultéit an Auteur vun enger ganzer Rei vu wëssenschaftlechen a medezineschen Artikelen.

Ganz fréi schonn huet hie sech fir déi ethesch Froen an der Medezin an d’Ethik an der biomedezinescher Recherche interesséiert. Hie war ee vun de Grënnermembere vun der Association Médicale Bahá’íe, déi hie während ville Jore presidéiert huet. Hien ass och Member vum Mouvement universel fir d’wëssenschaftlech Recherche.

Duerch seng Originen an duerch säin eegent Liewen, ass hie gewinnt sech mat zwou Kulturen ausernanerzesetzen. Déi orientalesch an déi westlech Kultur. De Said Rouhani ass selwer e gutt Beispill vun Offenheet an engem Räichtum déi eng multikulturell Identitéit matsechbréngt.

Hien ass och aktif am interreliéisen Dialog, ass Member vun der Conférence Mondiale des Religions pour la Paix an huet u ville Kolloquen a Seminairen deelgeholl. Do setzt hie sech fir d’Konzept vun der Eenheet an de Reliounen an, fir d’Kooperatioun vun de Gleewegen an der gemeinsamer Aarbecht fir d’Ofschafung vun ethneschen, kulturellen a sozial ekonomesche Viruerteeler a virun allem fir d’Ofschafung vun de reliéise Viruerteeler, déi Gewalt an e Fanatissem matsechbréngen, déi zerstéierend sinn.

De Said Rouhani ass Bahá’í a lieft zu Paräis. Den Titel vun der Konferenz, De Bahá’í Glawen, en Humanismus géint d’Fanatissemen, fënnt een an engem Artikel, deen 1999 am Monde diplomatique stoung, (http://www.monde-diplomatique.fr/1999/07/HATCHER/12219#nb9) geschriwwe vum William Hatcher, Matematiker, Philosoph a Professer op der Universitéit Laval am Québec.

Ervirgeet, dass d’Bahá’í Relioun weder eng Sekt oder e Synkretismus ass, mee eng onofhängeg Relioun, genee sou wéi den Islam, d’Chrëschtentum an déi aner grouss Reliounen. An dass et Uganks vun de 60er Joeren ëm déi 400 000 Unhänger weltwäit gouf, haut awer méi wéi 5 Milliounen. Dat weist och drophinn, dass de Glawe weider wuesse wäert, well de Message aktuell ass.

Zum Schluss vu sengem Artikel schreift den Hatcher : « Elo wou et schéngt dass déi grouss Ideologie vum 20te Joerhonnert ëmmer méi u Kraaft verléieren. Elo wou et sech weisst dass de reliéisen Integrissmus an enger Sakgaass ass, kann een dann net hoffen dass dëst Jorhonnert e Jorhonnert vun engem wierklechen Humanismus gëtt, net ideologesch an net materialistesch ? Wa jo, da besteet keen Zweiwel dass d’Bahá’í Gemeng hir Roll ze spillen huet »

 

190 Chrëschtdag a Jesus Christus

Sendung 190, 19ten an 20ten Dezember 2003. Wann e Bahá’í och am Prinzip Chrëschtdag net feiert, ass et awer wichteg eppes iwwer Jesus Christus ze wëssen. A sengem Buch : Beäntwert Froen schreift ‘Abdu’l-Bahá wéi wichteg et ass Erzéier an eisem Liewen ze hunn. Leit, déi eis de Wee weisen, déi eis hëllefen dass mer op der richteger Bunn bleiwen. Déi grouss Propheten wéi Krishna, Buddha, Christus a Mohamet si fir d’Bahá’í gëttlech Erzéier, vu Gott geschéckt fir eis e puer Rotschléi mat op de Wee ze ginn. E laange Wee. An dëser Chrëschtdagszäit passt et sech u Jesus ze denken an hei elo e puer Wierder déi ‘Abdu’l-Bahá iwwer Jesus als Erzéier geschriwwen huet :

Wéi Christus koum sot hien : « Ech si vum Hellege Geescht gebuer. » Wann et och haut fir d’Chrëschten einfach ass, dat ze gleewen, sou war et awer deemools ganz schwéier a mir héieren aus dem Neien Testament, dass d’Pharisäer soten : « Ass dat net de Jong vum Joseph vun Nazaret, dee mir all kennen ; wéi kann hien da soen, Ech si vum Himmel komm ? »

Obwuel Hie vu bausse gesinn aus engem niddrege Stand war, huet Hie sech mat sou enger Muecht erhuewen, dass Hie reliéis Gesetzer, déi fofzénghonnert Joer bestannen hunn, ofgeschaaft huet, an dat obscho jiddereen, dee sech der klengster Iwwertriedung schëlleg gemaach huet, an déi gréisste Gefor geroden ass a säi Liewen op d’Spill gesetzt huet. Mee net genuch: Zur Zäit vu Christus war d’moralescht Verhale vun der ganzer Welt an den Zoustand vun de Kanner Israel ganz verduerwen an d’Stämm vun Israel hu sech an déiwer Erniddregung, Kniechtschaft an Not fonnt. Si sinn an d’Gefaangeschaft vun de Chaldäer an de Perser gefall, goufen eng aner Kéier vun Assyrer versklaavt, an dann erëm Vassale vun de Griechen. Wéi Christus koum, goufe se vun de Réimer beherrscht a veruecht.

Christus huet sech als jonke Mënsch mat Hëllef vun enger iwwerirdescher Muecht dat aalt mosaescht Gesetz opgehuewen, huet dat allgemengt sittlecht Verhale verbessert an huet fir d’zweet de Grond fir den éiwege Ruhm fir d’Vollek vun Israel geluecht. Doriwwer ewech huet Hien der Mënschheet allegemenge Fridde bruecht an huet Léiere verkënnegt, déi net nëmme fir dat israelescht Vollek bestëmmt waren, mee déi d’Basis gi sinn fir dat allëmfaassend Gléck vun der mënschlecher Gemeinschaft.

Déi éischt, déi sech erhuewen hunn fir Hien ze vernichten, waren d’Israeliten, säin eegene Stamm. Reng vu bausse gesinn, hu se Hien iwwerwältegt, an hunn En an déi déifst Erniddregung gestierzt. Zum Schluss hu si Him Därekroun opgesat an hunn E gekräizegt. Awer Christus huet an der Stonn vu senger anschéinend héchster Not a Suerg verkënnegt: « Dës Sonn wärd stralen, dëst Liicht wäert schéngen, a Meng Gnod wäert d’ganz Welt ëmfaassen, an all meng Feinde wäerten erniddregt ginn. » Wat hie sout ass an Erfëllung gaang. All d’Kinnecke vun der Welt konnten Him net widderstoen ; méi nach, d’Kinnecke sinn all ënnergaangen, a Jesus, den Ënnerdréckte gouf zum héchste Gipfel erhuewen.

Alles dat widdersprécht ganz a guer der mënschlecher Vernonft. Domat ass kloer an däitlech erwisen, dass dëst stralend Wiesen als wierklechen Erzéier vum Mënschegeschlecht vun der Muecht Gottes gedroen a bestätegt ginn ass. Souwäit den ‘Abdu’l-Bahá iwwer Christus als gëttlechen Erzéier a sengem Buch : Beäntwert Froen. Iech alleguer schéi Chrëschtdeeg, schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch !

 

191 Weltproblemer a wat d’Bahá’í maachen

Sendung 191, 26ten a 27ten Dezember 2003. Den Dr Peter Khan, Member vum héchste Bahá’í Gremium zu Haifa an Israel, war viru kuerzem op Besuch am Bahá’í Zenter zu Sydney an Australien. Hei elo e puer Stéchwierder vun deem wat hie gesot huet.

Et ass noutwenneg dass d’Bahá’í Gemeng méi déif driwwer nodenkt wat si mécht a wat jiddereen dozou bäidroe kann, fir d’Problemer vun der Welt ze léisen. D’Erausfuerderung ass déi hei : De Fait dass d’Bahá’í amgaang sinn eng nei Weltuerdnung opzebauen, wéi hänkt dat mat den heitege Weltproblemer zesummen ?

Fir d’éischt musse mer verstoen, wat dann déi wichtegst Problemer vun der Welt sinn an do kann ee véier grouss Punkte gesinn.

Gouvernance, d’Manéier fir ze regéieren. Uechtert d’ganz Welt weisen ëmmer manner Leit en Interessen un hirer Regierung a fille sech souguer vun hir entfriemt. An ënnert hinne ginn et der déi op d’Strooss gi fir hir Regierung wëlle vum Pouvoir ze geheien.

Konflikter tëschent Länner ass en anere grousse Weltproblem. Op en neits fënnt den Nationalismus nees Unhänger, an dat gesäit ee virun allem an enger méi grousser Zuel vu Grenzkonflikter a staarke Spannungen iwwer Minoritéitsgruppen déi net hir Plaz fannen. Am allgemengen interesséieren déi aner Länner sech net fir sou Problemer sou laang si selwer net dovu betraff sinn.

Da ginn et all déi reliéis Streidereien. D’Géigner vun der Relioun an déi, déi u Relioun zweiwelen an déi geduecht hunn dass Relioun an engem weltleche System verschwanne géif, hu sech geiert. Wat am Moment déi global Communautéit paraliséiert sinn eng Rei vu reliéisen Theme wéi den Terrorismus, fanatesch Indoktrinatioun vu Kanner, an d’Ofleenung vun de Rechter vun de Fraen.

An de gëtt et déi sozial Problemer, wéi zum Beispill eng ëmmer méi grouss Gewalt, d’Verbreedung vum AIDS – wat zum Resultat eng Rei vu Bevëlkerunge quasi ouni Erwuessener mat sech bruecht huet, den Drogentraffik, Terrorismus an d’Korruptioun vu Rechtskräften an der Media; alles dat befällt am Moment eis Gesellschaft weltwäit.

D’Fro déi sech stellt: konfrontéiert mat all dëse Problemer, wat maachen d’Bahá’í ?

Verschidde Leit an Instanzen an der Gesellschaft gi sech méi dës Problemer duerch materiell Mëttelen ze léisen. Dobäi ass et awer sou, dass dës materiell Mëttele sech nëmmen un d’Symptomer riichten. Si packen d’Ursaache vun de Konflikter net un. D’Roll vun de Bahá’í ass et, d’Problemer op engem geeschtegen Niveau unzepaken.

D’Bahá’í sollte mat gläichgesënnte Leit an Organisatiounen zesummeschaffen, déi sech beméien, Léisunge fir dës Problemer ze fannen. D’Aufgab vun de Bahá’í ass et virun allem awer dësen Efforte Geeschtegkeet, de Geescht vum Glawe vu Bahá’u’lláh ze ginn.

Niewent den Haaptaktivitéite vun der Bahá’í Gemeng, gesäit den Dr Khan véier grouss Beräicher wou d’Bahá’í sech engagéiere kënnen.

Dauerhaft Bestietnesser opbauen : mat der dramatescher Zuel vu Scheedungen an eiser westlecher Gesellschaft besteet e Besoin an eng Méiglechkeet déi staark Bahá’í Léieren iwwer d’Bestietnes mat aneren ze deelen, wéi zum Beispill d’Gläichheet vu Mann a Fra, zesummen Entscheedungen huelen, an zesumme fir en nobelt Zeil ze schaffen.

Gutt Wäerter fir eis Kanner : Elteren an d’Gesellschaft am allgemenge siche kohärent geeschteg Wäerter fir Kanner déi fräi si vu Fanatismus. De Bahá’í Glawen huet déi néideg Léieren an Approche.

Eng sécher Plaz fir sozial Interaktioun : D’Bahá’í Gemeng huet d’Erfarung, d’Fäegkeeten an d’Ressourcë fir e séchert Ëmfeld wat op Wäerter berout fir sozial Aktivitéiten. En Ëmfeld wat op ass fir Verschiddenheet a wou keen ausgeschloss ass.

Féierung fir déi, déi e Sënn am Liewe sichen : sou vill Leit interesséiere sech einfach neméi un eiser Gesellschaft – virun allem ënnert den 30-40 järegen. D’Bahá’í Schrëften erméigleche jidderengem sech selwer z’entdecken an e Sënn am Liewen ze fannen.

Zum Schluss huet den Dr Khan déi mysteriéis Kraaft vum kreative Wuert vum Herrgott ervirgehuewen. Et ass dat kreatiivt Wuert vu Gott dat onendlecht Wëssen a Wäisheet gëtt, virun allem wann et duerch Aktioun geschitt, an dat renforcéiert eise Glawen erëm op en neits. An deem Sënn, mat voller Kraaft no vir !

 

192 Fridden

Sendung 192, 2ten an 3te Januar 2004. Den Ufank vum neie Joer ass oft eng Ureegung fir iwwer dat Joer virdrun nozedenken. Gëtt et e bessert Joer a wat kënne mer dozou bäidroen. D’Zäitschrëft Der Spiegel huet als Titelsäit e Bild vum Philosoph Kant, deen an d’Stäre weist. Am Februar ass dem Kant säin 200sten Doudesdag. Speziell an enger Zäit wou déi sozialistesch Utopie gescheitert sinn, an domat och e bëssen de Ruhm vum Karl Marx an dem Hegel e bësse verblatzt ass, interesséieren sech nees méi Leit un deem wat de Kant gesot huet. Dozou gehéieren d’Trennung vu Staat a Kierch oder d’Iddi vun engem Weltbiergerrecht als Viraussetzung fir Fridden an och d’Begrënnung vun enger Moral ouni Relioun. D’Farah Dustdar dat zu Lëtzebuerg lieft a Bahá’í ass, ass Schrëftstellerin a Politologin an huet hir Dokteraarbecht iwwer de Kant geschriwwen. Mir wäerte sécher nach mat hir diskutéieren, wéi eng Relevanz de Kant fir eis haut erëm huet.

D’Schafung vum Fridden ass haut déi gréissten Erausfuederung mat där d’Mënschheet konfrontéiert ass. Fridden ass Liicht a Liewen, Krich ass Däischtert a stellt den Doud duer. Bahá’u’lláh huet viru méi wéi 100 Joer Weltfridden ugekënnegt. Fir dee Fridde kënnen ze hunn, proposéiert Hien eng Rei vu Léieren, déi et erméiglechen, dëse Fridden ze schafen.

Do gëtt et d’onofhängeg Siche vun der Realitéit. Wann et de Leit erlaabt ass, no der Wourecht ze sichen, wäerten si d’Eenheet vun der Mënschheet entdecken. Vu dass et nëmmen eng Realitéit gëtt, wäert dës Realitéit d’Welt vereenegen. D’Viruerteeler vun all Zort – vu Rass, vu Klass, vu Faarf, vu Glawen, vun Natioun, vu Geschlecht a vum Grad vu materieller Zivilisatioun – sinn all Ursaache vu Konflikt. Wa mer akzeptéieren d’Realitéit ze sichen amplaz blann d’Meenungen an d’Traditioune vun der Vergaangenheet z’imitéieren, da si mer um richtege Wee all Zort vu Viruerteeler ofzeschafen.

D’Léier vu Bahá’u’lláh iwwer d’Relioun mécht en däitlechen Ënnerscheed tëschent wierklecher Relioun a Superstitioun, Awerglawen. Relioun muss an Harmonie si mat der Wëssenschaft a mam Verstand. Relioun muss d’Quell si vu Solidaritéit a Léift. Wa Relioun zu Sträit an Haass féiert, ass et besser keng Relioun ze hunn. Eng Léier vu Bahá’u’lláh déi zum Fridde bäidréit ass d’Gläichheet vu Mann a Fra. Wa mer d’Mënschheet wéi e Vull gesinn, stellt d’Fra e Flillek duer an de Mann deen aneren. Fir kënne fortzefléien, musse béid Flilleke gläichméisseg entwéckelt sinn. Et soll een och wëssen wéi e grousse Wäert am Bahá’í Glawen drop geluecht gëtt, dass jiddereen an der Welt Zougank zu Erzéiung soll hunn; dass et en immense Virdeel ass, wa mer eis niewent dem Léiere vun eiser Mammesprooch, eens ginn eng gemeinsam Sprooch ze léieren, sief et Sprooch déi schonn existéiert, oder eng nei Sprooch. Et ass genee sou néideg, spirituell Léisunge fir eis ekonomesch Problemer ze sichen.

De Mënsch soll sech fräimaache vun der Gefaangeschaft vun der Welt an der Natur. De Mënsch gouf geschaf fir um Fortschrëtt vun enger Zivilisatioun matzeschaffen déi kontinuéierlech avancéiert. D’Zivilisatioun huet awer zwee Aspekter, dee Materiellen an dee Geeschtegen. Wann dat Materiellt an dat Geeschtegt et fäerdeg bréngen, sech mateneen ze verstoen, da si mer amgaang, un eisem Gléck ze schaffen. A wa mer et fäerdeg bréngen, dass Gerechtegkeet an eisem Zesummeliewen an an eisem Alldag ass, droe mer zu Uerdnung an der Welt bäi.[32]

Et ass eng Ermuddegung an de Bahá’í Schrëften ze liesen dass „d’Verbesserung vun der Welt kann erreecht ginn duerch reng a gutt Doten, duerch e luewenswäert an anstännegt Behuelen.[33]

Mir sinn also fest dovun iwwerzeegt, dass jidderengem Eenzelne säi Verhale wichteg ass an dozou bäidréit, eng besser Welt ze schafen. An deem Sënn, e schéint a frout neit Joer am Numm vun der ganzer Bahá’í Gemeng zu Lëtzebuerg.

 

193 Gerechtegkeet

193t Sendung 9ten an 10te Januar 2004. Et gëtt wuel kaum een deen net gäre gerecht behandelt gëtt. Wéi oft héiert een: Dat do ass net fair, dat do ass net gerecht. Gëtt et iwwerhaapt hei op der Welt Gerechtegkeet? An dëser Emissioun gesi mer e bësse wéi eng Stellung d’Gerechtegkeet am Bahá’í Glawen huet.

Dass et ënnert de Mënschen Ënnerscheeder an hire Kapazitéite gëtt geheiert zum Wiese vun der mënschlecher Existenz. Et ass fundamental. Et ass einfach onméiglech dass mer all d’selwecht sinn, dass mer all gläich sinn. Mee d’Affäre vun eisem Alldag mussen an all hiren Aspekter nom Prinzip vun der Gerechtegkeet geféiert ginn.

D’Gerechtegkeet ass net limitéiert, net begrenzt; et ass eng universal Qualitéit. Si applizéiert sech un all Niveaue vun eiser Gesellschaft. D’Gerechtegkeet muss als helleg ugesi ginn, an d’Rechter vu jidderengem musse respektéiert a geséchert sinn. D’Gesetzer vun der Gesellschaft musse sou formuléiert sinn a mussen esou applizéiert an ugewannt ginn, dass et enger Minoritéit net méiglech ass onwahrscheinleche Räichtum opzekéipen an ëmmer an ëmmer méi räich ze ginn an dass anerer awer och glat a guer näischt hunn. Ënnert de Léiere vu Bahá’u’lláh fënnt een d’Ofschafung vun extremem Räichtum an extremer Aarmutt.

Jidder Eenzelnen an der Gesellschaft muss kënnen Notzen zéie vun den Avantagë vun eiser Zivilisatioun, well all Eenzelnen ass jo e Stéck vum Kierper vun der Mënschheet. Wann et engem vun de Kierperdeeler schlecht geet, mussen déi aner Kierperdeeler noutgedrongen och iergendwann eng Kéier leiden. Mee hautdësdaags, wou et un harmoniéise Relatioune feelt, ass et esou dass verschidde Leit an eiser Gesellschaft an engem ongeheiere Wuelstand liewen, mat deem gréisste Luxus, während deems anerer net genuch z’iessen hunn a mol keen Dag iwwer dem Kapp hunn. Déi néideg Reziprozitéit an déi néideg Symetrie feelen an eiser heiteger Gesellschaft, si ass an deem Punkt net gutt organiséiert. Déi eng kréien nëmme a ginn näischt an déi aner ginn oft vill ouni dat néidegt zréck ze kréien. Mir brauche Gesetzer a Prinzipien déi d’Gléck an de Wuelstand vun alle Membre vun der mënschlecher Famill assuréieren.

D’Gerechtegkeet berout op den zwee Stäiler vun der Belounung an der Bestrofung. D’Leit sinn encouragéiert gerecht ze sinn aus der Hoffnung no Belounung an der Angscht vun der Bestrofung. Dës zwee Gefiller sinn indispensabel fir d’Oppressioun ze vermeiden. D’Legislateuren an d’Administrateure vun de Gesetzer musse sech bewosst sinn dass hir Entscheedungen och spirituell, geeschteg Konsequenzen hunn. Wann e Staatsbeamte versteet dass hie Rächeschaft muss ofleeë fir dat wat he mécht, an dat iwwer dëst Liewen hei eraus, dann ass hien ermuddegt op eng gerecht Manéier ze handelen. De Patron dee weess dass seng Entscheedungen mat der Wo vun der gëttlecher Gerechtegkeet gewie ginn, probéiert sécher all Oppressioun ze vermeiden.[34]

Ofschléissend dës Wierder aus de Bahá’í Schrëften zum Thema Gerechtegkeet: O Jong vum Geescht! A Mengen Aen, wat Ech vun Allem am léifsten hunn ass d’Gerechtegkeet; schwäif net dovun of wann s du Mech wëlls a vernoléisseg si net, sou dass Ech Mech dir uvertraue kann. Mat hirer Hëllef wäerts du mat dengen eegenen Ae gesinn, an net duerch déi vun aneren, a wäerts duerch deng eegen Erkenntnis wëssen an net duerch d’Wësse vun dengem Noper. Iwwerlee der an dengem Häerz wéi s de solls sinn. A Wierklechkeet ass d’Gerechtegkeet Mäi Cadeau fir dech an d’Zeeche vu Menger zaarter Gnod. Hal der dat virun Aen.“

 

194 Eenheet

Sendung 194, 16ten a 17te Januar 2004. Gëtt et am Bahá’í Glawen e Prinzip wat méi wesentlech, méi wichteg ass wéi d’Prinzip vun der Eenheet vun der mënschlecher Rass? Neen, wuel kaum. Mee wat heescht dat d’Eenheet a virun allem wat kënne mer zur Eenheet ënnert de Leit an de Vëlker bäidroen?

Fir d’éischt emol soll een Eenheet net mat Uniformitéit verwiesselen. E Gaart an deem all d’Planzen déi selwecht Form an déi nämlecht Faarf hunn ass sécher net immens schéin. Mee e Gaart an deem et vill ënnerschiddlech Blummme ginn, mat ville Faarwen an a verschidde Gréissten ass eng Freed fir d’A. Et ass genee dëse freeleche Kontrast deen engem Gaart seng Schéinheet a säi Charme gëtt. An obwuel all Blumm a Planz anescht ass, gëtt jiddereng vum selwechte Reen erfrëscht a kritt hir Hëtzt vun der selwechter Sonn. A genee sou ass et och mat eis Mënschen. Mir setzen eis zesummen aus verschiddene Rassen a Faarwen. Mee mir sinn all erschaf vum selwechten Herrgott, mir hunn dee gläichen Ursprong. D’Diversitéit, de Räichtum u Villfalt an eiser mënschlecher Famill soll dach d’Ursaach vun der Léift an Harmonie sinn, wéi an der Musek; verschidden Nouten an Téin setzen sech zesumme fir e perfekten Accord ze produzéieren.

Eis Existenz verlaangt Eenheet. Eenheet ass wesentlech. D’Quell selwer vum Liewen ass Léift. An eiser materieller Welt ass d’Existenz vun alle Saachen ofhängeg vun der Eenheet. Hir Atomer sinn zesummegehalen duerch d’Gesetz vun der Unzéiung. An der Form vun enger schéiner Blumm zum Beispill fënnt een d’Gesetz vun der Unzéiung. Mee wann dës Unzéiung neméi do ass, stierft d’Blumm. A sou ass natierlech mat allem wat existéiert a besonnesch beim Mënsch. D’Unzéiung, d’Harmonie an d’Eenheet si Kräften déi d’Mënschheet um Liewe behalen.

Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen huet e Plang entworf, deen et erlaabt d’Mënschen alleguer op der Welt ze vereenen. Mir mussen eis voll a ganz engagéieren déi Leit ronderëm eis an dëse Krees vun der Eenheet z’invitéieren. Egal weem mer och begéinen, duerfe mer et ni erlaben, dass eis Ënnerscheeder eng Barrière tëschent eis ginn. Am Contraire, eis Ënnerscheeder sollen eng Ursaach vu Freed an Interesse ginn.[35]

D’ganz Schwieregkeet läit doranner, vir an deem aneren dat Bescht ze gesinn a sech net mat senge Feeler ze beschäftegen. Wa mer dat maachen, gesinn déi aner och éischter eis gutt Säiten. Schlecht iwwer aner Leit schwätzen ass wahrscheinlech eng vun de gréissten Ursaache vu Sträit, Mëssverständnesser a Mësstrauen. Eppes guddes bei egal weem entdecken ass eng vun de schéinsten Entdeckungen, déi mer iwwerhaapt maache kënnen. An domat maache mer och schonn e wichtege Beitrag zur Eenheet. An dat an eiser Famill, eisem Bekanntekrees, an eisem Duerf an doriwwer ewech.

Wat mer nach entdecke mussen ass einfach ze gesinn, wéi staark d’Luucht vun der Eenheet ass, sou staark dass dës Luucht d’ganz Welt erliichte kann.

 

195 Erzéiung[36]

Sendung 195. Wann ee wëllt e puer vun de wesentleche Bahá’í Prinzipie presentéieren, kënnt een net laanscht d’Thema Erzéiung. An zwar Erzéiung fir jiddereen. An dorop huet Bahá’u’lláh besonnesch insistéiert. Eng universal Erzéiung heescht net déi selwecht Erzéiung fir jiddereen op der ganzer Welt. Et geet drëm d’Erzéiung iwwerall ze fërderen an et ass dat speziell an eiser heiteger Zäit dréngend noutwendeg. Keng Natioun op der Welt ka wierkleche Wuelstand hunn ouni sech vill Zäit fir d’Erzéiung ze huelen. Déi éischt Ursaach vum Ënnergank vun engem Vollek ass d’Ignoranz, d’Netwëssen. D’Erzéiung gëtt der Regierung an hire Bierger Éier, Wuelstand, Onofhängegkeet a Fräiheet.

Erzéiung muss sécher am ganz jonkem Alter ufänken. Et ass d’Aufgab vum Papp an der Mamm mat alle Mëttelen ze versichen hir Kanner z’erzéien, hir Charakteren ze raffinéieren an ze verfeineren, an dat an Harmonie mat de geeschtegen a moralesche Gesetzer. An d’Eltere sollen hir Kanner an de Kënschten a Wëssenschaften erzéien. D’Mamm ass déi éischt Erzéierin vun der mënschlecher Rass; si kuckt nom Kand a niert et un der Broscht vum Wëssen. All Kand brauch eng Erzéiung a muss eng Erzéiung kréien; et ass net eppes wat ee ka vernoléissegen. Wann d’Eltere kënnen d’Käschte vun der Erzéiung droen, sollen se et maachen. Soss muss d’Gemeinschaft déi néideg Mëttele virgesinn fir dem Kand eng gutt Erzéiung ze ginn.

A wat soll d’Erzéiung bewierken? Si soll an all Mënsch e Verlaangen ureegen oder stimuléieren, fir Exzellenz z’erreechen, fir dat Bescht wëllen ze maachen, en Drang dat wat ee mécht sou gutt wéi méiglech ze man. De Mënsch soll en Duuscht entwécklen fir mënschlech Perfektioun an dësem Duuscht mat all senger Leidenschaft nogoen. Hie muss no Geeschtegkeet striewen an den Dugende wéi Éierlechkeet, Loyalitéit, Déngscht un der Mënschheet, Léift a Gerechtegkeet. Hie soll versichen sech auszezeechnen duerch seng Bestriewungen an Efforten, Fridden an Eenheet ze fërderen a Kenntnisser ze vermëttelen. Anere Leit op dësem Wee hëllefen ass déi wierklech Funktioun vun Erzéiung.

Et ginn eng ganz Rei vun Themen, wou ee kann iwwer d’Erzéiung schwätzen. Ech denken do emol an éischter Linn un d’Erzéiung vun de Kanner, awer och de soziale Fortschrëtt, d’Kraaft vun der Wëssenschaft ass sécher e ganzt aktuellt d’Thema, nämlech eise Schoulsystem. Déi aner Fro iwwer déi ee kann nodenken ass déi hei: Wéi stellt der iech vir, Erzéiung ënnert Milliarde vu Mënschen, déi haut op der Äerd wunnen, ze generaliséieren, en allgemenge Curriculum auszeschaffen? Ass dat och wënschenswäert?

Ofschléissend nach e puer Zitater aus de Bahá’í Schrëften, déi zum weidere Nodenken ureege sollen. „Et ass net wënschenswäert dass e Mënsch keng Kenntnisser a kee Beruff huet, well dann ass wéi e Bam ouni Friichten.“

„Dass äre Geescht an äre Wëlle sech der Erzéiung vun de Vëlker an de Stämm vun der Äerd widmen.“

„D’Kënschten, d’Handwierker an d’Wëssenschaften erhiewen d’Welt vun der Existenz an droen derzou bäi, si ze valoriséieren, hir e Wäert ze ginn. Wësse kann ee mat engem Puer Flilleken am Liewe vum Mënsch vergläichen an eng Lieder mat där hien eropklamme kann.“

„A Wierklechkeet, ass Wëssen e richtege Schatz, en Tresor fir de Mënsch an eng Quell vun Éier, vu Gnod, vu Freed, vu Begeeschterung, vu Courage a vu Gléck fir hien.“

Iech léif Radio Ara Nolauschterer e schéinen erhuelsame Weekend, äre Jean-Marie.

 

196 D’Maturitéit vun der Mënschheet[37]

Sendung 196, 30te Januar 2004. All Mënsch op dëser Welt, vu senger Gebuert bis zu sengem Doud, geet duerch eng Rei vun Etappen. All Etapp huet seng spezifesch Bedingungen an Ufuerderungen. Am Liewe vun engem Mënsch, sinn dës Konditiounen an Exigencë vun der Kandheet, der Jugend an dem Erwuessesinn net déi selwecht. All Etapp brauch hir Zäit a bereet eis op déi nächst Etapp vir. Mir léieren eis Fäegkeeten z’entwécklen a mir gi méi intelligent.

An esou wéi de Mënsch a sengem Liewen duerch eng Rei Etappe geet a bäiléiert a sech entwéckelt, geneesou ginn et och Etappen am kollektive Liewe vun der Mënschheet. Am Moment, si mer als Mënschheet amgaangen, eis Kandheet hannert eis ze loossen. Mir kommen esou lues an d’Period vum Erwuessesinn, eng Zäit op déi mer scho laang waarden. Dat wat mer haut brauchen entsprécht net deem wat mer als Kand gebraucht hunn. Mir wëllen aner Saache. Mir verlaangen no deem wat en Erwuessene verlaangt.

Vu wou een och ëmmer kuckt, stellt ee fest, dass mir als Mënschheet e revolutionäre Ëmännerungsprozess matgemaach hunn, sief dat am Beräich vun der Politik, dem Gesetz, der Wëssenschaft oder an der Industrie. Eis ethesch Kriteren, eis moralesch Wäerter an eis Liewensaartaweis vu fréier sinn eiser heiteger Zäit neméi ugepasst, si si neméi adequat; an dat an enger Zäit déi markéiert ass vum Fortschrëtt.

Wa mer dës Etappen an dës Entwécklung beim Mënsch feststellen, a bei der Mënschheet als e Ganzt, liewe mer haut och an enger Zäit vun Erwuessesinn a Reform vun der Relioun. D’Bigoterie a sech wëllen dogmatesch un déi fräi Glawensrichtunge festklammeren sinn haut d’Ursaach vu grousser Feindséilegkeet. Einfach wëlle maache wéi ëmmer, wéi fréier ; d’Imitatioune vun der Vergaangenheet musse Plaz maache fir gëttlech Léieren déi offenbaart goufe fir d’Mënschheet an eisem Zäitalter z’avancéieren, wéiderzebréngen. Dës Reform an dës Erneierung vun der fundamentaler Realitéit vun der Relioun ass dee wierkleche Geescht vum Modernismus, et ass dat kloert Liicht vun der Welt an déi gëttlech Medezin fir all d’Boboen an Iwwele vun der Welt.

Dass dëst d’Thema vun Aktualitéit ass, schéngt engem kloer ze sinn. Et mierkt een dat wann ee sech fir d’Geschicht interesséiert, oder d’modern Literatur. Et ass och vu gréisster Bedeitung wann een interesséiert ass wat mat eis an Zukunft geschéie wäert an net zu gudder Lescht ass dëst d’Thema am Mëttelpunkt vun der d’Tatsaach dass eis heiteg Gesellschaft sech an engem groussen Duerchernee befënnt.

Ofschléissend e puer Passagen aus de Bahá’í Schrëften zum Thema: « All Zäitalter huet säin eegene Problem, all Séil seng eege Bestriewung. D’Heelmëttel wat fir d’Problemer vum heitegen Dag gutt ass an hëllefe kann, kann net datselwecht sinn fir d’Iwwelë vun engem spéideren Zäitalter. »

« Beschäftegt iech mat Suerg iwwer d’Besoië vun der Zäit an där dir lieft an dass all är Berodungen sech domat ausernanersetze wat dës Zäit erfuerdert a verlaangt. »

« Eng ganz nei Liewenskraaft belieft an dësem Moment d’Vëlker vun der ganzer Äerd, awer kee Mënsch huet d’Ursaach dovun entdeckt oder de Grond dofir ernuecht geholl. » Iech Radio ARA Nolauschterer dee beschte Weekend, a bis d’nächst Woch.

 

197 Léift[38]

Sendung 197, 6ten a 7te Februar 2004. Bal dräidausendmol fënnt een d’Wuert Léift an de Bahá’í Schrëften, wann een eng Recherche um Computer nom Wuert mécht. D’Léift huet och eng grouss Plaz an eise Lidder an Texter déi mer héieren a sangen. A vill grouss Filmer a Bicher kënnt d’Thema vun der Léift ëmmer nees erëm.

D’nächst Woch, de 14te Februar ass Valentinsdag a fir d’Geschäfter eng weider Méiglechkeet e puer Su ze verdéngen. Rout ass eng Faarf déi dacks mat der Léift verbonne gëtt. D’Léift zu enger Saach, zu sengem Museksveräin, d’Léift zu senge Kanner, sengen Elteren a sengem Partner. Wann ech u Léift denke froen ech mech: Wat ass da Léift? Wéi dréckt d’Léift sech a mengem Alldag aus? Kann ech vu Léift schwätzen zu enger Saach, enger Persoun, enger Relioun, wann dat Gefill, dat Bewosstsinn, deen ënneren Drang, déi Passioun sech net op iergendeng Manéier ausdréckt. Ech kann all déi Léift déi a mer ass net einfach a mir behalen. Soss nëtzt se jo kengem eppes. Ech vergläichen d’Léift emol einfach mat Sport. Wann ech gär fit ginn, muss ech fir d’éischt Kraaft an Energie ewechginn, lafen, turnen a sou weider. Wann ech gär Léift kréie wëll, muss ech dann net och fir d’éischt Léift ginn, ier ech der kréie kann. Ech denken dass d’Léift eng mysteriéis Saach ass. Esou vill Saache kënne mer einfach net verstoen. Just versichen, der Wourecht e bësse méi no ze kommen. Dofir probéieren ech an dëser Emissioun einfach iwwer e puer Eegeschafte vun der Léift ze schwätzen. Fir se einfach e bësse besser an de Grëff ze kréien.

Wéi oft sinn ech vun eppes ugezunn a soen dass ech et gär hunn. An der Koppel denken ech dass d’Léift fir d’éischt eng Unzéiung ass, et begéint ee sech, et verléift ee sech an dann, an da kënnt dee brennende Punkt. Wéi geet et weider? Op deem Punkt ginn d’Meenungen auserneen. Wat geschitt mat der Léift? Déi éischt Léift verännert sech an d’Koppel schafft un hirer Léift, d’Koppel ass amgaangen eppes opzebaue mat dëser Léift. An d’Léift ass den Zement an d’Fundament vun dëser Konstruktioun. An dofir brauch ee Wëllen. Et muss e wëllen zesummen eppes opbauen; eng Famill, en Heem schafen. An do kann ee soen dass d’Léift sech léiert. An an der Frëndschaft brauch een och eng Partie Léift an e puer wesentlech Dugenden. Sou zum Beispill Héiflechkeet, Éierlechkeet, Matgefill a Verständnes. An alles dat léiert sech. Doheem an an der Schoul.

A wann ee vu Léift schwätzt, ass een och séier beim Thema Häerz, dat wat eis wierklech usprécht, déi Plaz déi eis am déifste beréiert. ‘Abdu’l-Bahá seet: „ Et geet net domat duer, iech duerch Wierder eleng Frëndschaft ze weisen, loosst är Häerzer a léiwer Frëndlechkeet fir all opbléien, déi äre Wee kräizen.“ A weider seet ‘Abdu’l-Bahá: „Léift ass den Hauch vum hellege Geescht am Häerz vum Mënsch“. Heescht dat net dass d’Léift also vum gëttlechen hirkënnt. Ass dat och net eng vun den Aufgabe vun der Relioun, dass si eist d’Liewe mat Léift erfëlle kann, sou dass mir et mat eise Matmënschen deele kënnen an déi Léift déi an eis ass, weiderginn. Well et ass jo virun allem wa mer déi Léift déi an eis ass, weiderginn a matginn, dass mir se selwer an eis spieren.

Ass do net e wesentleche Punkt, deen eis hëllefe kann, eis Relioun besser ze verstoen. Wa mer se mat der Léift verbannen. Dann ass et d’Wuert vu Gott, dat schëpferescht Wuert vu Gott, mat all senger Kraaft, dat eppes an eis ausléist wat immens ass. Et ass net nëmmen eist Bestriewen als Mënsch sou richteg wéi méiglech ze liewen, wat eis weiderbréngt, mee virun allem wann eist Bestriewe sech inspiréiert vum Wuert Gottes, vun den hellege Schrëfte vun all de grousse Reliounen. Et ass vläicht dann, wou mer der Léift am nootste kommen.

An zum Thema Léift luet d’Bahá’í Gemeng vu Steesel iech op en Owend zum Thema Léift an, an dat e Freideg den Owend, den 13ten um 7 Auer bei der Famill Nau. Mellt iech am beschten un iwwer den Telefon 091 334210, wéi gesot zu Steesel bei der Famill Nau. Iech alleguer e wonnerschéine Weekend.

 

198 Buchvirstellung: D’Bahá’í Welt 2002-2003

Sendung 198, 13ten a 14te Februar 2004. Fir all déi, déi sech gär e gutt Bild iwwer d’Bahá’í Relioun an der Welt maachen, ass en neit Buch eraus mam Titel: d’Bahá’í Welt 2002-2003. D’Buch huet 316 Säiten an ass fir all geduecht, déi Referenze sichen, déi eng Recherche am Beräich vun der Relioun maachen, et ass fir Institutiounen an der Erzéiung, fir Regierungen, fir d’Medien an all Assoziatiounen eng wäertvoll Hëllef. A fir eis Radio ARA Nolauschterer hu mir eng Kopie ze verschenken. Et geet duer vir eis um Radio unzeruffen oder direkt bei mir, no der Sendung.

Et fënnt een am Buch ganz verschidde Saachen. Sou zum Beispill de kompletten Text vum héchste Bahá’í Gremium adresséiert un déi reliéis Leaderen an der Welt a mat engem Rapport vun all de Reaktiounen.

D’Publikatioun: D’Bahá’í Welt gouf 1926 vum Hidder vum Bahá’í Glawe lancéiert. Et war deemools scho geplangt dës Serie dem grousse Publikum zougänglech ze man. Haut huet se natierlech faarweg Fotoe vun den Aktivitéiten an deene verschiddenen Deeler vun der Welt dran. Et kritt een am Buch e gudden Iwwerbléck vun all den Aktivitéite vun de Bahá’í Gemengen uechter d’Welt.

Wat ass nach alles am Buch? En Artikel iwwer déi nei Iwwersetzunge vun de Schrëfte vu Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen; e Rapport iwwer d’Bedeelegung vun der internationaler Bahá’í Gemeng um Weltsommet iwwer d’dauerhaft Entwécklung zu Johannesburg a Südafrika; den Text vun enger Deklaratioun: d’Relioun an d’Entéwcklung op enger Kräizung vu Weeër: Convergenz oder Divergenz? En Essai iwwer eis Verflichtungen a Verantwortungen am Opbau vun enger Weltzivilisatioun. Eng Bahá’í Perspektiv iwwer déi global AIDS-HIV Epidemie an en Artikel iwwer d’Roll vum Eenzelnen an eiser Gesellschaft. Donieft kann een iwwer e puer vun den Entwécklungsprojete liesen, dorënner e Portrait vun APRODEPIT, enger Assoziatioun fir d’Promotion an d’Entwécklung vun der Pisiculture intégrée am Tschad.

Fir all déi Nolauschterer déi net regelméisseg eis Emissioun lauschteren, sief gesot dass de Bahá’í Glawen aus enger obskurer Bewegung am Mëttleren Orient zu der zweetmeescht verbreeter vun den onofhängege Relioune gewuess ass. Et fënnt ee Leit vun iwwer 2100 ethnesche Gruppen, Stämm a Rassen an ass domat zimlech sécher déi villsäitegst organiséiert Bewegung vu Leit déi et haut op eisem Planéit gëtt. D’Eenheet vun dëser Gemeinschaft ass eng Erausfuerderung fir déi virherrschend Theroie iwwer d’Natur vum Mënsch an d’Aussiichte fir eis gemeinsam Zukunft.

Den zentralen Thema vum Glawen ass dee vun der Eenheet. Hire Begrënner, Bahá’u’lláh léiert eis dass et nëmmen ee Gott gëtt, dass et nëmmen eng Mënschheet gëtt, an dass all d’Relioune vun der Welt Etappe waren, an dat an der Offenbarung vun deem wat Gott de Mënsche soe wollt. Haut, ass d’Mënschheet erwuess ginn. „D’Äerd ass nëmmen ee Land“, seet Bahá’u’lláh, „an d’Mënschen hir Bierger“. D’Erviertriede vun der Bahá’í Gemeng stellt iwwerzeegend Beweiser duer dass d’mënschlech Rass, an all hirer Diversitéit, léiere kann zesummen ze liewen an ze schaffen an hirem Heemechtsland, dem Planéit.

Dëst Buch, d’Bahá’í Welt wat elo zënter 1926 all puer Joer erauskënnt, ass déi wesentlech ëffentlech Opzeechnung vum Wuesstum an der Entwécklung vum Bahá’í Glawen. Wéi gesot an all Band fënnt ee wichteg Dokumenter a statistesch Donneeën an aner Informatiounen iwwer de wäitgefecherte Programm vun Aktivitéite vum Bahá’í Glawen. Fir de Lieser stellt den dramatesche Wuesstum vum Glawen nei an interessant Froen iwwer d’Roll vun der Relioun an der Entwécklung vun eiser Gesellschaft. Dëst Band besteet virun allem fir ze hëllefen dës Froen ze beäntweren. Wéi gesot, e Band, d’Bahá’í Welt 2002-2003 waart hei op den éischte Radio ARA Nolauschterer, dee mir elo urifft, am beschten um 091 334210. Iech alleguer e schéine Weekend a bis d’nächst Woch.

 

199 D’Bahá’í Wanterschoul zu Bollendorf

199t Sendung, 20ten an 21te Februar 2004. Wann dir tëschent all de Fuesbaler dëse Weekend nach Zäit fannt fir iech e bëssen z’erhuelen, kann ech iech e puer gemittlech Stonnen ubidden, an dat an der Bahá’í Wanterschoul zu Bollendorf, an der Jugendherberg, just hannert Iechternach. Dës Invitatioun ass fir d’ganz Famill geduecht. Fir déi Grouss ginn et Virträg an et kann ee matschwätzen. Fir déi Kleng ginn et flott a kreativ Aktivitéiten de ganzen Dag iwwer. Et ass kloer, dass zesumme giess gëtt an dass een nei Leit ka kenneléieren, an dat op eng gemittlech Aart a Weis, fräi vun Alkohol. Duerch de Weekend féieren eis den Dr Moojan Momen aus England an den Här Kambiz Poostchi aus Éisterräich. Fir eng däitsch Iwwersetzung aus dem Engleschen ass gesuergt.

Den Dr Momen interesséiert sech fir wëssenschaftlech Recherchen iwwer Relioun am allgemengen an iwwer de Bahá’í Glawen. Hien huet eng Rei Bicher iwwer d’Bahá’í Geschicht geschriwwen an iwwer zwanzeg Artikele fir eng Bahá’í Enzyklopedie. Doriwwer eraus interesséiert hie sech fir den Hinduismus par Rapport zum Bahá’í Glawen. Zesumme mat senger Fra, dem Wendi Momen, wat iwweregens aktiv als Soroptimist ass, hu si eng flott Internetsäit, wou dir nach vill Informatioune fannt. Maacht am beschten eng Recherche ënnert Momen a Bahá’í.

Den Här Kambiz Poostchi kënnt aus Éisterräich. Hien ass Architekt a Liewens- a Sozialberoder. E ganz waarme Mënsch, deem säin neit Buch: Goldene Äpfel, Spiegelbilder des Lebens ech hei op dëser Plaz scho virgestallt hunn. Hie wäert och méi Zäit mat de Kanner an de Jugendlecher verbréngen. Et wier wierklech schéi wann dir Zäit hätt dëse Weekend bis op Bollendorf ze kommen. Dir kënnt einfach kommen, eng Taass Kaffi drénken an e bëssen eralauschteren. Fir iech e bëssen Appetit ze man, hunn ech e puer Geschichten aus sengem Buch matbruecht.

Fir d’Kanner ass och gesuecht an do hu mer d’Famill Schwanenengel, de Fernand Schaber, d’Margarit Molaian an d’Jeannette Kaber, déi e flotte Programm zesummegestallt hunn. Dir hutt och d’Méiglechkeet an der Jugendherberg ze schlofen. Da rufft der am beschten direkt zu Bollendorf un.

Den Dr. Momen schwätzt iwwer d’Bahá’í Gemeng an d’Gesellschaft am Wandel vun der Zäit an den Här Poostchi iwwer de Prozess vun der Vergeeschtegung a seng Uwendung am deegleche Liewen. Wéi gesot dir kënnt komme vu Freides owes bis Méindes Mëttes. Fir Iessen an Drénken ass gesuecht.

An elo e bëssen iwwer dat neit Buch vum Kambiz Poostchi: Gëllen Äppel, Spigelbiller vum Liewen. D’Buch ass eng Sammlung vu Geschichten, Gedichter a Wuertspiller. Et huet sechs Deeler, ugefaang mat der Jugend an dem Alter an aner Saachen déi eist d’Liewe bestëmmen. Dann en Deel iwwer Wäisheeten, Dreem an Ziler an anere perséinleche Saachen. Duerno en Deel iwwer d’Laachen, d’Gléck an d’Freed an aner Saachen déi eis erhiewen. Als véierten Deel hu mer d’Sichen, d’Léieren, d’Wuessen an aner verdéiwend Saachen. Bal zum Schluss dann iwwer friem Leit, Frënn, d’Gemeinschaft, een deen anere begéinen an aner Saachen déi eis matenee verbannen an zum Schluss da Wäisheeten a Spréch, Gedichter a Gedankesplitter an aner besënnlech Saachen. An eisem Liewen hale mir eis also mat Saachen op, déi eist d’Liewe bestëmmen, Saachen déi eist d’Liewen erhiewen, Saachen déi eist d’Liewe verdéiwen, eist d’Liewe méi räich maachen, Saachen déi eis matenee verbannen a Saachen déi eis zum Nodenken ureegen.

Iwwer d’Paradis soen d’Bahá’í Schrëften: „Wann s du der e Palast am Paradis wënschs, da maach däin Doheem zu enger Plaz wou d’Frënn sech begéine kënnen.“[86]

„Kreatvitéit ass d’Fäegkeet, aus bekannten Informatiounen nei Kombinatiounen ze man.“

De Biolog Edwin Conklin sot d’Entstehung vum Liewen op der Äerd mam Zoufall wëllen z’erklären heescht sech vun der Explosioun vun enger Dréckerei d’Zustanekomme vun engem Lexikon z’erwaarden.

En däitscht Spréchwuert seet: „Waart ni bis de Zäit hues.“

Den Churchill huet gesot: „Et muss ee Gefalle fannen un deem wat ee mécht. Et huet kee Sënn, nëmmen dat ze man, wat engem gefält.“

De Gotthold Ephraim Lessing schreift: „Dee Luesten, dee säin Zil net aus den Ae verléiert, geet ëmmer nach méi séier wéi deen, deen ouni Zil doruechter rennt.“

Den Einstein sot: „Deen, dee sech neméi wonnere kann, ass séilesch schonn dout.“

A vläicht nach dëse Satz vum Khalil Gibran, iwwer dat wat mer wëlle gesinn. Hie schreift a sengem Buch Der Prophet: „D’Eil, dären hir Aen, déi sech op d’Nuecht beschränken, am Dag erblannen, kann net dat hellegt Geheimnis vum Liicht entschleieren.“

 

200 D’Roll vun der Fra

200t Sendung, 27ten an 28te Februar 2004. An de Bahá’í Schrëfte fanne mer eng ganz Rei vun Texter zu der Stellung vun der Fra am Bahá’í Glawen. Hei elo e puer ausgewielten Texter aus enger Zesummestellung vum Département de Recherche vum héchste Gremium an dem Buch: La grandeur qui pourrait être la leur, Reflexiounen iwwer konkret Aktioune vun der véierter Weltkonferenz vun de Vereenten Natiounen iwwer d’Fraen, 1995 zu Beijing a China.

‘Abdu’l-Bahá schreift: „Den Zäitgeescht wëllt, dass d’Frae Progrès maachen an hir Missioun an alle Spaarte vum Liewen erfëllen, an esou gläich gi mat de Männer. Si musse gläich sinn an vun de selwechte Rechter profitéieren. Dat ass mäin éierlecht Gebiet an ee vun de grousse Prinzipie vu Bahá’u’lláh.“

Weider seet hien: „D’Mënschheet kritt Zougank zum Gléck wann d’Fra an de Mann hir Beméiungen koordinéieren an op gläichem Fouss Progrès maachen, well jiddereen ass d’Ergänzung an de Begleeder vum aneren.“

„Soubal d’Frae voll a ganz a gläichberechtegt mat de Männer d’Affairë vun der Welt matgestalten, soubal se zouversiichtlech a kompetent déi grouss Arena vum Recht an der Politik betrieden, wäerten d’Kricher ophalen.“

„Fréier gouff d’Welt vun der Kraaft regéiert … mee d’Gewicht verleet sech schonn; d’Kraaft verléiert vu senger Stellung, an d’Flénckheet vum Geescht, d’Intiutioun an déi geeschteg Qualitéite vun der Léift a sech kënnen enger Saach ganz higinn, all dës Saachent déi d’Fra charakteriséieren, kréien ëmmer méi Gewiicht.“

„Wéi de Vull brauch d’Mënschheet zwee Flilleken, deen ee männlech, deen anere weiblech. Wann déi zwee Flilleken net déi gläich Stäerkt hunn an net vun enger gemeinsamer Kraaft gedriwwe sinn, kann de Vull net an den Himmel fléien.“

„Soulaang eng wierklech Gläichheet tëschent Männer a Fraen net voll a ganz realiséiert ass, kann d’Mënschheet op keng Manéier hiren héchste Grad vu sozialer Entwécklung erreechen.“[87]

„… Et duerf keen Ënnerscheed tëschent der Erzéiung vun engem Jong an engem Meedche ginn, … A fréieren Zäiten war d’Mënscheet net perfekt an net efficace well se net vollstänneg war. De Krich an hir Verwüstungen hunn d’Welt verdonkelt; d’Erzéiung vun der Fra ass e grousse Schrëtt no fir fir de Krich ofzeschafen well d’Fra wäert all hiren Afloss géint de Krich benotzen. D’Fra erzitt d’Kand an déi Jugendlech bis dass si Erwuesse sinn. Si wäert sech weigeren hir Kanner als Sacrifice an de Krich ze ginn. A Wierklechkeet, wäert si dee gréisste Facteur sinn fir universelle Fridden an internationalen Arbitrage. D’Fra wäert sécher d’Kricher ënnert der mënschlecher Rass ofschafen.“ [88]

Souwäit e puer Zitater aus de Bahá’í Schrëften zu der Roll vun der Fra an eiser Gesellschaft an hire Bäitrag zum Fridden. Interessant ass et festzestellen, dass dës Wierder méi wéi honnert Joer al sinn an das haut op deene Plaze wou Konflikter op der Welt sinn, d’Fra meeschtens ganz wéineg Erzéiung krut an esou och bal keen Afloss an der Politik huet.

Hei am Land ass et d’Union luxembourgeoise des femmes bahá’íes déi sech fir d’Chancegläichheet vun de Fraen asetzt. Méi Informatioune kritt dir vun der Madame Jutta Bayani um 312295.[89] Zu Steesel invitéieren iech d’Famill Nau op en Owend iwwer d’Fra, an dat de 5te Mäerz. Fir eng Invitatioun loosst hinnen einfach e Message um 334210.

 

201 Den Europäesche Bahá’í Business Forum

201t Sendung, 5ten a 6te Mäerz 2004. D’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í. Haut mat engem Interview mam Serge Thill iwwer eng nei Assoziatioun zu Lëtzebuerg, den europäesche Bahá’í Business Forum. Um Mikro de Jean-Marie Nau.

 

202 Fraepräis fir d’Bani Dugal, Bahá’í Vertriederin vun der Bahá’í International Community bei der UNO

202t Sendung, 12ten an 13te Mäerz 2004. D’Haaptvertriederin vun der internationaler Bahá’í Gemeng bei de Vereenten Natiounen, d’Madame Bani Dugal, krut de Präis Fraen hëllefe Fraen, an dat vun der internationaler Fraenorganisatioun Soroptomist. Dës Organisatioun ass och zu Lëtzebuerg vertrueden a steet ënnert dem Haut Patronage vun hirer Altesse Royale d’Grande-Duchesse Maria Theresa. Dëse Präis koum an de leschte Woche virum internationale Fraen Dag, den 8te Mäerz, eng Geleeënheet, déi vu ville Bahá’í Gemengen uechtert d’Welt beuecht gëtt.

De Präis Fraen hëllefe Fraen ass ee vun dräi Präisser vum Programm: En Ënnerscheed fir Frae maachen, 1986 vun de Soroptimisten etabléiert fir d’Aarbecht vun deenen unzëerkennen, déi fir d’Verbesserung vum Statut vun de Fraen an der Gesellschaft schaffen. Soroptomist International ass eng Fraenorganisatioun déi et scho 70 Joer gëtt, a wéi gesot, bei eis am Land ginn et si schonn eng etlech Joeren.

Iwwer d’Bani Dugal, déi de Präis krut, seet d’Presidentin vun der Präiszereomie: “Hir Sensibilitéit an hiren Erfolleg bei Gender- an interkulturelle Relatioune sinn am Zentrum vun hirer Fäegkeet, net nëmmen als eng Fra déi Fraen hëlleft, mee si hëlleft och Fraen, an Zesummenaarbecht, dass si aner Fraen hëllefen.“

D’Madame Dugal gouf och viru kuerzem zur Presidentin vum ONG Comité vum Status vun de Frae bei de Vereenten Natioune gewielt, an dëst weist hiert diplomatescht Verhale wat déif an hirer Séil läit.

Dëse Präis ass fir Fraen, déi bestänneg an op eng efficace Manéier hir Ressource benotzen, hir Talenter an hiren Afloss, fir aner Fraen ze hëllefen hiert d’Potential z’erreechen.

Bei der Präisiwwerreechung huet d’Madame Dugal hire Präis akzeptéiert, an zwar am Numm vun all de Fraen an der Welt déi dofir schaffen een deem aneren ze hëllefen, virunzekommen an deeselwechte Status mat de Männer ze genéissen. Si sot wéi wichteg et ass déi international Mechanisme vun de Mënscherechter ze benotzen, fir Fraen an hirem Weiderkommen ze hëllefen. „Vill Frae kennen hir Rechter net, an anerer mengen dës Rechter wieren abstrakt an onerreechbar,“ sot d’Madame Dugal. „Während Aktivismus an de leschte Joer de Fraerechter vill Opmierksamkeet ginn huet, ass elo d’Erausfuerderung fir dës Rechter méi zougänglech ze maachen, an deems d’Strategien an d’Verspriechen, déi d’Regierunge gemaach hunn, elo implementéiert ginn.“ Fir d’Rechter vun de Fraen ze verbesseren, brauch een eng Erzéiung déi Wäert drop leet, dass ee sech muss bewosst ginn, dass d’Interesse vun de Männer an de Jonge verbonne si mat deene vun de Fraen. En Zitat aus de Bahá’í Schrëften: „Sou laang d’Fraen dru gehënnert ginn hir héchste Bestriewungen z’erreechen, sou laang wäerten d’Männer net kënnen déi Gréisst realiséieren, déi hir kéint sinn.“[90]

„Eis Aufgab ass kloer“, sot d’Madame Dugal „an zesummen, andeems mir een deem aneren hëllefen, kënne mer eis Dreem fir eng besser Zukunft fir d’Fraen an d’Männer realiséieren.“

Dofir wëll ech gären all de Fraen hei zu Lëtzebuerg, déi sech fir gläich Rechter vu Fra a Mann asetzen, Merci soen, an och iech Radio ARA Nolauschterinnen, e wonnerschéine Weekend, äre Jean-Marie.

203 Peace Factory

203t Sendung 19ten an 20te Mäerz 2004. Dëser Deeg haten de Grupp AGIR, am Kader vum Festival de l’imigration um Lampertsbeierg, op en Diskussiounsowend agelueden, fir iwwer d’Thema Erzéiung zum Fridden ze schwätzen. Déi verschidde Reliounen, dorënner och de Bahá’í Glawen, hu sech kuerz virgestallt, an dat mat enger Auswiel vun Texter zum Thema Fridden. Et war guer net sou einfach ze héieren, wat dëse Grupp AGIR dann eigentlech zesumme fir de Fridde konkret mécht. At ass éischter esou dass déi eenzel Reliounsgemeinschaften hei am Land ganz vill ënnert sech bleiwen. Ganz gutt war awer d’Iddi fir zwou Initiative fir de Fridden zu Lëtzebuerg z’invitéieren fir iwwer hire Projet ze schwätzen. Ech wëll haut kuerz ee sou e Projet virstellen: D’Peace Factory, e praktesche Laboratoire fir jonk Leit tëschent 12 a 15 Joer. …

204 ‘Abdu’l-Bahá a seng Stellung am Bahá’í Glawen[91]

204t Sendung, 26ten a 27te Mäerz 2004. ‘Abdu’l-Bahá ass e Personage deen eng eenzegaarteg Stellung an der Geschicht vun der Mënschheet huet. Keng aner Relioun virum Bahá’í Glawen hat eng Figur, deen ee ka mat ‘Abdu’l-Bahá vergläichen. Dass Bahá’u’lláh d’ Bahá’í Gemeng no sengem Doud ënnert dem Schutz vun ‘Abdu’l-Bahá gesat huet, ass eng onbeschreiflech Gnod. Net nëmmen huet Bahá’u’lláh der Mënschheet eng sublim Offenbarung ginn, mee hien huet hir och säin eegene Jong ginn. An hie sot dass duerch säi Wëssen a seng Wäisheet, d’ganz Mënschheet géif erliicht ginn. Et ass schwéier fir eis och nëmmen eng Iddi vun der Gréisst vum Bahá’í Glawen ze maachen, ouni eis bewosst ze sinn, wéi eng eenzegaarteg Stellung ‘Abdu’l-Bahá huet.

Fir d’éischt emol ass ‘Abdu’l-Bahá de Mëttelpunkt vum Bahá’u’lláh sengem Bündnes. D’Muecht vun dësem Bündnes vereent d’Bahá’í Gemeng a schützt se virun Attacken, géint eng Zerdeelung a géint d’Opléisung. Et ass d’Muecht vum Bündnes déi d’Victoire garantéiert.

Am Fong ass et d’Bündnes wat Bahá’u’lláh mat sengen Unhänger gemaach huet, dat vun eis all verlaangt, dass mir eist d’Häerz ‘Abdu’l-Bahá zoudréien an Him voll a ganz trei sinn. ‘Abdu’l-Bahá ass dëst Zentrum. An no Him, esou steet et a sengem Testament, ass et Shoghi Effendi, den Hidder vun der Saach Gottes, deen d’Zentrum ass, deem mir eis mussen zoudréien. Haut ass d’Zentrum vum Glawen d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet, wat nom ausdrécklechen Uerder vu Bahá’u’lláh etabléiert gouf, a vu kloeren Uweisunge vun ‘Abdu’l-Bahá an dem Hidder.

Zweetens ass ‘Abdu’l-Bahá den onfeelbaren Ausleeër, Porte-Parole an Interpret vu Bahá’u’lláh sengem Wuert. Sou grouss ass d’Offenbarung vu Bahá’u’lláh, sou déifgräifend sinn d’Bedeitunge vun all deem wat Hie gesot huet, dass Hien et fir néideg fonnt huet, no Him en Interpret ze loossen, an deen Hie selwer géif inspiréieren. Am Laf vun de kommende Generatioune, kann d’Mënschheet d’Léiere vu Bahá’u’lláh verstoen, an deems si d’Interpretatioune vun ‘Abdu’l-Bahá studéieren, déi Hien a senge Schrëfte ginn huet. No ‘Abdu’l-Bahá ass den Hidder den Ausleeër vu Bahá’u’lláh senge Schrëften; a sengem Wierk gouf d’Aufgab vun der Ausleeung fäerdeg gemaach, a keen huet d’Autoritéit, d’Wierder vu Bahá’u’lláh während senger ganzer Zäit z’interpretéieren.

Mir mussen eis bewosst sinn, dass doduerch dass Bahá’u’lláh eis no Him en Ausleeër vu senge Schrëfte gelooss huet, eng Persoun déi hie selwer genannt huet, dass Hien doduerch der Bahá’í Gemeng en immensen Déngscht erwisen huet. Fréier gouf all Relioun an eng selleche Sekte gedeelt, an dat well et un enger Autoritéit gefeelt huet, zu där all déi Gleeweg sech riichte konnten, wa si sech net eens waren iwwer d’Bedeitung vu Passagen aus hiren hellege Bicher. An dëser Zäit dogéint, wann et eng Onsécherheet iwwer d’Bedeitung vun Texter vu Bahá’u’lláh gëtt, dréint jidderee sech zu den Interpretatioune vum ‘Abdu’l-Bahá a vum Hidder. Wann dann nach en Zweiwel besteet, kann ee sech un d’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet riichten, fir Kloerheet ze kréien. Domat bleift also keng Plaz méi fir sech iwwer de Sënn vun de Léieren ze streiden an d’Eenheet vum Glawe gëtt geschützt.

An drëttens ass ‘Abdu’l-Bahá d’perfekt Beispill vu sengem Papp senge Léieren. Obscho mir ni wäerten sou eng Perfektioun erreechen, solle mer awer ‘Abdu’l-Bahá ëmmer als e Modell huelen an eis beméien sech e Beispill un Him ze huelen. Wa mer d’Schrëften zum Thema Léift studéieren, brauche mer eis nëmmen ‘Abdu’l-Bahá zouzedréien, an eis un Him e Beispill huelen a mir wäerten d’Essenz vun der Léift an der Frëndlechkeet gesinn. Genau sou ass et wa mer versichen ze verstoen wat Rengheet, Gerechtegkeet, Opriichtegkeet, Freed a Generositéit bedeiten, brauche mer nëmme säi Liewen ze kucken, a mir wäerte gesinn, wéi Hien dës Eegeschafte bis zur Perfektioun gewisen huet.

Dat wat Hien awer besonnesch ausgezeechent huet, war säin Déngscht un der Mënschheet. Den Numm ‘Abdu’l-Bahá heescht Dénger vu Bahá. Säi gréisste Wonsch war deen, behëlleflech ze sinn, an anere kënnen en Déngscht erweisen.

 

205 D’ Fräiheet am Bahá’í Glawen

205t Sendung. An dëser Emissioun hunn ech an de Bahá’í Schrëften nom Wuert Fräiheet gesicht. Hei e puer Gedanken déi mer besonnesch gutt gefall hunn.

Eng Aktivitéit déi am engste verbonnen ass mam Gewëssen, déi der mënschlecher Natur eegen ass, ass d’Fäegkeet selwer d’Realitéit z’erfuerschen. D’Fräiheet de Sënn vun der Existenz ze sichen a seng potentiell Talenter z’entwécklen, déi sou en Zil géife méiglech maachen, muss beschützt ginn. D’Mënschen hunn d’Recht fräi u Wëssen ze kommen, … och wann dëse fräien Zougank an eiser heiteger Gesellschaft net ëmmer ginn ass.

Dësen eenzegartegen Elan vum mënschleche Gewëssen ass déi moralesch Gerechtfertegung vun enger Rei vu Rechter déi an der universeller Deklaratioun an op aner Plaze geschriwwe sinn. D’Recht dass jiddereen eng Erzéiung kritt, d’Fräiheet sech ze bewegen, den Zougank zur Informatioun an d’Méiglechkeet um politesche Liewen deelzehuelen sinn alles Aspekter déi eng ausdrécklech Garantie vu säitens der internationaler Gemeng brauchen. Esou ass ass et och mat der Fräiheet vum Denken am Glawen, wouranner d’reliéis Fräiheet ass, an och d’Recht Meenungen ze hunn an déi richteg auszedrécken.[92]

„D’Eenheet vun der mënschlecher Rass, sou wéi Bahá’u’lláh se virgesinn huet, gesäit d’Schafung vun enger universeller Federatioun vir, an där all Natiounen, Rassen, Klassen a Glawensrichtungen enk mateneen an definitif vereent sinn; wou d’Autonomie vun de Memberstaaten, an d’perséinlech Fräiheet sou wéi d’Initativ vun den Eenzelnen komplett a fir ëmmer geschützt wäerte sinn.“[93]

„… Wat déi Leit ugeet, déi per force a mat alle Mëttelen d’Fräiheet verlaangen: sief dat hei gesot: eng moderéiert Fräiheet, déi d’Wuel vun der Mënschheet garantéiert, déi d’Bezéiungen um Niveau vum Universum bäibehält a preservéiert, dës Fräiheet ass an all senger Kraaft an Ausmooss an de Léiere vu Bahá’u’lláh enthalen.“[94]

„Déi Aufgab, déi haut de wichtegste Regierunge ginn ass, ass déi, universelle Fridden ze schafen, well am Fridde läit d’Fräiheet vun alle Vëlker.“[95]

„Kuckt gutt, wéi d’Erzéiung an d’Kënschte vun der Zivilisatioun engem Vollek a senger Regierung Éier, Wuelstand, Onofhängekeet a Fräiheet bréngen.“[96]

Eng vun de Léiere vu Bahá’u’lláh ass d’Fräiheet vum Mënsch; „… sou laang de Mënsch Prisonéier vun der Natur ass, ass hien e wëllt Déier, well de Kampf ëm d’Existenz ass eng vun de Fuerderunge vun der Welt vun der Natur.[97] De Wee vun der Natur ass dee wou dat animalescht regéiert. D’Déier handelt en accord mat den Noutwendegkeete vun der Natur, geet sengen eegenen Instinkten a sengen eegene Wënsch no. Wat och ëmmer seng Impulser a seng Zouneigunge sinn, hien huet d’Fräiheet déi ze befriddegen; awer, hien ass e Gefaangene vun der Natur. Hien kann net een Hoer vum Wee ofwäichen, deen d’Natur him ginn huet.“

 

206 Ridvan – 21sten Abrëll – D’Bahá’í feieren hire wichtegsten Dag

206t Sendung, 9ten an 10ten Abrëll 2004. D’Membere vun de verschidde Bahá’í Gemengen am Land, geneesou wéi an dausende vu Plazen uechtert d’Welt, feieren de Mëttwoch, 21sten Abrëll als e Feierdag. Et ass den Ufank vun engem reliéise Festival dat sech iwwer 12 Deeg streckt. Et heescht Ridvan, wat souvill wéi Paradis bedeit.

Den éischten Dag vu Ridván, den 21sten Abrëll ass dee wichtegsten Dag am Joer fir eis. Et ass den Anniversaire vun der Zäit am Joer 1863, wou Bahá’u’lláh, de Begrënner vum Bahá’í Glawen, fir d’éischt seng Missioun bekannt ginn huet. Zënter där Zäit, also 1863, also a just iwwer 131 Joer ass de Bahá’í Glawen déi am zweetmeescht verbreete Relioun nom Chrëschtentum ginn a fiert weider ze wuessen a sech ze verbreeden. Méi iwwer déi eenzel Feierlechkeeten hei am Land an eisen nächsten Emissiounen.

Ridván ass och d’Zäit wou déi lokal Réit gewielt ginn, déi sech fir ee Joer ëm d’Affäre vun der jeeweileger Gemeng bekëmmeren. Well de Bahá’í Glawe kee Clergé huet oder Leit mat Leadership Positiounen, spillt dëst Gremium, de lokale Bahá’í Rot, eng Schlësselroll. Wéi all Bahá’í Walen, fannen se an engem Geescht vu Gebiet statt. Virun de Wale ginn et keng Nominatiounen an all déi groussjäreg Memberë vun der Gemeng schreiwen op e wäisse Walziedel d’Nimm vun de Leit, déi si mengen am beschten hirer Gemeng en Déngscht erweisen ze kënnen.

An da wollt ech nach kuerz en neit Buch vum bekannte Philosoph Keith Ward virstellen. Et ass eng Erausfuerderung un all déi mengen, d’Relioun hätt keng Roll méi an eiser heiteger Welt ze spillen. D’Buch ass op englesch mam Titel: The Case for Religion. Hei e bësse Luef vun de Kritiker: A brilliant Buch wat sech gutt liest fir reliéis Leit an déi déi sech als netreliéis bezeechnen. E Buch iwwer d’Thema vun eiser Zäit; d’Wichtegkeet vun de Reliounen trotz allem wat se net erreecht hunn.

Den Auteur, Keith Ward verteidegt Relioun virun der Uklo vu souville Wëssenschaftler dass Relioun keng Daseinsberechtegung méi huet, dass se geféierlech an intolerant ass. Den Auteur ënnersicht d’Wierker vu Schrëftsteller, Philosophen, Psychologen a Soziologe vun héchstem Rang, dorënner och de Karl Marx, de Sigmund Freud an den Emile Durkheim. A senger Défense fir d’Relioun bréngt en eis eng rational Rechtfertigung fir reliéise Glawen. Hie weist eis wéi Glawen eis Weltusiichte kann dramatesch änneren an eisem Liewen en neie Sënn an Zweck ka ginn. Mee hie warnt eis awer och dass et néideg ass dass déi reliéis Traditioune sech ännere mussen; anstatt dass d’Relioune sech an d’Hoer kréien, matenee streiden a matenee konkuréieren, mussen se fir d’éischt méi tolerant ginn a Verständnes weisen. Si mussen eng global reliéis Siicht akzeptéieren. Op deem Choix, schreift den Auteur, hänkt d’Zukunft vun der Relioun of, a vläicht d’Zukunft vun eiser Welt selwer.

Méi iwwer d’Buch fannt dir um Internetsite: www.oneworldpublications. D’Buch heescht: The case for religion, erausgi vu oneworldpublications, Auteur: Keith Ward

 

207 Wie schreift d’Zukunft? Deel 1/10

207t Sendung, 16ten a 17ten Abrëll 2004. Den 28te Mee 1992 hu sech d’Volleksvertrieder vu Brasilien zu enger extraer Sëtzung getraff. Ulass dofir war den honnertste Joresdag vum Doud vu Bahá’u’lláh, deem säin Afloss an der gesellschaftlecher an intellektueller Landschaft vun der Welt ëmmer méi Vertraue fënnt. Et ass kloer dass dem Bahá’u’lláh seng Botschaft vun der Eenheet déi brasilianesch Gesetzgeber zu déifst beréiert huet. Während dëser aussergewéinlecher Sëtzung hu Vertrieder vun all de Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, deene Schrëften hire Respekt ausgesprach; Schrëften, déi ee vun den Deputéierten als „dat ëmfassenst reliéist Wierk aus der Fieder vun engem eenzege Mënsch“ bezeechent huet. De Respekt vun den Deputéierten huet och enger Zukunftsvisioun fir eise Planéit gegollt; eng Visioun déi „materiell Grenzen iwwerschreit“ an – wéi en Deputéierte sot – eng Visioun „déi sech un d’ganz Mënscheet geriicht huet, ouni kleng Ënnerscheeder tëschent Natiounen, Rassen, aneren Ofgrenzungen oder Glawensrichtungen ze maachen“.

Dëse Luef vun der brasilianescher Chamber war ëm sou méi beandrockent vu dass am Gebuertsland dem Bahá’u’lláh säi Wierk weiderhi vun der muslemescher Geeschtlechkeet, déi den Iran regéiert, batter condamnéiert gëtt. Deenen hir Virgänger ware verantwortlech fir seng Verbannung a Gefaangeschaft an der Mëtt vum 19te Jorhonnert, genee sou wéi fir d’Massaker un Dausende vun deene Mënschen, déi dem Bahá’u’lláh seng Idealer vun der Verännerung vun der mënschlecher Liewensweis an der Gesellschaft gedeelt hunn. Zur gläicher Zäit, wou a Brasilien d’Feierlechkeeten amgaange waren, liewen am Iran 300.000 Bahá’í, déi sech geweigert hunn, hir Glawensgrondsätz opzeginn; Glawensgrondsätz, déi vum gréissten Deel vun der Welt héich gelueft ginn, déi de Bahá’í am Iran awer Verfollegungen, Entbierungen an, an ze ville Fäll, och Verhaftungen an den Doud bréngen. Ähnlech Oppositioun charakteriséieren oft d’Astellunge vu verschiddenen totalitäre Regimer am Laf vum leschte Jorhonnert. Mee wat stécht an esou enge Léieren, déi sou verschiddenaarteg Reaktiounen opgeworf hunn?[98] Méi dozou an eiser nächster Emissioun an enger Woch.

 

208 Wie schreift d’Zukunft? Deel 2/10

Wie schreift d’Zukunft war d’Thema mat deem mer d’lescht Woch ugefaang hunn. Sou heescht den Titel vun engem Statement wat déi international Bahá’í Gemeng viru kuerzem erausginn huet, mat dem Ënnertitel: Nodenken iwwer d’20t Jorhonnert.

Wéi ass et dass d’Léiere vu Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, sou verschiddenaarteg Reaktiounen an der Welt opwäerfen? A Brasilien gëtt Hien an enger aussergewéinlecher Sëtzung an der Chamber geéiert, säi Wierk gëtt gelueft als dat ëmfaassenst reliéist Wierk aus der Fieder vun engem eenzege Mënsch. An zu gläicher Zäit, sinn am Iran Membere vum Bahá’í Glawen am Prisong, well si hir Glawensgrondsätz net wëllen opginn; well si sech einfach als Bahá’í bekennen.

  1. Den Haaptgrond vun deem wat Bahá’u’lláh der Welt bruecht huet, ass d’Erklärung vun der Wierklechkeet als eppes, wat primär geeschteger Natur ass, an d’Duerstellung vun de Gesetzer, déi d’Fonktionéiere vun dëser Wierklechkeet beherrschen. [Also d’Wierklechkeet, d’Realitéit ass an der Haaptsaach geeschteger Natur. Dat seet Bahá’u’lláh. An dës geeschteg Wierklechkeet baséiert, geneesou wéi déi materiell Wierklechkeet, op Gesetzer. A Bahá’u’lláh bréngt eis d’Gesetzer, déi bei dës geeschteg Wierklechkeet passen.][99] Dës Duerstellung vun de Gesetzer betruecht net nëmmen den eenzelne Mënsch als e geeschtegt Wiesen, als eng Séil mat Vernonft, mee betount nodrécklech, dass alles dat wat mir Zivilasatioun nennen, och e geeschtege Prozess duerstellt. E Prozess, an deem de mënschleche Verstand an d’mënschlech Séil ëmmer méi komplex an effizient Mëttelen entwéckelt hunn, fir hire moraleschen an intellektuelle Fäegkeeten, déi an hinne sinn, zum Ausdrock ze bréngen.

Während Bahá’u’lláh déi herrschend Dogme vum Materialissem net akzeptéiert, offréiert Hien eng ganz entgéigegesaten Interpretatioun vun der Geschicht. D’Mënschheet – Feilspëtzt vun der Evolutioun vum Bewosstsënn – duerchleeft Stadien, déi mat den Entwécklungsphase vun engem Säugling, engem Kand a Jugendleche am Liewe vun all Mënsch vergläichbar sinn. Dës Rees huet eis bis bei d’Schwell vun enger Maturitéit bruecht, eng Räifheet op déi mir laang gewaart hunn, d’Eenheet vun der mënschlecher Rass. Kricher, Ausbeutung a Viruerteeler, déi typesch ware fir d’Etappe vun der Immaturitéit, sollten eis net zur Verzweiwelung bréngen, mee sollten eis dozou ureegen, eis Responsabilitéiten ze huelen, déi mat eiser kollektiver Maturitéit verbonne sinn.

Wéi Bahá’u’lláh sech un déi politesch a reliéis Leadere vu senger Zäit geriicht huet, huet Hien d’Entdeckung vun neie Ressourcen annoncéiert, onendlech méi staark, wäitaus méi wéi d’Generatioun vu senger Zäit sech konnt virstellen; Ressourcen, déi der Mënschheet geschwënn d’Mëttele kënne ginn, d’materiellt Liewe vum Planéit ze veränneren. Weider sot Hien, dass et essentiell wier dësen zukënftege materielle Fortschrëtt am Déngscht vun ekonomeschen a soziale Fortschrëtt ze benotzen. Wann nationalistesch a sektäresch Konflikter dat verhënnere sollten, da wäert de materielle Fortschrëtt net nëmme Virdeeler, mee och bis elo ni virgestallte negativ Konsequenzen hunn. E puer vun dëse Warnungen, déi Bahá’u’lláh formuléiert huet, erënneren eis un däischter Evenementer an onsem eegenen Zäitalter. „Komesch, erstaunlech Saache ginn et an der Äerd“, huet Hien eis gewarnt. „Dës Saache sinn amstand, déi ganz Äerdatmosphäre ze verwandelen, an eng Verseuchung mat der Äerd wär déidlech.“

An eiser nächster Emissioun kucke mer eng zentral Fro, déi jidderee sech stelle sollt: wéi kënne mer d’Grondlage fir eng global Gesellschaft schafen, eng Gesellschaft, déi d’Eenheet vun der mënschlecher Natur erëmspigele kann?

 

209 Wie schreift d’Zukunft? Deel 3/10

An de leschten zwou Emissiounen hu mer gesinn, wéi d’Léiere vu Bahá’u’lláh an der Welt ganz verschiddenaarteg Reaktioune mat sech bréngen. Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, seet dass d’Wierklechkeet an éischter Linn geeschteger Natur ass. An am Bahá’í Glawe fanne mer d’Gesetzer op deenen dës Wierklechkeet baséiert. Eent vun dëse Gesetzer ass d’Prinzip dass d’Mënschheet, geneesou wéi am Liewe vum Mënsch, eng Rei vu Phasen duerchgeet, an das mir haut als Mënschheet erwuesse ginn, och wann et op den éischte Bléck net duerno ausgesäit. Wat mir haut am dréngenste brauchen, sinn d’Grondlage fir eng global Gesellschaft ze schafen, eng Gesellschaft, déi d’Eenheet vun der mënschlecher Natur erëmspigele kann.

D’Vereenegung vun den Awunner vun der Äerd ass weder eng utopesch Visioun, déi wäit ewech ass, an och keng Affäire, bei där mir iwwerhaapt keng Wiel hunn. Dës Vereenegung ass déi nächst onauswäichlech Etapp am gesellschaftlechen Entwécklungsprozess, eng Etapp, zu där eis all d’Erfarunge vun der Vergaangenheet an der Géigewaart histéieren. Eréischt wann d’Existenz vun dëser Tatsaach erkannt an an Ugrëff geholl gëtt, kënnen déi quälend Problemer, déi eise Planéit huet, geléist ginn. Well all déi wesentlech Erausfuederunge vum Zäitalter, an deem mir sinn, si global an universell a beschränke sech net op Eenzelaspekter oder Regiounen.

Déi selleg Textstellen an de Schrëfte vu Bahá’u’lláh an deenen et ëm d’Erreeche vun der Maturitéit vun der Mënschheet geet, sinn duerchdronge mat der Liichtmetaphorik, déi d’Kraaft vun der Eenheet ausdréckt: Hie seet: „Sou mächteg ass d’Liicht vun der Eenheet, dass si déi ganz Äerd erliichte kann.“ Dës Ausso stellt eis heiteg Geschicht an eng Perspektiv, déi sech staark ënnerscheet vun der virherrschender Usiicht vum Enn vum 20te Jorhonnert. Dës Feststellung féiert eis dozou, an all dem Leed an dem Zerfall vun onserer Zäit d’Wierke vu Kräften z’erkennen, déi dat mënschlecht Bewosstsënn fir eng nei Etapp vun eiser Evolutioun fräi maachen. Dës Feststellung rifft ons dozou op, d’Evenementer vun de leschten honnert Joer z’iwwerdenken, geneesou wéi d’Wierkung, déi dës Entwécklungen op déi ënnerschiddlech Vëlker, Rassen, Natiounen a Gemeinschaften haten.

Wann, wéi Bahá’u’lláh betount, „d’Wuel vun der Mënschheet, hire Fridden a Sécherheet … onerreechbar (sinn), wann a sou laang wéi hir Eenheet net fest begrënnt ass“, dann ass et verständlech, firwat d’Bahá’í dat 20t Joerhonnert – mat all senge Katastrophen – als d’Jorhonnert vum Liicht betruechten. Well déi lescht honnert Joer waren Zeie vun engem Wandel, souwuel vun der Aart a Weis, wéi d’Mënschen ugefaangen hunn, eis gemeinsam Zukunft ze plangen, mee och d’Aart a Weis, wéi mir ufänken, eis een deen aneren ze betruechten. Dës zwee Prozesser konnt een an der Entwécklung zur Eenheet erkennen. Changementer, déi net ënnert der Kontroll vun den existéierenden Institutioune louchen, hunn d’Féierungskräfte vun der Welt dozou gezwongen, nei Systemer vu globaler Organisatioun ze initiéieren, déi am Ufank vum Jorhonnert noch ondenkbar gewiescht wieren. Während deems, hu Gewunnechten an Astellungen opgehalen, déi Mënschen an Natiounen getrennt haten, an dat während zech Jorhonnerten, voll mat Konflikter. Ausserdeem huet ee geduecht, dass et selbstverständlech wier, mat dëse Gewunnechten an Astellunge weiderzefueren.

An eiser nächster Emissioun gesi mer, wéi eng zwou Entwécklungen an der Mëtt vum leschte Jorhonnert zu engem historeschen Duerchbroch gefouert hunn.

 

210 Wie schreift d’Zukunft? Deel 4/10

Léif Nolauschterer, Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, koum an der Mëtt vum 19te Jorhonnert mat Léieren, déi sou déifgräifend sinn, wéi d’Léiere vu Jesus Christus virun 2000 Joer. Et ass duerfir nëmmen normal, dass mir am Ufank vu ganz vill Changementer stinn. Mir wëssen all, dass eis Welt sech relativ séier verännert, virun allem wann een eis heiteg Welt vergläicht mat deene fréiere Jorhonnerten.

An der Bahá’í Welt, ass dat 20t Jorhonnert e Jorhonnert vum Liicht. An eisen nächsten Emissioune schwätze mir iwwer déi wichtegst Evenementer, an dat aus enger Bahá’í Siicht. Fir de geneeen Text ze kréien, braucht dir just um Internet ze sichen, an zwar ënnert: Wer schreibt die Zukunft? Nachdenken über das 20te Jahrhundert, ein Statement der Bahá’í International Community.

  1. An der Mëtt vum leschte Jorhonnert, waren et zwou Entwécklungen, déi zu engem Duerchbroch gefouert hunn, an deren hir historesch Bedeitung eréischt spéider Generatioune voll a ganz verstoe wäerten. Während den Noweeë vum zweete Weltkrich konnte wäitsiichteg Perséinlechkeeten endlech ufänken, duerch d’Organisatioun vun de Vereenten Natiounen d’Grondlage vun enger Weltuerdnung ze schafen an ze festegen. Dat System vun internationalen Ofkommen an déi domat verbonnen Institutiounen, dat scho laang vu fortschrëttlechen Denker gewënscht gouf, hat elo Méiglechkeeten, déi dee gescheiterte Vëlkerbund net hat. Am Laf vum Jorhonnert huet d’System am Beräich vun der Friddenssécherung ëmmer méi grouss Wierksaamkeet op eng Aart a Weis gewonnen, déi iwwerzeege gewisen huet, wat erreecht ka ginn. Gläichzäiteg sinn an der ganzer Welt ëmmer méi demokratesch Regierungsformen entstanen. Déi praktesch Auswierkungen enttäusche vläicht, awer si verklengeren net d’Bedeitung vun dësem historesche Richtungswiessel, e Wiessel deen neméi ka réckgängeg gemaach ginn, an deen an der Organisatioun vu mënschlechen Affäre geschitt ass.
  2. Wéi am Fall vun der Weltuerdnung ass et och mat de Rechter vun de Vëlker op der Äerd. Dat schrecklecht Leed dat opgedeckt gouf, an déi d’Affer vun der mënschlecher Perversioun am Laf vum Krich erdroen hunn, hunn eng weltwäit Schockreaktioun ausgeléist – an eppes wat een nëmme kann als déif Gefiller vu Schan nennen. Aus dësem Trauma eraus ass eng nei Aart vu moraleschem Verantwortungsbewosstsäin entstanen, déi offiziell an der Aarbecht vun der Mënscherechtskommissioun vun de Vereenten Natiounen an hiren Ënnerorganisatiounen institutionaliséiert gouf – eng Entwécklung, déi den Herrscher am 19te Jorhonnert onvirstellbar gewiescht wier; Herrscher, deene Bahá’u’lláh geschriwwen hat. Haut mat deenen néidege Mëttelen a Kompetenzen, hu sech eng ëmmer méi grouss Zuel vun netstaatlechen Organisatiounen als Zil gesetzt, dofir ze suergen, dass déi allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter als Grondlag vun normativen internationale Regele gëlt an deementspriechend duerchgesat gëtt.

Wéi eng Entwécklung et am Wirtschaftsliewe gouf, gesi mer an eiser nächster Emissioun.

 

211 Wie schreift d’Zukunft? Deel 5/10

Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 5ten Deel an der Rubrik iwwer de Bahá’í Glawen, kucke mer eis d’Entwécklung am Wirtschaftsliewe vum 20te Jorhonnert un, an dat aus enger erstaunlecher positiver Perspektiv. Den Text dozou fannt dir am Buch: Wer schreibt die Zukunft? Nachdenken über das 20te Jahrhundert, ein Statement der Bahá’í International Community.

An der éischter Halschent vum Jorhonnert hu vill Regierunge, wéinst dem Chaos déi déi wirtschaftlech Crise verursaacht huet, Gesetzer fir d’Schafung vu Sozialhëllefsprogrammer a Systemer fir d’Finanzkontroll agefuouert, geneesou wéi Reservefongen an Handelsofkomme mam Zil, hir Gesellschaft virun der Widderhuelung vu sou enger Verwüstung ze beschützen. D’Zäit nom zweete Weltkrich huet zu der Ariichtung vun Institutioune gefouert, déi weltwäit schaffen: den internationale Währungsfond, d’Weltbank, dat allgemengt Zoll- an Handelsofkommen an en Netzwierk vun Entwécklungsorganisatiounen, déi sech der Fërderung an der Weiderentwéckulng vum materielle Wuelstand um Planéit widmen. Um Enn vum Jorhonnert huet d’Mënschheet gewise kritt, dass, egal wéi d’Motivatiounen a wéi primitiv d’Methode sinn, d’Notzung vum Räichtum vun der Äerd grondleeënd ëmorganiséiert ka ginn, vir enger ganz neier Virstellung vu Besoine gerecht ze ginn. D’Auswierkunge vun dësen Entwécklunge goufen enorm verstäerkt duerch deen ëmmer méi séieren Ausbau vu Bildungsméiglechkeete fir d’Massen. Nieft der Bereetschaft vun nationale Regierungen a Gemengeverwaltungen, dësem Beräich vill méi Mëttelen ze ginn, an d’Fäegkeet vun der Gesellschaft, Arméie vu professionnellen Enseignanten auszebilden, waren zwee weider Fortschrëtter am 20te Jorhonnert op internationalem Plang besonnesch aflossräich. Deen éischte war eng Rei vun Entwécklungspläng, déi sech op Bildungsbedürfnisser konzentréiert hunn a massiv vun Institutioune wéi d’Weltbank, Regierungen, grousse Stëftungen a verschidden Deeler vun der UNO finanzéiert goufen. Deen zweete Fortschrëtt war déi explosiounsaarteg Entwécklung vun der Informatiounstechnologie, déi aus alle Bierger potentiell Benotzer vum ganze Wësse vun der Mënschheet gemaach huet. Dës strukturell Neiorganisatioun op globalem Plang gouf vun engem déifgräifendem Bewosstsäinswandel belieft a verstäerkt. Ganz Bevëlkerunge waren op eemol mat festgefueren Denkgewunnechte konfrontéiert, déi zu Konflikter féieren, an zwar am grelle Liicht vun der weltwäiter Veruerteelung vu Gewunnechten an Astellungen déi soss akzeptéiert waren. Dat huet revolutionär Verännerungen erbäigeruff an der Aart a Weis, wéi Mënschen een deen anere gesinn. Zum Beispill huet et geschéngt, wéi wann am Laf vun der Mënschheetsgeschicht d’Erfarung wéise géif – a reliéis Léiere schéngen dat ze bestätegen – dass Frae vum Wiesen hir de Männer ënnerleeë wären. Wann een déi ganz Geschicht als Zäitpunkt hëllt, huet dëse plötzlechen an iwwerall existéierende Réckzuch vun dëser virherrschender Manéier d’Saachen ze gesinn, iwwer Nuecht ugefaang. Wéi laang a pengegend dëse Prozess och si wäert, bis d’Erklärung vu Bahá’u’lláh, dass Fraen a Männer an allen Aspekter gläichwäerteg sinn, voll verwierklecht gëtt – déi intellektuell an emotionell Ënnerstëtzung fir d’Erklärung dass Männer a Fraen net gläichwäerteg sinn – gëtt ëmmer méi kleng. En anere Fixpunkt am Selbstverständnes vun der Mënschheet während dësem Jordausend war d’Verherrlechung vun ethneschen Ënnerscheeder, déi sech an de leschte Jorhonnerten zu verschidde Forme vu rassistescher Wahnvirstellunge verhäert hunn. Mat enger Geschwindegkeet, déi am allgemengen Zesummenhang vun der Mënscheetsgeschicht verblüfft, huet dat 20t Jorhonnert erlieft, wéi sech d’Eenheet vun der Mënschheet zu engem féierende Prinzip an internationale Bezéiungen etabléiert huet. Haut ginn déi ethnesch Streidereien, déi och elo nach a villen Deeler vun der Welt uerg Konsequenzen hunn, net als natierlech an de Bezéiungen tëschent ënnerschiddlech Vëlker betruecht, mee als gewollte Sträit, deen ënnert efficacer internationaler Kontroll bruecht muss ginn.

Während der ganzer laanger Kandheet vun der Mënschheet huet een och ugeholl – alt nees mat der ganzer Ënnerstëtzung vu reliéisen Institutiounen – dass Aarmutt en onëmgänglecht Zeeche vun der Gesellschaftsuerdnung wier, dat éiweg bléift. Haut awer gëtt dës Astellung, déi d’Prioritéite vun allen an der Welt bekannte Wirtschaftssystemer geprät huet, allgemeng ofgeleent. Op mannst an der Theorie gëtt iwwerall eng Regierung am Wesentlechen als e Garant verstanen, deem seng Verantwortung et ass, d’Wuel vun all de Membere vun der Gesellschaft ze sécheren.

Souwäit zu e puer vun de Verännerungen an eisem leschte Jorhonnert. An eiser nächster Emissioun kucke mer, wéi d’Positiounen an den Afloss vun de Reliounen am leschte Jorhonnert. Bis dohinn, iech Radio ARA Nolauschterer en erhuelsame Weekend, äre Jean-Marie.

 

212 Wie schreift d’Zukunft? Deel 6/10

Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 6ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch Wie schreift d’Zukunft, Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert vun der internationaler Bahá’í Gemeng, fuere mer haut weider mam Afloss vun de Reliounen am leschte Jorhonnert.

Besonnesch bedeitend, an dat opgrond vu senger enker Verbindung zu de Wuerzele vun deem wat de Mënsch motivéiert, war de Fait, dass de feste Grëff vun de reliéise Viruerteeler méi labber gouf. Schonn Enn vum 19te Jorhonnert huet d’Parlament vun de Reliounen grousst Interessi fonnt. An dës Entwécklung vum interreliéisen Dialog an der Zesummenaarbecht huet d’Auswierkunge vum Sekularismus verstäerkt, an deem si déi soss sou staark Mauere vun der geeschtlecher Autoritéit a Fro gestallt hunn. Am Liicht vun de Changementer vu reliéise Konzepter während de leschten honnert Joer, wäert ee vläicht am nachhinein souguer déi aktuell Ausbréch fundamentaler Reaktiounen als net vill méi wéi verzweiwelt Aktiounen d’arrière-guarde gesinn, déi sech géint déi onvermeidlech Opléisung vu sekteresche Gruppe wiert, an d’Kontroll déi si nach hunn. Wéi Bahá’u’lláh schreift: „ Ouni Zweiwel verdanken d’Vëlker vun der Äerd, egal zu wéi enger Rass oder Relioun si och gehéieren, hir Inspiratioun der selwechter himmlescher Quell an ënnerstinn engem eenzege Gott.“

Während dësen entscheedende Jorzéngte vum 20te Jorhonnert, huet de mënschleche Geescht och grondleeënd Verännerungen a sengem Verständnes vum materiellen Universum erlieft. An der éischter Halschent vum Jorhonnert sinn nei Theorie iwwer d’Relativitéit an d’Quantemechanik entstanen, déi allebéid enk mat der Natur an der Funktiounsweis vum Liicht verbonne sinn. Dës Theorien hunn d’Physik revolutionéiert an déi ganz Wëssenschaftsentwécklung verännert. Et gouf kloer, dass déi klassesch Physik nëmmen e begrenzte Beräich vun Naturphenomen erkläre konnt. Op eemol huet sech eng nei Dier an der Ënnersichung souwuel vun de klenge Bestanddeeler vum Universum wéi och vun de grousse Systemer vum Kosmos opgemaach, eng Verännerung, déi wäit iwwer d’Physik eraus Wierkunge gewisen huet an d’Fundamenter vun engem jorhonnertelaangen Denke vun de Wëssenschaften erschüttert huet. Fir ëmmer verluer waren d’Iddi vun engem mechaneschen Universum, dat engem Auerwierk gläicht, geneesou wéi déi deemools présuméiert Trennung vum deem, deen observéiert an de Géigestand deen observéiert gëtt, vu Geescht a Matière. Virum Hannergrond vun dëse wäitreechende Studien, déi sou méiglech waren, fänkt elo déi theoretesch Naturwëssenschaft domat un, ze denken dass et méiglech ass, dass tatsächlech d’Natur an d’Funktiounsweis vum Universum en Zweck an e Verstand a sech hunn.

Am Ufank vun dëse konzeptuelle Verännerungen ass d’Mënschheet dunn an en Zäitalter erakomm, an deem d’Zesummenaarbecht vun de Naturwëssenschaften – der Physik, Chimie, Biologie an och där nach jonker Ökologie – otemberaubent Méiglechkeeten zur Verbesserung vun de Liewensbedingungen opgemaach huet. Déi positiv Auswierkunge goufen op eng dramatesch Weis däitlech a sou liewenswichtege Problemberäicher wéi d’Landwiertschaft an d’Medezin geneesou wéi a Beräicher, déi aus de Succèsen an der Notzung vun neien Energiequellen entstan sinn. Zu gläicher Zäit huet dat neit Forschungsgebitt vun der Werkstoffkunde eng Onmass vu spezialiséierte Materiale wéi Kunststoffer, Glasfaser a Kuelestofffaser bereetgestallt; Saachen déi een am Ufank vum Jorhonnert nach net kannt huet.

Sou Fortschrëtter an der Wëssenschaft an an der Technologie hu sech géigesäiteg befrucht. Sandkären, dat nidderegst an anscheinend dat wäertlost vun alle Materialien, hu sech a Silikonplättercher an optescht rengt Glas verwandelt an hunn d’Schafung vu weltwäite Kommunikatiounsnetzer erméiglecht. Dës Tatsaach geneesou wéi den Asaz vun ëmmer méi komplizéierte Satelittesystemer fänken u fir d’Mënschen iwwerall an ouni Ënnerscheed Zougank zum ganze Wësse vun der ganzer Mënschheet opzemaachen.

Et ass kloer, dass déi Jorzéngter déi virun eis leien, d’Verbindung vun Telefon-, Fernseh- a Computertechnologie zu engem eenzege vereenheetleche System erliewe wäerten, an dat mat bëllege Geräter, déi een a grousse Quantitéite kréie kann. Et wäer schwéier, déi psychologesch a gesellschaftlech Auswierkungen z’iwwerdréiwen, déi entstinn, wann dat Duerchernee vu Währungssystemer – déi fir munch déi lescht Bastion vun engem nationalistesche Stolz duerstellen – duerch eng eenzeg Weltwährung, déi gréisstendeels elektronesch fonktionéiert, ersetzt géif ginn.

Effektiv sinn d’Konsequenze vun de Changementer déi am 20te Jorhonnert méi a méi zur Eenheet féieren, néierens sou einfach ze gesinn wéi an de Folge vun der Verännerung an der Naturwëssenschaft an an der Technologie.

 

213 Wie schreift d’Zukunft? Deel 7/10

Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 7ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch Wie schreift d’Zukunft, Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert, vun der internationaler Bahá’í Gemeng, fuere mer haut weider mat aner Saachen déi dat lescht Jorhonnert bewegt hunn.

Et ass kloer, dass déi Jorzéngter déi virun eis leien, d’Verbindung vun Telefon-, Fernseh- a Computertechnologie zu engem eenzegen vereenheetleche System erliewe wäerten, an dat mat bëllege Geräter, déi een grousse Quantitéiten kréie kann. Et wäer schwéier, déi psychologesch a gesellschaftlech Auswierkungen z’iwwerdréiwen, déi entstinn, wann dat Duerchernee vu Währungssystemer – déi fir munch déi lescht Bastion vun engem nationalistesche Stolz duerstellen – duerch eng eenzeg Weltwährung, déi gréisstendeels elektronesch fonktionéiert, ersetzt géif ginn.

Effektiv sinn d’Konsequenze vun de Changementer déi am 20te Jorhonnert méi a méi zur Eenheet féieren, néierens sou einfach ze gesinn wéi an de Konsequenze vun der Verännerung an der Naturwëssenschaft an an der Technologie. Ganz kloer ass et elo, dass d’Mënschheet elo déi néideg Mëttelen huet, déi zur Realisatioun vun de visionären Ziler néideg sinn, déi ee Bewosstsinn sech gesat huet, wat stänneg méi räif gëtt. Wann ee sech méi ausféierlech mat der Matière ausernanersetzt, weist sech, dass all dës verschiddenaarteg Méiglechkeete potentiell all den Awunner vun eiser Äerd zur Verfügung stinn, egal wéi enger Rass, Kultur oder Natioun si och gehéieren. Bahá’u’lláh huet viraus gesinn: „Neit Liewen geet an dëser Zäit duerch all Vëlker vun der Äerd, awer keen huet seng Ursaach entdeckt a säi Grond erkannt.“ Haut, méi wéi honnert Joer nodeem dës Wierder geschriwwe goufen, gëtt nodenkleche Gemidder den Ausmooss vun deem wat geschitt ass däitlech.

III

Déi positiv Changementer am 20te Jorhonnert z’erkennen heescht awer net d’Aen zouzemaache virun dem Schiet, deen den Errungeschafte schaarf Konture ginn huet: déi bewosst Vernichtung vu Milliounen hëllefsloser Mënschen; d’Erfindung an de Gebrauch vun neien Zerstéierungswaffen, déi et fäerdeg bréngen, ganz Bevëlkerungen auszeläschen; Ideologien, déi dat geeschtegt an intellekuellt Liewe vu ganzen Natiounen erstéckt hunn; Ëmweltzerstéierung op globaler Ebene a sou engem groussen Ausmooss, dass et Jorhonnerten dauere kann, déi nees réckgängeg ze maachen; an deen onermiesslech grousse Schued, dee Generatioune vu Kanner ugedoe gouf, andeem si geléiert goufen, dass Gewalt, Onanstännegkeet a Selbstsucht en Triumph vu perséinlecher Fräiheet wieren.

Dat sinn nëmmen déi offensichtlechst Beispiller aus engem Katalog vun Iwwelen, déi an der Geschicht hiresgläiche sichen an deenen hir Lektiounen eist Zäitalter zur Erzéiung vun de gepéngegten zukünftige Generatiounen als Ierwen hannerlooss hunn.

D’Donkelheet ass awer kee Phänomen, deem iergendeng Form vun Existenz, oder souguer eng Autonomie zousteet. D’Donkelheet ka weder d’Liicht ausmaachen, oder d’Luucht manner staark maachen. Awer si markéiert déi Regiounen, déi d’Liicht nach net erreecht huet oder genuch erliicht huet. So wäerten ouni Zweiwel d’Historiker d’Zivilisatioun vum 20te Jorhonnert beuerteelen. D’Grausamkeet vun der déierescher Natur, déi onkontroléiert an deene kritesche Joren aktiv war an déi heiansdo souguer anscheinend d’Iwwerliewe vun der Gesellschaft bedrunn huet, konnt tatsächlech net déi fortlaafend Entwécklung vun de schëpferesche Potentialer, mat deenen dat mënschlecht Bewosstsënn ausgestatt ass, verhënneren. Am Géigendeel – je méi d’Jorhonnert virukomm ass, desto méi Mënschen erkannt hunn, wéi eidel dës Ängschte waren, déi si nach virun e puer Joer gefaange gehalen haten.

„Onvergläichlech ass dësen Dag“, betount Bahá’u’lláh, „well hien ass wéi d’A vu vergaangenen Zäitalteren a Jorhonnerten a wéi e Liicht an der Däischtert vun den Zäiten.“

Aus dëser Perspektiv ass et net d’Däischtert, déi d’Fortschrëtter vun dëse leschten aussergewéinlechen honnert Joer zréckgehalen hunn, de Problem. D’Fro ass vill méi, wéivill Leed an Zerstéierung d’Mënschheet nach erdroe muss, bis si vu ganzem Häerzen d’geeschteg Natur akzeptéiert, déi si zu engem eenzege Volléck mécht, a bis si genuch Mutt huet, hir Zukunft am Liicht vun deem sou schmäerzhaft Erléierten ze plangen. Wéi eng Virstellung vun der Entwécklung vun der mënschlecher Kultur d’Bahá’í Schrëften hunn, gesi mir an eisen nächsten Emissiounen.

214 Wie schreift d’Zukunft? Deel 8/10

Léif Radio ARA Nolauschterer, an eisem 7ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch Wie schreift d’Zukunft, Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert, vun der internationaler Bahá’í Gemeng, Mir kucken haut wéi, aus enger Bahá’í Siicht, eis Kultur sech entwéckele kann.

Déi an de Schrëfte vu Bahá’u’lláh duergeluechte Virstellung vun der Entwécklung vun der mënschlecher Kultur stellt villes a Fro, wat an eiser heiteger Welt als normativ an onverännerlech ugeholl gëtt. D’Entwécklunge vum 19te Jorhonnert, dem Jorhonnert vum Liicht, hunn d’Dier zu enger neier Welt opgemaach. Wann déi gesellschaftlech an intellektuell Entwécklung tatsächlech eng Reaktioun ass op eng moralesch Intelligenz, déi an allem ass wat existéiert, dann hu vill vun den Theorien, déi zäitgenëssesch Entscheedungsmethode bestëmmen, grouss Feeler. Wann dat mënschlecht Bewosstsënn vu sengem Wiesen hir geeschteg ass – eng Tatsaach, vun der sech déi meescht Mënschen intitutiv ëmmer bewosst gewiescht sinn – da kann e Verständnes vun der Wierklechkeet, dat dogmatesch op hirem Géigendeel beharrt, d’Entwécklungsbedierfniesser vun dësem Bewosstsënn weder begräifen nach hinne vun Notze sinn.

Keen Deel vun eiser heiteger Zivilisatioun gëtt vun der Zukunftsvirstellung vu Bahá’u’lláh op méi enger direkt Manéier a Fro gestallt wéi dee virherrschende Kult vum Individualismus. En Individualismus, dee sech bal op der ganzer Welt verbreet huet. Geniert gëtt dësen Individualismus vu kulturellen Aflëss wéi politescher Ideologie, akademeschen Elitedenken an enger konsumorientéierter Wirtschaft. Sou huet „d’Striewen no individuellem Gléck“ en aggressiivt a bal grenzenloost Bewosstsënn fir d’Uspréch vum Eenzelne gefuerdert. Déi moralesch Konsequenze fir deen Eenzelnen wéi fir d’Gesellschaft si schrecklech, sou zum Beispill d’Vebreedung vun ustiechende Krankheeten, den Drogemëssbrauch an aner Iwwel vun de leschte Joren, déi mer allzegutt kennen. D’Aufgab besteet doranner, d’Mënschheet vu sou engem grondleeënden an alles duerchdréngendem Mëssverständnes ze befreien. An dat wäert e puer vun de festverankerte Virstellunge vum 20te Jorhonnert vu Recht an Onrecht a Fro stellen.

Froe mer eis, wéi eng Denkweise fallen an dës Kategorie vun ongepréiften Iddien? Dat offensichtlechst Beispill ass d’Iwwerzeegung, dass Eenheet en Ideal ass, dat wäit ewech ass, bal onnerreechbar, eppes wat een eréischt da kann upaken, wann emol vill vun de politesche Konflikter iergendwéi geléist sinn, wa materiell Besoinen iergendwéi befriddegt sinn an Ongerechtegkeeten iergendwéi eliminéiert goufen. Bahá’u’lláh betount, dass de Géigendeel de Fall ass. [Also fir d’éischt muss un der Eenheet geschafft ginn, fir d’éischt muss de Prinzip vun der Eenheet verstane ginn an an d’Realitéit ëmgesat ginn, an da kënnen all déi aner Problemer besser ugepackt ginn.][100]

Déi gréisste Krankheet, déi eis Gesellschaft péngegt, déi d’Gesellschaft lämt, seet Hien, ass d’Oneenegkeet ënnert de Mënschen. Eng Mënschheet déi sech awer auszeechent duerch hir Fäegkeet fir zesummenzeschaffen. Souguer de Fortschrëtt deen d’Mënschheet gemaach huet ass enk domat verbonnen, dass d’Mënsche kënnen zesummen handelen. Dëst ass eppes, wat zu verschidden Zäiten an a verschidde Gesellschaften erreecht gouf. Sech un d’Virstellung ze klammeren, dass d’Konfliktbereetschaft eng Grondeegeschaft vun der mënschlecher Natur wier, anstatt eng Mëschung vu geléierte Gewunnechten an Astellungen, bedeit, engem neie Jorhonnert en Iertum opzelueden, déi méi wéi all anere Faktor op tragesch Aart a Weis d’Vergaangenheet vun der Mënschheet influencéiert huet. „Betruecht d’Welt wéi e mënschleche Kierper“ huet Bahá’u’lláh de gewielte Regéierenden ugeroden. Obwuel dëse Kierper bei senger Erschafung gesond a perfekt war, huet hien haut – an dat aus verschidden Ursaachen – schwéier Stéierungen a Krankheeten.

Enk verbonne mat der Problematik vun der Eenheet ass déi zweet moralesch Erausfuerderung, déi dat lescht Jorhonnert mat ëmmer méi grousser Drénglechkeet gestallt huet. Méi doriwwer an eiser nächster Emissioun.

 

215 Wie schreift d’Zukunft? Deel 9/10

Léif Radio ARA Nolauschterer, eisem 9ten Deel an der Rubrik iwwer d’Buch „Wie schreift d’Zukunft, Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert“, vun der internationaler Bahá’í Gemeng. Enk verbonne mat der Problematik vun der Eenheet, vun der mir d’lescht Woch geschwat hunn, ass déi zweet moralesch Erausfuerderung, déi dat lescht Jorhonnert mat ëmmer méi grousser Drénglechkeet gestallt huet.[101]

An den Ae vu Gott, wéi Bahá’u’lláh betount, ass d’Gerechtegkeet „vun allem dat wat Hien am léifsten huet“. Si gëtt jidderengem d’Fäegkeet, d’Realitéit mat sengen eegenen Aen an net duerch d’Ae vun aneren ze gesinn, a gëtt der kollektiver Entscheedung eng Autoritéit, déi eleng d’Eenheet am Denken an am Handele sécher stelle kann. Egal wéi zefriddestellend dat aus dem 20te Jorhonnert entstanend System internationaler Uerdnung och wäert sinn – den Afloss vun dësem System wäert vun der allgemenger Akzeptanz vun senge moralesche Prinzipien ofhänken. Wann d’ganz Mënschheet wierklech eens ass an onzertrennlech, da repräsentéiert d’Autoritéit déi vu sengen Institutiounen ausgeübt gëtt, e wesentleche kollektive Schutz. All eenzel Persoun kënnt op d’Welt als eppes wat der Gemeinschaft uvertraut gëtt. An dës Charakteristik vun der mënschlecher Existenz ass déi wierklech Grondlag vun de gesellschaftlechen, wirtschaftlechen a kulturelle Rechter, sou wéi se an der Charte vun de Vereenten Natiounen an hiren Dokumenter ausgedréckt ginn. Gerechtegkeet an Eenheet stinn an enger Wiesselbezéiung. „Den Zweck vun der Gerechtegkeet“, huet Bahá’u’lláh geschriwwen, „ass d’Zustanekomme vun Eenheet ënnert de Mënschen. E Mier vu gëttlecher Wäisheet stécht an dëse Wierder, an all d’Bicher vun der Wëlt kënnen hir déif Bedeitung net erfaassen.“

An deem Mooss wou d’Gesellschaft – wann och mat Zécken an Angscht – sech dësen an ähnleche moralesche Prinzipie verflicht, déi wesentlechst Roll déi si deem Eenzelnen ubidde kann, ass déi, deem aneren en Déngscht z’erweisen. Ee vun de Paradoxe vum Mënsch läit doranner, dass hie sech an der Haaptsaach duerch säin Engagement an en nobelt Zil entfale kann, do wou hie sech selwer also vergiesse kann, a wann et och nëmmen fir eng kuerz Zäit ass. An engem Zäitalter, wou sech de Mënschen an alle Liewenssituatiounen d’Méiglechkeet opdeet, op eng wierksam Manéier un der Gestaltung vun der Gesellschaftsuerdnung matzemaachen, kritt d’Ideal vum Déngscht um aneren eng ganz nei Bedeitung. Wann een d’Ziler wéi perséinlech Beräicherung a Selbstbestätegung zum Liewensziel erkläert, da fërdert een nëmmen déi déieresch Säit vun der mënschlecher Natur. Wat déi simplistesch Messagë vun individueller Erléisung ugeet, sou gi si net méi duer fir d’Aspiratioune vu Generatiounen ze befriddegen, déi d’Gewëssheet kruten dass wierklech Erfëllung souwuel vun dëser wéi och vun der nächster Welt ofhänken.

Bahá’u’lláh seet: „Befaasst iech grëndlech mat de Besoinë vun der Zäit an där dir lieft a leet de Schwéierpunkt vun ären Iwwerleeungen op d’Bedierfnisser an d’Fuederunge vun ärer Zäit.“

Dës Perspektiven hunn en déiwen Afloss dorop wéi mir eis Ugeleeënheete féieren. Zum Beispill schéngt et evident, dass sou laang wéi den Nationalstat déi wichtegst Roll an der Entwécklung vum Schicksal vun der Mënschheet spillt – wat och ëmmer déi erbruechte Leeschtungen an der Vergaangenheet waren – d’Erreeche vum Weltfridden zréckgehale gëtt an d’Weltbevëlkerung méi leide muss. Am Wiertschaftsliewe vun der Mënschheet ass et kloer dass d’Mondialisatioun, och wa si vill Guddes bruecht huet, dass si och eng Konzentratioun vun autokratescher Muecht geschafen huet, déi ënnert eng international demokratesch Kontroll muss bruecht ginn, fir dass dës Globaliséierung net fir Millioune vu Mënschen Aarmutt a Verzweiflung mat sech bréngt. Ähnlech ass et mam historeschen Duerchbroch an der Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie, déi sou e staarkt Mëttel ass fir sozial Entwécklung weiderzebréngen an déi dozou bäidréit dass mir alleguer zesumme gehéieren; dës Technologie ass awer och mat der selwechter Stousskraaft amstand, dës Vereenegungsprozesser an dës liewenswichteg Impulser ëmzelenken an z’entstellen.

An eisem leschten Deel vun dësen Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert schwätze mer iwwer eng nei Bezéiung tëschent Gott an der Mënschheet.

 

216 Wie schreift d’Zukunft? Deel 10/10

Léif Radio ARA Nolauschterer. An eisem leschten Deel vun dësen Iwwerleeungen iwwer dat 20t Jorhonnert schwätze mer iwwer eng nei Bezéiung tëschent Gott an der Mënschheet.

Bahá’u’lláh schwätzt vun enger neier Bezéiung tëschent Gott an der Mënschheet, enger Bezéiung déi zesummegeet mam Erwuessegi vun der Mënschheet. Déi héchste Wierklechkeet, déi d’Universum geschaf huet an eis um Liewen hält, wäert ëmmer ausserhalb der Räichwäit vum mënschleche Geescht a Verstand bleiwen. Déi bewosst Bezéiung, déi d’Mënschheet mat dëser gëttlecher Realitéit geknüpft huet, ass d’Resultat vum Afloss vun de grousse Reliounsstëfter gewiescht: Moses, Zarathustra, Buddha, Jesus, Mohammad a fréier Stëfter, deenen hir Nimm gréisstendeels vergiess goufen. An deem si op dës gëttlech Impulser reagéiert hunn, hunn d’Vëlker vun der Äerd ëmmer méi déi geeschteg, intellektuell a moralesch Fäegkeeten entwéckelt, déi zesummen de mënschleche Charakter ziviliséiert hunn. Dës openaner opbauend, jordausende laang Entwécklung huet elo eng Phase erreecht, déi typesch ass fir all decisiv Dréipunkte vun enger Evolutioun, enger Phase, an där virdrun net erkannte Méiglechkeete sech op eemol opmaachen: „Dëst ass den Dag“, bekräftegt Bahá’u’lláh, „ wou déi erhuewenst Seegnunge vu Gott dem Mënschen zougefloss sinn, den Dag, wou alles wat erschaf gouf, mat senger mächtegster Gnod erfëllt gouf.“

Aus der Perspektiv vu Bahá’u’lláh huet d’Geschicht vun de Stämm, Vëlker an Natiounen tatsächlech hiren Ofschloss fonnt. Wat mir haut materliewen ass den Ufank vun der mënschewierdeger Geschicht vun der Mënschheet, d’Geschicht vun enger Mënschheet, déi sech hirer eegener Eenheet bewosst ass. An dësem Dréipunkt vun der Entwécklung mënschlecher Kultur offréiren d’Schrëfte vu Bahá’u’lláh eng Neibestëmmung vum Wiesen an den Entwécklungsprozesser vun der Zivilisatioun an eng Neiuerdnung vun hire Prioritéiten. D’Zil vun dëse Schrëften ass, eis zu enger geeschteger Bewosstheet a Verantwortung zréckzeruffen.

Et wäert een an de Schrëfte vu Bahá’u’lláh näischt fannen, dat zu der Illusioun encouragéiert, dass déi prophezeite Verännerungen op eng einfach Aart a Weis wäerte realiséiert ginn. Ganz am Géigendeel. Wéi d’Evenementer am zwanzegste Jorhonnert scho gewisen hunn, wäerte Gewunnechts- an Astellungsmuster, déi zënter dausende vu Jore fest verwuerzelt sinn, weder spontan nach als einfach Reaktioun op d’Erzéiung oder Gesetzer niddergeluecht ginn. Souwuel am Liewe vum Eenzelne wéi och der Gesellschaft geschéien déifgräifend Verännerunge meeschtens als Äntwert op intensiivt Leiden an onerdreeglech Schwieregkeeten, déi op eng aner Manéier net ze iwwerwanne wären. Genau sou eng grouss Prüfung, huet Bahá’u’lláh gewarnt, ass néideg, fir déi verschidde Vëlker vun der Äerd zu engem eenzege Vollek zesummenzeschmieden.

Geeschteg a materialistesch Virstellunge vum Wiese vun der Realitéit sinn net matenee vereenbar a féieren an entgéigegesate Richtungen. Während dat neit Jorhonnert säin Ufank hëllt, huet déi vun der materialistescher Virstellung gesaten Zilrichtung eng onglécklech Mënschheet scho wäit iwwer de Punkt hinausbruecht, an deem d’Illusioun vun der Rationalitéit an déi vum mënschleche Wuel opriichterhale konnt ginn. Mat all Dag, dee vergeet, huelen d’Zeechen dovunner zou, dass sech vill Mënschen iwwerall dëser Erkenntnis bewosst ginn.

Obschonn d’Meenung vu villen net domat d’accord ass, ass d’Mënschheet keen eidelt Blad, op déi priviligéiert Schiedsriichter mënschlecher Ugeleeënheet einfach hir eege Wënsch androe kënnen. D’Quelle vum Geescht spruddele wéi a wou se wëllen. Si ginn net op onbestëmmten Zäit duerch d’Geröll vun der zäitgenëssecher Gesellschaft ënnerdréckt. Et brauch ee kee Prophet méi ze sinn fir z’erkennen, dass déi éischt Jore vum neie Jorhonnert Zeie vun engem Fräiginn vun Energien an Ziler wäerte sinn, déi onermiesslech méi staark wäerte sinn wéi déi gesammelt Gewunnechten, illusoresch Irrtëmmer an Ofhängegkeeten, déi sou laang d’Ëmsetzung vun dësen Energië verhënnert hunn.

Wéi grouss den Tumult och wäert sinn – d’Zäitperiod, op déi d’Mënschheet am Moment histeiert, wäert jidderengem, all Institutioun an all Communautéit op dëser Äerd Méiglechkeeten opmaachen, déi et bis elo nach ni gouf, an dat fir d’Zukunft vun eisem Planéit matzegestalten. „ Geschwënn,“ sou versprécht Bahá’u’lláh mat voller Zouversicht, „wäert déi heiteg Uerdnung opgerullt ginn an eng nei an hirer Plaz opgoen.“

 

217 Honnert Bahá’í Gospel Sänger zu Lëtzebuerg – Visiounen

217t Sendung, 25ten an 26te Juni 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. Méindes owes de 5te Juli ass en Datum, deen dir iech verhale sollt. Well et ass net all Dag wou mir honnert Gospelsänger aus Amerika an zéng aner Natioune bei eis hunn, an dat am Kulturzentrum zu Bouneweg. Change the World Chorus mécht am Moment eng Europatournee a si sinn nëmmen een Dag zu Lëtzebuerg, an dat fir eis Häerzer unzefänken duerch hir Musek, déi voll ass mat Léift, Freed an Eenheet. Wéi kann een dësem Appell vun honnert Choristen aus de Vereenegte Staaten an aner Länner widderstoen, Leit déi hir Konscht an hiert d’Talent hierginn, fir hire Message ze verbreeden, e Message dee vun de Bahá’í Léieren inspiréiert ass: Et gëtt nëmmen ee Gott, et gëtt nëmmen eng Mënschheet an d’Äerd gehéiert eis alleguer. Den Ensemble ass ënnert der Direktioun vum Van Gilmer. Maacht iech bäi, well d’Tickete kritt der just den Owend selwer, ausser dir lauschtert de Radio ARA, well mir ginn eng Koppel Gratisticketen ewech, just fir iech. Alles wat dir musst maachen, ass mir elo uruffen an dat um 091 334210. Dëse Konzert ass en plus fir e gudden Zweck an zwar fir d’Peace Factory, eng Asbl déi all Joers e Summercamp fir Jugendlech tëschent 12 a 15 Joer organiséiert, wou si zesumme Strategien ausschaffe fir Konflikter ze léisen. Respekt ass d’Zil bei Peace Factory. Während de Summeraktivitéite léiert de Jugendlechen den Alldag ze liewen, an dat am Respekt vu sech selwer, deenen aneren an der Ëmwelt, Kompetenzen z’entwécklen fir sech besser ze verstoen a mateneen ze schwätzen, sech selwer besser kennenzeléieren, seng eege Spiritualitéit z’erkennen a sozial Verantwortung z’entwécklen. Ausserdeem steet dëse Konzert: Change the World Chorus ënnert dem Patronage vum Kulturministère. Net vergiessen, Méindes owes de 5te Juli um 8 Auer am Kulturzentrum zu Bouneweg.

Komme mer awer zu eisem Thema vun haut: Näischt ass méi realistesch wéi eng staark Visioun, oder wéi kann ee mat Visiounen d’Zukunft matgestalten? Visoun bedeit virausgesinn. Et huet missen e Visionär sinn, dee geduecht huet, et misst dach e Wee ginn, dem Mënsch d’Fléier z’erméiglechen. Aus dëser verréckter Visioun ass haut en alldeeglecht Verkéiersmëttel ginn.

Eng gutt Visioun sprécht ëmmer d’Häerz an de Verstand un. Virwëtzeg sinn am gudde Sënn ass eng elementar Kraaft vun onsem Geescht déi ons weiderdreift. Natierlech soll ee Spaass dobäi hunn. Visioune sinn e Versuch, sech op d’Zukunft anzeloossen a versichen d’Zukunft ze gestalten. Dat wat eriwwer ass, ass eriwwer, mir liewen elo an eis Ae solle no vir kucken.

Mir wëllen e puer Denkustéiss ginn, fir dass jidderee seng eege Visiounen entwéckle kann. Dofir brauche mer spilleresch Qualitéiten. An deem mer versichen, Gedanken a Gefiller zesummenzeféieren ass e Changement méiglech.

„Eng chaotesch international Gesellschaft, hin an hirgerass vu géigesetzlech Virstellungen an Interessen, ass ëmmer méi dem Terrorismus, der Gesetzlosegkeet an der Korruptioun ausgesat a gëtt duerch de wirtschaftlechen Ënnergank, duerch Aarmutt a Krankheet begruewen.“ [102]

Et ass kloer dass mir staark visionär Qualitéite brauchen. Wéi kann een awer praktesch eng Visioun entwécklen? Wéi gëtt eng Visioun Wierklechkeet? Eng Visioun ass net fest a steif, méi fléissend, ka changéieren a sech entwécklen. Eis Zukunft kann also méi spannend a méi sënnvoll a méi flott ausgesinn. Hei elo e puer vun dëse Qualitéiten, déi eis hëllefe kënnen, um Wee zu neie Visiounen. Dozou gehéiere geeschteg Offenheet, Optimismuss, en Entdeckungsgeescht, Freed op d’Zukunft, Vertrauen a sech selwer an och an eis eegen Intuitioun, Glawen, fräi si vu Viruerteeler, offe sinn an entspaant sinn. Lieweg a schëpferesch sinn, Freed a Gléck ausstralen an net vergiessen: gutt Visioune sinn ustiechend. Visioune beschäftege sech mat der Zukunft, awer visionäert Denke fänkt direkt un a wierkt direkt op ee selwer.

Méi praktesch heescht dat och an eisem Alldag fir sech selwer emol seng Gesondheet fleegen, de richtege Partner wielen, e glécklecht Bestietnes ustriewen, senge Kanner eng gutt Erzéiung ginn, e passend Studium an de richtege Beruff wielen, sech Zäit huele bei der Orientéierung an der Wiel vun enger Weltanschauung an der Relioun. Fridde bei sech selwer schafen a mat sengem Nächsten. Mir wëssen dass d’Welt an enger déiwer Kris stécht an das eis positiv Visioun dozoubäidréit, d’Welt ze veränneren. Bahá’u’lláh seet dass d’Welt eng Heemecht ass an d’Mënschen all hir Bierger sinn.

Grouss Visioune setze sech aus ville klenge Visiounen zesummen. Wat kann zum Weltfridde bäidroen? Ganz einfach, an deems ech ufänke, ronderëm mech friddlech ze sinn, mat mengem Partner, menge Kanner, menger Famill, Kollegen, op der Aarbecht a virun allem an deem ech Freed a Gléck ausstralen. Ech kann och an enger Grupp mat Leit zesummeschaffen déi ähnlech Visiounen hu wéi ech. Dobäi kann ech meng Talenter a Méiglechkeeten asetzen an aner Mënschen ermuddegen, matzemaachen.

Genee sou wéi ech all Dag eppes iessen, kann ech och all Dag eng schéi Wäisheet aus oder Gebiet soen, sief dat aus de Bahá’í Schrëften oder aner Schrëften oder groussen Denker vun eiser Zäit.

Abdu’l-Bahá schreift: „Kuckt net op haut. Riicht äre Bléck op d’Zukunft. Wéi kleng e Kär am Ufank och ass, awer zum Schluss ass et e mächtege Bam. Kuckt net op de Kär, kuckt op de Bam, op seng Bléien, Blieder a Friichten.“ [39]

Iech Radio ARA Nolauschterer en erhuelsame Weekend. Äre Jean-Marie!

 

218 Texter zum Nodenken

218t Sendung, 2ten an 3te Juli 2004. A fir déi puer Minutten déi eis elo nach bleiwen, nach e puer Spréch an Texter zum Nodenken.

‘Abdu’l-Bahá huet 1912 zu Paräis zum Thema Berodung gesot: „Wa fënnef Leit zesummekomme fir no der Wourecht ze sichen, musse si ufänken sech selwer vun allem lasszeléisen an och vun alle virdrun ausgeduechten Iddien. Fir d’Wourecht ze fanne, musse mer eis Viruerteeler opginn; en opene Geescht ass wesentlech. Wann eist d’Glas voll ass mat eis selwer, dann ass keng Plaz méi do fir d’Waasser vum Liewen. D’Tatsaach dass mir eis virstellen, selwer Recht ze hunn an all déi aner am Feeler sinn, ass dat gréissten Hënnernes um Wee zur Eenheet, an Eenheet ass néideg wa mer gär d’Wourecht hätten, well d’Wourecht ass eng.“[40]

De William Sears sot dass d’Mënsche wéi de Mound sinn. „De Mound huet keen eegent Liicht. E kritt alles vun der Sonn. Wann de Mound der Äerd zougedréint ass, ass en den donkle Mound. E gëtt keng Luucht. Mee wann e sech vun der Äerd ofdréint a sech der Sonn zoudréint, gëtt e lues a lues méi schéin. Fir d’éischt ass et e Sëlwersträifen, dann e Véierelsmound, dann en halwen, dann en Dräivéierelsmound bis schliesslech, wann en der Äerd ganz de Réck weist a sech no der Sonn riicht, gëtt en zu engem grousse, ronne stralende Vollmound. Dat ass den Zäitpunkt, wou hien der donkler Äerd am meeschte Liicht gëtt.“[41]

Den Dag vum der Erkenntnis, vum Max Hayek: „Deen Dag, wou s du erkenns, dass de verantwortlech bass, dass d’Welt mat dir steigt a fällt, sënndegt oder reng ass – deen Dag ass däi Gebuertsdag.“

Den Ënnerscheed, vum Friedrich Oetinger: „Gott, gëff mer d’Geloossenheet, d’Saachen z’akzeptéieren, déi ech net ännere kann, de Mutt déi Saachen z’änneren, déi ech ännere kann an d’Wäisheet, dat eent vun deem aneren z’ënnerscheeden.“

Huel der Zäit, eng persesch Wäisheet: „Huel der Zäit, fir ze schaffen, et ass de Präis vum Erfolleg.Huel der Zäit, fir nozedenken, et ass d’Quell vun der Kraaft.Huel der Zäit, fir ze spillen, et ass d’Geheimnis vun der Jugend.Huel der Zäit, fir ze liesen, et ass d’Grondlag vum Wëssen.Huel der Zäit, fir ze dreemen, et ass de Wee zu de Stären.Huel der Zäit, fir gär ze hunn, et ass déi wierklech Liewensfreed.Huel der Zäit, fir frou ze sinn, et ass d’Musek vun der Séil.“

Bahá’u’lláh seet: „D’Léift ass eng Luucht dat nimools an engem ängschtlechen Häerz wunnt.“

Visioune vermëttele, vum Antoine de Saint-Exupery : « Wanns du e Schëff baue wëlls, dann trommel d’Männer net zesummen, fir Holz erbäizehuelen, Geschir virzebereeden, Aufgaben ze verdeelen an d’Aarbecht anzedeelen, méi gëff de Männer d’Sehnsucht an d’Verlaangen no der wäiter onendlecher Welt! »

219 Courage a Freed

219t Sendung, 9ten an 10te Juli 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. D’Begeeschterung war grouss fir déi 250 Leit, déi leschte Méindeg am Kulturzentrum zu Bouneweg waren, fir zesumme mat honnert Gospelsänger aus Amerika an zéng aneren Natiounen ze sangen an ze danzen. Am Chouer war och ee Lëtzebuerger de Jean Weber a jiddereen huet zum Schluss op Lëtzebuergesch gesongen: „ Mir halen op mat haassen“ – „We give up on hate“. Et gouf geklappt, gesongen, gedanzt an et hat een och Tréinen an den Aen. Et goufe méi roueg Momenter, sou zum Beispill d’Lidd : „I’m so glad, Ech si sou frou.“ An der Paus hunn d’Gospelsänger sech an de Publikum gemëscht, fir hiren Enthusiasmus mat den Zuschauer ze deelen. Et ware jonker an aler dabei, grousser a klenger. Déi allermeeschte sinn, sou kann ee soen, ugestach ginn vun dëser Freed fir d’Léift déi e fir säi Schëpfer huet, anere matzedeelen. „We praise the Lord, Mir luewen eisen Här“ hu si gesongen, an dat mat aller Kraaft. Et deet wierklech gutt, dat sou no baussen hin ze héieren. Dës Qualitéit fir kënnen aus sech erauszegoe bréngen déi schwaarz Amerikaner wéi keng aner fäerdeg. Et deet richteg gutt. Hoffe mer dass si gläich nees erëmkommen.

Dofir wollt ech haut kuerz iwwer zwou Qualitéite schwätzen, déi mir hei wichteg schéngen: Courage a Freed. Courage hunn fir aus sech erauszegoen an dat ze maachen wat muss gemaach ginn och wann et wierklech haart oder schwéier ass. Courage ass och da weidermaachen wann ee wëllt opginn. Et heescht d’Gefor erkennen a standhaft bleiwen. Et heescht awer net, onnéideg Risiken agoe fir einfach wëlle Mutt ze weisen. Et brauch ee Courage fir nei Saachen auszeprobéieren, sech schwéier Situatiounen ze stellen a sech nees an de Grëff kréien no engem Feeler an nach eng Kéier probéieren. Et heescht dat maache wann ee weess dass et richteg ass och wann aner Leit een auslaachen. Courage ass eng Qualitéit vum Häerz. Courage kënnt vun deem wat een a sengem Häerz fillt an net nëmmen dat wat een denkt. Et kënnt dovun dass ee sech selwer kennt an dass ee weess dass een eppes maache sollt. Courage kënnt dovun dass ee weess dass Gott do ass fir ze hëllefen an dass een op Hien ziele kann.

D’Léift kann eis Courage ginn. Si gëtt eis Kraaft an hëlleft eis dat richtegt man, trotz eisen Ängschten.

Déi aner Qualitéit, déi ech dësen Owend mat de Gospelsänger gespuert hunn war eng immens Freed. D’Freed fir mat vollem Häerz ze sangen, dass si e Wee fonnt hunn, dass si Bahá’u’lláh unerkennen als dee Versprachene vun alle Reliounen, dass si am Bahá’í Glawen eng Visioun fir d’Zukunft fonnt hunn, dass si dat voll a ganz am Gesank a sou wéi si sinn, ausdrécken. An de Bahá’í Schrëfte liese mer iwwer d’Freed, also Joyfulness: „Freed gëtt eis Flilleken! An Zäite vu Freed ass eis Kraaft méi staark, eisen Intellekt méi schaarf, an eist Verständnes méi kloer. Et schéngt wéi wa mir besser géifen eens gi mat der Welt an dass mir besser eist Gebitt fannen, wou mir kënnen en Afloss hunn.“ [103]

Freed heescht, dass ee voll ass mat Gléck, Fridden, Léift an engem Gefill vu Guttsinn. Freed ass a jidderengem vun eis. Et kënnt vum Gefill dass aner eis gär hunn. Et kënnt vun der Appreciatioun dass d’Liewen e Geschenk ass. Et kënnt da wa mir eppes maachen a wëssen dass et richteg ass wat mer maachen. Freed huet eppes mat Spaass ze dinn mee et ass net grad dat selwecht. Spaass ass eppes wat ausserhalb geschitt – sech gutt ameséieren. Freed kënnt vun deem wat an eis bannendra geschitt.

Freed ass ëmmer do, egal wat dobausse geschitt. Dës ënner Freed kënne mir an alles investéiere wat mir maachen. Et kann ee seng Aarbecht gär maachen, seng Hausaufgaben, souguer eng Aarbecht déi langweileg an net flott ass. Wann een a sech selwer kuckt, fënnt ee Freed, an et kann een dann aus alles eppes flottes maachen. Freed ass dëst Gefill dat eis duerch schwéier Zäite bréngt, och wa mir ganz traureg sinn.

Et sief hei gesot dass een dës an aner Qualitéiten an engem flotte Buch erëmfënnt: The Family Virtues Guide, e Guide fir d’Dugenden an der Famill. Dir fannt méi Informatiounen um Internet oder wann dir eis um Radio ARA urufft: Dat ass den 22 22 89. An ech sinn haut besonnesch frou, iech kënnen duerch eis Emissiounen e klengen Abléck ze ginn an de Bahá’í Glawen.

 

220 Visiounen an Texter zum Nodenken

220t Sendung, 23ten a 24te Juli 2004. Wien an Harmonie wëllt si mat de Prinzipie vum Liewen, musst d’Zil vun der Rees kennen. Déi richteg Wiel vum Wee an de Moyenen, Sécherheet an den Entscheedungen an en Equliber am Uerteel hänke vun der Klorheet vun der Visioun of. Asiicht hänkt vun der Wäitsiicht of.

D’Quell vun der Motivatioun an der Energie ass e kloert Zil virun Aen ze hunn. Och wann ee menge kéint, dass d’Fruucht aus dem Bam kënnt, ass et tatsächlech ëmgedréint. De Bam ass d’Resultat vun der Fruucht. Well wier et net wéinst de Friichten, da géing de Gäertner de Bam guer net setzen a sech Méi ginn dass de Bam och wiisst. Et ass d’Unzéiung vun der Visioun déi Bewegung an Tatendrang mat sech bréngt.

Ziler bedeiten awer och Herausfuerderung; bereet ze sinn, sech lasszeloosse vu Gewunnechten, säi Kompass anescht auszeriichten an deem Neien entgéint ze goen. Ziler bedeiten, en Expert vu Prozesser ze ginn, Gedold an Ausdauer ze weisen, open a flexibel ze sinn fir Changementer a wëlle léieren. D’Freed an den Erfolleg leien awer net just um Enn vun der Rees mee et fënnt een see bei all Schratt. Och wann et heescht säin Zweiwel ze besiegen, éier den Dram zur stralender Wierklechkeet gëtt a wann d’Nobannekucken sech no bausse verwierklecht. Déi kloer Visioun liicht dem Wanderer ëmmer sou wéi de Muerestär vun der Féierung op sengem Wee.

Zum Thema Visoun elo eng léif kleng Geschicht: De Wonschbuttek! E jonke Mann hat en Dram: E war an engem Butték an hannert der Téik huet hien en Engel gesinn. Séier huet hien den Engel gefrot. „Wat verkaaft dir hei?“ „Alles wat dir wëllt“ sot den Engel. De jonke Kärel war begeeschtert an huet sech iwwerluecht: „Dann hätt ech gär: D’Ophale vu Kricher op der Äerd, besser Konditioune fir d’Kanner an d’Familljen an der Gesellschaft, Aarbecht fir jiddereen, Ausbildungsplaze fir Jugendlech, eng gerecht Behandlung vun de Minoritéiten, …“ Dunn ass den Engel him an d’Wuert gefall: „Entschëllegt jonke Mënsch, dir hutt mech falsch verstan. Mir verkafen hei keng Friichten, mir verkafen de Som!“

Dass et net sou einfach ass, an eiser heiteger Zäit de richtege Som ze fanne fir eng besser Welt ze schafe wësse mer. D’Visioun vun enger friddlecher Welt fënnt een als déi gréisste Visioun iwwerhaapt an de Schrëfte vu Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen. Viru méi wéi 100 Joer huet hie sech un d’Weltleadere geriicht a sinn opgefuerdert sech zesummenzesetze fir Fridden an der Welt ze schafen.

Dast dëst Thema méi wéi je aktuell ass, weist en Artikel an der Zäitschrëft P.M. déi elo just erauskoum. D’Iwwerschrëft seet: Come together an d’Bild ënnendrënner weist e riesege Stull, wou d’Leadere vun der Welt dropstinn an ënnert dem Stull gesäit en eis Äerd. Den Artikel seet: „Den Irak-Krich huet et erëm gewisen: Kee Land, wann och nach sou mächteg, ass an der Lag, als Weltpolizist, Fridden ze schafen. De Ruff no enger staarker Weltregierung gëtt ëmmer méi staark. Si soll Recht an Uerdnung an de State vun der Äerd duerchsetzen. Wa néideg mat Gewalt. Awer dës Weltregierung géif onweigerlech zur Diktatur féieren. Wëssenschaftler gesinn déi eenzeg Léisung an enger ganz neier Weltpolitik – a gemeinsamer Verantwortung. D’Zauberwuert heescht: „Global Governance“. De Professer Franz Nuscheler beschreift, wéi dat fonktionéiere kënnt.“ Weider heescht et: „Mateneen – Eifersüchteg op seng eegen Interessen ze setze bréngt soss näischt wéi Krich a Konflikter. Aus dësem Däiwelskrees komme mer nëmmen dann eraus, wann an de Staten eng Asiicht wiisst, dass mer Fridden nëmme kënnen zesumme schafen. D’Denkmodell „Global Governance“ weist de Wee zu dësem Zil.“

Méi Virschléi zum Thema Global Governance fënnt een zum Beispill am Dokument: Wendezeit für die Nationen, e Statement vun der internationaler Bahá’í Gemeng, erausginn 1996, also virun aacht Joer! Als Bahá’í ass et e grousst Encouragement, ze gesinn, dass d’Prophezeiungen an d’Visiounen déi een an de Bahá’í Schrëfte fënnt, eiser heiteger Realitéit ëmmer méi no kommen, an dass méi a méi zäitgenëssesch Denker a Wëssenschaftler op hir Manéier zu de selwechte Konklusioune kommen, ouni selwer Bahá’í ze sinn oder d’Bahá’í Schrëften ze kennen. Bahá’u’lláh schreift: „D’Welt ass aus dem Gläichgewiicht geroden duerch d’Schwongkraaft vun dëser gréissten, dëser neier Weltuerdnung. D’geregelt Liewe vun der Mënschheet ass opgewullt duerch d’Wierke vun dësem eenzegaartegen, dësem erstaunleche System, desgläichen na kee stierflecht A jee gesinn huet.“ [104]

220a Buchvirstellung: Honnert Bréiwer u Gott

220t Sendung, 16ten a 17te Juli 2004. Honnert Bréiwer u Gott ass den Titel vun engem neie Buch, op Franséisch. Geschriwwe vu Fraen a Männer, déi reliéis sinn oder och net: Äerzbëscheef, Shéiken, Mönche, Paschtéier, Rabbiner, Bahá’í oder Buddhisten, Schrëftsteller, Intellektueller, Journalisten, Philosophen oder Wëssenschaftler aus Europa, Afrika oder dem Orient. Si all bezeien méi wéi jee d’Noutwendegkeet vun engem Dialog. An dësem Buch drécken si hire Glawen aus, hir Zweifelen, hir Revolt, hir intiimst Froen, hir Hoffnungen an hir Verzweiflung. Op dës honnert Bréiwer och pathetesch sinn, oder violent, poetesch, erfrëschend, si stellen all en eenzegaartegt Mosaik duer vun der Sich vun de Mënschen.

Aus dem Franséischen iwwersat a fir iech ausgewielt ee vun dësen honnert Bréiwer u Gott, an zwar vum Hélène Guyot-Sander, Maître de conférences vun der Universitéit Blaise-Pascal a Member vum Bahá’í Glawen.

Mäi Gott,

D’Iddi fir dir ze schreiwe wier mer bestëmmt net komm an huet mech fir d’éischt emol zum Nodenke bruecht. Ass et sënnvoll Dir ze schreiwen, Dir dee mäin Häerz a meng Gedanke liest, sou wéi ech et selwer ni kéint maachen? A wie sinn ech fir mir esou eppes z’erlaben.

Mee anerwäerts schwätzen ech jo souwisou mat dir, an do gëllen déi selwecht Iwwerleeungen, genau sou wéi d’Gebiet wou ech och mengen dass et net deem entsprécht wat s du vu mir erwaarts. Zu gläicher Zäit huet et mer geschéngt wéi wann dëse Bréif eng gutt Geleeëenheet wier mech un dech mat enger méi grousser Reflexioun ze riichten, och wann et net méiglech ass, alles auszedrécken wat ech spieren. Ech hunn also geschriwwen, mee ech si mer voll a ganz bewosst dass am Absolutten, näischt vun deem wat ech schreiwe kann, convenable ass fir dech.

Ech froen dech och, mäin Herr, des Zeilen z’akzeptéiere fir dat wat se sinn: e mënschlechen Ausdrock, onendlech onperfekt, onendlech kleng vis-à-vis vun deem onendlech Groussen, deem wat een net wësse kann.

Fir d’éischt emol wollt ech Dir mäi Gefill vun Dankbarkeet ausdrécken an d’Guttheet déi s Du eis weis. D’Räichheet vun der ganzer Schëpfung an d’Räichheet vun all de Wiesen déi d’Mënschheet ausmaachen, kënne sech nëmme wonneren iwwer all Liewewiesen dat mat Perzeptioun begabt[105] ass. All Dag sinn ech Dir dankbar wann ech d’Natur ronderëm mer observéieren, well s du eis d’Sënne ginn hues. An ech si mer dees all Kéiers voll bewosst wann ech an deem aneren nëmmen dat gesinn wat hien erhieft.

Ech soen der merci mäi Gott, fir dës Schéinheet a fir all dës Qualitéiten déi s du an eis mënschlech Realitéite gesat hues. Ech hu verstan dass et un eis ass, sech deem bewosst ze ginn, dës gutt Qualitéiten an eis z’entdecken an se z’exploitéieren. Wat net ëmmer eng einfach Saach ass. Mee ech mengen dass dat wat s du vun eis verlaangs ass keng einfach Saach, sief dat den Eenzelnen oder d’Mënschheet a sengem Ganzen.

Wat de Mënsch ugeet, sou geet et fir d’éischt emol drëm ze gleewen. An dat obschonn et keng Beweiser ginn. An dann heescht et follegen, ouni ëmmer sécher ze sinn dass ee wierklech verstanen huet, weder wéi nach firwat. An am allgemengen, dat akzeptéiere wat s du fir eis entscheeds, an deem mer Vertrauen hunn an d’Tatsaach dass Deng Gerechtegkeet net eis Gerechtegkeet ass an dass du dat wäerts wiele wat eis passt. Et fällt mer heiansdo schwéier, mäi Gott, einfach z’akzeptéieren, och wann s du schreifs dass du kengem eng Laascht gëss, déi hien net erdroe kann.

Et ass elo un der Mënschheet fir hir Eenheet ze realiséieren. Fir een eenzegt Vollek ze ginn, iwwer d’Länner, d’Rassen an d’Reliounen eweg, och wann et heiansdo schwéier ass dës Eenheet an der Famill, ënnert den Noperen an op der Aarbecht zëerreechen.

Ouni Zweifel ass dat eng Erausfuerderung, an awer gesinn ech, mäi Gott, dass dës Eenheet sech mécht, dass iwwerall op der Welt, Fraen a Männer, vun allen Originnen, vun allen Hautfaarwen, sech zesummen erhuewen hunn fir dass Kricher a Leed ophalen an dass sech Fridden a Gerechtegkeet etabléiert. De Wee ass oft schwéier, mee mir komme virun, mam Präis vun individuellen a solidareschen Efforten, a mir si frou.

Mäi Gott, vill vun eis wëssen dass du existéiers a mir hunn dech gär.

An da ginn et nach all déi, déi ganz einfach an hirem Häerz Deng Léift fir eis nach net entdeckt hunn, an nach ni an hirem Wiesen d’Kraaft vun denger Kreatioun gespuert hunn.

Papp, deen s du eis gär hues, verzei eis fir all dat wat mir maachen an hëllef eis fir dass mir dës Welt ännere kënnen.

Wat mech ubelaangt, weess ech wat s du mir ginn hues, an dat wëll ech an den Déngscht vun deene setzen, déi s du gär hues. Ech ka just mat engem Gebiet ophalen, a Form vun engem Glaawensbekenntnes: „Wann däi Vollek emol léiert, dech ze kennen, o mäi Gott, wäert et Däi Wee net verloossen.“

 

221 Buchvirstellung : D’Liewen ass e Paradis, zu deem mir de Schlëssel fanne kënnen

221t Sendung. Léif Radio ARA Nolauschterer. De Summer ass endlech do a sou muncher ee geet elo vläicht an e Bicherbutték fir sech e Buch ze kafe fir an der Vakanz ze liesen. Dat hunn ech gemaach an ech hunn am Herder spektrum Verlag en neit Buch vum Nosrat Peseschkian fonnt: D’Liewen ass e Paradis, zu dem mir de Schlëssel fanne kënnen. D’Buch ass net ze grouss a passt an all Täsch, an net ze deier mat just iwwer sechs Euro. Am Buch fënnt een eng Rei vu Wäisheetsgeschichten, erzielt vum Meeschter vun der positiver Psychologie. Aus enger verfuerener Situatioun mécht sech en Auswee op, en Aha-Erliefnes féiert zu engem Laachen, dat ee fräi mécht. An dat mat kuerze Bemierkunge vun engem Therapeut mat Erfahrung. E Geschenk fir all déi, déi d’Liewe munchmol fir net grad sou paradisesch halen – a fir all déi, déi sech paradiesesch Inselen an hirem Alldag séchere wëllen.

Hei elo eng vun deene ville Geschichten aus dem Buch, mam Titel: De klengen Ënnerscheed. En orientalesche Kinnek hat en ängschtlechen Dram. Hien huet gedreemt, dass hien all seng Zänn, een nom aner, verluer huet. Beonrouegt rifft en eng Persoun, déi sech mat Dreem an hirem Sënn auskennt, fir him ze soen wat dat bedeit. „Ech muss iech leider soen“ seet hien dem Kinnek, „dass dir genee sou wéi är Zänn, all är Familljememberen, een nom anere verléier wäert.“ Dorops hi gouf de Kinnek rosen an huet de Mann, deen him näischt besseres konnt soen, an de Prisong gehäit. Dunn huet en eng aner Persoun gefrot fir him d’Bedeitung vu sengem Dram z’erklären. De Mann huet sech den Dram unhéieren a sot: „Ech si frou iech kënnen eng freedeg Nouvell matzedeelen. Dir gitt méi al wéi jiddereen aus ärer Famill an dir wäert si all iwwerliewen.“ De Kinnek war immens frou an huet hie räich belount fir seng Wierder. Déi aner Leit um Haff hue sech doriwwer gewonnert an zum Mann gesot: „Du hues dach am Fong näischt anescht gesot wéi däi Virgänger. Firwat ass hie bestroft ginn an du goufs belount?“ „Majo, mir hu jo allenzwee dee gläichen Dram héieren. Awer et kënnt net nëmmen drop un, wat ee seet, mee och wéi een eppes seet.“

Souwäit d’Geschicht an da fënnt een no all Geschicht eng kleng Erklärung. Bei dëser Geschicht ass d’Thema d’Dugend vun der Héiflechkeet. Héiflechkeet mécht villes méi einfach. Dat heescht net, dass ee litt, mee dass een d’Wourecht op eng fréndlech Manéier seet, sou dass deen aneren se och akzeptéiere kann.

Passend dozou fënnt een an de Bahá’í Schrëfte wéi wichteg et ass an alle Situatioune frëndlech ze sinn, eppes wat wierklech net einfach ass: Abdu’l-Baha schreift: „Eng fréndlech Zong ass e Magnéit fir d’Häerzer vun de Mënschen. Si ass d’Brout vum Geescht, si kleet d’Wierder mat Bedeitung, si ass d’Liichtquell vun der Wäisheet a vum Verstand.“[106]

Ofschléissend, nach e puer Gedanken zum Gléck: „Fir d’Paradis ze sichen, muss een Energie aktivéieren: Et gëtt kee Lift fir bei d’Gléck ze kommen. Et muss een d’Trap huelen.“

An iwwer d’Wierklechkeet schreift de George Bernard Shaw: „D’Schwieregkeet besteet net doranner, dass et keng schéi Wierklechkeete gëtt, mee doranner, dass sou wéineg vun eis se erkennen, wa mer hinne begéinen.“

 

222 All Relioune sinn eng

222t Sendung, 6ten a 7ten August 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. An den nächsten Emissioune géif ech iech gär eng Rei vu Brochüre virstellen, déi zu verschidden Themen d’Astellung vum Bahá’í Glawe ginn. Fir unzefänke proposéieren ech iech d’Opfaassung dass all Reliounen eng sinn. Wéi kann een dat aus der Bahá’í Siicht verstoen?

D’Bahá’í gleewen dass Relioun sech entwéckelt vun engem Zäitalter zum aneren, sou wéi d’Bedingunge changéieren an der Mënschheet hir geeschteg Fäegkeet sech entwéckelt. Wann een sech d’Schrëfte vun all de grousse Reliounen genee ukukt, fënnt een, dass déi geeschteg Wourechten, wéi zum Beispill de Message vun der Léift, d’Noutwendigkeet fir éierlech, wahrhafteg a reng ze sinn, dass een dës Wourechten an all Relioun erëmfënnt. D’Bahá’í Schrëfte bestätegen dass dës „Foundatioune vun der Relioun vu Gott, déi geeschteg sinn an déi d’Dugende vun der Mënschheet sinn, net kënne geännert ginn; si sinn .. éiweg a ginn am Zyklus vun all Prophéit erneiert.“[107]

Gott ass net erfaassbar, et kann een en net kennen. Eng Kreatur kann ni säi Schëpfer verstoen, net méi wéi e Bild kann de Kënschtler verstoen, deen d’Bild gemoolt huet. Dofir schéckt Gott eis an all Zäitalter eng Persoun, duerch deen Hien der Mënschheet seng Qualitéite kann offenbaren. D’Bahá’í gebrauchen den Ausdrock Manifestatioune vu Gott wa si vu Prophete schwätzen. D’Bahá’í gleewen, dat ënnert aneren, Krishna, Moses, Buddha, Christus, Mohammed a Bahá’u’lláh Manifestatioune vu Gott sinn. All Manifestatioun vu Gott ass eng Persoun mat engem Numm a mat senger eegener Perséinlechkeet, a mat materielle Besoienen, awer op engem aneren Niveau, si sinn alleguer en Deel vum selwechte gëttleche Geescht.

Dofir ass et och, dass eng Manifestatiou heiansdo als Gott schwätzt an heiansdo als e Mënsch. Sou huet Christus gesot: „Ech a mäi Papp sinn enges.“ (John 10,v30) an op enger aner Plaz liest een an der Bibel: „Firwat nenns du mech gutt? Et ass kee gutt ausser engem, an dat ass Gott.“ (Mark 10,v18)

All Prophet, dee mat der Stëmm vu Gott schwätzt, baut op de Prophete virun him op. A fréieren Zäiten zum Beispill huet ee Frëndlechkeet a Frëndschaft an der Famill gewisen, dunn am Stamm. Christus huet e Beispill gebraucht fir de Leit aus där Zäit ze weisen dass een eng Persoun aus engem anere Stamm als säin Noper betruechte soll. Elo huet Bahá’u’lláh et däitlech gemaach, dass all Persoun op der Welt eisen Noper ass, well „D’Äerd ass nëmmen ee Land an all Mënsche si seng Bierger.“

„Deen zweeten Deel vun der Relioun vu Gott, dee sech op d’materiell Welt bezitt, an deen d’Faschten, d’Gebiet, d’Hochzäit an d’Scheedung ëmfaasst, d’Ofschafung vun der Sklaverei, … dësen Deel vum Gesetz vu Gott, dee sech op materiell Saache bezitt, gëtt geännert en accord mat de Noutwendegkeete vun der Zäit.“

Ausserdeem liese mer an de Bahá’í Schrëften: „All Zäitalter huet hir eege Problemer an all Séil hir eegen Aspiratioun. D’Medezin déi d’Welt an hiren heitege Problemer brauch kann ni déi selwecht sinn wéi déi, déi si an aneren Zäitaltere vläicht brauch.“

Sou kann een zum Beispill d’Gesetzer vu Moses a vu Christus vergläichen. Moses krut säi Message vu Gott fir Leit déi stänneg op der Wanderung waren an dat ënner schwéieren Ëmstänn. Sou huet Moses geléiert: „en A fir en A an en Zant fir en Zant“, an dat als eng méi praktesch Approche zur Gerechtegkéit wéi dat bis dohinn de Gebrauch war. Spéider zur Zäit vu Jesus huet hien de Leit geroden „och deen anere Bak dohinnerzehalen“.

Et ass esou wéi wann d’Mënschheet an eng Schoul geet. An all Klass léiert den Enseignant nëmmen dat wat d’Kanner och fäeg sinn ze verstoen. D’Manifestatioun vu Gott leet spezielle Wäert op déi Saachen, déi fir déi Zäit néideg sinn.

Een Deel vun der Relioun gëtt net erneiert, an zwar d’Traditiounen déi de Mënsch geschaf huet. Si ginn op der Säit gelooss wann eng nei Manifestatioun vu Gott kënnt. Dëse Prozess vu Gott, wou Hie sech der Mënschheet offenbaart ass e Prozess ouni Enn. All Manifestatioun ass eng Luucht déi mam Liicht vu Gott straalt. Mir mussen oppassen dass mir eis net zevill un d’Luucht attachéieren, mee éischter un d’Léift vum Liicht déi aus der Luucht kënnt.

Dëse Prozess vun der Relioun ass dee selwechte Prozess vu Gott wou Hien der Mënschheet eng Basis gëtt wou deen Eenzelnen awer och d’Gesellschaft Spiritualitéit entwéckele kann. D’Bahá’í gleewen dass d’Mënscheet als e Ganzt, sech iwwer d’Jorhonnerten entwéckelt huet a grouss an erwuesse ginn ass. D’Basis vun der Offenbarung vu Bahá’u’lláh ass d’Eenheet, d’Eenheet vun alle Leit, déi zesummen an Harmonie fir dat Gutt vun alle schaffen.

D’Manifestatioune vu Gott si wéi perfekt Spigelen, déi d’Liicht vu Gott reflektéieren. Wa mer an d’Sonn kucken, déi sech am Spigel reflektéiert, kënne mer mat aller Wourecht soen, dass mer d’Sonn gesinn hunn. Mee d’Sonn ass net aus dem Himmel erofkomm an de Spigel. Genee sou ass et mat de Manifestatiounen: si si perfekt Spigelen an deene mer den Härgott kënne gesinn.

An eisem Liewe kënne mir eis Häerzer fräi maache vum Stëbs vun der materieller Welt an esou kënne mir besser d’Léift vu Gott reflektéieren. Mir kënnen d’Gesetzer vu Gott befollegen, déi Hien eis fir dëst Zäitalter ginn huet. An de Bahá’í Schrëfte liese mer: „All Natioune wäerten eng ginn; all Relioune wäerte sech vereenegen; d’Mënschen alleguer wäerten eng Famill ginn.“

 

223 Wierder déi inspiréieren

223t Sendung, 13ten a 14ten August 2004. Léif Radio ARA Nolauschterer. An dëser Emissioun fannt dir eng Rei vu schéinen Zitater aus de Bahá’í Schrëften zu verschidden Themen, déi iech hoffentlech ureegen an iech e bëssen Inspiratioun ginn fir dëse schéine Summer. D’Bahá’í Schrëften hu vill Rotschléi wéi ee säi Liewe liewe kann.

Wierklecht Gléck:

„De Mënsch ass a Wierklechkeet e geeschtegt Wiesen, an nëmme wann hien am Geescht lieft, ass e wierklech glécklech D’Welt ass nëmmen eng Schow, si ass näischt an eidel, si gläicht der Realitéit. Klammert iech net fest un si.Deen, deen sech selwer opgëtt, huet wierklech Freed.Sittt op, a mat der Kraaft vun der Muecht Gottes, gitt iech drun iwwer iech selwer ze gewannen.“

Een deen anere gär hunn:

“Déi beschte Manéier dem Härgott Merci ze soen, ass een deen anere gären ze hunn.Wann e Mënsch säi Gesiicht Gott zoudréint, fënnt hien d’Sonn iwwerall. All Mënsche si seng Bridder.Gitt all Mënsch deem dir begéint eng Léift ouni Grenzen.Beméit iech jidderengem, deem dir begéint, eppes guddes ze man, a sidd him vun Notzen.“

Positiv sinn:

„Pass op dass du kengem seng Gefiller verletz, oder dass du engem wéi dees, oder dass du bei engem iergendengem Feeler fënns.Sief ongerecht mat kengem.Luet kenger Séil eng Laascht op, déi dir selwer net droe wëllt, a wënscht kengem eppes, wat dir iech net selwer wënscht.[108]Pass op, dass du kee vun deene bass, déi anere gudde Rod ginn awer selwer vergëss dëse Rot ze beuechten.“

Eenheet an Harmonie:

„Verkéier mat all Mënsch an engem Geescht vu Frëndlechkeet a Frëndschaft.D’Verschiddenheet an der mënschlecher Famill soll d’Ursaach si vu Léift an Harmonie, sou wéi et an der Musek ass, wou vill verschidden Nouten sech zesummen dinn an engem perfekten Accord.“

Gutt Doten:

„Mir sollten alleguer déi Krank besichen. Wa si am Trauer sinn a leiden ass eng richteg Hëllef an nëtzlech wann e Frënd op Besuch kënnt.Et soll ee säi Glawen am Alldag weisen, sou dass d’Welt gesäit wéi e Liicht an de Gesiichter straalt. En hellt a glécklecht Gesiicht erfreet d’Leit iwwerall.Gitt iech Méi dass är Doten Dag fir Dag wonnerschéi Gebieder ginn.“

Der ganzer Welt en Déngscht erweisen:

„Deen ass wierklech e Mënsch haut, deen sech dem Déngscht vun der ganzer Mënschheet hirgëtt.Beschäftegt iech net mat ären eegenen Affäiren; fixéiert är Gedanken op dat wat zum Wuel vun der ganzer Mënschheet féiert.“

An ofschléissend dës kleng orientalesch Wäisheet: Fir d’éischt d’Zil, dann de Wee.

„Wien d’Zil kennt, kann entscheeden. Wien entscheed, fënnt Rou. Wie Rou fënnt ass sécher. Wie sécher ass, kann iwwerleeën. Wien iwwerleet, ka verbesseren.“

 

224 Beweiser dass Gott existéiert

224t Sendung, 20ten an 21ten August 2004. Dës Woch hat ech d’Geleeënheet un der Belscher Bahá’í Summerschoul deelzehuelen. Eng 120km wäit ewech vu Lëtzebuerg, bei Ciney, an dat an engem schéine Schlass mat vill Gréngs ronderëm. Haaptinvité war den Här Nakhjavani mat senger Fra, fréiere Member vum héchste Bahá’í Gremium zu Haifa, am Weltzentrum an Israel. Owes nom Iessen huet hie Froe beäntwert an eng vun de Froen huet mir besonnesch gutt gefall. Déi vun engem Jugendlechen, dee freet: Wéi kann ech menger Schwëster vu 15 Joer beweisen, dass Gott existéiert? D’Äntwert vum Här Nakhjavani baséiert sech op deem wat een an de Bahá’í Schëfte fënnt. Hei e puer vun de Gedanken un déi ech mech erënnere kann an och e puer Zeilen aus de Bahá’í Schrëften:

’Abdu’l-bahá schreift uganks vum leschte Jorhonnert: En onwidderleebare Beweis fir d’Existenz vu Gott ass d’Tatsaach dass sech de Mënsch net selwer erschaf huet. Säi Schëpfer ass en anere wéi hie selwer.[109] E schwaacht Geschëpf kann net de Schëpfer vun engem anere Wiese sinn. Am Schëpfer mussen all Vollkommenheete vereent sinn, fir dass hien erschafe kann. Wier et méiglech dass d’Schëpfung vollkommen ass an de Schëpfer onvollkommen? Ass et denkbar, dass e Bild e Meeschterwierk ass an dass de Moler net vollkommen ass a senger Konscht? D’Bild ass dach seng Konscht a seng Schëpfung. Neen, d’Bild kann dem Moler net emol gläichkommen, well wann et wéi hie wier, da kéint et sech jo selwer molen. Wéi vollkommen d’Bild och ass, so bleift et dach am Vergläich zum Moler ganz onvollkommen.

Kuckt een zum Beispill de Mënsch, da gesäit een, dass e schwaach ass. Dës Schwächt vum Mënsch ass e Beweis vun der Stäerkt, well wann et keng Stäerkt géif ginn, kéint een sech d’Schwächt net virstellen. D’Schwächt selwer weist eis dass et an der Welt Stäerkt muss ginn. Eng aner Schwächt an dëser bedéngte Welt ass d’Aarmutt. Ouni Zweiwel muss et och Räichtum ginn. An dëser Welt gëtt et och Onwëssenheet. Dofir muss et och Wësse ginn, well soss kéint een och keng Onwëssenheet feststellen. Et ass sécher, dass dës ganz Welt enger Uerdnung a Gesetzer ënnerläit, deene si sech net entzéie kann. Souguer de Mënsch ass dem Doud, dem Schlof an aner Naturgesetzer ënnerleeën. Also gëtt de Mënsch beherrscht, an dofir muss et sécher och en Herrscher ginn. Well Ofhängegkeet eng wesentlech Noutwendegkeet ass, muss et och en onofhängegt Wiese ginn. Sou erkenne mer zum Beispill un engem Kranken, dass et Gesondheet muss ginn, well ouni Gesondheet géif et och keng Krankheet ginn. Aus all deem kann ee schléissen, dass et en éiwegen Allmächtege gëtt an een deen all d’Vollkommenheeten a sech vereent, wëll hätt en dat net, da wier Hie senge Geschëpfer gläich. Dofir beweist déi klengst erschafent Saach op dëser Welt dass et e Schëpfer gëtt. Zum Beispill beweist e Stéck Brout, dass och een dat Brout gebak huet.

Wéi wier et méiglech dass dëst gewaltegt an onendlecht Weltall sech selwer soll erschaf hunn? Dozou gëtt eng kleng Geschicht wou zwee Wëssenschaftler, zwee Astronomen andauerend diskutéieren, well een u Gott gleeft an deen aneren net. Deen deen u Gott gleeft léisst sech eng afalen. Während engem Joer, ouni sengem Kolleg eppes ze soen, bastelt hien un engem Modell vum Universum wat hien an engem Zëmmer opriicht. Wéi hie fäerdeg ass, invitéiert hie säi Kolleg bei sech. Hie seet him: Ech hunn eng Iwwerraschung fir dech. Maach d’Dier op an da gesäis de. Wéi säi Kolleg, dee jo net u Gott gleeft dat mécht, fënnt hien en Zëmmer mat engem rise Modell vum Universum, mat de Planéiten, der Sonn, Galaxien, enfin, einfach immens. Hien ass esou erstaunt a seet zu sengem Frënd: Dat do ass jo fantastesch, immens. Wien huet dat gemaach? A säi Kolleg äntwert him: Keen, guer keen, dat war einfach a mengem Zëmmer…..

 

225 De Juddentum an de Bahá’í Glawen[42]

225t Sendung, 27ten an 28ten August 2004. De Juddentum ass eng vun den eelste Weltreliounen a baséiert op enger Rei vu Propheten a Gottesoffenbarer, déi de Wëlle Gottes iwwer vill Jorhonnerten offenbaart hunn. D’Judde gesinn et als hir Flicht d’Gesetzer vu Gott ze befollegen, an dat sou gutt wéi si et no hirem Verständnes kënnen. Gott versprécht hinnen dann op si opzepassen a si op hirem Wee ze leeden.

D’Bahá’í gleewen, dass dës Féierung duerch d’Zäiten a Jorhonnerten net opgehalen huet an dass Bahá’u’lláh dee leschte vun dëse Gottesoffenbarer ass. Gutt verstanen dee leschte wëllt hei net heeschen dass kee méi no Bahá’u’lláh kënnt, mee dass Bahá’u’lláh de Gottesoffenbarer fir eist Zäitalter ass. Bahá’u’lláh gouf 1817 a Persien, am heitegen Iran, gebuer. D’Bahá’í gleewen, dass Hien dee Prophet ass, op deen all d’Relioune gewaart hunn.

A senge Schrëfte leet Bahá’u’lláh e grousse Wäert op d’Eenheet vu Gott, dee Gott dee mer ni kënne verstoen. Déi gëttlech Begrënner vun der Relioun, wéi den Abraham, de Moses, de Jesus, de Mohammet a Bahá’u’lláh, sinn, fir dat jeweilegt Zäitalter d’Stëmm vu Gott, ouni awer Gott selwer ze sinn. Gott, a senger Essenz, bleift onbeschreifbar wäit ewech vu senge Kreaturen. An hire Persounen an duerch hir Léieren gi si der Mënschheet de Wëlle vu Gott fir hir Zäit. Déi fundamental Wourechte vun der Relioun bleiwen déi selwecht a kënne weider developpéiert ginn. Verschidde sozial Léiere kënnen änneren, an dat entsprécht den Noutwendegkeete vun der Zäit. De Moses huet zum Beispill Geboter bruecht fir d’Gesellschaft, fir déi si an der Zäit vum Abraham nach net prett waren. Haut féiert Bahá’u’lláh dës Léiere weider, un eis Zäit ugepasst.

Et gi vill Prophezeiungen an de jiddesche Schrëften iwwer d’Komme vum Verheeschenen. Aus dëse Schrëfte geet kloer ervir, dass Hie vum Osten an d’Hellegt Land kënnt. Dat fënnt een am alen Testament, Ezekiel, 43:2. Bahá’u’lláh, wat op Lëtzebuergesch D’Herrlechkeet Gottes bedeit, koum aus Persien, wat östlech vum hellege Land ass. A weider fënnt een am alen Testamen, Ezekiel, 43:4 An d’Herrlechkeet vum Här koum an d’Haus duerch d’Paart, déi aus dem Osten ass. Déi Persoun déi koum fir Bahá’u’lláh de Wee virzebereeden war de Báb, wat eng Dier oder eng Paart heescht.

Well Bahá’u’lláh gesot huet dass Hien e Gottesoffenbarer wier, gouf Hien als Prisonéier an den Exil geschéckt an dat duerch verschidden Deeler vum tierkesche Räich a schliesslech bis an d’hellegt Land. Dës Prophezeiung fënnt een alt erëm am alen Testament, beim Micha, 7: 10-12.

Nach e puer Wuert zum hellege Land, dem heitegen Israel. De Mont Carmel, de Bierg Carmel zu Haifa, ass déi Plaz, wou, op Uweisung vu Bahá’u’lláh, e wonnerschéint Mausoleum vum Báb entstanen ass, an ëmgi vu Gäert. An dëse friddleche Gäert stinn haut d’Gebeier déi d’Weltzentrum vum Bahá’í Glawen ausmaachen. Bahá’u’lláh selwer läit net wäit ewech zu Akka begruewen. Fir d’Bahá’í ass dësen Deel vum hellege Land déi hellegst Plaz op der Äerd. D’Bahá’í Prophezeiunge soen, dass déi zwou Stiet, Haifa an Akko an der Zukunft d’Haaptstad vun enger fëderéierter Welt ginn.

Wat d’Famill ubelaangt, sou ass si de Kär vun der Gesellschaft. Duefir ass et liewenswichteg dass d’Famill op eng gesond Aart a Weis fonktionéiert. D’Rechter vun all Familljemember duerfen net iwwerschratt ginn. Respekt fir d’Eltere bleift weiderhi wichteg.

Fir d’Bahá’í, genee sou wéi fir d’Judden, hänkt d’Stabilitéit an de Fortschrëtt vun der Famill vun hirer Eenheet of: Wann an enger Famill Léift an Averständnis existéieren, wäert dës Famill an allen Hisiichte virukommen.

An dësem Zäitalter léiert Bahá’u’lláh eis, dass d’ganz Mënschheet wéi eng Famill muss ginn. „D’Verschiddenheet an der mënschlecher Famill soll d’Ursaach vu Léift an Harmonie sinn, sou wéi et an der Musek ass, wou vill verschidden Nouten sech zesummendinn fir e perfekten Accord ze maachen.“

An zum Thema Gerechtegkeet seet Bahá’u’lláh dass d’Ursaach vun der Gerechtegkeet, d’Erschénge vun Eenheet ënnert de Mënschen ass. D’Léiere vu Bahá’u’lláh baséieren op de Prinzipie vun der Gerechtegkeet an der Eenheet. Dozou gehéieren: d’Ofschafe vun all Zort vu Viruerteeler, d’Gläichberechtegung vu Frae mat de Männer, eng geeschteg Attitude zu der Wirtschaft, d’Eweghuele vun Aarmutt, Erzéiung fir jiddereen, e weltwäit Friddensofkommen, eng Weltfederatioun, an eng gemeinsam Sprooch fir eng Weltkommunikatioun.

An dësem neien Zäitalter rifft Bahá’u’lláh d’Mënschen op, seng Uweisungen ze beuechten.

226 Dausend Schüler solle sech zum Islam bekéieren oder op hir Studie verzichten

226t Sendung, 3ten a 4te September 2004. Mëtt September geet bei eis d’Schoul nees un, d’Spillschoul, d’Primärschoul, d’Lycéeen, an am Oktober dann eis Universitéit. Virun allen den Iwwergank vum Lycée op d’Uni ass e grousse Schrëtt am Liewe vun all Schüler. Dat ass esou sécher iwwerall op der Welt. An och am Iran. D’Freed ass grouss an d’Erwaardunge sinn héich. Leider fillen sech am Iran eng ronn dausend Bahá’í Studenten ugeschass. Si kënnen sech entweder zum Islam bekennen oder si mussen hir Studien opginn.

Obschonn d’Regierung de Bahá’í versprach hat, d’Diere vun den Universitéite fir si nees opzemaachen, an dat no engem Verbuet vu méi wéi zwanzeg Joer, sinn déi héiger Studien de Bahá’í en fait verbueden.

Viru sechs Méint waren déi jonk Bahá’í voller Hoffnung a Freed, wéi déi iranesch Autoritéiten eng historesch Décisioun geholl haten: vun elo un géif et keng Referenz méi, zu wéi enger Relioun ee gehéiert wann een sech fir den Opnahmexamen an d’Uni aschreift. Eng immens Hoffnung also fir d’Bahá’í, nodeem praktesch eng ganz Generatioun net konnt héiger Studie maachen.

Dësen Draam ass awer zerfall. D’lescht Woch, eng ronn dausend Bahá’í, déi hiren Opnahmexame gepackt haten hu mat Schrecken entdeckt, dass si als Musulmaner agedroe waren. Obschonn d’Bahá’í Versprieche gemaach kruten, bestätegen déi iranesch Autoritéiten, dass den Zougank zu der Universitéit gläichgestallt ass mam Zoutrëtt zum Islam. D’Bahá’í Studenten am Iran sinn also gezwongen d’Universitéit opzeginn, well et soss sou wier dass si hire Glawe géifen oflehnen an dass dat da vun den Autoritéite wéi e Beweis dofir wier.

„Et ass dat eng diskriminatoresch Moossnam déi hiren Numm net seet. Et ass elo méi wéi e Joer dass d’Regierung de Bahá’í Accès zu den héiger Studie versprécht,“ erkläert d’Vertriederin vun der internationaler Bahá’í Communautéit bei der UNO, d’Bani Dugal. „A Wierklechkeet wëllt d’Regierung se zwéngen hire Glawen ze verneinen. Dës Moossnam geet géint all d’Versécherungen, déi Iran der internationaler Communautéit ginn huet, a hirem Wonsch déi reliéis Fréiheeten ze respektéieren, a virun allem verstéisst si géint déi international Conventiounen am Bezuch op d’Mënscherechter déi den Iran ënnerschriwwen huet.“

D’Bahá’í Gemeinschaft am Iran huet ëm déi 350.000 Memberen an ass déi gréisste reliéis Minoritéit am Land. Zënter 1979, Gebuertsdatum vun der islamescher Revolutioun, goufe méi wéi 200 Bahá’í ëmbruecht, an honnerte goufen an de Prisong gestach. Dausende vun hinne kruten den Zougank zu de Studie gespaart, Zougank zu der Aarbecht an der Pensioun. Hir Kierfechter an all de grousse Stied am Land goufen zerstéiert. Si si keng Bierger, einfach wéinst hirem reliéise Glawen.

Ofschléissend dëse klengen Text deen engem hëlleft beim Gebiet an der Meditatioun: „Maach d’Dier zou, just fir e Moment, a sich bei dir de Fridden. Späer d’Dier zou virun der Welt an all hirem Kaméidi, a looss eran d’Stëll. Maach deng Oueren zou, just fir e Moment, bis de nëmmen héiers, déi roueg kleng Stëmm déi pëspert. Alles ass an der Rei well s du bass do.“ [110]

 

227 Geschicht: de Bam

227t Sendung, 10ten an 11te September 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer. Op dëser Plaz hutt dir vläicht schonn eng oder déi aner Geschicht héieren. An haut hunn ech nees eng kleng fir iech. Geschichten hunn et a sech. Enger Geschicht kann een nolauschteren a sech da selwer eng Meenung dazou maachen. Bei dëser Geschicht denken ech un eis Welt an dat wat mir draus gemaach hunn an dat wat mir aus hir kënne maachen. Et ass d’Geschicht vun engem Bam.

Et waren emol eng Kéier zwee Bridder, déi waren op der Juegd am Bësch. Enges Dags ware si vill méi wäit an de Bësch era wéi gewéinlech. Déif am Bësch si si op e Bam gestouss, awer e Bam wéi si nach ni ee gesinn haten. Dëse Bam war eenzeg ënnert deenen anere Beem am Bësch, vun enger aussergewéinlecher Gréisst a Schéinheet. Ronderëm dëse Bam war e speziell dousse Geroch an en huet immens vill Friichte gedroen. E puer vun de Friichte ware vum Bam erofgefall an dofir hunn déi zwee Bridder sech ënnert e gesat fir se am Schiet ze schmaachen. Esou eng gutt Fruucht haten si nach ni gehat an den Ernährungswäert hu si ganz séier gespuert.

Si hunn dann nach e puer vun den zeidege Friichten opgeraf fir se zréck bei hir Familljen ze huelen. Si wollten der Famill matgi wat si fonnt hunn. Wéi déi aner d’Friichte bis geschmaach haten a wéi si héieren hunn, wéi d’Bridder iwwer dëse wonnerbare Bam geschwat hunn, hu si beschloss hir siwe Saachen ze paken a mat de Bridder op déi Plaz vum Bam ze goen fir sech do nidderzeloossen. An dat hu se gemaach.

An esou ass d’Zäit vergaangen an no ville Generatiounen sinn déi zwou Familljen zu engem groussen Duerf gewuess an all d’Famillen hu friddlech an der Ëmgéigend vun dësem schéinen an aussergewéinleche Bam gelieft. Um Bam waren och ëmmer genuch Friichte fir jiddereen a si konnten sech all un de Friichten erfreeën.

Mat de Joere si verchidde Geschichten a Legenden entstanen, wéi dann elo déi Bridder dëse Bam entdeckt hunn, wéi e Brudder de Bam da fir d’éischt gesinn hat a wiem säin Entschloss et da war, fir mat de Famillen an d’Géigend vum Bam ze plënneren. Mat der Zäit sinn och verschidden Nimm fir de Bam an d’Friichten ënnert de Familljen entstanen. Obwuel de Bam ëmmer genuch Friichte fir jidderee ginn huet, ass Angscht a Mësstrauen ënnert de Familljen gewuess, well jiddereen huet gefaart dass deen aneren ze vill Friichte sammele géif an dass herno neméi genuch do wär. A sou gouf et Streidereien a Grenze goufe gestallt, sou dass kee kéint op deem anere säi Gebitt trieden fir d’Friichten ze huelen.

An du gouf iwwer déi verschidde Grenze gestridden a wat dann déi wierklech Grenz wier a wéi de Bam da géif wierklech heeschen. Mat der Zäit goufen dës Streidereien ëmmer méi grouss a Leit goufe verletzt an et goufen der souguer ëmbruecht. A sou koum et dass déi wonnerschéin Harmonie, dëse Fridden an dës Zesummenaarbecht, déi si sou laang genoss hunn, elo anschéinend fir ëmmer verluer war.

No ville Joere vu Verwüstung ass versicht ginn, nees e bëssen Uerdnung ze schafen. Delegatioune goufe vun deenen eenzelne Parteie gebilt a si hu probéiert sech zesummenzefannen, fir kënnen eng Léisung ze fannen. Mee et war bal onméiglech sech eens ze ginn, wou a wéini si sech sollten treffen a vill vun de Parteie wollten sech net treffen, ausser si kréiche Recht wat den Numm vum Bam an der Fruucht ubelaangt. Jiddereen huet u sengem Numm fir de Bam festgehalen a wann déi aner net domat averstane sinn, kéint een ni eng friddlech Léisung fannen. Ausserdeem wollten si net riskéieren, d’Wourecht mat den Iddien a Feeler vun den anere knaschteg ze man. Et waren der souguer do déi geduecht hunn dass dëse Bam guer net sou extra wier a si gehu gemengt e kéint ëmgehae ginn. A sou ass et eng gutt Zäit laang mat de Streidereie weidergaangen.

Awer do gouf et een dee matsen an der Feindséilegkeet an am Duercherneen standhaft bliwwen ass. Een dee weiderhi seng Schéinheet ginn huet, säi Schiet, seng Friichten fir jiddereen, ouni Diskriminatioun. De Bam.

Ofschléissend dëse Passage aus de Bahá’í Schrëften: „Betruecht een deen anere net als Friemen, well dir sidd alleguer d’Strale vun enger Sonn, d’Friichte vun engem Bam an d’Blieder vun engem Aascht.“[111]

 

228 Identitéit fir de Planéit

228t Sendung, 17ten an 18te September 2004. 100 Joer am Déngscht vun der Eenheet an der Verschiddenheet an Europa. Léif Radio Ara Nolauschterer, D’Mënschheet wiisst aus hire Kannerschong eraus a gëtt erwuessen. Och wann dat haut dacks schwéier festzestellen ass. D’Mënschheet ass haut mat Sécherheet neien Erausfuerderunge konfrontéiert. Eng dovunner ass déi vir déi sozial Uerdnung ze restrukturéieren. An dat ass net nëmmen d’Aufgab vun de Politiker an aner Organisatiounen, mee et ass och d’Aufgab vun de Kënschtler, de Wëssenschaftler, vun den Aarbechter an de Firmendirekteren, en fait et ass d’Aufgab vu jidderengem vun eis. Jidderee vun eis soll sech asetze fir eng nei sozial Uerdnung.[112]

D’Bahá’í Gemeng proposéiert aacht Beräicher, déi ee soll speziell favoriséieren. Éischtens d’Wuel vum Eenzelne genee sou wéi d’Wuel vun der Kollektivitéit favoriséieren. Zweetens, wann een op der Sich ass no praktesche Léisunge fir d’Problemer vum Mënsch an der Gesellschaft, soll ee sech un ethesch Wäerter an u geeschteg Prinzipien halen. Drëttens soll ee jiddereen encouragéieren, selwer den Haaptakteur vum soziale Changement ze ginn. Soss ass een a bleift ee just en Zuschauer, e Spektateur, an dat ganz oft vu sengem eegene Liewen, an deem vu senger Famill. Véiertens soll een Initiativen um Terrain favoriséieren, zesumme mat enger permanenter Formatioun. Fënneftens soll jiddere kënne seng Talenter voll entwéckelen a jidderengem säi Potential soll am Déngscht vun der Mënschheet agesat ginn. Sechstens, soll d’Gläichheet vu Mann a Fra favoriséiert ginn an d’Frae solle sech voll a ganz an alle Beräicher vun der mënschlecher Aktivitéit bedeelege kënnen. Siwentens ass et wichteg dass mer eis bewosst ginn, dass d’Mënschheet eng Eenheet duerstellt, déi et fäerdeg bréngt, all rassistesch, wirtschaftlech a sozial Barrièren ze briechen. Als leschte Punkt op dëser Plaz setzt d’Bahá’í Gemeng sech an, fir d’Konzept vum Weltbierger, an dat mat engem reelle Partage vu Verantwortungen fir domat kënnen d’Wuel vu jidderengem ze sécheren.

D’Bahá’í gehéieren enger Weltgemeinschaft un, déi vun demokratesch gewielte Réit verwalt gëtt, an zwar an 182 Länner an an 11746 Stied an Dierfer an der Welt. Wat si belieft ass de Glawen an d’Eenheet vun der Mënschheet. D’Bahá’í ënnerhuele breetgefächert Aktivitéiten, ëmmer mam Zil fir Viruerteeler ofzebauen, dass d’Mënscherechter agehale ginn, fir d’Gläichheet ënnert de Fraen an de Männer ze fërderen, dass eis Kanner duerch Erzéiung selbststänneg denken an handele kënnen, fir sozial, kulturell a wirtschaftlech Entwécklung ze fërderen an doduerch, fir de Fridden ze schaffen.

Hir Inspiratioun fanne si an de Léiere vum Begrënner vum Bahá’í Glawen, Bahá’u’lláh, dee vun 1817-1892 gelieft huet. An Europa hu sech déi éischt Bahá’í Gemengen Enn vum 19te Jorhonnert etabléiert. Haut ginn et Bahá’í an allen europäesche Länner.

An éischter Linn soll Relioun eng Quell vu Motivatioun sinn, fir sech wëllen ze verbesseren an e bëssere Mënsch ze ginn. D’Bahá’í Gemeng vu Lëtzebuerg ass der fester Iwwerzeegung dass d’Relioune sollen zesummeschaffen, am Déngscht vun der Mënschheet. Dofir sidd dir léif Nolauschterer häerzlech ageluede fir zesumme mat eis nei Weeër fir eng besser Welt ze sichen. Dir fannt eis am Telefonsbuch, an der Stad oder um Internet ënnert bahai.

 

229 Mir sinn alleguer wéi eng Gittar

229t Sendung, 24ten an 25te September 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, An Tunesien gëtt et zënter méi wéi 50 Joer eng Bahá’í Communautéit an ech hunn d’Chance mat enger Fra bestued ze sinn, déi an Tunesien opgewuess ass. Hir Eltere si Judden, an an Tunesien ass den Islam déi grouss Majoritéit. Si ass zu Sousse an d’Schoul gaang, en Internat, dat vu chrëchtleche Schwëstere gefouert gouf. Si war also vun hirer Kandheet un, konfrontéiert mat dräi grousse Reliounen. Spéider, op der Côte d’Azur huet si fir d’éischt vum Bahá’í Glawen héieren. Während eiser klenger Vakanz an Tunesien ware mir frou, d’Bahá’í vun do kennenzeléieren an eis un hire Gebietsowenter zu Monastir an zu Tunis unzeschléissen.

Hei elo eng kleng Geschicht, erzielt vun enger Perséinlechkeet am Bahá’í Glawen, dem Här Enoch Olinga, deen de Glawen an Afrika kennegeléiert huet. A sengem Liewen hat hie vill Schwieregkeeten a Leed kannt, hien huet vill matgemaach, an hien, seng Fra an dräi Kanner sinn an de 70er Joren an der Haaptstad vun Uganda, mattsen an den deemolegen Onrouen, an hirem Haus, ëmbruecht ginn. D’Ursaache vun dëser Tragedie si bis haut nach net gekläert. Den Här Olinga war e Mënsch voller Begeeschtertung, mat enger immenser Ausstralung an engem häerzhafte Laachen, deem ee sech schwéier entzéie konnt. Mat dësem Hannergrond mécht déi Geschicht déi der elo héiert vläicht méi Sënn. An der Geschicht kann ee soen, dass d’Gittar de Mënsch duerstellt an de Museker eise Schëpfer, den Härgott.

Oft sot den Här Olinga, dass mir alleguer wéi eng Gittar sinn. Wann eng Gittar vun engem grousse gëttleche Museker héiert, hofft si, dass de Museker op hir spillt. Et ass dat de gréisste Wonsch vun der Gittar. Si gëtt sech voll a ganz dësem Museker. De Museker akzeptéiert fir op der Gittar ze spillen, hien hëllt se no bei sech a fänkt un drop ze spillen. Zimmlech séier mierkt hien, dass schonn eng Zäit laang neméi op der Gittar gespillt gouf, an esou fänkt hien un d’Gittar ze stëmmen, an d’Säiten unzezéien. D’Gittar ass dësen Drock net gewinnt an dësen Drock deet der Gittar wéi. Si hält et neméi aus, an déi éischt Säit brécht. Vu dass d’Gittar sech sou wënscht, dass op hier dës gëttlech Melodie gespillt gëtt, spillt de Museker mat de Säiten, déi iwwereg bleiwen. Mee et héiert sech nees falsch un. Also stëmmt de Museker d’Säiten nees. Mee de Widderstand an den Drock ass ze grouss an d’Säit brécht. A sou geet et weider bis nach eng eenzeg Säit do ass fir drop ze spillen. An de Museker bleift der Gittar trei, déi sech esou wënscht dass de Museker drop spillt. Natierlech geschitt nees dat selwecht an och dës lescht Säit widdersteet dem Drock net an zerräisst schliesslech. Elo huet de Museker keng aner Wiel wéi d’Gittar op d’Säit ze leeën.

Wéi kann een dëse Verglach vun der Gittar, déi de Mënsch duerstellt an de Museker, dee Gott duerstellt, verstoen? Eng Méiglechkeet ass fir ze soen dass Gott eis test fir dass mir eis verbesseren, hie gëtt eis Epreuven fir eis ze perfektionéieren, net fir eis ze zerstéieren. D’Zerstéierung kënnt nëmmen duerch eise Widderstand fir eis stëmmen ze loossen. Den Zweck ass net d’Bestrofung, mee d’Intentioun der Gittar hire Wonsch z’erfëllen fir drop gespillt ze ginn. An esou fënnt een aussergewéinlech Leit, déi vill an hirem Liewe matgemaach hunn, déi awer hir eege Musek fir eis hannerloossen.

Bahá’u’lláh seet dass d’Zeeche vun der Léift Standhaftegkeet a Sengem Rot ass a Gedold a Senge Prüfungen.

Vläicht ass d’Spréchwuert: „Ouni Fläiss kee Präiss“ guer net sou falsch a jidderee weess wéivill ee muss prouwe fir säin Instrument ze beherrschen, oder wéivill ee muss trainéieren, fir gutt kënnen eng sportlech Aktivitéit ze maachen. Wann een an der Musek säin Instrument beherrscht, kann ee jo dann och vun enger Fräiheet a Kreativitéit schwätzen. Also kann ee sech och froen: Wéi soll ech mäi Liewe am beschte liewen, sou dass dat wat ech denken, dat wat ech fillen an dat wat ech maachen, an Harmonie mateneen ass? An do kënnen eis vläicht eis gëttlech Erzéier hëllefen, d’Propheten an d’Manifestatiounen. A fir eis Zäit ass dat Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen.

 

230 Wat vill Bahá’í de Summer iwwer maachen[113]

230t Sendung, 31te September an 1ten Oktober 2004. De Summer ass eriwwer. Vill vun eis haten d’Geleeënheet e bësse Vakanz ze maachen a vläicht nei Leit kennenzeléieren. D’Bahá’í Summerschoulen, déi fir jiddereen op sinn, haten dëse Summer ganz oft als Thema d’Kreativitéit. Hei eng kleng Rees an e puer vun de Länner déi dat organiséiert haten.

A Rumänien, zu Tohanu Nou, hunn d’Frënn d’Summerresidenz vun der Kinnegin Maria vu Rumänie besicht. Si war den éischte Monarch deen de Bahá’í Glawen ugeholl huet. Den Ausfluch bei hiert Schlass an der schéiner Regioun vu Bran war en Deel vum Programm, esou charakteristesch fir Summerschoulen an Europa dëst Joer.

Weltwäit kombinéieren d’Bahá’í Summerschoulen dräi grouss Aspekter; de meditativen Deel mat Gebieder, den Deel vu Konferenzen an Atelieren an d’Fräizäit während de Schoulen.

Sou war zum Beispill de Besuch an d’Schlass eng Geleeënheet Inspiratioun ze fanne bei Personagen aus der Geschicht, wéi d’Kinnegin Maria an d’Martha Root, eng Bahá’í déi hir de Glawe méi no bruecht huet.

Déi gemeinsam Theme vun de Schoulen an de Länner wéi Rumänien, Norwegen, Irland, Slovakien a Kroatien waren déi kreativ Aart a Weise wéi ee Gebietsréuniounen, Studiekreeser a Kannerklassen ugoe kann. Dës Grondaktivitéiten fënnt een elo bei de Bahá’í uechtert d’Welt.

A Rumänie gouf vill Gewiicht op d’Ateliere geluecht, a wéi d’Bahá’í an hir Frënn d’Manéier, wéi si der Communautéit hir Grondaktivitéite verbessere kéinten. An den Atelieren hunn d’Participante Gebietsbicher dekoréiert, Invitatioune fir Gebietsowenter a Studiekreeser gemaach. Si hu geléiert, wéi een am beschte Geschichten erzielt a wéi ee kann einfach Lidder komponéieren.

Gi mer elo an Norwege kucken. Do hu sech zu Beitostolen iwwer 300 Bahá’í zesummefonnt, an dat an enger spektakulärer Biergregioun. E Conférencier, den Dr Hossain Danesh aus Canada hat als Thema, wéi mir eis als Erwuessener kënne weiderentwéckelen, an dat am Kontext vun der Famill, der Aarbecht an dem Déngscht am Bahá’í Glawen.

Eng aner Interventioun huet sech mat engem sozioekonomeschen Entwécklungsprojet ausernanergesat an eng aner huet sech drop konzentréiert wéi wichteg d’Landwirtschaft an der Gesellschaft ass.

Mëttes konnt een tëschent e puer Aktivitéite wielen a während der Schoul gouf et speziell Programmer fir Kanner a Jugendlecher.

Gi mer elo eriwwer an Irland, op Waterford, wou iwwer 500 Bahá’í mat hire Frënn eng flott Summerschoul genoss hunn. Sou hunn do d’Kanner an déi Jugendlech nomëttes eng grouss holze Schaukel an en Aussiichtstuerm gebaut. Et gouf natierlech och Fussball, Schwammen a Gesiichtsmolerei.

Awakening the Spirit war d’Thema vun der Schoul. Fir den zéngte Gebuertsdag vum internationale Joer vun der Famill vun de Vereente Natiounen ze feieren, hat d’Schoul d’Leit vu Waterford op eng Porte Ouverte invitéiert. Dorops hi gouf et eng Konferenz an der Gemeng an eng Visite vum Buergermeeschter, dem Seamus Ryan.

An elo an d’Slovakei. Den Haaptconférencier an der nationaler Summerschoul war den Dr Firaydoun Javaher, e Member vum héchste Bahá’í Gremium. Hien huet iwwer d’Roll vum Glawen am 21ste Jorhonnert geschwat. Den Acteur an Humorist Omid Djalili a seng Fra d’Annabel hunn en Theater Atelier animéiert. Hien ass bekannt fir seng Rollen a Filmer wéi The Mummy, Spy Games an de Gladiator. Den Här Jalili huet zwee Joer an der Slovakei gelieft, vun 1991 bis 93.

Aner Interventiounen gouf et iwwer d’Bestietniss, d’Famililiewen a wéi ee besser kann eens gi mat senger Zäit a sengem Geld.

An zum Schluss gi mer a Kroatien a Slovenien. Do war d’Summerschoul zu Seline. Et war wierklech eng international Schoul mat Frënn vu Bosnien an Herzegovina, Serbien a Montenegro, Australien, Eisträich, Kanada, Frankräich, Däitschland, Ungarn, Italien, Polen, England an Amerika. Ënnert den Theme gouf et: Living by the will of God, Bahá’í family identity, Spirituality at work, Marriage and finding a partner, an d’Gebiet.

Ech loossen iech mat dësem Text aus de Bahá’í Schrëften iwwer de Mënsch: « L’homme est au rang suprême de la matérialité et au commencement de la spiritualité : c’est-à-dire qu’il est la fin de l’imperfection et le commencement de la perfection. Il est au dernier degré des ténèbres et au commencement de la lumière; aussi a-t-on dit que la condition de l’homme était la fin de la nuit et le commencement du jour; c’est-à-dire qu’il réunit tous les degrés des imperfections et possède les degrés de perfection. Il a le côté animal aussi bien que le côté angélique; la raison d’être de l’éducateur est d’instruire les hommes de telle facon que le côté angélique l’emporte sur le côté animal.»[114]

 

231 17ten Oktober, Internationalen Dag fir d’Ofschafung vun der Aarmutt

231t Sendung, 8ten an 9ten Oktober 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, de 17ten Oktober ass den internationalen Dag fir d’Ofschafung vun der Aarmutt an der Welt. En Ustouss also fir sech Gendanken iwwer d’Aarmutt ze maachen. Aarm ass een dann, wann een net genuch z’iessen huet, wann et um Néidegste feelt. Aarm ass een och wann een an engem Ëmfeld lieft, deen onsécher ass, schlecht Liewensbedingungen, keng Aarbecht, keng medezinesch Fleg a keng Erzéiung an Ausbildung. Aarm ass een och wann een all déi materiall Saachen am Liewen huet, wann een ëmmer enger neier Saach noleeft, also materiell räich, awer séilesch aarm.

Zënter Joren elo maachen sech d’Vereenten Natiounen an d’Länner vun der Welt Gedanken wéi een d’Aarmutt ka reduzéieren. Et ass schéin ze gesinn, dass op deem Punkt jidderee sech eens ass. Mee d’Beméiungen déi am Moment an der Welt gemaach ginn, brauchen geeschteg Prinzipie fir d’Aarmutt kënnen ofzeschafen. An dat an enger Welt wou bal alles sech ëm d’Geld dréint. An da musse Regierunge mat wéineg Erfahrung a mat vill Korruptioun emol léieren, d’Hëllef déi si vu bausse kréien, gerecht an hirem Land ze verdeelen, ouni sech fir d’éischt ze beräicheren.

Am Bahá’í Glawen fënnt ee konkret Léisungsvirschléi fir d’Extremer vu Räichtum an Aarmutt méi kleng ze maachen. Erstaunlech dës kloer Rotschléi: „ Ëmmer erëm gi fir d’Wuel vu senge Matmënschen, ouni Angscht virun der Aarmutt a mat vollem Vertrauen an déi onfeelbar Generositéit vun der Quell vun allem Räichtum a vun allem Guddem – dat ass d’Geheimnis vun emgem éierleche Liewen.“

Fir all déi Räich vun eis dëse Rot: « O vous les riches de la terre! Les pauvres sont mon dépôt que j’ai placé parmi vous. Veillez sur ce dépôt et ne soyez pas uniquement absorbés par votre bien-être personnel. »

Den Taoismus huet eng ganz flott Defintioun vum Räichtum: « Deen, dee weess dass hie genuch huet, ass räich »

D’Bahá’í Schrëfte soe weider: „Maacht iech keng Suergen an der Aarmutt a sidd net voll Vertrauen am Räichtum, well no der Aarmutt kënnt de Räichtum an nom Räichtum kënnt d’Aarmutt.

En anere Rot wéi de Mënsch liewe sollt ass deen hei: « L’homme devrait connaître son propre moi et reconnaître ce qui mène à la grandeur ou à la bassesse, à la gloire ou à l’humiliation, à la richesse ou à la pauvreté. Dès qu’il a atteint son niveau de réalisation et de maturité l’homme a besoin de ressources et les richesses qu’il acquiert par son art ou par sa profession sont louables et méritoires aux yeux des hommes de sagesse particulièrement pour les serviteurs qui se consacrent à l’éducation du monde et à l’instruction de ses peuples. »

An den Dalaï Lama hat dat hei ze soen zu Rio am Juni 1992: „Ech menge fir d’Erausfuerderunge vun eiser Zäit unzegoen, sollte mir méi e grousse Sënn fir eng universell Verantwortung entwéckelen. Jidderee vun eis muss léieren, net nëmme fir sech selwer, seng Famill oder säi Land ze schaffen, mee fir d’ganz Mënschheet.“

Natierlech ass et grousse Schrëtt vir eis an eis Regierungen ze soen dass de Räichtum vun der Welt, den Uelech, d’Wasser, eis alleguer gehéiert an net nëmmen deem Land an deem et sech befënnt.

Ass et net gerecht, dass mer d’Extremer vu Räichtum an Aarmutt sollen ofschafen. De Bahá’í Glawe condamnéiert eng Beräicherung déi op enger Aarbecht baséiert, déi net produktiv ass an der Gemeinschaft keen Notze bréngt a Bahá’u’lláh bestätegt, dass wann een d’Industrie encouragéiere sollt, sou ass et d’Entwécklung vun der Landwirtschaft déi d’Basis vun eiser Gesellschaft ass.

An zum Schluss dëse Passage vum héchste Bahá’í Gremium: “Le gouffre qui sépare les riches des pauvres, source de grandes souffrances, maintient le monde dans un état d’instabilité, pratiquement au seuil de la guerre. Peu de sociétés ont su apporter une solution efficace à cette situation. La solution requiert l’alliance d’éléments spirituels, moraux et pratiques. Il faut envisager le problème dans une perspective nouvelle, consulter des experts couvrant une vaste gamme de disciplines, à l’abri des polémiques économiques et idéologiques, et s’assurer le concours de gens qui sont directement concernés par les décisions devant être prises d’urgence. Cette question est liée non seulement à la nécessité d’éliminer les extrêmes de richesse et de pauvreté, mais aussi aux vérités spirituelles dont la compréhension pourra donner naissance à une attitude universelle nouvelle. L’encouragement et le développement d’une telle attitude représentent en eux-mêmes un élément-clé de la solution.”[115]

 

232 Sech virbereeden

232t Sendung, 15ten a 16ten Oktober 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, wann dir Email hutt, ass et iech sécher net erspuert, vun Zäit zu Zäit Geschichten ze kréien a Rezepter fir besser ze liewen. Dacks steet och zum Schluss vu sou Emailer dass een se soll u seng Frënn weiderschécken. Abee, haut héiert dir sou eng Geschicht, an zwar sinn et aacht Saachen déi den Herrgott iech net froe wäert, wann et esou wäit ass, wann dir Him begéint. Dir kënnt mir jo duerno soen op et iech gefall huet.

Éischtens: Gott freet iech net mat wéi engem Auto dir gefuer sidd; Hie freet iech wéivill Leit dir matgeholl hutt, déi keen Transportmëttel haten.

Zweetens: Gott freet iech net wéivill Qudratmeter äert Haus hat; Hie freet iech wéivill Leit bei iech doheem wëllkomm waren.

Drëttens: Gott freet iech net iwwer d’Kleeder, déi dir an äre Schief hänken hat; Hie freet iech wéivill Leit dir gehollef hutt, sech ze kleeden.

Véiertens: Gott freet iech net wéivill är héchste Pei war; Hie freet iech ob dir onéierlech waart, op dir Kompromësser gemaach hutt fir se kréien.

Fënneftens: Gott freet iech net wat är Aarbecht war; Hie freet iech ob dir är Aarbecht sou gutt gemaach hutt, wéi et iech méiglech war.

Sechstens: Gott freet iech net wéivill Frënn dir hat; Hie freet iech wéi ville Leit dir e Frënn waart.

Gott freet iech net a wéi engem Quartier dir gewunnt hutt; Hie freet iech wéi dir mat ären Nopere waart.

Gott freet iech net d’Faarf vun ärer Haut; Hie freet iech iwwert äre Charakter.

Wann et iech gutt geet, wann dir frou sidd, da lueft deen, deen iech erschaf huet. A schwéieren Zäiten, wann et iech net gutt geet, da sicht deen, deen iech erschaf huet. A rouege Momenter, ënnerhaalt iech mat deem, deen iech erschaf huet. A schwéieren Zäiten, vertraut deem, deen iech erschaf huet. Zu jidder Zäit, zu all Moment, sot deem merci, deen iech erschaf huet.[116]

Bahá’í gleewen dass et en Dag vum jénkste Geriicht gëtt: An de Schrëfte liese mir: „Lee all Dag Recheschaft virun dir selwer of, éiers du zur Recheschaft gezu gëss. Wëll den Doud mellt sech net un an da muss du dech veräntwere fir dat wat s de gemaach hues.

Et kann ee sech also owes, wann een am Bett läit, froen: wéi war mäin Dag, wat ass gutt gaang a wat net sou gutt. Sinn ech mat mir zefridden? Schliesslech si mer verantwortlech fir dat wat mer maachen.

Wann een dru gleeft, dass d’Liewen net mam Doud ophält, freet een sech natierlech, wéi et weidergeet a wat een alles an engem nächste Liewe brauch. Eeens si sech déi méischt, dass mir keng materiell Saache brauchen. An dass et keng Zäit a kee Raum gëtt.

Virbereedung ass ëmmer gutt: Fir eng Prüfung bereet een sech vir. Beim Sport, bei der Musek ass d’Virbereedung an d’Prouwen e wichtegen Deel vum Erfolleg.

Wann d’Kand am Bauch vun der Mamm wiisst, sinn déi néng Méint eng laang Virbereedung op d’Liewen hei op der Äerd. Well fir den Embryo gëtt et soss keng Welt wéi déi am Bauch vun der Mamm. Obschonn d’Kand jo net weess dass et eng aner Welt gëtt, entwéckelt hat all seng Organer déi et brauch, Hänn, Féiss, Been, Oueren, Fangeren, a sou weider. Sécher huet d’Kand selwer kee Choix, an d’Mamm kann d’Entwécklung sécher positiv beaflossen. Mir wëssen haut das d’Kanner am Bauch vun der Mamm, Musék héieren a souguer Stëmmen erkennen.
Ech ka mech ganz einfach froen: Wéi bereeden ech mech op en neien Dag fir? Wéi bereeden ech mech op d’Vakanz fir? Wéi bereeden ech mech op d’Bestietnes fir, op d’Zesummeliewe mat engem anere Mënsch? A wéi bereeden ech mech op e Liewen nom Doud fir? Wann ech gleewen, dass d’Liewen an iergendenger Form nom Doud weidergeet. Iech alleguer e schéinen, erhuelsame Weekend, äre Jean-Marie.

 

233 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 1/13

233t Sendung, 22ten a 23ten Oktober 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dat héchste Bahá’í Gremium huet sech virun 19 Joer an engem Dokument vu ronn 30 Säiten un all d’Mënsche geriicht, mam Titel: D’Versprieche vum Weltfridden. Wie kann eis iwwerhaapt de Fridden op der Welt verspriechen? Abee, an den nächsten Emissiounen héiere mer, wat alles an dësem Dokument dran ass. Iwwrégens kënnt dir gären dës Deklaratioun op Lëtzebuergesch kréien. Rufft mir einfach um Radio ARA un, 222289. D’Versprieche vum Weltfridden. Eng Deklaratioun vum Universalen Haus vun der Gerechtegkeet. Un d’Vëlker vun der Welt:

Dee Grousse Fridden, no deem d’Mënsche vu guddem Wëllen am Laf vun de Jorhonnerten esou staark verlaangert hunn, dee Prophéiten an Dichter zënter ville Generatiounen an hire Visioune beschriwwen an deen déi helleg Schrëfte vun der Mënschheet zënter je hier ugekënnegt hunn, ass fir d’Natiounen elo endlech gräifbar ginn. Fir d’éischt an der Geschicht huet haut jiddereen d’Méiglechkeet, dee ganze Planéit an déi Onmass vu Vëlker, déi op ëm liewen, an enger globaler Perspektiv ze gesinn. Weltfridden ass net méi nëmme méiglech, en ass onëmgänglech ginn. En ass déi nächst Etapp an eisem Planéit senger Entwécklung – „d’Planéitiséierung vun der Mënschheet“, wéi e groussen Denker et ausdréckt.

Ob de Fridden eréischt no onvirstellbare Leiden erreecht gëtt, déi d’Mënschen doduerch erbäiféieren, datt se stur un ale Verhalensweise festhalen, oder ob mir en elo, an engem Akt vu gemeinsamem Wëllen, zustanbréngen, dat ass d’Entscheedung, virun där all déi stinn, déi op der Äerd wunnen. Zu dësem kriteschen Zäitpunkt, wou déi vill bal onléisbar Problemer, déi d’Natioune belaaschten, an enger gemeinsamer Suerg fir déi ganz Welt zum Ausdrock kommen, wär et absolutt onveräntwerlech, wa mir et net géife fäerdegbréngen, fir deene sëllege Konflikter an Onroue mat den néidege Moossnamen ze begéinen.

Gënschteg Zeeche sinn déi ëmmer méi grouss Ustrengunge fir d’Verwierklechung vun enger Weltuerdnung: fir d’éischt d’Schafe vum Vëlkerbond am Ufank vum Jorhonnert, duerno, op méi enger breeder Grondlag, d’Organisatioun vun de Vereenten Natiounen; dann d’Tatsaach, dass zënter dem Zweete Weltkrich d’Majoritéit vun all Länner onofhängeg gi sinn, wat drop hiweist, dass de Prozess vum Opbau vun den Natiounen op en Enn geet; an och dëse jonken Natiounen hir Bedeelegung, zesumme mat méi alen, un Affäre vu gemeinsamen Intressi; déi doduerch bedéngte vill méi enk Zesummenaarbecht tëschent Vëlker a Gruppen, déi bis elo isoléiert oder zerstridde waren, am Kader vun internationale Projekter op wëssenschaftlechem, erzéiereschem, legislativem, wirtschaftlechem a kulturellem Plang; d’Grënnung vu sëllegen internationalen humanitären Organisatiounen am Laf vun de leschte Jorzéngten; d’Verbreedung vu Fraen- a Jugendbewegungen, déi derzou opfuerderen, de Krich ofzeschafen; an dat spontaant, ëmmer méi grousst Netzwierk vun einfache Leit, déi no Verstännegung duerch perséinlech Kontakter sichen.

De wëssenschaftlechen an technologesche Fortschrëtt, deen an dësem ongewéinlech verwinnte Jorhonnert gemaach gëtt, bedeit e grousse Schrack vijenzeg fir dem Planéit seng sozial Entwécklung, an e weist eis, mat wéi enge Mëttelen der Mënschheet hir praktesch Problemer kënne geléist ginn. Hie gëtt eis wierklech déi Mëttelen an d’Hand, mat deene sech dat komplizéiert Liewen an enger geeentener Welt regele léist. Mee et bestinn nach Hënnernesser. Zweiwel, Mëssverständnesser, Viruerteeler, Mësstrauen a bornéierten Egoismus belaaschten d’Bezéiungen tëschent Länner a Vëlker.

Aus engem déiwe Gefill vu geeschteger a moralescher Verflichtung eraus spire mir zu dësem gënschtegen Zäitpunkt den Drang, Iech op déi déifgräifend Iddien opmierksam ze maachen, déi der Mënschheet hir Regéirer fir d’éischt virun iwwer honnert Joer gewuer goufen duerch Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen, deem seng Verwalter mir sinn.

Méi dozou an eiser nächster Emissioun.

 

234 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 2/13

234t Sendung, 29ten an 30ten Oktober. Léif Radio Ara Nolauschterer, wëllkomm bei eisem 2ten Deel iwwer d’Dokument d’Versprieche vum Weltfridden:

„De Wand vun der Verzweiflung“, sot Bahá’u’lláh a senge Schrëften, „bléist leider aus alle Richtungen, an de Sträit, deen d’Mënschen auserneen dreift a bedréckt, hëlt all Dag zou. D’Unzeeche vun Ëmwälzungen a chaoteschen Zoustänn, déi kuerz bevirstinn, erkennt ee schon elo un där etabléierter Uerdnung hirer lamentabler Feelerhaftegkeet.“ Dës prophéitesch Aschätzung ass duerch der Mënschheet hir gemeinsam Erfarung genuch konfirméiert ginn. D’Feeler vun der etabléierter Uerdnung weise sech däitlech doran, dass déi al Vereenten Natiounen organiséiert souverän Staaten net amstand sinn, d’Gespenst vun engem Krich ze verdreiwen, oder och d’Gefor, dass déi international Wirtschaftsuerdnung zesummebrécht, d’Ausbreede vun Anarchie an Terrorismus an déi onvirstellbar Péng, déi dës an nach aner Ploen fir ëm méi Millioune Mënsche bedeiten. Agressiounen a Konflikter si mëttlerweil däermoossen e Bestanddeel vun eise sozialen, wirtschaftlechen a reliéise Systemer ginn, dass vill Leit mengen, dëst Behuele léich an der Natur vum Mënsch a kéint dofir net geännert ginn.

D’Verwuerzelung vun dëser Meenung huet an de mënschlechen Ugeleeënheten e Widdersproch geschaf, dee se paraliséiert. Engersäits versécheren d’Mënschen aus allen Natiounen, datt si net nëmme prett sinn, mee duerno verlaangeren, fir a Fridden an Harmonie ze liewen a fir déi qualvoll Ängscht ze iwwerwannen, déi hiirt deeglecht Liewe bedrécken. Op där aner Säit akzeptéiere si awer ouni sech ze mucksen d’Opfaassung, de Mënsch wier onverbesserlech egoistesch an aggressiv an duerfir net amstand, e soziale System opzebauen, deen an engems progressiv a friddlech, dynamesch an harmonesch ass, e System, deen der individueller Kreativitéit an Initiativ fräie Laf léisst, mee op Zesummenaarbecht an op Géigesäitegkeet berout.

An deem Mooss, wéi d’Noutwennegkeet vum Fridden zouhëlt, forcéiert eis dëse grondsätzleche Widdersproch, d’Hypothesen, op déi sech déi geleefeg Astellung zu der Mënschheet hirem historeschen Dilemma grënnt, nei ze iwwerpréiwen. Wann een déi Saach objektiv ënnersicht, weist sech, dass esou eng Astellung, wäit dervun, dem Mënsch säi wierklecht Wiesen erëmzeginn, eng Verzerrung vum mënschleche Geescht bedeit. Esou bal all Vëlker sech doriwwer kloer sinn, kënne si konstruktiv sozial Kräften a Bewegung setzen, déi der mënschlecher Natur entspriechen an duerfir Harmonie an Zesummenaarbecht encouragéieren amplaz vu Krich a Sträit.

Dëse Wee ze wielen heescht net, der Mënschheet hir Vergaangenheet ze leegnen, mee se ze verstoen. De Bahá’í Glawe betruecht déi momentan weltwäit Confusioun an déi verhängnesvoll Situatioun vun de mënschlechen Ugeleeënheten als eng natierlech Phase an engem organesche Prozess; dëse Prozess, dee sech net ophale léisst, wäert um Enn zur Eenegung vun der mënschlecher Rass an engem eenzege grousse soziale System féieren, deem seng Grenzen déi vum ganze Planéit sinn. Als eegen, organesch Unitéit huet d’mënschlech Rass eng Rei vun Evolutiounsstadien duerchlaf, déi dem Puppelchesalter an der Kannerzäit am Liewe vum Eenzelne gläichen, a si ass elo um Héichpunkt vun hirer turbulenter Jugend ukomm an um Wee endlech maans ze ginn.

Wa mer eis éierlech agestinn, dass Viruerteler, Krich an Exploitatioun den Ausdrock vun onräife Phasen an engem groussen historesche Prozess waren, an dass d’Mënschheet haut déi onvermeidlech Tumulter erlieft, déi mam Erreeche vun hirer kollektiver Maturitéit verbonne sinn, dann ass dat kee Grond fir de Kapp hänken ze loossen, mee eng Viraussetzung fir déi formidabel Aufgab, eng friddlech Welt opzebauen. Dass dës Aufgab ka verwierklecht ginn, dass déi noutwenneg konstruktiv Kräften do sinn an dass sozial Strukture kënne geschaf ginn, déi d’Mënschen zouenee féieren, biede mer iech onbedéngt z’iwwerleeën. Egal wéivill Leed an Onrou eis an deenen nächste puer Joren erwaarden, egal wéi däischter d’Situatioun op kuerz Zäit gesinn och ass, d’Bahá’ícommunautéit ass iwwerzeegt, dass d’Mënschheet dësem gréissten Test ka mat rouegem Gewëssen entgéint goen. Déi Emwälzungen, op déi d’Mënschheet ëmmer méi séier zoudreift, signaliséieren nach laang net d’Enn vun der Zivilisatioun; si hëllefe villméi, déi „Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien“, fräizesetzen a „seng ierdesch Bestëmmung, déi ugebueren Auszeechnung vu senger Wierklechkeet a vollem Mooss“ opzedecken. Méi zu dësem spannenden Thema an eiser nächster Sendung!

 

235 Allerhellegen an Allerséilen

235t Sendung, 5ten a 6ten November 2004. Uganks dëser Woch hat ech d’Geleeënheet mat der Famill op de Kierfecht ze goen, oder méi richteg gesot op e puer Kierfechter ze goen, dee vu menger Mamm hirer Säit, vu mengem Papp senger Säit a bei d’Graf vu mengem Papp. Allerhellegen ass deen Dag wou bei eis an a ganz villen anere Länner un déi Verstuerwe geduecht gëtt. Ech hu Cousinen a kleng Cousinnen erëmgesinn, déi ech soss dat ganzt Joer net gesinn. Fir mech war et awer och flott fir ze kucken wat de Bahá’í Glawen iwwer déi Verstuerwe seet. Also am Bahá’í Kalenner gëtt et kee speziellen Dag fir un déi Verstuerwen ze denken a fir si ze bieden. Mee mir hunn eng Rei Gebieder fir déi Verstuerwen an e speziellt Gebiet wann e Bahá’í stierft.

D’Bahá’í gleewen dass mir kënne fir déi Verstuerwe bieden, dass mir eise Schëpfer froe kënnen, dass dee Verstuerwenen Zuflucht bei Him fënnt. Fir verstuerwe Kanner gëtt et e Gebiet wou mir Gott froen, dass dat wat Hien eis uvertraut hat, elo nees zréckgeruff gouf bei Hien, an dass et eis net zousteet ze froen firwat eis sou eppes getraff huet.

An de Bahá’í Gebieder fir déi Verstuerwe steet och, dass dee Verstuerwenen net soll erniddrégt ginn an net soll zréckgewise ginn. Mir froen eise Schëpfer am Gebiet: „Kann s du deen erniddregen, deens du opgeriicht hues, oder dee vergiessen, deem s du d’Fäegkeet ginn hues, Denger ze gedenken?“[117] A wann s du Dengen Dénger net hëllefs, wie kéint hinnen dann hëllefen?

Am Gebiet froe mir eise Schëpfer dass Hien dat akzeptéiert wat dee Verstuerwenen a Sengen Deeg gemaach huet, dass hie Seng Erwielt, Seng Helleg a seng Prophete begéine kann an enger Plaz déi weder d’Fieder oder d’Zong beschreiwe kann. Dass dee Verstuerwenen d’Geschenker an d’Friichte vum Bam vu Senger Gnod kréie kann. Dass dee Verstuerwenen an d’Präsenz vu sengem Schëpfer kënnt.

Dass Gott d’Sënne vun deene verzeit, déi hiert ierdescht Gezei ofgeluecht hunn, an an déi geeschteg Welt eropgaange sinn. An engem anere Gebiet fir déi Verstuerwe liese mir: „O mäin Herr! Maach si reng vu Feeler, verdreif hir Suergen a changéier hir Däischtert a Liicht. Looss si antrieden an de Gaart vun der Gléckséilegkeet, wäsch si mam réngste Waasser a gëff, dass si Deng Herrlechkeet op dem erhuewenste Bierg kucken.“

Mir hunn eng grouss Chance, dass Bahá’u’lláh an ’Abdu’l-bahá, de Begrënner vum Bahá’í Glawen a säi Jong, eis esou Gebieder offenbaart hunn. Si soen eis munches iwwer d’Liewen nom Doud a wéi eng Relatioun mir eigentlech mat eise Verstuerwene kënnen hunn.

An engem anere Gebiet liese mir: „O mäi Gott, däin Dénger huet un Dech an Deng Verse gegleeft. Hien huet fir Däi Wuert bezeit a war entflamt vum Feier vun Denger Léift. Déif war hien an d’Mier vun Denger Erkenntnis agedaucht an ugezu vun Dengem Wand. Op Dech huet hie sech verlooss, Dir huet hie säi Gesiicht zougedréint an Dir huet hie seng Gebieder duerbruecht, Denger Verzeiung gewëss. Elo huet hien dëst vergänglecht Liewe verlooss fir an d’Räich vun der Onstierflechkeet, voller Sehnsucht no Denger Gnod a fir Dir ze begéinen. O Herr, … gëff him en Ënnerdaach am Zelt vun Dengem Erbaarmen, gewähr him Zougank an däin herrlecht Paradis a looss hie fir ëmmer liewen an dengem Rousegaart, agedaucht an d’Welt vun de Mysterien wéi an engem Mier vu Liicht.“

Nach e praktescht Wuert zum Begriefnes am Bahá’í Glawen. E Bahá’í soll do begruewe ginn, wou e stierft, also net méi wäit ewech wéi eng Stonn vun do wou e gestuerwen ass. E Bahá’í soll net verbrannt ginn, ganz einfach fir der Natur hire Laf ze loossen an der Séil Zäit ze ginn, sech vum Kierper ze trennen. Wa Gott et gewollt hätt, géif de Kierper nom Doud einfach vum selwe verbrennen oder verschwannen.

Wa bei de Chrëschten Allerhellegen deen Dag ass fir un all déi Helleg ze denken, gëtt et am Bahá’í Glawen keng Hellegspriechung.

Uechter d’Welt sinn d’Bahá’í am Moment mat dräi Haaptaktivitéiten amgaang, Aktivitéiten déi sech u jidderee riichten, a wou jiddereen agelueden ass, sech drun ze bedeelegen.

An zwar d’Kannererzéiung. D’Kanner sinn an eiser Gesellschaft dee wäertvollsten Tresor well si sinn d’Verspriechen an d’Garantie vun der Zukunft. Am Bahá’í Zenter an der Stad treffe sech iwwer 60 Kanner a Jugendlech eemol d’Woch fir un der Entwécklung vun den Dugenden ze schaffen, an dat mat Hëllef vu Musek a Konscht. Fir méi Informatioun, telefonéiert dem Erzéiungscomité um 442220.

Zu deem Thema ass den 11ten November um halwer aacht an der Fondation Pescatore eng ëffentlech Konferenz mam Bernard Benghozi mam Titel: Un nouveau modèle d’exemplarité dans les rôles de parent, d’enseignant et d’éducateur, organiséiert vum MEN et de la Formation Professionnelle an dem Centre de pschologie et d’orientation scolaire.

Eng aner Aktivitéit ass déi vu Gebiets a Meditatiounsréuniounen, an dat an der Stad all éischte Sonndegmoien am Mount, am Bahá’í Zenter. Et ass eng Zäit fir iwwer d’Liewen nozedenken, fir d’Kraaft vum Gebiet z’erliewen. Jiddereen ass wëllkomm.

Déi drëtt grouss Aktivitéit am Bahá’í Glawen am Moment ass d’Nodenken iwwer d’Liewe vum Geescht, an dat a Form vu Studiekreeser, klenge Gruppe vun enger Dose Leit, wou jidderee d’Geleeënheet kritt, d’Bahá’í Schrëfte kennenzeléieren, am Austausch mat aneren. D’Theme sinn déi vum Sënn vum Liewen, d’Natur vun eiser Séil, d’Roll vum Gebiet fir eis Entwécklung, den Zoustand vun eiser Séil nom Liewen hei op der Äerd an eis Astellung zu verschiddene Liewenssituatiounen. Dës Studiekreeser ginn et uechter d’ganzt Land. Wann dir wëllt matmaachen, telefonéiert am beschten dem Bahá’í Zenter um 44 22 20. Déi finanziell Bedeelegung un de Course si gratis, dir musst just d’Bicher bezuelen.

 

236 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 3/13

236t Sendung, 12ten an 13ten November. Léif Radio Ara Nolauschterer, an eisem drëtten Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht, hei nach eng Kéier d’Haaptgedanken, déi mir bis elo fonnt hunn:

Weltfridden ass net méi nëmme méiglech, en ass onëmgänglech ginn. En ass déi nächst Etapp an eisem Planéit senger Entwécklung. Dëse Fridden kann entweder entstoen, an deem mir, an domat mengen ech och eis Institutiounen, eis Verhalensweise änneren oder dass mir ganz vill leide mussen. Vläicht ass et och einfach eng Mëschung vun dësen zwou Saachen.

D’Vereenten Natioune sinn e Beispill vu enger Institutioun, déi am Fong an déi richteg Richtung geet, un där awer nach vill ka verbessert ginn. D’international Bahá’í Communautéit huet do konkret Virschléi gemaach.

De wëssenschaftlechen an technologesche Fortschrëtt weist eis haut, mat wéi enge Mëttelen der Mënschheet hir praktesch Problemer kënne geléist ginn.

De Bahá’í Glawe gesäit et als eng geeschteg a moralesch Verflichtung, jiddereen drop opmierksam ze maachen, dass d’Léieren an d’Visioune vun hirem Begrënner, Bahá’u’lláh, noutwendig sinn fir en dauerhafte Fridden an der Welt ze schaffen.

De Bahá’í Glawe betruecht déi momentan weltwäit Confusioun an déi verhängnesvoll Situatioun vun de mënschlechen Ugeleeënheten als eng natierlech Phase an engem organesche Prozess; dëse Prozess, dee sech net ophale léisst, wäert um Enn zur Enegung vun der mënschlecher Rass an engem eenzege grousse soziale System féieren, deem seng Grenzen déi vum ganze Planéit sinn.

  1. D’Fäegketen, déi d’mënschlech Rass vun all anere Liewensformen, ënnerscheeden, loosse sech an deem zesummefaassen, wat een de mënschleche Geescht nennt; de Verstand ass seng wichtegst Egeschaft. Dës Fäegkeeten hunn et der Mënschheet erméiglecht, Zivilisatiounen opzebauen a materiell gutt virunzekommen. Allerdéngs hunn esou Leeschtungen eleng et ni fäerdeg bruecht, de mënschleche Geescht zefridden ze stellen, deen a senger mysteriéiser Aart op Transzendenz ausgeriicht ass, op d’Striewen no enger onsichtbarer Welt, no der leschter Wourécht, deem onerkennbare Wiese vun allem Wiesen, dat mir Gott nennen. D’Reliounen, déi der Mënschheet duerch eng Successioun vu geeschteg Kapazitéite bruecht goufen, waren d’Haaptverbindung tëscht der Mënschheet an dëser leschter Wourécht; si hunn dem Mënsch seng Fäegkeet, fir an engems geeschtegen Erfolleg a soziale Fortschrëtt ze erreechen, stimuléiert a raffinéiert. Keen eescht gemengte Versuch, déi mënschlech Uleiessen ze regelen an de Weltfridden ze verwierklechen, kann d’Relioun ignoréieren. D’Aart a Weis wéi de Mënsch si verstan a praktizéiert huet, maachen e groussen Deel vun der Geschicht aus. E bedeitenden Historiker huet d’Relioun als „Fäegkeet vun der mënschlecher Natur“ beschriwwen. Et léisst sech kaum ofstreiden, dass d’Perversioun vun dëser Fäegkeet vill zu der Confusioun an der Gesellschaft an zu de Konflikter an an tëscht Eenzelner bäigedroen huet. Mee grad esou wéineg kann en objektiven Observateur den iwwergroussen Afloss erofspillen, deen d’Relioun op der Zivilisatioun hir wichtegst Expressiounsformen hat. Ausserdeem weist hir onmëttelbar Wierkung op Gesetz a Moral ëmmer nees, dass si fir d’sozial Uerdnung onentbierlech ass.

Iwwer d’Relioun als eng sozial Kraaft huet Bahá’u’lláh gesot: „D’Relioun ass dat wichtegst Mëttel fir Uerdnung an d’Welt ze bréngen a fir hir Bewunnder zefridden a friddlech ze stëmmen.“ Iwwer den Ënnergank oder d’Korruptioun vun der Relioun huet hie geschriwwen: „Wann d’Luucht vun der Relioun méi schwaach gëtt, kënnt et zu Chaos a Confusioun, an d’Liicht vun der Oprichtegkeet, der Gerechtegkeet, der Rou an dem Fridden erläscht“ An enger Opzielung vun esou Konsequenze weisen d’Bahá’í Schrëften drop hinn, dass „d’Perversioun vun der mënschlecher Natur, d’Verdierfnes vum mënschleche Behuelen, d’Korruptioun an d’Opléisung vu mënschlechen Institutiounen sech ënnert deenen Ëmstänn vun hirer schlëmmster an ofstoussendster Säit weisen. De mënschleche Charakter verléiert seng Dignitéit, d’Vertrauen zerfällt, d’Disziplin gëtt labber, d’Stëmm vum mënschleche Gewësse gëtt erstéckt, de Sënn dofir, wat anstänneg a wat schummenswäert ass, léisst no, all Konzeptioune vu Flicht, Solidaritéit, Géigesäitegkeet an Trei gi verdréit, an esouguer d’Gefiller vu Friddlechkeet, vu Freed a vun Hoffnung ginn no an no ausgeläscht.“

 

237 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 4/13

238t Sendung, 19ten an 20ten November. Léif Radio Ara Nolauschterer, hei elo eise fënneften Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.

Wann also d’Mënschheet op deem kritesche Punkt ukomm ass, wou d’Konflikter se paralyséieren, da muss si d’Quell vun de Mëssverständnesser a vun der Confusioun, déi am Numm vun der Relioun entstane sinn, bei sech selwer sichen, bei hirer eegener Noléissegkeet a bei deene Stëmmen, deene si nogelauschtert a vun deene si sech verféiere geloos huet. Wie blann an egoistesch u senger spezieller Orthodoxi festgehalen huet, wie sengen Unhänger falsch a widderspréchlech Interpretatiounen zu deem operluegt huet, wat d’Prophéite vu Gott gesot hunn, deen dréit eng schwéier Verantwortung fir dës Confusioun – eng Confusioun, déi nach vergréissert gëtt duerch déi kënschtlech Barrieren tëscht Glawen a Verstand, tëscht Wëssenschaft a Relioun. Well wa mer déi tatsächlech Aussoe vun de grousse Reliounsstëfter an de soziale Milieu, an deem si hir Missioun hu missen ausféieren, objektiv ënnersichen, da fanne mir näischt, wat déi Behaaptungen a Viruurteler ënnerstëtzt, déi der Mënschheet hir Reliounsgemeinschaften (an domat all mënschlech Ugeleeënheten) entfriemen.

D’Gebot, dass mir anerer solle behandelen, wéi mir selwer gär behandelt ginn, eng Ethik, déi ënnert där enger oder anerer Form an alle grousse Reliounen erëmkënnt, ënnermauert dës lescht Feststellung an zwou Hissiichten: et resuméiert déi moralesch Haltung, dee friddensstëftenden Aspekt, deen dës Reliounen onofhängeg vun hirer Ursprongsplaz an –zäit duerchzitt; an et weist op en Aspekt vun Eenheet hinn, deen hir wiesentlech Dugend ass, eng Dugend, déi de Mënsch wéinst sengem inkoherente Geschichtsverständnes net amstand war z’appréciéieren.

Hätt d’Mënschheet d’Erzéier vun hirer gemeinsamer Kannerzäit als dat ugesinn, wat se waren, als Agente vun deem enge Prozess, dee se ziviliséiert huet, dann hätt se garantéiert onendlech méi Profit gezunn aus der kumuléierter Wierkung vun de Missiounen, déi si noeneen ausgefouert hunn. Leider huet se dëst net gemaach.

Dass a ville Länner e fanatesche reliéisen Äifer nees oplieft, kann een nëmmen als eng lescht Zuckung virum Doud betruechten. Eleng schon am Ausbroch vu Gewalt an Zerstéierung, deen domat verbonnen ass, weist sech de geeschtege Bankrott hannert dësem Äifer. Eng vun den eegenaartegsten an trauregste Charakteristike bei deem aktuellen Opkomme vu reliéisem Fanatissem ass effektiv den Ausmooss, an deem hie vu Fall zu Fall net nëmmen déi geeschteg Wäerter ënnergrieft, déi de Mënschen hir Eenheet begënschtegen, mee och déi eenzegaarteg moralesch Triumpher vun där Relioun, déi e behaapt ze verdeedegen.

Trotz där liewenswichteger Roll, déi d’Relioun an der Geschicht vum Mënsch gespillt huet, an trotz der Dramatik, mat där an eiser Zäit de militante reliéise Fanatissem erëm zouhëlt, betruechten zënter ville Jorzéngten ëmmer méi Leit d’Relioun an déi reliéis Institutiounen als irrelevant fir der Welt hir grouss Uleiessen; si ersetzen d’Relioun doduerch, dass se sech dem hedonistesche Striewen no materieller Befriddegung verschreiwen oder enger hausmaacher Ideologi noginn, déi d’Gesellschaft vun hirem offensichtleche Misär soll erléisen. Mee amplaz ze begräifen, dass d’Mënschheet eng Eenheet ass an d’Harmonie tëscht de verschiddene Vëlker ze vergréisseren, haten zevill vun dësen Ideologien d’Tendenz, fir de Staat ze vergëttlechen, de Rescht vun der Mënschheet ënnert eng bestëmmten Natioun, Rass oder Klass ze stellen oder all Diskusssioun an all Gedankenaustausch z’ënnerdrécken. Oder si hu Millioune vu Leit, déi Honger leiden, ongenéiert dem Mechanismus vun engem Wirtschaftssystem ausgesat, deen der Majoritéit hir Situatioun ganz kloer verschlëmmert, iwwerdeems an e puer klenge Gruppen d’Méiglechkeet gëtt, an engem Iwwerfloss ze liewen, vun deem eis Grousseltere knapps konnten dremen. Souwäit zu eisem fënneften Deel iwwer d’Dokument: D’Versprieche vum Weltfridden.

 

239 Internationale Kannerdag

239t Sendung, 26ten an 27ten November. Léif Radio Ara Nolauschterer, leschte Samschdeg war internationalen Dag vun de Kanner an dofir geet et an dëser Sendung an der Haaptsaach ëm d’Erzéiung vun de Kanner. Fänke mer awer mat enger Geschicht zum Nodenken un.

Den Zaubermoschtertkär. Et gëtt eng al chinesesch Legend vun enger Fra, där hire Jong gestuerwen ass. An hirer Trauer goung si bei en hellege Mann fir en ëm Rot ze froen. „ Hellege Mann, wéi eng Gebieder a Rezepter kenns du, fir mäi Jong nees lieweg ze maachen?“ „Bréng mir“, sot den hellege Mann, „ e Moschtertkär aus engem Haus, wat nach ni Leed kennegeléiert huet. Mat deem Moschtertkär wäerte mir de Misär aus dengem Liewe verdreiwen.“

D’Frau huet sech op d’Sich gemaach nom Moschtertkär. Fir d’éischt koum si bei e grousst Haus, huet un d’Dier geklappt a gesot. „Ech sichen en Haus, dat nach ni Leed erfuer huet. Ass hei esou eng Plaz? Et ass ganz wichteg fir mech.“ „Ma da bass du hei op der falscher Plaz“ a si hunn all hiert Ongléck verzielt, dat si an der Lescht haten. D’Fra huet sech geduecht: „Wie kann dësen ongléckleche Leit wuel besser hëllefe wéi ee wéi ech, déi selwer so déif am Ongléck sëtzt?“ Sou ass si bliwwen an huet si getréischt. Duerno ass si weidergaang fir no engem Haus ze sichen, dat nach ni Leed erlieft huet. Mee iwwerall wou si komm ass, an Dierfer a Stiet, iwwerall ass si dem Leed begéint. Zum Schluss huet si sech nëmmen nach mam Leed vun anere Leit beschäftegt, soudass si d’Sich nom Moschtertkär ganz vergiess huet. Dobäi gouf si sech guer net bewosst, dass si op dës Weis tatsächlech d’Peng aus hirem Liewe verdriewen huet.[118]

Dës Geschicht erënnert mech un e Fernsehowend bei ARTE iwwer d’Laachen. Huet ee Grond fir net ze laachen, wann ee genuch z’iessen huet a wann een op mannst e Frënd a sengem Liewen huet? Kanner brauche souvill Léift well si nach méi vulnérabel si wéi mir Erwuessener.

Hei elo e Gebiet vun engem Kand dat sengen Eltere seet:

Ech wier sou gär de Felix, eis kleng Kaz, fir kënnen an d’Äerm geholl ze ginn, all Kéier wann dir heemkommt. Heiansdo wier ech sou gär e Walkman, fir dass ech spieren, dass dir mir nolauschtert, mat nëmme menge Wierder no bei ären Oueren, mam Echo vu mengem Alengsinn. Ech wier gär eng Zeitung, fir dass dir iech all Dag Zäit huelt fir mech a mech frot wéi eng Neiegkeeten et ginn.

Ech wier gär eng Tëlee, fir dass ech nie brauch owes aleng anzeschlofen, ouni dass dir mech op mannst eng Kéier mat Interessi gekuckt hutt. Ech wier sou gär eng Kéier d’Fussballsequipp Pappa, fir dass ech dech voll Freed gesinn, no jidderenge vu menge Victoiren an e Roman fir dech Mamma, fir dass du meng Gefiller liese kanns. Wann ech sou nodenken, wéilt ech wierklech nëmme just eng Saach sinn: en onschätzbare Cadeau fir iech zwee. Kaaft mir näischt fir mäi Gebuertsdag, maacht just dass ech spieren, dass ech äert Kand sinn.

Ofschléissend nach e puer Zitater iwwer d’Kanner: Vum William Butler Yeats: „Erzéien heescht net einfach eng Vase vollschëdden, mee villméi e Feier ufänken“.

Vum Antoine de Saint-Exupéry: „Mënsch sinn, ass genee gesinn, verantwortlech, responsabel sinn. Et ass spieren, wann ee säi Liewe lieft, dass een derzou bäigedroen huet, d’Welt ze bauen.”

Aus de Bahá’í Schrëften: Betruecht de Mënsch als e Biergwierk, räich un Edelsteng vun onschätzbarem Wäert. Nëmmen d’Erzéiung ka bewierken, dass et seng Schätz ervierbréngt an dass d’Mënschheet dorauser Notzen zéie kann.” “Training a moralescher Wäerter an an engem gudde Behuele si vill méi wichteg wéi an de Bicher léieren. E Kand dat propper ass, agreabel ass, e gudde Charakter huet, sech gutt behëlt – och wann et onwëssend ass – ass engem Kand virzezéien, wat graff ass, knaschteg, e schlechte Charakter huet an awer vill Kenntnisser an de Wëssenschaften a Kënschten huet. De Grond dofir ass, dass d’Kand wat sech gutt behëlt, och wann et onwëssend ass, ass anere vun Notzen, während e Kand mat engem schlechte Charakter a schlecht erzunn verduewen ass an anere schuede kann, och wann et vill Wëssen huet. Wann awer d’Kand so erzunn ass dass et vill weess a gutt ass, ass d’Resultat Liicht op Liicht.” [119]

 

240 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 5/13

240t Sendung, 3ten a 4ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eise sechsten Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht, d’Versprieche vum Weltfridden.

Wéi schappeg ass dach d’Leeschtung vun den Ersatzreliounen, déi an eisem Zäitalter opkomm sinn. An der massiver Erniichterung vu ganze Populatiounen, déi geléiert goufen, un hiren Altär ze bieden, weist sech der Geschicht hiert onwidderrufflecht Urteel iwwer hire Wäert. Déi, déi hinnen hir Carrière an de mënschlechen Affäre verdanken, hu Jorzéngten erduerch ëmmer méi eng onbegrentze Muecht kritt; an d’Friichte vun där Entwécklung sinn déi sozial an ekonomesch Krankheeten, déi um Enn vum zwanzegste Jorhonnert all Regioun vun der Welt befall hunn. Hannert all dëse baussenzege Ploe gesäit een de geeschtege Schued an der Apathi, déi d’Mass vun der Bevëlkerung vun allen Natioune gepaakt huet, an am Ofstierwe vun Hoffnung an den Häerzer vu Milliounen, deenen dat Néidegst feelt an déi vun Angscht erfëllt sinn.

Elo ass d’Zäit, wou déi, déi den Dogma vum Materialismus priedegen, egal ob am Osten oder am Westen, egal ob am Kapitalismus oder am Sozialismus, musse Rechenschaft ofleeën iwwer déi geeschteg Féierung, déi se behaapt hunn ze vermëttelen. Wou ass déi „nei Welt“, déi dës Ideologië verspriechen? Wou ass den internationale Fridden, deem seng Idealer si wéi et schéngt ënnerstëtzen? Wou huet d’Glorifikatioun vun enger bestëmmter Rass, Natioun oder Klass et erméiglecht, an nei Beräicher vu kultureller Leeschtung virzestoussen? Firwat geet déi grouss Majoritéit vun de Vëlker vun der Welt ëmmer méi am Honger an am Misär ënner, wann déi aktuell Arbitere vun de Mënschen hiren Uleiessen iwwer e Räichtem verfügen, dee sech d’Pharaoen, déi réimesch Keeser oder souguer déi imperialistesch Muechten aus dem nonzéngte Jorhonnert am Dram net hätte kënne virstellen?

Et ass virun allem an der Verherrlechung vum Truechten no materielle Saachen – an engems d’Quell an déi gemeinsam Egeschaft vun all deenen Ideologien – wou mir d’Wuerzel fannen, aus där déi falsch Opfaassung staamt, dass d’Mënschen onverbesserlech egoistesch an aggressiv sinn. Hei muss de Buedem preparéiert gi fir d’Opriichte vun enger neier Welt, an där sech eis Kanner kënne wuel fillen.

Wéi d’Erfarung weist, hunn déi materialistesch Idealer et net fäerdegbruecht, der Mënschheet hir Bedierfnësser zefriddenzestellen; dofir sollte mer éierlech sinn an zouginn, dass elo en neien Effort muss gemaach ginn, fir dem Planéit seng akut Problemer ze léisen. Déi onerdréiglech Conditiounen, déi an der Gesellschaft virherrschen, verroden e gemeinsamt Versoe vun alle Mënschen, en Ëmstand, deen d’Divisioun tëscht deene verschiddene Gruppen nach éischter verstäerkt, wéi se ofzebauen. Ouni Zweiwel ginn hei dréngend gemeinsam Léisungsustrengunge gebraucht. Et ass virun allem eng Fro vun der Astellung. Wäert d’Mënschheet weiderfueren, de Kapp ze weisen an un iwwerliefte Konzepter an onveräntwerbaren Hypothese festzehalen? Oder wäerten hir Cheffen, onofhängeg vun hirer Ideologi, virtrieden a resolutt matenee beroden, fir zesummen déi richteg Äntwerten ze fannen?

Wiem d’Zukunft vun der mënschlecher Rass net egal ass, sollt sech dëse Rot zu Häerz huelen: „Wa laang ënnerstëtzten Idealer a fest verankert Institutiounen, wa verschidden Hypothese vum Zesummeliewen a bestëmmt reliéis Bekenntnesser opgehalen hunn, der ganzer Mënschheet hiert Wuel ze fërderen, wa se de Bedierfnesser vun enger Mënschheet a bestänneger Evolutioun net méi gerecht ginn, da loosst eis se op d’Säit kiere bei déi Doktrinnen, déi iwwerholl a vergiess sinn. Firwat sollte grad si, an enger Welt, déi dem éiwege Gesetz vu Verännerung an Zerfall ausgesat ass, vun der Degradatioun verschount bleiwen, déi noutwennegerweis all mënschlech Institutioun befällt? Schliesslech hu gesetzlech Normen, politesch a wirtschaftlech Theorien just nëmmen d’Aufgab, fir d’Intresse vun der Mënschheet als ganzer ze schützen; dogéint däerf d’Mënschheet net gekräizegt ginn, fir dass e bestëmmt Gesetz oder eng bestëmmt Doktrinn bestoe bleift.“

Souwäit zu eisem sechsten Deel iwwer d’Dokument: D’Versprieche vum Weltfridden.

 

241 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 6/13

241t Sendung, 10ten an 11ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eise siwenten Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.

  1. Moossnamen, déi d’Atomwaffen ofschafen, de Gebruauch vu Gëftgase verbidden oder déi bakteriell Krichsféierung ënnersoen, kënnen dem Krich seng eigentlech Ursaachen net ewechhuelen. Onofhängeg dervun, wéi wichteg natierlech esou praktesch Schrëtt als Elementer vum Friddensprozess sinn, si sinn u sech ze iwwerflächlech, fir laang en Afloss ze hunn. D’Vëlker hu genuch Fantasie, fir nach aner Forme vu Krichsféierung z’erfannen, a fir Liewesmëttel, Réistoffer, Geld, Industrimuecht, Ideologie an Terrorismus anzesetzen, fir eent dat anert z’ënnerwerfen an engem Striewen ouni Enn no Iwwerleënheet a Muecht. Grad esou léisst sech deen aktuelle groussen Duercherneen an der Mënschheet hiren Ugeleënheeten net doduerch verbesseren, dass spezifesch Konflikter oder Meenungsverschiddenheeten tëscht den Natioune bäigeluecht ginn. E wierklech universelle Kader muss ugeholl ginn.

Sécher feelt et net um Geständnes vun nationale Leaderen, dass et sech hei ëm e weltwäite Problem handelt, wat jo aus den ëmmer méi dréngleche Froen, déi si all Dag konfrontéieren, kloer ervirgeet. Ausserdeem gëtt et déi sëlleg Etüden a Léisungsvirschléi vun intresséierten an opgekläerte Gruppen a vun de Vereenten Natiounen hire Servicer, déi praktesch ausschléissen, dass een iwwer déi grouss Ufuerderungen net am Bild ass. Et besteet allerdéngs eng Lähmung, wat de Wëllen ubelaangt; a grad dës Lähmung muss genee ënnersicht a resolutt behandelt ginn. Wéi mer scho festgestallt hunn, leien hir Wuerzelen an enger déiwer Iwwerzegung vun der Mënschheet hirer onëmgänglecher Streideregkeet, wat derzou féiert, dass kaum vun der Méiglechkeet riets geet, den nationalen Eegenintressi ënnert d’Ufuerderunge vun enger Weltuerdnung ze stellen, an dass keen de Courage huet, den enormen Implikatiounen an d’Aen ze kucken, déi d’Opriichte vun enger vereenegter Weltautoritéit géif mat sech bréngen. Si léisst sech och zréckféieren op d’Onfäegkeet vu gréisstendeels ongebilten an ënnerdréckte Mënschemassen, fir hiert Verlaangeren no enger neier Uerdnung auszedrécken, an där si mat alle Mënschen a Fridden, Harmonie a Wuelstand kënne liewen.

Déi kleng Schrëtt, mat deene sech – besonnesch zënter dem Zweete Weltkrich – un eng Weltuerdnung erugetaascht gëtt, setzen hoffnungsvoll Zeechen. Déi steigend Tendenz vu Gruppe vun Natiounen, fir Bezéiungen ze fromaliséieren, déi eng Zesummenaarbecht op Gebitter vu béidsäitegem Intressi méiglech maachen, léisst hoffen, dass geschwënn all Länner dës Lämung kënnen iwwerwannen. D’Associatioun vu Südostasiateschen Natiounen, d’Karibesch Gemeinschaft an hire Marché Commun, de Mëttelamerikanesche Marché Commun, de Rot fir Géigesäiteg Wirtschaftlech Ënnerstëtzung, d’Europäesch Gemeinschaften, d’Liga vun den Arabesche Staaten, d’Organisatioun fir Afrikanesch Eenheet, d’Organisatioun vun den Amerikanesche Staaten, de Südpazifesche Forum – all déi gemeinsam Initiativen, déi dës Organisatioune verkierperen, maachen de Wee fräi an eng Weltuerdnung.

Souwäit zu eisem siwenten Deel iwwer d’Dokument: D’Versprieche vum Weltfridden.

Ofschléissend wëllt ech iech ganz häerzlech op eng Konferenz nächsten Dënschdeg den Owend alueden, an dat um aacht Auer owes am Bahá’í Zenter, Allée Léopold Goebel. Bei Geleeëenheet vun internationalen Dag vun de Mënscherechter eng Konferenz op franséisch mam Titel: Justice internationale: une vision, des réalités, mat der Madame Jeanne Sulzer, Responsable Justice Internationale à la Fédération Internationale des Ligues des Droits de l’Homme (FIDH) et Mme Caroline Samandari-Avanzo, Représentante de la Communauté Internationale Baha’ie, Paris Consultante auprès du Groupe d’Action Judiciaire de la FIDH. Hei den Text vun der Invitatioun : «La réflexion a beaucoup porté, au cours des cinquante dernières années, sur la nécessité de juger les responsables des crimes les plus graves: génocides, crimes de guerre, crimes contre l’humanité, ceux «qui touchent l’ensemble de la communauté internationale», selon l’expression consacrée dans le statut de la Cour pénale internationale (CPI). On a pu ainsi assister à une véritable prise de conscience, tant au niveau institutionnel qu’au niveau de la société civile internationale, des enjeux et des conséquences que pouvait susciter la permanence de l’impunité. Depuis la fi n de la Seconde Guerre mondiale, la FIDH n’a cessé d’oeuvrer pour la création d’une juridiction pénale internationale qui soit dotée d’un caractère permanent. Membre fondateur de la Coalition internationale des ONG pour la CPI qui regroupe plus de mille organisations, la FIDH a été présente à toutes les négociations pour la création de la Cour et s’est avérée particulièrement active lors de la conférence de Rome, au cours de laquelle cent vingt États ont adopté, en juillet 1998, le statut de la Cour pénale internationale. Depuis, elle continue de participer sans relâche à toutes les sessions permettant de préparer le fonctionnement effectif de cette juridiction et cherche à faciliter l’information, l’accompagnement et la représentation des victimes devant la Cour.»

Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í um Radio ARA. Iech alleguer e schéine Weekend.

 

242 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 7/13

242t Sendung, 17ten an 18ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen aachten Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.

Dass verschiddene vun eisem Planéit sengen am déifste verwuerzelte Problemer méi eng grouss Opmierksamkeet geschenkt gëtt, ass en anert Signal vun Hoffnung. Trotz de Vereenten Natiounen hiren evidente Feeler ginn déi iwwer véierzeg Deklaratiounen a Conventiounen, déi dës Organisatioun adoptéiert huet, esouguer wann d’Regierungen se net mat Begeeschterung ënnerstëtzt hunn, den einfache Mënschen d’Gefill vun engem neien Opschwong. Déi Allgemeng Erklärung vun de Mënscherechter, d’Ofkommes iwwer d’Preventioun an d’Bestrofung vu Vëlkermuerd an déi aner Moossnamen, déi sech zum Zil gesat hunn, all Forme vun Diskrimatioun opgrond vu Rass, Geschlecht oder Glawen ze eliminéieren; d’Verdeedegung vun de Rechter vum Kand; d’Protektioun géint Folter; d’Iwwerwanne vun Honger an Ënnerernierung; de Gebrauch vu wëssenschaftlechem an technologeschem Fortschrëtt fir de Fridden a fir d’Wuel vun der Mënschheet – all dës Schrëtt wäerten, wa se mat Courage applizéiert a weiderentwéckelt ginn, deen Dag méi no bréngen, wou d’Gespenst vum Krich net méi d’Muecht huet, fir déi international Bezéiungen ze dominéieren. Et brauch een d’Bedeitung vun de Froen, déi dës Deklaratiounen a Conventioune behandelen, net ervirzesträichen. Allerdéngs verdéngen e puer vun dëse Froe wéinst hirer onmëttelbarer Wichtegkeet fir d’Verwierklechung vum Weltfridde méi eng ausféierlech Behandlung.

De Rassismus, eent vun de schlëmmsten an haartnäckegsten Iwwelen, ass eng Haaptbarrière fir de Fridden. Wou hien d’Handele bestëmmt, gëtt dem Mënsch seng Dignitéit esou mat Féiss getrueden, dass e sech ënnert kengem Virwand rechtfertege léisst. De Rassismus behënnert seng Affer doran, hiirt onbegrenzte Potential z’entfalen, e mécht seng Vertrieder korrupt a steet dem mënschleche Fortschrëtt am Wee. D’Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet, duerch gëeegent gesetzlech Moossname verwierklecht, muss weltwäit ënnerstëtzt ginn, wa mir dëse Problem wëllen an de Grëff kréien.

Déi extrem Ongläichheet tëscht Aarmen a Räichen, eng Quell vun onvirstellbarem Leed, hält d’Welt an engem Zoustand vun Instabilitéit, dee praktesch all Ament kann zu Krich féieren. Dës Situatioun hunn net vill Gesellschafte mat Erfolleg ugepaakt. D’Léisung verlaangt eng kombinéiert Applikatioun vu geeschtegen, moraleschen a praktesche Moossnamen. Eng nei Perspektiv ass erfuerdert, an dozou gehéiert d’Berodung mat Spezialisten aus villerlee Branchen, ouni wirtschaftlech an ideologesch Polemik, an d’Bedeelegung vun de Leit, déi direkt betraff sinn, un den Entscheedungen, déi dréngend musse geholl ginn. Et handelt sech hei ëm eng Fro, déi net nëmmen un d’Noutwennegkeet geknäppt ass, d’Extremer vu Räichtem an Aarmutt ass der Welt ze schafen, mee och un déi geeschteg Wouréchten, déi, wa se verstan ginn, eng nei ganzheetlech Attitude kënnen ervirbréngen. Esou eng Attitude ze begënschtegen, ass u sech schon een Haaptelement vun der Léisung.

En Nationalismus ouni Gitt, am Géigesaz zu engem verstännegen a legitime Patriotismus, muss enger méi ëmfaassender Loyautéit Plaz maachen, enger Léift zu der Mënschheet als ganzer. Dem Bahá’u’lláh seng Wierder sinn: „Dës Äerd ass nëmmen ee Land, an all Mënsche si seng Biirger.“ D’Konzept vum Weltbiergertum ergëtt sech onmëttelbar aus der Welt hirer Verklengerung zu enger Stad, déi mam wëssenschaftleche Fortschrëtt an der onbestreitbarer géigesäiteger Ofhängegkeet tëscht den Natiounen erfollegt ass. D’Léift zu all de Vëlker vun der Welt schléisst d’Léift zum eegene Land net aus. An enger Weltgesellschaft déngt een deem Deel senger Intressen am beschten, wann ee sech fir d’Intresse vum Ganzen asetzt. Aktuell international Aktivitéiten op verschiddene Gebitter, déi géigesäiteg Affektioun an e Gefill vu Solidaritéit ënnert de Vëlker nieren, mussen nach staark zouhuelen.

Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í um Radio ARA, iech alleguer e schéine Weekend.

 

243 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 8/13

243t Sendung, 24ten an 25ten Dezember 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen néngten Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.

Reliéise Sträit war am Laf vun der Geschicht d’Ursaach vu ville Kricher a Konflikter an en Haapthindernis fir de Fortschrëtt, an e wierkt ëmmer méi ofstoussend op d’Adepte vu jiddwer a vu kengem Glawensbekenntnes. Alle Reliounen hir Unhänger mussen d’accord sinn, fir sech deenen elementare Froen ze stellen, déi dëse Sträit opwërft, an zu kloren Äntwerten kommen. Wéi sollen, an der Theorie wéi an der Praxis, hir Menungsverschiddenhete bäigeluecht ginn? D’Erausfuerderung fir der Mënschheet hir reliéis Leader besteet doran, mat Häerzer, déi vu Matgefill a vun engem Verlaangeren no Wourécht erfëllt sinn, de Mënschen hire Misär ze betruechten a sech dann ze froen, ob si net, an Demut virun hirem allmächtege Schëpfer, hir ënnerschiddlech theologesch Opfaassungen an engem grousshäerzege Geescht vu géigesäitegem Versteesdemech kënne begruewen, an doduerch d’Méiglechkeet kréien, zesumme fir d’Entwécklung vu mënschlechem Verständnes a Fridden ze schaffen.

D’Emanzipatioun vun der Frau, d’Verwierklechung vun enger vollstänneger Gläicberechtegung tëscht de Geschlechter, ass eng vun de wichtegsten, wann och manner erkannte Viraussetzunge fir de Fridden. Wien dës Gläichberechtegung refuséiert, begeet en Onrecht géint d’Hallschecht vun der Weltbevëlkerung a fördert an de Männer schiedlech Astellungen a Gewunnechten, déi si aus der Famill op d’Aarbechtsplaz, an d’politescht Liewen an zu gudder Lescht och an déi international Relatiounen droen. Et gëtt kee Grond, weder moralesch nach praktesch oder biologesch, deen esou ee Refus justifiéiert. Eréischt wann d’Fraen als vollwäerteg Partner an alle Beräicher vum mënschleche Striewen opgeholl ginn, wäert dee moraleschen a psychologesche Klima entstoen, aus deem de Weltfridde kann ervirgoen.

Den Ideal vun universeller Erzéiung, fir dee sech schon eng Arméi vun dévouéierte Leit aus alle Glawensrichtungen an Natiounen asetzen, verdéngt déi gréisst Ënnerstëtzung, déi der Welt hir Regirunge kënnen opbréngen. Et léisst sech nämlech net ofstreiden, dass d’Onwëssenheet d’Haaptursaach ass fir de Verfall an den Ënnergank vun de Vëlker an d’Bestoebleiwe vu Viruerteler. Keng Natioun kann et zum Erfolleg bréngen, wann net all hire Biirger eng Bildung vermëttelt gëtt. Wéinst dem Fele vu Ressource si vill Natiounen nëmme begrenzt fäeg, dës Noutwendegkeet z’erfëllen, a kréien eng gewëss Reiefolleg vu Prioritéiten operluecht. Déi Gremien, déi doriwwer decidéieren, wäre gutt beroden, wa se sech géingen iwwerleën, fir der Ausbildung vu Fraen a Meedercher d’Prioritéit ze ginn, well iwwer gebillte Mamme léisst sech de Benefice vum Wëssen am wierksaamsten an am séiersten an der Gesellschaft verbreeden. Fir den Ufuerderunge vun eiser Zäit gerecht ze ginn, sollt een och drun denken, fir de Konzept vum Weltbiergertum als Bestanddeel vun all Kand senger normaler schoulescher Erzéiung ze vermëttelen.

E grondsätzleche Manktem u Kommunikatioun tëscht de Vëlker behënnert eeschtlech d’Beméiungen ëm de Weltfridden. D’Adoptioun vun enger internationaler Hëllefssprooch géif vill derzou bäidroen, dëse Problem ze léisten, a verdéngt dofir déi gréissten Opmierksamkeet.

Bei all dësen Themae sollt een zwee Punkten ervirhiewen. Éischtens besteet d’Ofschafe vum Krich net einfach doran, Verträg a Protokoller z’ënnerschreiwen; et ass eng komplex Aufgab, déi verlaangt, dass ee sech op engem neien Niveau fir d’Léisung vu Froen asetzt, déi normalerweis net mam Striewen no Fridden associéiert ginn. Wa se sech ausschliisslech op politesch Ofmaachunge stäipt, bleift d’Iddi vu kollektiver Sécherheet eng Illusioun. Zweetens ass déi primär Erausfuerderung am Ëmgank mat Friddensfroen déi, sech aus purem Pragmatissem ze léisen an eng Grondsazdiskussioun ze féieren. Well eigentlech entsteet de Fridden aus engem ënnerlechen Zoustand eraus, deen duerch eng geeschteg oder moralesch Astellung gestäipt gëtt, an d’Méiglechkeet vun dauerhafte Léisunge fënnt sech haaptsächlech dann, wann esou eng Astellung kann ervirgeruff ginn.

Et gëtt geeschteg Prinzipien – oder wéi verschidde Leit soen, mënschlech Wäerter – mat deenen hirer Hëllef sech fir all soziale Problem Léisunge fanne loossen. Allgemeng gesi kann all Grupp mat gudden Intentiounen sech fir seng Problemer praktesch Léisungen ausdenken, mee gutt Intentiounen a praktescht Wësse ginn normalerweis net duer. Den Haaptverdéngscht un engem geeschtege Prinzip läit doran, dass hien net nëmmen eng Perspektiv virgëtt, déi mam Wiese vum Mënsch iwwereneestëmmt, mee doriwwer eraus eng Astellung, eng Dynamik, ee Wëllen, ee Striewen ausléist, déi d’Entdeckung an d’Duerchféierung vu praktesche Moossnamen erliichteren. De Regierungscheffen an alle Mënschen, déi Muecht ausüben, wär an hirem Striewen no Problemléisunge vill gehollef, wa se fir d’éischt géifen erausfannen, wat fir Prinzipien am Spill sinn, a sech dann duerch dës leede loossen. Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í um Radio ARA. Iech alleguer e schéine Weekend.

 

244 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 9/13

244t Sendung, 31ten Dezember an den 1te Januar 2004. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen zéngten Deel iwwer dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.

III. Déi wichtegst Fro, déi muss gekläert ginn, ass, wéi d’Welt vun haut mat hiren agerappte Konfliktstrukture sech zu enger Welt verännere kann, an där Harmonie an Zesummenaarbecht virherrschen.

Eng Weltuerdnung léisst sech nëmmen op dat iwwerzeegte Bewosstsi grënnen, dass d’Mënschheet eng Eenheet ass, eng geeschteg Wourécht, déi all Humanwëssenschafte konfirméieren. D’Anthropologie, d’Physiologie, d’Psychologie kennen nëmmen eng Spezies Mënsch, och wann dës an den zweetrangegen Aspekter vum Liewn onendlech variéiert. Dës Wourécht unzëerkennen heescht, all Zorte vu Viruerteeler opzeginn, wat Rass, Klass, Hautfaarf, Glawen, Natioun, Geschlecht, materiellen Entwécklungsstand betrëfft, alles wat d’Mënschen derzou féiert, sech anere géintiwwer fir iwwerleeën ze halen.

D’Eenheet vun der Mënschheet unzehuelen, ass déi éischt fundamental Viraussetzung fir der Welt hir Reorganisatioun an Administratioun als en eenzegt Land – der Mënschheet hir Hemecht. Eng weltwäit Unerkennung vun dësem geeschtege Prinzip ass wiesentlech fir all erfollegräiche Versuch, de Weltfridden opzeriichten. Si sollt dofir uechter d’ganz Welt proklaméiert, an de Schoule geléiert an an all Land ëmmer nees affirméiert ginn als Virbereedung op déi organesch Verännerung an der Gesellschaft hirer Struktur, déi et mat sech bréngt.

Vum Bahá’í Standpunkt aus verlaangt d’Unerkennung vun der Eenheet vun der Mënschheet „net manner wéi d’Rekonstruktioun an d’Demilitariséierung vun der ganzer ziviliséierter Welt – enger Welt, déi an alle wiesentlechen Aspekter vun hirem Liewen, hirer politescher Maschinnerie, hirem geeschtege Striewen, hirem Commerce an hire Finanzen, hirer Schrëft an hirer Sprooch organesch zesummegewuess ass an trotzdeem onendlech villfälteg an den nationalen Egenaarte vun hire federéierten Elementer.“

A sengen Ausféierungen iwwer dësem Grondprinzip seng Inplikatioune sot de Shoghi Effendi, den Hidder vum Bahá’í Glawen, am Joer 1931: „Wäit dervun, d’Fondatioune vun der heiteger Gesellschaft wëllen ëmzegeheien, versicht et, hir Basis ze erweideren, hir Institutiounen esou ëmzegestalten, dass se mat de Bedierfnesser vun enger Welt a bestänneger Verännerung iwwereneestëmmen. Et ka mat kenge legitimen nationale Flichtgefiller a Konflikt trieden oder wiesentlech Loyautéiten ënnergruewen. Säin Zil ass et weder, d’Flam vun engem gesonden an intelligente Patriotissem an de Mënschen hiren Häerzer ze erstécken, nach, de System vun nationaler Autonomie ofzeschafen, dee jo esou wiesentlech ass, wann d’Iwwele vun enger iwwerdriwwener Zentraliséierung solle verhënnert ginn. Et ignoréiert net d’Diversitéit vum Urspronk vun de Vëlker, vu Klima, vu Geschicht, Sprooch an Traditioun, vun Denkweisen a Gewunnechten, déi der Welt hir Vëlker vun eneen ënnerscheden, an et versicht och net, dës Diversitéit ze ënnerdrécken. Et rifft op zu méi enger grousser Loyautéit, zu méi engem héije Striewen, wéi et je virdrun d’Mënschen ugedriwwen huet. Et insistéiert drop, fir national Motivatiounen an Intressen hannert déi zwéngend Fuerderunge vun enger geeentener Welt ze stellen. Et verwerft iwwerdriwwen Zentraliséierung op där enger Säit a refuséiert all Bestriewen no Uniformitéit op där anerer. Seng Devis ass d’Eenheet an der Diversitéit …“

Fir dës Ziler z’erreechen, mussen hinne schrëttweis déi national politesch Astellungen ugepasst ginn, déi den Ament un Anarchie grenzen, well et keng kloer definéiert Gesetzer oder iwwerall unerkannten an applikabel Prinzipie gëtt, déi d’Bezéiungen tëscht den Natioune regelen. De Vëlkerbond, d’Vereenten Natiounen an déi sëlleg Organisatiounen an Ententen, déi se ervirgeruff hunn, hunn ouni Zweiwel gehollef, e puer negativ Auswierkunge vun internationale Konflikter ofzzeschwächen, mee si hu sech als onfäeg erwisen, de Krich ze verhënneren. Tatsächlech goufen et zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich eng grouss Zuel aner Kricher, vun deenen der vill nach ëmmer amgaang sinn.

Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í um Radio ARA, iech alleguer e schéine Weekend.

 

245 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 10/13

245t Sendung, 8ten an 9te Januar 2005. Léif Radio Ara Nolauschterer, dir héiert elo eisen eeleften Deel iwwer d’Versprieche vum Weltfridden, dat Dokument vum héchste Bahá’í Gremium wat sech un d’Vëlker vun der Welt riicht.

Dësem Problem seng wichtegst Aspekter hate sech schon am nonzéngte Jorhonnert z’erkenne ginn, wéi Bahá’u’lláh fir d’éischt seng Propositioune fir den Opbau vum Weltfridde virgeluecht huet. A sengen Deklaratiounen un d’Herrscher vun der Welt huet hien de Prinzip vu kollektiver Sécherheet vertrueden. De Shoghi Effendi huet d’Bedeitung dervu kommentéiert: „Wat soss kënnten dës beandrockend Wierder heeschen,“ huet e geschriwwen, „wann net den Hiwäis op déi onemgänglech Aschränkung vun absolutter nationaler Souveränitéit als enger noutwenneger Bedéngung fir d’Formatioun vun enger zoukënfteger Federatioun vun allen Natioune vun der Welt? Iergend eng Form vu Welt-Iwwerstaat muss noutwennegerweis entwéckelt ginn – ee Staat, deem all Natioune fräiwëlleg jiddwer Usproch op Krichsféierung, verschidde Rechter op Steiererhiewung an all Rechter op Rëschtung ausser fir d’Erhale vun der interner Uerdnung um egenen Territoire wäerten ofgetrueden hunn. Esou ee Staat brauch a sengem Aflossberäich eng international Exekutiv, där et méiglech ass, jiddwer tockegem Member vun der Federatioun hir héchsten an onbestreitbar Autoritéit opzezwéngen; e Weltparlament, deem seng Memberen duerch d’Vëlker an alle Länner gewielt an duerch déi respektiv Regéirunge bestätegt ginn; an en Héchst Geriicht, deem seng Entscheedungen obligatoresch sinn, och an deene Fäll, wou déi concernéiert Parteien hire Sträitfall net fräiwëlleg senger Juridictioun ënnerwerfen.

Eng Weltgemeinschaft, an där sämtlech wirtschaftlech Barrière fir ëmmer aus dem Wee geraumt sinn a wou déi géigesäiteg Ofhängegkeet vu Kapital an Aarbecht definitiv unerkannt ass; an där d’Gejäiz vu reliéisem Fanatissem a Sträit ee fir allemol vertommt ass; an där d’Flam vum Rassenhaass endlech geläscht ass; an där en eenheetleche Code fir internationaalt Recht, d’Produkt vum gutt iwwerluechten Uerteel vun der Welt hire federéierte Volleksvertrieder, duerch d’direkt an zwéngend Agräife vun de Federéierten hire vereenegte Sträitkräfte sanktionéiert gëtt; a schliisslech eng Weltgemeinschaft, an där d’Roserei vun engem onberechenbaren a militanten Nationalissem zu engem permanente Bewosstsinn vun der Qualitéit vum Weltbierger ginn ass – esou presentéiert sech tatsächlech a graffen Zich déi Uerdnung, déi Bahá’u’lláh virausgesinn huet, eng Uerdnung, déi een enges Daags wäert als déi schéinste Fruucht vun engem Zäitalter betruechten, dat sech lues a lues opdeet.“

Bahá’u’lláh huet drop higewisen, dass dës Moossname géifen an d’Weeër geleed ginn: „D’Zäit muss kommen, an där op der ganzer Welt realiséiert gëtt, wéi dréngend noutwenneg et ass, dass d’Mënschen eng grouss, eng allëmfaassend Versammlung ofhalen. Der Äerd hir Regéierer a Kinneke mussen onbedéngt dorun deelhuelen an iwwer d’Bedeelegung un hiren Deliberatiounen déi Méiglechkeeten a Mëttelen an d’Ae faassen, déi d’Fondatioun fir der Welt hire Gréisste Fridden tëscht de Mënsche leeën.“

De Courage, d’Determinatioun, d’Eierlechkeet, d’oneegennëtzeg Léift vun engem Vollek fir dat anert – all déi geeschteg a moralesch Eegeschaften, déi gebraucht ginn, fir dëse gewaltege Schratt an d’Richtung vum Fridden z’ënnerhuelen, leien am Wëllen zur Handlung. An et ass am Bestriewen, fir deen néidege Wëllen opzebréngen, wou ee sech eeschtlech muss mat der Wierklechkeet vum Mënsch, nämlech mat séngem Denken, befaassen. Dëser mächteger Wierklechkeet hir Bedeitung verstoen, heescht och erkennen, dass et sozial gesinn noutwenneg ass, hiren eenzegaartege Wäert mat Hëllef vun oppener, onparteiescher a frëndschaftlecher Berodung ëmzesetzen, an no deem ze handelen, wat bei dësem Prozess erauskënnt. Bahá’u’lláh huet mat Nodrock drop higewisen, wéi wäertvoll an onverzichtbar d’Berodung ass, fir déi mënschlech Ugeleeënheeten an d’Fassong ze bréngen. Hie sot: „Berodung vermëttelt méi en déift Bewosstsinn an erhieft d’Suppositioun zur Gewëssheet. Si ass en hellt Liicht, dat an enger däischtrer Welt de Wee weist an eis féiert. Fir alles gëtt et elo an och an Zukunft e Grad vu Perfektioun a vu Räifheet. Den Don vum Verstoe weist seng Räifheet an der Berodung.“ Eleng de Versuch, fir de Fridden duerch Berodung z’erreechen, wéi Hien et virgeschloen huet, kann esou en heelsame Geescht ënnert der Äerd hire Vëlker fräisetzen, dass keng Muecht deem schlussendlechen trimphalen Ausgank kéint widderstoen.

Souwäit d’Rubrik vun de lëtzebuerger Bahá’í um Radio ARA. Iech alleguer e schéine Weekend.

 

246 Den Tsunami

246t Sendung, 14ten an 15te Januar 2005. Léif Radio Ara Nolauschterer, D’Séibiewen a Südostasien, en Tsunami, eng Naturkastrof wéi mir se kaum erlieft hunn, woubei souvill Leit ëm d’Liewe koumen, dass et en Drëttel vun eiser Bevëlkerung ausmécht, dat beréiert. Natierlech well mer jo och d’Biller an eiser Stuff gewise kréien, op de Kaffisdësch moies. Aussergewéinlech ass wierklech d’Solidaritéit ënnert de Leit weltwäit, kleng a grouss, jidderee wëllt hëllefen, spenden, eppes maachen. Dat ass och an de Medien dëser Deeg grouss erauskomm. Et sinn och méi Leit déi bieden. Bei der Geleeënheet vum Weltdag vun de Reliounen, invitéiert d’Bahá’í Gemeng mat der Bedeelegung vum interreliéise Grupp AGIR op eng Zeremonie vu Gebieder aus verschiddene Reliounen. Gewidmet sinn dës Gebieder den Affer vum Séibiewen an Asien. Dir Radio ARA Nolauschterer sidd heimat invitéiert, an dat dëse Sonndeg, 16te Januar, um 5 Auer nomëttes, an dat wéi gewinnt am Bahá’í Zenter, 17, allée Léopold Goebel. Extraite vun Texter aus de verschiddenen hellege Schrëften si fir iech do. Fillt iech awer och fräi fir mat eis ären Text oder Gebiet, dat iech um Häerz läit, mat eis ze deelen. De Programm fänkt um 5 Auer un an dauert bis halwer 7. Tëschent de Gebieder gëtt et och Musek. Fir ofzeschléisse sidd dir dann op e Patt invitéiert. Also dëse Sonndeg, um 5 Auer, am Bahá’í Zenter, Gebieder fir d’Affer vun Asien, mat der Bedeelegung vun all de grousse Reliounen.

U wat denke mer, wa mer gesinn, dass esou Naturkatastrofen sou mächteg sinn a mir sou schwaach? Eng interessant Analogie heizou fënnt een an der Bahá’í Geschicht ëm déi Zäit wou d’Titanic hir éischt grouss an eenzeg Rees gemaach huet. ’Abdu’l-bahá, Jong vu Bahá’u’lláh, Begrënner vum Bahá’í Glawen war deemools an Europa op Besuch a sollt mat der Titanic fueren. Am leschte Moment hat en sech anescht decidéiert an huet d’Cédric geholl. No der Katastrof vun der Titanic schreift hien den 23ten Abrëll 1912 dat hei doriwwer: Ech faassen zesummen:

Wat dëser Deeg geschitt ass, mécht all Häerz traureg. Souvill Leit hunn hiert Liewe gelooss an hunn dës stierflech Welt verlooss. Obschonn esou en Evenement wierklech bedauerenswäert ass, musse mir eis bewosst ginn dass all Evenement a sech och eng Wäisheet dréit, an dass näischt ouni Grond passéiert. Doranner ass e Geheimnis, mee wat och ëmmer d’Ursaach war, et ass en trauregt Evenement an huet ville Mënsche vill Tréine bruecht. …

Wann ech un déi denken, déi hiert Liewe verluer hunn, sinn ech wierklech traureg, mee wann ech dëst Ongléck aus engem anere Wénkel kucken, da sinn ech getréischt wann ech mir bewosst sinn dass d’Welte vu Gott onendlech sinn. Och wann si dës Existenz weggeholl kruten, hu si aner Méiglechkeeten am anere Liewen, am Jenseits, sou wéi Jesus och sot: am Haus vu mengem Papp ginn et eng sëllege Plazen. Si hunn déi stierflech Plaz opginn fir an déi éiweg ze kommen. Si hunn de Pleséier an de Komfort vun dësem Liewen opginn, fir eng méi dauerhaft a reell Freed z’erliewen. D’Gnod vum Härgott ass onendlech an et ass un eis fir dëser Séilen ze gedenken, an eise Gebieder, fir dass si der Quell méi no kommen.

Dës mënschlech Bedingunge kënne mir mat der Matrix vun der Mamm vergläichen, wou d’Kand op d’Welt kënnt, eng Welt mat ville Plazen déi et net kennt. Am Ufank ass et schwéier fir d’Kand sech un seng nei Existenz ze winnen. Et kräischt, wéi wann et de Bauch vu senger Mamm net verloosse wollt. Et huet sech virgestallt dass d’Liewe sech nëmmen op dësem klenge Raum begrenze géif. Et wëllt säin doheem net verloossen, mee d’Natur zwéngt et dozou an dës Welt eranzekommen. An dësem Zoustand entdeckt et dass et aus der Däischtert an d’Luucht kënnt. D’Iesse koum vum Blutt vu senger Mamm, an elo entdeckt et wonnerbar Platen, déi et genéisst. Säin neit Liewen ass voll mat Schéinheet; mat Erstaunen ergëtzt et sech un de Bierger an den Däll, dem Gréngs, de Flëss an de wonnerbare Stären. Et otemt frësch Loft a seet Gott Merci dass et aus sengem viregen Zoustand befräit gouf fir elo a Fräiheet an engem neie Kinnekräich ze liewen.

Dës Analogie weist eis d’Relatioun tëschent dëser zäitlecher Welt an dem nächste Liewen – den Iwwergank vun der mënschlecher Séil vun der Däischtert an der Incertitude, zu der Luucht an der Realitéit vum éiwege Kinnekräich. Am Ufank ass et schwéier den Doud ze begréissen, mee wann d’Séil säin neien Zoustand erreecht huet, ass si dankbar, well se befräit ginn ass vun der Kaptivitéit vun der beschränkter Welt fir d’Fräiheete vun enger Welt ouni Grenzen z’erreechen. D’Séil ass befreit ginn vun enger Welt vun Trauer, Suergen a Prüfungen, fir an enger Welt vun onendlecher Freed an Extase ze liewen.

’Abdu’l-bahá seet dass dës Gedanken den eenzegen Trouscht kënne sinn fir d’Famill an d’Frënn vun den Afferen.

Hie seet awer och, dass dës Evenementer méi déif Ursaachen hunn. Si sollen de Mënsche verschidde Saache bäibréngen a kloer maachen. Dëser Deeg seet hien, an dat 1912, gi mir de materielle Mëttele vill Vertrauen. D’Mënsche stelle sech fir, dass d’Gréisst an d’Stäerkt vun engem Schëff, d’Perfektioun vun de Maschinnen oder d’Kompetenz vun engem Kapitän hinne Sécherheet ginn. (mir schwätze jo vum Ongléck vun der Titanic) Mee sou Katastrofe geschéien heiansdo fir dem Mënsch ze verstoen ze ginn dass Gott dee Wierkleche Beschützer ass. Wa Gott de Mënsch beschütze wëll, ka souguer e klengt Schëff ouni Zerstéierung devu kommen, an dat allergréisste, modernste Schëff mat der beschter Besatzung kann d’Gefor um Mier net iwwerliewen. De But ass deen dass d’Leit sech Gott zouwenne sollen, den eengege Beschützer, fir dass si wëssen dass Hien déi wierklech Sécherheet bréngt. Dës Evenementer geschéien fir de Glawe vum Mënsch ze stäerken.

All dat wëllt awer net heeschen, dass mir net sollte virsiichteg sinn, an deem wat mir maachen. Gott huet eis d’Intelligenz gi fir dass mir op eis oppasse kënnen. Sou sollte mir eis ëmginn mat allem gudde wat d’Wëssenschaft eis ze bidden huet.

Heescht dat net fir eis haut, wat an dësen Deeg passéiert, dass mir natierlech sollte kucken fir déi beschten Alarmsystemer, Warnsystemer sollte bereet hunn, fir Liewe kënnen ze retten, mee zousätzlech sollte mir Gott vertrauen an eis bewosst ginn, dass letztendlech Hien eisen eenzege Beschützer ass. Mat senger Hëllef kann eis näischt passéieren, wann et net Säi Wëllen ass, kënnen all eis Preparatiounen a Précautiounen net duergoen.

247 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 11/13

Intro …

Dozou, wéi dës Weltversammlung soll virgoen, huet ’Abdu’l-bahá, Fils vum Bahá’u’lláh an autoriséierten Interpret vu senge Léieren, eis folgend Iwwerleeunge matgedeelt: “Si mussen d’Saach vum Fridden zum Géigestand vun allgemenger Berodung maachen a sämtlech Mëttelen asetzen, déi hinnen zur Verfügung stinn, fir eng Unioun vun allen Natioune vun der Welt op d’Been ze stellen. Si mussen e verbindleche Vertrag ofschléissen an e Pakt ausschaffen, deem seng Dispositioune gerecht, onverletzbar a prezis sinn. Si mussen en der ganzer Welt virstellen an der ganzer Mënschheet hiren Accord dofir kréien. Dës héich an nobel Enterprise – déi wierklech Quell vum Fridden a vum Wuel fir d’ganz Welt – sollt jiddwerengem helleg sinn, deen op der Äerd wunnt. All der Mënschheet hir Kräfte musse mobiliséiert ginn, fir d’Stabilitéit an d’Bestoebleiwe vun dësem Gréisste Pakt ze garantéieren. An dësem universelle Pakt sollte jidder eenzelner Natioun hir Grenze kloer festegeluecht, d’Prinzipien, op déi d’Bezéiungen tëscht de Regierunge sech grënnen, definitiv verzeechent a sämtlech international Accorden an Obligatioune bekräftegt ginn. Genee esou sollt d’Stäerkt vun de Waffenarsenaler vun all Regierung strikt limitéiert ginn, well wann ee géif zouloossen, dass d’Krichsvirberedung an d’Truppestäerkte vun iergend enger Natioun zouhuelen, misst dëst bei anere Mësstrauen ervirruffen. D’Grondprinzip vun dësem feierleche Pakt sollt esou festgeluecht sinn, dass am Fall, wou iergend eng Regierung eng vu sengen Dispositioune verletzt, all Regierunge vun der Äerd sech erhiewen, fir se zu totaler Ënnerwerfung ze zwéngen, méi nach, d’Mënschheet als Ganzt sollt sech entschléissen, fir déi Regierung mat aller Kraaft, iwwer déi se verfügt, ze stierzen. Wann dëst gréissten Heelmëttel op der Welt hire kranke Kierper géif applizéiert ginn, géing se sech ouni Zweifel vun hire Leiden erhuelen a fir ëmmer roueg a sécher bleiwen.“

Déi mächteg Versammlung hätt scho laang missen ofgehale ginn.

Mir appeléiere vu ganzem Häerz un d’Leader vun allen Natiounen, vun dësem gënschtegen Zäitpunkt ze profitéieren an irreversibel Moossnamen z’ergräifen, fir dass dës Weltversammlung ofgeruff gëtt. All Kräfte vun der Geschicht dreiwen d’Mënschheet zu dëser Handlung, déi fir ëmmer den Ufank vun hirer laang erwaarter Maturitéit wäert markéieren.

Wëlle sech net d’Vereenten Natiounen, mat der voller Ënnerstëtzung vun hire Memberen, hannert déi héich Ziler vun esou engem kréinenden Ereegnes stellen?

Loosst Männer a Fraen, jonk Leit a Kanner iwwerall dësem onverzichtbaren Akt säin éiwege Verdéngscht fir all Vëlker erkennen an hir Stëmm erhiewen, fir e bereetwëlleg ze stäipen. Loosst et eis Generatioun sinn, déi déi glorräich Etapp an der Evolutioun vum gesellschaftleche Liewen op dësem Planéit inauguréiert.

  1. D’Quell vun eisem Optimismus ass eng Visioun, déi iwwer d’Bëennegung vum Krich an d’Schafe vun Agencë fir international Zesummenaarbecht erausgeet. Permanente Fridden tëscht den Natiounen ass eng wesentlech Etapp, mee net, wéi Bahá’u’lláh feststellt, dat lescht Zil fir der Mënschheet hir sozial Entwécklung. Hannert engem éischte Waffestëllstand, deen der Welt aus Angscht virun engem nuklearen Holocaust opgezwonge gëtt, hannert dem politesche Fridden, op dee sech vu Mësstrauen a Konkurrenzdenken erfëllten Natioune widderwëlleg aloossen, hannert de pragmateschen Accorden iwwer Sécherheet a Koexistenz, esouguer hannert de sëllegen Experimenter zur Zesummenaarbecht, déi dës Schrëtt wäerte méiglech maachen, waart eréischt dat héchstent Zil: d’Verenegung vun alle Vëlker vun der Welt an enger universeller Famill. [120]

248 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 12/13

Intro …

Oneenegkeet ass eng Gefor, déi der Äerd hir Natiounen a Vëlker net nach méi laang kënnen erdroen; hir Konsequenen sinn ze schrecklech, fir se a Betruecht ze zéien, an ze evident, fir eng Demonstratioun ze brauchen. „D’Wuel vun der Mënschheet“, huet Baha’u’llah viru méi wéi honnert Joer geschriwwen. „ hire Fridden an hir Sécherheet sinn onerreechbar, wann an esou laang net hir Eeenheet fest begrënnt ass.  D’Mënschheet jéimert a vergeet bal vu Verlaangeren duerno, gëeent ze ginn an e Schlussstréch ënnert hir Jordausenden al Péng ze zéien„, mengt Schoghi Effendi a seet weider: « D’Vereenegung vun der ganzer Mënschheet ass d’Kennzeeche vun deem Stadium, o dee sech d’mënschlech Gesellschaft haut zoubewegt. D’Eenheet vun der Famill, vum Stamm, vum Stadstat a vun der Natioun sinn noeneen ausprobéiert a vollstänneg verwierklecht ginn. Welteenheet ass dat Zil, no deem eng gepéngegt Mënschheet strieft. Den Opbau vun Natiounen ass ofgeschloss. D’Anarchie, déi an der Souveränitéit vun Nationalstate läit, ass elo bei hirem Héichpunkt. Eng Welt, déi maans gëtt, muss op dëse Fetisch verzichten, d’Eenheet an d’Vollstännegkeet vun de mënschleche Bezéiungen erkennen an ee fir allemol deen Organismus opriichten, deen dëse Grondprinzip vun hirem Liewen am beschte ka verkierperen. »

All aktuell Stréimunge vu Verännerung bekräftegen dës Vu. D’Beweiser fanne sech an deene vill schon ernimmte Beispiller vun de positiven Zeechen a momentanen internationale Bewegungen an Entwécklungen, déi an d’Richtung vum Weltfridde weisen. D’Arméi vu Männer a Fraen aus praktesch jiddwer Kultur, Rass an Natioun op der Äerd, déi an de Vereenten Natiounen hire villen Zerwisser schaffen, stellen e planetaresche « service pulic » duer, deem eng beandrockend Leeschtungen Zeie si fir de Grad un Zesummenaarbecht, deen esouguer ënnert decouragante Konditioune méiglech ass. En Drang no Eenheet mécht sech wéi e geeschtegt Fréijoer an enger Onmass vun internationale Kongresser bemierkar, déi Leit aus enger breeder Palette vun Disziplinnen zesummeféieren. Hie motivéiert d’Appeller no internationale Projekter fir Kanner a Jugendlecher. Tatsächlech ass hien déi wierklech Quell vun där bemierkenswäerter Bewegung op d’Ökumene hin, duerch déi Unhänger vun traditionell opposéierte Reliounen a Sekten sech onwidderstéilech vun eneen ugezu fillen. Nieft der géigesätzlecher Tendenz zu Krich a Selbstverherrlechung, géint déi e sech onermiddlech wiert, ass den Driff zur Welteenheet eng vun den dominanten an iwwerall spierbare Charakteristike vum Liewen op dësem Planéit an deene leschte Jore vum zwanzegste Jorhonnert.

249 D’Versprieche vum Weltfridden, Deel 13/13

D’Erfarung vun der Bahá’í Communautéit kann als e Beispill fir ëmmer méi grouss Eenheet betruecht ginn. Si ass eng Communautéit vun dräi bis véier Millioune Mënschen aus villen Natiounen, Kulturen, Klassen a Glawensrichtungen, déi sech an engem grousse Spektrum vun Aktivitéiten am Déngscht vun de Vëlker hire geeschtegen, sozialen a wirtschaftleche Bedierfnesser a ville Länner engagéieren. Si ass en eenzege sozialen Organismus, representativ fir d’Diversitéit vun der Mënschefamill, si regelt hir Aktivitéiten duerch e System vun allgemeng unerkannte Berodungsprinzipien a si respektéiert ouni Ënnerscheed all grouss Awierkunge vu gëttlecher Féierung am Laf vun der Mënschheetsgeschicht. Hir Existenz ass nach e Beweis fir d’Realiséierbarkeet vun hirem Begrënner senger Visioun vun enger gëeentener Welt, nach eng Bestätegung dofir, dass d’Mënschheet kann als eng global Gesellschaft liewen an all Erausfuerderunge meeschter ginn, déi hiren Iwwergank an d’Maturitéit mat sech bréngt. Wann de Bahá’í hir Erfarungen an iergend engem Mooss derzou bäidroe kënnen, fir d’Hoffnung op d’Eenheet vum Mënschegeschlecht ze stäerken, wire mir glécklech, si als Studiemodell unzebidden.

Iwwerdeems mir déi gewalteg Bedeitung vun där Aufgab betruechten, déi an dësem Ablack d’ganz Welt erausfuerdert, bécke mir demüteg de Kapp virun der imposanter Majestéit vu Gott, dem Schëpfer, deen aus Senger onendlecher Léift eraus déi ganz Mënschheet aus deem selwechte Stamm erschaf, dem Mënsch seng wäertvoll Wierklechkeet vereedelt, e mat Verstand a Wäisheet, Noblesse an Onstierflechkeet ausgezeechent an him déi “eenzegaarteg Distinctioun a Fäegkeet geschenkt huet, Hien ze erkennen an Hie gär ze hunn”, eng Fäegkeet, déi “noutwennegerweis als de kreativen Impuls an d’Haaptzil vun der ganzer Schëpfung muss verstane ginn.”

Mir stinn zu där fester Iwwerzegung, dass d’Mënschen all erschaf goufen, “fir eng Zivilisatioun ze ënnerstëtzen, déi sech bestänneg weiderentwéckelt”; dass “et dem Mënsch senger net wierdeg ass, sech wéi d’Déieren um Feld ze behuelen”, dass d’Dugenden, déi der mënschlecher Dignitéit entspriechen, Loyautéit, Nosiicht, Barmhäerzegkeet, Matleed a Guttheet vis-à-vis vun all Vollek sinn. Mir bekräftegen nach eng Kéier eis Sécherheet, dass “d’Potentialer, déi an der mënschlecher Natur leien, dee ganzen Ausmooss vu senger irdescher Bestëmmung, déi ugebueren Auszeechnung vu senger Wierklechkeet… sech op dësem virausgesoten Dag Gottes musse weisen.” Dëst ass d’Motivatioun fir eisen onzerstéierbare Glawen dorun, dass Eenheet a Fridden dat erreechbaart Zil sinn, op dat d’Mënschheet zoustrieft.

Iwwerdeems mir dës Zeilen nidderschreiwen, héiert een de Bahá’í hir erwaardungsvoll Stëmmen trotz de Persecutiounen, deenen si am Urspronksland vun hirem Glawen nach ëmmer ausgesat sinn. Duerch hiert Beispill vu standhafter Hoffnung si si Zeie fir d’Iwwerzeegung, dass déi nobäi Verwierklechung vun deem Jordausenden alen Draam vu Fridden duerch déi gestaltend Wierkung vum Bahá’u’lláh senger Offenbarung, an där d’Kraaft vu gëttlecher Autoritéit läit, elo geschitt. Mir vermëttelen Iech also eng Visioun, déi net eleng aus Wierder besteet: mir appeléieren un d’Kraaft vun Akte vu Glawen a vu Sacrifice, mir iwwermëttelen all eise reliéise Bridder a Schwësteren hire besuergte Plädoyer fir Fridden an Eenheet. Mir schléissen eis all deenen un, déi d’Affer si vun Aggressiounen, all deenen, déi nom Enn vu Konflikt a Sträit verlaangeren, all deenen, deenen hir Devotioun fir d’Prinzipie vu Fridden a Weltuerdnung déi nobel Ziler fördert, fir déi d’Mënschheet vum Schëpfer a Senger onbegrenzter Léift an d’Liewe geruff gouf.

An eisem oprichtege Verlaangen, fir d’Feier vun eiser Hoffnung an d’Déift vun eisem Vertraue mat Iech ze deelen, zitéiere mir dem Bahá’u’lláh säi formellt Verspriechen: “Dës Streidereien, déi keng Fruucht droen, dës Kricher, déi alles ruinéieren, si wäerten ophalen an dee “Gréisste Fridde” wäert kommen.”

D’Universaalt Haus vun der Gerechtegkeet.

 

250 D’Fro nom Gléck

250t Sendung, 11ten an 12te Februar 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer. Et freet mech besonnesch, iech haut eis 250t Sendung um Radio ARA ze presentéieren. Am Mee 2000 gouf déi éischt Emissioun vun de lëtzebuerger Bahá’í presentéiert.

D’Thema vun dëser Emissioun ass d’Gléck, le bonheur, happiness. Jidderee vun eis ka sech bestëmmt a sengem Liewen un e Moment erënneren, wou hie sou richteg frou war, sou richteg glécklech. An am Fong wëllt jidderee vun eis e glécklecht Liewe féieren, fir sech selwer, fir säi Partner, seng Kanner, seng Famill a vläicht och wëlle mer dass d’Mënschheet als ganzt méi glécklech ass. Wéi kënne mir konkret méi Gléck an eisem Liewen hunn. Hei e puer Gedanken dozou, déi ee bei enger Recherche iwwer d’Thema fanne kann.

An de Bahá’í Schrëfte liese mir: « Le bonheur, la grandeur, le rang, le plaisir et la paix d’un individu n’ont jamais résidé dans sa propre richesse mais dans l’excellence de son caractère, sa ferme résolution, l’étendue de son savoir et son aptitude à résoudre des problèmes ardus. »

Eng aner Iddi fanne mir beim Albert Schweitzer. Hie seet: « Le succès n’est pas la clé du bonheur. Le bonheur est la clé du succès. Si vous aimez ce que vous faites, vous connaîtrez le succès. Je ne sais pas ce que sera votre destinée, mais il y a une chose que je sais: les seuls parmi vous qui seront vraiment heureux sont ceux qui auront cherché et trouvé comment servir. »

E Saz vum Albert Camus iwwer d’Gléck huet mech besonnesch beréiert: Quand il vous est arrivé de voir la lueur du bonheur sur le visage d’une personne aimée, vous savez alors que la vocation de l’être humain est d’éveiller cette lumière sur les visages de ceux qui l’entourent.

An de grousse Psycholog Carl Jung sot dat hei : « Il y a autant de nuits que de jours, et tout aussi longues au cours d’une année. Même une vie heureuse ne peut pas ne pas connaître de moments sombres, et le mot « heureux » perdrait son sens s’il n’était contrebalancé par la tristesse. »

En aneren Aspekt iwwer d’Gléck liese mer beim Gandhi : « Le bonheur c’est quand ce que vous pensez, ce que vous dites et ce que vous faites est en harmonie. »

An hei e puer Gedanken aus de Bahá’í Schrëften iwwer zwou Zorte vu Gléck: materiellt Gléck a geeschtegt Gléck.

« Sachez qu’il existe deux sortes de bonheur, le spirituel et le matériel. Pour ce qui est du bonheur matériel on ne le trouve vraiment jamais, mieux, il n’est qu’une illusion, une image réfléchie dans un miroir, un spectre, une ombre. Considérez sa nature : c’est quelque chose qui parvient à peine à éloigner nos chagrins, et pourtant les gens s’imaginent que c’est la joie, les délices, l’exultation et le plus grand des bienfaits. Tous les biens matériels, tels que la nourriture, la boisson, etc… tendant seulement à soulager notre faim, notre soif, notre fatigue… ils ne dispensent ni plaisir à notre esprit, ni délices à notre âme, mais répondent uniquement à des besoins physiques. Il s’ensuit que cette sorte de bonheur n’a pas d’existence réelle.

Quant au bonheur spirituel, c’est la base véritable de la vie de l’homme, car cette vie est faite pour le bonheur et non pour la peine, pour le plaisir et non pour la tristesse.

Le bonheur, c’est la vie; la souffrance, la mort. Le bonheur spirituel est la vie éternelle, c’est une lumière qui n’est pas suivie de l’obscurité, c’est un honneur auquel ne succède pas la honte, c’est une vie que la mort ne remplace pas. La voici, l’existence qui n’est pas suivie du néant. Cette suprême bénédiction, ce don précieux, l’homme ne l’obtient que par la Direction de Dieu.

Ce bonheur est la source essentielle d’où l’homme fut créé, d’où les mondes furent tirés, d’où les êtres contingents reçurent l’existence et d’où le monde de Dieu apparut comme apparaissent les rayons du soleil au milieu du jour. Ce bonheur n’est rien d’autre que l’amour de Dieu; si ce n’était pour cela, le monde de l’existence n’aurait pas été créé. …

L’amour est le seul moyen d’obtenir le véritable bonheur dans ce monde et dans l’autre, il est la lumière qui guide dans les ténèbres, c’est le trait d’union vivant, entre Dieu et l’homme qui assure le progrès de toute âme éclairée.

L’amour de Dieu procure un bonheur sans fin, car ce sont là des joies pures et non des satisfactions. »

251 En Owend zu Éiere vum Martin Luther King

251t Sendung, 18ten an 19te Februar 2005. Léif Radio ARA Nolauschterer, dëse Weekend invitéieren de CLAE, de Comité de Liaison et d’Action des Etrangers, den ENAR, dat ass den europäesche Reseau géint de Rassissmuss an d’Bahá’í vu Lëtzebuerg op en Owend zu Éiere vum Martin Luther King a fir e bessert Verständnes an eise ville Kulturen hei zu Lëtzebuerg. Am Programm fannt dir fir d’éischt e méi rouegen Deel mat enger Auswiel vun Texter iwwer Bridderlechkeet an Eenheet. Et ass Musek um Programm, ënnert aneren och eng Djembégrupp, geféiert vum Ali Dede. Et ginn Ausschnëtter vum Liewe vum Martin Luther King gewisen an erzielt. Natierlech ass den Owend geduecht fir kënnen aner Kulture kennenzeléieren an eppes zesummen ze drénken.

Apostel vun der Gewaltlosegkeet, gouf de Martin Luther King Jr. genannt. Hien ass 1929 op d’Welt komm. Hie war amerikanesche Paschtouer, hie krut de Friddensnobelpräis 1964. Hie war ee vun de gréisste Leadere vun der Biergerrechterbewegung an Amerika. Mat 39 Joer, de 4ten Abrëll 1968 gouf hien zu Memphis am Tennessee ëmbruecht. An de Vereenegte Staate gëtt et am drëtte Méindeg am Januar fir hien en nationale Feierdag. Bei enger Ëmfro an Däitschland virun e puer Joer hunn 58% vun de befroten Däitsche de Martin Luther King als Virbild genannt. Just den Albert Schweitzer louch bei dëser Ëmfro knapp virum King. Dës an e ganze Koup aner Informatioune fannt dir op enger flotter däitscher Internetsäit, dem Martin Luther King Zentrum zu Werdau.

Aus enger Bahá’í Siicht ass et wesentlech, Weeër ze fanne fir mat aneren iwwer wichteg Punkte vum Fridden ze schwätzen. Ee Wee fir sou Diskussioune relevant a wäertvoll ze gestalten ass ebe just, d’Liewe vu Leit unzëerkennen, déi hiert Liewe ginn hunn, fir friddlech Weeër ze fannen, fir besser zesummen ze liewen. De Martin Luther King war eng sou eng Persoun. Säin Asaz fir gewaltlos Mëttelen ze fannen fir Rassegläichheet z’encouragéieren, huet hie mam Liewe bezuelt. Seng Beméiunge fir eng Gesellschaft wou d’Rassen an Harmonie kënnen zesumme liewe si vläicht am beschten ausgedréckt a senger berühmter Ried, 1963, an der amerikanescher Haaptstad, viru méi wéi 250 000 Leit. „ I have a dream.“

Elo e puer Gedanken zum Thema: De King seet: „Mäin Dram: Enges Dags léieren d’Kanner Wierder, déi se net wäerte verstoen. D’Kanner aus Indien froen: Wat heescht dat: Honger?D’Kanner aus Alabama froen: Wat ass dat rassistesch Segregatioun?D’Kanner vun Hiroshima wonnere sech: Wat ass dat: d’Atombomm?D’Kanner froen. Wat ass dat: de Krich?Du äntwers hinnen, du sees hinnen: Dat si Wierder déi mir net méi benotzen, wéi dat Wuert: Sklaverei…. Dës Wierder bedeiten näischt méi. An dofir hu mir se aus dem Dictionaire ewechgeholl.“

An de Bahá’í Schrëfte liese mir: „Wësst dir net firwat mir iech alleguer aus deem selwechte Stëbs erschaf hunn? Et ass fir dass kee sech soll iwwer deen aneren erhiewen. Denkt ëmmer doriwwer no, iwwer d’Aart a Weis wéi dir erschaf gouft. Well Mir hunn iech alleguer aus der selwechter Substanz erschaf, an et ass et un iech, wéi eng eenzeg Séil ze sinn, mam selwechte Schrëtt ze goen, aus engem Mond z’iessen an op der selwechter Äerd ze wunnen, fir dass am Wiese vun iech selwer, duerch dat wat der maacht an duerch är Wierker, dir kënnt d’Zeeche vun der Eenheet an d’Essenz vun der Lassléisung bezeien. Dat ass de Rot deen ech iech ginn, …” [121]

252 Geschicht: d’Ae vun der Séil

252st Sendung, 25ten a 26te Februar 2005. Wëllkomm bei eiser 252ster Emissioun um Radio Ara.

Haut mat enger Geschicht am Spidol. Zwee Männer, allen zwee schwéier krank, leien zesummen an engem Zëmmer am Spidol. Ee vun hinnen muss dee ganzen Dag um Réck an am Bett leien. Deen anere ka sech eng Stonn am Dag op d’Bett sëtze fir seng Longen ze botzen.

Déi zwee Kranker am Zëmmer schwätze stonnelaang mateneen, iwwer hir Fraen an hir Familjen. Si schwätzen iwwer hiert Haus an hir Aarbecht an do wou si iwwerall an d’Vakanz waren. An all Mëtteg, wann de Mann a sengem Bett bei der Fënster sech eng Stonn sëtze kann, verbréngt hien seng Zäit domat sengem Frënd alles ze beschreiwe wat hien dobausse gesäit.

De Mann, deen de ganzen Dag am Bett muss leie bleiwen, freet sech op déi Stonn wou säi Frënd him erzielt, wat hien alles dobausse gesäit. An dëser Stonn ass et wéi wa fir hien eng Welt opgeet. Hie lieft praktesch fir dës Momenter wou säi Zëmmerkomerod him eng Welt beschreift. Vum Zëmmer gesäit een e Park mat engem schéine Séi, mat Inten a Schwanen déi um Waasser spillen. Kanner déi hir Schëffelcher um Waasser fuereloossen, eng Koppel déi Hand an Hand laanscht de Séi spadséiert a sech op eng Bänk setzt, a méi wäit ewech déi grouss Stad.

Während de Mann bei der Fënster all dës Detailer beschreift, läit de Mann op där anerer Säit vum Zëmmer am Bett. Hien huet seng Aen zou a stellt sech dës iddilesch Landschaft fir. Een Nomëtteg beschreift de Mann bei der Fënster eng Musiksparade déi laanscht geet. Obschonn deen anere Mann d’Musek net héiere kann, kann hie se mat den Ae vu senger Imaginatioun gesinn, well säi Frënd sech esou Méi gëtt, alles am Detail z’erzielen.

Deeg a Woche gi laanscht. Enges Moies fënnt d’Infirmière de Mann am Bett bei der Fënster a gesäit dass hien net méi otemt. Hien ass an der Nuecht friddlech am Schlof gestuerwen.

Kuerz Zäit drop, freet den anere Mann, ob hie kann d’Plaz bei der Fënster kréien. D’Infirmière ass frou fir him eng Freed ze maachen a verséchert sech dass alles an der Rei ass. De Mann am Bett probéiert dann, lues a lues, mat vill Schwieregkeeten, sech ze setze fir kënne fir d’éischte Kéier aus der Fënster ze kucken. Endlech kann hien och alles dat gesinn wat säi Frënd him sou oft beschriwwen hat.

Hie streckt sech mat vill Méi a ku