Mäin Handy

Mäin Handy, mäi GSM, mäi Smartphone, mäin Iphone

Wat kann een alles mat engem Handy maachen? Firwat ass en Handy gutt?

Ech hunn en neien Handy, den LG G2. (d’Liewen ass gutt)

Ech si frou mat mengem Telefon, well ech ka vill do mat maachen: telefonéieren, Fotoe maachen, Videoen. Ech ka mam Handy spillen, ech kann Emailer schécken a kréien. Ech kann um Internet Saache kafen déi ech brauch (iwwer Amazon z.B.).

Vill vu menge Kollegen op ville Plazen op der Welt hu Facebook a Google+. Dat ass flott a praktesch. Ech kann och Musek lauschteren, a wann ech online (um Internet) sinn, geet et gutt mat Spotify. Mat booking.com z.B. kann ech Hotellen a Restaurante sichen a reservéieren.

Wann ech lafen, da benotzen ech de Programm My Tracks. De Programm enregistréiert wéi laang ech lafen, wou ech lafen (mäi Parcours) a wéi vill Kalorien ech verbrauchen.

Hautdesdaags ass den Handy ganz wichteg. En hëlleft mir mat menger Famill a Kontakt ze bleiwen. Ech kann déi ganzen Zäit um Internet surfen, Leit kenneléieren, News kucken a liesen, an Informatioune sichen. De Smartphone ass mäin Agenda fir RDVen ze maachen a meng Rechemaschinn. Ouni mäin Handy sinn ech traureg an ech langweile mech.

Mäin Handy huet en Alarm (e Wecker), eng Stoppauer, eng Luucht, e GPS.

Mam Handy léiert ee vill, et kann ee Recherche maachen, studéieren, bieden, chatten, SMSe schreiwen, de Fernsehprogramm kucken, am Lotto spillen.

Am Noutfall hëlleft den Handy eis, der Police oder der Ambulanz unzeruffen.

Wat kann een net mam Handy maachen?

Vill Saache kann een net mam Handy maachen. Ech kann en net iessen oder drénken. Den Handy richt net a schwätzt (nach) net Lëtzebuergesch. Den Handy kann net këssen, kachen an d’Rechnunge bezuelen. Den Handy ka mech net wäschen. Den Handy ka meng Dier net opmaachen. Den Handy ka mech net léif drécken. Den Handy wäscht meng Kleeder, botzt mäin Haus, geet net fir mech akafen. Den Handy kann net fir mech léieren a schaffen.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s