Eng Melodie, déi sécher vill Leit scho kennen! Merci dem Käpt’n Ändä & Matrous K100 feat. Sandy & the Hüet tes (kk1000.lu)

Frou mat Dir

1.Ech wollt Dir, schonn ëmmer soen, wéi frou, ech mat Dir sinn.
Du kanns mir, et och gestoen, wann s Du, genee sou fills…

2. Esou laang, wéi mir eis kennen, hunn ech, dat ni gesot…
Dass ech Dech, schonn all déi Joren, ganz déif, am Häerz gedroen.

3. All eis Frënn, soe mir dat selwecht, "Dir 2 sidd, fir enee gemaach"
Du an ech, dat wier dat Richtegt, all Sekonn, all Stonn, all Dag.

4. Dass mir 2, beienee gehéieren, dovu sinn, ech iwwerzeegt
Et fält mir, just einfach schwéier, dir dat, esou ze soen.

5. Wann ech Nuets, da vun Dir dreemen, bass Du no, ganz no bei mir
A wann ech, dann nees erwächen, bass Du wäit, wäit ewech vu mir.

6. Mat deem Lidd, well ech Dir soen, dat fält mir, sou vill méi liicht,
Mat deem Lidd, solls Du verstoen, ech si ganz… vill frou mat Dir.

Instrumental Solo

Wann ech Nuets, da vun Dir dreemen, bass Du no, ganz no bei mir
A wann ech, dann nees erwächen, bass Du wäit, wäit ewech vu mir
Mat deem Lidd, wëll ech Dir soen, dat fält mir, sou vill méi liicht,
Mat deem Lidd, solls Du verstoen, ech si ganz… vill frou mat Dir

http://www.kk1000.lu/index.php?option=com_content&view=article&id=230&Itemid=311

Original: Bette Midler, The Rose

Frou mat Dir

1. Ech wëll dir eppes soen. Ech wollt dir gëschter telefonéieren. Ech si frou mat Dir. Ech hunn dech gär. Du kanns mir dat soen. Ech muss gestoen (zouginn), dass ech net vill geschlof hunn. Du fills (spiers) genau (genee) sou wéi ech. (fillen, spieren).

2. Mir kennen eis scho laang. Ech hunn dir gesot ‘Pass op’. Ech droen (bréngen) de Kuch bei meng Mamm.

3. Ech hunn haut näischt gemaach. Ech wier gär pensionéiert. Ech wier frou, wann dir géingt Lëtzebuergesch schwätzen. Ech wier frou wa mir e bësse Schnéi hätten.

4. Den Ali gehéiert bei d’Parvaneh. Bei Fleesch gehéiert Geméis. De schéinen Auto gehéiert mir.

5. Ech si béis wann de Jos mech nuets waakreg mécht. Ech schlofen nuets. Ech hat en Alpdram (schlechten Dram). Ech hunn eppes Schéines vun dir gedreemt. Den Delhaize ass ganz no bei mir. Den Iran ass wäit ewech vun hei.

6. Et fält mir liicht mat dir ze danzen. Ech hunn näischt verstan.

beieneen, mateneen, niewenteneen, hannereneen, openeen,

2.2014

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s