Hettange – Grande, Grouss Hetténg, Lëtzebuergeschcours: N1& N2

Hettange – Grande, Grouss Hetténg, Lëtzebuergeschcours: N1& N2

fäerdeg: Ech si fäerdeg. Bass du fäerdeg? Sidd dir fäerdeg? Ech maache meng Aarbecht fäerdeg. Ech bréngen dat net fäerdeg (fäerdeg bréngen)?

Pronom faible: bass de;è bass du fäerdeg? sidd der; è sidd dir prett? gi mer; ègi mir iessen?

Wat maacht dir elo? Wat maacht dir nom Cours? Ech ginn heem. Ech iessen an ech kucken d’Tëlee. Ech kucke Fussball. Anderlecht spillt géint Paris St Germain. Ech dusche mech. Ech drénken e Glas Wäin oder Béier ouni Alkohol. Ech schwätze mam (mat dem) Esther. Ech kachen eppes. Ech ginn op den Internet an ech liesen. Ech ginn eraus. Ech ginn vläicht eraus, soss ginn ech an d’Bett. Virum (virun dem) Iesse kachen ech. Ech wäschen (botzen) d’Zänn. Ech ginn schlofen. Ech ginn mam (mat dem) Hond eraus. Ech soen jidderengem (jiddereen) Gutt Nuecht. Ech iessen eppes virun der Tëlee. Ech telefonéieren mengem beschten Frënd (menger beschter Frëndin). Ech soen Gutt Nuecht an ech ginn schlofen. Ech weess nach net wat ech iessen. Ech gi schlofe well ech muer fréi opstinn. Ech soen de Kanner Gutt Nuecht.

Ech ginn op d’Aarbecht. Ech gi schaffen. Ech maachen datselwecht wéi d’lescht Woch.

Verben: aschlofen, schlofen, dreemen, net schnaarchen, erwächen, opstoen, op d’Toilette goen, Waasser drénken, Kaffi drénken, Informatiounen lauschteren, dräi Schmieren iessen, sech duschen, sech dréchnen, sech kämmen, d’Bett maachen, lëften (d’Fënster opmaachen), Gezei (Kleeder) sichen an undoen, de Stot maachen (strecken, spullen, botzen, opraumen), op d’Aarbecht fueren, den Zuch huelen, meng Emailer liesen, schaffen, Kaffi drénken, Suen verdéngen ( am Casino gewannen), Photokopië maachen, Bréiwer ënnerschreiwen, mat de Kollege schwätzen, Aarbecht sichen, ech bleiwen doheem, ech ginn akafen, ech verléiere meng Zäit am Lëtzebuergeschcours, ech ginn an de Kino, e Plat am Restaurant bestellen, am Stau sinn.

brauchen: ech brauch keng Hëllef, ech brauch mech net ze kämmen, ech brauch Vakanz, ech brauch en Auto fir d’Aarbecht, ech brauch en Auto fir op d’Aarbecht ze fueren, ech brauch Suen, ech brauch Kaffi, ech brauch vill Sonn, ech brauch vill Schlof, ech muss zwee, dräimol d’Woch Fussball spillen. Dir musst haut net kommen.

Accueil: Kommt bei mech. Wéi geet et iech Här Nau? Et muss. An? Geet et? Alles an der Rei? Alles a Botter? Alles paletti?

Kann een hei parken?  Wat kann een hei maachen?

Op der Aarbecht: Wat kann ech fir iech maachen? Braucht dir nach eppes?

An der Apdikt: En Zoppeläffel dräimol den Dag. Net schlëmm.

Neiegkeeten

Et huet kee Wäert dass du Lëtzebuergesch léiers. Wat ass mäi Computer nach wäert?

Ech wäert muer mäi Jong op de Fluchhafe siche goen. Frae gesi mëttwochs am eelsten aus (ausgesinn).  Ah, du gesäis haut gutt (schlecht, midd) aus. De Mikaël ass Feier a Flam fir d’Catherine.

Ech sinn hongreg.

De Mann war gewalttäteg mat senger Fra (Gewalt). D’Meedchen ass vergewaltegt ginn.

Zu Teneriff gëtt et näischt Extraes ze kafen.

S. 108 Alles an der Rei.

Mäi Papp ass 1992 gestuerwen, ass pensionéiert, ass sympathesch, wunnt zu Yutz, ass Fransous, huet eng méi jonk Frëndin.

Meng Mamm wunnt wäit vu mir, mat mir, mat eis. Si ass léif, schéin. Si fiert gär mam Vëlo. Si kacht ganz gutt. Si huet e Kolleg (Frënd), de Léo. Si ass gläich pensionéiert. Si ass heiansdo penibel, mee ech hu si awer gär.

Meng Eltere hu sech gär. Meng Eltere si frou mateneen. Meng Eltere si getrennt. Si si scho laang bestuet.

Ech hu kee Brudder, awer zwou Schwësteren. Ech hunn e méi jonke Brudder an eng méi al Schwëster. Ech hunn e méi jonke Brudder an eng méi jonk Schwëster. Ech sinn dat eelst. Mäi Brudder ass méi al wéi ech. Ech hunn eng grouss Schwëster.

Ech hunn nach keng Kanner. Ech hunn ee Jong, de Golshan. Hien huet 23 Joer a schafft zu London. Ech hunn zwee Meedercher, d’Laetitia an d’Cyrielle, an een Enkel, den Tristan.

Ech hunn dech gär – Ech si frou mat dir

Ech hu Spaghetti gär – Ech si frou mat Spaghetti

Ech schaffen zënter zwee Joer.

eng grouss Houer, e grousst Ouer, eng grouss Auer.

Hetténg, N2 & 1

Mäi Meedchen ass krank. Si huet sech iwwerginn. Hatt huet sech erkaalt.

Et ass mir net gutt. Ech muss mech iwwerginn.

Oh Madame, ass et iech net gutt? Musst dir iech iwwerginn?

Hutt dir zu Diddenuewen och e Chrëschtmaart? Wat maache mir den 11ten? Mir proposéieren d’Pizzeria Angelina, 20 Place du marché. Fir ze parken, ass d’Place de la liberté am einfachsten. Mir treffen eis direkt do um 7 Auer. Mir kënnen eis awer och schonn eng hallef Stonn virdrun um Chrëschtmaart gesinn, direkt bei der Pizzeria.

Konversatioun: Hues du haut geschafft? Haut huet meng Schwëster Gebuertsdag. Haut ass menger Schwëster hire Gebuertsdag.

virdrun – virun

ech waarden op dech virun der Pizzeria. ech si virun dir komm.

Gudde Rutsch! Schéi Feierdeeg! Vill Gléck fir 2014! Ech hoffen dass 2014 besser gëtt wéi 2013. Ech wënschen iech eng gutt Gesondheet, eng schéi Vakanz, alles Guddes, genuch Aarbecht, dass dir am Lotto gewannt, e schéine Moment mat ärer Famill. Sidd dankbar fir d’Liewen. Probéiert äert Liewen ze genéissen, z’appréciéieren

Zuelen: Wéi ass är Hausnummer? Meng Hausnummer ass 1

Wat ass är Schonggréisst? Wéi grouss sidd dir? 1m83

Wat ass äre  Code Postal? siwenafofzeg-sechshonnertfofzeg

Wat ass är Telefonsnummer?

Leave a comment