Lieserbréif: mäi Kommentar zum Artikel vum Frank Bertemes: Religion und Spiritualität, am Forum, 16.Mai 2013, S.16

Tageblatt Lieserbréif: mäi Kommentar zum Artikel vum Frank Bertemes: Religion und Spiritualität, am Forum, 16.Mai 2013, S.16

Wat ass da Spiritualitéit?

Ären Artikel iwwer Relioun a Spiritualitéit huet mech ugereegt, nozekucken, wat da Spiritualitéit fir mech ass, a wat mäi Glawen dozou seet. D’Baha’i Schrëften hu vill Referenzen zu enger ganzer Rei vu geeschtege Qualitéiten, déi den Eenzelne sollt probéieren ze liewen. Dozou gehéieren e gudde Charakter, d’Léift zu Gott déi sech ausdréckt an der Léift fir d’Mënschheet, Matgefill, Frëndlechkeet, Philantrophie, den Déngscht un Aneren, Courage, Generositéit, Lassléisung vu materielle Saachen, Gerechtegkeet, éierlechkeet, Integritéit a Moderatioun.

All dës Qualitéiten sollen awer och ausgeglach ginn duerch de Verstand a Wëssen. Fräiheet soll gefördert ginn. D’Schwäert vun engem opriichtege Verhalen ass méi schaarf wéi eng Gillette. Jiddereen ass verantwortlech fir säin eegent Liewen, a sollt sech beméien, säi Charakter ze verbesseren, a sollt verhënneren, schlecht iwwer aner ze schwätzen.

De William Hatcher, Mathematiker, Philosoph, Erzéier, a Mëmber vum Baha’i Glawen sot dat hei:
D’Konzept selwer vu Spiritualitéit, d’Konzept vun der mënschlecher Natur an dem Zweck vum Mënsch ass spirituell, theistesch, eukratesch, aktif, dynamesch, interaktiv an objektiv. De Sëtz vun der mënschlecher Personalitéit ass d’Séil oder de Geescht vun all Individuum. D’Séil ass d’Entitéit, déi net composite, net physesch ass, déi éiweg unhale wäert, an déi an d’Existenz kënnt als Resultat vun engem kreativen Akt vu Gott am Moment vun der physescher Konzeptioun. All eenzel Séil ass ausgestatt mat intrinsesch Fähegkeeten. Déi voll Entwécklung vun dëse Kapazitéiten ass den Zweck, net nëmme vun der mënschlecher Existenz, mee vun der ganzer Kreatioun.

An deem Sënn schéngt et mer wichteg, dass en Ausstausch stattfënnt zum Thema Relioun a Spiritualitéit. Sou léiere mir méi iwwer d’Opfaassunge vun Anerer a mir ginn eis méi bewosst iwwer eis eegen Astellung zum Thema. A vläicht ännere mir och eis Meenung!

jean-marie nau

ps: attached de ganzen Artikel vum Hatcher fir den Här Bertemes.

hatcher-2008-philosophy_spirituality.pdf

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s