E bëssen iwwer d’Oktav, zesummegstallt vum Sonia Thewes

D’Oktav:

Ëm 1600 hunn d’Jesuiten sech an der Stad Lëtzebuerg niddergelooss. 1604 hunn si e Collegium opgemaach, wou d’Kanner vun de räiche Famillen aus der Festungsstad eng Ausbildung kruten. Natielrech war an dëser Ausbildung och eng zolitt reliéis Formatioun dran.

1624 huet de Jesuitepater Broquart virun de Festungsmaueren, beim haitege Glacis, e grousst Holzkräiz opriichte gelooss. D’Plaz dofir hat hie vun engem Stadschäffe geschenkt krut. 1623 hu Schüler aus dem Jesuitekolléisch eng hëlze Statü vun der Muttergottes dohi gedroen. Haut steet dës Statue an der Kathedral. An ee Joer méi spéit, 1625, ass um Glacis de Grondstee fir eng Muttergotteskapell geluecht ginn. Duerch eng Peschtepidemie an deem Joer sinn d’Aarbechten awer ënnerbrach ginn. De Pater Broquart huet och d’Pescht krut an hien huet versprach, déi Kapell virun der Festungsstad fäerdegzebauen, wann hien erëm géif gesond ginn. Esou ass et och komm an den 10. Mee 1626 ass d’Kapell geweit ginn.

1640 huet déi Kapell scho musse vergréissert ginn, well d’Marieveréierung och deemools schonn an onse Géigenden zimlech ausgeprägt war.

1639 ass d’Muttergottesstatü feierlech vun der Kapell um Glacis bis an d’Jesuitekierch (haiteg Kathedral) gedroe ginn an 8 Deeg laang veréiert ginn. Dëst war déi éischt Oktav. An enger Schlussprëssessioun ass d’Statü dunn an d’Glaciskapell zréckgedroe ginn. Dat war déi éischt Oktav. Säit 1921 dauert d’Octav zwou Wochen. 1794 ass d’Statü vun der Muttergottes definitiv aus der Glaciskapell an déi haiteg Kathedral geplënnert. Si ass aus Lannenholz an ass nëmmen 73 cm grouss.

Ausser de Lëtzebuerger kommen och eng ganz Rei Pilger aus dem noe Grenzgebitt op d’Octav, haaptsächlech aus de Gebidder vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg (vu viru 1659): Géigenden ëm Diddenuewen, Arel a Bitburg.

Am 2. Weltkrich ware sämtlech Zeremonien ausserhalb der Kathedral verbueden. Dat huet d’Oktav zu engem entscheedenden Element vum lëtzebuergeschen Nationalgefill an deene Joere gemaach. Niewent Biller vun der Groussherzogin Charlotte ware Biller vun der Muttergottes déi heefegst Symboler vun der lëtzebuergescher Widderstandsbeweegung.

Advertisements

2 thoughts on “E bëssen iwwer d’Oktav, zesummegstallt vum Sonia Thewes

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s