E puer Kompetenzen

E puer Kompetenzen

D’Vanessa (2013)

K1: Mäin Numm ass Vanessa. Ech sinn a Portugal zu Coimbra gebuer. Meng éischt Sprooch ass Portugisesch a meng zweet Sprooch ass Franséisch. Ech schwätzen och Englesch a Spuenesch. Ech studéiere Journalismus. Ech si Jonggesellin. Ech wunnen zu Heeschdref.

K2: Meng Mamm heescht Margarida. Si wunnt zu Heeschdref an huet zwee Kanner. Si ass Dagesmamm. Si ass mam João bestuet. De João ass mäi Schwéierpapp. Hien ass zu Lissabon a Portugal gebuer. Hie gëtt Formatioune fir Buschaufferen zu Colmar-Bierg. Hien huet e Meedchen/eng Duechter mam Margarida. Si heescht Océane. D’Océane ass meng Schwëster. Si wunnt zu Heeschdref an huet siwwe Joer. Si geet zu Steesel an d’Schoul. Si ass zu Lëtzebuerg gebuer. Meng “schwéier” Groussmamm heescht Natalia. Si wunnt zu Palmela bei Lissabon a Portugal. Si ass a Portugal gebuer. Si huet e Kand, de João. Si ass pensionéiert. Mäi Grousspapp ass den Anterro. Hien ass a Portugal gebuer. Hie wunnt zu Coimbra a Portugal. Hien huet eng Bijouterie wou hie schafft. Hien huet dräi Kanner: D’Margarida, d’Célia an den Oliverio.

K3: Mäi Liewen zu Coimbra: Ech gi vu méindes bis freides an d’Universitéit. Ech schwammen oder lafen zweemol d’Woch. An der Woch hunn ech eng Kächin. D’Kächin kacht fir eng Studente Communautéit (vun 10 bis 15 Persounen). De Weekend kachen ech fir mech oder ech kache mat Frënn. Ech schaffen och Samschdes a Sonndes am TAGV (Theater) oder schreiwe fir de Studente Journal. Ech kontaktéieren all zweete Freideg meng bescht Frënn owes. Ech sinn de sechsanzwanzegste Januar nonzénghonnertnonzeg a Portugal gebuer.

D’Lucia (2013)

K5: Meng Mamm ass pensionéiert. Mäi Papp ass och pensionéiert. Mäi Brudder schafft als Garçon am Restaurant Manjar do Marquês a Portugal zu Leiria. Meng Schwëster schafft als Néiesch an enger Fabrik a Portugal zu Viseu. Mäi Mann schafft als Serrurier am Atelier F. An der Zone Artisanale zu B. Mäi Jong ass Student an der Schoul zu Walfer.

K6: Wou schafft dir? Wat ass de Plat du Jour? Wou sinn hei Taxien? Wéi heeschs du? Wien hues du gär? Wat iesst dir gär? Wéi vill kaschten zwee Kaffien? Wat wëllt dir drénken?

K7: Ech sinn d’Lucia. Ech wunnen zu H. Ech lauschtere gär klassesch Musek, Pop a Rock. Ech liesen all Owend eng Geschicht fir meng Kanner. Ech féiere mäi Meedchen Dënschdes nomëttes an de Ballet, a ginn hatt sichen. Dënschdes an donneschdes owes féieren ech mäi Jong an de Basket. Ech liese gär. Sonndes spadséieren ech gär a fuere gär mam Vëlo mat menger Famill. Ech hunn de Krich net gär.

De Luis (2013)

K2: Meng Mamm heescht Isabel, si wunnt an der Fiels, an huet ee Jong. Si schafft als Botzfra an der Schoul zu A. Mäi Papp ass 2005 gestuerwen. Ech hu kee Brudder.

K3: Ech maache méindes owes Sport (Fussball oder Vëlo) an der Fiels. Ech schaffe vu méindes bis freides owes vu Mëtternuecht bis aacht Auer bei der Luxair. Ech gi moies um néng Auer schlofen. Ech sinn am Lëtzebuergeschcours vu méindes bis donneschdes vun 18 bis 20 Auer.

K4: Meng Telefonsnummer ass 691 11 22 33. Ech ginn normalerweis moies um 9 Auer moies an ech stinn nomëttes um 3 Auer op. Normalerweis maachen ech de Lëtzebuergeschcours vu méindes bis donneschdes vu 6 bis 8 zu Walfer. Ech ginn dann heem. Um 23 Auer muss ech schaffe goen, an d’Stad, bei der Luxair, vu 24 Auer bis 8 Auer.

K10: Ech wunnen am Haus vu menger Mamm. Mir hunn en Haus mat 3 Stäck. Um éischte Stack hu mir d’Entrée, en Débarras, eng Kiche mat enger Salle à Manger. Um zweete Stack hu mir e grousse Living mat engem Canapé mat sechs Plazen, eng Toilette, an e Buedzëmmer. Um drëtte Stack hu mir dräi Schlofzëmmer, eent fir mech, eent fir meng Mamm an eent fir Frënn.

D’Regina (2013)

K1: Erlaabt mir, dass ech mech virstellen! Mäin Numm ass Regina Mendes. Ech sinn zu Coimbra a Portugal gebuer. Ech sinn zu Lëtzebuerg zënter dem Oktober 2012. Meng éischt Sprooch ass Portugisesch a meng zweet Sprooch ass Franséisch. Ech schwätzen och Spuenesch an e bëssen Englesch. Ech léieren de Moment Lëtzebuergesch fir mat menge Kanner ze schwätzen. Ech si Psychologin a schaffe bei der Associatioun ABCD zënter dem November 2012. Ech fuere mam Auto schaffen. Ech si mam Vitor bestuet. Mir hunn eis den 19te Februar 2004 zu Lissabon bestuet. Mir wunnen zu E. Mir si Katholiken, hunn dräi Kanner, zwee Jongen an e Meedchen. Mir fuere gär a Brasilien an d’Vakanz a mir gi ganz gär an de Kino.

K4: De Lëtzebuergesch Cours fänkt um 6 Auer un. Et ass ganz schlëmm, wann s de (du) eng hallef Stonn ze spéit bass.

K5: Mäi Mann schafft als Direkter am Centre de Formation pour entreprises an der École Nationale des Pompiers zu Lissabon a Portugal. Mäi Jong ass Diététicien bei Eurest zu Gaasperech, hannert Texaco. Meng Schwëster schafft als Kächin am CHUV, bei der Uni zu Lausanne, an der Schwäiz. Meng Nopesch schafft als Esthéticienne bei der Sandra Silva Coiffeuse zu Esch, nieft der Uelzechtstrooss. Meng Kollegin d’Theresa schafft als Assistante Parental doheem, zu Esch, hannert dem Spidol.

D’Parvaneh (2013)

Ech sinn den éischte Februar am Iran gebuer an hunn zwee Kanner, e Meedchen an e Jong. Ech hunn zwou Schwësteren. Eng Schwëster ass Léierin a meng grouss Schwëster ass Ingenieurin. Si heescht Azar. Mäi Brudder heescht Javad an hien ass pensionéiert.

Ech iesse moies schwaarzt Brout mat Kéis, Nëss an Téi. Ech iesse gär zweemol d’Woch Poulet a Fësch mat Geméis. Ech sti moies um aacht Auer op a ginn owes um zwielef schlofen.

Mir wunnen um éischte Stack an eist Appartement huet zwee Schlofzëmmer. Mir hunn eng grouss Garage an e Wäschzëmmer (eng Buanderie). Eise Balkon huet eng schéi Vue op d’Felder mat Kéi. Ech hunn eis Wunneng (eist Appartement) ganz gär well et schéin ass. Ech ginn dräimol d’Woch mat mengem Mann, den Ali akafen. Mir ginn entweder an de Cactus, an den Delhaize oder an den Auchan. Mir ginn och dräimol d’Woch zesumme spadséieren. Ech léieren all Dag eppes Neies.

Den Ali (2013)

K1+2: Ech heeschen Ali P. an ech wunne schonn 28 Joer hei. Meng éischt Sprooch ass Persesch, meng zweet Sprooch ass Englesch, an ech léiere Lëtzebuergesch. Ech si mam Parvaneh bestuet. Mir hunn zwee Kanner, e Jong an e Meedchen. Mir hunn dräi Enkelkanner. Mäi Jong heescht Pardis, hien ass bestuet a wunnt zu Toronto a Kanada. Hien huet eng Duechter, d’Saya. Seng Fra schafft an der Bank. Mäi Meedchen, d’Parisa wunnt am Iran, zu Teheran. Si ass do gebuer, huet 40 Joer, ass bestuet, an huet zwee Kanner, d’Torang an de Pourya. D’Torang huet 17 Joer an de Pourya 12.

B1: Mir hu virdrun néng Joer zu Rotterdam gewunnt. Ech hat do en Dépôt. Ech sinn am Iran opgewuess. Ech koum 1983 fir d’éischt op Lëtzebuerg. Ech hunn zu Esch an um Houwald gelieft. Virdrun hu mir zwee Joer an Amerika zu Los Angeles gelieft. Mäi Papp war Landbesëtzer (Propriétaire). Meng Mamm war Hausfra. Ech hunn Englesch an der Schoul geléiert. Ech sinn 42 Joer mam Parvaneh bestuet. Ech hu keng Schwëster awer zwee Bridder. De jéngsten heescht Reza. Hien huet zwee Jongen, an deen aneren, den Hasan, huet zéng Kanner, aacht Duechteren an zwee Jongen.

D’Bela (2013)

K3: Vu méindes bis freides féieren ech mäi Meedche mam Auto an d’Schoul. Ech maachen dräimol d’Woch Sport: ech fuere mam Vëlo an ech lafe 45 Minutten zu Stroossen. Ech hu méindes, dënschdes an donneschdes owes Lëtzebuergeschcours am Centre Prince Henri zu Walfer. Ech gi mëttwochs an de Cactus akafen. Ech hëllefe mengem Meedchen all Dag mat den Hausaufgaben an ech kucke meng Emailer. Mir gi sonndes moies an d’Mass op Bouneweg.

K8+9: Ech iesse ganz vill Geméis an Uebst. Ech iesse meeschtens Zopp, ganz vill Geméis Zopp mat Gromperen, Ënnen, Muerten, Kalbass, Bounen, a mat Olivenueleg. Ech iesse léiwer Fësch wéi Fleesch. Ech hu gär gegrillte Fësch (Bodeão, Saumon, Dorade, Thon,…) mat Geméis gekacht. Ech iesse ganz gär tropescht Uebst (Papaya, Fruit de la passion, Mango) a rout Uebst, dat wëll wiisst (Hambier, Molbier), an och Nëss, Hieselnëss, Pignons, Mandelen,…). Eng Saach déi ech guer net gär iessen ass Tomaten Zopp. Ech drénken och net gär Kaffi. Ech drénke Waasser, Téi, Jus, Likör, rouden a wäisse Wäin. Normalerweis drénken ech beim Iesse rouden oder wäisse Wäin, oder Waasser, dat kënnt drop un. Beim Fësch hunn ech léiwer wäisse Wäin a beim Fleesch roude Wäin. Ech iessen och gär Pâtisserie de Weekend oder Feierdeeg.

Den Hassan (2013)

K1: Ech si bestuet an hunn dräi Kanner. Meng Fra heescht Sabaheta an huet 48 Joer. Ech hunn zwee Meedercher, d’Edisa huet 28 Joer an d’Naida 17. Mäi Jong ass 24 Joer al. D’Edisa ass och scho bestuet an huet e klenge Jong vun 3 Joer deen Danis heescht. Mir si gär all zesummen a verbrénge vill Zäit mateneen. D’Edisa an den Eldin schaffe schonn an d’Naida geet nach an de Lycée an ass elo op 2ième.

K2: Meng Eltere wunnen a Bosnien. Meng Mamm huet 72 Joer a mäi Papp huet 80 Joer. Si hunn néng Kanner. Fënnef Jongen a véier Meedercher. Mäi Papp ass pensionéiert mee hie schafft oft a senger Waassermillen. Fréier huet hien an der Metallindustrie geschafft. Meng Mamm ass Hausfra. Si hunn och vill Land a baue vill Geméis an Uebst un (ubauen). Mir hu vill Kontakt iwwer Telefon an ech besiche si all Summer. Si hu vill Enkelkanner (21) an am Summer treffe mir eis alleguer a Bosnien, wou mir da Vakanz maachen.

Fro an Äntwert

De Manuel (2013)

K1: Vu wou kommt dir? Ech kommen aus Portugal a sinn zu Castelo Branco gebuer. Vu wou kommt dir elo? Elo kommen ech vun Déifferdeng. Kënnt dir iech kuerz virstellen? Mäin Numm ass Manuel. Mäi Gebuertsdag ass den 23ste Mäerz. Ech hu 50 Joer. Ech sinn elo 27 Joer mam M.P. bestuet. Wunnt dir hei zu Lëtzebuerg? Wunnt dir scho laang hei/Wéi laang wunnt dir schonn hei? Ech wunnen zënter dem 13ten Oktober 2006 zu Lëtzebuerg. Dat maachen elo 7 Joer. Schafft dir/Wat schafft dir? De Moment schaffen ech net. Ech sichen eng Aarbecht als Buschauffer.

K2: Kënnt dir w.e.g. är Famill oder aner Persoune virstellen/presentéieren? Meng Fra heescht M.P. Si ass Portugisin, huet 49 Joer a schafft an der Privatschoul Fieldgen, e Lycée classique et technique fir jonk Meedercher (epf.lu). Mäi Jong de Ricardo ass Portugis, célibataire/Jonggesell, huet 20 Joer, ass Student am LTPS. Mäin anere Jong heescht Pedro, hien ass och Portugis a Jonggesell, huet 25 Joer a schafft zu Bascharage als Mini Buschauffer bei Sales Lentz. Mäi Papp, den Henriques ass den 18te Juli 2001 gestuerwen. Meng Mamm ass d’Neves. Si ass Wittfra. Si huet 79 Joer a schafft net méi. Si ass elo e bësse krank. Mir schwätze vill mateneen/zesummen mat der Web Kamera. Meng Schwëster ass D’Célia. Hatt ass bestuet, ass Portugisin, an ass zu Castelo Branco gebuer. Si huet scho 35 Joer, an ass Portugisesch Sproocheproff am Lycée Amato Lusitano an der Stad Castelo Branco. Si huet e Meedchen/eng Duechter vun dräi Joer, d’Ines. Ech hunn hatt ganz gär. Hatt ass dat Klengst an der Famill. Hutt dir Famill zu Lëtzebuerg? Jo, meng Fra a meng zwee Jongen. Wou wunnt/lieft är Famill? Meng Famill wunnt a Portugal. Hutt dir Frënn hei? Jo, ech hu gutt Frënn hei.

K3: Wat maacht dir alles an der Woch? Ech maache vill: duschen, kachen, iessen, schwätzen, sangen, mam Auto fueren, denken, d’Tëlee kucken, drénken, Saache raumen, schlofen,… ganz vill Saachen. Wat maacht dir de Weekend normalerweis? Mir ginn de Weekend an de Restaurant iessen, mir maache Sport zu Péiteng, gi spadséieren, kucken d’Tëlee, asw. Wéi eng Joreszäit hutt dir besonnesch gär? Ech hu ganz gär d’Fréijoer an de Summer, wann se/si kommen.

K4: Wat ass är Schonggréisst? Meng Schonggréisst ass 43. Wéini sidd dir gebuer/Wéi en Dag a wéi e Mount sidd dir gebuer? Ech sinn den 23.3. 19.. gebuer. Wéi vill Auer ass et elo w.e.g? et ass elo 5 vir halwer aacht/19 Auer 25.

One thought on “E puer Kompetenzen

  1. Pingback: Lëtzebuergeschcours um Briddel, N1,A1 | Jean-Marie Nau's Blog

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s