ABC rondrëm de Lëtzebuergeschcours mam jean-marie nau – Wat mir an der Klass alles maachen

Mir besichen d’Bamschoul um Steeseler Bierg, d’Pompjeeën, Hëllef doheem, d’Pistachefabrik, d’Scouten, an d’Altersheem zu Heeschdrëf. Mir danzen, diskutéieren iwwer d’Aktualitéit, d’Famill, de Beruff, asw. Mir hu schonn e Moudendefilé organiséiert. Mir stelle Froen. Mir iesse Kichelcher, Pangecher, mir drénke Kaffi a mir léieren eis an aner Kulture kennen. Mir kucke Familljefotoen, mir léieren, mir lauschteren d’Neiegkeeten um Radio, mir liesen Texter. Mir raumen den Dësch an de Sall. Mir sange Lidder zesummen a mir schreiwen, laachen, a schwätzen aleng an zesummen. Mir quatschen, schnëssen a widderhuelen wat den Enseignant virseet. Mir gi spadséieren, mir surfen um Internet. Heiansdo verléiwe Studente sech. Mir telefonéieren a fixéiere RDVen. Mir turnen, a léiere Relaxatiounsmethoden. Participanten netzen d’Planzen an der Klass. Mir léiere mat de Kaarte spillen. Heiansdo bréngen d’Apprenanten d’Kanner mat an d’Klass. Mir waren dëst Joer an der Oktav a si mat der Prëzessioun matgaang. Et kënnt vir, dass e Student am Cours schléift. Mir maache Fotokopien, a schaffe mam Ipad. Studenten hunn och schonn hir kleng a grouss Hënn mat an d’Klass bruecht. Heiansdo maache mir näischt, oder mir dreemen, oder mir waarden op den Enseignant. Mir denke vill no, a mir philosophéieren.

ABC fir Ufänger, am Stater Geschichtsmusée, Dezember 2012

  1. anescht
  2. Bockfiels
  3. CECA
  4. Dräi zu Null
  5. Education Nationale
  6. Fändel
  7. Groussgaass
  8. Heckefransous
  9. Initiatioun
  10. João
  11. Kachkéis
  12. Lëtzebuerger
  13. Mittal
  14. Nationalfeierdag
  15. O Mamm léif Mamm
  16. Pechert
  17. Qatar
  18. RTL
  19. Suen
  20. Tripartite
  21. Uni
  22. Vëlo
  23. Wilhelmus
  24. XXS-XXL
  25. Ypsilon oder igrec
  26. zefridden
Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s