En neie Lëtzebuergeschcours fir däitschsproocheg Studenten um Kierchbierg (A1.2)

Éischte Cours

D’-N Regel : Astuce : United Zoah. D’Alphabet. Fir ze lauschteren : 100komma7.lu

Et muss een … Muss een …?

Zweete Cours: Lëtzebuergesch (google), bonjour.lu, vdl.lu, lod.lu

Kompetenz 1 geschriwwen, plënneren (geplënnert) un/ausdoen (ugedoen)

Kompetenz 2, Meng Fra… Mat menger (fém) Mäin Noper… Mat mengem (masc,neut)

Meng Kanner… Mat mengen Kanner (pl) Meedchen (Meedercher) Duechter

Brout, Bréitchen (Bréidercher)

Wéi seet een …? Wat maacht dir elo? 5 Elementer

Drëtte Cours: Kompetenz 3

All Méindeg = Méindes – All Moien = Moies. dacks = oft

2 Verben: 1 Verb zum Schluss vum Saz. Beispill: Ech gi schaffen. Ech gi muer de Moien (Mueren) net gär eleng schaffen.

Wéi ech gesot hunn, … dofir ass all Dag anescht. Normalerweis probéieren ech fréi opzestoen (opstoen, ech stinn op, du stees op, hie steet op). Ech huele mäi Muereskaffi an dusche mech. Duerno kucken ech d’Aarbechtsannoncen. Ech probéiere mat der Adem a Kontakt ze bleiwen. Ech probéiere mir dräi Stonnen am Daag Zäit ze huelen fir eng nei Aarbecht ze fannen (e Bic ass do fir ze schreiwen). Ech spille Gittar an aner Instrumenter. Virdrun hunn ech an enger Band gespillt. Ech hunn e klenge Studio gemaach (gemeet), an elo hunn ech zwee Projeten ënnerwee. .. mat engem däitschen Kënschtler. Dofir, wann ech e bëssen Zäit hunn, schaffen ech fir dëse Projet. Fir de Moment kënnt mäin eenzegt Akommes vun der Musik. Dofir sinn ech frou wann dëse Projet erauskënnt (kommen, du kënns). Soss maachen ech e bësse Sport a probéieren eemol d’Woch Badminton mat engem Frënd ze spillen.

Ech féiere meng Duechter Samschdes an de Ballet. Ech hu keng fest Aarbechtszäit. Ech schaffen an der Bibliothéik, fir e Projet op der Uni. Ech liesen d’Zeitungen, a sichen Neiegkeeten iwwer lëtzebuerger Schüler. Ech ginn Dënschdes an Donneschdes an den Däitschcours. E Mëttwoch kréien ech e Wäisheetszant gezunn (erausgerappt).

Kompetenz 4: D’Zuelen an d’Hochzäit. D’Bicher sinn do. Dräi grouss Glieser (pl.). E grousst Glas (s). E groussen Auto (m). Eng grouss Fläsch (w).

Ech fueren op Konz, op Tréier, op de Lamperstsbierg, op d’Gare, an d’Stad. (akk.)

Invitéieren, changéieren, annuléieren (annuléiert). Ech hu wëlles, den neien I5 ze kafen. Je nodeem kann ech de Modell wielen a bezuelen.

-g entweder: eng, meng, oder Deeg, Méindeg

J ka sinn: mäi Jong, d’Joffer, Judo, d’Jugend, Jurist.

opstoen, opgestan, ech brauch. Wann ech fréi schlofe ginn, sinn ech schonn um 4 Auer wakreg. Wéi ech geschafft hunn, hate mir e Sportssall fir Kollektivcoursen.

Verschidde Kollege verschwannen an der Toilette fir 20 Minutten. Meng Schonggréisst ass 43-4, uechtzéng. Ech wunnen (op dem) um zweete Stack.

5te Cours: Kompetenz 5: Beruffer an Tittelen. Net fuddelen.

http://www.insl.lu/Fichiers%20PDF/carredeslangues/Leitfuedem_A1_V2.2.pdf

D’Dokument liesen: D’Studente schreiwen. Dat eelst Meedchen ass Auditeur (s), Deen eelste Jong ass … (m)

Déi eelst Duechter (w), D’(déi) eelst Kanner (pl)

Ech hu mir Medikamenter an der Apdikt besuergt (sech eppes besuergen).

6te Cours: Kompetnez 6: Mat wiem maacht dir de Cours? Mam Här Nau. Mat der Madame Nau. Wéi fuert (kommt) dir op d’Aarbecht, bei den (an den)LSC?

Mir liese wat d’Studente schreiwen. huelen (huel dir eppes aus dem Frigo)

ginn (gëff mir e Bic w.e.g.), ech léi(e)ren, réi(e)ren

Am Cours goufen et vill Problemer. Et gëtt vill hei ze kucken. Mat zwee Kanner an engem Hond huet ee keng Zäit fir Sport ze maachen. De Cours dauert anerhallef Stonnen. http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/WLM/wbgui_py?lemid=MN00023

7te Cours: Kompetenz 7 an 8: Ech hu gëschter vill gelaacht. Grammatik ausdeelen.

8te Cours: Kompetenz 8 an 9 zesummen. En Text vum Hanna verbesseren. Verstitt dir den Text? Géift dir Saachen änneren? Als Pensionären hu si vill Zäit. D’N Regel widderhuelen. An der Kantin gëtt et haut Grillwurscht. Duerno ginn ech… zenter engem Joer. Mir netzen d’Planzen eemol d’Woch am Haus. Zum Schluss (Um Enn), ech hu wëlles den nächste Summer op Lëtzebuerg ze plënneren. Et geet net ëmmer alles vun haut op muer. Ech hu keen opreegende Wochenoflaf.

Ech sinn dat éischt am Büro (den éischten). Mir sinn déi éischt an der Klass. zréckfueren (fiert den Zuch zréck). Jusen, Clienten. Wann ech nees (erëm) doheem sinn, ass de Kaffi fäerdeg.

9te Cours (12.11.12) Kompetenz 10 virbereeden. Fir d’Evaluatioun brauch e op mannst 5 Kompetenze vun iech (geschriwwen).

E Rezept fir e Schokelaskuch: 340 g Mëllechschokela, ¾ Becher Zocker, 170g Botter, ausschneiden a kleng Stécker, 5 Eeër, d’Eewäis vum Eegiel trennen, 1/3 vun engem Becher Miel,

Préparatioun: Mësch den Zocker, de Botter an de Schokela an enger hëtztresistenter Kasseroll, iwwert dem Waasser kachen, bis et homogen ass, ewechleeën, d’Kasseroll ofkille loossen, d’Eegiel mam Miel mëschen, zesumme mat der Schokelasmass.

Dann: d’Eewäiss schloen a mat der Mass mëschen. Alles an eng Rollkuchform schëdden. 45 Minutten, 180 Grad am Uewe baken. (etlechmol) – Ganz dacks, ganz oft, heiansdo. Meng Fra kënnt mech sichen.

Kuerz: kuerz Hoer (pl, fém) klengen Auto (m), klengt Haus (n)

10te Cours, 14.11.12: E Spill: Resistenz: Et ginn 3 Spiounen. Erfollegräich, Missioun erfëllt. Mir hu 5 Geleeënheeten (Versich) fir 3 Missiounen ze maachen. Et gi Kaarten, a rout ass e Spioun, blo ass e Resistenzler. 1 Persoun ass de Leader. Mir spille 5mol. Mir mussen ofstëmmen. Ech wielen 3 Persounen aus. D’Majoritéit stëmmt d’Equipp, déi eng Missioun. Soss ass déi nächst Persoun de Leader. 3 Persoune maachen eng Missioun zesummen. Mir kënnen elo d’Kaarte verdeelen. Mir duerfen eis Kaart net weisen. Net fuddelen! D’Chista wielt de Wolfgang an d’Maria. Mir sinn d’accord. Stellt iech vir, ech wier Spioun. Éischt Missioun ass erfëllt. Mir brauchen 2 aner Missiounen.

11te Cours, 19.11.12 Kompetenzen 11,12 an 13: Mir léieren: mäin, däin, … Am grammateschen Deel Säit 144,157

Am Iran kann een Fruits de Mer iessen, awer am Zentrum hunn d’Leit net gär Fësch. Kann een zu Lëtzebuerg gutt iessen? Jo, et kann ee ganz gutt iessen, wann ee weess wou.

Ech hunn e Versprieche gemaach. D’Zuelen, fir 2012, STATEC. Mir liesen de grammateschen Deel.

12te Cours, 21.11.12 Kompetenz 14: Op Lëtzebuergesch: Simpsons, Witzer.lu, jang linster studios. Jonk an al Leit gëtt et iwwerall. E jonke Mann an eng al Fra. Et ginn Aler a Jonker zu Lëtzebuerg. Eeler Leit brauchen dacks Hëllef doheem.

Gëschter + verb: gëschter war ech de ganzen Dag doheem. Ech hunn Téi a Kaffi gedronk, an ech hu studéiert. Haut hunn ech keng Kompetenz preparéiert, awer ech kann iech eppes anescht verzielen.

lod.lu: Also: Eng Fra, déi anescht ass, ass schwanger an e Mann deen anescht ass, ass homosexuell. Komesch!

E Méindeg den Owend sinn ech mam Fliger vun Hamburg zréckkomm. Wéi ech meng Walis krut, hunn ech gesinn, dass si futti ass. Ech hu missen uginn, wéi al a wéi déier d’Walis ass. Elo maachen si e RDV a kommen d’Waliss sichen, fir se ze reparéieren (flécken).

Eeneeëg Zwillingen. Hutt dir och e Lafstall? Beim Babycener.lu fënnt een dat:

Ech hätt gär den Dagesmenu. Ech si liddereg.

13te Cours: Kompetenz 15: Den Alldag beschreiwen.

14te Cours: 28.11.12 Wat ech gemaach hunn: Gëschter sinn ech um aacht Auer erwächt. Ech wollt doheem bleiwen a meng Thees finaliséieren (fäerdeg maachen), Sport maachen a Lëtzebuergesch léieren. Fir d’alleréischt hunn ech mir e Kaffi gemaach. Ech hu Kaffi ganz gär. Duerno hunn ech en Onlinecours ugefaang (ufänken). D’Thema war d’Argumentatioun. Ech hunn et interessant fonnt. Awer ech hunn net vill Lëtzebuergesch geléiert an ech hunn och net vill fir meng Thees gemaach. Um 5 Auer hunn ech missen an de Café Altrementi goen, fir e puer Brietspiller mat enger Equipp ze maachen. Um eelef Auer sinn ech heemgaang an hu geschlof.

Aarbecht: Ech hunn eppes preparéiert, mee ech sinn net frou mat deem, wat ech gemaach hunn.

K8+9: Iech iesse gär alles. Virun engem Joer hunn ech ugefaang, e bësse besser opzepassen, wat ech iessen. Dofir iessen ech elo manner Fleesch. Ech sinn net honnertprozent vegetaresch, awer ech iesse gär all Geméis. Et ass liicht a faarweg. Ass d’Tomat e Geméis oder en Uebst? Et ass mir egal. Obwuel wäiss keng richteg Faarf ass, hunn ech Ënne gär an ech kann domat vill verschidde Rezepter maachen. Wann ech erausginn, fir ze feieren, applizéieren ech d’Regel net. Ech ka mech net méi erënneren, awer meng Tatta sot mir, si hätt mir mat dräi Joer eng Drëpp ginn.

RDV: nächste Mëttwoch um 12:15 am Musée 3 Eechelen

3.12.12 Kompetenz 16: e klenge Message um Telefon loossen.

E Virschlag: All eis Zorte vu Brout ginn hei op der Plaz vun eis selwer handgekniet a geformt. Déi Zoutaten déi mir gebrauchen, sinn nëmmen déi Beschten a gi strengstens kontrolléiert.

Den 19sten Dezember iesse mir zesumme um véierel op zwielef. Mir treffen eis dann ënnen an der Caféteria. Éier ech schlofe ginn, …

De Séi am Park war zougefruer.

Wéi eng Kompetenze bleiwen nach ze maachen: 16 e klenge Message loossen, 17 e klenge Message schreiwen, 18 eng Persoun beschreiwen, 19, vun der Gesondheet a vum Iesse schwätzen, 20

Postiten: Wou sidd dir am léifsten?

Fäerdeg! Ah jo! Denkt w.e.g. drun, mech eppes am Cours ze froen. Ech brauch jo schliesslech ären Accord.

Advertisements

2 thoughts on “En neie Lëtzebuergeschcours fir däitschsproocheg Studenten um Kierchbierg (A1.2)

  1. 13te Cours: Kompetenz 15: Den Alldag beschreiwen.

    Haut de Moie ginn ech géint hallwer aacht waakreg. Et gëtt keen normalen Dag. Mir maachen eng Zäit aus fir eis ze gesinn. Ech soen him, dass ech d’Äntwert bis e Samschdeg wäert hunn. Ech kucke wat do ass fir de Kuch ze maachen. Ech huelen Notizen. Um véierel op zwielef sinn ech fäerdeg. Um Wee fir op Miersch/d’Aarbecht. Den Auto huet eng Téitsch. Elo ass et Zäit d’Iessen ze preparéieren. Et ass un der Zäit fir d’Nuecht virzebereeden.
    All Woch, ausser de WE, dann erwächen ech meng Kanner. Owes hëllefen ech menge Kanner bei den Hausaufgaben. Dacks muss ech lafen, fir den Zuch ze kréien.

    Iwwer d’Wieder schwätzen: déi lescht zwanzeg Joer hu mir méi laang Sonn kritt. Och wann et ganz kal an dréchen dobaussen ass, z.B. minus 10 Grad, maachen ech eng laang Promenad. Ech hu léiwer dëst Wieder wéi vill Sonn, well d’Haut méi séier al gëtt.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s