En neie Lëtzebuergeschcours zu Walfer fir Ufänger (Débutanten) A1.1

Den A1 Lëtzebuergeschcours fänkt haut un. Mir léieren eis kennen. Mir sinn zu 14-15 Leit am Cours. Den Ali, d’Parvaneh, d’Dora, D’Vanessa, d’Regina, …. an ech, de Jean-Marie. D’Kompetenz 1 ass: sech virstellen: mäin Numm ass … Mir maachen eng Visite duerch de Centre Prince Henri. Mir léieren: de Gank, d’Trapen, erof, erop, d’Entrée, d’Behënnertentoilette (d’Handikapéiertentoilette) an eng Plaz fir de Bëbee ze changéieren, d’Fraentoilette an d’Männertoilette. Mir huele Waasser fir Téi a Kaffi an der Klass ze maachen. Mir ginn d’Trapen erop. De Feierläscher, de Schalter.
Mir maachen an der Klass e klengen Dessert mat 6 Äppel, Kanéil a Vanillzocker. Mir schielen a schneiden d’Äppel a 4 Stécker a leeën se an d’Pan. Fir ze schneiden huele mir e Messer (e Knäip).
Lëtzebuergesch léieren kann ee gutt mat bonjour.lu, elearning.lu, luxdico, an sou weider. Mir léieren: 1 Stull, 6 Still, 1 Stéck, 4 Stécker, 1 Dësch, 2 Dëscher, 1 Apel, 2 Äppel. 1-10.
All Student kritt de Menu mat de Kompetenzen 1-21 an e Modell mat de Kompetenzen 1-12,17 an 18.
20.11.12 Dënschdeg
Aufgab: Telefonéiert dem Radio 100komma7 a bestellt d’Programmheft: D’Telefonsnummer ass 4400441. “Gudde Moien (Mëtteg)! Ech bestelle gär d’Programmheft vum Radio. … Mäin Numm ass… Meng Adress ass…
Mir widderhuelen d’Zuelen, d’Verben an déi nei Vokabelen.
Kompetenz 1: Ech schaffen als: Wëssenschaftlerin an der Biologie, Botzfra, Aarbechter, Estheticienne, Kach, Kächin, Polizist, Informatiker, Coiffeuse, Psychologin,
Ech si Studentin. Ech studéiere Journalismus. Ech sichen Aarbecht.
Kompetenz 2: ech hu kee Brudder. Mäi Mann heescht … Seng éischt Sprooch ass… Mäi Meedchen heescht… D’Ana ass schwanger. Mäi Schwéierpapp. Meng Schwëster…
21.11.12 Mëttwoch
• wëssen, ech weess, du weess, hien, hatt, si weess, mir wëssen, dir wësst, si wëssen. Wësst dir, wou ech wunnen?
Wëssen, Wëssenschaft, Wëssenschaft(ler)(in)
• Kennen, ech kennen, du kenns, hien, hatt, si kennt, mir kennen, dir kennt, si kennen. Kennt dir de Grand-Duc?
Mir widderhuelen. Mir schreiwe wat mir maachen. Mir maachen eng Foto fir de Blog, fir déi, déi wëllen. Mir kréien e grammateschen Deel.
1. Menu mat de Kompetenzen
2. Modell mat Beispiller
3. E grammateschen Deel: A-G
Hutt dir Froen? Jo, ech hunn eng Fro. Wou ass de Kaffi? De Kaffi ass am Schaf. D’Connie mécht eng Formatioun als Usträicherin. Meng Nopesch ass meng Schwéiesch. Mir léieren d’Kompetenz 3. D’Connie freet vill!

Mir léieren: Wou wunnt dir? Wat ass är Schonggréisst? Wat ass äre Gebuertsdag?

Donneschdeg, 29ten November 2012: Mir ginn an de Stater Geschichtsmusée d’Ausstellung ABC kucken. Flott! An duerno e gudde Schocki drénken.

Am grousse Lift: 18m2 a Plaz fir 60 Leit.

Mir si frou!

Owes an der Stad. Wéi schéin.

Hmmm! e gudde waarme Schocki, direkt vis-à-vis vum Palais

Hmmm! e gudde waarme Schocki, direkt vis-à-vis vum Palais

Mëttwoch, 13ten Dezember 2012: Mir besichen d’BNL (d’Nationalbibliothéik)

Mir hunn um 6 Auer RDV an der Entrée (am Agank). D’Kristina, d’Anna an den Diego si fir d’éischt do. Et ass glat dobaussen. (Et ass rutscheg). Mir waarden op déi Aner. E puer Leit si spéit (de Luis, den Ali, d’Regina, d’Vanessa, …). Mir huelen de Lift fir op den 2te Stack a mir ginn op de Späicher. Do sinn: “Bicher, Bicher, Bicher”.

Mir léieren: D’BNL sammelt alles wat zu Lëtzebuerg gedréckt (impriméiert), publizéiert gëtt, an d’BNL sammelt Bicher, déi mat Lëtzebuerg oder de Lëtzebuerger ze dinn hunn (z.B. iwwer d’Léa Linster). An der BNL kann ee Bicher ausléinen. D’BNL huet 7000 Zäitschrëften a 27km mat Bicherregaler. Et geet “queesch duerch de Gaart”. Awer d’BNL huet keng Ënnerhaltungsliteratuer an och keng Kannerliteratur. Dofir kann een an d’Stater Bibliothéik goen, op der Place d’Armes. Eise Guide schwätzt relativ séier! Dat ass normal.

Mir léieren: “Gi mer weider” (Mir gi weider). Mir ginn d’Trapen erof (net erop).

No der Visite gi mir op de Chrëschtmaart. Mir fannen eng waarm Plaz Ënnerdaach. Mir bestellen: Eng Ierzenzopp, eng Lënsenzopp, eng Goulaschzopp, 2 Schockien, 2 Kaffien, 1 Cola an e Maracujajus. Um véierel vir Aacht soe mir Äddi. An hei elo e puer Fotoe vun eiser Visite:

Elo nach eng Woch Cours, an dann ass Chrëschtvakanz! Dat ass gutt.

Léif Studenten, dir hutt gréisstendeels gutt geschafft, gutt geléiert, an dir hutt eng kleng Paus verdéngt. An eisem leschte Cours hu mir zesummen déi éischt zwee Punkte gemaach.   Froen iwwer d’Kompetenzen: Freed um Léieren

Froe fir den A1.1 + A1.2

Dës Froe baséieren op de Kompetenzen

1.

Kënnt dir iech kuerz virstelle w.e.g.?  Sot mir w.e.g. 7 Elementer.

Wunnt dir hei zu Lëtzebuerg? Wunnt dir scho laang hei? Wéi laang wunnt dir schonn hei? Wéi eng Sprooche schwätzt dir?

2.

Kënnt dir eng aner Persoun virstelle w.e.g.? Sot mir w.e.g. 7 Elementer.

Hutt dir Famill zu Lëtzebuerg? Wou wunnt (lieft) är Famill? Hutt dir Frënn hei?

3.

Wat mir dir alles an der Woch?

Wat maacht dir de Weekend normalerweis?

Wéi eng Joreszäit hutt dir besonnesch gär?

Firwat sidd dir frou mam (Summer, Hierscht, …)?

4.

Wat ass är Schonggréisst?

Wéini sidd dir gebuer? Wéi en Dag a wéi e Mount? Wéi vill Auer ass et elo?

5.

Wat ass äre Beruff? Wéi eng Formatiounen hutt dir gemaach? Wat schafft dir? Kennt dir är Noperen? Wat maache si?

6.

Wou iesst dir normalerweis? Iesst dir mëttes an owes waarm? Um wéi vill Auer stitt dir moies op (gitt dir owes schlofen)? Wéi laang léiert dir scho Lëtzebuergesch? Maacht dir och nach aner Formatiounen de Moment? Wat gefällt iech gutt hei?

7.

(Froe mat de Verbe stellen) Firwat sidd dir zu Lëtzebuerg? Hutt dir eng grouss Famill? Wunnt dir scho laang hei?

8. + 9.

Wat iesst dir gär? Hutt dir léiwer Fleesch oder Fësch? Wéi eng Saachen iesst dir guer net gär? Wat iesst dir net sou gär? Wat drénkt dir beim Iessen?

10.

Kënnt dir mir är Wunneng e bësse beschreiwen? Wéi eng Miwwelen hutt dir bei iech doheem?

11, 12, 13.

14.

Sidd dir zefridden (frou) mam Wieder zu Lëtzebuerg? Wéi gefällt iech d’Wieder hei? Ass d’Wieder anescht hei wéi vun do, wou dir kommt?

15. (wéi 3.)

16,17, schrëftlech

18.

Wéi eng (Wat fir eng) Faarwen hutt dir gär fir är Kleeder? Kënnt dir beschreiwen, wat  (wéi eng Kleeder) mir unhunn?

19.

Wat maacht dir fir är Gesondheet? Wat maacht dir fir gesond ze bleiwen?

20.

Zielt mer e bësse vun ärer Famill, vun ärer Aarbecht, vun äre Projeten, vun ärem doheem (wéi dir wunnt)?

21.

Wat maacht dir, wann ee mat iech ganz séier Lëtzebuergesch schwätzt, oder net kloer, net däitlech?

+++

Vu wou kommt dir? Vu wou kommt dir elo?

D’Kompetenzen, bis elo

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s