Eng Visite am CIPA zu Heeschdref

Mir besichen d’Altersheem zu Heeschdref

Hei sinn e puer Iddien, fir mat de Pensionären ze schwätzen.

E schéint neit Joer an eng gutt Gesondheet (am Januar). Ech si frou bei iech ze sinn. Hei ass et ganz schéin.

Wéi geet et iech? Dir gesitt gutt aus. Hutt dir nach Famill? Wou wunnt si? Vu wou kommt dir? Sidd dir scho laang hei?

Wat maacht dir gär? Kuckt dir gär Tëlee? Kuckt dir gär däitsch Programmer? Wat kuckt dir am léifsten? Lëtzebuergesch, Däitsch, oder Franséisch?

Wat iesst dir gär? Fësch, Fleesch, Geméis? Nuddelen? Gromperen? Iesst dir gär chinesesch, lëtzebuergesch?

Sangt dir gär? Spadséiert dir gär? Ass d’Altersheem deier?

Merci. Et war ganz schéin, e bësse mat iech ze schwätzen.

Äddi an nach e schéinen Dag! Bis eng aner Kéier vläicht.

Nom Besuch (no der Visite)

D’Visite (de Besuch) zu Heeschdref am Alstersheem war ganz interessant. 138 Bewunner sinn an den dräi Haiser (www.maredoc.lu). 15 Männer a 123 Fraen. 102 Leit schaffen do (Infirmièren, Kichepersonal, Educateuren, 6 Leit an der Administratioun, (den Direkter, de Sous-Direkter, de Comptabel, d’Sekretärin, an zwou Rezeptionistinnen). De Loyer ass €2300 de Mount, a méi fir extra Saachen. Leit, déi net genuch Pensioun hunn, kënnen eng Demande maachen, fir Hëllef. Dat ass beim nationale Solidaritéitsfong. All Zëmmer huet e Bett an en Nuetsdësch (gehéiert dem Altersheem). Aner Miwwel gehéieren dem Bewunner (z.B. de Canapé, de Salonsdësch, Still, de Schaf, d’Tëlee, Fotoen, Biller). Vill Zëmmeren hunn och e Balcon.

D’Altersheem huet zwou Kapellen, zwee Paschtoueren, déi all Moies eng Mass um 11 Auer halen. Nomëttes, vun 14:30 bis 17:00 ass d’Cafeteria fir de Public op. D’Bewunner hu fir d’Mëttegiessen de Choix (d’Wiel) vun 2 Menuen, an engem vegetaresche Menu. D’Bewunner hunn d’Méiglechkeet, vill Aktivitéiten ze maachen: si kënnen am grousse Park (10Hektar) spadséieren, si kënne sangen, spillen, turnen, liesen (et ass eng Bibliothéik um drëtte Stack), an um Internet surfen (an der Stiffchen). D’Dekoratioun an den dräi Haiser ass ganz schéin: vill Statuen, vill Biller a Fotoen. D’Bewunner schwätze Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch, a Swahili.

Mir soen dem Här Theisen, den Direkter, villmools Merci fir dës léierräich Visite!

D’Studenten aus dem Lëtzebuergeschcours mam jean-marie nau, Januar 2012

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s