Juniorjugendweekend zu Iechternach 17-18ten Dezember 2011

Léif Frënn, Juniorjugendlech an Elteren,

Hei e puer Wierder iwwer dee flotte Weekend, dee mir zesummen haten. Fir d’Fotoen ze kucken, sot mer Bescheed, an ech schécken iech e Link!

äre jean-marie

De Juniorjugendgrupp vun Uewerdonven/Evrange hat e léierräiche Weekend zu Iechternach an der Jugendherberg vum 17-18ten Dezember 2011 mat Hëllef vum jean-marie an dem Nura. D’May konnt dës Kéier net dabei sinn. Dëse Grupp ass normalerweis zu 8: d’Lucie, d’Daphne, d’Shady, d’Nicola, den Arian, den David, de Shayan an de Cami. Fir dëse Weekend hunn och d’Angelina, d’Luana, den Andrea an de Gito matgemaach, sou dass de Grupp vun 12 ganz lieweg war. De Programm, dee virgesi war, huet praktesch ganz geklappt, an de Grupp huet mat vill Begeeschterung d’Brise vun der Bestätegung konnte fäerdegmaachen. Bravo!

Am Januar 2012 ass eise Grupp prett fir dat 2t Buch unzefänken: d’Hoffnungsschimmer.

An hei de flexible Programm, deen déi Juniorjugendlech matgehollef hunn, auszeschaffen.

Arrivée : 14 :00

14 :45-15 :45 : Brisen der Bestätigung, Lektiounen 8 an 9

16 :00-18 :00 : Klotere mat engem Trainer vun der Jugendherberg

18 :15-19 :15 : Brisen der Bestätigung, Lektioun 10

19 :30-20 :30 : Iessen

21 :00-22 :00 : Aktivitéit, Fussball, Basketball, Hockey, Badminton, …

22 :30 : Mediatioun a Schlofen …

Sonndes moies

7 :00 : Joggen, rondrëm de Séi spadséieren (do war just de jean-marie do!)

8 :00 : Muereskaffi, (a Wierklechkeet huet dat 5 Minutte gedauert)

9 :00-12 :30 : Aktivitéiten, Lektiounen 11 & 12

12 :30 : Mëttesiessen & Siesta

14 :30 : Aktivitéiten, Lektioun 13 & 14

16 :00-18 :00 : Kloteren

18 :30 : Départ, heemfueren

Mir hunn zwee Säll fir eis Aktivitéiten a mir kënnen Sportshall benotzen !

Präis fir de ganze WE: €45 (schlofen, Muereskaffi, Mëttes an Owesiessen, 2mol Kloteren, a gutt Laun)

Onbedéngt matbréngen: Handdicher, waarm Kleeder, Pijama, Turnschlappen, Sportskleeder, Respekt, gutt Laun, kee Stress.

Konzepter vun de Lektiounen – d’Geschicht

Lektioun 1: Mir léieren d’Musonda kennen

D’Musonda krut 13 Joer. Säin Häerz ass voller Freed. Hatt huet zwee Bridder an zwou kleng Schwësteren. Si kuckt gär no hire Schwësteren, spillt mat hinnen a bréngt si zum Laachen. Si lieft mat hirer Famill zu Buumi, an engem klengen Duerf. Hir Eltere sinn den Här an d’Madame Mulenga.

Haut ass d’Musonda opgereegt, well hir Cousine Rose kënnt an e puer Woche bleift. D’Musonda an d’Rose si gutt Frëndinnen. Si tausche gär hir Gedanke mateneen aus.

Lektioun 2: D’Rose gëtt vum Bus ofgeholl

D’Musonda denkt driwwer no, wat hatt mat sengem Liewe soll ufänken. Hatt huet vill Froen fir d’Rose.

D’Situatioun am Bus mam Rose: gutt Gedanken – gutt Aktiounen

Wierder: nodenken, ëmaarmen, reesen, d’Liewen, Froen, ukoum, hongreg, opmécht, gréissen, besonnesch

Zitat: …looss däin Häerz mat léiwer Frëndlechkeet fir all déi brennen, déi s du op dengem Wee begéins.

Lektioun 3: D’Owesiessen

Wat ginn ech, wann ech grouss sinn? Ech wëll eppes maache wat anere Mënschen hëlleft.

Bestätegung – Confirmatioun: Gott bestätegt eis an hëlleft ons bei deem wat mir maachen. Du kriss bestëmmt d’Bestätegung vu Gott, wann s du vu ganzem Häerz wëlls Krankeschwëster ginn. Bestätegung ass eppes wat eis hëlleft z’erkennen, dat mir dat Richtegt maachen.

Wierder: erklären, zesummen, ginn, ginn, Woch, studéiert, Infirmière, léieren, Enseignant, krut

Wat wëlls du ginn, a firwat?

Lektioun 4: Pësperen an der Nuecht

Wees du wat deng Begabungen – Talenter – Fäegkeete sinn?

Wierder: pësperen, Bescht, d’Zukunft, Begabungen, auswenneg, äntweren, Stären, lauschteren, freet sech, genau

Schreif 5 Talenter op, déi deng Kollegen an der Grupp hunn!

Lektioun 5: Préfère ton frère à toi-même

D’Musonda an d’Rose gi spadséieren. Dann hëllefe si der Madame Mulenga d’Haus botzen. Si sangen. Si hunn en Zitat an hirer Jugendgrupp geléiert : « Dir sidd erschaf ginn, fir een deem anere Léift ze bezeien ». En anert Zitat geet esou : « Selig ist, wer seinen Bruder sich selbst vorzieht ». Si laachen.

Wierder : virzéien, erfannen, schéin, séier, streiden, Kleedung, Rou, onverhofft, Krich, Wee.

Zitat : « Dir sidd erschaf ginn, een deem anere Léift ze bezeien ».

Lektioun 6: Chishimba

De Godwin huet e Klassekolleg an e Frënd dee Chischimba heescht. De Musonda wëllt iwwer d’Thema Bestätegung schwätzen an ass ongedëlleg. Wat heescht dat? Gott bestätegt eis an hëlleft ons bei deem, wat mir maachen, seet d’Rose. Dem Chischimba säi Papp huet seng Aarbecht verluer. Den Här Mulenga laacht a seet dass d’Liewen net einfach ass, mee voll mat Schwieregkeeten an d’Ursaach ass dacks d’Ongerechtegkeet. Gott hëlleft eis wa mir eis fir méi Gerechtegkeet asetzen.

Wierder: verursaachen, Grond, Pensioun, Iwwerraschung, geeent, verantwortungsbewosst, ongedëlleg, Ustrengung, éierlech.

Schreif e puer Säz wou s du dech vill ugestrengt hues fir eppes wat fir dech schwéier war.

Lektioun 7: D’Fussballspill

De Godwin an de Chishimba spillen an der Mannschaft vu Buumi géint d’Nopeschduerf. D’ganz Famill geet kucken. D’Rose léiert de Kanner Lidder an e schéint Zitat. Nom Spill, um Wee fir heem, begéint d’Famill enger Fra, déi Brennholz um Kapp dréit. De Godwin an de Chishimba hëllefen hir.

Wierder: Übung, Energie, drone, decken, Noperen, offréieren (ubidden), Hausaarbechten, weiderfueren, opgoen, direkt.

Lektiounen 8 – 14: kënnt nach vläicht…

Hei kann eng Plaz sinn, wou d’Membere vum Grupp kënne schreiwen, wat hinne gefall huet!

“Loosst är Visioun weltëmfaassend sinn…”

“Let your vision be world embracing…” – Bahá’u’lláh

http://www.bahai.org/

https://jmnau.wordpress.com/

Advertisements

One thought on “Juniorjugendweekend zu Iechternach 17-18ten Dezember 2011

  1. Merci Jean Marie et Nura.

    C’est formidable ce que vous avez fait.

    Les enfants se sont bien amusés malgré un programme bien chargé.

    Je pense qu’ils sont partants pour d’autres expériences de ce genre et pourquoi pas avec d’autres groupes des préjeunes du pays.. Celà élargira le cercle et leur permettra de mieux connaitre les autres et de renouer les liens d’amitiés avec les autres aussi. Ils n’ont plus beaucoup d’occasions de se voir et de renforcer les liens d’amitiés entre eux (en dehors de l’école d’été qui est très court ici à Luxembourg).

    Merci encore et bonne continuation.

    Amitiés.
    Simin

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s