Wéi vill Schreiffeeler?

Advertisements

Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg (1845-1940)

Commission consultative des Droits de l'Homme
NEWSLETTER JUILLET 2018

A LA UNE

Sproochgesellschaften zu Lëtzebuerg (1845-1940)

Mëttwoch, de 19. September 2018 am CNL zu Miersch

Déi lëtzebuergesch Sproochgeschichtsschreiwung kann een zum engen iwwert déi individuell Fuerscher erzielen, déi iwwert d’Jore wichteg Bäiträg fir d’Fuerschung geliwwert hunn an zu aneren iwwert déi Associatiounen an deenen si sech mat Gläichgesënnten ausgetosch hunn an zesumme fir d’Valoriséierung vun der Sprooch geschafft hunn. An där éischter Online-Ausstellung vum CNL gi fënnef Gesellschaften a Veräiner virgestallt, déi sech all op hir eege Manéier mat der Sprooch ausernaner gesat hunn.

Um Ufank steet den Institut Grand-ducal a säi Virgänger d’Société archéologique. Hiren Interessi gëllt niewent der Geschicht vum Land och den Dialekter vun den Awunner an si ënnerstëtzen an deem Kader fréi sproochwëssenschaftlech Versich wéi dem Jean-François Gangler säi Lexicon der Luxemburger Umgangssprache oder dem Peter Klein säin Die Sprache der Luxemburger.

Um Enn vum 19. Joerhonnert gëtt de Veräin Ons Hémecht gegrënnt, deen sech besonnesch dofir asetzt, datt d’Lëtzebuergescht eng offiziell Orthographe kréie soll. Aus dem Veräin senge Beméiunge geet déi éischten Dictionnaireskommissioun ervir, déi um Ursprong vum Wörterbuch der luxemburgischen Mundart vun 1906 steet.

Am fréien 20. Joerhonnert gëtt d’Beschäftegung mat der Sprooch duerch d’Nationalunio’n politiséiert an se kritt een nationalisteschen Ënnertoun. De Veräin encouragéiert awer gläichzäiteg vill jonk Schrëftsteller a spillt eng Roll bei der Entwécklung vun der lëtzebuergesch-sproocheger Literatur.

An der Tëschekrichszäit hunn sech d’Gemidder nees souwäit berouegt, datt eng wëssenschaftlech fundéiert Lëtzebuerger Sproochfuerschung entstoe kann. D’Luxemburger Sprachgesellschaft setzt sech déi enorm Aufgab fir all déi bestoend Aarbechten zesummenzeféieren. Hire Projet vun engem wëssenschaftleche Wierderbuch vum Lëtzebuergesche wäert schliisslech iwwer 50 Joer daueren.

Den Ofschloss mécht de Veräin D’Hémechtssprôch, deen sech als éischte Schrëftstellerverband vun de lëtzebuergesch-schreiwenden Auteure gesinn huet. En huet sech fir déi offiziell Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als Landessprooch agesat an domat de Grondsteen vun engem alldeegleche schrëftleche Gebrauch vum Lëtzebuergesche geluecht.

An där éischter Online-Ausstellung vum CNL stellt de Claude Kremer fënnef Gesellschaften a Veräiner vir, déi sech all op hir eege Manéier mat der Sprooch ausernaner gesat hunn.

Actualités

« Wer am Wildromantischen sein Auge erfreuen will … »

Un guide touristique sur Larochette et ses environs de la bibliothèque d’auteur de Max et Willy Goergen.
01.09.2018 · Objet du mois

En 1957, l’auteur Max Goergen (1893-1978), fils du poète national Willy Goergen, et sa femme Aline Jacoby emménagent dans leur maison de Wilwerwiltz – située 3, An Aasselbaach – encore connue sous le nom « Sproochenhaus ». . .

Luxemburger Theaterzettel 1832-1845

01-08-2018 · Objet du mois

Das Konvolut mit 148 Luxemburger Theaterzetteln aus der Zeit zwischen 1832 und 1845 stammt aus dem Nachlass des 1978 verstorbenen Autors, Theaterkritikers und Bibliothekars Max Goergen (CNL L-2). Diese Zettel stellten für die damaligen Theatertruppen mangels anderer Möglichkeiten das wichtigste Werbemittel dar…

Agenda

3e Journée luxembourgeoise de la traduction et de l’interprétation

21-09-2018 09:30 – 17:00 · CNL

Pour la troisième année consécutive, l’Association luxembourgeoise des traducteurs et interprètes (ALTI) organise une conférence consacrée à la traduction et à l’interprétation à l’occasion de la Journée mondiale de la traduction.

Lecture poétique croisée avec Valérie Rouzeau et Florent Toniello

26-09-2018 19:30 · CNL · Lecture

L’autrice française Valérie Rouzeau compose une poésie du quotidien dans laquelle perce toujours un soupçon d’onirisme. Petits bonheurs journaliers, grandes indignations, elle mélange les sujets de manière éclectique tout en y glissant l’ironie des jeux de mots d’une langue sans cesse…

Fonds d’archives

Luxembourg

Catalogue a-z.lu

a-z.lu est l’interface de recherche commune des collections du réseau des bibliothèques luxembourgeoises bibnet.lu, dont le Centre national de littérature est membre.
Luxembourg

Liste alphabétique des fonds d’archives

Veuillez trouvez la liste alphabétique des fonds d’archives dans le catalog collectif luxembourgeois www.a-z.lu

Focus

Luxembourg

Visites guidés

Le CNL propose des visites guidées de ses infrastructures ou des expositions en cours. Ces visites gratuites sont organisées sur demande et s’adressent à des groupes comptant au minimum 10 personnes. Les intéressés sont chaleureusement invités à fixer un rendez-vous avec l’équipe du CNL : info
Centre national de litterature
Cet email a été envoyé à jeanmarienau, cliquez ici pour vous désabonner.

Buch: Wäisheeten aus aller Welt

http://radio.rtl.lu/emissiounen/reportage/2372595.html
…oder Eclats de sagesse oder och nach Words of wisdom. D’Buch vum Jean-Marie Nau huet déi 3 Iwwerschrëften. De fräiberufflechen Lëtzebuergeschen Enseignant huet an dësem Buch eng ganz Rei Texter zesummegedroen, déi hien zanter enger Zäit sammelt

Och elo zu Steesel am Bicherschaf